Sie sind nicht angemeldet.

Lieber Besucher, herzlich willkommen bei: LUX-FORUM. Falls dies Ihr erster Besuch auf dieser Seite ist, lesen Sie sich bitte die Hilfe durch. Dort wird Ihnen die Bedienung dieser Seite näher erläutert. Darüber hinaus sollten Sie sich registrieren, um alle Funktionen dieser Seite nutzen zu können. Benutzen Sie das Registrierungsformular, um sich zu registrieren oder informieren Sie sich ausführlich über den Registrierungsvorgang. Falls Sie sich bereits zu einem früheren Zeitpunkt registriert haben, können Sie sich hier anmelden.

41

11.12.2008, 12:21

Zitat

:D
Lo hu mer d'Mätscherten d'Religiounen jo geschwënn all duerch
Politik ist die Kunst, die Bürger immer wieder so schnell über den Tisch zu ziehen, daß sie glauben, die dabei entstehende Reibungshitze sei Nestwärme

42

11.12.2008, 13:16

Sympathesche Mann den Anjem Choudary:monster:

Zitat

"Islam is superior and will never be surpassed. The flag of Islam will rise over Downing Street.”

43

11.12.2008, 13:43

Zitat

Lues a lues kréien ech Angscht
Politik ist die Kunst, die Bürger immer wieder so schnell über den Tisch zu ziehen, daß sie glauben, die dabei entstehende Reibungshitze sei Nestwärme

Nath

Fortgeschrittener

Beiträge: 185

Wohnort: Esch-sur-Alzette

  • Nachricht senden

44

11.12.2008, 14:15

jo esou eppes hun ech haut schon eng kéier geliess ...

et kann een et och mat der ngscht ze din kréien ...

45

11.12.2008, 14:39

Zitat

Lues a lues kréien ech Angscht

An der Zeit sin hei an den Cabaret'en Zeechentrickfilmer gelaaf, un deenen sou munchen sëch fatzeg opgegeilt huët.

46

11.12.2008, 14:47

Trotzdem, Pornographie ass eng Saach mee wann awer lo schon Cartoonfiguren juristesch als Persounen zielen dann hale mer awer op. Ass dach net méi normal 8|
Politik ist die Kunst, die Bürger immer wieder so schnell über den Tisch zu ziehen, daß sie glauben, die dabei entstehende Reibungshitze sei Nestwärme

47

11.12.2008, 15:47

Trotzdem, Pornographie ass eng Saach mee wann awer lo schon Cartoonfiguren juristesch als Persounen zielen dann hale mer awer op. Ass dach net méi normal 8|

Ass deen Mann vielleicht verschiddenen Drogen verfall? Et misst een dat emol nofroën. :)

48

11.12.2008, 15:55

Dann wärt demnächst e Kand wat en Strechmännchen mat eindeuteger geschlechtsspézifescher Kennzeechnung(fir nët di Wirder: Spitz, Nenn a Flaus ze nennen :oops: ) an der Effentlechkeet molt an de Bing kommen :!:

49

11.12.2008, 16:06

Ajo, eis Duechter huët ëmmer Jongen an Meedercher als Strëchmännercher gemoolt. Meng Mamm hat mech dowéinst eng Kéiër immens vernannt. :)

Jempi

Administrator

Beiträge: 2 590

Wohnort: Beim neien Prisong

Beruf: Meckerer

  • Nachricht senden

50

11.12.2008, 17:00

Bréif un den belschen Premier:

Här Yves Leterme,

Dir sidd déi allerleschten Rettung fir d'Belsch. Duerfir bieden ech iech, oppzepassen, dass dir net vun ärer eegener BSR (Brigade de Sécurité Royale, de belschen Pendant zur franséischer CRS) wéinst Pornografie verhaft gidd. Also, ech kann iech just soen, dass et elo héich Zäit ass, den Mennekepiss vun der Grande Place ewech ze huelen, soss kommen déi bestëmmt nach haut den Owend.

Et huet iech gär,
de Jempi
"Truth is the most valuable thing we have. Let us economize it."
Mark Twain

51

11.12.2008, 17:02

Bréif un den belschen Premier:

Här Yves Leterme,

Dir sidd déi allerleschten Rettung fir d'Belsch. Duerfir bieden ech iech, oppzepassen, dass dir net vun ärer eegener BSR (Brigade de Sécurité Royale, de belschen Pendant zur franséischer CRS) wéinst Pornografie verhaft gidd. Also, ech kann iech just soen, dass et elo héich Zäit ass, den Mennekepiss vun der Grande Place ewech ze huelen, soss kommen déi bestëmmt nach haut den Owend.

:) :) :) :)

52

11.12.2008, 21:09

Trotzdem, Pornographie ass eng Saach mee wann awer lo schon Cartoonfiguren juristesch als Persounen zielen dann hale mer awer op. Ass dach net méi normal 8|

Änder, wanns de sou Linken post, firwat faasst de eigentlech net d'Begleetemstänn e besschen zesummen - sou wéis Du dat mechs, klengt et eigentlech emmer zimmlech polemiséirend.

Vu dass ech dat doten zoufälleg matkritt hun, hei de Background, vun deem ech weess:

Australien huet wéi déi meeschte Länner Legislatioun géint Pornographie mat Kanner, déi zimmlech streng as: de renge Besetz as strofbar. Souwäit as alles kloer a gudd.

Allerdengs huet Australien - wéi eng méi kleng Zuel vun Länner - déiselwecht Restriktiounen géint Pornographie, déi net duerch Messbrauch vu Kanner hiergestallt ginn as, mee Sex mat Kanner duerstellt. Dat as scho vill méi kriddeleg, well Ausléeungssaach. Et as genau sou strofbar, mat Hellef vun CGI Biller hierzestellen, wéi 'richtegt' Material. D'Begrendung as déi, dass den kenstlech duergestallte Akt kéint motivéirend wierken, fir de 'richtegen' duerchzezéien. Dat as nawell relativ wackeleg, a wat dat 'kenstlecht' Material méi wäit ewech vun enger realitéitsgetreier Duerstellung as, wat et méi schwéier fällt, esou z'argumentéiren. Dass dat mat de Simpsons komplett derniewt as, läit natierlech op der Hand.

As et der an desem Zesummenhang evtl agefall, dass do e Riichter déi Saach einfach mol eng Kéier wollt eklatéiren loossen, fir en Statement ze maachen? Du bass der bewosst, dass den NSW Supreme Court a kenger Hinsicht dat hechste Geriicht as.

Australien as a mediepolitescher Siicht momentan ganz interessant; hei geet fir d'éischte Kéier en soi-disant westlecht Land hin an zenséiert op breeder Front den Internet.

53

11.12.2008, 21:20

Johnny, jo, ech ginn dovunner aus, dass wann ech e Link posten déi interesséiert Leit dee Link dann liesen ;)

An ob een et lo gutt fennt oder net, dass den Bart op d'Lisa klemmt war net mäin Punkt. Eng COMICFIGUR gett zu enger Persoun, do ass mir einfach de Kenn erofgefall. An ech wees net ob e Riichter soll Saachen eklatéiren loossen, hien soll Recht schwätzen.... meng banal Meenung :)

Wat Zensur ugeet: du hues matkrut, dass Wikipedia déi läscht Zäit do öfters Problemer hat.... mir sinn um "gudde" Wee...
Politik ist die Kunst, die Bürger immer wieder so schnell über den Tisch zu ziehen, daß sie glauben, die dabei entstehende Reibungshitze sei Nestwärme

54

11.12.2008, 21:35

An ob een et lo gutt fennt oder net, dass den Bart op d'Lisa klemmt war net mäin Punkt. Eng COMICFIGUR gett zu enger Persoun, do ass mir einfach de Kenn erofgefall. An ech wees net ob e Riichter soll Saachen eklatéiren loossen, hien soll Recht schwätzen.... meng banal Meenung :)

Majo, da komm, mer spillen et duerch - d'Législatioun hun ech jo uewe beschriwwen.

Simpsons sinn Kabes - jiddfereen as d'accord.

Wéi as et mat kloer gezeechenten Comic-Figuren? Keng Simpsons, mee z.B. Manga-ähnlecht Geschierr? Nach emmer Blödsinn?

Wéi as et mat animéierter CGI-Grafik? Ganz am Computer gemeet, mee realitéitsgetrei?

Wéi as et dann, wann een op den CGI-Kierper en richtegen Kannerkapp dropmontéiert?

Wéi as et, wann een d'Grafik benotzt, a behaapt, d'"Acteuren" wiere groussjähreg a giffen just "jonk" ausgesinn?

Wéi as et, wann een richteg, groussjähreg Acteuren benotzt, se op jonk schminkt?

Wéi's de gesäis, as do en Gesetz, dat kräfteg Interprétatioun braucht... wat heescht an deem Fall Rech schwätzen? Denk drun, dass an der angelsächsecher Praxis vill méi mat case laws (Präzendenzfäll, Richterrecht) geschafft get wéi bei eis. Do huet sou eng Entscheedung e ganz anere Stellewäert, well sech an anere Prozesser dorobber ka bezunn ginn.

55

12.12.2008, 07:10

Ech wees net wous de dech sou schwéier dees ?(

Verbidd Kannerpornographie an ALL sengen Formen, domat huet wuel keen e Problem. Mee dofir muss dach aus enger Comicfigur keng juristesch Persoun ginn.
Politik ist die Kunst, die Bürger immer wieder so schnell über den Tisch zu ziehen, daß sie glauben, die dabei entstehende Reibungshitze sei Nestwärme

56

12.12.2008, 09:19

Ech wees net wous de dech sou schwéier dees ?(

Verbidd Kannerpornographie an ALL sengen Formen, domat huet wuel keen e Problem. Mee dofir muss dach aus enger Comicfigur keng juristesch Persoun ginn.

Bong, dass eng Comicfigur eng juristesch Persoun as as jo awer hei net dat, wat am Urteel eraus komm ass. Eng Comicfigur as an dësem Fall eng Persoun am Sënn vun verbuedener Kannerpornographie.

Also bass Du mat deem Urteel averstaanen? Ech hat dat um Ufank vun der Diskussioun anescht verstan... ;)

57

12.12.2008, 09:24

Ech hat dat um Ufank vun der Diskussioun anescht verstan... ;)

Gutt, dass mer driwwer geschwat hunn :D
Politik ist die Kunst, die Bürger immer wieder so schnell über den Tisch zu ziehen, daß sie glauben, die dabei entstehende Reibungshitze sei Nestwärme

58

13.12.2008, 01:20

Eng COMICFIGUR gett zu enger Persoun, do ass mir einfach de Kenn erofgefall.
Tjo, hei am Land sin dei meescht Politiker zu COMICFIGUREN gin, emgedreiht geet eben och.

59

14.12.2008, 11:29

Wann én am Tageblatt d'Biller-Galerie vun der Adelshochzeit (nièce vum Henri) uklickt, dann könnt eng Photo wou eisen Dillenbourg am Gespréich mam Marie-Astrid (Schwëster vum Henri) ass. Do frét én sech awer wirklech: A wat mecht dén dann do?
Wahrscheinlech war hien fir d'Organisatioun fir d'Hochzeit zoustänneg.
Hien schengt awer nach emmer gud Relatioune mam Haff ze hun ???

60

14.12.2008, 12:07

Hien wärt aus der Nassau-Dillenbourg Dynastie sin.