Sie sind nicht angemeldet.

Lieber Besucher, herzlich willkommen bei: LUX-FORUM. Falls dies Ihr erster Besuch auf dieser Seite ist, lesen Sie sich bitte die Hilfe durch. Dort wird Ihnen die Bedienung dieser Seite näher erläutert. Darüber hinaus sollten Sie sich registrieren, um alle Funktionen dieser Seite nutzen zu können. Benutzen Sie das Registrierungsformular, um sich zu registrieren oder informieren Sie sich ausführlich über den Registrierungsvorgang. Falls Sie sich bereits zu einem früheren Zeitpunkt registriert haben, können Sie sich hier anmelden.

Henk

Schüler

  • »Henk« ist der Autor dieses Themas

Beiträge: 149

Wohnort: Latzbuerg

Beruf: Keen, also Fonctionnaire

  • Nachricht senden

1

21.10.2008, 10:49

UFO-Alarm

Ginn et UFOs?

Insgesamt 14 Stimmen

43%

Jo, a si komme vun anere Planéiten oder aus Paralellwelten (6)

43%

Neen, et sinn Halluzinatiounen oder Fata Morganas (6)

14%

Jo, mee si kommen all vun der Aerd, aus Geheimlaboen (2)

Sou, elo hu mer et : Geheimakte beleen, dass et UFOs ginn, a vill :

http://www.bild.de/BILD/news/vermischtes…inisterium.html

Steet eis eng Invasioun onmëttelbar bevir?

Greets,

Henk

2

21.10.2008, 11:15

An esou en Thema ënner der Rubrik Wëssenschaft an Technik ? .... naja !
Besser ënner "Witz a Spaass" posten.
Das sogenannte Theodizeeproblem :
Kann oder will Gott das Leid in dieser Welt und die Untaten seiner Kirchenmänner nicht verhindern?
Wenn er es nicht kann, ist er nicht allmächtig, wenn er es nicht will, dann ist er nicht allgütig !

Henk

Schüler

  • »Henk« ist der Autor dieses Themas

Beiträge: 149

Wohnort: Latzbuerg

Beruf: Keen, also Fonctionnaire

  • Nachricht senden

3

21.10.2008, 11:26

@mJANG

Ech hat mech un dengem Metaphysik an Esoterik orientéiert. Wéi ech du gemierkt hunn, dass dat kee Forum wier, mee just e Thread, hunn ech alt geduecht, deen do géif och hier passen.

Wat mengs de wuel, wat an esou engem UFO vun Technik stécht, a wat ee vu Wëssenschaft brauch, fir et ze bauen??? 8o

Greets,

Henk

4

21.10.2008, 12:15

fir die interessiert, den detail aus den "The National Archives"

http://ufos.nationalarchives.gov.uk/
wou sin ech drun ?

de richtege Wee : "Ne rien nier à priori, ne rien affirmer sans preuve."

"Deception is a state of mind and the mind of the State" :thumbup:

Europäer

unregistriert

5

21.10.2008, 13:31

Egal, waat ee vun dësem Thema hällt, en ass allemool interessant. A bei all Legenden, Gerüchter, etc., ass ëmmer e Quentchen Wourecht derbäi. An dass renomméiert Wëssenschaftler sech iwwert dëst Thema och de Kapp zerbriechen, beweist jo, dass muss eppes dodru sinn. :)

6

23.10.2008, 22:39

nun jo, an den 70er huet nasa jo e puer satelitten an weltall geschoss maat enger flotter golder plaque drop
esou enbeschen: wanns de se fenns, please dial back
http://en.wikipedia.org/wiki/Voyager_Golden_Record

an dann get jo och nach den setia@home projet, vun berkley, university of california
http://setiathome.berkeley.edu/

an bei eisen friten noperen, wou virun 10 joer nawell eppes lass; just hanner der grenz bei virton
http://www.ufoevidence.org/topics/belgium.htm
bei google fend ein och vill vidoen
interessant och den belgen air force offizeier, dein probeiert radar biller ze erklaeren, waat him netgelengt
mei villeicht alles nemmen eng histoire belge ...

7

24.10.2008, 21:28

just op heise.de fond
direkt link http://www.timesonline.co.uk/tol/news/uk/article4974540.ece

US airman Milton Torres told to shoot down UFO when based at RAF Manston

erennert mech en beschen un dei foo fighter geschicht ...

Henk

Schüler

  • »Henk« ist der Autor dieses Themas

Beiträge: 149

Wohnort: Latzbuerg

Beruf: Keen, also Fonctionnaire

  • Nachricht senden

8

25.10.2008, 00:06

Net ze vergiessen déi Zeechnungen vun de Maja (waren et si?), déi ee just vum Himmel als dat erkennt, wat se sinn. Auserdeem Miniaturen an Zeechnunge vu "Flugobjekter" an nach aner Landebunne fir Raumschëffer.

D'Ägypter wosste viru 4.000 Joer ouni Zweifel enorm vill iwwer eist Universum, hier berühmt Pyramide sinn esou exakt gebaut, das de haut nach misst al modern Technik opwenden, fir et esou hinzekréien. Vill Zechen deiten och do dropp hinn, dass hiert Wëssen importéiert ginn ass.

Schlisslech nach Atlantis. Dat ka guer net vu Mënschen erbaut gi sinn. Wou war dat scho méi?

Komesch ass just, dass déi meeschten Ufo-Sichtungen aus de leschten circa 100 Joer stamen, also aus där Zäit, wou de Mënsch et schlussendlech och fäerdeg bruecht huet, ze fléien. Natierlech ass och gläichzäiteg d'Beobachtungstechnik enstanen. Mat Radar, Infrarout a vun do uewe gesäit ee méi, wéi vum Buedem aus mat enger Lëns.

Allerdéngs missten eis physikalesch Gesetzer, déi mer hei kennen an als universel unhuelen, nach e bëssche gepimpt ginn, dass een iwwerhaapt emol eng Chance hätt, vu wäit hier bis bei eis ze kommen. Wuermlächer sinn awer schonn eng Alternativ fir déi Gesetzer z'emgoen.

Vläicht ass awer och alles ganz anescht. Vläicht ginn et al déi physikalesch Gsetzer guer net, vläicht gëtt et emol guer keen Universum oder et ass nëmmen e klengen Deel vum Ganzen. dat hunn ech bei MiB gesinn an de Steven Hawking schwätzt och vun esou Saachen.

Ech selwer hunn nach nie e Ufo gesinn, esou vill konnt ech nach nie drénken. E Kolleeg hat em 1990 eent beim deemoolege Cockpit bei der Polfermillen an der Géigend gesinn. Hien huet nach misse pissen, ier mer heem gefuer sinn, an do huet en an den Himmel gekuckt an eppes Komesches gesinn. Ech soutz schon am Auto an hu probéiert, d'Zündschlass ze fannen. Hien hat awer net vill gedronk, vläicht 4 Béier. Jiddenfalls koume mer gutt heem an ech sinn net erwëscht ginn (vun engem Ufo).

Greets,

Henk

9

25.10.2008, 18:26

jo, dovuner hun ech och schon heieren
maja, pyramiden,atlantis, physikalesch gesetzer am mib
mei do sin ech eischter den skeptiker

mei dei foo fighter geschicht an daat ufo evenemnt bei eisen noperen fannen ech schons nawell fascinant
firwaat:
well ech bis elo kein anstaenneg argument geint ufo spaceship hypothese heieren hun

beleirt mech w.e.g.
sos grennen ech nach meing eigen rael sect ;)

10

25.10.2008, 19:43

an d welt ass awer eng scheif....... :thumbup:
wou sin ech drun ?

de richtege Wee : "Ne rien nier à priori, ne rien affirmer sans preuve."

"Deception is a state of mind and the mind of the State" :thumbup:

Henk

Schüler

  • »Henk« ist der Autor dieses Themas

Beiträge: 149

Wohnort: Latzbuerg

Beruf: Keen, also Fonctionnaire

  • Nachricht senden

11

27.10.2008, 21:50

firwaat:
well ech bis elo kein anstaenneg argument geint ufo spaceship hypothese heieren hun

Déi eenzeg, déi ech der kann dergéint gin, sinn d'physikalesch Gesetzer, wi mier se kennen. Dat hunn ech jo scho gesot. Allerdéngs kéint et jo sinn, dass Wuermlach-Theorien stëmmen, an een eben Ofkierzungen duerch d'Universum kann huelen. Hunn ech och scho gesot.

Ech brauch jo sécher net z'erklären, dass et eng Lichtgeschwindegkeet gëtt, déi bei ron 300.000 Kilometer an der Sekonn läit, an dass déi déi iewescht Limit an der Vitesse an eisem Universum duerstellt. Wann ee bedenkt, dass de Mound 1 Liichtsekonn eweg läit, d'Sonn 8 Liichtminutten an d'Universum schätzungsweis 12 Milliarde Liichtjoeren, da gëtt ee sech den Dimensioune bewosst. Kuerz : Vun do, wou Liewen am Universum nach méigelech wier, kann et op normalem Wee guer net bis bei eis kommen. Mier hu jo schonn eis Prblemer, fir bis bei de Mars ze kommen, wat op normalem Wee eng Rees vun engen 18 Méint ass.

Dann nach eng Fro : Firwat kéimen Aussrirdescher bei eis? Fir eis irgendwéi unzegräife wuel kaum, soss hätte se dat längst gemach, ier et fir si geféierlech ginn ass. Fir eis ze hëllefen anscheinend och net, well et huet nach nie een ee gesinn. Da bleift wuel nëmme Beobachtung. Vläicht betruechte se eis als Uschauungsbeispill, wéi mier enger Kolonie Sechoomësse géingen nokucken. Vläicht hu se eis och hei ausgesat a kommen heiansdo kucken, wéi et eis geet? Eo geet et schonn a Richtung Spaghettimonster, ech hale léiwer op...

Greets,

Henk

12

28.10.2008, 18:36

quote:

richteg; ech sin der selweschter meinung; ech kann mer awer intuitiv firstellen ( ech beruufen mech do op history and philosphy of science) daat et goud meiglech as de fakto am weltraum ronderem ze sprangen; wurmlaecher, oder waat och emmer

quote
Dann nach eng Fro : Firwat kéimen Aussrirdescher bei eis? Fir eis irgendwéi unzegräife wuel kaum, soss hätte se dat längst gemach, ier et fir si geféierlech ginn ass. Fir eis ze hëllefen anscheinend och net, well et huet nach nie een ee gesinn. Da bleift wuel nëmme Beobachtung. Vläicht betruechte se eis als Uschauungsbeispill, wéi mier enger Kolonie Sechoomësse géingen nokucken. Vläicht hu se eis och hei ausgesat a kommen heiansdo kucken, wéi et eis geet? Eo geet et schonn a Richtung Spaghettimonster, ech hale léiwer op...

nein, du muss elo hei weider fueren, well elo faengt et richteg un interessant ze gin; mei well et dann zevill interessant get, an villen leit net an den krom passt, get dann emmer seier en schlussstrich gezun; ech verstin jo och firwaat; well sos haetten esou munch groupen villeicht keng darsein berechtegung mei; an et kann jo emmer sin daat eppes drun as; den blak swan- exteme niedrech probabiliteit mei en enormen impakt
also, leiwer fangeren net verbrennen

quote
"Fir eis irgendwéi unzegräife wuel kaum, soss hätte se dat längst gemach, ier et fir si geféierlech ginn ass."

daat geif dann emol erklearen firwaat an kriegs aktiouenen an bei waffen tester ganz oft esou "ufoen" gesin sin gin;

quote
"Fir eis ze hëllefen anscheinend och net, well et huet nach nie een ee gesinn"

ma maat weim sollen se dann an kontakt trieden; maat muechtsuechtegen politiker, dei dann probeieren dei nei technologie sech enner den fanger ze reissen fir welt ze eroberen?

quote:
Vläicht betruechte se eis als Uschauungsbeispill, wéi mier enger Kolonie Sechoomësse géingen nokucken. Vläicht hu se eis och hei ausgesat a kommen heiansdo kucken, wéi et eis geet

jo wein weiss, beweiser gin et keng; wedeer dofir, oder dogeint
mei wann se eis sollen nokucken, muss hinnen wuel loscht vergoen um krautmarkt ze landen :)

13

02.11.2008, 01:34

Si kommen vun der Aerd

Eventuell kommen sie vun der Aerd aus ferner Vergaangenheet oder Zukunft.

Et kann een zwar Schanken fannen vum Homo Sapiens, vum Oetzi an esou weider,
deelweis och nach ganz primitiv Jäger und Sammler.

Ma op den Homo Sapiens et net irgendwann a ferner Vergaangenheet schon eng Keier zu enger Zivilisatioun bruecht huet wei onser, oder nach mei weit entweckelt, wärt sech wuel ni ganz ausschleissen loossen.
Wann et sou eng Zililisatioun gouf an d'Iwwerreschter dovun awer geologesch esou zweschen Erdschichten leien dass se weder durch Zoufall entdeckt ginn nach kennen vun Archeologen ausgegruewen, da wees een eben haut naischt dovun.

Waat fir eng physikalesch Erkenntnisser et an der Vergaangenheet oder Zukunft, vielleicht erlaaben am oder ausserhalb vum Sonnesystem, den Oflaaf vun der Zeit ze manipuleieren bei engem präziis kontrolleierten Flug mat enger Raumkapsel, kann een aus der Perspektiv vun haut net wessen.
Wann daat wiirklech meiglech ass, virun allem wann si aus der Zukunft sinn, mussen sie alles maachen fir an onser Epoche net entdeckt ze ginn soss kann den Oflaaf vun der Weltgeschicht duerchereen geroden.
Religionen wachsen nicht im Bauch sondern im Kopf.
Die fünf ersten Dogmen der Religion von der Börse lauten:
Die Börse ist aller Anfang.
Die Börse hat aus zwei ihrer Rippen das Geld und die Erde erschaffen.
Im Garten Eden hat das Geld die Börse geschwängert.
Die Börse hat einen grossen rot glänzenden Apfel gelegt mit Eva und Adam im Kern drinne.
Die ersten Menschen haben sich aus dem reifen Apfel gebohrt und sich die Erde untertan gemacht, chaotisch unter der Oberaufsicht von Börse und Geld.

Dieser Beitrag wurde bereits 2 mal editiert, zuletzt von »iRobot« (02.11.2008, 01:45)

14

02.11.2008, 10:39

Natierlech ginn et eng Heedewull gudd Indicen driwwer, wéi den Mensch sech entweckelt huet, inclusive DNA-Analysen, opgronnd vun deene een zimmlech genau kann ofschätzen, zu wat fir engem Zäitpunkt sech de Mensch vun engem gemeinsame Virgänger mam Af an eng aner Richtung entweckelt huet. Deng Hypothese, dass d'Menschen zäitreesen a scho wäit virun eis eng Zivilisatioun haten as dogéint duerch näischt beluet a geet géint all Erkenntnisser, déi mer hun.

Änder, kann een net en Metaphysik/Relioun/Ufo-Forum ariichten? ;)

15

02.11.2008, 17:30

quote:

Ma op den Homo Sapiens et net irgendwann a ferner Vergaangenheet schon eng Keier zu enger Zivilisatioun bruecht huet wei onser, oder nach mei weit entweckelt, wärt sech wuel ni ganz ausschleissen loossen.
Wann et sou eng Zililisatioun gouf an d'Iwwerreschter dovun awer geologesch esou zweschen Erdschichten leien dass se weder durch Zoufall entdeckt ginn nach kennen vun Archeologen ausgegruewen, da wees een eben haut naischt dovun

interessanten doc
Mysterious origins of man
http://video.google.com/videoplay?docid=-4848668803639628771

baut op dei onkonventionel hypotese vun desem buch
Forbidden Archeology: The Full Unabridged Edition
http://www.amazon.com/Forbidden-Archeolo…o/dp/0892132949
http://www.mcremo.com/

& Mysterious origins of man http://www.talkorigins.org/faqs/mom.html

Dieser Beitrag wurde bereits 1 mal editiert, zuletzt von »Machia« (02.11.2008, 17:37)

16

02.11.2008, 19:22

quote:

Ma op den Homo Sapiens et net irgendwann a ferner Vergaangenheet schon eng Keier zu enger Zivilisatioun bruecht huet wei onser, oder nach mei weit entweckelt, wärt sech wuel ni ganz ausschleissen loossen.
Wann et sou eng Zililisatioun gouf an d'Iwwerreschter dovun awer geologesch esou zweschen Erdschichten leien dass se weder durch Zoufall entdeckt ginn nach kennen vun Archeologen ausgegruewen, da wees een eben haut naischt dovun

Neen. Mee de fait, dass een näischt dervu weess, as awer an éischter Linn keen Indice, dass et gudd verstoppt gouf - mee eben en Indice, dass do näischt woer.

Weider erhärt get deen, wann een sech d'Zäit ukuckt - de Mensch huet en gemeinsame Virgänger mat den Menschenaffen virun 6 Millioune Joer. Dervun ausgoend dass deng Zivilisatioun Mensche woeren a keen 'Planet der Affen', bleiwt do reng geologesch net ganz vill Zäit fir d'Äerd deementspriechend emzeschichten, dass näischt méi ze fannen as. Zum Verglach, déi läschte gréisser Evenementer sinn eng gudd Zäit länger hier, d'Alpen hun virun enger 70 Millioune Joer ugefaangen an sinn virun ronn 25 Millioune Joer richteg grouss ginn.

Ech hu virun enger Zäit eng flott Serie vun der BBC gesinn, 'The Big Question', déi wier vläit eppes fir Dech:

http://atheistmovies.blogspot.com/2008/0…d-universe.html

Get genuch Orientéirungssenn, fir net op sou Kabes eranzefalen.

Zitat

interessanten doc
Mysterious origins of man
http://video.google.com/videoplay?docid=-4848668803639628771

baut op dei onkonventionel hypotese vun desem buch
Forbidden Archeology: The Full Unabridged Edition
http://www.amazon.com/Forbidden-Archeolo…o/dp/0892132949
http://www.mcremo.com/

& Mysterious origins of man http://www.talkorigins.org/faqs/mom.html

Du weess, dass alles, wat 'forbidden' oder 'myterious' am Titel huet, mech guer net iwwerzeegt. Oder hat den Abbes et néideg, als Titel 'Die verbotene Beziehung zwischen Masse und Energie' ze huelen? ;)

17

02.11.2008, 20:01

daat eben ganz oft esou- et muss ein daat en beschen flott anpacken- en eye catcher , dein nach en beschen esoteresch muss klengen
well sos get et iwersin
och akademesch artikelen sin nawell oft en beschen esoteresch verpackt- en super marketing truc, fir firwelzeg ze maachen

aner saach: hues du der dei links och richteg ungekuckt?

18

02.11.2008, 20:13

Macchia --

Déi akademesch Artikelen, déi ech liesen, sinn nawell normalerweis relativ 'down to earth'. An 'Big Question' sin och en zimmlech drechen présentéiert Sujet'en, et sinn einfach d'Theme selwer, déi interessant sinn. Keen Besoin do fir Marketing.

Ech hun den Documentaire net gekuckt, just e besschen gegoogelt an hun mech dunn décidéiert, eng Stonn Liewenszäit wier besser mat der Biographie vun Humboldt a Gauss verbruecht, déi ech grad liesen.

19

02.11.2008, 20:57

ech denken elo un daat leiwt konzept vum opportunity cost;
richteg, et kann ein jo net alles machen , an esoulangs de elo net iwerall ronderem dech gauss curven geseis, as welt jo nach an der rei

hei, zum beispill, en reisseresch opgemachten titel vun den top accademikeran deim bereich
daat as och den gronn firwaat ech en titel nach am kaap hat
also, fir mech huet et also funktioneirt

The CAPM Is Wanted, Dead or Alive

http://ideas.repec.org/a/bla/jfinan/v51y1996i5p1947-58.html

20

04.11.2008, 09:56

Déi eenzeg, déi ech der kann dergéint gin, sinn d'physikalesch Gesetzer, wi mier se kennen. Dat hunn ech jo scho gesot. Allerdéngs kéint et jo sinn, dass Wuermlach-Theorien stëmmen, an een eben Ofkierzungen duerch d'Universum kann huelen. Hunn ech och scho gesot.

Et get och nach aner Theorien: HEIan DO

Elo muss een sëch de schwéier verdauleche Kascht emol fir d'éischt op der Zong zergoen loossen iert en engem erop stéisst!

Awer do get et eben Mënschen di eis Welt komplett anescht gesin.

"E Gudden!" :D

Ähnliche Themen