Sie sind nicht angemeldet.

Lieber Besucher, herzlich willkommen bei: LUX-FORUM. Falls dies Ihr erster Besuch auf dieser Seite ist, lesen Sie sich bitte die Hilfe durch. Dort wird Ihnen die Bedienung dieser Seite näher erläutert. Darüber hinaus sollten Sie sich registrieren, um alle Funktionen dieser Seite nutzen zu können. Benutzen Sie das Registrierungsformular, um sich zu registrieren oder informieren Sie sich ausführlich über den Registrierungsvorgang. Falls Sie sich bereits zu einem früheren Zeitpunkt registriert haben, können Sie sich hier anmelden.

haddock

unregistriert

1

26.03.2008, 11:52

Walen an den USA

45%

John Mac CaIn (5)

36%

Barack OBama (4)

18%

Hillary Clinton (2)

Wee géngt Dir wielen wann Dir Bierger vun den USA wiert?

2

26.03.2008, 12:30

Ech hun zwar lo den Barack Obama ugeklickt. Mee eigendlech hoffen ech dat et den John McCain get.
An all denen Joeren wou e Republikaner un der Macht wor ass den Dollar massiv gefall. Nach engkeier e puer Joer e Republikaner un der Macht, geif de Ruin fir d' USA sin. Eigendlech wier dat ganz flott. Allerdengs geif sech aussepolitech naischt ännern. Net ze vergiesen dat den John McCain e Fundamentalist ass. An senger Senatorzeit huet en sech massiv dofiir agesaat, dat de Kreationismus an d' Schoule soll kommen.
Dann awer den Barack, Hilary wier och net sou schlemm.

3

26.03.2008, 13:38

Op keen Fall den John McCain! Een Fundamentalist geet mir duër. Ech wëll ë Changement. Den Barrack Obama hun ech ungeklickt, well d'Hylary Clinton och keen onbeschriwent Blaat ass, waat den Amerikaner hir Kricher betrëfft. Nun je een vun deenen zwee, op keen Fall dem McCain. :(

4

28.03.2008, 22:07

Den Barrack Obama hun ech ungeklickt, well d'Hylary Clinton och keen onbeschriwent Blaat ass
.... ech hun ëmmer d'Impressioum déi allegur géifen virun der Kamera Reklamm fir Colgate maachen, wann déi all ständeg esou toopech hiir weiss Zänn weisen ! Waat sin ech frouh, dass ech keen Amerikaner sin !!
Das sogenannte Theodizeeproblem :
Kann oder will Gott das Leid in dieser Welt und die Untaten seiner Kirchenmänner nicht verhindern?
Wenn er es nicht kann, ist er nicht allmächtig, wenn er es nicht will, dann ist er nicht allgütig !

5

28.03.2008, 22:12

Ech och @Meckerjang. Beim Obama kënnen d'Zänn jo nach echt sin. Schwarzer hun schéin Zänn. Ech hätt awer net wéilten am Hilary sënger Plaatz sin fir déi Zännchirgurgie matzemachen. :)

6

30.04.2008, 10:37

US Wahlen

Interessant Ëmfro.
Mäi Resultat geet eindeuteg a Richtung Obama !
Das sogenannte Theodizeeproblem :
Kann oder will Gott das Leid in dieser Welt und die Untaten seiner Kirchenmänner nicht verhindern?
Wenn er es nicht kann, ist er nicht allmächtig, wenn er es nicht will, dann ist er nicht allgütig !

7

30.04.2008, 11:04

Ee schwarzen Päsident kann naischt schueden an et as mol ee gudd Zeechen.
Stumpf ist Trumpf!
-Dendemann

8

30.04.2008, 11:11

RE: US Wahlen

Interessant Ëmfro.
Mäi Resultat geet eindeuteg a Richtung Obama !


Tendenziell wäert zimmlech all Europäer, deen lenks vun den Nationalisten steet, deen liberalsten Kandidat vun den USA wielen... d'Jongen doiwwer sinn e gudd Steck méi konservativ wéi hei.

9

30.04.2008, 11:58

Politik ist die Kunst, die Bürger immer wieder so schnell über den Tisch zu ziehen, daß sie glauben, die dabei entstehende Reibungshitze sei Nestwärme

10

30.04.2008, 13:22

Ech kréien bei där Emfro natierlech den Obama eraus, mee wéi den Johnny seet, ech sin Europäerin.

11

30.04.2008, 13:24

Bei eiser Emfro kënnt den Mc Cain am Bëschten eweg. Wiën huet deen dann ungeklickt?

12

08.05.2008, 08:06

Ech wees jo net wat dir denkt, mee ech froën mech wéini ee vun den demokrateschen Kandidaten d'Handduch werft. Et mengt een grad et géing drëm goën ob elo d'Mme Clinton oder den Här Obama soll deen nächsten Präsident vun Amerika gin.

Ech kann mech ieren, mee wann dat esou weider geet, dann hun d'Demokraten d'Amerikaner net vun ëngem Anwärter op den Posten vum Präsident iwerzeegt, mee vun 2 Anwärter.

Am November kënnt dann den Mac Cain an gewënnt d'Wahlen.

13

08.05.2008, 08:51

Wat schlemm as, as de fait, dass d'Hillary Clinton jo eigentlech verluer huet - et huet rechneresch keng Méiglechkeet méi, den Obama z'iwwerhuelen. Dat eenzegst wou et kann drop hoffen ass dass d'Superdelegates geschlossen géint de Wielerwellen ginn, oder dass d'Primaries an Florida an Michigan nodréiglech legaliséiert ginn.

Éirenswou hun ech desläscht gelies, dass et em Clinton am Moment drem geet, dass den McCain gewennt. D'Logik as déi, dass den McCain warscheinlech no 4 Joer giff net méi untrieden, an dass hat dann nach eng Kéier eng Chance hätt. Giff den Obama gewannen, giff deen warscheinlech 8 Joer packen - dann wier hat ze al, fir nach eng Kéier ze probéiren.

Very bad form...

14

01.06.2008, 15:15

Wéini hällt dann d'Madame Clinton endlech op???

Obama ist jetzt fast am Ziel

Von Gregor Peter Schmitz, Washington

Noch drei Vorwahlen bis Dienstag - dann könnte er offiziell Kandidat werden: Nach der Entscheidung der Demokraten, die Stimmen der umstrittenen Vorwahlen in Florida und Michigan nur zur Hälfte zu zählen, ist Obama seiner Rivalin weiter klar voraus. Doch Clinton gibt immer noch nicht auf.

http://www.spiegel.de/politik/ausland/0,1518,556980,00.html

15

01.06.2008, 21:58

Obama

Vun deenen 2 (Obama an Hillary) ass den Obama mein Favorit well hien vir mei grouss Changementer antrett wei d'Hillary.
Och d'Hillary huet 2003 falsch ofgestemmt an enger Schicksalsstonn.

Mc Cain? Ooh neen!!!
8 Joer "Reps", Fundamentalismus, a Kremationismus ... pardon Kreationismus sinn mei wei zevill!
Religionen wachsen nicht im Bauch sondern im Kopf.
Die fünf ersten Dogmen der Religion von der Börse lauten:
Die Börse ist aller Anfang.
Die Börse hat aus zwei ihrer Rippen das Geld und die Erde erschaffen.
Im Garten Eden hat das Geld die Börse geschwängert.
Die Börse hat einen grossen rot glänzenden Apfel gelegt mit Eva und Adam im Kern drinne.
Die ersten Menschen haben sich aus dem reifen Apfel gebohrt und sich die Erde untertan gemacht, chaotisch unter der Oberaufsicht von Börse und Geld.

16

01.06.2008, 23:42

Hillary kann géint den Obama net méi gewannen, dofir soll hatt ophaalen, soss huët den Obama net Zeit genug d'Wiëhler vum Hillary vun sëch ze iwerzeegen.

Hei an Europa wëllt keen méi ë Republikaner als Präsident vun den USA, mee an den USA sëlwer. :?: :?:

Europäer

unregistriert

17

02.06.2008, 10:02

Esouguer de Bill huet zum Hillary gesoot, et soll opginn. Mee wann den Hiewel vun der Muecht engem esou no waar, da klammert een sech gäeren drunn fest, an eng Néierlaag anzegestoën, esouvill Courage huet eben net jiddereen.

Ech hunn Amerikanësch Frënn, déi haalen nach ëmmer um Bush fest. Loosse mer nëmmen hoffen, dass esoubaal keen esou en Republikanëschen Näischnotz méi un d'Spëtz vun den USA kënnt. ;)

Jempi

Administrator

Beiträge: 2 590

Wohnort: Beim neien Prisong

Beruf: Meckerer

  • Nachricht senden

18

02.06.2008, 10:41

Ech hunn Amerikanësch Frënn, déi haalen nach ëmmer um Bush fest.

D'Europäer maachen ëmmer ee groussen Feeler, wann si d'Lag an den USA beuerteelen. Mir gesinn ausschliisslech hier Aussenpolitik an ignoréieren total d'Innenpolitik. Fir d'Awunner an den USA ass et awer genee ëmgekéiert, d'Innenpolitik ass 10 Mol méi wichteg ewéi hier Aussenpolitik (ass dach bei ons genau esou).

An aus deem Gronn kënnen mir hier Décisiounen oft net novollzéien ann ieren eis oft gewalteg an eisen Viraussoen. Gewëss, de Krich am Irak geet och bis an d'Härz vun den USA, well et hir eegen Zaldoten betrëfft, mee gleewt mir et, d'Wirtschaftspolitik ass op manst esou wichteg.

Wat ech domat soen wëll? Et ass nach laang net sëcher, dass den Obama deen nächsten Präsident gët. Besonnesch net no déer Schlammschluecht tëschend him an dem Hillary. Mengt net, dass vill demokratesch wäiss Fraen aus dem mëttleren Westen an besonnesch aus den Südstaaten dem Obama hier Stëmm ginn. Déi bleiwen doheem an et interesséiert si guer net.
"Truth is the most valuable thing we have. Let us economize it."
Mark Twain

19

02.06.2008, 10:46

Du hues recht, Jempi, si kucken vill méi hier Innenpolitik. Allerdengs as et esou, dass den Bush an der Innenpolitik grad sou dragefacht huet wéi an der Aussepolitik. Hurricane Katrina as nach laang net vergiess, an de Bensinspräis as en groussen an sichtbaren Sujet doiwwer. An et as kloer, dass den Bush an béidem zumindest eng Deelschold huet.

Mee den Obama huet nach net gewonnen, stemmt. En knappen Drettel vun de Leit as nach emmer vum Bush iwwerzeegt, an den McCain as jo ower en Steck méi moderat wéi den Bush...

Jempi

Administrator

Beiträge: 2 590

Wohnort: Beim neien Prisong

Beruf: Meckerer

  • Nachricht senden

20

02.06.2008, 11:01

an den McCain as jo ower en Steck méi moderat wéi den Bush...

Stëmmt genau, et geet em de McCaine an net em de Bush.

Awer wann d'Demokraten sech net géifen esou haart géigenseiteg bekämpfen, hätten si eng réell Chance gehat, déi hunn si an méngen Aen verpasst. Esou eng Polarisatioun vunn 2 Bevölkerungsdeeler, déi nach ni eppes am wäissen Haus ze sichen haten, kann nët gutt ausgoen: Wäiss Fraen op deer enger Säit, Schwaarzer op deer anerer. Do hätten si hir ganz Energi missen dra stiechen, hir Wieler hannert een Kandidat ze bréngen. Elo ass et an méngen Aen schon ze spéit.
"Truth is the most valuable thing we have. Let us economize it."
Mark Twain

Ähnliche Themen