Sie sind nicht angemeldet.

Lieber Besucher, herzlich willkommen bei: LUX-FORUM. Falls dies Ihr erster Besuch auf dieser Seite ist, lesen Sie sich bitte die Hilfe durch. Dort wird Ihnen die Bedienung dieser Seite näher erläutert. Darüber hinaus sollten Sie sich registrieren, um alle Funktionen dieser Seite nutzen zu können. Benutzen Sie das Registrierungsformular, um sich zu registrieren oder informieren Sie sich ausführlich über den Registrierungsvorgang. Falls Sie sich bereits zu einem früheren Zeitpunkt registriert haben, können Sie sich hier anmelden.

1

21.03.2008, 12:43

Märchen vum Klimawandel

Schéin Ouschteren ënnert dem Schnéih !!!
Von wegen Erderwärmung, nach éischter gleewen ech un den Ouschterhues !
Das sogenannte Theodizeeproblem :
Kann oder will Gott das Leid in dieser Welt und die Untaten seiner Kirchenmänner nicht verhindern?
Wenn er es nicht kann, ist er nicht allmächtig, wenn er es nicht will, dann ist er nicht allgütig !

Maranello_M

Administrator

Beiträge: 209

Wohnort: Esch-sur-Alzette

  • Nachricht senden

2

21.03.2008, 12:50

Well zu Diddeleng Klibberen vun den Massendenger organiseiert geht, sinn ech enneranerem Responsabel vum Grupp.

Dest ass meng 10ten Keier wou ech mat ginn.

An ech freieren mir genau wei all dei aaner Joren, och dest Joer een off...

:huh:
Eine eigene Meinung ist ein Luxus, den sich nicht viele Menschen leisten. (Alfred Polgar, österr. Schriftsteller u. Kritiker, 1873-1955)

3

21.03.2008, 17:22

RE: Märchen vum Klimawandel

Schéin Ouschteren ënnert dem Schnéih !!!
Von wegen Erderwärmung, nach éischter gleewen ech un den Ouschterhues !

Vun engem den schengt heinsto e besschen vun Physik oder Chemie ze verstoen, hun ech mer mei erward, wei sou eng Ausso. Mee bon...

4

22.03.2008, 10:09

Et as emmer erem erstaunlech, mat wat fir enger Konsequenz d'Leit Wieder mat Klima verwiesseln.

5

22.03.2008, 11:26

RE: RE: Märchen vum Klimawandel

Vun engem den schengt heinsto e besschen vun Physik oder Chemie ze verstoen, hun ech mer mei erward, wei sou eng Ausso. Mee bon...
Mee bon waat ??..... Blubb, dir muss ech awer elo sooen, dass vun engem deen ëréischt seit kuurzem hei am Forum ass, a mat 8 aussergewéinlech banalen Posten näischt, awer och gur näischt zur Verbesserung vum Niveau vum Forum bäigedroen huet, ech nët méi erwarden wéi esou eng arrogant a beleidegend Remarque ouni dee gërengsten Informatiounsgehalt !

Ech sin awer ëmsou méi frouh, dass ech endlech elo op ësou e genialen Geophysiker a Klimatolog wéi dech gefall sin, dee sech jo offensichtlech fir kapabel hält, ons hei am Forum iwer d'Onmass vu wëssenschaftlech Irrtëmer déi déi vun der UNO beobtragten , a fürstlech gesponserten IPCC Studie iwer den Treibhauseffekt enthält, opzeklären.
Ech frée mech schon op däin wëssenschaftlech fondéierte Beitrag demnächst hei am Forum, ënner dem Thema : Wëssenschhaft.
Als Hannergrondlektür géif ech der dësen Artikel recommandéieren.

P.S. Wanns de daat mat deene villen Diagrammen aus deem Artikel nët solls eens gin, da maach mer eng PN , ech kann der dobäi dann hëllefen.
Das sogenannte Theodizeeproblem :
Kann oder will Gott das Leid in dieser Welt und die Untaten seiner Kirchenmänner nicht verhindern?
Wenn er es nicht kann, ist er nicht allmächtig, wenn er es nicht will, dann ist er nicht allgütig !

6

22.03.2008, 17:31

@mJANG,

oh Hergott (pardon) Jeminee, ech probéieren deen Artikel emol ze verstoën, garantéieren awer fir neischt. :) Vun un dass ech den Al Gore hei an der Interbank héieren hun soen: "sie mussen bezuehlen, soss léieren sie et net!" hun ech ouni ëppes dovun ze kennen fatzeg Zweifelen.

7

22.03.2008, 21:49

Ëmweltveraarschung !

@mJANG,
oh Hergott (pardon) Jeminee, ech probéieren deen Artikel emol ze verstoën, garantéieren awer fir neischt. :) Vun un dass ech den Al Gore hei an der Interbank héieren hun soen: "sie mussen bezuehlen, soss léieren sie et net!" hun ech ouni ëppes dovun ze kennen fatzeg Zweifelen.
@ Hydra, seit wéini heescht däin Herrgott dann "Jeminee" , wëlls dë eng nei Relioun grënnen ?? ech sin dobäi ! .
Ët sief dann, mais däi Jeminee huet näischt mat der Erderwärmung ze din, wobäi awer hei de Beweis ass , dass mir 2 nët eleng (ausser dem Superspezialist Blubb) mat der Theorie vun der allgemenger Mënscheveraarschung do stin !!
Das sogenannte Theodizeeproblem :
Kann oder will Gott das Leid in dieser Welt und die Untaten seiner Kirchenmänner nicht verhindern?
Wenn er es nicht kann, ist er nicht allmächtig, wenn er es nicht will, dann ist er nicht allgütig !

8

23.03.2008, 02:33

Ma mJang, du hues deng Artiklen net verstaan !!!
Klimawandel ass Realiteit !!! Et ass just net kloer wat oder wien et verursaacht. Dei eng Studien soen, de Mensch ass greistendeels Schold, mat hierem iwwerdriwwenen CO2 Ausstouss, anerer soen et wier en natierlechen Prozess (wei am eischten Artikel).
Ausso geint Ausso. Natierlech hues du mJang, d' Recht dat ze glewen wat der am Beschten an de Krom passt. Op dat d' Realiteit ass, ass eng aner Saach.
Ech kann dozou just soen, mier wessen net wat wouer ass. Jo, ech wees et och net, gin ech och gaer zou. Ech hun et net neideg mech hei als obercoolen Besserwisser duerzestellen.
Mee mJang, wat ass dann eigendlech sou schlemm drun, e besschen manner Auto ze fuhren ?
Wat ass eigendlech sou schlemm drun, op alternativ Energie ze setzen ?
Wat ass drun schlemm, e besschen Energie ze spueren ?
Ech fannen naischt schlemmes drun, ech fannen et nemmen normal e besschen seng Emwelt ze schounen.
Den Uelech, an dei Kuelen dei kommen jo och net vum Himmel gefall, oder wuessen un de Been, dei ganz Saachen sin och secher net onendlech.
Ech gesin naischt schlechtes drun wann d' Menschheet an eis Politiker sech e besschen em eis Emwelt kemmern, Klimawandel hin oder hier.
Dat idiotech Steiern naischt brengen, do sin mer eis eenz.

9

23.03.2008, 02:49

Den Lieserbreif vun denen 100 Wissenschaftler do fannen ech ganz amüsant.
Sie argumenteiren nämlech guer net wessenschaftlech, mee ganz aleng economesch gesin.
Ech ziteiren :
" Im Einzelnen, es ist nicht bewiesen, dass man das Weltklima durch die Reduzierung der menschlichen Treibhausgase verändern kann. Dazu kommt, die Versuche die Emissionen zu verringern wird die Wirtschaftsentwicklung verlangsamen "

Sie beweisen genee wei den eischten Artikel glaat an guer naischt, ausser dat de Mensch eventuell net Schold drun ass um Klimawandel.
Lo awer d' Schlussfolgerung draus ze zeien, nach mei CO2 an d' Luut ze blosen oder sou weider zefuhren, well et awer vlait net esou ass dat de Mensch Schold um Klimawandel ass, ass zimlech idiotech.
Ech schlussfolgern :
Kimawandel kann eventuell vum Mensch verursaacht sin, vlait just zu engem gerengen Deel, vlait och zu engem groussen Deel, kee wees et richteg. Opjiddefall keint een dat jo ouni Problem aschränken. Et kann awer och sin dat de Mensch iwwerhaapt net drun Schold ass um Klimawandel, een einfach natierlechen Prozess, un den mier Menschen naischt ännern kann.
ET WEES EEN ET EINFACH NET !
Vernünfteg wier et elo, dem Mensch seng Emissiounen ze senken, vlait kann een sou dat schlemmst verhennern. Wann de Mensch naischt domadder ze din huet, ass et geschass, mee et huet een weinstens probeiert.
Mescht een naischt, ass et souwisou geschass.
Lo kann een sech jo aussichen wat e well.

10

23.03.2008, 09:04

@Blubb,

Wien schlussendlech Schold um Klimawandel ass, wees keen esou richteg. Waat awer Fakt ass, daat ass dass mam Klimawandel dichteg Geld gemach gëtt. Et ass zu engem riesegen Geschäft verkomm. An eben genau doduerch tendéieren ech derzou den Mënsch net als verantwortlech fir den Klimawandel ze gesin.

Dass zu Fouss goen gesond ass, ën Auto mat manner Verbrauch ze kafen mech net stéiert, meng Luchten net och nach d'Nuëcht duerch brennen ze lossen etc etc.. mir net wéi deed ass och ë Fakt. Dass d'Leit awer ënner Drock gesaat gin (Elektresch gëtt méi deier, Ueleg ass geschwënn net méi ze bezuehlen) duerch ë permanent Eropsetzen vun den Energiepreisser, daat fannen ech net an der Rei. Do verdëngen sech verschidden Firmen eng golden Nuës drun.

11

23.03.2008, 09:18

Schlussendlech, awer nemmen logesch.
Wei schons gesot den Uelech an d' Kuele wuessen net un de Been, desto deiwer een gruewen muss, desto mei deier get et. Freier oder speider muss een eben vill doifiir bezuelen.
Et stemmt awer dat am Moment vill ze vill Spekulatioun ass, dat den Energiemarché emmer mei liberaliseiert get. An dat dat eng Riesesauerei ass.

12

23.03.2008, 10:20

Ech hun nach emmer net richteg verstanen, aus wat fir engen économeschen Grenn et sollt sennvoll Sinn, de Leit eng ze kreckelen, wat de Klimawandel ugeet. Emmerhin ginn am Numm vum Klimaschutz Saachen gefuedert, déi mer sou nach nie fierdegbruecht hun. Déi grouss Players (Energiekonzerner, Automobilsbau, Fluggesellschaften...) lobbien jo och ganz kräfteg géint klimabedengten Agreffer a Regulatiounen.

13

23.03.2008, 10:32

Kuck deng Benzinsrechnungen, deng Mazoutsrechnungen, deng Gaz-Rechnungen, deng Elektrëschrechnungen vun firun 2 Joër an elo. Mir mëcht keen weis, dass net ë grousst Geschäft mat dem Klimawandel gedriwen gëtt.

14

23.03.2008, 10:43

Hydra, den Raisonnement vun de geklommenen Präisser kennt net duerch de Klimawandel: den Ueleg as net lo op eemol deier ginn, well d'Temperatur eropgeet. Den Ueleg get deier, well en emmer méi opwändeg ze förderen as an emmer méi verbraucht get - offer an demande. 'Spekulatioun' as jo och nemmen eng Facette vun offer an demande.

Dass ausserdeem d'Steieren op der Energie eropginn, as jo en Deel vum staatlechen Agreff, fir Energiespueren ze forcéiren. Dat si jo awer keng verlueren Suen, déi kommen eis jo och erem ze gudd.

15

23.03.2008, 12:14

Ma mJang, du hues deng Artiklen net verstaan !!!
Ët sin nët meng Artikelen, mee ech si schon ëmool ganz optimistësch, dass wéinstens du se verstaan hues, obwuel's de daat nach solls beweisen !
Ech faasse mech kuurz :
1) all sériös wëssenschaftlech Studien weisen drop hin, dass d'Klimaerwärmung effektiv besteht, mais dass se nët vum Mënsch ervirgeruff gin ass, sondern op ë natiirlechen, periodëschen Naturphänomen zëreckzeféieren ass.
2) Ech si selbstverständlech géint all onnëtz Verschwendung vun Energie an ech si selbstverständlech fir d'Weiderdreiwen vun Wëssenschaft an Technik fir ons Ressourcen un Energie esou optimal ewéi méiglech ze notzen.
3) wou ech par contre dogéint sin, daat ass dass d'Bierger duurch Aschränkungen a Verboter permanent ë schlecht Gëwëssen gemaach kréien se wäre schold un deem Phänomen, a gin doniëwend ëmmer nees mat Oekosteieren belaascht, woubäi d'Groussindustrie, déi den Haaptpollueur ass, ganz gudd dobei ëwech kënnt !
4) Dass den Al Gore de Nobelpräis krut, ass eng Frechheet géigeniwer vun deenen honnerten aaneren Lauréaten , déi ën fir eng richteg Leeschtung krit hun, an nët wéinst engem gefakte Film ! E Skandal !!!
Das sogenannte Theodizeeproblem :
Kann oder will Gott das Leid in dieser Welt und die Untaten seiner Kirchenmänner nicht verhindern?
Wenn er es nicht kann, ist er nicht allmächtig, wenn er es nicht will, dann ist er nicht allgütig !

16

23.03.2008, 19:50

Ech haalen mech dann och kuerz.

1) Nee, dei serieux Studien vun denen du schwetz, beweisen NET dat de Mensch naischt mam Klimawandel ze din huet. Sie beweisen just dat Zuelen vun der IPCC net ganz richteg sin. Dat schleisst den Afloss vum Mensch awer net aus. Et ass wahrscheinlech vun allem e besschen, de perioden natierlechen Klimawandel, eng verstärkt Aktiviteit vun der Sonn, an och de menschlech Afloss.
2) Da sin mer eis jo eenz...
3) Jo stemmt.
4) Dat stemmt och.

17

23.03.2008, 20:24

Gudden Owend

Et geet jo hiech hier op Ouschteren,

Hei en interessanten link : http://www.spiegel.de/wirtschaft/0,1518,542933,00.html

Wie et ausgesait waerten ons Nooperen an Briten erem voll op Atomenergie setzen, an des Technik nach weider exportieren an vill Fric domatter machen.

Die Energie huet aaner Risiken, mee stiesst weider keen Co2 aus.

Waat mengt Dir douzou ?

En gerousamen Owend

cy
wou sin ech drun ?

de richtege Wee : "Ne rien nier à priori, ne rien affirmer sans preuve."

"Deception is a state of mind and the mind of the State" :thumbup:

18

23.03.2008, 21:46

Gudden Owend
Et geet jo hiech hier op Ouschteren,
Hei en interessanten link : http://www.spiegel.de/wirtschaft/0,1518,542933,00.html
Wie et ausgesait waerten ons Nooperen an Briten erem voll op Atomenergie setzen, an des Technik nach weider exportieren an vill Fric domatter machen.
Die Energie huet aaner Risiken, mee stiesst weider keen Co2 aus.
Durfir... Atomenergie JO ! ,ouni Virbehalt .. an dobei déi Greng op de Mound schéissen mat hirer fanatëscher Naïvitéit !
Das sogenannte Theodizeeproblem :
Kann oder will Gott das Leid in dieser Welt und die Untaten seiner Kirchenmänner nicht verhindern?
Wenn er es nicht kann, ist er nicht allmächtig, wenn er es nicht will, dann ist er nicht allgütig !

19

23.03.2008, 22:40

Hydra, den Raisonnement vun de geklommenen Präisser kennt net duerch de Klimawandel: den Ueleg as net lo op eemol deier ginn, well d'Temperatur eropgeet. Den Ueleg get deier, well en emmer méi opwändeg ze förderen as an emmer méi verbraucht get - offer an demande. 'Spekulatioun' as jo och nemmen eng Facette vun offer an demande.

Dass ausserdeem d'Steieren op der Energie eropginn, as jo en Deel vum staatlechen Agreff, fir Energiespueren ze forcéiren. Dat si jo awer keng verlueren Suen, déi kommen eis jo och erem ze gudd.

Hi Johnny!

hei ass deng virtuell Mamm. :) 1973 hun së eis schon deen selwechten Kabes erziëlt. :) Deemols hun ech Quëtsch daat gegleewt.

20

23.03.2008, 22:43

@23y78 an @mJANG,

déi Atomenergie's Geschicht, éierlech gesoot ech kommen do net méi mat. Ech war derbei, wéi mir géint Remerschen demonstréieren gangen sin. Ech wees, meng Ouschterbeicht kënnt ë bësschen spéit, mee deemols war ech total dergéint. :S