Sie sind nicht angemeldet.

Lieber Besucher, herzlich willkommen bei: LUX-FORUM. Falls dies Ihr erster Besuch auf dieser Seite ist, lesen Sie sich bitte die Hilfe durch. Dort wird Ihnen die Bedienung dieser Seite näher erläutert. Darüber hinaus sollten Sie sich registrieren, um alle Funktionen dieser Seite nutzen zu können. Benutzen Sie das Registrierungsformular, um sich zu registrieren oder informieren Sie sich ausführlich über den Registrierungsvorgang. Falls Sie sich bereits zu einem früheren Zeitpunkt registriert haben, können Sie sich hier anmelden.

Nath

Fortgeschrittener

Beiträge: 185

Wohnort: Esch-sur-Alzette

  • Nachricht senden

1

01.12.2008, 09:22

Ech hun den Androck d'Opklärungen wieren stuark erofgaangen an nach laang net mèi esou intensiv wéi daat um Enn vun den 80er, Ufanks 90er de Fall wuar.

An ech mengen déi Krankheet get leider vill ze vill op d'Liischt Schëller geholl, well mer haut Medikamenter hun wou ee laang Zäit ouni oder bal ouni Problemer liewen kann. Ech hun d'Lescht Woch nach vun enger Fra an Däitschland geliess déi sech 1988 ugestach huet an haut nemmen nach 3 Pellen den Dag hellt an duerch déi Medikamenter ouni Problemer hier Aarbecht ka macchen wou se uerchter Welt muss reesen.

An ech fannnen all déi Grenn sin awer kee Grond déi Krankheet einfach ze ignoréieren, well geféierlech ass se emmer nach ... an bleiwt se och esou laang se keng Imfung fannen, well nemmen esou kann een se ausrotten ...

2

01.12.2008, 10:26

Majo, ech hun den Moiën den Kapp gerëselt, wéi ech héieren hun, dass sech hei zu Lëtzebuerg d'läscht Joer iwer 60 Leit nei ungestach hun.

Nath

Fortgeschrittener

Beiträge: 185

Wohnort: Esch-sur-Alzette

  • Nachricht senden

3

01.12.2008, 10:36

majo wann ech richteg héieren hun ass et daat duebelt vun 2007 ...

4

01.12.2008, 10:50

Ich hab heute morgen jemanden im Radio so halb zugehört. Irgendwie scheint es vielen Menschen egal zu sein ob sie sich nun anstecken oder nicht. :?: :?:

Nath

Fortgeschrittener

Beiträge: 185

Wohnort: Esch-sur-Alzette

  • Nachricht senden

5

01.12.2008, 11:17

majo well een jo anscheinend net méi esou krank, oder esou schnell krank get an et vill méi Joèeren dauert wéi nach virun 10 Joer an dofier ass et en egal an si denken net doriwwer no waat dann ass wann dann den AIDS an 20 Joër erausbrecht oder esou .... esou nom Motto waat ass dann an 20 Joër, da sin ech jo en aalen Bop, eng al Bom ... (iergendswéi esou eppes wärt an denen Käpp sin) ouni sech dofier ze interesséieren wéivill se der nach ustiechen ...

6

01.12.2008, 11:36

Wourunner keen denkt, dat ass, dass sie sëch och mat der Hépatite C kënnen unstiechen, dat féiërt zur Liewerzirrhose an ass onheelbar.

Nath

Fortgeschrittener

Beiträge: 185

Wohnort: Esch-sur-Alzette

  • Nachricht senden

7

01.12.2008, 11:40

Jo deet een brengt daat anert jo mat sech. Esou ewéi vill aner Krankheeten déi dann no a no kennen ausbriechen eet den AIDS iwwerhaapt optrëtt ...

hei een artikel wou ganz gutt beschreiwt waat et fier eeler Patienten an Däitschland dosin .... hei wärt et oc net anecht sin ...

http://www.zeit.de/online/2008/49/aids-pflege

Dieser Beitrag wurde bereits 1 mal editiert, zuletzt von »Nath« (01.12.2008, 14:01)


8

01.12.2008, 15:38



Dat ass elo schon ë groussen Problem. Wouhin dees du déi Leit, wann sie mat 40 - 50 Joër nëmmen nach ë Wrak sin? Eigentlech missten sie an den Pflegeheimer ënnerkommen. Nëmmen, sie hun den Alter nët. Also missten onbedëngt nei Heimer gegrënnt gin. Wien bezillt dat?

Ët ass schwéier esou ën Heim vum Staat genehmegt ze kréien.

Wanns du iwer 70 oder vill méi Joeren aal bass, an altersbedëngt net méi kanns fir dech suergen, dat gett bei den Leit als normal empfond. Praktesch jiddereen huet een an der Famill deen altersbedëngt net méi eleng eenz gett. Wanns du awer schon mat 40 - 50 Joer an ën Heim muss kommen, wells du eng Krankheet hues, déi's du duerch sexuellen Kontakt an Drogen (och Alkohol) opgeraaf hues, dann ass meeschtens keen Verständnis do.

Hei am Land gin ët verschidden Institutiounen fir Leit déi schon virum gesetzlechen Alter fir an ën Altersheim kennen do opgeholl gin. Mee dat sin keng schlëmm Pflegefäll.

9

02.12.2008, 07:44

ausgegrentzt trotz aller aufklärung und verständniss oder wissen über die erkrankung wird der patient immer noch von der gesellschaft

Wien sech onverscheld mat dem Dreck infizéiert (OP, Transfusioun, vum Partner ugestach, asw) kann op mäin 100%egt Matgefill zielen an do sinn ech och bereed ze hëllefen. Wien awer mam Feier spillt a sech d'Patten verbrennt hat ganz einfach Pech!
Sollt ech enges Dags Longekriibs hunn wees ech jo och wouvunner, dat ass dann ewen MÄI Pech.
Politik ist die Kunst, die Bürger immer wieder so schnell über den Tisch zu ziehen, daß sie glauben, die dabei entstehende Reibungshitze sei Nestwärme

10

02.12.2008, 08:43


Wien sech onverscheld mat dem Dreck infizéiert (OP, Transfusioun, vum Partner ugestach, asw) kann op mäin 100%egt Matgefill zielen an do sinn ech och bereed ze hëllefen. Wien awer mam Feier spillt a sech d'Patten verbrennt hat ganz einfach Pech!
Sollt ech enges Dags Longekriibs hunn wees ech jo och wouvunner, dat ass dann ewen MÄI Pech.


Genau dat do ass den Problem. Keen Staat geet gären drun ë Pflegeheim opzemachen fir Leit déi duerch hir eegen Schold esou krank gin sin. Wann mir zwee Longenkriibs kréien, dann geet et séier, mir hun dann och joerzengtenlang an d'Krankenkees anbezuehlt. Wann awer ën Drogéierten Aids oder Hépatite C kritt, oder een sech duerch sexuellen Kontakt, wuelwëssend dass den Partner Aids kann hun, ungestach huet, dann muss deen joerelang gepflegt gin. Do fehlt dann d'Verständnis vun den Leit. D'Fro ass awer dann déi hei: mussen mir dann net awer hellefen? Et ass ë Mensch, egal wat fir Dommheeten hien gemach huet.

11

02.12.2008, 08:47

Ech wollt net ausdrëcken, dass sou Leit keng medizinesch Hëllef solle kréien. Ech huelen déi Hëllef jo och an Usproch wann mir d'Long explodéiert :D
Mee déi Tréinendrüsgeschichten gi mir op d'Nerven. Wien d'Bréck erofspréngt därf sech net wonneren wann et ënnen knätscht.
Politik ist die Kunst, die Bürger immer wieder so schnell über den Tisch zu ziehen, daß sie glauben, die dabei entstehende Reibungshitze sei Nestwärme

12

02.12.2008, 08:57

Du mengs déi Ausgrenzung vun der Gesellschaft, déi ungesprach gin ass?

Dat stemmt awer esou net, well haut keen méi ën Aids-Kranken ausgrenzt. Ech hun méi ewéi eng Kéier mat enger aids-kranker Persoun ze din. Firwat soll ech déi anescht behandelen wéi déi aner? Ech kann mir net virstellen, dass wanns du bei dir um Buro ë Mensch schaffen häss oder hues, deen aids-krank ass, dass deen dat ze spiiren kréich. Et ass eng Krankheet wéi eng aner, an sie ass net unstiechend wann een mat deem Mensch schafft, schwätzt, ë Patt huelen geet, iessen geet, an den Kino geet asw. Ech gesin do och den Problem net.

13

02.12.2008, 09:03

@muc-angel,

es müssen Pflegeheime gebaut werden für aids-kranke Menschen, die schon ab 40 oder vielleicht noch früher nicht mehr für sich selbst sorgen konnen. Das wird noch dauern. So schnell sind auch die Pflegeheime für alte Menschen nicht gebaut worden. Die Mühlen des Staates mahlen langsam.

14

02.12.2008, 09:10

Wou grenzen ech dann aus?

Just mäin Matleed fir Leit, déi mam Feier gespillt a sech verbrannt hunn, hällt sech a Grenzen. Ech behandelen déi Leit wéi all Mënsch, net méi, net manner.
Politik ist die Kunst, die Bürger immer wieder so schnell über den Tisch zu ziehen, daß sie glauben, die dabei entstehende Reibungshitze sei Nestwärme

15

02.12.2008, 09:30

Wou grenzen ech dann aus?

Just mäin Matleed fir Leit, déi mam Feier gespillt a sech verbrannt hunn, hällt sech a Grenzen. Ech behandelen déi Leit wéi all Mënsch, net méi, net manner.


Du hues mech net verstaan. Ech hun net gesoot dass DU géings ausgrenzen. :) Ech soot, dass am allgemengen NET méi ausgegrenzt gett.

16

02.12.2008, 09:42

Ah, ok :)
Wann net méi ausgegrenzt gëtt ass wéinstens deen Aspekt jo vum Dësch
Politik ist die Kunst, die Bürger immer wieder so schnell über den Tisch zu ziehen, daß sie glauben, die dabei entstehende Reibungshitze sei Nestwärme

Nath

Fortgeschrittener

Beiträge: 185

Wohnort: Esch-sur-Alzette

  • Nachricht senden

17

02.12.2008, 11:03

Majo daat doten beonrouegt een awer schons wann all drëtten infizéierten mat HIV net wees dass en infizéiert ass.... dann gin et der jo der theoretesch 3 x méi wéi se mengen ... déi dann emmer weider nach aner Leit ustiechen

hei de Link zum Artikel: http://www.netzeitung.de/gesundheit/1223578.html

ech hun deslescht eng Bluttanalyse gemaat fier déi üblech Saachen, fier ze kucken op ech ganz gesond sin, d.h. Zocker, Cholestrol, Eisen, asw... an do huet mäin Docter gerfroot op ech net am engems en Hepatite an AIDS-Test wéilt maachen, do soot ech jo, schueden deet et jo näischt.... den Doc seet fier déi zwee Tester misst en eng Erlaabnis beim Patient froen,

18

02.12.2008, 11:33

@Nath,

jo, dat stëmmt, den Dokter muss dir soen wann hien ën Aids-Test machen léisst.

Wéi wëlls du dat dann machen, fir eraus ze fannen wéivill Leit an der Populatioun Aids hun? Dann missten mir schon alleguer ën Test machen loossen. Dat géing awer wahrscheinlech dem Di Baaaaaartolomeo seng Kees sprëngen.

Nath

Fortgeschrittener

Beiträge: 185

Wohnort: Esch-sur-Alzette

  • Nachricht senden

19

02.12.2008, 12:03

@Nath,

jo, dat stëmmt, den Dokter muss dir soen wann hien ën Aids-Test machen léisst.

Wéi wëlls du dat dann machen, fir eraus ze fannen wéivill Leit an der Populatioun Aids hun? Dann missten mir schon alleguer ën Test machen loossen. Dat géing awer wahrscheinlech dem Di Baaaaaartolomeo seng Kees sprëngen.


dofier fannen ech et schon gutt dass een Test muss maachen wann een sech bestueden well, dann froen ech mech zwar och wéivill vun denen neien infizéierten fonnt gi sin wéi se den Test wollten maachen wéi se sech bestueden wollten ...

Nath

Fortgeschrittener

Beiträge: 185

Wohnort: Esch-sur-Alzette

  • Nachricht senden

20

03.12.2008, 09:05

ja aber für viele ist er ein "Zwang", weil man wahrscheinlich Angst vor dem Resultat hat

oder die Leute sind sich so sicher dass sie den denken sie bräuchten keinen Test zu machen.

Ähnliche Themen