Sie sind nicht angemeldet.

Henk

Schüler

  • »Henk« ist der Autor dieses Themas

Beiträge: 149

Wohnort: Latzbuerg

Beruf: Keen, also Fonctionnaire

  • Nachricht senden

1

05.12.2008, 15:28

Krëschtcadeau an d'Box gaang

Meng Fra schafft bei enger grousse Boîte hei am Land, déi sech em Bréiwer a sonsteg Postsendungen bekëmmert...

Do gëtt et dann all Joer e Krëschtcadeau, an dëst Joer sollt dat jo net... esou e klengen iPOD sinn, mat 2 GB. Wow, sot ech, esou en trendy cadeau vun der verstëbbstener boîte do, dat gëtt et dach net! Kascht ëmmer hinn eppes em 60 Euro am Handel, an obwuel kee vun eis esou eppes brauch a benotze géif, wier et awer emol fir eng Kéier e "richtege" Cadeau gewiecht.

Ech sollt Recht behalen, dat gëtt et och net... Eischtens ass et kee iPOD, mee eng Copie dovun. Pfui, wéi schäbeg, dann hätte se wéinstens e Modell solle kafen, deen een net mat engem iPOD verwiessele kann. Zweetens koum relativ séier eraus, dass anscheined e Virus soll dropp sinn! Ups, domm gelaf! :P

Elo ginn déi Cadeauxen dann zréckbehal bis op Weideres. Falls ee matliest : Maacht en anstännege Cadeau oder loost et ganz sinn! Wann der net méi wéi 20 Euro pro Agent wëllt aussetzen, da maacht en Don vu 35.000 Euro u lëtrzebuerger Associatiounen, déi d'Geld gebrauche kënnen, ass och steierlech ofsetzbar!

Greets,

Henk

2

05.12.2008, 15:40

Generell as ze soen datt Staatsbeamten keng cadeau'en verdengt hun well d'Economesch performance ?( vun hirer boite net vun hirer Aarbecht ofhängt. Ee cadeau de fin d'année as normalerweis an der Privatwirtschaft geduet fir gudd Leeschtung ze honoréiren. Ee cadeau fir Staats-employéen bezuelen mir all aus eiser Täsch iwwert Steieren asw. an dat as net richteg.
Fir all di aaner och di net-öffentlech Postverdeeler gëllt-sidd dach frou wann der an deser Situatioun dest Joer an di next 10 Joer iewerhapt nach e cadeau kritt.
Stumpf ist Trumpf!
-Dendemann

Ähnliche Themen