Sie sind nicht angemeldet.

1

24.01.2011, 20:14

Volkszählung

Lo soll et jo demnächst lassgoen - huet schon een de Formulaire? Wéi gesäit en aus? Wat huet Dir da welles, auszefellen, a wat net?

2

24.01.2011, 20:38

hei woren gëschter iescht detailler ze gesinn

http://wiki.piratepartei.lu/images/9/9a/…1_LUX_final.pdf

an den video vum heielei vun den owend

http://tele.rtl.lu/waatleeft/replay/v/20110124/0/32985/


mol gespaant wifill leit iwwert den luxfrust do wäerten äntwerten wou den delais mat nëmmen 10 deeg jo kuerz gehalen ass
wou sin ech drun ?

de richtege Wee : "Ne rien nier à priori, ne rien affirmer sans preuve."

"Deception is a state of mind and the mind of the State" :thumbup:

Jempi

Administrator

Beiträge: 2 590

Wohnort: Beim neien Prisong

Beruf: Meckerer

  • Nachricht senden

3

25.01.2011, 08:28

Dat heiten ass nees eng Kéier eng typesch lëtzebuerger Léisung:

Zitat

D'Ausfëlle vum Formulaire ass obligatoresch. Ween awer e puer Casen net ausfëllt, brauch keng Poursuiten ze fäerten, esou di Responsabel vum Statec.

Wat fir eng Casen dierf een da wäiss loossen? Brauch ech méng Nationalitéit net drop ze setzen?

A wat heescht e puer? 2, 3, 5, 11, .... ?

Dat doten ass nees eng Ausso, fir duernoer à la tête du client kënnen ze reagéieren.

http://news.rtl.lu/news/national//93209.html
"Truth is the most valuable thing we have. Let us economize it."
Mark Twain

4

25.01.2011, 12:06

E gouf op e puer Plaazen am Land schon virn enger Zait ausgedeelt. Wéi soll ee Leit poursuivéieren di jo anscheinend Anonym sin? Hallo, logik?! Do passt eppes nët!
Stumpf ist Trumpf!
-Dendemann

Jempi

Administrator

Beiträge: 2 590

Wohnort: Beim neien Prisong

Beruf: Meckerer

  • Nachricht senden

5

25.01.2011, 12:43

E gouf op e puer Plaazen am Land schon virn enger Zait ausgedeelt. Wéi soll ee Leit poursuivéieren di jo anscheinend Anonym sin? Hallo, logik?! Do passt eppes nët!

Murf,

Anonym ginn déi Formularen eréischt just virun der Saisie informatique gemaach, virdrun sinn se deeglaang nominell, an déi eenzeg Garantei, déi's du hues, dass keen Abus gedriwwe gëtt, ass ee gemeinsamt mëndlecht Verspriechen vu Statec, vum CTIE a vun der CNPD, dass dat och esou ass, an dat hues du gefällegst ze gleewen. BASTA!

E ganz anere Problem ass deen, vun der Gréisst vun eiser Populatioun a Relatioun mat dem Grad vun der Anonymiséierung. Ech erkläre mech:

Wann ech als onéierlechen Informatiker un déi "anonymiséiert" Datebank erukommen, an ech wëll un d'Donneeën vun engem bestemmte Kolleeg hei aus dem Forum kommen, da géif ech mat folgende Critère sichen:

Sexe = masculin
Nationalitéit = Lëtzebuerger
Domicile = Nidderkuer
Employeur = Statec
Huet een Auto an op d'manst ee Moto
Huet keng Kanner

Ech si mir bal sécher, dass de Computer mir nëmmen eng Persoun erausdréckt.

Esou vill zur Anonymiséierung!
"Truth is the most valuable thing we have. Let us economize it."
Mark Twain

Jempi

Administrator

Beiträge: 2 590

Wohnort: Beim neien Prisong

Beruf: Meckerer

  • Nachricht senden

6

27.01.2011, 12:51

Ech hunn elo grad d'Gesetz iwwer eis Volkszählung duerchgelies, a festgestallt, dass mir nach laang net alles iwwer d'Confidentialitéit vun den ausgefëllten Questionnairen gesot kruten. An Artikel 4 vun deem Gesetz steet:

Zitat

Les communes contrôlent le caractère exhaustif du dénombrement sur le terrain. Le cas échéant, elles complètent les questionnaires en ce qui concerne l’année et la période de naissance, le sexe et la nationalité.

Les communes ne sont autorisées à utiliser les données recueillies que pour la mise à jour de leur fichier de population.

Les communes s’abstiennent d’ajouter aux questionnaires du STATEC toute autre question, sous quelque forme que ce soit, qui aurait pour but la collecte de données pour d’autres besoins que celles du recensement.

Dat do muss een sech emol genee vierstellen: Déi ausgefëllten Formulären ginn also, net anonymiséiert bei d'Gemeng an do gi se dann vun engem oder méi Leit gelies an eventuell esou guer komplétéiert. Vläicht esouguer vun ärem Noper???? An et ginn och nach Donneeën ofgeschwriwwen fir de "fichier de population".

Ech fannen et ee Skandal, dass mir esou eppes net gesot kréien ann dass esouguer d'Dateschutzkommissioun kee Wuert doriwwer verléiert.

Hei d'Gesetz: http://www.legilux.public.lu/leg/a/archi…0/0213/a213.pdf
"Truth is the most valuable thing we have. Let us economize it."
Mark Twain

7

27.01.2011, 13:08

Zitat

Vläicht esouguer vun ärem Noper


Ne, hu grad Ustraichern am Haus, Den Ziedel war schon ausgefellt vun der Madame wei se koum . Hen, den Ustraicher huet just bestätegt dass ech do geif wunnen.

8

27.01.2011, 14:40


Dat do muss een sech emol genee vierstellen: Déi ausgefëllten Formulären ginn also, net anonymiséiert bei d'Gemeng an do gi se dann vun engem oder méi Leit gelies an eventuell esou guer komplétéiert. Vläicht esouguer vun ärem Noper???? An et ginn och nach Donneeën ofgeschwriwwen fir de "fichier de population".




dat ass jo och besonnesch flott an deenen klengen Gemengen wou een deen aner kennt


wann een nach eng Residence secondaire huet, muss een den Buttek esouguer 2 x ausfëllen

"dëst gett dann duerno oofgeglach "wie mer d hotline de moien matgedeelt huet..........
wou sin ech drun ?

de richtege Wee : "Ne rien nier à priori, ne rien affirmer sans preuve."

"Deception is a state of mind and the mind of the State" :thumbup:

9

27.01.2011, 15:41

Bong, wann et esou ass, dass de Formulaire 'auseneen' geholl gett, da wäert ech et warscheinlech esou maachen, dass ech mäi Formulaire schon doheem auseneen huelen an déi eenzel Stecker an verschiddenen Enveloppen un de Statec schecken. Dann hun ech mäint jo gedoen :)

10

27.01.2011, 17:02

@Jempi: un di doten donnéen kënns de beim Staat och elo schon wanns de di néideg Zougrëffrechter hues. Wat méi geféierlech as sin di abstrakt Fröën di se lo stellen fir déi Infromatiounen iwwert Biirger ze kréien di nach feelen wann ee Beispillsweis donnéen vun sécurité sociale, dem steierbüro, ministère de transports asw. kombinéiert.Ausgangspunkt as deng matricule. Alles aanescht léist sëch domat direkt fannen oder duerch Kombinatioun vu verschidden Datenbanken.
Stumpf ist Trumpf!
-Dendemann

11

28.01.2011, 07:42

Wann d'Beamten nët esou lidderech wären kéinten se jo all Donnéen bei Facebook, Twitter & Co erausfannen, wëll do steet jo alles dran :D

12

28.01.2011, 08:42

Anonymitéit

raffinéiert ass dann och d fro nr 23

"wo arbeiten Sie, Name des Betriebes"

wat schreift dann do en Patron, en Bauer oder soss en Fräiberuffler hin ?


an deem Sënn......
wou sin ech drun ?

de richtege Wee : "Ne rien nier à priori, ne rien affirmer sans preuve."

"Deception is a state of mind and the mind of the State" :thumbup:

Dieser Beitrag wurde bereits 1 mal editiert, zuletzt von »c23y78« (28.01.2011, 09:26)


13

28.01.2011, 09:27

Hei nach en gudde Komentar op RTL

Zitat

Alain (2011-01-24 14:17:35)
Den Ennerscheed töschent enger Demokratie an enger Diktatur as GANZ einfach : an enger Diktatur setzt sech irgendwann een Bëlles un d' Ruder an seet wat's du ze machen hues, an enger Demokratie därfs du den Bëlles selwer wielen. Dat hun ech vrun ronn 27Joer am E.C.G. am Cours vum Här Clausse gesoot an gouf glaat vrun d' Diir gesaat , weinst "Impertinence". Mer goufen all meih aal, den H. Clausse as haut am Reidener Canton irgendwou an engem Gemengen- oder Schäffenroot, mä ech sin nach emmer der selweschter Meenung. Dofir mein Opruff : GIDD ALLEGUERTEN DER STATEC (an hiiren Semblablen) NEMMEN AN EXKLUSIV FALSCH INFORMATIOUNEN (ausser denen dei sech fiscalesch kontrolleiren loossen) !!! D'Politik benotzt dei ganz Informatiounen geint ons alleguerten. Die Kleng sollen kleng bleiwen an die Grouss sollen nach meih grouss gin , dat as den GRONDKURSUS 1scht Stonn Droit Studium op der Sorbonne ( ech war dobei an wees vun wat ech schwätzen). WIERT IECH ALL AN GIDD FALSCH INFORMATIOUNEN !!!! Vive den aalen Grand-Duc Jean (een Mann mat Reckgraat) an Vive Wikileaks an M. Assange ( d'Revoluzzer vum Internetzeitalter)

14

28.01.2011, 09:31

Ech haat dee Wesch dann elo geschter och an der Boite. Leider ass et jo net esou, dass een e kann auserneen huelen an déi eenzel Deeler separat kann ofginn.

Ech wollt also elo higoen an den absoluten Minimum ausfellen - menger Meenung no sinn dat Nimm a perséinlech Angaben wéi Alter, employeur etc. De ganze Recht (wéivill Autoen an Tiefkühler) wollt ech sinn loossen.

Een Ableck hun ech och mam Gedanken gespillt, den Ziedel onlieserlech auszefellen (z.B. a Spiggelschreft), mee modern Texterkennungssystemer loossen sech anscheinend dovunner net an d'Bredouille brengen.

Jempi

Administrator

Beiträge: 2 590

Wohnort: Beim neien Prisong

Beruf: Meckerer

  • Nachricht senden

15

28.01.2011, 09:35

Een Ableck hun ech och mam Gedanken gespillt, den Ziedel onlieserlech auszefellen (z.B. a Spiggelschreft), mee modern Texterkennungssystemer loossen sech anscheinend dovunner net an d'Bredouille brengen.

Hues de op der Aarbecht keen Araber als Kolleeg?

هل العمل على العرب لا الى صديق؟
"Truth is the most valuable thing we have. Let us economize it."
Mark Twain

16

28.01.2011, 12:36

Lo as dat ganzt seier net mei vill waert wann dausende Belge Letzebuerger gin.
http://news.rtl.lu/news/national//93743.html

Jempi

Administrator

Beiträge: 2 590

Wohnort: Beim neien Prisong

Beruf: Meckerer

  • Nachricht senden

17

07.02.2011, 15:37

Volkszählung: LVI wëll och Statistiken iwwer Vëloen

Zitat

Et géif zwar dono gefrot, wéi d'Leit op d'Arbecht kommen a wéi vill Autoen d'Leit hunn – Motocycletten oder Vëloen kéimen awer am Formulaire net fir. Esou Chiffren wieren der Vëlos-Initiativ no interessant – d'Organisatioun rifft elo an engem Communiqué dozou op, dës Donneeën beim Recensement ongefrot unzeginn.

A wat nach????

Geschwënn wëlle si vu mier wëssen, wéivill Tasen ech am Schaf hunn an ob se nach all dra sinn. An ob ech léiwer wäissen oder brongen Zocker a mäi Kaffi maachen. Ass de Statec elo eng Filial vun der TNS/ILRES?

http://news.rtl.lu/news/national//94893.html
"Truth is the most valuable thing we have. Let us economize it."
Mark Twain