Sie sind nicht angemeldet.

81

06.01.2011, 14:56

Murf, dierf ech dann lo am Februar mat menge fuschneie Pneuen um Moto, bei 10 Grad a Sonn, keen Tour fuere goen? Just well Motospneuen vun Haus aus alt schon manner wéi 4 mm Profil hun?

Mir sinn hei alleguer serieux an hun eis Gefierer korrekt equipéiert. Mee de Sujet ass visiblement zevill komplex, fir mat Schlagwieder wéi 'Wanterpneuen obligatoresch' em sech ze geheien.

Jempi

Administrator

Beiträge: 2 590

Wohnort: Beim neien Prisong

Beruf: Meckerer

  • Nachricht senden

82

06.01.2011, 16:16

Virwat musse di Pneuen dann och su deier sin.

Murf,

Do ass schon emol een zimmlechen Denkfehler vu ville Leit. Am Endbilan sinn déi Pneue guer net esou deier, du därfs just net den Akafspräis vun deene Pneue kucken. Déi Zäit, wou's du d'Wanterpneuen opleien hues, notzen déng Summerpneuen net vill of (béis Zonge soen, si notze guer net of), folglech halen d'Summerpneue méi laang an du keefs vill méi spéit nei Summerpneuen.

D'accord, Wanterpneue si méi deier an notzen méi séier of, mee dat steet a kengem Verhältnis zum ganzen Akafspräis.
"Truth is the most valuable thing we have. Let us economize it."
Mark Twain

83

07.01.2011, 15:52

Ech weess schon wat Pneuen kaschten well ech all Joër minimum ee Saaz vun Wanter an Summerponeuen verschlaïssen. Déi di mer awer am Sënn woren wu ech dat gepost hun waren déi di mat 10 Joër aale Pneuen rondremfueren. De Pneu gëtt jo nët just vu benotzen mee och vu falscher Lagerung futti gemeet. an se elo all Wanter bei kontrolléierter Loftfiichtegkeet a konstanter Temperatur ze halen as dach awer bessi vill Opwand. An dann soll ee Wanterpneuen jo ab bestëmmten Temperaturen nët mi onbedengt fueren well dat d'Eegeschaften vum Gummi beaflosst wat zu enger mi schneller Oofnotzung féiert. Ech hun jo nët pauschal obligatoresch Wanterpneue gejaut-ech denken jo och un ons entreprisen- ech hu konkret Iddien geliwwert wou ee kéint usetzen.

Vuim Spezialfall Motosfuerer well ech lo hei nët diskutéiren. Jiddereen dee Moto fiert weess dat do nët de Pneu déi gréisst Geoorequell as mee éischter deen deen drop setzt- as jo och normal wann dat Déngen réischt ab 140 anstänneg leeft! Leit di am Wanter Moto fueren sin dach awer éischter Ausnahmen a Gesetzer orientéirten sëch gewéinlech awer um cas général.
Stumpf ist Trumpf!
-Dendemann

84

07.01.2011, 17:29

Op der Kamionette hun ech GOODYEAR Cargo Vector 2 Ganzjahresreifen für LLKW und Transporter: drop leien. Wei et esou pur mol richteg geschneit huet, an ech Autoen gesin hun hin an hier ze rutschen hun ech mech gefrot : Oh mei wei kenns du elo weider.
Wei ech du gefur sin hun ech mech gefrot : Firwat kenns du esou gudd virun an anerer net.
Wei ech an de Spiggel gekuckt hun wost ech d`Äentwert. :P

Den beschte Pneu notzt neischt wann de Chauffer net ka furen.

Jempi

Administrator

Beiträge: 2 590

Wohnort: Beim neien Prisong

Beruf: Meckerer

  • Nachricht senden

85

07.01.2011, 17:57

Den beschte Pneu notzt neischt wann de Chauffer net ka furen.

Chauffeur oder blond Chauffeuse :?: :whistling: :whistling:
"Truth is the most valuable thing we have. Let us economize it."
Mark Twain

86

08.01.2011, 12:08

De moien am Reportage RTL: Et gi keng Wanterpneuen mei. Den Händler muss lang genug virum Wanter bestellen .Op dei commanden get Produzeiert. Fabriken machen keen Stock ,sie hunn net genuch op Stock a net genuch produzéiert fir der Demande elo nozekommen. An dat an Zäiten, wou d’Konjunktur lappt,
D’Pneuepénurie huet e puer Ursaachen; e puer Grënn sinn evident: D’Verschrottungsprime, den Ofbau vun de Stocken bei de Produzenten an d’Angscht an der Kris.

Gesetz vun Daitschland hut du mat sech bruecht dass mei verkaaft gouf wei gemengt.Durcht Kriis sin dann och manner Leit beschäftegt, sou dass se net no koumen. Zu Letzebuerg wou Händler nobestallt hun koum nach just 1/10tel un.
Lo gin awer schon Summerpneuen hiergestallt .An och do as et esou dass den Händler muss matzeite bestellen .Wei schon 2009 hescht vun alle Marken , leiwer manner Produzeiren an de Stock as eidel wei drop hänken ze bleiwen.

Iwwregens as dest a villen anere Bereicher genee esou.
Wou mer an eisem Bereich mat Delaier vun 3 Wochen gefur sin virun Joren, si mer Haut bei 4-6 Wochen. Et scheint bessen ze sin wei wann dei ganz Industrien nach just op commande Produzeiern.
Secher kennt och dobei, ähnlech wei bei den Pneuen , wou et Freier 10 Moose gouf ,20,40 Zorten Plättercher,Teppischer oder Tapeiten zur Auswiel. Aleng bei den Tapeiten get et Weltweit eng iwwer 100.000 verschide Mustern a Breden Deckten, asw.
Bestellt also mat Zeiten.

87

09.01.2011, 16:48

Den beschte Pneu notzt neischt wann de Chauffer net ka furen.

Ech gin Dir Recht Nic, wann ech mer verschidde Leit ugekukkt hun wéi se verkrampft hannert hirem Steier soutzen fir mat hirem Wohn ze krauchen obwuel se normal hätte kene fueren. Wann di Leit sech Mueres schon matt enger Krokett an der Box an den Auto setzen hätten se besser se hätten genug Eer virun der Krokett fir sech zu enger Alternativ zum Auto ze décidéieren!

88

10.01.2011, 11:13

@gany a nic: Aaah, Musëk fir meng Oueren. Dozou muss ech nach soën datt ech iwwerzeegung hannegedriwwen fueren- Summer wi Wanter. An ech sin nach nie stiechen bliwwen. Dofir din ech mech och su schwéier ze begraïfen wat verschidden Leit dobaussen op onsen Strossen emmer rem opféieren a wou deen onsäglechen Chaos emmer rem hirkënnt. Ech sin während dem Schnéichaos vill Niewestrecken gefuer, di waren zwar nët gestreet mee si bidden 2 Virdeeler: 1) Schnéi as besser wi Aïs oder Matsch a bidd eigentlech gudden Grip 2) all d'Waarmduscher blockéieren déi Strecken wou se mengen datt gebotzt waer.
An et as Kabes hei just op d'Autosfuerer ze klappen. Ech fannen eis vu Subsiden gemäschten Busbetriiber kéinten och mol Wanterpneuen opleen anstatt nëmmen op de Profit ze kucken trotz unhaalendem Geldsegen emmer an iwwerall just de Minimum ze maan an dann iwwerall Stroossen ze blcokéieren. Eise sougenannten öffentlechen Transport (Schinn ausgeholl) as nämlech vir ee ganz groussen Deel vum Chaos verantwortlech. Déi sin am Schnéi grad su schlëmm wi Ungarnësch Camion'en!
Stumpf ist Trumpf!
-Dendemann

Jempi

Administrator

Beiträge: 2 590

Wohnort: Beim neien Prisong

Beruf: Meckerer

  • Nachricht senden

89

11.05.2011, 10:46

Sou, lo hu mer Mee, d'Wieder ass schéin, de Summer steet virun der Dier, dee leschte Schnéi vum Wanter ass längst vergiess. Vergiess ass och d'Verspriechen vun eisem Transportminister, dass am Wanter Wanterpneuen sollen obligatoresch ginn. Hien huet et och vergiess, elo huet hie jo vill méi wichteg Saachen ze dinn, hie muss d'Nei Bréck sanéieren, eng Rulltrap vum Pafendall op de Kierchbierg bauen, ee Contournement ronderem Kärjéng bauen, etc, etc, etc...

Dat Thema gëtt eréicht erëm aktuell, wann Enn Oktober dat éischt Glatäis op der Strooss do ass. An da kréie mir bestëmmt gesot, dass eisen Transportminister jo ganz gären géif eng Wanterpneuepflicht aféieren, mee wéinst akuten Liwwerengpäss vun deene Pneuen ass dat fir dëst Joer net méi ze réaliséieren. Awer d'nächst Joer ..........
"Truth is the most valuable thing we have. Let us economize it."
Mark Twain

90

11.05.2011, 16:54

4000 Euro Pneuen mat Felgen-dat sin 300 Euro de Mount. Wann een déi spuert kann een 300 Euro méi an de prêt fir den neien Strossekraïzer stiechen- as dach flott! Et as dach besser eppes Deckes ze fueren wi eppes Sëcheres. An ausserdem wanns de am Wanter mam Range mat den 22 Zoll an 295/45 un d'rutschen kënns as dat jo nëmmen hallef sou schlëmm. Soulaangs d'Herrschaften an engem 2 Tonne Schëff setze kee Problem-fir déi aaner Leit oder Foussgänger eventuell schon, mee wien pickt dat?
Stumpf ist Trumpf!
-Dendemann

Jempi

Administrator

Beiträge: 2 590

Wohnort: Beim neien Prisong

Beruf: Meckerer

  • Nachricht senden

91

11.05.2011, 17:30

4000 Euro Pneuen mat Felgen

Dat ass wuel eppes héich gegraff, esou guer beim Q7 sinn ech däitlech ënner deem Präis bliwwen.

Mee, ech wollt eppes Aneschter mat méngem Post aussoen: Politiker notzen de richtege Moment aus, fir publikumswirksam (oder soll ech populistesch soën) eppes unzekënnegen, an esou bal d'Uersach aus den Nouvellen verschwonnen ass, ass hier Ukënnegung och verschwonnen.

Et gehéiert zwar net heihinn, mee ech erlabe mir trotzdeem elo d'Fro, well se mier schon eng Zäit um Mo läit:

Wéi ass et mat de Stresstester fir AKWën, Tester, déi sollen all Aspekter vunder Sécherheet abezéien, inklusiv terroristesch Attacken, Fligerakzidenter, mënschlecht Versoën, an déi sollen vun onofhängegen Experten duerchgefouert ginn? Wéini gëtt déi Ukënnegung (déi iwregens och vun eisem Jean-Claude staark ënnerstëtzt gouf) Wierklechkeet ?

Wann ech gelift, op des Fro äntwert dir léiwer am Cattenom oder Fukushima Thread, soss gëtt alles ze vill vermëscht.
"Truth is the most valuable thing we have. Let us economize it."
Mark Twain

Jempi

Administrator

Beiträge: 2 590

Wohnort: Beim neien Prisong

Beruf: Meckerer

  • Nachricht senden

92

23.08.2011, 18:35

Sou, elo ginn also Neel mat Käpp gemaach:

Zitat

Le 29 juillet 2011, le Conseil de gouvernement a adopté un projet de règlement grand-ducal qui a pour objet d’introduire dans la réglementation routière une disposition qui prévoit qu’en cas de conditions météorologiques hivernales (verglas, neige tassée, neige fondante, plaques de glace ou de givre), un véhicule automoteur peut seulement être conduit sur la voie publique lorsqu’il est équipé avec des pneus d’hiver (pneus M&S).

http://www.gouvernement.lu/salle_presse/…neus/index.html

Ween awer elo mengt, dass dëse Wanter elo all d'Autoe musse mat Wanterpneue fueren, wa Schnéi läit oder Glatäis ass, deen huet net bis zum Schluss gelies:

Zitat

L’entrée en vigueur de la nouvelle réglementation est fixée au 1er octobre 2012.

Do kann ee wuel nëmmen op ee schnéifräie Wanter 2011-2012 hoffen.
"Truth is the most valuable thing we have. Let us economize it."
Mark Twain

93

24.08.2011, 08:36

Ech si souwisou der Meenung datt en färteregen Autofuerer matt Wanterpneuen méi riskant am Verkéier ass wéi en avertéierten Chauffer ouni Wanterpneuen!
A weider get et dann e bemol Leit di Mengen matt Wanterpneuen géifen di nämlecht physikalesch Gesetzer gëllen wéi am Summer!
De Kabes do kascht just erëm nëmmen Geld, awer ënnert dem Strech kënt net dat eraus wat sëch erhofft get.

94

24.08.2011, 12:07

Si hätten jo kënnen eppes sënnvolles maan-stattdessen hun se alt erëm just eng Schikan fir d'Autofuerer gebaut.Déi di 99% vum Chaos verursaachen (fir se nët ze nennen di grouss a kleng Busser a Camionetten) kënne alt erëm weider fueren wi se wëllen. Dat Gesetz do bréngt faktesch iwerhaapt naïscht ausser verstoppten subsiden fir d'Pneuenhändler!! Wat notzt der een Auto mat Wanterpneuen wanne Bus, camion oder eng Camionett strooss blockéiert?
Stumpf ist Trumpf!
-Dendemann

95

13.10.2011, 09:30

Pabeier ass gedëlleg

Matt lëschtegen Affichen mat schlauen Spréch a gudden Tipps di nach keen wosst, sinn mer dann elo gerüst fir de Schneie Chaos

Zitat Wort

Zunächst habe man versucht die Schwachstellen im System ausfindig zu machen. „Wir hatten zwar genug Salz, aber nur auf dem Papier“, erklärte Wiseler. Es nach Luxemburg zu schaffen, gestaltete sich sehr problematisch. Zudem habe man auch die Art und Weise überdacht, wie und nach welchen Prioritäten gestreut werde. Nicht zuletzt seien auch die Autofahrer gefordert. „Sie müssen eine Gasse bilden, wenn ein Streufahrzeug naht. Wenn der Winterdienst im Stau feststeckt, ist keinem geholfen“, unterstrich der Minister.
------------
Badelatschen im Schnee

Da die Winterreifenpflicht erst 2012 in Kraft tritt, versuchen die Behörden nun mit einer Sensibilisierungskampagne die Autofahrer freiwillig dazu zu bewegen, auf M+S-Reifen umzusatteln. „Viele Fahrer scheinen sich nicht bewusst zu sein, dass sie sich auf den Winter vorbereiten müssen“, bekräftigte Wiseler. „Schließlich laufe man ja auch nicht mit Badelatschen durch den Schnee.“



Winterreifen und eine empfohlene Mindestprofiltiefe von 4 mm sind dabei nur ein Bestandteil. Den Wetterbedingungen angepasste Geschwindigkeit, saubere Fensterscheiben sowie Scheinwerfer und der Zustand der Scheibenwischer sollten unter keinen Umständen vernachlässigt werden. Zudem sollen Autofahrer sich unbedingt im Voraus über die Wetterlage informieren und auch auf Straßensperrungen gefasst machen.

------
Die Straßenbauverwaltung hat 100 Streu- und Räumfahrzeuge und 230 Fahrer im Straßennetz im Einsatz. Dazu kommen 35 Mann von Privatunternehmen. Die Salzreserven betragen 19.000 Tonnen. Das sind 4.000 mehr als letztes Jahr. Dazu kommt eine strategische Notfallreserve von 10.000 Tonnen. Auf dem Papier stehen der Straßenbauverwaltung insgesamt 52.000 Tonnen Streumittel zur Verfügung.
http://www.wort.lu/wort/web/letzebuerg/a…dazugelernt.php

Da sinn mer jo gutt preparéiert mam Pabeier-Salz ;) et bleift ze hoffen dass et di schmock Campagne och op franséisch gëtt fir eis Grenzgänger an zemools d Busentreprisen et och verstinn an ëmsetzen.

.
wou sin ech drun ?

de richtege Wee : "Ne rien nier à priori, ne rien affirmer sans preuve."

"Deception is a state of mind and the mind of the State" :thumbup:

Jempi

Administrator

Beiträge: 2 590

Wohnort: Beim neien Prisong

Beruf: Meckerer

  • Nachricht senden

96

23.11.2011, 11:50

Eis Ponts&Chaussées maachen sech wierklech lächerlech:

Zitat

Behörden wollen neues “Winterchaos” vermeiden

A wéi déi dat wëlle maachen gëtt ënner anerem hei explizéiert:

Zitat

Dem Autofahrer stehen mehrere Informationsquellen zur Verfügung. Auf der Autobahn sind es die elektronischen Stau- und Hinweisschilder. Im Internet erhält der Verkehrsteilnehmer über die Seiten cita.lu, police.lu oder über die “Twitter”-Seite der Polizei Informationen.

Wann een an engem Monsterstau steet an dann op den "elektronesche" Schëlter liest, dass ee wierklech am Stau steet, dann ass engem net esou richteg gehollef.

An deen deen op de cita.lu séng Informatioune siche geet, dee kann do liesen:

Zitat

Les informations ci-dessus sont actualisées uniquement du lundi au vendredi de 6h à 19h

Weeder d'Schëlter nach de cita.lu sinn nei, et gouf si och schon d'lescht Joer a verhënnert hu si guer näischt.

http://www.wort.lu/wort/web/letzebuerg/a…s-vermeiden.php
"Truth is the most valuable thing we have. Let us economize it."
Mark Twain

97

23.11.2011, 17:47

Chaos 2011

am frankophonen Wort ass nach méie detailléiertes ze liesen.

Et konnt d lescht Joer dann wuel och net méie kommunizéiert ginn.

Elo soll dann op der Kalchesbréck kommunizéiert ginn

zitat wort en ligne

"Notre premier problème en 2010 fut les échanges téléphoniques entre la centrale et les camions de déneigement, rendus impossibles par la saturation du réseau téléphonique: tous les automobilistes appelaient chez eux pour prévenir leur famille. La communication était rompue en interne. On a remédié à ce souci."

Alors que l'ensemble de la flotte avait été équipée en téléphones mobiles il y a quelques années, 2011 marquera ainsi le retour du système radio à bord des camions, beaucoup plus fiable en cas de crise.

Toutes les informations centralisées au Kalchesbruck avant d'être diffusées par tous les moyens disponibles
Deuxième problème l'année dernière: "Le CITA à Bertrange était submergé d'appels alors que son travail est d'organiser le trafic et pas de gérer la communication. On a donc créé une centrale de crise qui sera installée à la cité policière, au Kalchesbruck près du Findel. Elle sera composée d'agents du ministère des Infrastructures et d'agents issus de la cellule de communication de la police qui géreront l'ensemble des informations à diffuser."



Woubäi een sech dann freet wie d'usagers iwwer twitter sollen informéiert ginn wann de Reseau iwwerlaascht ass.....
Jo an d Salzscheff kann elo schonns net méie fueren weent der Wasserpénurie......

# FAIL

.
wou sin ech drun ?

de richtege Wee : "Ne rien nier à priori, ne rien affirmer sans preuve."

"Deception is a state of mind and the mind of the State" :thumbup:

Dieser Beitrag wurde bereits 1 mal editiert, zuletzt von »c23y78« (23.11.2011, 18:00)


98

08.12.2012, 09:06

#EnferBlanc oder Plan de communication en cas de crise hivernale"

no de villen Sensatiounen di an der Presse ze liesen woren ass dësen Exploit vun de chants & poésies awer nach zeréck ze behalen

Moies géint ± 10 Auer huet et bis op Esch gestaut weens dem Dauerchantier.

hei de Reportage vum Heilelei

Autobunn A4: Bretell zou, Stop and Go!


.
wou sin ech drun ?

de richtege Wee : "Ne rien nier à priori, ne rien affirmer sans preuve."

"Deception is a state of mind and the mind of the State" :thumbup:

Ähnliche Themen