Sie sind nicht angemeldet.

Lieber Besucher, herzlich willkommen bei: LUX-FORUM. Falls dies Ihr erster Besuch auf dieser Seite ist, lesen Sie sich bitte die Hilfe durch. Dort wird Ihnen die Bedienung dieser Seite näher erläutert. Darüber hinaus sollten Sie sich registrieren, um alle Funktionen dieser Seite nutzen zu können. Benutzen Sie das Registrierungsformular, um sich zu registrieren oder informieren Sie sich ausführlich über den Registrierungsvorgang. Falls Sie sich bereits zu einem früheren Zeitpunkt registriert haben, können Sie sich hier anmelden.

Jempi

Administrator

Beiträge: 2 590

Wohnort: Beim neien Prisong

Beruf: Meckerer

  • Nachricht senden

41

05.12.2009, 18:19

mJANG,

Kuckst du emol Post Nummer 39 an dësem Topic?
"Truth is the most valuable thing we have. Let us economize it."
Mark Twain

42

05.12.2009, 19:57

mJANG,Kuckst du emol Post Nummer 39 an dësem Topic?
... jo Jempi effektiv, daat haat ech éierlech verpasst, hun misste während deene leschten Deeg mat enger minimaler PC-Konfiguratioun auskommen, an do ass mer daat Mëssgescheck geschidd, ët soll nët méi passéieren , tzorry (oder wéi schreiwt den Ami daat ?)
Mais dovun oofgesinn schued ët näischt dass daat skandaléist Thema de kriteschen a skeptesche Lieser ëmmer nees virun Aaen gehaale gët.
Schlemmer geet ët wierklech nët méi, virun allem wann ee bedenkt dass ons ganz Gesellschaft, onse ganze Marienstaat op dee
verlugenen, korrupten, verhouerten a mënscheverachtende Veräin do opgebaut ass !!! A wee seet ons, dass ët zu L aanescht ass wéi an Irland ?
Mee mir (ons Justiz abegraff) si jo d'Weltmeeschter am "ënner den Teppech kieren" !
Das sogenannte Theodizeeproblem :
Kann oder will Gott das Leid in dieser Welt und die Untaten seiner Kirchenmänner nicht verhindern?
Wenn er es nicht kann, ist er nicht allmächtig, wenn er es nicht will, dann ist er nicht allgütig !

43

11.12.2009, 09:53

Ech hun erëm eng Mail kritt di ech hei posten:

Zitat

2 nei Feierdeeg zu Lëtzebuerg_ Mme_Delvaux
Dëst ass de Bréif den eis lëtzbuerger Press sech weigert ze
publizéieren. De Bréif sollt virum 27. an 28. November kommen!

A diffuser largement et sans modération. Merci

Och un d'Mömpelfritzen :-)


Zwee nei Feierdeeg hei zu Lëtzebuerg?
Ausnamsweis machen ech mengem Ierger Loft an der Sprooch déi meng
Elteren mir bäibruecht hunn an dat ass Lëtzebuergesch, obwuel et hei
zu Lëtzebuerg zur Gewunnecht gin ass sech mëndlech wéi schrëftlech an
iergend enger Friemsprooch auszedrécken, éischter wéi op
Lëtzebuergesch. Firwat? Ma well mir als Lëtzebuerger an engem klenge
Land wéi eisem geléiert goufen Rücksicht ze huelen op déi aner, sech
unzepassen an sech a méi wéi nëmmen enger Sprooch fléissend kënnen
auszedrécken.

Am Prinzip ass dat jo eng nobel a luewenswert Astellung, an huet
dozou gefouert, dass eng Onmass Fransousen joerelaang bei eis schaffe
kommen ouni och nëmmen déi klengsten Ustrengung ze machen fir e puer
vun de wichtegsten Ëmgangsformen an der Sprooch vun dem Land ze
léieren wou en seng Sue verdinge kënnt. Firwat sollten Sie sech
ustrengen eis Sprooch ze léieren, wou sie et dach vun eis sou liicht
gemaach kréien? Eis Politiker rullen hinnen de rouden Teppech aus, fir
Sie op Lëtzbuerg ze kréien, Sie kréien an allen erdenkleche Sproochen
all wichteg Informatiounen an de Grapp gedréckt, fir dass Sie nëmmen
kee Lëtzebuerger mussen ëm Rot froen, fir gewuer ze gin wou
d ‘Krankekess ass a wéi en sech muss uleeën fir Chômage ze kréien. Dat
selwecht gëllt fir vill Däitscher, Belsch, Portugiesen an neierdéngs
och Matbierger vum Balkan. Et ass hei net meng Absicht pauschal all
auslännesch Matbierger an een Dëppen ze geheien, ech wëll villméi e
puer Situatiounen uschwätzen, déi mat den Hoer erbäi gezun sinn.

Déi italienesch Migranten waren déi éischt déi virun méi wéi 100 Joer
a grousser Zuel op Lëtzebuerg koumen, fir hei ze wunnen, ze liewen an
ze schaffen. Sie sinn zu enger Zäit komm, wou d ‘Lëtzebuerger am
allgemengen an och d ‘Politiker vun deemols de Kapp nach op der Plaz
haten wou en higehéiert ? op de Schëlleren. Haut kritt en vun Dag zu
Dag ëmmer méi den Androck verschidden Leit wieren vum Lemmes gebass,
wéissten nët méi wou se hierkommen. Den Italiener sin deemools keng
sou Gonschten erwisen ginn, et gouf eng ‘Vogel friss oder stirb ‘
Politik bedriwen, déi d ‘Migranten sou ze soen gezwongen huet sech
unzepassen. Hier Kanner sinn an d ‘Schoul komm, sie hu probéiert mat ze
schwammen, ze verstoen an sie hunn séier verstan, dass Sie besser
haten eis Sprooch ze léieren, fir hei zu Lëtzebuerg kënnen ze
iwerliewen.

Et sinn deemools keng Elterenversammlungen an 3 verschidden Sproochen
ugebuede ginn, et sinn och keng deier héichglanz Brochuren gedréckt
ginn, déi de Migrantekanner d ‘Vokablen, d ‘Verben a sonstegt
Léierinhalter an hirer Mammesprooch, wéi um sëlwer Plateau zerwéiert
hunn.

Ech héieren elo schon d ‘Kommentaren vun der Asti a vun anere
‘Guddmënschen ‘, déi kommen a mat Sätz ronderëm sech geheien, wou
Wieder dra fierkommen wéi - Rassist, Diskriminatioun,
Gläichberechtegung, Rechter fir Auslänner, Integratioun a.s.w. Sie hu
Recht, well wann Sie sech nët ganz fréi schon fir d ‘Rechter vun de
Migranten agesaat hätten, da wieren mir haut nët do wou mer sinn.

Ma wou si mer dann eigentlech!?

An denen allermeeschten Geschäfter, muss en all Sproochen beherrschen,
ausser Lëtzebuergësch, obwuel a leschter Zäit en Trend sech bemierkbar
mecht, den weist, dass verschidden Patron ‘en sech dofir asetzen, dass
hier auslännesch Ugestallten e bësse Lëtzebuergesch léieren. Et ass
nie ze spéit fir eppes gudd ze machen.

Dass mer am Sënn vun enger gréisstméiglechster Gerechtegkeet
probéieren eisen auslänneschen Matbierger d ‘Liewen hei zu Lëtzebuerg
sou liicht wéi méiglech ze man, dat ass novollzéibar. De Staat
finanzéiert eng intensiv Integratiounspolitik an d ‘Äntwert ass oft:
‘Mer huelen wat de Sozialstaat eis bidd, mee et kann keen eis
forcéieren eis ze integréieren!? ‘ oder anescht ausgedréckt: ‘Mir
wëllen eis zwar nët integréieren, mee mir hunn awer Rechter, zumindest
déi selwecht Rechter wéi d ‘Lëtzebuerger, an deelweis esouguer méi
Rechter!? ‘

Neierdéngs därfen eenzel auslännesch Schüler an der Primärschoul,
pardon an der Grondschoul, wann se grouss sproochlech Problemer hunn,
esouguer eng Sprooch ewechloossen, an dat mam offiziellen Segen vun
der Madame Delvaux. Dass kee Mënsch esou eng Moossnam eeschtlech fir
sech oder säi Kand beansprucht, dat ass wuel kloer, mee huet jeemools
e lëtzebuerger Schüler de sproochlech Problemer hat einfach duerften
eng Sprooch ewegloossen ? Nee ? hien huet d ‘Schouljoer nach eng Kéier
gemach a geléiert, dass een sech muss ustrengen!

Lëtzebuerg gëllt nach ëmmer zu bal 98 % als réimesch-katoulescht Land
an dat bréngt mat sech, dass mir zu Lëtzebuerg ganz bestëmmten
festgeluechten Feierdeeg hun, déi all Lëtzebuerger därfte bekannt
sinn. Neierdéngs gëtt et nach 2 weider Feierdeeg déi bis haut keen
kannt huet, an zwar den 27. an 28. November. Do ass e verleet ze
froen: ‘ A wat fir een Hellegen gëtt dann do gefeiert? ‘

D ‘Educatiounsministesch, d ‘Madame Delvaux perséinlech huet e Bréif
erausginn, wou am ganze Land d ‘Léierpersonal an der Grondschoul
opgefuedert gëtt, de 27. an 28. November d ‘Feelen an der Schoul vu
Kanner, déi der musulmanescher Gemeinschaft ugehéieren, ze
entschëllegen an ze akzeptéieren! Et handelt sech bei denen zwee Deeg
ëm e wichtegt reliéist Fest an der musulmanescher Gemeinschaft, an
zwar ass et d ‘Fest vum ‘Aid ‘ ‘ la fête du sacrifice d ‘Abraham.

Reliounsfräiheet ass e grousse Privileg, den Generatiounen vu Leit
virun eis nët haten a mir mussen eis dofir asetzen, dass all Mënsch en
onufechtbart Recht op Reliounsfräiheet huet, an trotzdem huet de Bréif
vum 12. November 2009 vun der Madame Delvaux e ganz batteren
Bäigeschmaach.

Relioun ass prinzipiell eng Privatsaach, obwuel an eise Schoulen nach
ëmmer Relioun als Fach ugebueden gëtt. Leit aus musulmanesche Länner
kommen aus fräie Stécker op Lëtzebuerg, an Sie hunn d ‘Recht hire
Glawen ze liewen sou wéi hier Relioun dat viergesäit. All klengt Kand
weess, dass et heescht: ‘Andere Länder ‘ andere Sitten ‘ ? soubal een a
friem Länner geet. Néierens gëtt et déi Situatioun, dass ech meng
Sitten a Gebräicher an der Waliss ka mathuelen, an an der Friemt dann
en Usproch drop därf stellen.

Dass Musulmanen, kee Schwéngefleesch iessen ass jiddwerengem bekannt,
mee dass et an de Schoulen haut de Brauch ass, dass bei de
Schnéiklassen, bei Grillfester oder soss schouleschen Ausflich,
speziell gekacht gëtt fir musulmanesch Kanner, dat grenzt u pure
Luxus, besonnësch dann wann net-musulmanesch Kanner kommen an sech
beschwéieren, dass de Schwéngsschnëtzel zéi ass wéi eng Masette a
froen fir den méi zarten Kallefsschnëtzel därfen z ‘iessen. Sie kréien
dat nët erlaabt, ganz einfach wëll dann jiddwereen de besseren
Kallefsschnëtzel giff iessen, mee déi sinn leider ofgezielt a fir déi
musulmanesch Schüler reservéiert! Dat ass keen Eenzelfall a gëtt ze
bedenken!

Eis Feierdeeg si gesetzlech festgeluecht a jiddwereen ass virum Gesetz
gläich gestallt. Et wier interessant der Madame Delvaux hir éierlech
Argumentatioun ze héieren, firwat dass elo esou eng Ausnam gemach soll
ginn. Kommen déi musulmanesch Schüler de 6. Dezember, op
Christihimmelfahrt an de fräien Oktav-Pilgerdag an d ‘Schoul sëtzen
oder sinn sie dann och fräi? Firwat hunn déi italienesch Kanner kee
Recht de 6. Januar doheem ze bleiwen fir d ‘Fest vun der Epifania ze
feieren ? an Italien e gesetzleche Feierdag ‘ Firwat därfen déi
italienësch a portugiesësch Kanner nët doheem bleiwen fir den 8.
Dezember d ‘Fest vun der Immacolata ze feieren, an hire Länner e
gesetzleche Feierdaag zu Éieren vun der Maria Empfängnis. Dëst nëmmen
fir e puer Beispiller ze nennen.

All net-musulmanesch Schüler kréie vun der Madame Delvaux also net
d ‘Recht den nächsten 27. an 28. November an der Schoul ze feelen. Wat
ass wa Kanner do sinn déi e Monni, e Cousin oder soss e Familljemember
hunn, den der musulmanescher Gemeinschaft ugehéiert? Wann dann an der
Famill gefeiert gëtt, därf dat Kand dann nët un dem wichtegen Fest
deelhuelen ? a mat wat fir enger Rechtfäerdegung, wëllt Dir Mme
Delvaux esou engem net-musulmanesche Kand dat verbidden? A wann och
net, wou ass hei eng Grenz ze zéien. Wann op eemol all Kand an sengem
familiären Ëmfeld e Musulman huet, den dat Fest feiert, da kënne mer
vläicht am Sënn vun enger grousser religiéiser a kultureller
länneriwergräifender Integratiounspolitik direkt d ‘Schoulen hei zu
Lëtzebuerg de kommenden 27. an 28. November zou machen. Wann dat
musulmanescht Kand hei zu Lëtzebuerg nieft sengen offiziellen
Feierdeeg och nach de Kleeschen, d ‘Krëschtkëndchen an all aner
Helleger därf matfeieren, firwat sollen eis chrëschtlech-katoulësch
Kanner nët och d ‘Recht hun d ‘Fest vum Abraham sengem Sacrifice
matzefeieren.

Affaire à suivre?

Jerry Colbach


44

18.12.2009, 09:10

nemmen gudd datt letzebuerg eng insel ass an datt mer nemmen een beschoof hun.... ;)

Bischofsrücktritt nach Missbrauchskandal
Irlands Katholiken misten aus

Für Irland war es ein Jahr der Offenbarungen, zwei Untersuchungsberichte erschütterten die Insel in ihren Grundfesten. Jahrzehntelang haben katholische Priester dort Kinder gepeinigt und missbraucht. Nun gibt es Konsequenzen: Der erste Bischof gibt sein Amt auf, weitere könnten folgen


Der Schock im immer noch tiefkatholischen Irland war beide Male groß, und in den letzten Wochen hagelte es Rücktrittsforderungen. Im Murphy-Bericht werden fünf frühere Dubliner Weihbischöfe namentlich genannt, die bei der Vertuschung mitgemacht haben sollen, darunter auch Murray. Ihm wird vorgeworfen, im Jahr 1983 Missbrauchsvorwürfe gegen den Pfarrer Tom Naughton ignoriert zu haben. Murrays Handeln sei "unentschuldbar" gewesen, steht in dem Bericht.

Der Druck auf Murray war in den vergangenen Wochen stetig gewachsen. Während er in Rom weilte, um seine weiteren Schritte zu überlegen, wandten sich immer mehr Iren von ihm ab. Auch der Vatikan rang sich schließlich zu einer Distanzierung durch. Papst Benedikt XVI. zitierte vergangene Woche die Oberhäupter der irischen Kirche zu sich und teilte mit, er sei "tief verstört und tief betrübt". Die Einsicht kam spät: Der Vatikan-Gesandte in Dublin hatte zuvor die Arbeit der Murphy-Kommission noch boykottiert.
http://www.spiegel.de/panorama/gesellsch…,667742,00.html
wou sin ech drun ?

de richtege Wee : "Ne rien nier à priori, ne rien affirmer sans preuve."

"Deception is a state of mind and the mind of the State" :thumbup:

45

18.12.2009, 11:06

nemmen gudd datt letzebuerg eng insel ass an datt mer nemmen een beschoof hun....
Bischofsrücktritt nach Missbrauchskandal
Irlands Katholiken misten aus
.... ech war 3 Joer an engem Internat (vu Paafen geleet), an ech ka bezeien,
dass ee Bëschoof eleng nët duergeet fir wéigend Mëssbrauchskandaler vum Bodenpersonal Gottes zu L ze demissionnéieren !
Méih wëll ech de Moment nët soen !
Das sogenannte Theodizeeproblem :
Kann oder will Gott das Leid in dieser Welt und die Untaten seiner Kirchenmänner nicht verhindern?
Wenn er es nicht kann, ist er nicht allmächtig, wenn er es nicht will, dann ist er nicht allgütig !

46

18.12.2009, 17:40

d'WORT zum Samstag

Die Lehrerin fragt die Schüler nach den Berufen ihrer Väter :
"... und Du, Hansli, was macht Dein Vater beruflich?"
Hansli : "Er ist Strip-Tänzer in einer Schwulenbar."
Die Lehrerin lässt es dabei bewenden und nimmt ihn nach der Stunde zur Seite:
"Sag mal, Hansli, stimmt das wirklich, dass Dein Papa Stripper in einer Schwulenbar ist?"
Hansli kleinlaut : "Nein, aber ich kann doch nicht vor der ganzen Klasse zugeben,
dass er Redakteur beim luxemburger Wort ist !"
Das sogenannte Theodizeeproblem :
Kann oder will Gott das Leid in dieser Welt und die Untaten seiner Kirchenmänner nicht verhindern?
Wenn er es nicht kann, ist er nicht allmächtig, wenn er es nicht will, dann ist er nicht allgütig !

47

27.12.2009, 15:31

Séilegspriechung vum Pius XII

Hei en Heise-Artikel iwer de Poopst Pius XII, deen de Ratzi elo ausgerechend "séileg" sprieche wëll.
Das sogenannte Theodizeeproblem :
Kann oder will Gott das Leid in dieser Welt und die Untaten seiner Kirchenmänner nicht verhindern?
Wenn er es nicht kann, ist er nicht allmächtig, wenn er es nicht will, dann ist er nicht allgütig !

48

26.01.2010, 16:19

wou sin ech drun ?

de richtege Wee : "Ne rien nier à priori, ne rien affirmer sans preuve."

"Deception is a state of mind and the mind of the State" :thumbup:

Jempi

Administrator

Beiträge: 2 590

Wohnort: Beim neien Prisong

Beruf: Meckerer

  • Nachricht senden

49

26.01.2010, 16:50

herrlech... ;)

Do kann ech mech nëmmen uschléissen!

Manuel,

Wou gëtt et deen als Autocollant ze kafen? :rofl:
"Truth is the most valuable thing we have. Let us economize it."
Mark Twain

50

26.01.2010, 17:00

Autocollant! an zwar séier! :thumbsup:
Stumpf ist Trumpf!
-Dendemann

Tina

Fortgeschrittener

Beiträge: 215

Wohnort: Luxusburg

Beruf: Geldverdengen

  • Nachricht senden

51

26.01.2010, 17:18

Dee kinnt ee schon als letzebuerger Fändel huelen. :oo:

Jeder Mensch hat ein Brett vor dem Kopf - es kommt nur auf die Entfernung an.
Freifrau Marie von Ebner-Eschenbach, österreichische Schriftstellerin, 1830 - 1916

52

02.02.2010, 23:42

Canisius etc. , steet eppes am WORT ???

Ech well mech net widerhuelen waat ech scho seit Joeren iwer d'Schäinhellegkeet vun deem komësche Veräin Kierch
gesoot hun mee nëmmen dëse Berichtkommentarlos zitéieren.
Gott, du hues scheinbar däi Buedempersonal , beim Oberhäuptling Ratzi ugefaang, net méi ënner Kontroll .......
Ass daat de Grond firwaat dass de déi onschëlleg Awunner vun Haiti esou bestrooft hues ????????? .....déi aaner hätten ët nämlech éischter verdengt.
SCHUMM DECH :!:
Das sogenannte Theodizeeproblem :
Kann oder will Gott das Leid in dieser Welt und die Untaten seiner Kirchenmänner nicht verhindern?
Wenn er es nicht kann, ist er nicht allmächtig, wenn er es nicht will, dann ist er nicht allgütig !

53

09.02.2010, 15:44

hei ass nach en flotten logo vun gewessen haerren an fraenkleeder......

vun www.sokrates.lu




an eps fir ze liesen

Im Sog eines Sumpfes

Der Missbrauchsskandal ist eine Bankrotterklärung der katholischen Kirche

Karneval und Katholizität sind nicht zu trennen. Vielleicht hat Papst Benedikt XVI. deshalb in der nächsten Woche ausgerechnet am Rosenmontag Irlands Bischöfe in den Vatikan zitiert, um ihnen die Leviten zu lesen. Allerdings ist nicht abzusehen, dass für die römisch-katholische Kirche die »tollen Tage« termingerecht am Aschermittwoch vorbei sind. Denn die Sexualstraftaten ihrer »Hirten« sind mittlerweile d a s Dauerthema des größten globalen Glaubenskonzerns.

http://www.neues-deutschland.de/artikel/…es-sumpfes.html


nemmen gudd datt letzebuerg eng insel ass en et esou eppes hei net gett oder gouf :thumbup:


oder eng zaitbomm die tickt..... ??
wou sin ech drun ?

de richtege Wee : "Ne rien nier à priori, ne rien affirmer sans preuve."

"Deception is a state of mind and the mind of the State" :thumbup:

54

16.02.2010, 17:17

nach emmer ass naischt an onser bistumszaidong ze liesen

et ass jo och en thema waat den bistum faert wie der daiwel d waihwasser.......

den vatikan huet seng schoof nach emmer net am geff.....

dobai ass et jo net ganz der kierch hier schold wie den beschoof mixa mengt...... ;)

Katholische Kirche

Bischof Mixa gibt sexueller Revolution Mitschuld an Missbrauchsfällen

Missbrauchsfälle erschüttern die katholische Kirche in Deutschland - der Augsburger Bischof Walter Mixa weist nun den 68ern eine Mitschuld zu. Bei der "sogenannten sexuellen Revolution" hätten schließlich manche Moralkritiker die Legalisierung sexueller Kontakte mit Minderjährigen gefordert.
.......
Jetzt hat der 68-Jährige gegenüber der "Augsburger Allgemeinen Zeitung" erstmals die neuen Enthüllungen über Missbrauch in der katholischen Kirche kommentiert - und eine Mitschuld bei der "sexuellen Revolution" der 68er verortet.

Wörtlich sagte Mixa der Zeitung: "Die sogenannte sexuelle Revolution, in deren Verlauf von besonders progressiven Moralkritikern auch die Legalisierung von sexuellen Kontakten zwischen Erwachsenen und Minderjährigen gefordert wurde, ist daran sicher nicht unschuldig."

Wissenschaftler hatten zuletzt eine Öffnung der katholischen Kirche gegenüber Themen wie Sexualität gefordert, um Missbrauch künftig zu verhindern - Mixa dagegen kritisiert den Umgang der Medien mit Sexualität. "Wir haben in den letzten Jahrzehnten gerade in den Medien eine zunehmende Sexualisierung der Öffentlichkeit erlebt, die auch abnorme sexuelle Neigungen eher fördert als begrenzt", sagte der Bischof.
http://www.spiegel.de/panorama/0,1518,678203,00.html
wou sin ech drun ?

de richtege Wee : "Ne rien nier à priori, ne rien affirmer sans preuve."

"Deception is a state of mind and the mind of the State" :thumbup:

Jempi

Administrator

Beiträge: 2 590

Wohnort: Beim neien Prisong

Beruf: Meckerer

  • Nachricht senden

55

16.02.2010, 17:38

Den Bëschof Mixa (dat ass deen, deen op der Télé ëmmer ewéi e verkleete Fuesbok optrett):

Zitat

Wörtlich sagte Mixa der Zeitung: "Die sogenannte sexuelle Revolution, in deren Verlauf von besonders progressiven Moralkritikern auch die Legalisierung von sexuellen Kontakten zwischen Erwachsenen und Minderjährigen gefordert wurde, ist daran sicher nicht unschuldig."

Aha, wa se soss näischt méi wëssen, da kënnt just nach extreem bëlleg an hannerhälteg Verleumdung.
"Truth is the most valuable thing we have. Let us economize it."
Mark Twain

56

16.02.2010, 18:24

... an aus deem Artikel deen heie Saatz :

Zitat von »Kirchenkritiker Drevermann im Spiegel-Artikel«

"Man muss unterstellen, dass in all den Ländern, in denen die katholische Kirche Macht besitzt, Kinder auszubilden und ein Monopol sogar zu erheben, in vielen Bildungsbereichen die gleichen Fakten aufzufinden sein werden." Jetzt gehe es um Irland, die USA und Deutschland - "aber man kann mit Blindheit vermuten, dass es bei näherem Nachsehen viele andere katholisch geprägte Länder womöglich noch viel ärger betreffen wird".
Dabäi kennt nach, dass mir zu L an der westlecher Welt déi lescht Bastioun vun der Kierch sin, wou d'Säkulariséierung nach emmer net stattfond huet,
an zwar wéint der Hypokrisie an der Provinzialitéit vun onser Gesellschaft a vun onse scheinhellege Politiker :!:
Das sogenannte Theodizeeproblem :
Kann oder will Gott das Leid in dieser Welt und die Untaten seiner Kirchenmänner nicht verhindern?
Wenn er es nicht kann, ist er nicht allmächtig, wenn er es nicht will, dann ist er nicht allgütig !

Jempi

Administrator

Beiträge: 2 590

Wohnort: Beim neien Prisong

Beruf: Meckerer

  • Nachricht senden

57

16.02.2010, 20:25

Dabäi kennt nach, dass mir zu L an der westlecher Welt déi lescht Bastioun vun der Kierch sin, wou d'Säkulariséierung nach emmer net stattfond huet

mJANG,

An ech géif nach hinzufügen, dass mir an der westlecher Welt dat eenzegt Land sinn a bleiwen, wou kee Mëssbrauch vu Kanner un d'Ëffentlechkeet kënnt.
"Truth is the most valuable thing we have. Let us economize it."
Mark Twain

58

24.02.2010, 19:17

eng flott affaire vun chreschtlecher naechstenlieft..... :thumbup:

zitat essentiel

Pour s'être prostitué sur Internet, le curé a été révoqué


"Hétéro, espagnol, au service de ton bonheur". Voici une partie de l'annonce par laquelle un homme d'Église espagnol proposait ses services aux femmes et couples en mal de sensations...
http://www.lessentiel.lu/news/monde/story/14362020


an direkt nach interessantes vum gewulls an der kees.... :D

zitat rtl

Geriicht: Ex-CSV-Politiker ugeklot wéint 25 Detournementer


.......
Well deen Ugekloten bréngt et wuelfäerdeg de Leit alles ze verspriechen an en immens gudden Androck ze maachen, mee se dann ze beducksen an ze bestielen. Säi gréisst Affer a säi Frënn, de Pätter vu sengem Meedchen, ass dee Mann, deen hien an d'CSV bruecht huet, deen hie mat op d’Cour des comptes geholl huet, deen hien ëmmer protegéiert, de fréieren CSV-Fraktiouns-Chef Francois Colling. Vun deem sengem Geld huet den Ugekloten d’Somme vu 416.000 Euro opgehuewen – ouni datt de Francois Colling dat gemierkt hätt, well d’Verméigens-gesellschaft schafft zwar mam Geld vun de Clienten, verschéckt awer keng Relevés de compte. Wann e Client Geld brauch, bestellt en dat bei sengem Conseiller, an d’Geld kënnt da mat engem Geldtransporter an d'Haus. Den Ugekloten hat d'Geld da selwer bestallt an huet et ni weiderginn u säi Client.
.....
http://news.rtl.lu/news/national/59753.html
wou sin ech drun ?

de richtege Wee : "Ne rien nier à priori, ne rien affirmer sans preuve."

"Deception is a state of mind and the mind of the State" :thumbup:

59

24.02.2010, 21:57

eng flott affaire vun chreschtlecher naechstenlieft.....
zitat essentiel Pour s'être prostitué sur Internet, le curé a été révoqué
"Hétéro, espagnol, au service de ton bonheur". Voici une partie de l'annonce par laquelle un homme d'Église espagnol proposait ses services aux femmes et couples en mal de sensations...http://www.lessentiel.lu/news/monde/story/14362020
..... endlech e Liichtbléck bei der Kierch !!!!! ...........deen dote Paschtouer geet wéinstens nët u Kanner !!!!!
Das sogenannte Theodizeeproblem :
Kann oder will Gott das Leid in dieser Welt und die Untaten seiner Kirchenmänner nicht verhindern?
Wenn er es nicht kann, ist er nicht allmächtig, wenn er es nicht will, dann ist er nicht allgütig !

60

28.02.2010, 22:17

Sex and the Church

Ech wees nët firwaat d'Leit sech esou opreegen iwert e puer rar Eenzelfäll vu sexuellem Mëssbrauch (kënnt daat vu Mëss ?) an der Kierch ?
Hei e puer Linken aus menger Sammlung déi déi Gerüchter eendäiteg widerléen :

http://www.mdr.de/brisant/642272.html
http://www.spiegel.de/panorama/0,1518,123805,00.html
http://aka.blogsport.de/2010/02/18/kolle…cher-misbrauch/
http://www.derwesten.de/nachrichten/im-w…-id2643823.html
Das sogenannte Theodizeeproblem :
Kann oder will Gott das Leid in dieser Welt und die Untaten seiner Kirchenmänner nicht verhindern?
Wenn er es nicht kann, ist er nicht allmächtig, wenn er es nicht will, dann ist er nicht allgütig !

Ähnliche Themen