Sie sind nicht angemeldet.

1

10.10.2008, 09:05

Eng Vignette fir Frontalier'en

Iërgend esou ë Jikkeclub sammelt Ënnerschrëften fir "eng Vignette fir Frontalier'en".

Ech hun just d'Vignette fonnt:

http://cjoint.com/data/jzooDVyD6G.htm

Wees een vun iech wat dat do soll sin? Eis Frontalier'en bezuehlen hir Steieren hei zu Lëtzebuerg an droën zu eisem PIB bei. Wéisou eng Vignette nëmmen fir sie? ?( ?(

2

10.10.2008, 10:22

Genial-da si mer endlech net mi méi blöd wi d'Schwaiz , Eisterraich an d'Franzousen di jo och bekanntlech soit no vignetten oder péage verlangen. Sou kennen mer dann di Stroosseschied di vun denen 10.000en camion'en an Autoen di onst Land all Dag als Transitstatioun durchfueren och emol flecken. Wien eng Autobunn benotzt soll och dovir bezuelen.
Stumpf ist Trumpf!
-Dendemann

3

10.10.2008, 10:43

Genial-da si mer endlech net mi méi blöd wi d'Schwaiz , Eisterraich an d'Franzousen di jo och bekanntlech soit no vignetten oder péage verlangen. Sou kennen mer dann di Stroosseschied di vun denen 10.000en camion'en an Autoen di onst Land all Dag als Transitstatioun durchfueren och emol flecken. Wien eng Autobunn benotzt soll och dovir bezuelen.

@Murf,

Am Frankreich an der Schweiz an Eisterreich bezillt jiddereen, bei deem Clippchen hei zu Lëtzebuerg geet ët nëmmen ëm d'Grenzgänger, also Leit déi hei schaffen an hei hir Steieren bezuehlen.

Dofir hun ech gefroot wat dat soll.

Jempi

Administrator

Beiträge: 2 590

Wohnort: Beim neien Prisong

Beruf: Meckerer

  • Nachricht senden

4

10.10.2008, 10:47

Wien eng Autobunn benotzt soll och dovir bezuelen.

Autobunn???

Wou der Däiwel am Land hunn mir dann eng Autobunn??
"Truth is the most valuable thing we have. Let us economize it."
Mark Twain

Henk

Schüler

Beiträge: 149

Wohnort: Latzbuerg

Beruf: Keen, also Fonctionnaire

  • Nachricht senden

5

10.10.2008, 10:52

A wat interesséiere mech engem Jickeclub seng nationalistesch Ideen? X(

Et geet mier schonn duer, wat déi 60 Volléksverdréier um Krautmaart sech ausdenken!

Iweregens : Fräibéier fir all männleche Lëtzebuerger!

Greets,

Henk

Jempi

Administrator

Beiträge: 2 590

Wohnort: Beim neien Prisong

Beruf: Meckerer

  • Nachricht senden

6

10.10.2008, 10:55

Iweregens : Fräibéier fir all männleche Lëtzebuerger!

Wou?
"Truth is the most valuable thing we have. Let us economize it."
Mark Twain

7

10.10.2008, 11:21

@Henk,

ma dann looss et sin, wann et dech net interesséiert. Et hätt jo een kennen wëssen wiën do dohannert stëcht.

Hoffentlech get et iech gudd schlecht vun ärem männlechen Feibéiër! ;)

Henk

Schüler

Beiträge: 149

Wohnort: Latzbuerg

Beruf: Keen, also Fonctionnaire

  • Nachricht senden

8

10.10.2008, 11:43

@ Hydra

Ech hunn domat gemengt, dass d'Welt voller Idioten ass, an dass sech der och heiansdo zesummendinn, fir mat idioteschen Ideen ze kommen. Dat ass jo och hiert gutt Recht, ech hunn näischt dergéint, esou laang se mech mat Rou loossen.

Wien do derhannert stécht, kann engem gänzlech egal sinn, esou laang dat Ganzt net um Krautmaart op den ordre du jour kënnt.

Ech ginn elo heem... :thumbup:

Greets,

Henk

9

10.10.2008, 14:52

@henk was du gehst schon heim ??

wir haben noch keinen dienstschluss ! :rolleyes:
Wahrscheinlich hat er Überstunden gesammelt. :)

Ähnliche Themen