Sie sind nicht angemeldet.

Lieber Besucher, herzlich willkommen bei: LUX-FORUM. Falls dies Ihr erster Besuch auf dieser Seite ist, lesen Sie sich bitte die Hilfe durch. Dort wird Ihnen die Bedienung dieser Seite näher erläutert. Darüber hinaus sollten Sie sich registrieren, um alle Funktionen dieser Seite nutzen zu können. Benutzen Sie das Registrierungsformular, um sich zu registrieren oder informieren Sie sich ausführlich über den Registrierungsvorgang. Falls Sie sich bereits zu einem früheren Zeitpunkt registriert haben, können Sie sich hier anmelden.

1

13.11.2009, 19:25

ESOTERIK

Ech sin ën Paraskevedekatriaphob, d.h. ech haassen den Freideg den 13ten.
Ech sin zwar nët abergläubeg awer, dass mer haut eng schwaarz Kaatz vu lenks
an ë schwaarz gekleeden Paschtouer vu riëts iwer d'Strooss gelaaf ass,
daat beonrouegt mech dach ë bëssgen ! Ob daat nët Ongleck brengt ??
Wee wees méi a ka mech berouhegen ?
Das sogenannte Theodizeeproblem :
Kann oder will Gott das Leid in dieser Welt und die Untaten seiner Kirchenmänner nicht verhindern?
Wenn er es nicht kann, ist er nicht allmächtig, wenn er es nicht will, dann ist er nicht allgütig !

2

13.11.2009, 20:57

... eng schwaarz Kaatz vu lenks
an ë schwaarz gekleeden Paschtouer vu riëts iwer d'Strooss gelaaf ass...


Wat déi schwaarz Kaatz ubelaangt, kann ech dech berouhegen. Kaatzen laafen eis ëmmer iwwert de
Wee, egal vun wëi enger Säit, egal wéi eng Faarw, dat huet awer alles keen Afloss op eisen weideren
Firmarsch.

Beim Paschtouer vun riëts, och nach schwaarz gekleed, an dat alles op en Freideg den 13ten kann ech
leider keng Entwarnung gin. Frënn soll een nët beléien, dofir kann ech dat hei nët verniedlechen!

Ech roden dir dofir folgendes bis Mëtternuecht:

Bleiw doheem, géih néierens méi!
Géih keen onnéidechen Risk an!
An ganz wichtech: Ennerlooss deng - berechtecht - Haasstiraden gëint Paafen op d'manst bis
Mëtternuecht!

Du muss eis erhaalen bleiwen!

En bon ami...nilles

3

13.11.2009, 23:35

.... Ech roden dir dofir folgendes bis Mëtternuecht:
Bleiw doheem, géih néierens méi!
Géih keen onnéidechen Risk an!
An ganz wichtech: Ennerlooss deng - berechtecht - Haasstiraden gëint Paafen op d'manst bis
Mëtternuecht!
...merci fir deng kostbar Rootschléi ... mee d'ass schon ze spéit :
Ech hun elo grad meng Korrespondenz opgemaach ... a waat stellen ech fest ? Elo huet wierklech mäi Patron mer mäin 13te Mount
iwerwisen, an daat och nach op Freides den 13ten, obwuel hien genau wees dass ech déi Zuel 13 nët kann ausstoen, an allergesch drob sin !
Ech hun ëm ënner staarkem Protest seng schäi ..ss Souen zëreckgescheckt.
An elo gläich, an 13 Minuten, däerf ech géint ons Würdenträger Gottes auf Erden nees stänkeren !!
Da kann ech och mäi "Wort zum Sonntag" ongezwongen schreiwen !
Das sogenannte Theodizeeproblem :
Kann oder will Gott das Leid in dieser Welt und die Untaten seiner Kirchenmänner nicht verhindern?
Wenn er es nicht kann, ist er nicht allmächtig, wenn er es nicht will, dann ist er nicht allgütig !

4

14.11.2009, 17:35

Bauerenregel (keng Esotherik)

Et ass schlecht fir d'Gesondheet wann een op enger Leeder steet, an et leeft grad dann e schwaarze Panther drenner erduerch.

Daat ass keng Esotherik, ma eng doudeescht Bauerenregel.


Zitat

Paraskevedekatriaphob


Oh, waat en Zonge-Briecher...
Kann een daat och e wéineg mei einfach nennen? zum Beispill "Paraskevaphob"? :)
Religionen wachsen nicht im Bauch sondern im Kopf.
Die fünf ersten Dogmen der Religion von der Börse lauten:
Die Börse ist aller Anfang.
Die Börse hat aus zwei ihrer Rippen das Geld und die Erde erschaffen.
Im Garten Eden hat das Geld die Börse geschwängert.
Die Börse hat einen grossen rot glänzenden Apfel gelegt mit Eva und Adam im Kern drinne.
Die ersten Menschen haben sich aus dem reifen Apfel gebohrt und sich die Erde untertan gemacht, chaotisch unter der Oberaufsicht von Börse und Geld.

Dieser Beitrag wurde bereits 5 mal editiert, zuletzt von »iRobot« (14.11.2009, 17:53)


5

14.11.2009, 20:17

RE: Bauerenregel (keng Esotherik)

Zitat

Paraskevedekatriaphob
Oh, waat en Zonge-Briecher...
Kann een daat och e wéineg mei einfach nennen? zum Beispill "Paraskevaphob"? :)
...neen eben nët, och wanns du der elo wéint mir d'Zong gebrach hues (waat mer fir dech leed deet),
ech hun effektiv genau dës Phobie !!!
Das sogenannte Theodizeeproblem :
Kann oder will Gott das Leid in dieser Welt und die Untaten seiner Kirchenmänner nicht verhindern?
Wenn er es nicht kann, ist er nicht allmächtig, wenn er es nicht will, dann ist er nicht allgütig !

6

15.11.2009, 12:27

Wort zum Sonntag

Aus engem Interview mat Vince Ebert Physiker, Autor a Kabarettist.
Hien huet emool gesoot : "neben Angela Merkel und Oskar Lafontaine bin ich der dritte deutsche Physiker,
der sein Geld im Bereich Comedy und Kabarett verdient".

Zitat von » V.Ebert«

"Wenn ich zum Beispiel vermute "Im Kühlschrank könnte noch Bier sein" und ich gucke nach, dann betreibe ich im Prinzip schon eine Vorform von Wissenschaft.
Großer Unterschied zur Theologie. Da werden Vermutungen in der Regel nicht überprüft. Wenn ich also nur behaupte "Im Kühlschrank ist Bier", bin ich Theologe.
Wenn ich dann nachschaue, bin ich Wissenschaftler.
Wenn ich jedoch nachsehe, nichts finde und trotzdem behaupte, es ist Bier drin - dann bin ich Esoteriker!"
Das sogenannte Theodizeeproblem :
Kann oder will Gott das Leid in dieser Welt und die Untaten seiner Kirchenmänner nicht verhindern?
Wenn er es nicht kann, ist er nicht allmächtig, wenn er es nicht will, dann ist er nicht allgütig !

Jempi

Administrator

Beiträge: 2 590

Wohnort: Beim neien Prisong

Beruf: Meckerer

  • Nachricht senden

7

15.11.2009, 13:23

Zitat

Wenn ich also nur behaupte "Im Kühlschrank ist Bier", bin ich Theologe.
Wenn ich dann nachschaue, bin ich Wissenschaftler.
Wenn ich jedoch nachsehe, nichts finde und trotzdem behaupte, es ist Bier drin - dann bin ich Esoteriker!"

A wann ech de Béier drénken, sinn ech de Jempi. Prost!! :D
"Truth is the most valuable thing we have. Let us economize it."
Mark Twain

Jempi

Administrator

Beiträge: 2 590

Wohnort: Beim neien Prisong

Beruf: Meckerer

  • Nachricht senden

8

17.11.2009, 11:11

Déi heiten ass zwar schon al, mee vläicht kennt nach net jifereen dee Vergläich:

Wat ass den Ënnerscheed tëschend engem Philosoph, engem Kommunist an engem Chrëscht?

De Philosoph sicht an engem däischteren Zëmmer eng schwaarz Kaatz.
De Kommunist sicht an engem däischteren Zëmmer eng schwaarz Kaatz, déi et guer net gëtt.
De Chrëscht sich an engem däischteren Zëmmer eng schwaarz Kaatz, déi et guer net gëtt, an hie behaapt, en hätt se scho fond.
"Truth is the most valuable thing we have. Let us economize it."
Mark Twain

Myranda

unregistriert

9

13.10.2010, 15:13

@ mJANG

@ mJANG



Ech hun gelies dass du eng Phobie mam Freidech den 13 hues. Ech haat elo am Gefill dat ech dir mol mist en puer Saachen dozou sooen/schreiwen. Villaischt weeste se schon, dann bieden ech dech desen Beitrag einfach ze ignoréieren. Wannste se net woust, da versich bessi doriwwer no ze denken an viirun allem Recherchen driwwer ze maachen, ech mengen daat kéint dir bessi hëllefen.



Also, zum Freidech, et ass an der Reegel en Dag wéi en Aaneren, wessend awer dat all Dag an Zuel seg eegen Bedeitung huet (an der Esoterik, Numerologie, Wëssenschaft an Naturologie) hun ech no villem Noforschen folgendes eraus fonnt: Freidech ass, an der Regel an an eisen Géigenden, den läschten Schaffdag vun der Woch. Et ass een midd, genervt, ausgelaugt an et huet een keng Gedolt méi. Et freed een sech op Feierowend an et ass ganz oft esou dat eisen Kierper ufänkt schwach ze ginn, eisen Immunsystem an Autoschützkräften déi an eisem Onbewostsinn eis Schützen, ginn schwaach well et un Energie fehlt. Grad an sou Situatiounen sinn mir ufälleg fir Krankheeten, sinn onkonzentréiert an maachen Fehler, stolperen, fahlen, brev, et geschéien eis Saachen déi sos net passéieren géifen, well eis Senner net méi spou op Zack sinn. Mir sinn midd, also innerlech bessi granzech an eis Ausstrahlung ass net grad déi bescht, all Nouvell déi dann net sou immenz ass get an sou enger Situatioun méi schlemm opgeholl wéi normal. Mir sinn gereitzt an loossen eis reitzen, mir sinn méi ufälleg an sensibel an eis "Schutzmauer" léist Attaken duerch. Daat alles ass en ganz normalen Werdegang vun eisem Kierper. Et ass ons Gesellschaft déi sech daat zu notzen gemaach huet an setzt et ganz bewost an fir eis ze manipuléieren an ze mobben.

Vill grouss Dirigenten an Leit déi iwwert eis Liewen bestemmen, op mir et wëllen oder net, benotzen déi Taktiken fir eis an hieren Karton ze zwéngen.

An daat ass net vun haut, daat huet em d'Joer 300 ugefaangem mam "Konzil vun Nizäa"! Kuk mol um Internet, ech sinn richteg vum Hocker gefall!



Hei en puer Saachen déi do entscheed goufen:

- Majo, dat Jesus den Status vun "GOTT" bzw. "GOTTESSOHN" kréien sollt. Bis dohinner wor hien emmer als "Prophet" bezeechent. Wannste an Aalen Schrëften nosisch, w.e.g. keng Katoulesch, da kannste liesen dat hien sech néierens als "Sohn Gott" ausget, me als eng Art Botschafter, Vertrieder, Als Kanal fir d'Info vun dem Schöpfer un d'Mënschen ze brengen...

- dann ass och do entscheed ginn d'Feegefeier anzesetzen fir all déi Leit enner Drock ze setzen déi sech net un hier Gesetzer haalen, all déi déi aaner Reliounen déi sech net zum Chrëschtentum bekennen wëllen. D'Feegefeier ass en Erfindung vum Konzil an déi Schrëften déi an der Kathoulescher Bibel doriwwer sinn sinn éischt nom Konzil agefouert ginn, et gouf se net viirdrun!!!Alles zur Erpressung an Kontroll vun den Mënschen...

- Dann ass och do entscheed ginn wéi "Hellech" dat Jenni oder Menni mist sinn fir dat et mat der Hierarchie an der Kiirch klappt an wéi op ween ugebied muss ginn.

- Et ass entscheed ginn dat en Pastouer z.B. keng Fra an keen Sex därf hun (den Resultat dovunner kënnen mir jo all...)

- et ass d'Beicht un den Pastouer agefouert ginn, net fir d'Leit vun den Sennen ze befreinen, oh ne... secher hëlleft et iwwert eppes schlechtes ze schwàtzen, me hei wor fir, erem nees, ze hëllefen d'Leit besser ze manipuléieren. Wann een seng Geheimnisser kënnt dann wees een och wéi een zu eppes zwéngen kann.

- Ah jo, dann kennt nach eppes interessantes fir dech, et ass och do (ennert dem Desch) entscheed ginn waat dann elo mat all deenen "ongleewechen" mist geschéien. Déi sech net deenen "neien Reegelen" gengen haalen: Ganz einfach --> ausschalten, éliminéieren, weg damit, fort! Angscht maachen! An sou ass et och geschitt: well d'Mënschen sech net all un déi nei erduechten Reegelen gehaalen hun, huet dunn missen eppes gemaach ginn waat geng prägen, eppes waat sou schnell net geng vergiess ginn, eppes waat een als "vun Uewen" kéint bezeechnen... Eppes wou madder een d'Leit laangfristeg an secher enner Drock stellen kéint... Ech wees net genau wien deen schlauen wor, et steet awer irgendwou, hun et gelies... Also et ass dun kuerzerhand entscheed ginn mol all déi Leit ze verbrennen déi net gleewech woren oder aaner Reliounen haaten: Heeler oder Medizinmann goufen als Hexen bezeechent, gesoot dat se mam Daiwel verbonnen wieren an éffentlech verbrannt.

Kanner vun net am Chrëschtenglawen bestuetenen Koppelen goufen op enger grugelech Art an weis embruecht. Et ass elles ennert d'Messer komm waat sech net bedingungsloos un d'Reegelen gehaalen hun. Bei den Zaldoten ass eng regelrescht TöTUNGSEUPHORIE ausgebach sou dat op engem eenzegen Dag dausenden vun onschëllech Leit hiert Liewen geloos hun. duerno ass , duerch déi vill Kadaweren an Misere déi agetrueden ass, vill schlemm Krankheeten ausgebrach, waat jo an d'Geschicht agaangen as, Pescht, cholera, asw... Nun daat alles ass laut der deemolescher Datumsreegelung engem Freidech 13 geschitt fir dat déi Léit déi iwwerech bliwwe sinn den Dag duerno net hun missen Schaffen goen an aus der nout eraus bieden gaangen sinn, den ganzen Weekend. Sou konnt d'Woch "mat gudden neien Viirsätz" ufänken. Sait deem get bei ganz villen Leit den Freidech 13 als Onglécksdag bezeechent, waat jo ze verstoen ass. An nach haut ginn esou milliounen vun Leit erklärt dat et en Ongleksdag ass an dat se färten mussen an dat hinnen do eppes wärt geschéien asw... me keen erklärt oder wees vun wou dat et kënnt.



Loos dech net méi manipuléieren, all Dag ass eenzecharteg an huet seng eenzecharteg Geschehnissen onofhängech vun der Bezeechnung, eis Gesellschaft mescht dat deen oder deen Dag méi oder wéinger eng Bedeitung fir eis huet. Et ass un dir selwer ze entscheeden op et elo schluss ass domadder, et ass un dir selwer ze akzeptéieren dat all aaner Dag gudd oder schlecht kann sinn.

Ah jo, et fällt mir nach eppes an, lo wou et geschwenn rem sou wait ass: Jesus ass guer net den 24. Dezember gebuer :-P Hien ass am März gebuer. Et steht an den Originalschrëften déi op Arménescher Sproch geschriwwe gi sinn, dat en bestemmten Baam an der bléi wor, wees elo net méi wéi en heescht, an deen Baam blitt nëmmen am März-Abrëll.

Den Datum vum 24. Dezember ass vum Konzil bestemmt ginn well Konstantin net wollt dat d'Chreschten elleng d'soen hätten, schliesslech haat hien d'ennerstetzung vun sengem Vollek an déi woren keng Chreschten, me d'Chreschten woren eng wichteg politesch Muerscht déi den Konstantin zur senger Sait wollt hun, also as gekukt ginn wou en gemeinsamen Nenner tescht déi zwou Vollécksgruppen wier. An do woren se sech eenesch, d'Chreschten hun d'Geburt vun Jesus bis dohinnen jo net gefeiert, ma well se en jo als "GOTTESSOHN" jo agestuft haaten/wollten, da huet jo och en Gebuertsdag missen gefeiert ginn. D'Idee wor daat evenemnt mat engem wichtegen Dag vun der Géigepartei ze verbannen, fir ze weisen dat déi zwee Parteien eppes GANZ wichteges gemeinsam hätten an duerfir mateneen un engem Strang misten zéien. D'Vollek waat net Chrëschten woren, woren Naturgebonnen Mënschen déi mat der Natur geliewt hun, et woren Baueren déi genee an der Natur an an den Joreszaiten liesen konnten se woren kengelsfalls primitiv me respektvoll an dankbar. Sie hun den Wiessel vun den Joreszaiten gefeiert an wosten d'Natur ze benotzen fir ze liewen an sech ze heelen. Des Leit haaten en grousst alljähreschen Fest wou se d"Liicht (Sonn)" gefeiert hun, an zwar do wou d'Deeg ufänken rem méi grouss ze ginn, déi Leit wosten dat et vun deem Zaitpunkt un d'Deeg méi grouss gengen ginn, d'Sonn all Dag méi laang geng schéinen, et wor wéi en neit Joer daat geng ufänken...

Nun, d'Iddi vum Konzil wor et daat Fest mat der Gebuert Jesus, waat jo vum Liicht, also bei den chreschte GOTT kennt, ze vereinbaren. En Datum wor séier fonnt: 24. Dezember. daat huet jidderengem gepasst an vun do uns gouf et esou gemaach.

Déi net Chreschten hun deemols als Dank an als Fest vun der Dankbarkeet dat et jo lo méi laang Hell get, Beem gerescht, feier gemaach an dobai gemeinsam gespeist.

Daat ass bis haut esou vun den Chrëschten iwweholl ginn, den Chrëschtbeemschen gerescht, den klengen Jesus deen um punkt 12.00 op d'Welt koum, an seng Krëppchen geluecht an dobai zu Owend giess. Voilà!



Also mJEMP, loos dech net méi vun eiser Gesellschaft beléien, informéier dech, wier dech, et ass dain RECHT!



Léif Gréiss

Jempi

Administrator

Beiträge: 2 590

Wohnort: Beim neien Prisong

Beruf: Meckerer

  • Nachricht senden

10

13.10.2010, 15:41

RE: @ mJANG

Also mJEMP

:nono:

Entweeder mJANG oder Jempi!!!!

mJEMP gëtt et hei keen!
"Truth is the most valuable thing we have. Let us economize it."
Mark Twain

Jempi

Administrator

Beiträge: 2 590

Wohnort: Beim neien Prisong

Beruf: Meckerer

  • Nachricht senden

11

13.10.2010, 16:52

Hei nach eng kleng Anekdot iwwer d'Zuel 13: Et geet em déi Apollo-Missioun, déi an d'Box gaange war a wou d'Nasa frou war, wéi si hier 3 Astronauten nees lieweg op der Ärd haten:

Déi Missioun war Apollo 13.
D'Rakéit ass den 11. Abrëll 1970 um 13 Auer 13 gestart.
An den Akzident war owes den 13. Abrëll.
"Truth is the most valuable thing we have. Let us economize it."
Mark Twain

Myranda

unregistriert

12

13.10.2010, 17:51

jojo an den 12 des 12. Mount 2012 ass Weltennergang... rem ginn mir mat Zuelespiller enner Drock gesaat. Secher, wann mir et zouloosen dat et esou mat onser gesellschaft weider geet kennt den Kollabs...irgendwann, fir den een schon muer, fir den Aaneren éischt an 88 Joer...

Sou Beispiller liwwert den Internet eis méi wéi mer wëllen.



Iwrigens, sorry fir den falschen Numm :-P ech wollt dem Forumteilnehmer mat senger Phobie uschreiwen.