Sie sind nicht angemeldet.

Lieber Besucher, herzlich willkommen bei: LUX-FORUM. Falls dies Ihr erster Besuch auf dieser Seite ist, lesen Sie sich bitte die Hilfe durch. Dort wird Ihnen die Bedienung dieser Seite näher erläutert. Darüber hinaus sollten Sie sich registrieren, um alle Funktionen dieser Seite nutzen zu können. Benutzen Sie das Registrierungsformular, um sich zu registrieren oder informieren Sie sich ausführlich über den Registrierungsvorgang. Falls Sie sich bereits zu einem früheren Zeitpunkt registriert haben, können Sie sich hier anmelden.

1

01.01.2010, 10:10

Emmer nees dee selwechten Irrtum mam Kalenner. (Joerzengt, Joerhonnert, Joerdausend)

Haut huet wéi all 365/366 Deeg en neit Joer ugefangen.

Awer vill Leit, an d'Medien, mengen et wiir och e neit Joerzengt.
http://www.spiegel.de/panorama/gesellschaft/0,1518,669704,00.html

Dat ass falsch.
Dat nächst Joerzengt fänkt den 1. Januar 2011 un.
http://de.wikipedia.org/wiki/Jahrzehnt

Eng Ieselsbreck:
De Mensch rechent mat sengen 10 Fanger jo och een "Zehner" vun 1 bis 10, a net vun 0 bis 9 !
(d'Null ass "zwou Faïscht")

Natiirlech kann jiddfereen a Joerzengt feiren wéini e wellt, frai no senger Zeitrechnung mat engem "Joer Null",
ma dee richtegen Datum fir e neit Joerzengt muss awer ebenbürteg gefeiert ginn.
Dofir muss d'nächst Joer nach eng Keier grad esou gefeiert ginn wéi elo a mat Referenz op en neit Joerzengt.

An onst Joerdausend huet net den 1. Januar 2000 ugefangen, ma den 1. Januar 2001.
Wéi konnt een deemols eigentlech op d'Iddi kommen, ausgerechent an deer Nuecht vum 31. Dezember 1999 op den 1. Januar 2000 ze feieren
wou dach net nemmen Pessimisten gefaart haaten, vill Computerprogrammen
an dodurch och elektresch Netzer an aaner öffentlech Infrastrukturen kéinten ausfaalen?
Déi negativ Prognosen waren zwar net agetraff, mee dat wiir awer durchaus méiglech gewiescht.
Religionen wachsen nicht im Bauch sondern im Kopf.
Die fünf ersten Dogmen der Religion von der Börse lauten:
Die Börse ist aller Anfang.
Die Börse hat aus zwei ihrer Rippen das Geld und die Erde erschaffen.
Im Garten Eden hat das Geld die Börse geschwängert.
Die Börse hat einen grossen rot glänzenden Apfel gelegt mit Eva und Adam im Kern drinne.
Die ersten Menschen haben sich aus dem reifen Apfel gebohrt und sich die Erde untertan gemacht, chaotisch unter der Oberaufsicht von Börse und Geld.

Dieser Beitrag wurde bereits 5 mal editiert, zuletzt von »iRobot« (01.01.2010, 10:32)


2

01.01.2010, 17:58

RE: Emmer nees dee selwechten Irrtum mam Kalenner. (Joerzengt, Joerhonnert, Joerdausend)

Haut huet wéi all 365/366 Deeg en neit Joer ugefangen.

Awer vill Leit, an d'Medien, mengen et wiir och e neit Joerzengt.
http://www.spiegel.de/panorama/gesellsch…,669704,00.html
Dat ass falsch.
Dat nächst Joerzengt fänkt den 1. Januar 2011 un.
http://de.wikipedia.org/wiki/Jahrzehnt
... interessant, daat wousst ech net.
Bei menge wettfreedege Frenn kann ech domat nach etlech Souen maachen :!:
Das sogenannte Theodizeeproblem :
Kann oder will Gott das Leid in dieser Welt und die Untaten seiner Kirchenmänner nicht verhindern?
Wenn er es nicht kann, ist er nicht allmächtig, wenn er es nicht will, dann ist er nicht allgütig !

Jempi

Administrator

Beiträge: 2 590

Wohnort: Beim neien Prisong

Beruf: Meckerer

  • Nachricht senden

3

01.01.2010, 20:22

RE: Emmer nees dee selwechten Irrtum mam Kalenner. (Joerzengt, Joerhonnert, Joerdausend)

An onst Joerdausend huet net den 1. Januar 2000 ugefangen, ma den 1. Januar 2001.
Wéi konnt een deemols eigentlech op d'Iddi kommen, ausgerechent an deer Nuecht vum 31. Dezember 1999 op den 1. Januar 2000 ze feieren
wou dach net nemmen Pessimisten gefaart haaten, vill Computerprogrammen
an dodurch och elektresch Netzer an aaner öffentlech Infrastrukturen kéinten ausfaalen?
Déi negativ Prognosen waren zwar net agetraff, mee dat wiir awer durchaus méiglech gewiescht.

iRobot,

Et sinn net all negativ Prognosen agetraff, mee et gouf trotzdeem eng Rei Tëschefäll, och wann dei net an de Medien breet getrëppelt goufen, well se net spektakulär genug waren oder well se (wéi méng 2 Beispiller) zu engem Zäitpunkt opgetruede sinn, wou d'Ëffentlechkeet nach net op de Problem opmierksam gemaach gi war:

Beispill 1: Opgetrueden am Januar 1998, Firma VISA. VISA-Kaarten sinn normalerweis 2 Joer gülteg, dat heescht, am Januar 98 krute Leit, deenen hir Kaart ofgelaf ass, nei Kaarten mam Oflafdatum Januar 2000. Well awer vill Kaartelieser just déi 2 lescht Zifferen vum Joer gelies hunn, war den Oflafdatum vun deenen neie Kaarten Januar 00, also Januar 1900. Resultat: D'Kaarten goufen refuséiert, well schon 98 Joer ofgelaf. ET hat VISA Millioune kascht.

Besipill 2: Opgetrueden am Mee 1998, Firma MERCEDES. Deemols ass et Mercedes nach gudd gaangen, a bei verschiddene Modeller hate si Liwwerzäiten vun iwwer 20 Méint. Am Mee sinn du bei Mercedes déi éischt Bestellungen mat Ausliwwerdatum Januar 2000 erakomm an natiirlech och an de Computersystem komm. D'Computeren, déi d'Fliissbänner programméieren, sortéieren d'Commanden natiirlech nom Ausliwwerdatum, a wann ee just déi lescht 2 Stelle vum Joer respektéiert, ass 00 natirlech méi kleng ewéi 98. D'Commanden vun 2000 goufen also virgezunn. De Problem ass eréicht erkannt ginn, wou Autoen, déi eréicht Ufank 2000 sollte geliwwert ginn, schon am Mee 1998 bei de Concessionnairen ukomm sinn. Och hei war et en zimmlech grousse Schued fir Mercedes duerch onzefridde Clientën.

Zum Schluss nach ee ganz klengt Beispill aus der eegener Firma vun Ufank Januar 2000: Do huet ee Programm, deen offiziell Dokumenter erausgedréckt huet, am Datum d'Joer mat 19100 uginn. Haut kléngt et lëschteg, mee deen Dag war dat et guer net.
"Truth is the most valuable thing we have. Let us economize it."
Mark Twain

Nath

Fortgeschrittener

Beiträge: 185

Wohnort: Esch-sur-Alzette

  • Nachricht senden

4

02.01.2010, 17:36

ech mengen deen iirtum kennt einfach dohier well 2010 oder 2000 eben mé i eng schéin Ziffer ass weéi 2011 0der 2001 ... och wann daat aner richteg ass... an d'Leit schengen net wierklech esou wäit ze denken ...

Ähnliche Themen