Sie sind nicht angemeldet.

Europäer

unregistriert

1

07.08.2008, 18:47

Uran am Drénkwaasser, och zu Lëtzebuerg ?

An Däitschland hunn se jo elo festgestallt, dass op ville Plaatzen den Uran-Gehalt am Drénkwaasser vill ze héich ass. Dobäi wäer et och emool interessant ze wëssen, wéi daat domatt hei zu Lëtzebuerg ass, op et och hei esou e Problem gëtt :?:

http://www.spiegel.de/wissenschaft/mensc…,570010,00.html

2

07.08.2008, 19:13

@Europäer,

ech kann neischt fannen wéi ët hei am Land ausgeseit. Vielleicht ass en aneren User besser am Sichen wéi ech.

Iwwregens, wär dat neischt fir eis EU? Dann géingen sie alt emol nees eppes Verstännëges machen.

Ët schéint jo emol an Deitschland keen Grenzwert ze gin, soss stéing dat hei jo net am Artikel: "Das Gesundheitsministerium sollte einen gesetzlichen Grenzwert in der Trinkwasserverordnung einführen"

3

07.08.2008, 19:16

RE: Uran am Drénkwaasser, och zu Lëtzebuerg ?

An Däitschland hunn se jo elo festgestallt, dass op ville Plaatzen den Uran-Gehalt am Drénkwaasser vill ze héich ass. Dobäi wäer et och emool interessant ze wëssen, wéi daat domatt hei zu Lëtzebuerg ass, op et och hei esou e Problem gëtt :?: http://www.spiegel.de/wissenschaft/mensc…,570010,00.html
... also ech haalen daat do fir eng total iwerspëtzt Panikmacherei vun Foodwatch an da kënnt d'Summerlachphänomen beim Spiegel nach dobai !!!
Hei gët de Leit suggéréiert Uran = Schwermetall, = Radioaktivitéit, = Atomzentral, = Atombomm also héichgeféierlech :!:
Daat ass wierklech egaal waat , virun allem wou de Geschäftsführer vu FW och nach feststellt : "das ist schon dramatisch !"
An d'steht néirens am Artikel ob iergendwou d'Bedenklechkeetgrenz reell ereecht gin ass.
Also a mengen Aaen ass déi Story wéi esou oft en Hype an d'kann een daat
Ganzt mat "Secherheet " vergiëssen !
Das sogenannte Theodizeeproblem :
Kann oder will Gott das Leid in dieser Welt und die Untaten seiner Kirchenmänner nicht verhindern?
Wenn er es nicht kann, ist er nicht allmächtig, wenn er es nicht will, dann ist er nicht allgütig !

4

07.08.2008, 19:16

Kritt een dovunner stark Erektiounen? Wa jo, dann hun mer hei a Letzebuerg defintiv Uran am Drenkwasser, well ech drenken es vill an hun eben zimlech oft e "staarkt Steck", vir et elo mol mei gediegen auszedrecken.

5

07.08.2008, 19:26

... a wou kënns du dann un deen Uran, kenns de ee deen zu Cattenom schafft,
oder verwiëssels nët den Uran mam Viagra.
An deem Kontext soen ech ëmmer :
.... léiwer en Urahn am Iran
.... als Uran am Urin.
Das sogenannte Theodizeeproblem :
Kann oder will Gott das Leid in dieser Welt und die Untaten seiner Kirchenmänner nicht verhindern?
Wenn er es nicht kann, ist er nicht allmächtig, wenn er es nicht will, dann ist er nicht allgütig !

6

07.08.2008, 19:37

@mJANG,

sou ganz kloër ass den Artikel tatsächlech net, mee ët wär awer net schlecht, wann do géing ë Grenzwert angefouërt gin. Oder iwerdreiwen ëch?

7

07.08.2008, 20:28

@mJANG,
sou ganz kloër ass den Artikel tatsächlech net, mee ët wär awer net schlecht, wann do géing ë Grenzwert angefouërt gin. Oder iwerdreiwen ëch?
... dee Grenzwert gët ët :

Zitat

Die Trinkwasserrichtlinie der Weltgesundheitsorganisation (WHO) nennt einen Wert von 15 Mikrogramm pro Liter als tolerierbare Aufnahmemenge (TDI). Dieser Wert bezieht sich auf eine unbedenkliche tägliche Einnahme, ein Leben lang.

mee daat mat deene Grenzwerter ass esou eng Saach .... déi grouss Spezialisten sin sech do ganz oft nët eens!
Das sogenannte Theodizeeproblem :
Kann oder will Gott das Leid in dieser Welt und die Untaten seiner Kirchenmänner nicht verhindern?
Wenn er es nicht kann, ist er nicht allmächtig, wenn er es nicht will, dann ist er nicht allgütig !

8

07.08.2008, 20:35

Kritt een dovunner stark Erektiounen? Wa jo, dann hun mer hei a Letzebuerg defintiv Uran am Drenkwasser, well ech drenken es vill an hun eben zimlech oft e "staarkt Steck", vir et elo mol mei gediegen auszedrecken.
... Bendi, ech hun do awer nach eng Froo : Däi staarkt Steck, wéis du ët nenns, liicht daat och am Donklen wéi e Lichtschwert by Starwars ënner der Decken ???
Wa jo ! ...... dann kënnt ët awer vum Uran !!!
Das sogenannte Theodizeeproblem :
Kann oder will Gott das Leid in dieser Welt und die Untaten seiner Kirchenmänner nicht verhindern?
Wenn er es nicht kann, ist er nicht allmächtig, wenn er es nicht will, dann ist er nicht allgütig !

9

07.08.2008, 21:27

Hm, ech mengen ech vestin elo firwaat bestemmten Damen dei ech "besser" kennen Hoerausfall hun, vielleicht sollt ech awer eng Keier en Radiation Test machen, op de Gemegen missten jo Moosgeräter leien.

10

07.08.2008, 22:10

Géi am Bëschten bei den Bausch hei an der Staad, dann wees deen och emol wat ë "Starkt Stëck" ass. Vielleicht brauch hiën dat dann net méi mam Armani auszegleichen. Vergiëss d'Waasser awer net matzebrëngen, an wann méiglech kéipweis.

11

08.08.2008, 07:00

Aaahhh, eisen Elvin wéi mer en kennen a schätzen :D
Ëmmer em d'Wuel vun sengen weiblechen Matmënschen besuergt.
Politik ist die Kunst, die Bürger immer wieder so schnell über den Tisch zu ziehen, daß sie glauben, die dabei entstehende Reibungshitze sei Nestwärme

12

08.08.2008, 09:53

éirenswou hat ech desläscht opgeschnaapt, dass op engem Quadratkilometer Bueden bis an eng Déift vun engem Meter ongeféier 4500 kg Uran sinn. Dat as e relativ gänget Material, sou reng natierlech dobaussen an der Natuer ;) ... dass dat am Drenkwaasser as, as dann jo och kee Wonner.

13

08.08.2008, 12:17

@ Jonny ... jo, hun ech och geliës.
Ech hun emool iwerschlägech gerechent : de ganze Volum vun 1 km2 op 5 m mecht ongef. 8.5 Mio Tonnen Buedem. Dovun sollen ët 4.5 Tonnen Uran sin d.h. also eng Konzentratioun vu ronn 0.5 Promille Uran (wann ech mech nët verrechent hun ) ....sou kann een d'Leit bluffen .....
ët ass iwregens esouvill wéi mer därfen Alkohool am Blutt hun !
@Bendi pass gudd op, elo kënnt de Monni Bartholomeo gläich mat engem Gesetz, wou een ënner 0,5 Promill Uran am Blutt muss leien.
Da gët ët awer schéi langweileg fir all deng Damen :D
Das sogenannte Theodizeeproblem :
Kann oder will Gott das Leid in dieser Welt und die Untaten seiner Kirchenmänner nicht verhindern?
Wenn er es nicht kann, ist er nicht allmächtig, wenn er es nicht will, dann ist er nicht allgütig !

14

08.08.2008, 12:41

mjang, klenge Rechefeler, et woeren nemmen ee Meter déif, net 5.

Mee rechen weider, mam Leitwäert, deen am Spiegel-Artikel uginn as vun 10 mikrogramm de Liter. Wéivill get duerch d'Reewaasser ausgespullt a kennt mat bis an d'Grondwaasser?

15

08.08.2008, 16:37

.... ech wees och nët firwaat ech mat 5 m Déift gerechent hun, mee soit.
Den Uranerz besteht zu engem groussen Deel aus Uranoxid waat awer nët waasserléislech ass. Fir sech besser virstellen ze können,10 mikrogramm de Liter = 10 milligramm de Kubikmeter , daat ass e gehäuften Téileffel pro qm3.
Ech ka mer nët virstellen dass mat dèr Quantitéit quasi waasseronléisslechem Material d'Grondwaaser aussergewéinlech kënnt verseucht gin.
Das sogenannte Theodizeeproblem :
Kann oder will Gott das Leid in dieser Welt und die Untaten seiner Kirchenmänner nicht verhindern?
Wenn er es nicht kann, ist er nicht allmächtig, wenn er es nicht will, dann ist er nicht allgütig !

16

08.08.2008, 17:00

Waat mer nach Suergen mecht, sin d'Medikamentenreckstänn dei am Drenkwasser landen ! Well dei kritt een jo a kenger Kläranlaag rausgefiltert.

Also, Männer wonnert Iech net, wann aer Oberweit mei grouss gett :D

Europäer

unregistriert

17

09.08.2008, 13:41

Bon, vläicht ass déi Diskussioun ëm den Uran am Drénkwaasser (an Däitschland) jo och nëmmen eng sougenannten "Panikmache". Et wäer trotzdeem emool interessant ze wëssen, op sech hei am Ländchen och esou e Problem stellt, a wa jo, an a waat fiirengem Mooss.

Waat mir méi Angscht mecht, daat ass den Nitratgehalt an eisem Waasser. Virunn e puer Deeg sinn ech iwwer Land gefuer, an hunn e Bauer gesinn, an der décker Hëtzt, litereweis Piff op e Feld sprëtzen (sämtlech Lüftungsklappen am Auto hunn ech missen zoumaachen, et ass ee bal erstéckt), daat dréit jo bestëmmt net derzou bäi, d'Qualitéit vun eisem Drénkwaasser ze hiewen, wann een de Buedëm, resp. d'Grondwaasser matt Nitrater verseucht. An ech froë mech och, wéi sou et ëmmer a meeschtens deene selwechte Gemengen ass, wou Drénkwaasser verknascht ass ? Lescht Beispill, erëm eng Kéier d'Gemeng Duelem (Dalheim). Menger Ansicht no, als Laien, dréit do och d'Piffen vun de Felder e gudd Stéck derzou bäi. :thumbdown:

18

09.08.2008, 21:39

Obwuel mer domat vum Thema ofkommen géing ech nawell gären wessen wat méi "schiedlech" ass: Piff oder Chemie? Wees een dat?
Politik ist die Kunst, die Bürger immer wieder so schnell über den Tisch zu ziehen, daß sie glauben, die dabei entstehende Reibungshitze sei Nestwärme

Europäer

unregistriert

19

09.08.2008, 22:58

Obwuel mer domat vum Thema ofkommen géing ech nawell gären wessen wat méi "schiedlech" ass: Piff oder Chemie? Wees een dat?

Daat ass eng gudd Fro. Ech géing alt emool behaapten, dass béides schiedlech ass. Ma ech hunn eng Bekannten, déi ass Ing.-Chimiste, speziell zoustäenneg fiir d'Waasser, ech wäert déi emool froën. Vläicht gi mer dann eppes weider gewuër. ;)

Ähnliche Themen