Sie sind nicht angemeldet.

Lieber Besucher, herzlich willkommen bei: LUX-FORUM. Falls dies Ihr erster Besuch auf dieser Seite ist, lesen Sie sich bitte die Hilfe durch. Dort wird Ihnen die Bedienung dieser Seite näher erläutert. Darüber hinaus sollten Sie sich registrieren, um alle Funktionen dieser Seite nutzen zu können. Benutzen Sie das Registrierungsformular, um sich zu registrieren oder informieren Sie sich ausführlich über den Registrierungsvorgang. Falls Sie sich bereits zu einem früheren Zeitpunkt registriert haben, können Sie sich hier anmelden.

61

28.12.2010, 07:16

Ass dann elo iergend e Scheff ukomm gewierscht oder net? ?(

An zu deenen 2000 Tonnen allgemeng: ech hu mer soë gelooss eng Gemeng wéi Woltz bräicht bäi schlechten Wiederkonditiounen bis zu 20 Tonnen pro Dag.......!

En Transportminister mat Reckgrat géif spéitestens elo un engem Schreiwes feilen mat deem hien säin Recktrëtt bekannt gëtt.
Politik ist die Kunst, die Bürger immer wieder so schnell über den Tisch zu ziehen, daß sie glauben, die dabei entstehende Reibungshitze sei Nestwärme

62

28.12.2010, 09:11

Nom Wort schéint Scheff en Densteg ukomm ze sin.
Lo hu mer also 2000 Tonnen fir 2-3 oder mei Wochen.

Zitat

Die Straßenbauverwaltung habe sich hinter den Kulissen viel über das Schneechaos beraten, so Fernand Caas: "Wir haben unser Bestes gegeben." Wann die nächste Streusalzlieferung eintreffen soll, kann sie nicht beeinflussen. Vorraussichtlich soll es zwei bis drei Wochen dauern. Jedoch könnte es auch länger dauern, da wegen des heftigen Schneefalls in ganz Europa die Salzwerke keinen Vorrat mehr vorweisen können.


Ech hu conge dofir as et mir Pip egal, a fir mei Poulet hun ech es nach genuch am Scharf :D

Jempi

Administrator

Beiträge: 2 590

Wohnort: Beim neien Prisong

Beruf: Meckerer

  • Nachricht senden

63

29.12.2010, 12:40

Beim Wort hunn si erausfonnt, virwat bei eis d'Salz knapp ginn ass:

Zitat

Die Entscheidung, alle Lastwagen zu parken, sei nicht nachvollziehbar. Die CLC betont, dass einige Sattelschlepper verderbliche Lebensmittel geladen hatten. Andere seien wenige Kilometer vor ihrem Ziel gestoppt worden. Die Handelsföderation spricht auch von Lastwagen mit Streusalz, die an der Weiterfahrt gehindert worden seien.

http://www.wort.lu/wort/web/letzebuerg/a…r-behoerden.php

:D :D
"Truth is the most valuable thing we have. Let us economize it."
Mark Twain

Jempi

Administrator

Beiträge: 2 590

Wohnort: Beim neien Prisong

Beruf: Meckerer

  • Nachricht senden

64

05.01.2011, 13:10

Zitat

De Claude Wiseler léist den Ament préifen, inwiefern eng Wanterpneuepflicht, wéi et se an Däitschland gëtt, och zu Lëtzebuerg kéint funktionnéieren.

Här Wiseler,

Wou gesidd Dir dann ee Probleem? Esou eppes schreiwt een an de Code de la route, définéiert d'Strofen déi eng Kontraventioun kascht a léist dat vun der Police iwwerpréifen, genee esou, wéi d'Police jo och ee ganze Mount amgaangen ass, d'Pneuen an d'Geliits ze kontrolléieren.

Oder loosst dir dat elo esou laang préifen, bis et Fréijoer gëtt an dat ganzt Thema vergiess gëtt, also déi typesch lëtzebuerger Léisung?

http://auto.rtl.lu/autopur/news/91005.html
"Truth is the most valuable thing we have. Let us economize it."
Mark Twain

65

05.01.2011, 13:17

Ee Problem kéint zumindest sinn, dass et schwéier ass ze définéiren, wat e Wanterpneu ass.

Et ginn vill Pneuen um Marché, wou 'M+S' dropsteet, wat awer Summerpneuen sinn.

D'Preisen hun domadder och hier léif Problemer.

Jempi

Administrator

Beiträge: 2 590

Wohnort: Beim neien Prisong

Beruf: Meckerer

  • Nachricht senden

66

05.01.2011, 13:29

Ee Problem kéint zumindest sinn, dass et schwéier ass ze définéiren, wat e Wanterpneu ass.

Do hues du Recht, johnny. Dat huet den ADAC schons d'lescht Joer ugeprangert, vill "M+S" Pneuen aus Fernost si méi schlecht ewéi ee fonkelneien Summerpneu vun bekannten europäesche Marken. Si sinn zur Konklusioun komm, dass dat eenzecht, wat d"M+S" Zeechen garantéiert, de Fait ass, dass de Produzent "M+S" drop geschwriwwen huet.

An d'Spezialisten vun der EU hunn och keng Zäit, fir sech em eng entspriechend Norm ze bekëmmeren, si sinn all mam Krëmmungsgrad vun de Kornichongen an der Gréisst vun de Banannen beschäftegt.

Mee näischt maachen ass och keng Léisung, wann déi entspriechend Obligatioun kënnt, an via ACL oder ADAC vu bestëmmtene Pneuen ofgerode gëtt, géif et net vill Leit ginn, déi dee Fernostschrott géif kafen.
"Truth is the most valuable thing we have. Let us economize it."
Mark Twain

67

05.01.2011, 22:11

Ah, Jempi, Du hues de Reiz vun den M+S-Summerpneuen net verstanen. Hei ass den Trick:

De Pneu op Dengem Auto muss der Maximalvitesse an dem Maximalgewicht vum Won entspriechen, d.h. de Pneu muss d'Vitesse vum Auto packen. Dat Gesetz huet eng Ausnahm fir M+S-Pneuen, well et an der Zäit keng Wanterpneuen fir Sportsween an hier Vitessen ginn sinn.

Wanns de haut e schwéiren a starken SUV hues, brauch deen och deementspriechend deier Pneuen, fir seng Vitesse kennen ze fueren. Wanns de dofir keng Souen wells ausginn, kanns de méi belleg Pneuen kafen, déi vun der Ausnahm profitéiren, well se en M+S-Sticker hun. Dat sinn ganz valabel Summerpneuen, déi einfach net sou deier sinn, well se z.B. amplaz fir 220 nemmen fir 170 ausgeluecht ginn.

:)

Jempi

Administrator

Beiträge: 2 590

Wohnort: Beim neien Prisong

Beruf: Meckerer

  • Nachricht senden

68

06.01.2011, 09:22

Ah, Jempi, Du hues de Reiz vun den M+S-Summerpneuen net verstanen.

Ok johnny,

Mee wéi définéiert een elo an engem Gesetz iwwer Wanterpneuepflicht, wat ee Wanterpneu eigentlech ass? Eng eege lëtzebuerger Norm? Wéi hunn si dee Probleem an Däitschland geléist?
"Truth is the most valuable thing we have. Let us economize it."
Mark Twain

69

06.01.2011, 10:33

Ah, Jempi, Du hues de Reiz vun den M+S-Summerpneuen net verstanen.

Ok johnny,

Mee wéi définéiert een elo an engem Gesetz iwwer Wanterpneuepflicht, wat ee Wanterpneu eigentlech ass? Eng eege lëtzebuerger Norm? Wéi hunn si dee Probleem an Däitschland geléist?
Majo, de Problem hun se net geléist. Se hu gesot, akzeptabel si Pneuen, déi no hierer Bauart an/oder no hierer Kennzeechnung fir de Betrieb am Wanter geegnet sinn.

Dat heescht, en Pneu mat 'M+S' oder een mat enger Schnéiflack drop misst op jiddferfall ok sinn, egal wéi den Profil ass. Oder een, deen graff profiléiert ass, wéi een en z.B. op klasseschen Jeepen oder och Enduro's-Moto'en fennt. Oder een, deen sech éirenswéi anescht derduerch auszeechnet, dass en kéint gudd sinn fir de Schnéi.

Wéi's de gesäiss, ass et en groussen Duercheneen :)

E Kolleeg vu mer probéiert grad, seng Stroossemotospneuen duerchzekréien, mat der Begrennung, dass um Pneu M/C drop steet, an dass dat kyrillesch fir M/S wier. :)

Jempi

Administrator

Beiträge: 2 590

Wohnort: Beim neien Prisong

Beruf: Meckerer

  • Nachricht senden

70

06.01.2011, 10:56

Wéi's de gesäiss, ass et en groussen Duercheneen :)

johnny,

Dobäi wier et esou einfach. Ech hunn vun 1977 bis 1979 bei Uniroyal geschafft, vläicht ass dir dat nach een Numm, och wann et se haut net méi gëtt (si si vun Conti geschléckt ginn). Am Entwécklungsbüro gouf et fir d'Profildesigner eng kloer Reegel: Summerpneu: 80 Prozent vun der Laffläch besteet aus Gummi, 20 Prozent ass d'Profill; Wanterpneu: 60 Prozent Gummi, 40 Prozent Profill.

Ech sinn d'accord, dass déi Définitioun nach net perfekt ass, mee et wier schon een Usaatz.

Een zweeten Usaatz wier, d'Maximalduretéit vum Gummi bei 0 Grad Celsius ze définéieren.

Matt deenen 2 Kritären, déi relativ einfach ze moosse sinn, kéint een dann eng Positivlëscht vun alle Pneuentypen, déi hei am Land verkaf ginn, opstellen.
"Truth is the most valuable thing we have. Let us economize it."
Mark Twain

71

06.01.2011, 11:38

Jempi,

matt Denger Kompetenz déi's Du do hues kéims Du fir mech als nächsten Verkéiersminister a Fro :thumbup:

72

06.01.2011, 12:15

OOOh, ech gesin schon schwaarz. Ech mengen d'Wanterpneuen di funktionéieren dach bei eis guernët genee wi Vignetten oder de péage, den Signalementsystem op den Autobunnen an d'Salz géint Aïs a Schnéi oder de Leeschtungsprinzip beim Staat. Dat sin einfach exotesch auslännesch Konzepter di sëch op esou ee speziellen Fall wi Letzebuerg en jo awer as nët uwenden loossen! Bla! Mir sin einfach zevill speziell fir dës Welt!
Stumpf ist Trumpf!
-Dendemann

Jempi

Administrator

Beiträge: 2 590

Wohnort: Beim neien Prisong

Beruf: Meckerer

  • Nachricht senden

73

06.01.2011, 12:20

OOOh, ech gesin schon schwaarz.

Gudd gesinn, Murf!

Pneue si schwaarz, do hues de Recht. Awer net, well de Gummi schwaarz ass, deen ass eigentlech hellbeige. Aus optesche Grënn gëtt Carbonstëbbs an d'Gummimëschung gemaach, fir dass d'Pneuen schwaarz sinn.
"Truth is the most valuable thing we have. Let us economize it."
Mark Twain

74

06.01.2011, 12:59

Wéi's de gesäiss, ass et en groussen Duercheneen :)

johnny,

Dobäi wier et esou einfach. Ech hunn vun 1977 bis 1979 bei Uniroyal geschafft, vläicht ass dir dat nach een Numm, och wann et se haut net méi gëtt (si si vun Conti geschléckt ginn). Am Entwécklungsbüro gouf et fir d'Profildesigner eng kloer Reegel: Summerpneu: 80 Prozent vun der Laffläch besteet aus Gummi, 20 Prozent ass d'Profill; Wanterpneu: 60 Prozent Gummi, 40 Prozent Profill.

Ech sinn d'accord, dass déi Définitioun nach net perfekt ass, mee et wier schon een Usaatz.

Een zweeten Usaatz wier, d'Maximalduretéit vum Gummi bei 0 Grad Celsius ze définéieren.

Matt deenen 2 Kritären, déi relativ einfach ze moosse sinn, kéint een dann eng Positivlëscht vun alle Pneuentypen, déi hei am Land verkaf ginn, opstellen.
Ech ka mech nach un Uniroyal erenneren :) woer schon eng Zäit hier...

Profil ass net gudd, well et vill Profiltypen ginn, déi sech je no Laascht méi oder manner auseneendiebelen. Kuck der den Goodyear Vector Allwiederpneu un, deen huet op Vue en relativ zouenen Profil, mee wanns de drun drecken geess, fiert en auseneen.

Einfach d'Shoren ze moossen ass och wackeleg, wells de haut och Pneuen mat verschiddene Gummimeschungen kanns hun. Ech sinn iwwerzeegt, dass meng Pilot Road vum Moto, wanns de se um Bord mess, als Wanterpneuen giffen duerchgoen :)

Et bräicht een en definéirten Testzyklus... an deen ass schwéier an deier...

75

06.01.2011, 13:02

OOOh, ech gesin schon schwaarz.

Gudd gesinn, Murf!

Pneue si schwaarz, do hues de Recht. Awer net, well de Gummi schwaarz ass, deen ass eigentlech hellbeige. Aus optesche Grënn gëtt Carbonstëbbs an d'Gummimëschung gemaach, fir dass d'Pneuen schwaarz sinn.
Net aus optesche Grenn, mee fir de Pneu fir UV ze stabiliséiren.

Souguer modern Silica-Pneuen (déi wierklech wéint der Optik schwarz gefierwt sinn) hun nach eng Sträif Russ dran, fir de Potentialausgläich, wann de Bletz aschléit. :)

Jempi

Administrator

Beiträge: 2 590

Wohnort: Beim neien Prisong

Beruf: Meckerer

  • Nachricht senden

76

06.01.2011, 13:33

Net aus optesche Grenn, mee fir de Pneu fir UV ze stabiliséiren.

:D :D Gehéiert UV-Strahlung net zur Optik ? :D :D
"Truth is the most valuable thing we have. Let us economize it."
Mark Twain

77

06.01.2011, 13:58

@Jempi: Alt erëm eppes baïgeléiert dat hätt ech nët gewosst.

Dat ännert awer naïscht un der Problematik, lo préifen an analyséiren mer a loossen rem deier etuden maan, vlaït grënne mer jo nach eng Wanterpneuen-Commissioun an et kënnt rëm naïscht dobaï raus. Dobaï waer et sou einfach; Ee Pneu dee méi wi 5 Joër aal as gehéiert nët mi op en Auto, dat as och séier an ee Gesetz geschriwwen. Genau sou gin et och Leit di duerchaus fäheg sin tëscht M&S Aawëscherei an der Schnéiflack woumat anstänneg Wanterpneuen gekennzeechnet sin ze ennerscheeden. 1,6 mm Profil as natiirlech am Wanter waït vun genuch. Och do kéint ee séier handelen. Mee bei verschiddenenen as et méi wichteg mam Cayenne rondremzefueren och wann e Korea-Pneuen drophuet, wanns de domat ann een drarenns hat jo souwisou deen Aaner Pesch. Virwat musse di Pneuen dann och su deier sin. Wann ee muss 3000.- fir anstänneg Pneuene ausginkann ee sech jo valït eng Vakanz manner leeschten oder besser manner den decken virum Noper markéieren! Do as et natiirlech méi einfach weider mat denen aaneren Leit hirem Liewen ze spillen.

Hei steet iwwregens alles dran wat ee muss wëssen an och wi de Problem mat dem M&S (wat jo ee Cado un d'Pneueproduzenzen war)ze léisen as. D'Schnéiflack obligatoresch maam, also och di Brems an Ausweichtester di dozou gehéieren. Alles wt di nët packt as demno als Pneu am Schnéi nët geeegent. Basta. http://www.reifen.de/winterreifen_infos.html
Stumpf ist Trumpf!
-Dendemann

78

06.01.2011, 14:15

Net aus optesche Grenn, mee fir de Pneu fir UV ze stabiliséiren.

:D :D Gehéiert UV-Strahlung net zur Optik ? :D :D
Du eeklege Steppler ;-)

Mee am Fong eigentlech net: d'Optik définéiert dach de sichtbare Liichtspektrum, oder? Daat eenzegst sichtbar um UV-Afloss sinn dann no e puer Joer d'Resser am Gummi :)

79

06.01.2011, 14:19


Dat ännert awer naïscht un der Problematik, lo préifen an analyséiren mer a loossen rem deier etuden maan, vlaït grënne mer jo nach eng Wanterpneuen-Commissioun an et kënnt rëm naïscht dobaï raus. Dobaï waer et sou einfach; Ee Pneu dee méi wi 5 Joër aal as gehéiert nët mi op en Auto, dat as och séier an ee Gesetz geschriwwen.


An och zimmleche Kabes: ech hun op der DS Summerpneuen, déi 10 Joer hun. Déi sinn net méi nei, mee déi sinn gudd versuergt, hun selten UV-Belaaschtung, an sinn duerchaus relativ greffeg an secher.

Giff ech neier kaafen, kritt ech lo warscheinlech Pneuen, déi 2 oder 3 Joer al sinn - déi awer korrekt stockéiert sinn, an nach emmer an der Rei sinn.

Zitat

Genau sou gin et och Leit di duerchaus fäheg sin tëscht M&S Aawëscherei an der Schnéiflack woumat anstänneg Wanterpneuen gekennzeechnet sin ze ennerscheeden.


A wéi schreiws de dat an e Gesetz?

Zitat


1,6 mm Profil as natiirlech am Wanter waït vun genuch. Och do kéint ee séier handelen.


Stemmt, do ass jo och gehandelt: e Pneu kann net als Wanterpneu zielen, wann e manner wéi 4 mm Profil huet.

80

06.01.2011, 14:48

"Stemmt, do ass jo och gehandelt: e Pneu kann net als Wanterpneu zielen, wann e manner wéi 4 mm Profil huet."

Mengetwegen as dat sou, dat interesséiert awer keen well hei zu Letzebuerg as Wanter wi Summer eng Profildéiwt vun 1,6 virgeschriww, méi nët!
Mat handelen mengen ech zum Beispill di 1,6 loossen vun Abrëll bis Oktober an vun Oktober bis MäRz op 4 hiewen!'

Dat freet mëch fir dëch wanns de mat 10 Joër aale Pneuen rondrëmfiers, och vum stoën gin se futti, mee vlaï hues de se jo de Wanter opgebockt. Allzaït hoffen ech fir dech datts de domat nët emol en Akzidebt baus well d'Assurance waert dat warscheinlech net esou easy gesin. Mir as et eigentlech och egal wéi Verantwortungslos meng Matbiirger sin. Du kanns och oofgelaafen Liewensmëttel an der Regel nach Méinen nom Verfallsdatum iessen-trotzdem mëcht keen ët! Alles eng Fro vun der Erzéiung. Géng sech mat de Pneuen souvill verdénge loossen wi mat Alkis an Fëmmerten taxéiren waer dat Gesetz schons laang do! Mir daerfen och net vergiessen dat mer et just nach mat Heuchler ze din hun.

An ee Gesetz schreiwen kéins de zum Beipill dat nëmmen Pneuen wantertauglech sin di och entspriechend Tests bestaan hun, as dach nët schwéier oder?! Lo kënnt jo och den Ticket fir Geraïschbelaaschtung a Verbrauch fir Pneuen. Ech mengen du wells einfach net verstoën.
Stumpf ist Trumpf!
-Dendemann

Ähnliche Themen