Sie sind nicht angemeldet.

61

08.12.2008, 10:32

D'Mormonen sin schon virun 50 Joer duerch d'Land gegeeschtert. Dat do ass neischt neits.

Luxator

unregistriert

62

08.12.2008, 11:33

Ech fannen, am Verglach matt Aaneren, sinn d'Mormonen nach relativ harmlos.

Vurgizzel

unregistriert

63

10.12.2008, 12:47

Am Prinzip scho richteg. Bei de Mormonen gesäit een direkt waat lefft. An wen mat hirem Prophet Smith näischt ufänke kann, dee léisst et ebe sin. Genee wéi d'Zeugen Jehova zéie sie am Fong nëmmen éng ganz bestëmmte Clientel un, déi souwisou schon hallef der Realitéit entfleucht ass.

Richteg geféierlech sin déi Sekten, déi hir Absichten an Ideologie verstoppen, bis en ebe richteg dranhänkt. Wéi z.B. Scientology, déi sech als "Wëssenschaft" duerstellt, déi dem eenzelnen hëllefe kann, méi schlau, méi glëcklech a méi räich ze gin.

Oder déi Sekten, déi et fäerdeg brëngen, mat hirem eigentleche Uleies souguer ganz am Hannergrond ze bleiwen a just e puer Dommer mat hire gefällege Slogans rekrutéieren, déi dann fir sie hir Stëchwierder an éng öffentlech Diskussioun abréngen.

Am Moment gesäit een dat och hei am Land, an éngem ganz bestëmmte Segment vum "Discours public".....

64

10.12.2008, 14:15

[quote='Vurgizzel',index.php?page=Thread&postID=12188#post12188}

Am Moment gesäit een dat och hei am Land, an éngem ganz bestëmmte Segment vum "Discours public".....[/quote]

du sees ët!!! :rolleyes: ;( :cursing:

Ech verbesseren dat do elo net, du verstidd dat och esou! Pardon.

65

11.12.2008, 10:29

Richteg geféierlech sin déi Sekten, déi hir Absichten an Ideologie verstoppen, bis en ebe richteg dranhänkt......
... am geféierlechsten an niederträchtechsten ass nach ëmmer : OPUS BOKUS DEI :!:
Das sogenannte Theodizeeproblem :
Kann oder will Gott das Leid in dieser Welt und die Untaten seiner Kirchenmänner nicht verhindern?
Wenn er es nicht kann, ist er nicht allmächtig, wenn er es nicht will, dann ist er nicht allgütig !

66

11.12.2008, 11:17

Am Jeudi vun haut geet et ennert aanerem och em d'Verhältnis tescht dem Haff, dem Beschof an dem Opus Dei.

67

22.12.2008, 15:32

Nach en wuert zu den sintologen hei am laendchen…..

Vun der braderie 2008, en offiziellen stand ,,,,,, eh ben

http://egalwaat.lu/2008/09/01/323/

LIFE POWER Luxembourg

http://editustel.luxweb.com/web/AT/de/38…Luxembourg.html

die adress ass jo schons bekannt…. ;)

des firma haat an der nummer 4 am joer 2005 och schons annoncen an der memberszeitung « autotouring «

wann een sech zerek erennert wor deemols en geschaeft um lampertsbierg (ermesinde / victor hugo) wou die firma wor

do konnt een sech eng loftopnahm bestellen vun sengem haus oder waat och emmer

et ass sech deemols schons d fro gestallt ginn wien dann am transportministere d autorisatiounen ginn huet fir die flich an geringer hiecht ze genehmegen…….
wou sin ech drun ?

de richtege Wee : "Ne rien nier à priori, ne rien affirmer sans preuve."

"Deception is a state of mind and the mind of the State" :thumbup:

68

22.12.2008, 19:42

Nach en wuert zu den sintologen hei am laendchen…..
Vun der braderie 2008, en offiziellen stand ,,,,,, eh ben
http://egalwaat.lu/2008/09/01/323/
... de Ronbothunter misst sech zum Prinzip maachen, beim Schreiwen daat hei Gesetz ëmmer virun Aaen ze haalen : d'Wahrscheinlechkeet ( W ), dass de Lieser den Text bis zum Schluss liest, ass ëmgekéiert proportional zur Längt ( L ) vum Text d.h. mathematesch ausgedreckt :
W = R / L
(woubäi R de Relevantheetsgrad vum Text ass) .
Säi Beitrag hun ech awer trotzdem no 2 Uleef bis zum Enn geschafft an huet mech an deem Sënn interesséiert wou e weist wéi hirnlos, engstirnech an endoktrinéiert d'Mënschen als Anhänger vu Sekten a Relioune könne mat raffinéierter Hirnwäschmethoden (vu Katecheten oder soss Scientologen an ähnleches ..) ërugezillt gin.
Das sogenannte Theodizeeproblem :
Kann oder will Gott das Leid in dieser Welt und die Untaten seiner Kirchenmänner nicht verhindern?
Wenn er es nicht kann, ist er nicht allmächtig, wenn er es nicht will, dann ist er nicht allgütig !

69

21.06.2009, 02:39

Religounsunterricht muss an der Schoul enner der Kontroll vun der Zivilgesellschaft bleiwen!

Sekten a bedenklech Splittergruppen och an der kathoulescher Kiirch sinn Grond genuch firwaat de Religiounsunterrecht net diirf aus der Schoul verschwannen, an d'Conventiounen vu Staat a Religiounen net diirfen ofgeschaaft ginn.

Wann een de schouleschen Religiounsunterrecht ofschaaft an duerch e gemeinsamen Wertunterrecht ersetzt, fänken virun allem extremistesch Sekten a Religiouns-Splittergruppen als eischt un e Religounsunterrecht ausserhalb vun der Schoul ze organiseieren, total ausserhalb vun jiddfer Kontroll durch Schoulministere oder Zivilgesellschaft. Daat kann net gudd ausgoen!

Wann een déi staatlech Finanzeierung fir d'Klerusen ofschaaft mussen d'Religiounsgesellschaften hiir Aktiviteiten aanescht finanzeieren.
Wien kann da garantéieren dass dann d'Suen net vum Opus Dei, der Piusbrudderschaft oder dem Ahmadinedschad kommen?
Religionen wachsen nicht im Bauch sondern im Kopf.
Die fünf ersten Dogmen der Religion von der Börse lauten:
Die Börse ist aller Anfang.
Die Börse hat aus zwei ihrer Rippen das Geld und die Erde erschaffen.
Im Garten Eden hat das Geld die Börse geschwängert.
Die Börse hat einen grossen rot glänzenden Apfel gelegt mit Eva und Adam im Kern drinne.
Die ersten Menschen haben sich aus dem reifen Apfel gebohrt und sich die Erde untertan gemacht, chaotisch unter der Oberaufsicht von Börse und Geld.

70

21.06.2009, 16:29

Et kann ee Relioun och kontrolléieren, ouni se ze subventionéieren.

71

23.06.2009, 16:04

Kontroll huet wien bezillt.

Zitat

Et kann ee Relioun och kontrolléieren, ouni se ze subventionéieren.


Allgemeng ass et esou dass deen dee bezillt och d'Kontroll huet wat leeft.
An der Religioun heescht dat zum Beispill Nominatioun vun Paschteier, Pastoren, Imamen, Bescheef, Muftien.

An do mecht et e Riesenennerscheed op d'Suen vum Letzebuerger Staat kommen, oder vun extremisteschen religieusen Fraktiounen:
Opus Dei
Pius-Brudderschaft
Skulls and Bones
fanatesch Evangelisten an aaner Leit aus deem selwechten Eck (déi och gehollef hunn en amerikaneschen Geschäftsmann vun der schiefer Bunn vun der Alkohol-Sucht ewech an op der "richtege Wee" zereck ze brengen)
religiös Fraktiounen aus der Tirkei oder aus Saudiarabien...

Wien bezillt, ernennt och seng Leit zu Religiounsenseignanten déi ausserhalb vun der Schoul aktiv sinn, wann de Religiounsunterrecht dann net méi an der Schoul ass.

Ass et dann net awer besser wann de Staat eng Hand mat upakt fir dass Religiounen an Religounsunterrecht weltoffen an am Aklang mat onser Zivilgesellschaft a Constitutioun bleiwen?
Religionen wachsen nicht im Bauch sondern im Kopf.
Die fünf ersten Dogmen der Religion von der Börse lauten:
Die Börse ist aller Anfang.
Die Börse hat aus zwei ihrer Rippen das Geld und die Erde erschaffen.
Im Garten Eden hat das Geld die Börse geschwängert.
Die Börse hat einen grossen rot glänzenden Apfel gelegt mit Eva und Adam im Kern drinne.
Die ersten Menschen haben sich aus dem reifen Apfel gebohrt und sich die Erde untertan gemacht, chaotisch unter der Oberaufsicht von Börse und Geld.

72

23.06.2009, 23:56

Zitat

Ass et dann net awer besser wann de Staat eng Hand mat upakt fir dass
Religiounen an Religounsunterrecht weltoffen an am Aklang mat onser
Zivilgesellschaft a Constitutioun bleiwen?
Ech menge grad dann, wann Relioun riskéiert ausserhalb vum Staat verfassungswidreg ze agéieren, sollt se innerhalb vum Stat näischt verluer hunn. En plus kann de Stat och d'Reliounen op Verfassungs- a Gesetzeskonformitéit kontrolléieren, wann en se net finanzéiert, schliesslech muss sech och all Bierger un d'Gesetzer halen, net just d'Statsbeamten.

Wat de Reliounsunterrecht betrefft, do mengen ech net, datt een e Reliounsproff an enger staatlecher Schoul besser kontrolléieren kann, bei deem wat en de Kanner verzielt, ewéi an enger Privatschoul. Et ass jo och am Interet vun der Kierch dann en "qualitativ héischwäertege" Cour unzebidden. Weider denken ech och, datt déi meescht Elteren hir Kanner aus Gewunnescht a gesellschaftlechem Zwang an de Reliounscour schecken, an datt se dann och net bei iegendeng dubiéis Sekt schécke géifen, wann et an der staatlecher Schoul kee Reliounscour méi géif ginn.

73

16.05.2012, 06:46

Das Office Of Special Affairs - O.s.a.

En interessanten Documentaire vun de Sintologen

Hei wäerten se och keng Steieren bezuelen ;) Dat wier dach eng parlamentaresch Fro un onsen Kultenminister den Här Bildchen.

De Movie op Arte ass och online ze kucken

Scientology wird in verschiedenen Ländern Europas als extremistische Sekte eingestuft und deshalb von Inlandsgeheimdiensten überwacht. Der deutsche Verfassungsschutz beobachtet die Organisation seit Mitte der 90er Jahre wegen des "begründeten Verdachts verfassungsfeindlicher Bestrebungen", denn ihr Ziel sei die Errichtung einer totalitären Gesellschaftsordnung. Das ist bekannt. Kaum bekannt dagegen ist, dass Scientology selbst einen Geheimdienst unterhält, der sich mit Abweichlern und Kritikern befasst. Scientology-Agenten wurden schon Spionage, Einbruch, Nötigung und andere kriminelle Delikte nachgewiesen.
Ihr Office of Special Affairs ist der älteste und größte private Geheimdienst der Welt, kommandiert von Scientology-Führer David Miscavige in Los Angeles. Die Sekte selbst bezeichnet O.S.A. als ihr Presse- und Rechtsamt, das Informationen über Aussteiger und Kritiker lediglich auf legalem Wege beschaffe. Wer sind die Menschen, die für dieses "Amt" arbeiten? Was sind ihre Ziele? Welche Methoden wenden sie an? Darauf gibt der spannende Dokumentarfilm Antworten. Bei ihren Recherchen stießen Frank Nordhausen und Markus Thöß schließlich sogar auf Verbindungen zur hohen Politik - bis ins Außenministerium in Washington DC.

(Deutschland, 2012, 89mn)
SWR

weitere Ausstrahlungstermine:
Samstag, 19. Mai 2012, 15:15
Samstag, 2. Juni 2012, 02:10


.
wou sin ech drun ?

de richtege Wee : "Ne rien nier à priori, ne rien affirmer sans preuve."

"Deception is a state of mind and the mind of the State" :thumbup:

Ähnliche Themen