Sie sind nicht angemeldet.

1

07.01.2009, 18:00

Frëndeskrees

Ech hu mer erlaabt e puer OT-Posten vum Thread Energiesparlampen ënner dësem Thema zesummenzefaassen.

Zitat

mJANG Gestern, 23:05
Zitat von »Hydra«
Fir déi puer Kéiëren wou deen deiëren Lüster un ass, verbrauchen mir net vill Stroum. Deen ass jo nëmmen un, wann mir vill Leit fir d'Iëssen hun. An gleew mir, dat kënnt ëmmer manner oft fir. Wees du ech sin lidderech gin wat d'Kachen unbetrëfft, sou spuëren mir net nëmmen bei den Kachplacken Stroum, mee och nach bei den Luuchten.

... wees de wéi ech daat do gesinn :
wann daat deng Absicht ass déi puer Kilowatt Elektresch ze spueren en déi Kilokalorien Kierpergewiicht un Ustrengung an Energie nët méi asetzen ze wëllen fir deng gudd Frënn, Familien a Bekannten ze invitéieren a fir hinne mat Freed ze kachen, da géiw ech der rooden gläich am Pescatore oder a soss engem Altersheim schon eng Zëmmer ze reservéieren.

Meng Fraa an ech maache genau de contraire. Obscho mir och schon béid gudd bis zolidd iwer 50 Joer sin, haate mir elo iwer déi 3 Feierdeeg ëm Sylvester (vun owens dem 30.Januar bis mëttes den 2te Januar) iwer 14 Leit bei ons mat engem regelrechter Bekäschtegung versuergt , woubäi der dann och nach 6-8 Leit bei ons geschloof hun, a muerges e räichhaltege Café-Brunch servéiert kruten (d.h meng Fraa huet onbezuelt Hôtelbedreiwerin fir ons gemeinsam Frënn gespillt : duerfir sin ech och stolz op meng Fraa !).
Mir 2 sin nämlech vun der Opfaassung, dass ee grad am Alter d’Frëndschaft soll pflegen an och Souen an Energie an de Kontakt mat Frëndschaft a Famill soll investéieren, daat Geld wäerd sech herno als gudd Geldanlag erweisen wann een spéider op aaner Leit ugewisen ass an och ëmool eng Kéier vun deene Leit och ëmol am Alter als Dank invitéiert gët .
Ech erzielen daat elo aus mengem Liewen, well déi ganz Problematik mir uewe läit a well ech mat menger Fraa genau de Géigendeel wëll maachen vun deem wou mer leider bei ganz villen vun onse Frënn a Bekannten feststellen déi vun hirem Altersgäiz regelrecht opgefriëss si gin an nët méi amstand sin een eenzegen Cent fir Frënn a Familien ze investéieren.
An deem Kontext hu mer schon vill Bekannten a Frënn verluer, nëmmen wéint deem houere verdammte Knéck , ass daat daat wert ????
Déi Leit däerfen awer nët spéider kräische kommen, dass keen sie méi géif am Alter besiche kënnt sie hun ët jo esou gewollt an huelen all hir Suen mat an d'Graaf !
Also ësou laang ech mer ët ka leeschten ons Lüsteren d’ganzt Nuëcht brennen ze loossen an ësou laang meng Fraa an ech fäheg sin esou Super-Iessen (mat Schloofméiglechkeet) ze organiséieren (eegaal waat ët ons kascht !) maache mir daat mat Begeeschterung fir déi Leit déi déi selwecht Opfaassung hun also ons gudd Frënn , an déi onverbesserlech Knéckjangen geheihen mer elo luës a luës aus onsem Frëndeskrees ëraus, ësou einfach ass daat !!!!! .....................
Mäi Fazit : de Knéck ass eng schwéier Krankheet déi zum Doud vun onser Gesellschaft féiert!

Zitat

Hydra Heute, 08:49
Dass ech net lachen @mJANG!

Den Knék huet weder eis nach eis Frënn befall. Mir kachen eben ëmmer manner doheem, mee gin an den Restaurant. Ët vergeet keng Woch, wou mir eis net mat Frënn treffen.

Also w.e.g., wat huet den Knék mat kachen wëllen ze din?

Pass an Zukunft ë bësschen op, iërs du deenen aneren Leit gudd Rotschléi gëss, an hinnen Knék virwerfs!


Zitat

Hydra Heute, 10:19
Zitat von »Hydra«
Dass ech net lachen @mJANG!
Den Knék huet weder eis nach eis Frënn befall. Mir kachen eben ëmmer manner doheem, mee gin an den Restaurant. Ët vergeet keng Woch, wou mir eis net mat Frënn treffen.Also w.e.g., wat huet den Knék mat kachen wëllen ze din?
Pass an Zukunft ë bësschen op, iërs du deenen aneren Leit gudd Rotschléi gëss, an hinnen Knék virwerfs!

Zitat

mJANG
<OT un > ... ee Moment Hydra !
Ech hun dech nët beschëllegt, dass du kneckeg wärs, ech wollt nëmmen allgemein op den Altersgeiz hiweisen, deen mat zounehmendem Alter schleichend kënnt, a géint deen ee muss resolut entgéint wierken.
Mir hun eng Reih vu Frënn a Kollegen op d'Schëff gescheckt well se aus Knéck an aus Liderechkeet nët amstand sin ons emool ze invitéieren,
obschon se bei ons e puer mol am Joer gudd d'Panz geschwenkt kréien.
An iwregens : een an de Restaurant invitéieren fannen ech oft wuel esou flott wéi doheem e grousst Iëssen ze maachen, virun allem vu Leit deenen d'Selwerkachen näischt seet, waat jiddreen muss verstoen .
Entschëlleg mech wann ech dech beleidegt hätt, ët war wierklech nët ësou gemengt ; ech wollt nëmmen mäi Frust iwer verschidden Bekannte vun ons lassgin !
< off topic fäerdeg>

Zitat

Luxator Heute, 10:48
@mJANG
Et soll awer och emool d'Fro hei erlaabt sinn, waat Energiespuerluuten eigentlech matt Knék, Altersgeiz, Frënn, Lidderechkeet, Restauranten, etc., ze dinn hunn ? Daat ass dach komplett niewent den Thema geschwaat ! Sorry, awer ech fille mech hei getrëppelt, ech gehéieren nun och emool, zu däer Alterskategorie, däers du daat alles viirwäerfs. Mir, meng besser Halschent an ech, mir hu jiddefalls nach kee vun eise Frënn op d'Schëff geschékt, au contraire, esouguer nach nei Frënn fonnt ! An, an de Restaurant gi mir och nach ëmmer, wann et eis dono ass. Also, waat soll daat ?
Das sogenannte Theodizeeproblem :
Kann oder will Gott das Leid in dieser Welt und die Untaten seiner Kirchenmänner nicht verhindern?
Wenn er es nicht kann, ist er nicht allmächtig, wenn er es nicht will, dann ist er nicht allgütig !

2

07.01.2009, 19:08

RE: Frëndeskrees

Zitat

Luxator Heute, 10:48
@mJANG
Et soll awer och emool d'Fro hei erlaabt sinn, waat Energiespuerluuten eigentlech matt Knék, Altersgeiz, Frënn, Lidderechkeet, Restauranten, etc., ze dinn hunn ? Daat ass dach komplett niewent den Thema geschwaat ! Sorry, awer ech fille mech hei getrëppelt, ech gehéieren nun och emool, zu däer Alterskategorie, däers du daat alles viirwäerfs. Mir, meng besser Halschent an ech, mir hu jiddefalls nach kee vun eise Frënn op d'Schëff geschékt, au contraire, esouguer nach nei Frënn fonnt ! An, an de Restaurant gi mir och nach ëmmer, wann et eis dono ass. Also, waat soll daat ?

1) ech war OT , hat ët och ugekënnegt, wollt awer dem Hydra op säi Post vun 10h19 äntwerten ... also keng Panik !
2) Ech wees nët firwaat dass du ësou beleidegt bass, ech hun weder dech getrëppelt nach hun ech pauschal gesoot ët soll een all Frënn écartéieren déi an e gëwëssen Alter kommen. Dann hues de mäi Post nët richteg gelies. Also an Zukunft ëréischt kräischen wann ee geschloe gët !
Ech hun dëst Thema hei ugefaang well ech der Meenung sin dass ët e bedeitenden gesellschaftlechen Problem duerstellt, deen wuel dowèrt ass diskutéiert ze gin .
Meng Fraa an ech observéieren ëmmer méi, dass Leit sech aus der Gesellschaft zëréckzéihen well se fäerten angeblech bei der Deirecht vum Alttagsliewen nët méi mathaalen ze können. Domat manoeuvréieren se sech progressiv an eng geféierlech Isolation an verbauen sech esou de Wee fir bis an den héigen Alter nach Familien a Frënn ze hun déi bis zum Schluss trei zu engem haalen an se mat un der Gesellschaft deelhuele loossen.
De Knéck ass fir mech eppes ganz schlëmmes, well ech der Meenung sin, dass daat Behuelen nëmme vun egoïstesche Mënsche kann ausgoen.
Das sogenannte Theodizeeproblem :
Kann oder will Gott das Leid in dieser Welt und die Untaten seiner Kirchenmänner nicht verhindern?
Wenn er es nicht kann, ist er nicht allmächtig, wenn er es nicht will, dann ist er nicht allgütig !

Luxator

unregistriert

3

08.01.2009, 11:32

@mJANG

Deng Meenung an Éieren, ech sinn net beleidegt, ech hu mech jhust dergéint gewiert, (bedéngt duerch mäin Alter) an en "Dëppen" vun aale Knéckerten gehäit ze ginn. Net méi, net manner.

Nach eng kleng (Klammer op) : Wa mir matt Frënn an de Restaurant ginn (kee Knéckert derbäi), dann ass et meeschtens, well meng Fra Samschdes a Sonndes muerens muss schaffen, an een hier net zoumudde kann, duerno och nach mussen doheem Besuch ze bekäschtegen, daat obschonns ech mir vill Méi machen, a ganz oft hannert dem Kachdëppe stinn, mee esou gudd wéi meng besser Halschent, kann ech eben emool net kachen. (Klammer zou) ;)

4

19.01.2009, 22:33

pardon heisst der titel (freundeskreis)
einiges habe ich verstanden -es geht um alter.knausrigkeit.isolation und mehr . und das menschen wunderlich werden ???
nun wie sollte sich ein freundeskreis aufbauen im forum wenn sich user missverstanden fühlen oder ihr geschriebenes wort im munde umgedreht wird .
ich greife niemanden an,mache mir nur meinen reim .
miteinander wird zum fremdwort,warum ???manchmal schreibe ich mit halte mich aber sehr zurück,bei vielen themen schreibe ich gar nichts mehr .
falls ich manches missverstanden habe wegen der sprache -sorry !
guten abend nach lux an @all
... @ Muc-angel

Du hast das schon richtig verstanden (Freundeskreis) !
Ich habe das Thema aufgegriffen aus dem einfachen Grunde weil ich immer öfter erlebe, dass Freunde und Bekannte von mir beim Altwerden sonderbar werden und Launen und Neigungen zeigen (Altersgeiz, Gereiztheit, Unmut, Faulheit, Desinteresse an allem u.s.w. ) welche der Freundschaft mit Sicherheit nicht dienlich sind.
Ich frage mich bloss, warum ich aufgrund dieses Themas direkt derart angegriffen wurde, als hätte ich einen Frevel begangen, indem ich jeden älter werdenden User hier einer solchen Neigung bezichtigt hätte was nicht im entfernsten Sinn meine Absicht war.
Diese Proteste haben eben jetzt bewirkt, dass das Thema hier im Forum unbehandelt geblieben ist
und weiterhin totgeschwiegen wird ............naja !!

@ Luxator

Du kanns nëmme vu Chance schwätzen, dass dee vu mir ugeschwaate Problem an dengem Frëndeskrees nët stattfënt. Waat deng Fraa elo ugeet sou kann ech der nëmme félicitéieren ësou eng gudd Kächin bei dir doheem ze hun, an ech gesin absolut kee Problem, dass eng Hausfraa déi de ganzen Daag schafft natierlech dovu profitéiere soll esou oft wéi méiglech mat Famill a Frënn an de Restaurant ze goen an d’Liewen ze genéissen, wou ët nëmme geet.
Do läit jo grad de Problem deen ech ugeschwaat hun, dass verschidde Leit genau daat eben nët maachen well se fäerten ënner d’Aarmutsgrenz ze faalen. Meng Fraa an ech maachen daat selwecht wéis du, nëmme mam Ennerscheed , dass de Krees dee bei ons matmecht ëmmer méi kleng gët ! Schuëd eigentlech !
Das sogenannte Theodizeeproblem :
Kann oder will Gott das Leid in dieser Welt und die Untaten seiner Kirchenmänner nicht verhindern?
Wenn er es nicht kann, ist er nicht allmächtig, wenn er es nicht will, dann ist er nicht allgütig !

Ähnliche Themen