Sie sind nicht angemeldet.

Lieber Besucher, herzlich willkommen bei: LUX-FORUM. Falls dies Ihr erster Besuch auf dieser Seite ist, lesen Sie sich bitte die Hilfe durch. Dort wird Ihnen die Bedienung dieser Seite näher erläutert. Darüber hinaus sollten Sie sich registrieren, um alle Funktionen dieser Seite nutzen zu können. Benutzen Sie das Registrierungsformular, um sich zu registrieren oder informieren Sie sich ausführlich über den Registrierungsvorgang. Falls Sie sich bereits zu einem früheren Zeitpunkt registriert haben, können Sie sich hier anmelden.

Vurgizzel

unregistriert

21

09.09.2009, 19:57

Du bräuchs kéng Filmer. D'Realitéit geht duer.
Du méngs also, datt esou eppes

http://www.stuttgarter-zeitung.de/stz/pa…-ehehoelle.html

réischt säit 1980 an Afghanistan (an doriwer eräus a vill aaner islamesch Länner) existéiert....?

Deng Hippien, déi nach 1969 duerch Kabul gepilgert sin, ware wahrscheinlech méi u bëllegem Gras interesséiert, wéi emol méi e genée Bléck op d'Gesellschaft dohannen jenseits vun der Flanéiermeil an der Haaptstaadt ze geheien...
An datt an de 60er Joeren keen Äuslänner Kloen vun afghanesch Fraen héiren huet, läit méiglecherweis drun, datt dat deemols kee Mënsch interesséiert huet. Och nët hei am Westen. An de 60er waren d'Guttmënschen hei nämlech nach op de Vietnam fixéiert. Do huet et geheescht: Wann d'Amerikaner äus Saigon verschwannen, ass d'Welt erëm an der Reih. Kuck wat dräus gin ass. Haut sollen se räus äus Kabul. An alt erëm gin et Naiver, déi méngen dat alléng wier schon d'Léisung fir de Weltfridden. Ah nee - ech hu vergiess: D'Israelis mussen och nach hire Staat opléisen an sech wahlweis hannert dem Ural oder um Mars usiedelen. Dann awer.
Dann sin d'Islamisten erëm gudd Frënn mat eis, an dësen Här
http://www.pi-news.net/wp/uploads/2008/07/kuntar.jpg
kënnt héchsperséinlech bei der laanscht, fir der Merci ze soen...
:rolleyes:

Dieser Beitrag wurde bereits 1 mal editiert, zuletzt von »Vurgizzel« (09.09.2009, 20:14)


22

09.09.2009, 22:41

Ech hun eigentlech dëse Thread opgemaach fir den Zesummungenhang zwëschen der kathoulescher Kierch an de rechtsgeriichte Parteien ervirzehiewen,mais ech stellen elo fest, dass d'Diskussioun sech méi op den Islam fokusséiert. Ech hun näischt dogéint !!
Vun däer Thematik kennen ech nët genug fir kënne matzeschwätzen, an dofir schléissen ech meng Interventioun mat folgenden Feststellungen :
1) d'Kathoulesch Kierch huet däermossen eng blutrünsteg a verlugen Vergaangenheet hannerun sech , an se léisst haut nach ( mam Ratzifatzi) keng Geleegenheet aus fir d'Ongleck vun sengen ënnerdreckten a missionéierte "Gleewegen" an den ënnerentweckelte Länner nach weider auszedeenen ;
2) Aus där Perspektiv eraus ëmfannen ech ët als ë Skandal , dass eng lëtzebuerger Partei wéi d'CSV,
d'Gedankegut vun esou engem ominöse a kriminelle Veräin sein Eege nennt ;
3) ech verlaangen dohir eng strikt Trennung vu Kierch a Staat an ech verdaamen all Mëssbrauch vun soit-disant kierchleche Moralwäerter fir dorob eng hypochrëschtlech CSV-Politik opzebauen, schlemmer geet et net !
4) ech wëll ausdrecklech betounen, dass ech all d'Leit respektéieren déi un de lëtzebuerger Gott (oder un eng helleg Kouh an Indien) gleewen ! Weder sie nach ech hun e Beweis op ët ë Gott oder ë puer Götter oder eng helleg Kouh gët oder nët.
5) Mais ech respektéieren keng Partei, déi d'reliéis Dommheet vun de Leit ausnotzt fir zesumme mat der Kierch während Joerzengten hir Macht auszeüben.
Souvill zu deem Thema !
Das sogenannte Theodizeeproblem :
Kann oder will Gott das Leid in dieser Welt und die Untaten seiner Kirchenmänner nicht verhindern?
Wenn er es nicht kann, ist er nicht allmächtig, wenn er es nicht will, dann ist er nicht allgütig !

FlashBack

unregistriert

23

10.09.2009, 08:30

Du bräuchs kéng Filmer. D'Realitéit geht duer.
Du méngs also, datt esou eppes

http://www.stuttgarter-zeitung.de/stz/pa…-ehehoelle.html

réischt säit 1980 an Afghanistan (an doriwer eräus a vill aaner islamesch Länner) existéiert....?

Deng Hippien, déi nach 1969 duerch Kabul gepilgert sin, ware wahrscheinlech méi u bëllegem Gras interesséiert, wéi emol méi e genée Bléck op d'Gesellschaft dohannen jenseits vun der Flanéiermeil an der Haaptstaadt ze geheien...
An datt an de 60er Joeren keen Äuslänner Kloen vun afghanesch Fraen héiren huet, läit méiglecherweis drun, datt dat deemols kee Mënsch interesséiert huet. Och nët hei am Westen. An de 60er waren d'Guttmënschen hei nämlech nach op de Vietnam fixéiert. Do huet et geheescht: Wann d'Amerikaner äus Saigon verschwannen, ass d'Welt erëm an der Reih. Kuck wat dräus gin ass. Haut sollen se räus äus Kabul. An alt erëm gin et Naiver, déi méngen dat alléng wier schon d'Léisung fir de Weltfridden. Ah nee - ech hu vergiess: D'Israelis mussen och nach hire Staat opléisen an sech wahlweis hannert dem Ural oder um Mars usiedelen. Dann awer.
Dann sin d'Islamisten erëm gudd Frënn mat eis, an dësen Här
http://www.pi-news.net/wp/uploads/2008/07/kuntar.jpg
kënnt héchsperséinlech bei der laanscht, fir der Merci ze soen...




du ziels emmer nemmen Eenzelfäll op. Histroesch Fakten, awer keng. Just Blödsinneg Argumenter awer vun Tuuten an Bloosen keng Ahnung hun.

Eenzel Fälll punkto Pedofile, Fraen an kanner-messbrauch gin et der hei an Europa méi wéi genuch, an dat sin selten Moslemen. Doriwer kann d'creche bei mir am Duerf dir eng zeielen, di net an denger "Virbildszeitung" steht: En gudden aale letzebuerger den sech den regelméisseg vierun den Kanner bei enger Creche een gewixxt huet. ( Ass zum Glëck en Méindeg verhaft gin)

Prostituéierten hun mir jo keng hei an Europa, an schon guer net hei am Land,an déi schaffen jo gär, déi maachen all Fraiwelleg hieren Job. An Clienten déi bei den Prostituéirten gin, sin all Moslemen déi een néideg hun. Mir Europäer sin zu sou eppes net fäheg, ass alles den béisen Araber hier schold.

An Asien héiert een emmer rem vun Kanner déi gekiddnappt gin, an dann no 20 Joer rem optauchen, nodems se sou laang agespaart woren, all daag vergewaltegt gin sin, doduerch kanner entsaanen sin. Do kann een nemmen soen: d?invasioun vun den béisen Moslemen huet ugefaang !


Hei mol puer Zitaten vun Afghanisch Fraen déi bestemmt méi Ahnung hun wéi du, an déi bestemmt méi concernéiert sin vun dem ganzen:
"In den 60er-Jahren war die Gesellschaft in Afghanistan sehr weit entwickelt. Frauen durften wählen. Dann kam der sinnlose Einmarsch und die langen Kämpfe."

"60er und frühen 70er Jahren Frauen ermöglicht, zu studieren und sich westlich zu kleiden. Das wollten Fundamentalisten nicht zulassen. Rabbani, der heutige Präsident der Nordallianz, predigte damals konservative Werte. Und ein junger radikaler Islamist, Gulbuddin Hekmatjar, griff westlich gekleidete Frauen mit Säure an. Später wurde Hekmatjars Islamistentruppe vom Westen gegen die sowjetischen Besatzungstruppen aufgerüstet, und heute ist er ein wichtiger Machtfaktor für die Zukunft Afghanistans. "

"Allein das in den 60er Jahren der Minirock, der zu der damaligen Zeit sehr in Mode war, von afghanischen Frauen getragen wurde, sorgte bei den streng Gläubigen für Aufregung"

"Afghanistan bestimmt heute die Nachrichten mit Meldungen von Selbstmordattentaten, Entführungen und dem Terror der Taliban. Dabei galt das islamische Land noch bis in die Siebziger als eines der fortschrittlichsten in der Region. Die friedliebende Flower-Power-Generation der 60er feierte hier sich selbst und ein neues Lebensgefühl. "

"Mit der Machtübernahme der Taliban Mitte der Neunzigerjahre katapultierten die Strenggläubigen das Land zurück ins Mittelalter. Afghanistans Botschafterin Maliha Zulfacar über die allgegenwärtige Lebensgefahr im afghanischen Alltag und das zarte Pflänzchen Hoffnung auf eine friedliche Zukunft. "

"In den Sechziger- und Siebzigerjahren des vorigen Jahrhunderts besaßen die Frauen gemäß der afghanischen Verfassung von 1964 die gleichen Rechte. Ihre Gleichberechtigung wurde also vor 40 Jahren garantiert. Leider bedeutete das politische Chaos der letzten 20 Jahre einen Rückschlag für die afghanischen Frauen, und sie verloren ihre bescheidenen gewonnenen Rechte in der Gesellschaft. In den 1960ern und 1970ern aber hatten wir zwei Frauen im Regierungskabinett und auch weibliche Parlamentsabgeordnete"

Dieser Beitrag wurde bereits 1 mal editiert, zuletzt von »FlashBack« (10.09.2009, 09:01)


24

10.09.2009, 08:45

Flashback,

du hues recht wanns de sees Fraën- a Kannermëssbrauch gëtt et och hei. Et gëtt awer och e groussen Ënnerscheed: HEI sinn dat Verbriechen, déi verfollegt ginn. A villen islameschen Länner gesäit dat awer e bësschen anecht aus.

Lo kann ee soën, dass dat bäi hinnen ewen sou ass a kulturell bedéngt ass asw. Gutt, dat ass mir och alles egal, sollen se dohanne maachen wat se wëllen. Mee wann ech d'Entwécklung a villen europäeschen Länner gesinn denken ech mir, dass mir dat HEI net brauchen.

Zum Beispill: wann e Muslim hei an Europa während dem Ramadan dagsiwwer wëll faaschten, gären, kee Problem, mee e soll sech awer net gestéiert fillen wann ech an der Mëttesstonn eng Mettwurscht iessen. An dat ass leider net méi selbstverständlech. Do kann ech dir e puer Beispiller aus D zielen, do rësels de just nach de Kapp. Alles Eenzelfäll?
Politik ist die Kunst, die Bürger immer wieder so schnell über den Tisch zu ziehen, daß sie glauben, die dabei entstehende Reibungshitze sei Nestwärme

Vurgizzel

unregistriert

25

10.09.2009, 09:10

Interessant, datts grad du mer virgeheits, ëmmer nëmmen "Eenzelfäll" opzeziëhlen, an dann direkt drop selwer mat éngem Wixer virun der Crèche an éngem Verrëckten Kindesentführer ukënns, just fir domat ze beléen, datt mer "dekadent Westler" dach kee Fatz besser sin.

Äusserdem fannen ech ët gelungen, wann an énger Diskussioun iwert d'Stellung vun der Fra am islamesche Kulturkreess ëmmer direkt e Verglach mat der Prostitutioun kënnt. Alles Nutten ausser Mutti?

Awer alles wat ech soen ass jo souwisou nëmme Blödsinn an ech hu vun Tuuten a Blosen (Pun intended!) kéng Ahnung.

Vill Spaas an dëngem Paralleluniversum.
:D

FlashBack

unregistriert

26

10.09.2009, 09:26

um Internet gin et Informaziounen genuch Vurgizzel, wann du ze schéin bass fier dech z'informéieren, dann kuck einfach weider Telé an liew dain Krich mat den béisen Moslemen weider ! Denk un mech wannst vier d'next hannert d'Post gees, déi Fraen sin frai, sie hun jo keen Turban un ! :)

@Änder

dat sin eenzel Tëschenfäll, déi hei net geduld gin, an och zurecht nie werten geduld gin. Sou wait zereck werten mir secher net faalen. Ech mengen mir sin eis all eenz doriwer dat den Phenomen vun der Expandéierung an Radikaliséierung vun der Islamistescher Relioun irgendwéi gebremst gin muss. Mee bessen zait fier sech hei an Europa ze integréieren muss een hinnen awer loossen. Schon dPortugiesen an d'italiener hun 20 Joer gebraucht fier sech nemmen "einegermoossen" z'intégréieren. An bei hinnen haat d'Fra och net vill ze mellen an den 70er an souguer bis an den 90er.

Egal wéi, eng Léisung werten mir hei secher net fannen. An wann dann hun mer secher all eis Chancen op een Friddensnobelpreiss :P

Dieser Beitrag wurde bereits 1 mal editiert, zuletzt von »FlashBack« (10.09.2009, 09:31)


27

10.09.2009, 09:39

Mee bessen zait fier sech hei an Europa ze integréieren muss een hinnen awer loossen


Dat kléngt ganz verstänneg mee firwat vergréissert de Problem sech dann a läschter Zäit? An D sinn déi éischt Türken an den 60er Joren komm, wann ech mech net ieren. Do leien lo jo awer schon e puer Generatiounen dotëschent.

Mech stéiren déi vill Fuerderungen, Extrawënsch an Beleidegungswellen vun Muslimen am Numm vun hierer Religioun ëmmer méi. Firwat falen ëmmer nëmmen sie sou staark op an net déi Aner?

Jiddereen soll gleewen u wat e wëll mee looss déi aner Leit mat Rou

Ech stinn der Saach op alle Fall skeptesch géigeniwwer :S

Ech sinn nëmmen frou, dass mir diermols Portugiesen an Italiener geruff hunn. Mat deenen gëtt awer iergendwéi besser eens ;)
Politik ist die Kunst, die Bürger immer wieder so schnell über den Tisch zu ziehen, daß sie glauben, die dabei entstehende Reibungshitze sei Nestwärme

FlashBack

unregistriert

28

10.09.2009, 10:33

Jiddereen soll gleewen u wat e wëll mee looss déi aner Leit mat Rou




genau :)


Den Problem bei der Integrazioun ass dat net jiddereen loscht huet sech z'intégréieren. Hei am Land hun ech schon Portugiesen kennen geléiert, déi no 20-30 joer nach ëmmer keen Franzéisch können. Déi liewen an hierem eegenen Krees, schaffen mat Portugiesen, kucken Portugiesesch Telé, lauschteren Portugieseschen Radio, gin an Portugiesesch geschäfter akaafen etc etc. Genausou gin et och vill Tierken an D. déi guer net integréiert sin, an just den minimum un Daitsch Sprooch können. An vill vun deenen liewen hieren Glaawen weider wéi wann se an der Tierkey liewen géiwen. An dat sin genau déi déi eis bei eis Doheem hier "mentalitéit" imposéiern wellen, an eise Liewensstyl a fro stellen.

Mee wann et hinnen net gefällt, an wann se naicht mat eis ze din wellen hun, solle se rouheg zereck an hiert Land goen, sollen se vum nir aus och den Fluch brzuelt kréien fier heem :)

Vurgizzel

unregistriert

29

10.09.2009, 15:22

De Coiffeur vu Sténgefort haat alt och erëm éng Super-Iddi:
http://www.achgut.com/dadgdx/index.php/d…_verantwortung/
:rolleyes:

An da gin et Leit, déi sech wonneren, datt och mat der LSAP an der Regierung nët viru geht mat der Trennung vu Kierch a Staat....

Jempi

Administrator

Beiträge: 2 590

Wohnort: Beim neien Prisong

Beruf: Meckerer

  • Nachricht senden

30

29.09.2009, 19:15

Ech fannen dass dat doten dem Faass definitiv de Buedem ausschléit:
http://www.heute.de/ZDFheute/inhalt/24/0…7900472,00.html

Da muss awer och wuel all Schoul eng kleng kathoulesch Kapell kréien, wou d'Kanner biede kënnen.
An och eng kleng Synagog.
An ee buddisteschen Tempel .....
"Truth is the most valuable thing we have. Let us economize it."
Mark Twain

31

29.09.2009, 19:49

Ech fannen dass dat doten dem Faass definitiv de Buedem ausschléit:
http://www.heute.de/ZDFheute/inhalt/24/0…7900472,00.html
Da muss awer och wuel all Schoul eng kleng kathoulesch Kapell kréien, wou d'Kanner biede kënnen.
An och eng kleng Synagog.
An ee buddisteschen Tempel .....
... an ë vatikanartegen Kierchekomplex fir den Poopst Pizzoccheri I. vun der helleger Spaghettimonsterkierch, hei seng Homepage fir fir ë riesen Tempel ze spenden !
Das sogenannte Theodizeeproblem :
Kann oder will Gott das Leid in dieser Welt und die Untaten seiner Kirchenmänner nicht verhindern?
Wenn er es nicht kann, ist er nicht allmächtig, wenn er es nicht will, dann ist er nicht allgütig !

Jempi

Administrator

Beiträge: 2 590

Wohnort: Beim neien Prisong

Beruf: Meckerer

  • Nachricht senden

32

29.09.2009, 20:06

Nach eng Kéier zu deem Berliner Uerteel:

Ech kéint jo domadder averstane sinn, awer nëmmen dann, wann den ieweschten saudiarabesche Geriichtshaff och décidéiert, dass, wann de Jempi bei hinnen optaucht, hien dann och säin äisgekillten Humpen servéiert kritt.
"Truth is the most valuable thing we have. Let us economize it."
Mark Twain

Vurgizzel

unregistriert

33

30.09.2009, 16:21

Di Affär ëm de Bouf, deen sech an Däitschland en eegene Gebietsräum a senger Schoul viru Geriicht erstridden huet, ass e Parade-Beispill wéi den Islam duerch seng typesch Kombinatioun vun aggressivem Optrieden an onverschimmte Fuerderunge Virdeeler an Extrawurschten aquiréiert, un déi aaner Reliounen oder Weltanschauungen nët emol am Draam geduecht hätten. An déi se sou garantéiert och nie kritt hätten. Den Direkter vun der Schoul hätt z.B. en extrafromme Chrëscht oder en Zeuge Jehova dee mat esou énger Fuerderung komm wier, ganz sëcher äus sengem Büro gelaacht.
A praktesch di ganz Zivilgesellschaft, vu Parteien iwer Gewerkschaften, LibCo bis zum läschte soi-disant "Intellektuellen" hätt him Bäifall geklappt an him fir seng oprecht Haltung vis-à-vis vun iwerwonnenem Obskurantismus a fir d'Rettung vun der Laizitéit félicitéiert. De Jong do awer haat säi Papp a mat him e ganze Grupp vun Affekoten am Dingscht vu moslemesche Solidaritéitsvereenegungen am Réck a wosst hoergenee wéi en d'Saach misst upaacken.

Eis tolerant Gesellschaft ass an énger béiser Faall. Mer toleréire nämlech islamesch Intoleranz an Aggressivitéit, jo akzeptéiren se mëttlerweil souguer schon als typescht islamescht Merkmal, mat dem mer musse léiren ëmzegoen, an dem mer eis mussen upassen. A genee dat ass eis Schwächt, déi sie geléiert hun äuszenotzen.

Jempi

Administrator

Beiträge: 2 590

Wohnort: Beim neien Prisong

Beruf: Meckerer

  • Nachricht senden

34

30.09.2009, 16:53

Eis tolerant Gesellschaft ass an énger béiser Faall.

Esou oft ginn ech dir net Recht, mee des Kéier ass et de Fall.

Et muss endlech kloer gemaach ginn, dass Toleranz keng Einbahnstrooss ass, mee eng Strooss, wou d'Autoen gläichberechtegt an déi 2 Richtunge fueren.
"Truth is the most valuable thing we have. Let us economize it."
Mark Twain

Vurgizzel

unregistriert

35

01.10.2009, 08:32

Hei en Zitat äus éngem Presseartikel:

"Der schulpolitische Sprecher der Grünen, Öczan Mutlu, zeigte sich „irritiert“ über das Urteil: „Ich kenne kein Land außer dem Iran, in dem Gebetsräume an der Schule möglich sind. Das sollte kein Vorbild für Deutschland sein.“

Wann souguer e Gréngen (!) mat éngem türkesche Numm (!) dat seet, sollt een sech bei däitsche Geriichter villäicht emol seng Gedanke maachen....

Wat mënger Meenung no an der ganzer Diskussioun ënnergeht ass awer e ganz aaneren Ëmstand; wahrscheinlech deen, wourems et dem "fromme" Borscht (a séngen Hannerleit) a Wierklechkeet geht:

An de Reportagen op der Télé haaten d'Schülerinnen ouni Äusnahm e Schleier un. Et ass gewosst, datt an Däitschland d'Zuëhl vun den türkeschstämmege Meedecher déi de Quatsch matmaache mussen, an de léschte Joeren enorm geklomm ass. De Schleier huet éng Disziplinéirungsfunktioun, well en uweist, wién sech upasst a wién nët. En "anstännegt" moslemscht Meedchen kënnt verschleiert, all di aaner si quasi Puten. Elteren, Bridder, Cousin'en etc. kontrolléieren, an den Drock vun der Grupp fir sech unzepassen kënnt nach derbäi, sou datt och Meedecher dér hir Familjen bis elo éischter westlech orientéiert an integréiert woren, ob eemol erëm e Schleier undin.

Bei de Jongen ass mangels Kleederuerdnung den Upassungsgrad un d'islamesch Disziplin vill méi schwéier ze kontrolléiren. Do kënnt esou e Gebietsräum wéi geruff, well mat sénger Hëllef kann elo och bei de Jongen ënnerscheed gin tëscht "gudde Moslems", di mat dem domme Bouf do all 5 Minutte biede gin, an "den aaneren", déi dee Quatsch nët matmaachen an dofir als "schlecht Moslems" äusgegrenzt kënne gin.
A falls di Affär hei als Präzedenzfall ugesi gët, gëlt dat geschwënn fir all däitsch Schoul. "Big Mohammed is watching you!"

An Däitschland gin se nët fäerdeg, de Mangel un Integratiounswëllen, an di berühmt "Parallelgesellschaft" vun de Moslems ze bekloen. Meescht jo zu Recht. Wat awer ass dat Urteel hei aanescht wéi e staatleche Fräibréif, fir sou éng Parallelgesellschaft schon an der Schoul anzeriichten an ze zementéiren??

agnosti

unregistriert

36

02.10.2009, 11:51

Bravo Vurgizzel!
Gutt Argumentatioun!

37

02.10.2009, 11:56

Bravo Vurgizzel!
Gutt Argumentatioun!
... effektiv, deem kann ech nëmmen zoustëmmen !
Das sogenannte Theodizeeproblem :
Kann oder will Gott das Leid in dieser Welt und die Untaten seiner Kirchenmänner nicht verhindern?
Wenn er es nicht kann, ist er nicht allmächtig, wenn er es nicht will, dann ist er nicht allgütig !

38

02.10.2009, 13:15

Ech hunn den Androck wéi wann déi preisesch Politik méi helleg wéi de Poopst wëll sinn:

Zitat

Ech fannen dat onerhéiert. Ob dee Mann lo Recht huet oder net (a mengen Aan ass en am Recht) därf een wéinst sou enger Ausso dach net verknackt ginn. Iwwer sou Saachen muss een därfen schwätzen ouni un de Pranger ze kommen.

An dat hei ass keen Off-Topic well bäi Awanderer aus dem islameschen Kulturkrees d'Integratioun an d'Gaaschtland aus religiéise Grënn net gewollt ass.

(Wat sinn ech frou, dass mir diermols d'Portugiesen an d'Italiener geruff hunn!)
Politik ist die Kunst, die Bürger immer wieder so schnell über den Tisch zu ziehen, daß sie glauben, die dabei entstehende Reibungshitze sei Nestwärme

39

02.10.2009, 16:56

daat as villeicht eng indirekt errungenschaft vum csv staat
well eis kathoulesch theokratie haett et wuel net zougeloss "unglauebige" als friemarbechter ze importeieren
den vatikan leit jo an haerz vun europa, an portugal wuer deimols jo nach fachistesch
zwou saachen dei nawell, opmanst an der vergangenheit, emmer goud mam csv staat an bal perfekter symbiose zesummen geliewt hun ...

40

04.10.2009, 17:56

Muss elo d'CSV säin Numm äenneren ?

Därf d'CSV sech weider nach chrëschtlech nennen ?
Ech sin ëmool gespaant eppes iwer d'Schicksal vun dëser Ukloo viru Geriicht ze héieren.
Das sogenannte Theodizeeproblem :
Kann oder will Gott das Leid in dieser Welt und die Untaten seiner Kirchenmänner nicht verhindern?
Wenn er es nicht kann, ist er nicht allmächtig, wenn er es nicht will, dann ist er nicht allgütig !

Ähnliche Themen