Sie sind nicht angemeldet.

Lieber Besucher, herzlich willkommen bei: LUX-FORUM. Falls dies Ihr erster Besuch auf dieser Seite ist, lesen Sie sich bitte die Hilfe durch. Dort wird Ihnen die Bedienung dieser Seite näher erläutert. Darüber hinaus sollten Sie sich registrieren, um alle Funktionen dieser Seite nutzen zu können. Benutzen Sie das Registrierungsformular, um sich zu registrieren oder informieren Sie sich ausführlich über den Registrierungsvorgang. Falls Sie sich bereits zu einem früheren Zeitpunkt registriert haben, können Sie sich hier anmelden.

Jempi

Administrator

  • »Jempi« ist der Autor dieses Themas

Beiträge: 2 590

Wohnort: Beim neien Prisong

Beruf: Meckerer

  • Nachricht senden

1

04.02.2009, 09:28

Belval Plaza - wat ass do lass?

Beval Plaza I : No 4 Méint schon baufälleg?

Zitat

Der jüngste Zwischenfall ereignete sich am Montag, als die Tiefgarage des Einkaufszentrums Plaza I komplett gesperrt wurde. Das Sicherheitspersonal, das den Kunden die Einfahrt verwehrte, sprach von noch ausstehenden Arbeiten, die durchgeführt werden müssten. Laut Augenzeugen musste das unterirdische Parkhaus aber wegen Sicherheitsmängeln geschlossen werden.

Bereits wenige Wochen nach der Eröffnung des Plaza I machten sich erste Abnutzungsspuren in der Tiefgarage bemerkbar. Risse an Böden und Decken sowie undichte Stellen, durch die Wasser in die Etagen drang, tauchten schon kurz nach der Inbetriebnahme – für jeden sichtbar – auf.

Belval Plaza II : Aarbechten bis op weideres gestoppt:

Zitat

Auf Anfrage hin war bei CBL – Luxemburger Ableger des belgischen Bauunternehmens CIT Blaton – zu erfahren, dass man die Arbeiten am Plaza II derzeit wegen unbezahlter Rechnungen eingestellt habe: „Die noch ausstehenden Rechnungen belaufen sich mittlerweile auf etwa sieben Millionen Euro. Trotz mehrerer Zahlungsaufforderungen sind seit Oktober keine Honorare mehr geflossen“, so ein CBL-Direktionsmitglied gegenüber dem „Luxemburger Wort“. „Seit einigen Wochen reagiert Multiplan nicht mehr auf unsere Bemühungen, deshalb haben wir uns von der Baustelle zurückgezogen und die Gerichte mit dem Dossier befasst“, so der Mitarbeiter des Bauunternehmens weiter.

Hei dee ganzen Artikel
"Truth is the most valuable thing we have. Let us economize it."
Mark Twain

2

04.02.2009, 11:01

Politik ist die Kunst, die Bürger immer wieder so schnell über den Tisch zu ziehen, daß sie glauben, die dabei entstehende Reibungshitze sei Nestwärme

3

04.02.2009, 11:13

Bereits wenige Wochen nach der Eröffnung des Plaza I machten sich erste Abnutzungsspuren in der Tiefgarage bemerkbar. Risse an Böden und Decken sowie undichte Stellen, durch die Wasser in die Etagen drang, tauchten schon kurz nach der Inbetriebnahme – für jeden sichtbar – auf.

Do ass de ganze Projet mat héigem Drock "weidergepeitscht" gin, wichteg Prozeduren di am Ufank nët färdeg waren sin nodréiglech "ugepasst" gin! Genau wéi a Clausen! Ett gët leider ëmmer méih Regel dat di vum Gesetz viirgesine Prozeduren ausgehiewelt gin mat der Begrënnung vun der "Importenz" vum Projet.

4

04.03.2009, 11:37

Zitat

an

Zitat

Ee Beroder vu Blaton sot eis géintiwwer, e géif mengen dass Multiplan déck finanziell Schwieregkeeten huet.
Dat kann ech mir dach bal net virstellen :whistling:
Politik ist die Kunst, die Bürger immer wieder so schnell über den Tisch zu ziehen, daß sie glauben, die dabei entstehende Reibungshitze sei Nestwärme

5

05.03.2009, 17:12

do wor die lescht woch eppes am krop ze liesen...

zitat
...
Dort liegen sich das Bauunternehmen CBL mit den Bauträgern Multiplan \m& SNS Property Finance wegen unbezahlter Rech­nungen in den Haaren. Letztere gehört der niederländischen SNS Reaal Groep, der die holländische Regierung wegen Finanzschwierigkeiten eine Kapitalspritze in Höhe von 750 Mio, Euro bewilligen musste. Diese so genannte Notfall-Rekapitalisierung erfolgt, nachdem die Aktien des Unternehmens zwischen Mai 2008 und Januar 2009 von 15,30 Euro auf ein Tief von 2,50 Euro gestürzt waren. So dass die Aktien von SNS Reaal Groep inzwischen als hochriskante Anlagen eingestuft wurden. Auch wenn die Arbei­ten auf dem Belval Gelände am Montag wieder aufgenommen wurden, droht noch ein gerichtliches Nachspiel zwischen dem Bauträger und der Baufirma. ....
wou sin ech drun ?

de richtege Wee : "Ne rien nier à priori, ne rien affirmer sans preuve."

"Deception is a state of mind and the mind of the State" :thumbup:

6

13.10.2009, 16:32

die aarmen leit die sech do an der propperer natur do eppes undrienen geloos hun......an elo soll den steieerzueler och nach ansprangen weens dem nationalen interessi, et ass jo alt erem secher systemrelevant......

zitat wort online

„Wenn in einer Joint Venture einseitige Entscheidungen gefällt werden, dann muss die Justiz darüber befinden“, so Multiplan-Anwalt Me Gaston Vogel. Eine solche Entscheidung nehme allerdings viel Zeit in Anspruch. „Kurzfristig ist deshalb auch ein Einschreiten der Politik erwünscht, damit das Joint Venture-Gleichgewicht wieder hergestellt werden kann“, meint Vogel. Schließlich sei das Bauprojekt von nationalem Interesse, da es die Entwicklung des gesamten Südens des Großherzogtums vorantreibe.
http://www.wort.lu/wort/web/letzebuerg/a…nanzpartner.php

op rtl sinn och nach praechteg comments ze liesen

http://news.rtl.lu/news/national/44851.html
wou sin ech drun ?

de richtege Wee : "Ne rien nier à priori, ne rien affirmer sans preuve."

"Deception is a state of mind and the mind of the State" :thumbup:

Vurgizzel

unregistriert

7

13.10.2009, 22:30

Datt Belval d'Baach erof geht ass jo nët erstaunlech. Wunnéngen an Haiser si nët fäerdeg, Infrastrukturen (Gare, Bus, Parking) fehlen, etc. etc.

Sou laang kee Mënsch do wunnt, kënnen di Geschäfter och kéng Client'en fannen. De Saturn alléng war villäicht di éischt 3 Méint e Magnéit. Duerno huet dat sech och erëm séier geluegt.
Wen e Buch oder e Costume oder e Stéck Miwel wëll kaafen, geht an d'Staadt, an d'Concorde oder an d'Belle-Etoile. De Belval deet dach keen sech un, deen nët souwisou do géif wunnen.
Ech wunnen 10 Minuten vun do ewéch a war de léschten Dezember dohi kucken, fir och emol éng Kéier de berühmte Saturn ze gesin. E Verkéierschaos sonnergläichen. Dat ganzt en eenzege Chantier, an éng Parkplaatz wäit ewéch vun allem op éngem iwerschwemmte Bulliesfeld.
An esou super hun ech de Saturn och nët fondt. Beim Darty zu Esch kréien ech dat selwescht, an ech kann an éngems duerch d'Uelzechtstrooss flanéieren, amplaatz um Belval an énger klénger muffeger Akaafspassage ze hänken, wou schon d'Hallschecht vun de Geschäfter eidel stin.

Säithier wor ech och nët méi do. Anscheinend sin ech jo nët den eenzegen...

8

13.10.2009, 23:19

een eenzegt Trauerspill :!: ...
ech muss ët leider nach eng Kéier soen : Médiocrité à la luxembourgeoise !
Das sogenannte Theodizeeproblem :
Kann oder will Gott das Leid in dieser Welt und die Untaten seiner Kirchenmänner nicht verhindern?
Wenn er es nicht kann, ist er nicht allmächtig, wenn er es nicht will, dann ist er nicht allgütig !

9

14.10.2009, 10:54

Ach jo, op den Pläng geseit et jo esou flott aus. Eng nei Cite modern mat Geschäfter ronderem. Firwat net do en appartement kaafen? Hun mol wei lang gesicht bis ech dun d`entree fond hun.
Saturn ,jo flott, get et wei `s te ses Vurgizzel och op aner Platzen. Sou belleg as do och net alles. Wei war dat do mam Ikea. Verschieden Praisser je no Stand an Emsatz. As wei iwerall. d`Mass mecht et.
Den Cite selwer .- Grausam. Metten an dem ganzen en Heichouwen. Wei um Kirchbierg get alles zougebaut. Pur kleng Bämercher dat as alles.
Wann do net seier eppes geschitt, leeft hinnen de Saturn och fort. Well esou vill Leit waren den Dach och net do wei ech do war.

10

14.10.2009, 11:23

Mol ganz eierlech ween well schons nirvend esou een aalen Heichouwen wunnen goen !

11

14.10.2009, 11:51

Dat sin jo zu engem groussen Deel privat Investoren di do am Boot setzen. Lo haate mer eppes wat sech Wirtschaftskriss nennt. Suen sin verschwonn op de Weltwaïten Kapitalmaert. A lo menge mir Letzebuerger dat geng ons net betreffen oder wéi. Di meecht fortunen hautesdaags entstaamen numol dem Finanzmarché. Datt den Investeuren lo do d'Loft ausgeet as net wierklech eng Iwwerraschung.
Lo maan s'et wéi su oft. E puer Leit kéien e puer Milliounen vun enzwousch erageblosen-di doten Firma mecht eng faillite an eng nei nom glaïche Bauschema trëtt an d'Plaz.
Stumpf ist Trumpf!
-Dendemann

Jempi

Administrator

  • »Jempi« ist der Autor dieses Themas

Beiträge: 2 590

Wohnort: Beim neien Prisong

Beruf: Meckerer

  • Nachricht senden

12

14.10.2009, 12:51

Mol ganz eierlech ween well schons nirvend esou een aalen Heichouwen wunnen goen !

Ech war ee vun deenen, déi sech op Belval fir den Erhalt vun deenen 2 Héichuewen agesat hunn. Awer ech hätt mer deemols net kënne virstellen, dass déi Opératioun op eng esou erbärmlech Manéier géif duerchgezu ginn: Fir d'éicht léisst een déi net esou vir sech hiraschten, et sträicht een se agréabel un. Zweetens zwängt een se net esou tëschend 2 Stroossen and Héichheiser an, fir dass en se wiirklech an hirer ganzer Gréisst kann betruechten. Ee klenge Park ronderem wir eng gudd Iddi gewiecht. Vläicht mat e puer explikativen Tafelen, déi de graffen Fonktionnement vun deenen eenzelnen Elementer erklären. Mee ween hätt da wëllen Suen an ee Park investéieren? Et ass dach méi rentabel, déi Terrainën als Bauland ze huelen.

Zu Völklingen steet dee beschte Beweis, dass et och anescht geet ewéi zu Belval: D'Völklinger Hütte, déi jo esouguer zum Weltkulturerbe ernannt gouf.

"Truth is the most valuable thing we have. Let us economize it."
Mark Twain

FlashBack

unregistriert

13

14.10.2009, 14:50

wien wellt schons an sou enger verseuchter an "groer" Géigend wunnen goen. Ass elo net well Geschäfter do sin an puer Héighaiser dat d'Lait... an vierun allem d'Letzebuerger dohin wunnen goen werten. Hätten sollten ausschlieslech Sozialwunnengen dohin bauen (wann dat net schon den Fall ass, sin net ganz informéiert) da géiwen d'Lait sech em déi eenzel Wunnengen straiden. Well wann een gesait wéivill Lait sech fier eng Sozialwunneng entscheeden, obwuel sie ouni Partner schons 5000€ verdengen kann net méi vun Sozialwunnengen riets sin. Mee dat ass e ganzt aanert Thema.

Perséinlech denken ech dat se sou Köschten (Héighhaiser) net gefëllt kréien, wann den Staat den Lait net ënnert d''Ärm graifft, wéi se fier Sozialwunnengen maachen, wat schliesslech jo genausou ellen Köschten sin.

Solle mol ufänken puer Beem unzesetzen zu Belval, an net nemmen alles verbetonéieren :(

14

14.10.2009, 16:19

Zitat

Fir d'éicht léisst een déi net esou vir sech hiraschten, et sträicht een se agréabel un
eben. Den den do wunnt mescht moies d`Fenster op an huet en Monster viru sech ;(

Op dem aneren Deel vun Esch, get en groussen Cactus gebaut, a la belle etoile. Direkt dobei op de Nonnewisen baut de Fond de logement 29 Haiser an en immeuble résidentiel fir 42-.
Riets a lenks gin Niedreg Energie Appartementshaiser gebaut. Net weit weg d`Spidol just hannedrun den Zentrum vun Esch. Park an grengs Alles zu Fous ze erreschen. Vill mei interessant mengen ech mol.

Man Geschäfter Owes Diren zou, as et um Belval esou roueg wei um Kirchbierg wann Büroen zou sin

15

14.10.2009, 16:53

"Vill mei interessant mengen ech mol."

Verrood dat dach Kengem ;-)
Stumpf ist Trumpf!
-Dendemann

Jempi

Administrator

  • »Jempi« ist der Autor dieses Themas

Beiträge: 2 590

Wohnort: Beim neien Prisong

Beruf: Meckerer

  • Nachricht senden

16

12.11.2009, 08:51

Haut den Owend ginn ech emol eng Kéier am Belval-Plaza an de Kino. A well ech jo zu Zolwer, an domadder nëmmen 5 km ewech wunnen, hat ech d'Iddi, emol eppes fir d'Natur ze maachen, de Q7 an der Garage ze loossen a mam ëffentlechen Transport dohinner an spéit dann zeréck ze kommen, da kéint ech jo esou guer am Belval-Plaza nom Film ee gudden Humpen (oder 2 ...) drénke goen. Also, séier op mobilitéit.lu gaangen an déi Rees geplangt: De Kino fängt um véirel op 8 un, da kucke mir emol: Départ Zolwer Aessen mam Bus: 19h30 bis Suessem, zu Suessem de Bus wiesselen bis Nidderkuer Gare, do den Zuch huelen bis Belval Université, Arrivée um 20h10, de ganzen Trajet also 40 Minutten (fir am ganzen eng Distanz vu 5 km zeréckzeleeën).

Mäin Enthusiasmus war schon e bëssi gebremst, mais fueren emol weider, wat mëcht een net alles, fir nom Kino nach ee gudden huelen ze goen.....

Also zeréck: De Kino dauert bis halwer 11, wat kënnt dann do a Fro? Also nees mobiliteit.lu. Hei mäi Resultat: Déi lescht Verbindung ass: Départ Belval-Université 22h40, Arrivée Zolwer Aessen 23h21, also nach eng Kéier 41 Minutten, an natiirlech bleiwt net emol méi eng Minutt fir een Humpen.

Méng Conclusioun: Ech fuere mam Q7 an drénken duernoer mäin Humpen doheem!
"Truth is the most valuable thing we have. Let us economize it."
Mark Twain

17

12.11.2009, 13:04

Zitat

Haut den Owend ginn ech emol eng Kéier am Belval-Plaza an de Kino
.Wannste et eichter geplangt haess, keinste de Nightrider huelen.
Leider Stemmt de recht
bei eis waeren et ab 18.56 circa 23 minuten bis dohinner dorfir 40 minute warden bis de Film uget
fir vun do fort 23.53 waer awer reicht Moies um 4,34 rem Dohem . An daer Zeit geet mei wei 2 Humpen eran.

Kanner rufen de Nightrider , an dat klappt

Nath

Fortgeschrittener

Beiträge: 185

Wohnort: Esch-sur-Alzette

  • Nachricht senden

18

12.11.2009, 13:13

Haut den Owend ginn ech emol eng Kéier am Belval-Plaza an de Kino. A well ech jo zu Zolwer, an domadder nëmmen 5 km ewech wunnen, hat ech d'Iddi, emol eppes fir d'Natur ze maachen, de Q7 an der Garage ze loossen a mam ëffentlechen Transport dohinner an spéit dann zeréck ze kommen, da kéint ech jo esou guer am Belval-Plaza nom Film ee gudden Humpen (oder 2 ...) drénke goen. Also, séier op mobilitéit.lu gaangen an déi Rees geplangt: De Kino fängt um véirel op 8 un, da kucke mir emol: Départ Zolwer Aessen mam Bus: 19h30 bis Suessem, zu Suessem de Bus wiesselen bis Nidderkuer Gare, do den Zuch huelen bis Belval Université, Arrivée um 20h10, de ganzen Trajet also 40 Minutten (fir am ganzen eng Distanz vu 5 km zeréckzeleeën).

Mäin Enthusiasmus war schon e bëssi gebremst, mais fueren emol weider, wat mëcht een net alles, fir nom Kino nach ee gudden huelen ze goen.....

Also zeréck: De Kino dauert bis halwer 11, wat kënnt dann do a Fro? Also nees mobiliteit.lu. Hei mäi Resultat: Déi lescht Verbindung ass: Départ Belval-Université 22h40, Arrivée Zolwer Aessen 23h21, also nach eng Kéier 41 Minutten, an natiirlech bleiwt net emol méi eng Minutt fir een Humpen.

Méng Conclusioun: Ech fuere mam Q7 an drénken duernoer mäin Humpen doheem!

Majo Jempi deen Mobilitéitssite brengt emmer ganz komech Resultater - haat daat schon oft ... dass do egal waar erauskomm ass ... Wisou hells de net einfach den Zuch zu Bieles-Zolwer an klemms um Belval eraus (dauert ongeféier 10 min) .... an dann erem den Zuch fir heem anstatt 20 mol emzeklammen ... Komech dass dee leschten Zuch schon um 22H40 soll fueren - ech hunn schon vill méi spéit Zich geholl an déi sinn och emmer um Belval stoen bliwwen ...

40 Minutten vun Zolwer opp de Belval ass nun wierklech e bessi laang - huet Mobilitéitszentral nach näischt vun optimaler Verbindung héieren??? Ech bracuh iwwregens all Dag vun Esch op Miersch mam Zuch eng Knapp Stonn, wann een do dann km'en vergläischt ...

Jempi

Administrator

  • »Jempi« ist der Autor dieses Themas

Beiträge: 2 590

Wohnort: Beim neien Prisong

Beruf: Meckerer

  • Nachricht senden

19

12.11.2009, 13:38

Wisou hells de net einfach den Zuch zu Bieles-Zolwer an klemms um Belval eraus (dauert ongeféier 10 min) ....

Déi Gare, déi do "Bieles-Zolwer" heescht (mir haten jo schon entzwousch dovunner geschwat), läit zu Bieles, genee 4 km vu mir ewech. An e Bus vun hei dohinner gëtt et just daagsiwwer (Suessemer Citybus), owes (ech méngen géint 7 Auer) ass domadder Schluss. An ech lafe keng 4 km fir en Zug ze huelen, fir dann op eng Plaatz ze kommen, déi 5 km vu mir ewech läit. Dat ass dach lächerlech!

Zitat

Komech dass dee leschten Zuch schon um 22H40 soll fueren

Ech weess net, wéini de leschten Zug fiert, ech hunn bei mobiliteit.lu gefrot fir d'Verbindungen Belval-Université - Zolwer, Aessen ze kréien, do gëtt et eeben déi vun 22h40, ajo, an dann nach eng um 5 Auer moies!
"Truth is the most valuable thing we have. Let us economize it."
Mark Twain

Nath

Fortgeschrittener

Beiträge: 185

Wohnort: Esch-sur-Alzette

  • Nachricht senden

20

12.11.2009, 14:39

Déi Gare, déi do "Bieles-Zolwer" heescht (mir haten jo schon entzwousch dovunner geschwat), läit zu Bieles, genee 4 km vu mir ewech. An e Bus vun hei dohinner gëtt et just daagsiwwer (Suessemer Citybus), owes (ech méngen géint 7 Auer) ass domadder Schluss. An ech lafe keng 4 km fir en Zug ze huelen, fir dann op eng Plaatz ze kommen, déi 5 km vu mir ewech läit. Dat ass dach lächerlech!

JO gutt wanns du esou wäit vun der Gare ewechwunns .... Mee des Problemer hun am allgemengen matt der Mobilitéit hei zu Lëtzebuerg ze dinn - eed een de Leit seet "Huel den öffentlechen Transport" musss een en organiséieren dass et funktionéiert ....

Ech weess net, wéini de leschten Zug fiert, ech hunn bei mobiliteit.lu gefrot fir d'Verbindungen Belval-Université - Zolwer, Aessen ze kréien, do gëtt et eeben déi vun 22h40, ajo, an dann nach eng um 5 Auer moies!

ass jo och waat ech soot, oder gemengt hunn, dee site vun der Mobilitéit fonktionéiert net anstänneg oder et ass eben wells de kee Bus méi sou spéit kruss fir zreck