Sie sind nicht angemeldet.

Lieber Besucher, herzlich willkommen bei: LUX-FORUM. Falls dies Ihr erster Besuch auf dieser Seite ist, lesen Sie sich bitte die Hilfe durch. Dort wird Ihnen die Bedienung dieser Seite näher erläutert. Darüber hinaus sollten Sie sich registrieren, um alle Funktionen dieser Seite nutzen zu können. Benutzen Sie das Registrierungsformular, um sich zu registrieren oder informieren Sie sich ausführlich über den Registrierungsvorgang. Falls Sie sich bereits zu einem früheren Zeitpunkt registriert haben, können Sie sich hier anmelden.

1

11.04.2008, 13:06

Problemer bei der CSV

Wann Ech den Artickel um RTL vum Robi Sinner liesen, gesinn Ech dat et bei der CSV ferm brodelt

Hei den Artickel

D’wor schonn däitscher-schwarz
dobaussen, de 19. Februar owes um Krautmaart, wéi de
Parlaments-President Lucien Weiler d’Resultat vum Vote iwwer
Err-Huss bekannt ginn huet... an d’huet een och kee
Piipches-Wiirtchen vun den Deputéierten héieren...
vun deenen enge, well Se et einfach net gleewe konnten...
vun deenen anere, well Se et net gleewe wollten... net
gleewe wollten, wat zanter e puer Deeg ëmmer méi
konkret gi wor... eng Majoritéit
(Gewëssensfräiheet a Nancy Kemp-Arendt hin oder hir)
géint d’CSV... e Begriefniss mat dräi
Häeren... e Begriefniss fir d’Selbstvertrauen a fir
d’Selbstverständniss vun de
Chrëschtlech-Sozialen.

Zanterhir ass näischt méi wéi
et eemol wor. D’Partei mat hiren 24 Deputéierten ass
hin an hir gerass, tëscht Kirch, Wort, traditionalistesche
Supporter op däer enger an Ouverture a Modernismus
„à la Juncker“ op däer anerer
Säit.

D’Marie-Josée Franck,
d’Christine Boutin vu Betzder an d’Nancy Kemp-Arendt
spille mat opene Kaarten, a bezuele cash mat hire
Commissiouns-Platzen.

D’Doktesch Martine Stein-Mergen geet elo
virun d’Microën, mat enger Minn, déi Alles seeet.
D’Madame Stein-Mergen ka, wéi aner CSV-Mandatairen,
ganz laang schwetzen, iwwert dat wat d’CSV elo a Saachen
Euthanasie mache wëll, awer a Rätselen, a verwurrelte
Sätz, wou engem um Enn e Fragezeechen op der Stir
bleift.

D’CSV probéiert ze
camoufléiere,hir Rosenheet, hir Zerrassenheet. Si ass net ze
beneiden, ma d’Onbehollefheet vun elo weist wéi
wéineg d’Partei versteet mat esou Situatiounen
emzegoën. D’CSV ass verwonnt, gëtt doduerger
ondurre, verbruet, dat huet Se gëscht bewisen. An dat
schlëmmst ass, obwuelt Se et selwer weess, kritt sech sech net
kontrolléiert. Wéi een am Mouer, dee sech ëmmer
méi an d’Verdierwe struewelt.

Abstrus Argumenter kommen op den Dësch.
Beemol gëtt vun enger klenger Majoritéit geschwat
(éischt Politiker-Regel: eng Majoritéit ass eng
Majoritéit ass eng Majoritéit). D’Land
gëtt gespléckt... 3/4ls Support an engem Sondage no
méintelangen Discussiounen, vu Gruef kann do keng Ried sinn.
A schliesslech de Biirger – vulgo de Wieler – hien huet
wéi ëmmer näischt verstan. Esou wéi virun 3
Joer, dir erënnert Iech 43% beim Referendum.

A schliesslech misst elo mol am Détaille
nogebessert ginn. Sérieux Politik gesäit anescht aus.
Wat wgl ass ee Vote nach wäert? Wéi ass et mat der
Démocratie?

Di aner Parteien iwwerdeems reiwe sech
d’Hänn... si wëssen, datt d’Leit ganz genee
spiire, wat hei lass ass. Eischt Rëss am CSV-Versteessdemech
gesinn. An de Chef, dee steet déi Zäit um Balkon... um
Balkon vum wäissen Haus zu Washington DC, zesumme mat
séngem Junior a mam President. Wann dee Chef eemol
Super-Chef vun Europa gëtt, dann huet d’CSV e
Probleem... a wann en dat net gëtt, dann hu se Allebéid
e Probleem. E Probleem mat zwou Uersachen: d’Gewunnecht un de
Pouvoir an d’Arroganz vun deem Pouvoir! Eng Gewunnecht an eng
Arrroganz, déi elo mol ganz ferme gerëselt ginn
sinn.

2

11.04.2008, 17:54

Hochmut kommt vor dem Fall , och um secheren Wee

deen aaneren compteur leeft och ouni grouss geschalten annoncen

http://www.sokrates.lu/?q=node/826

en schienen owend

cy
wou sin ech drun ?

de richtege Wee : "Ne rien nier à priori, ne rien affirmer sans preuve."

"Deception is a state of mind and the mind of the State" :thumbup:

Machiavelli's Ghost

unregistriert

3

11.04.2008, 19:13

et kennt nach besser
csv leit en veto
source wort.lu

sin mer elo am security counsil vun der uno
iwerschreiwen dei einfach elo den parlam. vote mat engem veto

wou sin mer dann? elo weisen se hier richteg gesicht

wann et net no hinnen geit, dann get einfach parlament, den pouvoir legislatif ausser kraft gesat

eng richteg crypto-faschistesch partei maat beschten verbindungen zum bistum

wer glaubt wird selig

amen

4

12.04.2008, 00:58

Se mussen bei de nächste Wahlen einfach e klooren Message kreien.

Nach emmer sin zevill fromm Kirchegänger ennert ons dei et als hir helleg Pflicht gesin d´CSV weinst eben dem "C" ze wiehlen. Mee, si sin um ausstierwen, am Senn vum Wuert.

Jempi

Administrator

Beiträge: 2 590

Wohnort: Beim neien Prisong

Beruf: Meckerer

  • Nachricht senden

5

12.04.2008, 10:08

Mee, si sin um ausstierwen, am Senn vum Wuert.

Leider ass et net grad esou einfach.

Den Haaptprobleem besteet doranner, dass et keng aner Partei färdeg bréngt, eng kloer Alternativ zur CSV ze bidden. Kuckt iech se dach alleguerten un.

Wéi et géif goen, wann eng oder esou guer zwou Parteien mat kloren Alternativprogrammen an kapablen Alternativkandidaten géifen optrieden, hunn mir schons eng Kéier gesinn: Am Joer 1974, wou DP an LSAP d'CSV labber an den Eck gedréckt haten. Leider gesinn ech net, dass dat d'nächst Joer nees kéint passéiren, weeder an den Programmen, nach bei den Kandidaten.
"Truth is the most valuable thing we have. Let us economize it."
Mark Twain

6

12.04.2008, 12:15

Wéi et géif goen, wann eng oder esou guer zwou Parteien mat kloren Alternativprogrammen an kapablen Alternativkandidaten géifen optrieden, hunn mir schons eng Kéier gesinn: Am Joer 1974, wou DP an LSAP d'CSV labber an den Eck gedréckt haten


Stellt sech nach emmer d`Froo op dat grousst Zuchperd vun der CSV naechst Joër dobei waert sin. Ap dem aennert sech och de Program vun daer Partei. Duerf en natirlech net den Meisch mat Thorn vergleichen.Aner Zaiten aner Leit.mol Ofwarden.

8

12.04.2008, 19:16

@Piärchen,

"aner Zeit, aner Leit" schreiws du. :) Ech géing soën: "aner Zeit, déi falsch Leit". :)

9

03.06.2008, 17:32

Problemer bei RTL

RTL.lu


Mir si gläich nees fir Iech do.
Entschëllegt dës kleng Ennerbriechung.




Merci fir Äert Versteesdemech

10

27.07.2008, 10:53

wahlen 2009

et gett jo löschteg daat next joer :

zitat letz. journal

"Bei so viel Juncker (der Mann ist am Sonntag auch noch im Fernsehen, und zwar in der philosophischen Sternstunde: "Kleines Land, großer Europäer") könnte man glatt vergessen, dass in weniger als einem Jahr so etwas wie Wahlen anstehen, was dann auch zur Folge hat, dass es im CSV-Krabbenkorb von Tag zu Tag glitschiger wird, obwohl Juncker nun doch nicht geht - auf jeden Fall nicht vor dem Wahltermin. Luc Frieden muss sich also auch weiterhin mit der ewigen "Anwärter"-Rolle zufrieden geben.

Was aber passiert mit François Biltgen, dem Vorsitzenden der selbst ernannten "Partei der kleinen Leute"? Welcher Posten wird Marc Spautz versprochen, dass Jean Spautz sich aufs Altenteil zurückzieht? Warum wollen Fernand Boden und Marie-Josée Jacobs nicht nach Straßburg? Was bekam Marcel Glesener, dass er sich zurückzieht? Bleibt Jean-Louis Schiltz auch weiterhin der Neffe seines Onkels? Kommt Michel Wolter wohlbehalten von seiner Pilgerfahrt nach Santiago de Compostela zurück? Steht Dr. Reding vor einer Rückkehr nach Luxemburg? Wird Dr. Stein der Posten der Gesundheitsministerin zugeschustert und Frank Engel das Kultusressort? Was wird aus der Vizepräsidentin Diane Adehm? Alles Fragen, auf die wir in den nächsten Wochen näher eingehen wollen. Ach ja, in Sachen Polit- und Quak-Sprech dürfte sich auch in Zukunft nichts ändern... "

wann den premier dannn awer eng kier ops briessel geet , hunn mer dann den big brother frieden als premier :thumbdown:

pfui
wou sin ech drun ?

de richtege Wee : "Ne rien nier à priori, ne rien affirmer sans preuve."

"Deception is a state of mind and the mind of the State" :thumbup:

11

27.07.2008, 11:09

Et stellt sech just d'Fro op mir gross genug sinn fir iwerhapt Parteien ze brauchen!!!!! Eng handvoll intelligent an irreprochabel Leit kienten de ganze Buttik ganz gudd eleng schmeissen. Eso Leit gesinn ech den Een oder den Aneren an all Partei.

12

27.07.2008, 11:21

Et stellt sech just d'Fro op mir gross genug sinn fir iwerhapt Parteien ze brauchen!!!!! Eng handvoll intelligent an irreprochabel Leit kienten de ganze Buttik ganz gudd eleng schmeissen. Eso Leit gesinn ech den Een oder den Aneren an all Partei.


Tss,tss @Mafra, :D

Dann sin mir jo keng Demokratur méi. ;)

13

27.07.2008, 13:57

@Hydra,

Sinn mer dat dann????? 8)

14

27.07.2008, 15:31

@Hydra,

Sinn mer dat dann????? 8)


Ech mengen dat eenzëgt wat an deem Wuërt do richtëg ass, daat ass den éischtën Buchstaw an déi hënnëscht Silb D....tur. :)

15

12.09.2008, 18:31

CSV Buch erhältlich!

an deem buch kann een secher alles nooliesen, ;)

CSV: Spiegelbild eines Landes und seiner Politik? Das Buch " CSV: Spiegelbild eines Landes und seiner Politik?" erhältlich. Die Geschichte der Christlich-Sozialen Volkspartei Luxemburgs im 20. Jahrhundert wird in dieser Ausgabe beschrieben, analysiert und kommentiert

http://csv.lu/actualites/4500.html

vill spaass :wacko:
wou sin ech drun ?

de richtege Wee : "Ne rien nier à priori, ne rien affirmer sans preuve."

"Deception is a state of mind and the mind of the State" :thumbup:

Jempi

Administrator

Beiträge: 2 590

Wohnort: Beim neien Prisong

Beruf: Meckerer

  • Nachricht senden

16

12.09.2008, 19:04

RE: CSV Buch erhältlich!

an deem buch kann een secher alles nooliesen, ;)

D'Grimms Märchen hunn ech schonn als Kand gelies, also kee Bedarf!
"Truth is the most valuable thing we have. Let us economize it."
Mark Twain

17

15.09.2008, 17:28

Dem Biltgens Fränz gefällt nët alles wat am Buch steet, soot hiën den Moiën um Radio. Wat soll dat dann sin wat him nët gefällt? ?(

18

15.09.2008, 17:57

Dem Biltgens Fränz gefällt nët alles wat am Buch steet, soot hiën den Moiën um Radio

Wann een d'Leit dozou kréien well e Buch ze kafen ass dat do net dee schlechsten Wee :whistling:
Politik ist die Kunst, die Bürger immer wieder so schnell über den Tisch zu ziehen, daß sie glauben, die dabei entstehende Reibungshitze sei Nestwärme

19

16.09.2008, 07:42

Dem Biltgens Fränz gefällt nët alles wat am Buch steet, soot hiën den Moiën um Radio

Wann een d'Leit dozou kréien well e Buch ze kafen ass dat do net dee schlechsten Wee :whistling:


Och richteg!! :)

20

16.09.2008, 08:59

im endefekt entscheidet aber leser ob er dies buch kaufen möchte -will -oder es zur seite legt .


Richtig @muc-angel, darum werde ich es nicht kaufen. :D