Sie sind nicht angemeldet.

Europäer

unregistriert

1

20.08.2008, 13:26

Kriibserreegend Fritten an Chips

Ass et ewéi beim Uran am Waasser och, erëm 'Panikmache', oder ass et eng geféierlech Taatsaach : an den Chips, ewéi och an de Fritten, ass elo en neien, anscheinend ganz Kriibserregenden Stoff, entdeckt ginn : "Glycidamid". Dass Chips a Fritten net graad déi gesondste Nahrungsmëttele sinn, wësse mir jo. Mee, wann daat stëmmt, waat elo neierdéngs entdeckt ginn ass, da muss een sech sécher fäerm Gedanken maachen.

http://www.focus.de/gesundheit/diverses/…aid_325803.html

2

20.08.2008, 15:21

@Europäer,

meng Bomi huët vill Fritten giëss an ass 98 Joër aal gin. Mëng Mamm an mein Papp sin der 85 aal gin, déi hun Fritten an Chips giëss.

Ech faalen op déi Panikmache do nët méi eran. Ët ass wéi virun ënger Zeit mam Poulet, d'Fullegripp, erënner dëch!

Ajo nach eppes: kann ët sin, dass mir zevill Palmuëleg hun an deen elo mussen lassginn? :) :)

3

20.08.2008, 15:38

Europäer, ech giff mer do mol net zevill Gedanken maachen - emmerhin as et de Focus, an d'ass Summerlach.

Dass Fritten a Chipsen net gesond sinn wesse mer jo. Mee vun engem Noweis, dass en gewesse Stoff an de Fritten dran as, an dass dee Stoff prinzipiell riksant as, as et nach e wäite Wee derzou fir kennen eng Ausso ze maachen, wat genau dee Stoff an däer Konzentratioun bei de Leit ausléist.

Machiavelli's Ghost

unregistriert

4

20.08.2008, 16:59

dei saach mam Acrylamid. as jo schon en aalen hut; daat as jo schons joeren bekannt
einfach manner vun dem "zeug" bouffen, wanns de drun gleiws
och wnn et soll gefteg sin, as daat awer keng garantie fir iwermuer doud emzefallen
sos missten dei meischt Femmerten schosn lang am jenseits sin

"Glycidamid" , einfach emol googlen
waat ein do net alles fend...

Krebsauslöser in Chips und Pommes nachgewiesen
Münchner Forscher haben das krebsauslösende Glycidamid in Pommes frites und Kartoffelchips nachgewiesen. Glycidamid ist deutlich gefährlicher als das bereits vor Jahren in Kartoffelprodukten entdeckte Acrylamid. Ein Toxikologe warnt wegen der geringen Konzentrationen aber vor Panikmache
http://www.spiegel.de/wissenschaft/mensc…,572724,00.html
http://pubs.acs.org/cgi-bin/abstract.cgi…/jf800280b.html

http://jnci.oxfordjournals.org/cgi/conte…ract/96/13/1023
Background: Acrylamide, a known rodent carcinogen, is found in the human diet. However, the mechanism by which acrylamide exerts its carcinogenic effects remains unclear....

http://www3.interscience.wiley.com/journ…ETRY=1&SRETRY=0
The recent discovery of acrylamide (AA), a probable human carcinogen, in a variety of fried and baked starchy foods has drawn attention to its genotoxicity and carcinogenicity. Evidence suggests that glycidamide (GA), the epoxide metabolite of AA, is responsible for the genotoxic effects of AA. To ...

wou mer dobei sin- mein lieblingsthema an deser rubrik
an der sovietunion sin et keng kiichen microwellen uefen gin
firwaat:
se hatten eraus fond daat et net esou gesond wier; ech mengen se hatten ganz anormal blutwerter gemoss
mei, no 91, hatten se daat dann ganz seier vergies ...

Dieser Beitrag wurde bereits 1 mal editiert, zuletzt von »Machiavelli's Ghost« (20.08.2008, 17:09)


5

20.08.2008, 17:09

Waart nach ë bësschen, dann féiërt den Putin daat nees an. ;)

6

20.08.2008, 19:04

dei saach mam Acrylamid. as jo schon en aalen hut; daat as jo schons joeren bekannt
einfach manner vun dem "zeug" bouffen, wanns de drun gleiws
och wnn et soll gefteg sin, as daat awer keng garantie fir iwermuer doud emzefallen
sos missten dei meischt Femmerten schosn lang am jenseits sin


Ech fannen et emmer amüsant, wéi an der Technik emmer den Risiko errechnet/geschat get - Deng Chance bei engem Fligersaccident emzekommen as ongeféier 1:10^7, Deng Chance bei einem Accident an enger Nuklearanlage emzekommen as ongeféier 1:10^10 etc.

Deng Chance um Femmen emzekommen as tescht 1:3 an 1:5

Mat der Konsequenz dass wanns de Femmert bass, kannst De duerchaus gäeren Fritten iessen, Moto fueren etc. :)

Europäer

unregistriert

7

17.09.2008, 14:15

Vun Expert'en koum elo d'Entwarnung, dass daat guër net esou dramatësch ass, wéi déi Panikmacher behaapt hunn. Et soll ee jhust d'Temperatur vum Frittefett, resp. Uëleg, net esou héich setzen, d.h., ënnert 170°C. Da wäer de Risk minim. Alt erëm e Stuurm am "Waasserglaas", oder besser gesoot, am Frittendëppen ? :)

8

17.09.2008, 16:19

Vun Expert'en koum elo d'Entwarnung, dass daat guër net esou dramatësch ass, wéi déi Panikmacher behaapt hunn. Et soll ee jhust d'Temperatur vum Frittefett, resp. Uëleg, net esou héich setzen, d.h., ënnert 170°C. Da wäer de Risk minim. Alt erëm e Stuurm am "Waasserglaas", oder besser gesoot, am Frittendëppen ? :)
... an dobäi och nach e kënschtlech konstruéierte Stuerm am Summerlach,
do sin esou Story'en ëmmer wëlkomm fir d'Säiten vun den Zeitungen ze fëllen !
Das sogenannte Theodizeeproblem :
Kann oder will Gott das Leid in dieser Welt und die Untaten seiner Kirchenmänner nicht verhindern?
Wenn er es nicht kann, ist er nicht allmächtig, wenn er es nicht will, dann ist er nicht allgütig !

Ähnliche Themen