Sie sind nicht angemeldet.

Lieber Besucher, herzlich willkommen bei: LUX-FORUM. Falls dies Ihr erster Besuch auf dieser Seite ist, lesen Sie sich bitte die Hilfe durch. Dort wird Ihnen die Bedienung dieser Seite näher erläutert. Darüber hinaus sollten Sie sich registrieren, um alle Funktionen dieser Seite nutzen zu können. Benutzen Sie das Registrierungsformular, um sich zu registrieren oder informieren Sie sich ausführlich über den Registrierungsvorgang. Falls Sie sich bereits zu einem früheren Zeitpunkt registriert haben, können Sie sich hier anmelden.

1

02.08.2008, 11:43

OPUS DEI an aaner doudgeféierlech Sekten

Ech hun mäi leschten Post aus "Euthanasie" erausgeholl an en extraen Thread heifir opgemaach

@ mJANG
Daat ass dach awer kloër, de Vatikan, an de Poopst sinn dach jhust nëmme Marionetten vun der Kathoulëscher Sekt "Opus Dei". Déi bestëmmen, waat gemaach, resp. net gemaach gëtt. A wann do een aus der Rei danzt, siehe de Poopst Jean-Paul I., deen emool wollt opraumen, da gëtt e kaalbliddeg liquidéiert. Am Intrigéieren, Vertuschen a Morden, do ass dach de Vatikan zesumme mat "Opus Dei" einsam Spëtzt, ech erënneren jhust un de Fall vun de Morden an der Schweizer Garde.
... genau, du brengs ët op de Punkt , wann een daat hei liëst da laafen engem d'Schudderen de Réck eroof.
De Jacques Santer ass offiziell och an dèr Sekt, gët ënner dem Land Frankreich an dèr Lëscht geféiert !
D'geet eben näischt iwer d'Kierch wann ët sech ëm Humbug , Muecht, "Moral" an Hypokrisie dréit !

----> an hei nach eng spannend Sonndëslektur zu deem Thema :!:
Das sogenannte Theodizeeproblem :
Kann oder will Gott das Leid in dieser Welt und die Untaten seiner Kirchenmänner nicht verhindern?
Wenn er es nicht kann, ist er nicht allmächtig, wenn er es nicht will, dann ist er nicht allgütig !

Europäer

unregistriert

2

02.08.2008, 13:11

@ mJANG

Merci, dass du dësen Thread opgemaach hues. Ech hunn dozou och nach muenches ze soen, muss awer elo leider passen, haut gëtt meng Duechter bestuëd, an esou feelt et mer un der Zeit.

Ech haat awer nach d'Zeit, fiir ze liesen, waat an dem Link vun der "Sonndëslektür" steet. Daat ass ganz interessant, mee nach méi schockéierend. Déi schlëmmste Sekten op der Welt si fiir mech "Opus Dei" an awer och "Scientology". Do ass keng besser, wéi déi aaner.

3

02.08.2008, 13:19

Europäer, ech wënschen denger Duechter daat gréisste Gleck vun der Welt fir säi Bestiednës , an Komplimenter fir d'Elteren .
Feiert nach gudd !
Das sogenannte Theodizeeproblem :
Kann oder will Gott das Leid in dieser Welt und die Untaten seiner Kirchenmänner nicht verhindern?
Wenn er es nicht kann, ist er nicht allmächtig, wenn er es nicht will, dann ist er nicht allgütig !

4

02.08.2008, 22:13

Sekten in Luxemburg

wie gesait et dann matt den sekten hei zu letzebuerg aus ?

daat mengen ech ass en groust TABUTHEMA hei am marienland
wou sin ech drun ?

de richtege Wee : "Ne rien nier à priori, ne rien affirmer sans preuve."

"Deception is a state of mind and the mind of the State" :thumbup:

5

02.08.2008, 22:56

RE: Sekten in Luxemburg

wie gesait et dann matt den sekten hei zu letzebuerg aus ?
daat mengen ech ass en groust TABUTHEMA hei am marienland
... onse fréieren aktiven (a vu mir séier geschätzte) Member den Tchup huet daat Thema ganz gudd an sengem Blog behandelt.
Das sogenannte Theodizeeproblem :
Kann oder will Gott das Leid in dieser Welt und die Untaten seiner Kirchenmänner nicht verhindern?
Wenn er es nicht kann, ist er nicht allmächtig, wenn er es nicht will, dann ist er nicht allgütig !

Europäer

unregistriert

6

03.08.2008, 11:50

@ mJANG
Merci, dass du dësen Thread opgemaach hues. Ech hunn dozou och nach muenches ze soen, muss awer elo leider passen, haut gëtt meng Duechter bestuëd, an esou feelt et mer un der Zeit.
Europäer, ech wënschen denger Duechter daat gréisste Gleck vun der Welt fir säi Bestiednës , an Komplimenter fir d'Elteren .
Feiert nach gudd !

@ mJANG

Mir soë villmools merci ! Mir hu gudd gefeiert. :)

Machiavelli's Ghost

unregistriert

7

05.08.2008, 01:07

zum santer:
ech hat schons eng keier heieren hien wir gesin gin zou letzebuerg, ech mengen kathedral, wei et joeresmass wuer, vum grenner vun der opus dei
desweideren as eiser digestiv och member vun der trilateral commission
den wahnsinn stoff, fir super verschwoerungs hypothesen ze spannen
mei wou damp as, as och nawell oft feier

zu den sekten
- hei mein totaten lieblings sekten speech
do muss ein wirklech eng maat der ratsch hun fier dem grand master rael zou feiss ze leien
hei den intro speech- einfach onmeiglech goud
onbesingt dei englesch versioun wielen, daat as den hellen wahn
hei den direkten link => http://rael.org/rael_content/intro.php?elan=English

hei do it yourself kachbuch
da ein wille, da ein weg
Mind Control Made Easy or How to Become a Cult Leader
http://www.youtube.com/watch?v=ZKjfaAAlqIA
daat as den stoff aus deim dreim gemach sin

greets
ur guru machia

Europäer

unregistriert

8

05.08.2008, 10:40

@ Machiavelli's Ghost

ech hu mer emool de Site vum "Rael" ugekuckt, do stinn engem d'Hoër jo zu Biirg, wann een daat gesäit. Ech haat virun etlecher Zeit och eng Doku op der TV iwwert d'Raelianer gesinn. Déi hu wiirklech all eng matt der Paan.

Mee ass et net eng Taatsaach, dass d'Leit an de schwieregen Zeiten, wou mer liewen, bei esou Sekten laafen, well se do egaal waat versprach kréien ?

Ech wollt nach op esou eng Oofsplitterung an der Kathoulëscher Kiirch hiweisen, déi och hei zu Lëtzebuerg ganz aktiv ass : et sinn daat d'Charismatiker. Ech hunn e bëssen am Internet gegoogelt, do sinn Siten, wou d'Charismatiker och als Sekt bezeechent ginn. Obschonns en déi vläit net soll an een 'Dëppen' matt Opus Dei geheien, schéint et mer awer, ewéi wann sie ëmmer méi un Afloss gewannen.

Emool hei kucken :

http://www.meuk.de/Evangelisation/Charis…f/gilsdorf.html (op "Start" klicken)

http://www.religio.de/akinfo/209.html#d

9

05.08.2008, 11:05

Wat leeft dann hei zu Lëtzebuerg am alen Kino Marivaux? Do geseit een kéipweis Portugiesen erangoën, wat ass dat dann nees firëng Sekt?

10

05.08.2008, 12:08

... do zu Gilsdorf an der Kierch ass jo ons Groussherzogin Maria Teresa ganz aktiv.
Waren da nët do d'Daafen vun deene leschte Prënzen ???
Ech mengen mir froen do mol ons Monarchiespezialistin Fifi !
Das sogenannte Theodizeeproblem :
Kann oder will Gott das Leid in dieser Welt und die Untaten seiner Kirchenmänner nicht verhindern?
Wenn er es nicht kann, ist er nicht allmächtig, wenn er es nicht will, dann ist er nicht allgütig !

Europäer

unregistriert

11

05.08.2008, 13:23

Wat leeft dann hei zu Lëtzebuerg am alen Kino Marivaux? Do geseit een kéipweis Portugiesen erangoën, wat ass dat dann nees firëng Sekt?
Daat ass, esouwäit ech weess, eng Sekt aus Brasilien, déi am aale Marivaux en Ënnerdaach fonnt hunn. Well ech Verbindungen zu Brasilien hunn, kucken ech heiansdo "Record TV", e Brasilianësche Sender fiir Europa. Do hunn sech verschidde däer Sekten Sendezeit kaaft, an do gëtt da gewisen, wou een sech kann umellen, falls een esou enger Sekt beitriede wëllt. Do taucht dann och ëmmer déi Adress vum Ex-Kino Marivaux op.

12

05.08.2008, 14:12

Bei mir em den Eck do as eng "Église de Jesus Christ des Saints des derniers Jours" Wess een vun Iech waat vir Leit dat sin?? Mir sin sie net geheier ;)

13

05.08.2008, 14:25

Bei mir em den Eck do as eng "Église de Jesus Christ des Saints des derniers Jours" Wess een vun Iech waat vir Leit dat sin?? Mir sin sie net geheier ;)

http://en.wikipedia.org/wiki/Latter_Day_Saint_movement

Déi muss een mengen ech net fäerten, déi sinn net méi bornéiert wéi aner Chreschten ;)

14

05.08.2008, 18:33

Bei mir em den Eck do as eng "Église de Jesus Christ des Saints des derniers Jours" Wess een vun Iech waat vir Leit dat sin?? Mir sin sie net geheier ;)
... daat sin Mormonen, mee se ënnerscheeden sech nëmmen vun der kath. Kierch duerch d'Taatsaach dass hir Männer méi Fraaen dèrfen hun wéi ons Paschtéier !
Das sogenannte Theodizeeproblem :
Kann oder will Gott das Leid in dieser Welt und die Untaten seiner Kirchenmänner nicht verhindern?
Wenn er es nicht kann, ist er nicht allmächtig, wenn er es nicht will, dann ist er nicht allgütig !

15

05.08.2008, 19:07

Wat leeft dann hei zu Lëtzebuerg am alen Kino Marivaux? Do geseit een kéipweis Portugiesen erangoën, wat ass dat dann nees firëng Sekt?
Daat ass, esouwäit ech weess, eng Sekt aus Brasilien, déi am aale Marivaux en Ënnerdaach fonnt hunn. Well ech Verbindungen zu Brasilien hunn, kucken ech heiansdo "Record TV", e Brasilianësche Sender fiir Europa. Do hunn sech verschidde däer Sekten Sendezeit kaaft, an do gëtt da gewisen, wou een sech kann umellen, falls een esou enger Sekt beitriede wëllt. Do taucht dann och ëmmer déi Adress vum Ex-Kino Marivaux op.

OK, dann renséignéiër dëche mol genau, ech mëllen mëch emol do un, déi nerven nämlech. Eisem "Klëngen" seng Elteren sollen sëch do eremdreiwen.

Europäer

unregistriert

16

05.08.2008, 19:42

@ Hydra

Hei, waat ech elo emool fonnt hunn. Do sinn awer nach weider Recherchen néideg :

Zitat

aus "Lëtzebuerger Revue" :

"... Um ein wirtschaftliches Unternehmen globalen Ausmaßes handelt es sich auch bei der «Igreja Universal do Reino de Deus» (IURD) mit Hauptsitz in Brasilien. Der Luxemburger Sitz der 1977 von dem ehemaligen Lotteriemitarbeiter Edir Macedo in Rio de Janeiro gegründeten Bewegung wurde vor kurzem vom ehemaligen Marivaux-Kino innerhalb des hauptstädtischen Gare-Viertels in die Rue Glesener verlegt. Der unscheinbare Versammlungsort liegt nun hinter einem dezent mit Blumen geschmückten Schaufenster verborgen. In einem großen Saal lassen sich die Gläubigen dort positives Denken und das Wort des Glaubens beibringen. «Bringt den ganzen Zehnten» ist die wohl meistzitierte Stelle in den Schriften von Edir Macedo: Wie bei den Mormonen muss jedes Kirchenmitglied ein Zehntel seines Einkommens abgeben – was der Macedo einigen Wohlstand brachte. In Brasilien besitzt die IURD sogar einen Fernsehsender sowie mehrere Radiostationen und ist im nationalen Parlament vertreten. ..."

17

05.08.2008, 21:22

@Europäer,

dat do kann jo net sin!!! Dohin geet also dat Geld, wat sie nët firhir Kanner kënnen opbrëngen. Ech wees och wou dat ass an der Glesener-Stroos, wanns du vum Police-Bureau kënns ass ët riëtser Hand, iërs du an d'avenue kënns. Oh waart!!!

18

05.08.2008, 22:29

@mJANG,

Ech wees ët jo net, mee iërgentwéi mëngen ech, dass Opus Dei fir dën eenzelnen Mënsch manner geféiërlech ass, wéi villi Sekten, déi mir hei zu Lëtzebuerg beherbergen.

19

05.08.2008, 22:59

@mJANG,
Ech wees ët jo net, mee iërgentwéi mëngen ech, dass Opus Dei fir dën eenzelnen Mënsch manner geféiërlech ass, wéi villi Sekten, déi mir hei zu Lëtzebuerg beherbergen.
... d'Mafia ass fir mech och nët geféierlech, fir aanerer schon !!!!
Wéi war ët dann deemools deem Mann ergaang, deen am Skandal vun der vatikanëscher Banco Ambrosiano ze vill wousst : enges schéine muergens huet hien erhaang iwer der Themse vun enger Breck zu London gebaumelt !!!
Bestuëd dech emool mat engem kathoulesche Paschtouer ! Da weist nämlech Opus Dei säi richtecht Gesiicht , an dann hues du guer näischt méi ze laachen.
Das sogenannte Theodizeeproblem :
Kann oder will Gott das Leid in dieser Welt und die Untaten seiner Kirchenmänner nicht verhindern?
Wenn er es nicht kann, ist er nicht allmächtig, wenn er es nicht will, dann ist er nicht allgütig !

Machiavelli's Ghost

unregistriert

20

05.08.2008, 23:45

wann ech daat alles hei liesen, dann kreien ech bal loscht meng eigen sekt opzemachen
ech hat des lescht nach maat engen geschwaat, esou owes speit op enger party, dein ganz serieux gemengt huet daat willt hien nach machen
irgendwou op enger insel, mei hien wir dann en gouden guru
mir haaten durno dann nach eng grouss discussion iwer ethik, mei wann ech daat alles hei liesen, dann brennt et mer och enner den fanger

iwer charismatiker
http://www.religio.de/akinfo/209.html#d
Den Teufel lernte Christina B. als 13jährige kennen. In der Pubertät hatte das blonde Mädchen angeblich "sündige Gedanken zugelassen" und dadurch "Mephisto Einlaß gewährt". Jedenfalls sah es der Schulseelsorger so. Als Mitglied einer "Charismatischen Erneuerungsbewegung" in der Katholischen Kirche wußte der Mann Abhilfe.

suendige gedanken- waaah, wahnsinn, mei gott, dei hun och eng ferm maat der ratsch; an dann geit et kneppeldeck esou weider...

In seiner Gemeinde lernte Christina schnell, wie man "konkret Kontakt mit Gott aufnimmt". Sie wurde gedrängt, Jesus Christus ihr "Leben zu übergeben". Also eine zu werden, denn nur so gebe es Hoffnung, die "Endzeit" zu üb erleben. "Danach war ich richtig erleichtert, den Klauen Satans entgangen zu sein", sagt Christina.

a propos wiedergeborene Christin; den geoges bush as och esou en born again christiain
ech hat emol eng keier d'eier maat esou engem born again evangelist ze potteren- total verreckt...

sou ech kucken mer elo zou ofwieslung nach eng keier den youtube vid un- ca fait rever
Mind Control Made Easy or How to Become a Cult Leader
http://www.youtube.com/watch?v=ZKjfaAAlqIA

bon hei dei mei witzeg variant
les inconnus- les sectes
http://www.youtube.com/watch?v=k_3hIoUGbls

an hei den gouden aalen klassiker
les inconnus- jesus 2, le retour
"pour sauver sa peau, il doit mourrir" -genial!
http://www.youtube.com/watch?v=aEXmf1s9EwE&feature=related

greets
machia

Dieser Beitrag wurde bereits 1 mal editiert, zuletzt von »Machiavelli's Ghost« (05.08.2008, 23:51)

Ähnliche Themen