Sie sind nicht angemeldet.

Lieber Besucher, herzlich willkommen bei: LUX-FORUM. Falls dies Ihr erster Besuch auf dieser Seite ist, lesen Sie sich bitte die Hilfe durch. Dort wird Ihnen die Bedienung dieser Seite näher erläutert. Darüber hinaus sollten Sie sich registrieren, um alle Funktionen dieser Seite nutzen zu können. Benutzen Sie das Registrierungsformular, um sich zu registrieren oder informieren Sie sich ausführlich über den Registrierungsvorgang. Falls Sie sich bereits zu einem früheren Zeitpunkt registriert haben, können Sie sich hier anmelden.

Machiavelli's Ghost

unregistriert

1

31.07.2008, 16:51

[Aus engem aneren Thema wou et off-topic war. Änder]


well theoretsch, opwuel bal kein et weiss, as et meiglech, free an clean energi ze produzeieren
als mei energie eraus ze kreien wei dran ze stiechen
an domadder wier energie krise dann endguelteg geleist, an vill aner problemer och
fir letzebuerg super interssant well mir jo en bal 100% net importeur vun energie sin

hei theoretsch rationale aus der quanten physik => casimir effet

The Casimir effect: a force from nothing
http://physicsworld.com/cws/article/print/9747
http://video.google.co.uk/videoplay?doci…gKCzN3-Dw&hl=en
Free Energy
http://video.google.co.uk/videosearch?q=…earch=&start=30

2

31.07.2008, 21:37

Zitat

well theoretsch, opwuel bal kein et weiss, as et meiglech, free an clean energi ze produzeieren als mei energie eraus ze kreien wei dran ze stiechen
... a wou kënns de dann un déi kurriéis a laang widerluechten Theorie : déi ass nämlech bewisenermoossen falsch. Noom éischten Haaptsaatz vun der der Thermodynamik gët ët keen Perpetuum Mobile !!

Zitat

an domadder wier energie krise dann endguelteg geleist, an vill aner problemer och
fir letzebuerg super interssant well mir jo en bal 100% net importeur vun energie sin
hei theoretsch rationale aus der quanten physik => casimir effet
The Casimir effect: a force from nothing
...ët gët kaum en Thema deen an der Physik méi kontrovers diskutéiert an ëmstridde gët wéi deen vun der "Densitéit vun der Vakuumenergie" op deen de Casimireffekt sech jo och baséiert.
Je noodeem ob een d'Quantefeldtheorie oder d'allgemeng Relativitéitstheorie zugrond leet oder esougur d'Kombinatioun vun deen 2 Theorien , da kënnen folgend Resultater eraus kommen :
D'Densitéit vun der Vakuumenergie ass
1) praktesch Null, nët moosbar !
2) Onendlech grouss !
3) Enorm grouss awer endlech !
4) genau Null !
5) nët proper definéiert , duerfir déi Diskrepanzen bei den Aussoen 1-4.

De Gros vun de Physiker mengen, dass d'Hypothes N° 1 déi richteg ass also esou gudd ewéi Null, d.h. de Casimirphänomen ass nët nooweisbar also nach laang nët bewisen !
Also brauche mer ons all keng ze grouss Hoffnungen ze maachen waat eng ganz nei Form vun Energie iwer dee Wee ugeet.
Das sogenannte Theodizeeproblem :
Kann oder will Gott das Leid in dieser Welt und die Untaten seiner Kirchenmänner nicht verhindern?
Wenn er es nicht kann, ist er nicht allmächtig, wenn er es nicht will, dann ist er nicht allgütig !

3

31.07.2008, 22:21

nun, ons welt wor och laang nemmen eng scheif, bis des theorie huet dierfen wierderlucht ginn......;)


d teleportatioun die jo och onmieglech geschengt huet, ass jo op der uni zu ibk emol probiert ginn, och wann werder genuch enegie an rechenkapazitiert am moment weltwait verfügbar ass fir et richteg ze testen

mee des gescheit themen passen nun wierklech net an d bokassa rubrik ;) hei

mee firwaat den amigos ( waffennindustrie) iwert den alibi vun der nato an secherheet millions no geheien an net an d fuerschung stiechen

den steierzueler bezillt et jo, fir eis "wohlfühlgesellschaft" die et an wierklechkeet schons net mie gett an net mie kann ginn ennert den aktuellen konstellatiounen

greets
cy
wou sin ech drun ?

de richtege Wee : "Ne rien nier à priori, ne rien affirmer sans preuve."

"Deception is a state of mind and the mind of the State" :thumbup:

4

31.07.2008, 23:49

d teleportatioun die jo och onmieglech geschengt huet, ass jo op der uni zu ibk emol probiert ginn, och wann werder genuch enegie an rechenkapazitiert am moment weltwait verfügbar ass fir et richteg ze testen
... d'Téléportatioun an d'Verschränkung vu Photonen ass en Thema dee ganz eescht geholl gët
awer nët deen Humbug vun der Vakuumenergie-Theorie !
Das sogenannte Theodizeeproblem :
Kann oder will Gott das Leid in dieser Welt und die Untaten seiner Kirchenmänner nicht verhindern?
Wenn er es nicht kann, ist er nicht allmächtig, wenn er es nicht will, dann ist er nicht allgütig !

5

01.08.2008, 07:29

awer nët deen Humbug vun der Vakuumenergie-Theorie !
Et schéngt net jiddereen déi Saach fir "Humbug" ze halen, mee soit....
Politik ist die Kunst, die Bürger immer wieder so schnell über den Tisch zu ziehen, daß sie glauben, die dabei entstehende Reibungshitze sei Nestwärme

6

01.08.2008, 10:21

nun, ons welt wor och laang nemmen eng scheif, bis des theorie huet dierfen wierderlucht ginn......;)


Deng Verschwörungstheorien an allen Éiren, a wann et em politesch Intriguen geet, ass et vläit och guer net schlecht, domadder als working hypothesis unzefänken. Mee an der Wessenschaft, grad an der Grundlagenforschung, as dat net wierklech ubruecht.

Ech muss zouginn, dass ech bei deem dote Sujet net mathalen kann - weder ginn mäin Intellect a meng Fantaisie duer, fir mer dat doten virzestellen, nach hun ech genuch Mathé fir et kennen nozevollzéien. Mee falls den Effet nozeweisen wier (wat e jo anscheinend net as, d'Experimenter sinn jo duerchaus contestéiert), gett dat bestemmt net aus politesche Grenn ennerdreckt. Dofir as de Wessenschaftsbetrieb ze grouss an onofhängeg.

7

01.08.2008, 11:37

Kënne mir dat an engem aneren Thema weider beschwätzen? :)
... OK Änder da setz d'Artikelen ab der N° 195 an d'Rubrik "Wëseenschaft an Technik"¨.
Ech wëll daat mam "Humbug " awer nach erläuteren, : e Wikiartikel ëleng geet nët duer fir eppes ze beweisen,
virun allem mat engem e Beitrag dee nach nët duerch d'Qualitéitkontroll vum Wikigremium ass !
Das sogenannte Theodizeeproblem :
Kann oder will Gott das Leid in dieser Welt und die Untaten seiner Kirchenmänner nicht verhindern?
Wenn er es nicht kann, ist er nicht allmächtig, wenn er es nicht will, dann ist er nicht allgütig !

Machiavelli's Ghost

unregistriert

8

15.08.2008, 14:35

Perpetuum mobile - Energie Crise geleist?

Sali alleguer

Liewen mer an enger sureealer Energie Crise, well den Energie problem teschnesch gesin "real" geleist as?

Equinox - It Runs on Water http://video.google.com/videoplay?docid=2464139837181538044

wei soot den den Arthur Clark

there are 4 stages of revolutionary scientific change

a) "It's nonsense,"
b) "It is not important,"
c) "I always said it was a good idea," and
d) "I thought of it first."

sic!

Machiavelli's Ghost

unregistriert

9

15.08.2008, 15:43

ah, esou, hei as mein beitrag hin gebeamt gin ;)
eng saach fir kloer ze stellen
ech hun nie vun teleportatioun geschwaat; an ech kann do och net richteg maatschwetzen well ech daat net rechercheiert hun

waat dei sougenannten "free energy" ungeit, dorun hun ech lang geknaat
ech soen net daat et 100% meiglech as, mei chancen sin grouss
dofir misst ein dei esoterescher theorie mol mei genau ennersichen
aber woher nehmen wenn nicht stehlen?
wein soll daat finazeieren?
vill leit , laenner, an organisatiounen hun kein interet drun, inklusive vill physiker
wann elo dei helleg 1 an 2 law of thermodynamics net mei haelt?
all dei joer leieren an research fuer die katz?
wei wuer daat maat der "ssr"- the structure of scientific revolution vum samuel kuhn?


an meci fir aer kommentaren, opwuel den mjang an den johnny mer neischt neies zielt- daat as mer alles bekannt
an dei argumenter schleissen "free nergy" hypothese net aus
am geigendeil; se beweisen kloer an deitlech daat dei "free nergy" hypothese serieux ze hulen as
an et muss objektiv weider gefuerscht gin

oder villeicht net? wann an enger tass kaffi genug energie dran as fir welt an luucht ze jummen, dann well ech net wessen waat eis krank militaer doraus bastelen
wei wuer et mam atom?
fir d'eischt sin bomben gebaut gin, an unter frener liefen hun mer dann atomeiler gebastelt fir strom ze produzeieren
opwuel den atomeiler fir d'eischt gebaut gin as, fir en durno an en uboot anzebauen
daat as och net weider bekannt...

et misst ein en international manhatten project starten fir dei esoteresch theorien ze recherchieren
mei do get et dann schons en immensen conflict of interst- wei wuer daat maat tass kaffi?
menger meinung get do kraefteg hanner closed doors drun geforscht an gebastelt
stechwuert darpa? http://www.darpa.mil/
-too pursue research and technology where risk and payoff are both very high and where success may provide dramatic advances for traditional military roles and missions.
-Are you a scientist or engineer with a radical idea (or ideas) that you believe could provide disruptive change for the United States military?

Dieser Beitrag wurde bereits 2 mal editiert, zuletzt von »Machiavelli's Ghost« (15.08.2008, 15:54)


10

15.08.2008, 17:59



waat dei sougenannten "free energy" ungeit, dorun hun ech lang geknaat
ech soen net daat et 100% meiglech as, mei chancen sin grouss
dofir misst ein dei esoterescher theorie mol mei genau ennersichen
aber woher nehmen wenn nicht stehlen?
wein soll daat finazeieren?
vill leit , laenner, an organisatiounen hun kein interet drun, inklusive vill physiker
wann elo dei helleg 1 an 2 law of thermodynamics net mei haelt?
all dei joer leieren an research fuer die katz?
wei wuer daat maat der "ssr"- the structure of scientific revolution vum samuel kuhn?


Bong, en Paradigmenwiessel steet normalerweis un, wann d'Welt mat den aktuellen Gesetzer net méi d'accord as. Am Moment behellt d'Welt sech sou, wéi d'Thermodynamik mengt se sollt dat maachen.

Wann sech lo Onstemmegkeeten opdinn, huet een prinzipiell zwee Méiglechkeeten:

Entweder d'Welt huet onrecht - dat wat mer mengen ze gesinn, as net komplett. Et feelt eis eppes am Bild, mer haten net un eppes geduecht, d'Experiment as ongenau.

Oder d'Theorie huet onrecht - da get et méi spannend, well d'Theorie muss ugepasst gin. An zwar esou dass dat, wat bis dohinner dra gepasst huet, och nach weiderhin passt.

Vun dohier as grad bei stabilen Gesetzer wéi deenen vun der Thermodynamik d'Approche meeschtens déi, dass een fir 't éischt emol den Fehler bei der Welt sicht, an net bei der Physik. Du dierfst de Physiker dat net zevill negativ huelen - emmerhin géif Däin Autosmoter net méi funktionéiren, wann d'éischt an zweet Gesetz giffen zreckgezunn ginn. Eng gewessen Hésitatioun as do duerchaus verständlech, a mengen Aen :)

Du kannst natierlech gäeren no Hinweiser sichen, dass d'Welt dergéint as, dass sou Saachen ennersicht ginn. Deem wier entgéintzehalen dass:

Vill Theorien banal einfach experimentell ze vérifiéiren wieren. Et ginn dausenden Unien, an deenen duerchgedréinten Doktoranden ouni Surveillance am Lab kennte spillen, an et ginn vill Leit, déi privat genuch Moyens hun, fir sou Saachen kennen ze maachen.

Wessenschaft duerchaus gefördert get, och wann et Grondlagenforschung as, an och wann d'Auskommes nach laang net secher as, an och wann et en Heedegeld kascht. Ech verweisen op en gréisseren Frigo mat Schwaarz-Lächer-Fabrik zu Genf.

Esou eng - verifizéiert - Entdeckung en Wessenschaftler mol ganz banal an eng Rei mat Newton, Darwin, Maxwell, Einstein, Hawking etc géif stellen. An och wann déi meescht Spetzenkräft enger aner Orientatioun wéi mir anerer hun, domadder kéint een se meeschtens awer lackelen.

Ech halen et an desem Fall mam Occam.

11

15.08.2008, 18:21

waat dei sougenannten "free energy" ungeit, dorun hun ech lang geknaat
ech soen net daat et 100% meiglech as, mei chancen sin grouss
dofir misst ein dei esoterescher theorie mol mei genau ennersichen
de Casimireffekt gët jo och ganz sérieux geholl an ët gët a ganz villen Labo'en an deem Gebidd geforscht !
Mee do gët ët ganz aaner Phänomenen, déi vill méi zukunftsverspriechend sin wéi de Casimir Effekt,
dee wuel kaum spéider déi Roll wèrd spillen déi ëm a gëwëssen Wëssenschaftlerkreesen noogesoot gët. Ech bezweiwelen am Zesummenhang mat deem Casimir Effekt déi ganz Theorie déi dorob histeiert fir ze beweisen, dass d'Méiglegkeet gi wär en deelweist *Ophiewen" vun der Gravitatiounskraaft duerch daat Phänomen ze bewierken ... also ech wees nët.....???

Zitat

wei wuer daat maat der "ssr"- the structure of scientific revolution vum samuel kuhn?
.... ëmool ganz éierlech, hues du wierklech daat reng philosophescht Gefaasels aus de 60er Joeren vum S.Kuhn iwer d'Paradigmen a.s.w. an der Wëssenschaft gelies oder verstaan ... ech nët déi Boun !!... an ech hun staark d'Impressioun, dass hien sech selwer nët verstaan huet !!!

Zitat

an merci fir aer kommentaren, opwuel den mjang an den johnny mer neischt neies zielt- daat as mer alles bekannt
an dei argumenter schleissen "free nergy" hypothese net aus
am geigendeil; se beweisen kloer an deitlech daat dei "free nergy" hypothese serieux ze hulen as
an et muss objektiv weider gefuerscht gin
... ech perséinlech wollt näischt ausschléissen, ech hun nëmme wëllen zum Ausdrock brengen, dass den 1ten thermodynameschen Haaptsaatz esou allgemein formuléiert ass, dass en vun der Makrowelt bis hin zur subatomarer Mikrowelt seng Gültegkeet behält, d.h. am Kloertext ët gët kee geschlossene System dee méi Energie kann oofgin wéi am System dran ass.
Das sogenannte Theodizeeproblem :
Kann oder will Gott das Leid in dieser Welt und die Untaten seiner Kirchenmänner nicht verhindern?
Wenn er es nicht kann, ist er nicht allmächtig, wenn er es nicht will, dann ist er nicht allgütig !

12

15.08.2008, 18:52

RE: Perpetuum mobile - Energie Crise geleist?

...wei soot den den Arthur Clark
there are 4 stages of revolutionary scientific change
a) "It's nonsense,"
b) "It is not important,"
c) "I always said it was a good idea," and
d) "I thought of it first."
sic!
Off topic :
.. den A.Clark huet awer och gesoot : "Zivilisation und Religion schließen sich gegenseitig aus." - 3001: The Final Odyssey
.... an daat ass fir mech keng Science Fiction mee batter Realitéit !!!

P.S. ...nëmmen nach eng Froo un de Macchi :
firwaat daat neit Thema elo, mir hun dach genau déi selwecht Diskussioun an engem aaneren Thread iwer Free Energy !
Das sogenannte Theodizeeproblem :
Kann oder will Gott das Leid in dieser Welt und die Untaten seiner Kirchenmänner nicht verhindern?
Wenn er es nicht kann, ist er nicht allmächtig, wenn er es nicht will, dann ist er nicht allgütig !

13

15.08.2008, 19:02

Den Clarke huet och gesot: Human judges can show mercy. But against the laws of nature, there is no appeal.

Machiavelli's Ghost

unregistriert

14

15.08.2008, 19:04

@johnny

paradigmenwiesselen kommen emmer ganz seier-wei eng bomm-exponentiel an net schein linear; dofir schwaetz den kun vun scientific revolution

auto an 1 an 2 law of thermodynamics
-richteg; och wann den meier elo wirklech den water spliter gebaut hat, dein 700% energie effizient as, also mei energie eraus krit wei en dran stecht, an daat kein 1 an 2 law of thermophysics versteisst, soll daat net heischen daat all auto weltweit net mei fonctineiert

accademics
- ech mengen du kenns dei net richteg; gleiw mer, ech weiss vun waat ech schwaetzen; den kuhn an den gleick huet recht

schweiz as mei en grondlagen forschungs objekt; mei richteg, den unsatz as villeicht do; do fannen se jo emmer saachen eraus, dei net esou einfach an eis weltbild passen


@mJang
wann ech vum casimir effekt schwaetzen, dann mengen ech net*Ophiewen" vun der Gravitatiounskraaft; mei vaccum fluctuations; ergo as den vaccum net eidel an voll maat energie
villeicht kann ein dei engergy "greifen" -"tap in" daat as jo eng rationale vun der sougenannten zero point energy geraeter
also as et theoretesch meiglech; mach emol deng recherche ...

jo, ech fannen kuhn goud, fir net ze soen exzellent; an ech gesin den "kuhn's ghost" ganz oft virun allem an akkademeschen kreiser
kuck der och discussion vum gleick un an sengem chaos buch
en physiker schwaetz net maat engem ingenieur, well en den igenieur als besseren handwierker ungeseit etc
hun ech maat mengen eigenen aaen erliewt; kein witz
mei daat get et och an aner departementer ...

Machiavelli's Ghost

unregistriert

15

15.08.2008, 19:15

@mJang
wei ech dein thread hei opgemach hun, wousst ech neischt iwer dein aneren thread
hun dofir missten gemailt kreien ...
villeicht kann den admin. desen thread laeschen, an maat deim anerem fusioneieren

den clark huet daat wirklech gesot- kuck der meng links un
oder liwen ech an enger paralell welt?
en huet och nach aner saachen gesot iwer reliounen dei nawell net schlecht sin

One of the great tragedies of mankind is that morality has been hijacked by religion....
http://www.secularhumanism.org/library/fi/clarke_19_2.html

Dieser Beitrag wurde bereits 1 mal editiert, zuletzt von »Machiavelli's Ghost« (15.08.2008, 19:21)


16

15.08.2008, 21:02


den clark huet daat wirklech gesot- kuck der meng links un
oder liwen ech an enger paralell welt?


Ech weess dat, et as seng 'Law on revolutionary ideas'. Ech tendéiren trotzdeem derzou, bei verschiddenen Sujeten als Default unzehuelen, dass et Kabes as. Relioun as sou een, perpetuum mobile och. A verschwörungstheorien sinn reng vun engem statisteschen Standpunkt aus och gudd an däer Kategorie ;)

Zitat


en huet och nach aner saachen gesot iwer reliounen dei nawell net schlecht sin

One of the great tragedies of mankind is that morality has been hijacked by religion....
http://www.secularhumanism.org/library/fi/clarke_19_2.html


Dass den Clarke en helle Käppche woer, as allgemeng unerkannt. Ech hun en deckt Buch vun him ('Collected Essays'), dat ech regelméisseg rem an d'Regal siche ginn.

17

15.08.2008, 21:31

@johnny

paradigmenwiesselen kommen emmer ganz seier-wei eng bomm-exponentiel an net schein linear; dofir schwaetz den kun vun scientific revolution


Jo, dat gouf et ëfters an de läschten Joerhonnerten. An zanter dem Galilei sinn der net vill derfir an de Bing komm. Kuck Der un, wéi séier sech Planck, Heisenberg, Einstein a Konsorten duerchgesat hun. D'Wessenschaft u sech as ganz reconciliant, dass eng nei Theorie boycottéiert get, well se net an d'Weltbild passt, as eigentlech net üblech.

Zitat


auto an 1 an 2 law of thermodynamics
-richteg; och wann den meier elo wirklech den water spliter gebaut hat, dein 700% energie effizient as, also mei energie eraus krit wei en dran stecht, an daat kein 1 an 2 law of thermophysics versteisst, soll daat net heischen daat all auto weltweit net mei fonctineiert


Dach, maître. En Verbrennungsmoter brauch nämlech ganz genau déi fir ze funktionnéiren. Wanns de déi kasséiren wells, da wier et fein, wanns de eng alternativ Erklärung giffs liwweren. An fairerweis muss ech Dech warnen, dass mer net fir dem Otem Gottes ze begeeschteren sinn :)

Zitat


accademics
- ech mengen du kenns dei net richteg; gleiw mer, ech weiss vun waat ech schwaetzen; den kuhn an den gleick huet recht

schweiz as mei en grondlagen forschungs objekt; mei richteg, den unsatz as villeicht do; do fannen se jo emmer saachen eraus, dei net esou einfach an eis weltbild passen

Bong, ech hun eng aner Meenung zu Leit, déi forschen, mee dat sief jiddferengem iwwerlooss. Wéi der vläit opfällt sinn déi Leit, déi schwaarz Lächer zu Genf fäerten nawell oft an der gläicher Grupp wéi déi, déi sech iwwert fräi Energie kennen fréen. Déijéineg, déi mat Elektronen openeen schéissen, gesinn dat e besschen méi drechen.

Machiavelli's Ghost

unregistriert

18

15.08.2008, 22:02

mir dreinen am kreis ... accademics, kuhn etc
en goud beispill fir dem kuhn seng hypothese as den mandelbrot
an sengem misbehaviour of finacial market huet en ganz vill iwreg fir accademiker
do flammt et ganz stark; awer ganz amuesant an opschlossreich ze liesen

verbrennungsmotor
ech wollt just soen daat beid kennen existeieren; en stanley water spliter auto (ungeholl et as kein fake) fonktioneiert onhofhengeg vun engem conventionellen auto maat engem verbrennungsmotor
also daat eint schleisst daat anert net aus

19

15.08.2008, 22:08

@mJang
wann ech vum casimir effekt schwaetzen, dann mengen ech net*Ophiewen" vun der Gravitatiounskraaft; mei vaccum fluctuations; ergo as den vaccum net eidel an voll maat energie villeicht kann ein dei engergy "greifen" -"tap in" daat as jo eng rationale vun der sougenannten zero point energy geraeter also as et theoretesch meiglech; mach emol deng recherche ... ...
... ech wees zwar nët waat eng "rationale tap in " ass, daat gin ech zou, mee ech hun seit Joerzengten en Diplom an der Physik , bilde mech konstant nach weider an deem Gebidd aus a wees genau vu waat ech schwätzen ( an d'Thermodynamik war nach ëmmer mei Lieblingsfach ) !...
Daat soen ech nët fir mech hei ze bretzen oder fir méi wëllen ze sin wéi déi aaner Memberen, mee ech kann ët einfach nët verdroen, dass esou Behaaptungen an d'Welt gesaat gin, ouni iergend e wëssenschaftlechen Hannergrond a Bewäis, ....duerch esou Falschmeldungen, Halbwourechten a Ligen kommen jo och déi geféierlech Aussoen aus de Sekten , Reliounen an aaner spiritistësche Vereenegungen

Zitat

jo, ech fannen kuhn goud, fir net ze soen exzellent; an ech gesin den "kuhn's ghost" ganz oft virun allem an akkademeschen kreiser]..
(waat soll deen dann ëréischt an akademesche Kreeser verzaapen ???) ..

Zitat

kuck der och discussion vum gleick un an sengem chaos buch en physiker schwaetz net maat engem ingenieur, well en den igenieur als besseren handwierker ungeseit etc hun ech maat mengen eigenen aaen erliewt; kein witz mei daat get et och an aner departementer ...
.. De Gleick ass e Journalist, a muss daat jo wëssen !?!?
... wann hei ëmmer vu ghost geschwaat gët da kréien ech ët ësou luës mat der Angscht ze din
....... wann ech awer och nach dobäi dem Machia-Ghost seng Referenze gesin wéi :
http://www.secret.tv/artikel7893/Equinox__It_Runs_on_Water
http://www.secret.tv/artikel4956080/Pers…ch_CrowleyTarot
http://www.secret.tv/category/UFOs_581.html
da maachen ech mer eescht Gedanken, an da géif ech den Änder bieden eng nei Rubrik "ESOTERIK" opzemaachen an sämtlech Artikelen iwer Perpetuuem Mobile, Kuhn, Tarot-Kaarteléen oder eegenarteg Konstrukter déi ouni Energie eran ze stiechen, monter Energie produzéieren an dee Beräich "ESOTERIK" eriwer ze dicksen.
Nëmmen an esou engem Beräich sin ech bereet weider mat ze diskutéieren awer nët iwer pseudowëssenschaftlech Themen am Thread " Wëssenschaft an Technik" !
Das sogenannte Theodizeeproblem :
Kann oder will Gott das Leid in dieser Welt und die Untaten seiner Kirchenmänner nicht verhindern?
Wenn er es nicht kann, ist er nicht allmächtig, wenn er es nicht will, dann ist er nicht allgütig !

Dieser Beitrag wurde bereits 1 mal editiert, zuletzt von »mJANG« (15.08.2008, 22:21)


Machiavelli's Ghost

unregistriert

20

15.08.2008, 22:29

dem kuhn seng hypothese as ganz einfach
alles waat geint den paradigma versteisst get ofgeschoss

en beschen esou wei deng, sorry net perseinlech gemengt, deng argumentatioun
waat net daerf sin, kann och net sin

1. den gleick as en journalist
waat soll dein dann schons wessen? stemmt, dofir kann ein sein buch jo liesen- hun ech gemach; fannen ech tip top
oderdaerf dann en net wessenschaftler (gemoss um diplom) kein buch iwer chaos theorie schreiwen?

2. du hues dech nie mam kuhn beschaeftegt, mei du gess him eng schlecht note- how come?

3. du mechs den amalgam? nemen well dein documentaire och op esou ufo seiten ze gesin as, as alles esoterik
-iwregens, ech hat en iwregens op google video fonnt

4. iwer den casimir effekt get net mei geschwaat; opwuel daat schlessel element as
den vaccum as net eidel ... kuck der meng linken un
am doc it runs on water get dei idee mam "tap in" och erklaert

nach en scheien owend
m.

Ähnliche Themen