Sie sind nicht angemeldet.

Lieber Besucher, herzlich willkommen bei: LUX-FORUM. Falls dies Ihr erster Besuch auf dieser Seite ist, lesen Sie sich bitte die Hilfe durch. Dort wird Ihnen die Bedienung dieser Seite näher erläutert. Darüber hinaus sollten Sie sich registrieren, um alle Funktionen dieser Seite nutzen zu können. Benutzen Sie das Registrierungsformular, um sich zu registrieren oder informieren Sie sich ausführlich über den Registrierungsvorgang. Falls Sie sich bereits zu einem früheren Zeitpunkt registriert haben, können Sie sich hier anmelden.

1

15.12.2010, 12:29

Chaos mit Ansage!

Hallo,

Et schéngt jo net wiirklech Keen ze interesséiren mee anscheinend soll muer jo dann rem zu Letzebuerg alles stoën. P&C an di zoustänneg Autoritéiten mediatiséiren schon saït 2 Deeg nemmen präventiv Excusen wisou daat da muer rem naïscht waert goën. 10-15 cm NMeischnéi, vlaït fréiert et och nach-bref si kënnen naïscht maan, de Chaos as virprogramméiert. Gudd, ech hu virgesuergt a laache mer muer gudd an Täsch wann Letzebuerg rem ennergeet.
An aaneren sougenannten Demokratien passéiert dat heiten wann Leit esou kläglech versoën wi eise Ponts&Chaussées oder wien sëch och soss emmer nët zoustränneg fillt;http://derstandard.at/1291454883978/Scho…zurueckgetreten
Gott, lo fällt hei eemol bessi Schnéi a schons sin ons Politiker an och d'Ponts&Chaussées just nach domat beschäftegt sëch géigesaïteg Zocker an den Arsch ze blosen an sëch lo schons präventiv géint muer an all folgend Schnéistiirm oofzesëcheren an aus der Verantwortung ze zéien. Waat eng Show!
Stumpf ist Trumpf!
-Dendemann

Jempi

Administrator

Beiträge: 2 590

Wohnort: Beim neien Prisong

Beruf: Meckerer

  • Nachricht senden

2

15.12.2010, 12:44

Leschte Mëttwoch Owend war jo, wéinst ongeféier 10 cm Schnéi, den absolute Chaos op eise Stroossen ausgebrach. Deen Dag duernoer war dun esou guer de Minister virun d'Press gaangen, fir eis alleguer ze verzielen, dass déi ëffentlech Servicer alles richteg gemaach haten an dass et net méiglech gewiecht wier, eppes besser ze maachen. Et war alles perfekt.

Dass et awer nach besser ewéi perfekt geet, gëtt een haut gewuer:

Zitat

En Donneschdeg soll et nees schneien. Nom Schnéichaos di lescht Woch, wëllen déi zoustänneg Autoritéien a Servicer sech dës Kéier besser virbereeden.

Wann et déi leschte Kéier perfekt war, da ware si dach ganz gudd virbereed. A besser geet et dach net, oder? Dat heiten ass och ganz lëschteg:

Zitat

Et soll verhënnert ginn, datt s’op Stroosse wëlle fueren, déi schonn zougemaach goufen.

Déi Leit, déi de ganzen Dag geschafft hunn, sollen also doru gehënnert ginn, owes bei hir Famill heem ze fueren?? Ech hat geduecht, d'Sklaverei wier ofgeschaft. Wann d'Leit forcéiert ginn, muer de Moien schaffen ze fueren, dann dierfen si och muer den Owend heem fueren!

Dass muer, no der Experience vun der leschter Woch, keen sech méi op den ëffentlechen Transport wärd verloossen, ass wuel méi ewei verständlech....

http://news.rtl.lu/news/national//88995.html
"Truth is the most valuable thing we have. Let us economize it."
Mark Twain

3

15.12.2010, 12:58

Ech hunn 't läscht Woch 7(!) Stonnen gebraucht fir heem. Ech freeën mech schon...
Politik ist die Kunst, die Bürger immer wieder so schnell über den Tisch zu ziehen, daß sie glauben, die dabei entstehende Reibungshitze sei Nestwärme

Jempi

Administrator

Beiträge: 2 590

Wohnort: Beim neien Prisong

Beruf: Meckerer

  • Nachricht senden

4

15.12.2010, 13:02

Ech hunn 't läscht Woch 7(!) Stonnen gebraucht fir heem. Ech freeën mech schon...

Et geet näischt iwwer eng gerousam Pensioun.... schéi gemittlech doheem, niewend dem waarmen Uewen, um Internet déi interessant Kameraën vum CITA kucken ....
"Truth is the most valuable thing we have. Let us economize it."
Mark Twain

5

15.12.2010, 13:03

Den öffentlechen Transport as dach e Vull fir d'Kaaz. Dat heescht Leit di zu Miersch, Clierf oder Esch wunnen kommen heem. Gudd, wat as mat denen di dann nach an e Bus klamme sollen dee nët fiert. D'Busser an d'Kamion'en waren letzt Woch zu engem groussen Deel mat Schold um Chaos. Nët nëmmen datt se all guernët oder vill ze spéit gefuer sin da sin se och nach sou feig a schieben et op di béis Autofuerer. Ech verstin awer nët awifern di béis Autoen dru Schold sin wann an all Biirg e Bus hänkt deen e nët rop kënnt. Frot mol di Leit di letzt Woch tëscht 5-10 Stonnen an der Stad stungen wat ons dichteg Bussen do gemeet hun. An all Gas stung ee queesch, vum Eescher Biirg mol nët ze schwätzen! Bei denen froën ech mech alt och heiensdo ob et trotz Riesensubsiden nët mi duergaang as fir Wanterpneuen, ah jo mee déi brauche jo méi Diesel wi glaat Summerpneuen, dat haat ech lo bal vergies!
Stumpf ist Trumpf!
-Dendemann

6

15.12.2010, 13:06

Et geet näischt iwwer eng gerousam Pensioun.... schéi gemittlech doheem, niewend dem waarmen Uewen, um Internet déi interessant Kameraën vum CITA kucken ....
Du Ekel!
Politik ist die Kunst, die Bürger immer wieder so schnell über den Tisch zu ziehen, daß sie glauben, die dabei entstehende Reibungshitze sei Nestwärme

Jempi

Administrator

Beiträge: 2 590

Wohnort: Beim neien Prisong

Beruf: Meckerer

  • Nachricht senden

7

15.12.2010, 13:10

Du Ekel!

Heheee....

An desem Thread komme d'Bäitreeg méi séier eran, ewéi d'Schnéiflacke kënne vum Himmel falen :D
"Truth is the most valuable thing we have. Let us economize it."
Mark Twain

8

15.12.2010, 13:10

Hoffentlëch brëcht de site nët rem zesummen! Soss musse mer muer ganz konventionell Radio lauschteren wa mer dee Spaass nët wëllen verpassen;-)
Stumpf ist Trumpf!
-Dendemann

9

15.12.2010, 13:45

Ech hunn 't läscht Woch 7(!) Stonnen gebraucht fir heem. Ech freeën mech schon...
Du bass dach zu Nidderkuer, oder? Do kennst de jo awer gudd mam Zuch heem, deen huet keng aussergewéinlech Retard'en.

Sollst De um Kierchbierg hänke bleiwen: zefouss vum KB op d'Gare ass eng Dräivéirelstonn, ongeféier. Méi laang wanns de et mess wéi ech d'läscht Woch an um Knuedler nach e Glühwäin hells. :)

10

15.12.2010, 13:50

Do kennst de jo awer gudd mam Zuch heem
Ech wees net wats de hëlls mee huel manner dovunner!

Komm mir net mat Zuch a Bus ;)
Politik ist die Kunst, die Bürger immer wieder so schnell über den Tisch zu ziehen, daß sie glauben, die dabei entstehende Reibungshitze sei Nestwärme

11

15.12.2010, 14:08

Do kennst de jo awer gudd mam Zuch heem
Ech wees net wats de hëlls mee huel manner dovunner!

Komm mir net mat Zuch a Bus ;)
Ah, t'schellegt. Ech hat lo d'Impressioun, dass der déi 7 Stonnen d'läscht Woch net gefall haten an dass de un enger besserer Léisung interesséiert wiers ;)

Jempi

Administrator

Beiträge: 2 590

Wohnort: Beim neien Prisong

Beruf: Meckerer

  • Nachricht senden

12

15.12.2010, 14:08

Iiiiiiii'mmmmm dreeeeeaaaaaaminnnng of aaaaaa whiiiiiite Xmasssss............
"Truth is the most valuable thing we have. Let us economize it."
Mark Twain

13

15.12.2010, 14:28

an dass de un enger besserer Léisung interesséiert wiers
Déi Léisung hunn ech: bäi Schnéifall Camionën an Bussen vun den Stroossen an Wanterpneupflicht fir d'Autoën. Problem geléist.

Ech wees: ass Wonschdenken, mee ëmmerhin
Politik ist die Kunst, die Bürger immer wieder so schnell über den Tisch zu ziehen, daß sie glauben, die dabei entstehende Reibungshitze sei Nestwärme

14

15.12.2010, 14:29

Ech mengen den Jempi suckelt schon um Glühwäin... 8o
Politik ist die Kunst, die Bürger immer wieder so schnell über den Tisch zu ziehen, daß sie glauben, die dabei entstehende Reibungshitze sei Nestwärme

15

15.12.2010, 14:43

Änder, ech weess net ob's de dat heite gesinn hues: http://www.youtube.com/watch?v=4Pcdg9m7D…yer_profilepage

Ech mengen net, dass Bussen oder Camion'en serieux Problemer am Wanter hun :)

Hun desläscht en interessanten Artikel gelies, deen sech an éischter Linn drop behaapt huet, dass den Schnéiservice vun Gemengen/P&C haut einfach net méi vill Wäert ass. Dass déi 15cm vu läschtem Mettwoch fir e bessche Verspéidung suergen wier normal, awer net fir deen doten Chaos. An et woer jo net nemmen bei eis esou, mee och op anere Plazen (souguer däer mat Wanterpneuenpflicht).

16

15.12.2010, 14:52

Änder, ech weess net ob's de dat heite gesinn hues: http://www.youtube.com/watch?v=4Pcdg9m7D…yer_profilepage
1. Vermuddlech Wanterpneuen
2. En huet net missen stoebleiwen

Zitat

Ech mengen net, dass Bussen oder Camion'en serieux Problemer am Wanter hun :)
Schued, dass de den Mëttwoch net bäi mir am Auto wars. Do wiers de enges Besseren beléiert ginn. Ech stoung nierwent enger Semi-remorque déi bäim Ufueren gemiddlech op mech duergerutscht komm ass.

An dann héiers de nach de solls d'Streedengschter laanschtloossen: géif ech jo gären maachen mee wou soll ech dann am Stau mat mengem Auto hinn? An d'Täsch stiechen, oder wéi?
Politik ist die Kunst, die Bürger immer wieder so schnell über den Tisch zu ziehen, daß sie glauben, die dabei entstehende Reibungshitze sei Nestwärme

Jempi

Administrator

Beiträge: 2 590

Wohnort: Beim neien Prisong

Beruf: Meckerer

  • Nachricht senden

17

15.12.2010, 15:07

Ech mengen net, dass Bussen oder Camion'en serieux Problemer am Wanter hun :)

johnny,

Leschte Mëttwoch owend war d'Collectrice vun Esch op Zolwer, wou et zimmlech biergopp geet, stonnelaang total vu Camionen blockéiert, déi do queesch iwwer déi 2 Spuere stungen.
An Donneschdessmoies war zu Esch d'rue de Belvaux an enger Montée bal 3 Stonnen vun engem Bus blockéiert, deen do och net eropkomm ass (dobäi huet déi Montée héchstens 5 Prozent).

An do gesäis du, fierwat eisen Transportminister net fir eng Wanterpneuepflicht ass: Wann déi nämlech ageféiert gëtt, da gëlt si och fir den ëffentlechen Transport (oh jee, oh jeee .... mir hunn dach Finanzéierungsvirbehalt wéinst der Kris) a fir d'Transportentreprisen (dat geet dach net, da geet eis Kompeetitivitéit nach méi an de Keller, dat féiert straigt away an déi nächste Kris).
"Truth is the most valuable thing we have. Let us economize it."
Mark Twain

18

15.12.2010, 15:17

"Hun desläscht en interessanten Artikel gelies, deen sech an éischter Linn drop behaapt huet, dass den Schnéiservice vun Gemengen/P&C haut einfach net méi vill Wäert ass. Dass déi 15cm vu läschtem Mettwoch fir e bessche Verspéidung suergen wier normal, awer net fir deen doten Chaos. An et woer jo net nemmen bei eis esou, mee och op anere Plazen (souguer däer mat Wanterpneuenpflicht)."

Also wanns du dat lo schon an d'Gespréich bréngs géng ech mol di heiten fait'en mat a Betruecht zéien: Heures supp. +40%, travail de nuit (22h00-6h00): +50% Total: +90% Aso virwat schon um 10 op 5 Aktioun maan wann et dach vill méi bréngt e bessi mi spéit an Gäng ze kommen....
Stumpf ist Trumpf!
-Dendemann

Jempi

Administrator

Beiträge: 2 590

Wohnort: Beim neien Prisong

Beruf: Meckerer

  • Nachricht senden

19

15.12.2010, 15:36

Hei emol, ganz subjektiv gesinn, méng Expérience vu gëschter, Dënschden 14. Dezember:

5 fir 6 opgestanen wéi ëmmer an der Woch, um 6 Auer d'Nouvellen op RTL gelauschtert. RTL: An der Nuecht sinn ongeféier 3 Zentimeter Schnéi gefall, zënter Stonnen sinn d'Streedingschter eraus, d'Haaptachse si fräi .... Geduscht, halwer 7: RTL: An der Nuecht sinn ...... Firwat widderhuelen déi ëmmer eppes, wat fir mech eigentlech selbstverständlech ass? Kaffi gedronk, siwen Auer: RTL: An der Nuecht ..... Halwer 8: méng 2 eelste Bouwen an d'Schoul op Esch gefouert, d'Strooss war wäiss, bis op 2 Spueren, wou d'Autoen den Schnéi bei deenen déiwen Temperaturen zu Äis gefuer haten, an op RTL héieren: An der ....... Kuerz viru 9: Deen 3. Bouw an d'Schoul gefouert, hien hat di 1. Stonn fräi, an RTL mat hierem Kabes ausgeschalt....

10 Auer doheem: Oh hei..... wéi schéin..... et gëtt se nach ...... ee Streewon ass viru ménger Dier laanscht gefuer!!!!!
"Truth is the most valuable thing we have. Let us economize it."
Mark Twain

20

15.12.2010, 15:50

Et geet näischt iwwer eng gerousam Pensioun.... schéi gemittlech doheem, niewend dem waarmen Uewen, um Internet déi interessant Kameraën vum CITA kucken ....


D cita en gudden schaerz ;)

Leschten mettwoch den owend wor hieren server an d getten gangen , mee et wor net schlemm well souwiesou net vill aktuelles do ze liesen wor

Villait ass des kiier personal do, waat matt engem keyboard kann emgoen

Ons schien cameraen hunn och net vill gehollef well d halschent en panne wor an zum deels nach emmer ass

Den bock oofgeschoss huet alledengs den fait datt donneschtes moies op saemtlechen medien all 20 minuten widerholl guef datt d franzousen autobunn nach zou wie an datt et en reckstau gief ginn bis d ausfahrt bridel

Gient 11 auer wor den reckstau bis bei den ikea ukomm, an em 13 auer ass nach emmer die selwecht meldung komm……

Soss ass eis poliss dach emmer aerdeg fir d camioen zu capellen oder viruns der grenz eraus zehuelen, des kieer wor keen doheem fier d coordinatioun
Ze bemierken ass nach datt an der belsch d autobunnen op 4 pisten donneschtes moies propper woren

Virun aarel henkt och ewell eng grouss tafel fir den traffic iwer lonkesch emzeleeden, me do wor do d communication och schlecht an dozou koumen nach belsch sproocheproblemer……

Emmerhin ass matt schienem cortege d autobunn matt vill pomp an blaulicht erem an betrieb geholl ginn



Btw beim hiechwasser www.innondation.lu ass et och exemplaresch zu gangen

Wie am wortchen ze liesen wor
Villait fonktioniert deen site nemmen bei schienem wieder an innerhalb den buerosstonnen, mee och do muß en keyboard kennen bedengt gin……
Schued ass och datt fir desen apple journalist nach emmer keng app fier sein handy ze krieen ass

Zitat

Die Hochwasser-Informations-Katastrophe

Weder Behörden noch Gemeinden haben in Sachen Bürgerinformation dazu gelernt.

Internet-Steinzeitalter

Als in Schengen und Remich die ersten Straßen gesperrt und die ersten Keller überflutet waren, wurden auf inondations.lu immer noch so gut wie keine Informationen über den Stand der Dinge und die zu erwartende Entwicklung des Hochwassers veröffentlicht.

Von dynamischen Echtzeitinformationen war weit und breit nichts zu bemerken, einzelne Rubriken der Seite blieben tagelang leer, und selbst die einfachsten Dinge wie etwa das Aufschalten der aktuellen Pegelstände funktionierten nicht. Stattdessen begnügte man sich damit, wie im Internet-Steinzeitalter ab und zu Textmitteilungen zu posten – in bestem Behördenfranzösisch, versteht sich.
http://www.wort.lu/wort/web/meinungen/ko…katastrophe.php


Welcome to lululand

A propos wanterrieder

mißten all eis frontalieen hier wanterpneuen hei am land kaafen gief et bestemmt schons laang eng pneuen prime vum minister……
wou sin ech drun ?

de richtege Wee : "Ne rien nier à priori, ne rien affirmer sans preuve."

"Deception is a state of mind and the mind of the State" :thumbup:

Ähnliche Themen