Sie sind nicht angemeldet.

Lieber Besucher, herzlich willkommen bei: LUX-FORUM. Falls dies Ihr erster Besuch auf dieser Seite ist, lesen Sie sich bitte die Hilfe durch. Dort wird Ihnen die Bedienung dieser Seite näher erläutert. Darüber hinaus sollten Sie sich registrieren, um alle Funktionen dieser Seite nutzen zu können. Benutzen Sie das Registrierungsformular, um sich zu registrieren oder informieren Sie sich ausführlich über den Registrierungsvorgang. Falls Sie sich bereits zu einem früheren Zeitpunkt registriert haben, können Sie sich hier anmelden.

Machiavelli's Ghost

unregistriert

41

22.05.2008, 20:29

du hues mech falsch verstannen;et geit mier net drem engen sengem rou freckt ze machen; ech wollt tout simplement wessen, op irgendein aneren forum member eppes doriwer (iwer dei geruechter) heieren huet; soss guer neischt

kuck, dem grand-duc seng fra; wann do dei gring, an hierer weller zeit nogehackt haetten, weissten mer bis elo nach net op granduchesse en richteg bapista as oder net

zur errennerung: batista junta huet joerzengten lang cuba, inklusive us segen, enorm blutruensteg regeiert

Dieser Beitrag wurde bereits 1 mal editiert, zuletzt von »Machiavelli's Ghost« (22.05.2008, 20:34)


42

22.05.2008, 21:16

@Machiavelli,

verwiëssel dach net Äppel mat Biren. D'Maria-Theresa ass eis Grande-Duchesse, régéiert souzesoën d'Land mat. Dem Premier seng Fra ass eng Fra wéi all Mensch.

Bei eiser Grande-Duchesse huët keen brauchen weit wullen ze goën, well mir woussten all dass den Battista hiren Monni war. Dofir kann een awer eis Grande-Duchesse net responsabel machen.

Elo awer zrëck zum eigentlechen Thema.

43

22.05.2008, 21:24

du hues mech falsch verstannen;et geit mier net drem engen sengem rou freckt ze machen; ech wollt tout simplement wessen, op irgendein aneren forum member eppes doriwer (iwer dei geruechter) heieren huet; soss guer neischt
@Jangli,
Waat ass Lëtzebuerg awer e klengkarréiert Bourgeois-Nascht !
Wann iirgendee Politiker op der Welt eng kleng privat oder soss komme léisst oder eng Frëndin huet , da sin d'Medien vun der ganzer Welt (och déi sérieux Press) voll dovun.
Mir fällt elo nëmme grad an ......... Seehofer, Scharping, Sarkosy, Berlosconi, Clinton, Charles vun England an déi ganz englesch Kinnegsfamill inklus. d'Frëndinnen vum Prënz Phillipe an senge Naziaffinitéiten ... etc.
An hei am Marienland ass a bleibt bei den héichgstallte an exposéierten Personalitéiten
alles tabu (ënner onse Megateppech domat !!)
.... keen huet eng Frëndin, keen ass korrupt, all sin se heterosexuell an all d'CSV-Leit gin all Sondes an d'Mëss !!
Ass daat dann nët schéin an esou engem Märcheland ze liewen wou d'Welt wiirklech nach an Uerdnung ass !
Daat wärd de Juncker dann och no sengem Haaptmotto vun der Laach vun der Natioun, d'Cohésioun zwëschen der Presse an der Regierung nennen. Mat Geld krut een nach ëmmer d'Presse gefügech gemaach.
Fir mech ass daat institutionaliséiert a legaliséiert Korruptioun ! Nëmmen duurch deen Däiwelspakt mat der Press huet d'CSV op éiweg Zäiten d'Garantie ëmmer grouss bei de Wahlen eraus ze kommen. Nëmme schued, dass déi aaner Parteien daat nach nët esou richteg gemiierkt hun !
Das sogenannte Theodizeeproblem :
Kann oder will Gott das Leid in dieser Welt und die Untaten seiner Kirchenmänner nicht verhindern?
Wenn er es nicht kann, ist er nicht allmächtig, wenn er es nicht will, dann ist er nicht allgütig !

Machiavelli's Ghost

unregistriert

44

22.05.2008, 21:56

ech hun genau daat selwecht geduecht
et gin einfach ze vill helleg keih zou letzebuerg obwuel hinduismus guer net staatrelioun as
den tabu, alles waat irgendwei net korrekt as no dem csv defineierten consens, get einfach enner den teppech gekiert, an gemach wei wann neischt wier
an wann ein dann emol doriwer wellt objektiv schwaetzen, dann wellt kein maat engem doriwer schwetzen
oder et get gemach, wei wann neischt gesot gin wier
letzebuerg as eben kleng, an huet net dei kritesch greisst fir daat mei medien do sin, an och kein blatt firun den mond huelen
wou as dann den letzebuerger canard enchaine? den feierkrop?
ech hat haut nach maat engem kolleg iwer les guignols de l'info geschwaat (get op canal plus gratos gesend)
do get ganz oft kneppeldeck ausgedeilt
eppes waat zou letzebuerg "ketzerei" wier
hei den clip
http://youtube.com/watch?v=rddxOMTf8Lc
wein as dann hei den zoustaenngen minister fir immigratioun?
waat geif daat en zirkus gin an eisem marienland, wann mer dann do en letz. ministeir geifen gesin

45

22.05.2008, 22:29

@mJANG,

wann et ëm ëng Frëndin gangen wär, hätt ech neischt eweg geholl. du huës Post.

46

22.05.2008, 23:15

@mJANG,
wann et ëm ëng Frëndin gangen wär, hätt ech neischt eweg geholl. du huës Post.

Verstaan ! Ech gin zou, dass ët och Saache gin wou ët einfach nët fair ass déi en Public ze erzielen !
Hei läit effektiv esou eng Situatioun vir ! Mee ech maachen elo e Guigniol-Theater fir lëtzebuerger Politiker op.
Da kann emool nees gelaacht a gestaunt gin, ech kaafen einfach dee berühmten Teppech op mat deem waat drënner läit
an da geet munch Lëtzebuerger d'Aen wéi Ginzescheecken op !
Das sogenannte Theodizeeproblem :
Kann oder will Gott das Leid in dieser Welt und die Untaten seiner Kirchenmänner nicht verhindern?
Wenn er es nicht kann, ist er nicht allmächtig, wenn er es nicht will, dann ist er nicht allgütig !

47

22.05.2008, 23:50

@mJANG

et ginn nach themen hei am land die nach mie tabu sinn wie mein lieblingsthema,

daat kapitel aus eiser donkler geschicht waert nie dierfen ungeschwaat, geschweige dann opgeschafft gin,

eng agreabel nuetsrou

cy
wou sin ech drun ?

de richtege Wee : "Ne rien nier à priori, ne rien affirmer sans preuve."

"Deception is a state of mind and the mind of the State" :thumbup:

48

23.05.2008, 10:13

@mJang: Genau sou gesin ech dat och.

Wat onse Premier do geschter verzeilt huet as Wahlkampf. méi net. Di Steiererliichterung ugekennegt gouf as bis d'Nàchst Joer schons 3 mol vun der Inflatioun opgefries gin. D'Steiererlicchterung fir Betriiber as am Fanng gudd, mee wann ee seet " Mir machen dat an 3 Schrett" an dann keen Datum a keng Infromatiounen dozou gëtt dann as dat nemmen en eidelt Verspriechen soulang bis dann tatsächlech eppes geschitt.
An dannn dee Lobgesang op Europa-Herrje. Ech hun un daer Ried gesin datt ons Regierung d'Rudder aus der Hand verleur huet an lo mecht se gaer sou wi wann se wiirklech wéissten wat se genge man an net just genge rondremdokteren fir den Androck ze man si waere ganz engagéiert.
Stumpf ist Trumpf!
-Dendemann

49

23.05.2008, 11:17

Da hast du ja Recht Muc-Angel, aber wir haben keine Bildzeitung in Luxemburg. Wir sind das Land in dem für Politiker Milch und Honig fliessen weil Sie eben solche "Attacken" oder unangenehme Fragen wie bei euch nicht zu fürchten brauchen. Wenn Olli Kahn auf dem Oktoberfest 2 Bier zuviel trinkt oder Angela Merkel zuviel Dekolleté zeigt weiss das gleich jeder und darauf folgt eine öffentliche Standpauke durch die Medien von wegen Vorbildfunktion Verantwortung usw.. Diese Kontrolle-das Zünglein an der Wage der Macht existiert schlicht nicht in Luxemburg-auch deshalb leben wir inder Demokratur in der wir leben.
Stumpf ist Trumpf!
-Dendemann

50

23.05.2008, 12:54

Muss dei Tratschzeitung dan sin ?? Ech verstin den Zweck vun der net, ech fannen een Forum wei deen hei oder Lieserbreifer sin do mei effektiv

51

23.05.2008, 13:49

Muss dei Tratschzeitung dan sin ?? Ech verstin den Zweck vun der net, ech fannen een Forum wei deen hei oder Lieserbreifer sin do mei effektiv
... jo richteg, mee nëmmen wann een hei kéint soen waat ee géif wëllen, esou wéi daat an der Bildzeitung oder Canard enchaîné méiglech ass ouni dass d'Police gläich bei engem un der Diir schellt vir een ze verhaften !!
Das sogenannte Theodizeeproblem :
Kann oder will Gott das Leid in dieser Welt und die Untaten seiner Kirchenmänner nicht verhindern?
Wenn er es nicht kann, ist er nicht allmächtig, wenn er es nicht will, dann ist er nicht allgütig !

52

23.05.2008, 14:00

Du kanns jo schons soen wats de wells just datt de Klerus do ee richteg decke Koup drop sch**** an awer weiderfiert ewéi e Loscht huet. Diktaturen gin et nemmen a China, am Afghanistan, Extremisten gin et nemmen an Aaner Reliounen a wann dach mol een de Nol op de Kapp trefft erklärt onse Premier de Leit mat vergnügen datt se dach nemmen dommen Pöbel sin deen sech net esou soll opspillen. Am Ausland waeren verschidden Aussoen an Handlungen vun bestemmten Politiker bestroft gin an zwar sou datt verschidden Leit di eis hei am Land nach emmer emmerdéieren laang vun der "politescher" Bildfläch verschwonnen waeren. Vrun 3-4 Joer hu mer nach de Berlusconi kritiésiert deen de Medienmonopol huet an Italien an jo am Fong eng Art totalitären Staat féiert. An dann- hei as et schons emmer sou-90% vun allen Medien sin vun Parteien gelenkt-alles gett am viraus an duerno kontrolléiert an d'CSV gewennt d'Walen schons aus Traditioun.
Stumpf ist Trumpf!
-Dendemann

53

23.05.2008, 15:23

Muss dei Tratschzeitung dan sin ?? Ech verstin den Zweck vun der net, ech fannen een Forum wei deen hei oder Lieserbreifer sin do mei effektiv

Do huës du awer wiërklech recht @Sandra. Brauchen mir esou ëng Mëschtzeitung? Beschass, Beschass an nach eng Kéier Beschass!!! Et mussen vill armen Geeschter zu Lëtzebuerg gin, dass déi Zeitung iwerhaapt nach verkaaf gët.

Mëckerjang,

du wärs jo elo net den Canard enchaîné mat Lëtzebuerg Privat oder der Bild-Räiber-Zeitung verglach hun? ;)

54

23.05.2008, 15:44

Datt der et elo net falsch ophuelt: Ech soen net datt "Bild" eng gudd Zeitung as mee si erfellt hiren Zweck wann och éischter nom Motto: "Ein Blindes Huhn findet auch mal ein Korn". Wie vill behaapt lait eben och heinsdo richteg.
Stumpf ist Trumpf!
-Dendemann

55

23.05.2008, 16:06

D'Bild huet eng politesch Agenda, dogéint as d'Wort eng Schülerzeidung...

Machiavelli's Ghost

unregistriert

56

23.05.2008, 16:21

mei gott, waat gett daat ereischt wann wort keng schuelerzeitung mei as

kucken elo emol juncker etat nation debat

http://streaming.newmedia.lu/768K/12/200…080522_768K.wmv

den goerens vun der dp scheint mer nawell net op den kapp gefall, mei och hien stellt gretchenfrage nemmen indirekt

as et dann verbueden richt eraus ze schwaetzen? juncker mir glewen der nemmen wanns du eis ried an aentert stells

an a prpos, wou as eiser jean claude? firwaat as huien dann net an desem debat present?

57

23.05.2008, 16:55

D'Bild huet eng politesch Agenda, dogéint as d'Wort eng Schülerzeidung...
Liësen et nie, dofir wees ech dat net. Déi Titelen um Zeitungskiosk gin mir duër fir den Ekel ze kréien. :D

Jempi

Administrator

Beiträge: 2 590

Wohnort: Beim neien Prisong

Beruf: Meckerer

  • Nachricht senden

58

23.05.2008, 17:13

Am Ausland waeren verschidden Aussoen an Handlungen vun bestemmten Politiker bestroft gin an zwar sou datt verschidden Leit di eis hei am Land nach emmer emmerdéieren laang vun der "politescher" Bildfläch verschwonnen waeren.

Ech hat an engem aneren Kontext schon eng Kéier op den Henry Miller higewisen, deen an séngem Buch "Quite Days in Clichy" d'Lëtzebuerger mat Kéi verglach huet, déi domm op der Wiss d'Gras friessen, bis si an d'Schluechthaus geféiert ginn. Dat ass Tatsaach, op matt oder ouni kritesch Medien.

Hei eng kleng Fro un iech all: Wat géif, ärer Meenung no mat der Bundeskanzlerin Angela Merkel passéieren, wann si owes an der Tagesschau vun der ARD géif soen: "Das deutsche Volk tickt nicht mehr richtig." ?

Hutt dir eng Äntwert fonnt??

Aha!

A wéisou net bei eis?
"Truth is the most valuable thing we have. Let us economize it."
Mark Twain

Dieser Beitrag wurde bereits 1 mal editiert, zuletzt von »Jempi« (23.05.2008, 17:50)


59

23.05.2008, 18:10


Hei eng kleng Fro un iech all: Wat géif, ärer Meenung no mat der Bundeskanzlerin Angela Merckel passéieren, wann si owes an der Tagesschau vun der ARD géif soen: "Das deutsche Volk tickt nicht mehr richtig." ?Hutt dir eng Äntwert fonnt??Aha!A wéisou net bei eis?

Am Mee 2005 haat de Franz Müntefering de Begrëff „Heuschrecken" gebraucht mat deem en verschidde Finanzinvestoren (Kursmakler und Wertpapeierhändler) verglach huet. Dee Verglach huet eng heftech Debatt am Bundestag erviirgeruff . D'Finanzinvestoren hun sech beleidegt gefillt.
Wann awer de Juncker d'ganzt Vollek beleidegt a wéi déi leschten Daboen duurstellt, an dann och nach am Zesummengang mat deem heiklen Thema Bommeléer, wou d'CSV nach laang nët aus der Nummer eraus ass , da fannen ech ët als e Skandal, dass seng Aussoo nët och Géigenstand vun enger hefteger parlementarëscher Debatt war.

An senger LAACH (sic !) vun der Natioun huet hien 84 mol "ech " gesoot, an nëmmen 15 mol "d'Regierung". Daat ass symptomatesch fir en Despot dee mengt hie wär d'Regierung a Persoun an de Mëttelpunkt vun der Welt !

Waat hien och ganz gudd charactériséiert ass dëse populisteschen an demagogeschen Passage zur Sondësaarbecht (liest daat ëmool ganz genau :

Ech wëll hei ganz däitlech soen: et gëtt keng weider Extensioun vun der Sonndesaarbecht iwwert dat eraus wat mir haut un Ausnahmebestëmmungen an un Ausnahmeregelungen zur Sonndesaarbecht hunn. Et wäert net geschéien, jiddwerfalls net esou laang ewéi ech hei am Land eppes ze soen hunn, datt ëmmer méi Leit musse Sonndes untrieden fir datt déi aner Leit hire Sonndeskonfort op deenen hir Käschten organiséiere kënnen. Zur sozialer Cohesioun gehéiert et och datt een op deen anere Rücksicht hëllt. A mir solle Rücksicht huelen op déi Salariéen déi Famill a Kanner hunn, op déi Leit déi an de Veräiner aktiv sinn, op déi Leit déi de Sonndeg brauche fir duerch ze otmen. Ech weess datt dat almoudesch kléngt, mee ech sinn almoudesch an ech wëll almoudesch bleiwen. Ech wëll keng Gesellschaft wou déi eng mat hiren Enkele Sonndes akafe ginn an d'Kanner vun den Elteren déi schaffe mussen eleng doheem sëtzen. Ech wëll dat net. Et kënnt zu kenger weiderer Ausweidung vun der Sonndesaarbecht. Bal hat ech et gesot "basta". Mee ech mengen eigentlech och "basta", et geet elo duer.
Deen Discours könnt vum Mussolini sin !!!
Also bei mir geet ët eloo endgülteg duer mam Juncker. Firwaat ass en ze feig fir an senger Déclaratioun dem Vollek nët kloer ze soen, dass säin Herz méi no Bréissel hängt wéi no Lëtzebuerg.
Hei nach zum Schluss e perséinleche Wahltip vu mir fir 2009 : Schwärzt der CSV hir Lëscht , an da gidd der dem SchangKlood awer och nach 2 Stëmmen (déi huet e verdengt !)
Das sogenannte Theodizeeproblem :
Kann oder will Gott das Leid in dieser Welt und die Untaten seiner Kirchenmänner nicht verhindern?
Wenn er es nicht kann, ist er nicht allmächtig, wenn er es nicht will, dann ist er nicht allgütig !

Jempi

Administrator

Beiträge: 2 590

Wohnort: Beim neien Prisong

Beruf: Meckerer

  • Nachricht senden

60

23.05.2008, 18:47

Bal hat ech et gesot "basta". Mee ech mengen eigentlech och "basta", et geet elo duer.

Mir (oder därf ech hei als Minnettsdapp mär soen) geet et och duer. Ech wunnen 2 Kilometer vun der Grenz ewech, a wann ech "BASTA" soen, dann ginn ech méng Euroen eben am Ausland aus, a wann dann een aus der Régirung nees lamentéiert, dass d'Lëtzebuerger hir Suen net doheem ausginn, dann soen ech "l......" an dann mengen ech och "l.....". Recht hues du, Jean-Claude, et geet elo duer!
"Truth is the most valuable thing we have. Let us economize it."
Mark Twain

Ähnliche Themen