Sie sind nicht angemeldet.

1

25.05.2010, 09:17

"Teichbecken" gesicht

Fir en Projet doheem am Gaart mat Weier, Baachlaf, Steegaart, Drëchemauer* a soss Tralala sichen ech nach en Bac fir de Weier. Bis 1000 Liter ass keen Problem fir dat an den Baumärt ze fannen mee ech hätt näicht dogéint en Bac mat 1500-2000 Liter anzegruewen (wann ech nach e puer Sklaven opdreiwen, déi d'Lach buddelen :D ). An an ab esou Gréissten gëtt et sou RICHTEG deier, erstaunlecherweis. En Bac mat 1000 Liter kascht tëschent 150 an 180 Euro, een mat 2000 Liter locker 700 Euro bäim Fachhändler. An do sinn ech net méi mat.

Gekuckt hunn ech bis lo am Hornbach, Hela, Batiself, Gamm Vert an aner Gaardenzenteren. Huet een eng Iddi wou ech Bacen an der Gréisst (also ab 1000 Liter) nach kéint fir en sozialen Präis fannen? Bis 350 Euro géif ech mat mir schwätzen loossen. Därf och am noen Ausland sinn (Tréier, Arel, etc).

Awer w.e.g. just wann der wierklech wesst, dass een do sou Gréissten kritt. Wann ech op eng Dosend Plazen just kucken fueren fir ze gesinn, dass se keng hunn, hunn ech och net wierklech eppes geschafft ;)

Merci am Viraus!

*erstaunlech wéi vill een fir en STEEN, deen jo einfach do ass an net muss extra produzéiert ginn, muss bezuelen. An lo kréien ech se nach direkt aus dem Steebroch 8|
Politik ist die Kunst, die Bürger immer wieder so schnell über den Tisch zu ziehen, daß sie glauben, die dabei entstehende Reibungshitze sei Nestwärme

2

25.05.2010, 09:56

Änder, däer méi grousser Basengen wellst de net aus engem Steck Plastik, mee eng Folie. De Plastik funktionéiert dann, wann en schéi propper geluecht ass, dass en gläichméisseg opläit an d'Belaaschtung néirenswou zevill héich ass. Wat den Pull méi grouss soll sinn, wat dat méi komplizéiert gett - also muss den Plastikbassin méi deck sinn, fir dass en net räisst. Dat erkläert en Deel vum Präis. De Rescht erklärt sech doraus, dass et méi onkamoud (an domatt deier) ze transportéiren ass, an dass et selten nogefrot get - eben wéint den Nodeeler.

Dowéinst hellt en eben Folien, keng Plastikschosselen.

3

25.05.2010, 10:13

Jo, dat mat der Folie ass eng Optioun mee et ass e gutt Stéck méi komplizéiert fir se anstänneg ze leeën. An déi Tricken mat Uferzonen an Kapillarspären sinn am Färdegbaseng schon mat dran. Dofir hätt ech eng Präferenz fir en Baseng. Wann ech näicht Anecht fannen muss ech mech wuel mat 1000 Liter zefridden ginn. Dat geet u sech duer mee et ass déi ënnecht Grenz fir e Projet vun der Gréisst. Waasserfall an Baachlaf vun 15 Meter Längt bedeit, dass schon deen een oder aneren Liter aus dem Baseng eraus sinn ier deen Éischten nees zréckkënnt :D
Lo kann een dat natierlech nees opfëllen mee wann een dann d'Pompel ausmëcht leeft ee Gefoër, dass den Baseng iwwerleeft duerch dat Waasser wat nach ënnerwee ass. Plangen zwar an der Baach e puer natierlech Bremsen an Stauspären anzebauen mee vu dass ech keen Landschaftsgärtner mee en Bläistëftkniwwler sinn wärt dat nach interessant ginn ;)
Besser ech doën meng Schwammärmercher unn ier mer den Krunn opdréien...
Politik ist die Kunst, die Bürger immer wieder so schnell über den Tisch zu ziehen, daß sie glauben, die dabei entstehende Reibungshitze sei Nestwärme

4

25.05.2010, 10:24

Eng 'Baach' vu 15 Meter ass mat engem 1000-Liter-Weiher net wierklech kompatibel :-\

Folie geet eigentlech gudd, hun viru laangem eng Kéier dobäi gehollef. Et muss een propper schaffen beim pechen, mee et ass eigentlech net 'rocket science'.

5

25.05.2010, 10:36

Hmmm, loosse mer dat mol nach eng Kéier intensiv duerch de Kapp goën :S
Politik ist die Kunst, die Bürger immer wieder so schnell über den Tisch zu ziehen, daß sie glauben, die dabei entstehende Reibungshitze sei Nestwärme

6

25.05.2010, 11:21

Lo ass mer grat Folgendes duerch de Kapp gaangen:

Eng Kaul vun 3 op 2 Meter mat enger duerchschnettlecher Déift vun 0,5 Meter (déifst Plaz 1 Meter mee ass jo net iwwerall esou déif) géifen 3000 Liter erginn. Wier dee richtegen Volumen. Folie 6x7 Meter kascht bäi Ebay 219.- + Versand. An déi Folie wier an engem Stéck, also keen Gepëchs (wat mech extrem gestéiert hätt).

Lo huet deen houren Johnny mech awer vu mengem Baseng ofbruecht ;)

So, Johnny, hat dir diermols nach en Vlies drënner geluecht oder just gielen Sand? Ech hat eigentlech wëlles déi Saach just mat gielem Sand ze polsteren. Ass properen Gaardebuedem ouni Steng.
Politik ist die Kunst, die Bürger immer wieder so schnell über den Tisch zu ziehen, daß sie glauben, die dabei entstehende Reibungshitze sei Nestwärme

7

25.05.2010, 14:33

Mir haten deemols och nemmen Sand drenner, an mol guer net sou vill, nemmen e puer cm. Sou wéi ech et deemols verstan hun, well een d'Vlies, wann niewendrunn Hecken oder Beem sinn, wou d'Wuerzelen kéinten duerchdrecken, mee richteg novollzéien konnt ech dat nie.

8

14.06.2010, 19:29

Nächsten Weekend wärt ech mat dem ganzen Tralala färdeg sinn (jo, eng Foto kennt och) mee haut hunn ech eppes richteg Lechteges erlieft. Ech war an engem Fachgeschäft hei am Land 30 Meter Schlauch kafen. Zum houfregen Präis vun 150 Euro. Doheem hunn ech missten feststellen, dass den Schlauch (bis elo) 3 Lächer huet :D

Bon, ech hunn natierlech och net no engem Schlauch ouni Lächer gefrot, hätt ech awer vläicht solle maachen...
Politik ist die Kunst, die Bürger immer wieder so schnell über den Tisch zu ziehen, daß sie glauben, die dabei entstehende Reibungshitze sei Nestwärme

Jempi

Administrator

Beiträge: 2 590

Wohnort: Beim neien Prisong

Beruf: Meckerer

  • Nachricht senden

9

14.06.2010, 20:24

Bon, ech hunn natierlech och net no engem Schlauch ouni Lächer gefrot, hätt ech awer vläicht solle maachen...

Hues de och direkt no engem Rouleau TESA gefrot? Dee kann nämlech hëllefen..... :D :D
"Truth is the most valuable thing we have. Let us economize it."
Mark Twain

10

14.06.2010, 20:39

Bon, ech hunn natierlech och net no engem Schlauch ouni Lächer gefrot, hätt ech awer vläicht solle maachen...
... du muss ëmmer no engem sérieux'e Schlauch froen, wanns de kee lächerleche Schlauch wëlls hun !!
Das sogenannte Theodizeeproblem :
Kann oder will Gott das Leid in dieser Welt und die Untaten seiner Kirchenmänner nicht verhindern?
Wenn er es nicht kann, ist er nicht allmächtig, wenn er es nicht will, dann ist er nicht allgütig !

11

06.07.2010, 12:22

De Projet Steegaart mat Weiher ass - no ca. 10 Tonnen Material, wat ech mat der Schubkar hunn därfen hannenaus féiren - lo zu 98% ofgeschloss. Feelt just nach bësschen Kosmetik an d'Hasteng ginn nach laanscht d'Baach geluecht. Ech sinn frou, dass et mer sou gutt gelongen ass mee sinn och frou, dass et lo soulues färdeg ass ;)

Lo nach d'Terrass iwwerdaachen an ariichten an ech hunn mäin Etappenzil fir dëst Joër erreecht.
»Änder« hat folgende Bilder angehängt:
  • gaart1.JPG
  • gaart2.JPG
  • gaart3.JPG
  • gaart4.JPG
  • gaart5.JPG
Politik ist die Kunst, die Bürger immer wieder so schnell über den Tisch zu ziehen, daß sie glauben, die dabei entstehende Reibungshitze sei Nestwärme

12

06.07.2010, 12:32

Pas mal :)

Du muss awer wierklech frou mam Meedche sinn ;)

13

06.07.2010, 12:38

Du muss awer wierklech frou mam Meedche sinn
Ähhh....... jo. Wat soll ech lo hei och soss schreiwen? :D

Den Wonsch bäim Pättchen Wäin d'Aan iwwer e flotten Steegaart wanderen ze loossen an d'Plätscheren vum Weiher ze héiren war awer och net onmassgebend un der Iddi bedeelegt. Dat war lo diplomatesch an onverfänglech ausgedréckt....
Politik ist die Kunst, die Bürger immer wieder so schnell über den Tisch zu ziehen, daß sie glauben, die dabei entstehende Reibungshitze sei Nestwärme

Ähnliche Themen