Sie sind nicht angemeldet.

Lieber Besucher, herzlich willkommen bei: LUX-FORUM. Falls dies Ihr erster Besuch auf dieser Seite ist, lesen Sie sich bitte die Hilfe durch. Dort wird Ihnen die Bedienung dieser Seite näher erläutert. Darüber hinaus sollten Sie sich registrieren, um alle Funktionen dieser Seite nutzen zu können. Benutzen Sie das Registrierungsformular, um sich zu registrieren oder informieren Sie sich ausführlich über den Registrierungsvorgang. Falls Sie sich bereits zu einem früheren Zeitpunkt registriert haben, können Sie sich hier anmelden.

Jempi

Administrator

  • »Jempi« ist der Autor dieses Themas

Beiträge: 2 590

Wohnort: Beim neien Prisong

Beruf: Meckerer

  • Nachricht senden

1

22.04.2011, 13:13

Wat ass eigentlech "gringe Stroum" ?

Besonnesch Ëmweltorganisatiounen maache jo, aus ganz bekannte Grënn, massiv Publicitéit fir gringe Stroum. Dee leschte Communiqué kann een hei liesen.

Wat guer net ugeschwat gëtt, ass d'Problematik, wou dann elo dee "gringe Stroum" wierklech hier kënnt. Ganz Europa huet een interkonnektéiert Stroumnetz, wou all d'Stroumproduzenten (Atom, Kuel, gring ...) hiere Stroum aspeisen an mat deem d'Clientën beliwwert ginn. An de Stroum wielt ëmmer dee kierzte Wee, hei zu Lëtzebuerg kritt keen Stroum vu Wandrieder an der Nordsee.

Also, wat ass gringe Stroum? Dat ass näischt aneschter, ewéi eng sophistikéiert Comptabilitéitsrechnung vun de Stroumproduzenten, dat ech un engem fiktive Beispill wëll erklären:

Ech soen elo Creos, dass ech vun Enovos nëmmen nach gringe Stroum wëll. Creos informéiert Enovos, an déi notéieren, dass si eng gewëssen Zuel Kilowattstonnen méi u gringem Stroum brauchen. Well deen net hei am Land produzéiert gëtt, informéiert Enovos elo RWE, dass si dat mussen liwweren. RWE kann dat net, si kafen dat bei EON an. Déi kënnen och net, si kafen bei Vattenfall a Vattenfall garantéiert, dass EON elo mäi gringe Stroum aus Norwegen kritt. EON gëtt déi Garantie un RWE weider, RWE weider un Enovos. Op jiddfer Fall kënnt aus ménger Steckdous NI!!!!! eng Kilowattstonn aus Norvegen, mee héchstwahrscheinlech aus iergendengem AKW an Däitschland. Ann dann ass do nach ee Probleem: D'Produktioun vu gringem Stroum ass ganz onregelmässeg, a well et net vill Späicherwierker fir Stroum gëtt (wéi Vaiannen), kënnt et vir, dass méi gringe Stroum gebraucht gëtt, wéi es produzéiert gëtt, den ëmgekéierte Fall kënnt natierlech och vir. ALso ass mäi gringe Stroum net ëmmer ganz gring.

Sou, dat war elo d'Theorie, elo komme mir zur Praxis. Dat Ganzt ka jo nëmme stëmmen, wann Enovos genee berechent, wéivill gringe Stroum si un d'Clientën liwweren, Enovos dat och genee bei RWE bestellt, RWE genee berechent, wéivill gringe Stroum si brauchen a wéivill si selwer produzéieren, RWE de Rescht bei EON keeft, etc, etc, etc .... Do kéint jo emol deen een oder aner "Rechefehler" sech aschläichen. Wee kontrolléiert dann elo, dass iwwerall richteg gerechent gëtt? Mir zu Lëtzebuerg kënnen dat jo guer net. An Däitschland d'Bundesnetzagentur? Éichtens kënnen déi net wëssen, wéivill gringe Stroum Enovos bei RWE keeft, si wëssen nëmmen dat wat RWE hinne seet. Kann dat op EU-Niveau gemaach ginn? Och net, Norvegen ass net an der EU, Vattenfall produzéiert de gréissten Deel vu séngem sougenanntene gringe Stroum do. Also wéi eng international Institutioun préift dann elo déi ganz komplex Rechnung, op all Stroum deen als gring verkaf gëtt, och gring hiergestallt gëtt.

A virun allem, wou gëtt de Bilan vun där Iwwerpréifung publizéiert, fir dass d'Leit selwer kënne gesinn, dass hire Stroum, op manst rechnerech, och gring ass.
"Truth is the most valuable thing we have. Let us economize it."
Mark Twain

2

22.04.2011, 15:58

As jo ähnlech wei wann ech a meinem Gaart biologesch ubauen a mein Noper geint alles pritzt an düngt.

Se soen zwar dass fir Letzebuerg genug grenge Stroum do wär. Keimen dei aner Länner och op Idi nemmen nach wellen Grenge Stroum ze kafen, weist ech gaeren wo her nehmen.

Realiteit as dass circa 2,5% hei zu Letzebuerg grenge Stroum kafen. Vergleicht en dat lo mat de Wahlen 2009 do hun dei greng 11,71 % gemet.
Keeft lo all Grengen Greng an? :rolleyes:

3

22.04.2011, 16:30

RE: Wat ass eigentlech "gringe Stroum" ?

Besonnesch Ëmweltorganisatiounen maache jo, aus ganz bekannte Grënn, massiv Publicitéit fir gringe Stroum. Dee leschte Communiqué kann een hei liesen.

Wat guer net ugeschwat gëtt, ass d'Problematik, wou dann elo dee "gringe Stroum" wierklech hier kënnt. Ganz Europa huet een interkonnektéiert Stroumnetz, wou all d'Stroumproduzenten (Atom, Kuel, gring ...) hiere Stroum aspeisen an mat deem d'Clientën beliwwert ginn. An de Stroum wielt ëmmer dee kierzte Wee, hei zu Lëtzebuerg kritt keen Stroum vu Wandrieder an der Nordsee.
......
Sou, dat war elo d'Theorie, elo komme mir zur Praxis. Dat Ganzt ka jo nëmme stëmmen, wann Enovos genee berechent, wéivill gringe Stroum si un d'Clientën liwweren, Enovos dat och genee bei RWE bestellt, RWE genee berechent, wéivill gringe Stroum si brauchen a wéivill si selwer produzéieren, RWE de Rescht bei EON keeft, etc, etc, etc .... Do kéint jo emol deen een oder aner "Rechefehler" sech aschläichen. Wee kontrolléiert dann elo, dass iwwerall richteg gerechent gëtt? Mir zu Lëtzebuerg kënnen dat jo guer net. An Däitschland d'Bundesnetzagentur? Éichtens kënnen déi net wëssen, wéivill gringe Stroum Enovos bei RWE keeft, si wëssen nëmmen dat wat RWE hinne seet. Kann dat op EU-Niveau gemaach ginn? Och net, Norvegen ass net an der EU, Vattenfall produzéiert de gréissten Deel vu séngem sougenanntene gringe Stroum do. Also wéi eng international Institutioun préift dann elo déi ganz komplex Rechnung, op all Stroum deen als gring verkaf gëtt, och gring hiergestallt gëtt.

A virun allem, wou gëtt de Bilan vun där Iwwerpréifung publizéiert, fir dass d'Leit selwer kënne gesinn, dass hire Stroum, op manst rechnerech, och gring ass.
... gudde Bäitrag, Jempi !
Das sogenannte Theodizeeproblem :
Kann oder will Gott das Leid in dieser Welt und die Untaten seiner Kirchenmänner nicht verhindern?
Wenn er es nicht kann, ist er nicht allmächtig, wenn er es nicht will, dann ist er nicht allgütig !

Jempi

Administrator

  • »Jempi« ist der Autor dieses Themas

Beiträge: 2 590

Wohnort: Beim neien Prisong

Beruf: Meckerer

  • Nachricht senden

4

22.04.2011, 17:05

Se soen zwar dass fir Letzebuerg genug grenge Stroum do wär.

Dat doten ass tippesch fir dese Sujet:
  1. Wee seet??
  2. Op Grond vu wat fir engen Zuelen?
  3. Vu weem sinn déi Zuelen iwwerpréift?

Just esouvill: Wann Enovos x KWh gringe Stroum am Ausland akeeft, wee seet mir, dass si hei am Land nëmmen x KWh gringe Stroum verkafen (sorry, plus d'Alibiwandmillen zu Heischend)? Wien iwwerpréift dat ? Wéi kann een dat iwwerpréifen ?
"Truth is the most valuable thing we have. Let us economize it."
Mark Twain

5

03.05.2011, 09:15

Wann Frankräich emol eng Kéier (soe mir emol esou an 1000 Joer) all hir AKW'en vum Netz geholl huet da gesi mir vläit d'Engpäss vum Grénge Stroum :D

radiorom

Anfänger

Beiträge: 39

Wohnort: Junglinster

Beruf: Techniker

  • Nachricht senden

7

04.05.2011, 09:56

Merci Johnny fir dien interessanten Link.
Mol endlech eppes wat op realen Zuelen an Fakten baséiert.

Dat eenzecht wat mech stéiert ass wéi wellen se op 50%Nenotzungsgrad mat der Wandenergie kommen? Ech senn mer net secher op dat realisabel ass wann een do mol 'Daten vun den läschten 30 Joer kukkt.

-s-

[X] <--- nail here for new monitor!

Jempi

Administrator

  • »Jempi« ist der Autor dieses Themas

Beiträge: 2 590

Wohnort: Beim neien Prisong

Beruf: Meckerer

  • Nachricht senden

8

04.05.2011, 10:15

Mol endlech eppes wat op realen Zuelen an Fakten baséiert.

Dat Ganz huet just ee Feeler: Et baséiert zum groussen Deel op der Technologie vun "Ringwallspeicher", an dat ass eng Technologie déi et (nach) guer net gëtt. Dat Eenzegt wat besteet, ass eng reng theoretesch Doktoraarbecht vum Dr. Ing. Matthias Popp, déi hien am Joer 2010 verëffentlecht huet.

Hei kann een e Résumé liesen.

Dovunner ofgesinn, das esou ee Späicher eng Fläch vun iwwer 100 km² géif beleeën, sinn nach eng ganz Rei aner Froen guer net beäntwert, zu. B. déi, wéi hien d'Verdonstung vun 100km² künstlechem Séi wëll kompenséieren. Vill vun de Kritiker, déi hier Kommentaren op där Säit verëffentlecht hunn, ginn och dovunner aus, dass dat Ganzt eng schéin theoretesch Spillerei ass an net réaliséierbar ass.
"Truth is the most valuable thing we have. Let us economize it."
Mark Twain

9

04.05.2011, 10:29

Merci Johnny fir dien interessanten Link.
Mol endlech eppes wat op realen Zuelen an Fakten baséiert.

Dat eenzecht wat mech stéiert ass wéi wellen se op 50%Nenotzungsgrad mat der Wandenergie kommen? Ech senn mer net secher op dat realisabel ass wann een do mol 'Daten vun den läschten 30 Joer kukkt.

-s-


D'Preisen hun an der Läscht eng Rei Etuden gemaach, wou se Wieder a Stroumbedarf a Relatioun gesat hun an dann unhand vum Wieder errechent hun, wéivill Wandmillen/PV-Anlagen se brauchen, fir den Bedarf ze decken. Déi Zuelen sinn relativ genau verfügbar, et ass just Opwand, fir se alleguer a Relatioun ze setzen.

Aus esou Simulatiounen eraus kann een och relativ gudd verschidde Fäll duerchspillen, wou een méi oder manner grouss Späicher brauch. Graff gesot, wat's de méi Wandmillen hues, wat's de manner Späicher brauchs, an emgedréint.

10

04.05.2011, 10:38

Mol endlech eppes wat op realen Zuelen an Fakten baséiert.

Dat Ganz huet just ee Feeler: Et baséiert zum groussen Deel op der Technologie vun "Ringwallspeicher", an dat ass eng Technologie déi et (nach) guer net gëtt. Dat Eenzegt wat besteet, ass eng reng theoretesch Doktoraarbecht vum Dr. Ing. Matthias Popp, déi hien am Joer 2010 verëffentlecht huet.

Hei kann een e Résumé liesen.

Dovunner ofgesinn, das esou ee Späicher eng Fläch vun iwwer 100 km² géif beleeën, sinn nach eng ganz Rei aner Froen guer net beäntwert, zu. B. déi, wéi hien d'Verdonstung vun 100km² künstlechem Séi wëll kompenséieren. Vill vun de Kritiker, déi hier Kommentaren op där Säit verëffentlecht hunn, ginn och dovunner aus, dass dat Ganzt eng schéin theoretesch Spillerei ass an net réaliséierbar ass.


Réaliséierbar ass et, déi Fro stellt sech menger Meenung no guer net. Äerdbewegungen an deem Ausmooss kenne mir, dat weise mer jo mat Tagebau, mat kenschtlechen Inselen etc.

D'Verdonschtung get bei eis jo normalerweis gudd duerch de Reen kompenséiert ;-) en Usaz vum Plang ass jo och, fir den ieweschte Séi mat PV-Zellen zouzedecken, dass een do keng Verdonschtung huet, mee Reen nach emmer kann duerchloossen (fräi Energie).

Dee Punkt, dee fir mech faszinant ass, ass deen, dass esou eppes reng rechneresch gudd funkionéiere kann, an dass esou e Projet absolut verwierklechbar wier, wann een et wéilt maachen. Jo, mir kucken do op Bauzäiten vun enger Doze Joer, gewalteg Äerdbewegungen an grouss Investitiounszommen. Mee wann duerno d'Energie, bis op d'Maintenance-Käschten, gratis ass, dat wir dach e faszinanten Ausbleck, oder? Mol guer net vum Risiko duerch Atomenergie an vun der CO2-Belaaschtung durch fossil Energie ze schwätzen. D'Iddi, dass een sech kann zreckléeen an dem Putin oder dem Scheich soen, e soll mat sengem Gas an Ueleg maachen, wat e well?

Jempi

Administrator

  • »Jempi« ist der Autor dieses Themas

Beiträge: 2 590

Wohnort: Beim neien Prisong

Beruf: Meckerer

  • Nachricht senden

11

04.05.2011, 10:43

johnny,

Just eng Fro: Wou wëlls du hei am Land eng zesummenhängend, ongeféier kreesronn Fläch vun 100 km² fannen, wou mir et jo net emol färdeg bréngen, engem Bauer säi Feld ofzuhuelen, fir eng Autobunn färdeg ze bauen?
"Truth is the most valuable thing we have. Let us economize it."
Mark Twain

12

04.05.2011, 11:33

Jempi, wéi hu mer et da fierdeg bruet, de Stauséi zu Esch ze bauen? Oder Veianen?

13

04.05.2011, 12:24

Wann se an Daïtschland vun dozzende Joëren Bauzaït ausgin gëng dat bei eis Generatiouneniwwergraïfend gin!
Stumpf ist Trumpf!
-Dendemann

14

06.05.2011, 15:52

Wann se an Daïtschland vun dozzende Joëren Bauzaït ausgin gëng dat bei eis Generatiouneniwwergraïfend gin!
Offtopic, mais trotzdem:
(Sarkasmus on) An dem Entreprenneur sain Kand ass schons Milliardär, et ass nach niet gemeet gin! (Sarkasmus off)

Kommt all gudd an de Weekend ;)
Anarore

Jempi

Administrator

  • »Jempi« ist der Autor dieses Themas

Beiträge: 2 590

Wohnort: Beim neien Prisong

Beruf: Meckerer

  • Nachricht senden

15

11.05.2011, 15:31

Schéngt eng gudd Nouvell ze sinn:

Zitat

Enovos baut an Zukunft ganz op grénge Stroum. Vum 1. Oktober un, gi sämtlech Clienten mam Standard-Tarif automatesch mat Naturstroum beliwwert.

Ech froe mech just:
  • Wat fir een Intérêt hunn déi, fir dat ze maachen?
  • Wou ass den Hoken bei där Saach?

http://news.rtl.lu/news/national/106807.html
"Truth is the most valuable thing we have. Let us economize it."
Mark Twain

16

12.05.2011, 13:34

Olala
Jempi, du bas wei mein Fra . Wann ech dem eppes schenken an et huet net durch Zoufall Gebuurtsdag mengt et och emmer et waer en Hoken un daer Saach.

Dei enzeg dei lo domm dru sin, sin dei dei Onbedengt nach Atomstroum wellen. Iwregens ,du kriss bei dem engen genee sou eng Geweitscht wei bei dem aneren.Ech schwetzen natirlech vum Stroum an net vu meiner Fraa ;)

Ähnliche Themen