Sie sind nicht angemeldet.

Lieber Besucher, herzlich willkommen bei: LUX-FORUM. Falls dies Ihr erster Besuch auf dieser Seite ist, lesen Sie sich bitte die Hilfe durch. Dort wird Ihnen die Bedienung dieser Seite näher erläutert. Darüber hinaus sollten Sie sich registrieren, um alle Funktionen dieser Seite nutzen zu können. Benutzen Sie das Registrierungsformular, um sich zu registrieren oder informieren Sie sich ausführlich über den Registrierungsvorgang. Falls Sie sich bereits zu einem früheren Zeitpunkt registriert haben, können Sie sich hier anmelden.

501

27.11.2012, 17:31

A wann mir Pech hun, bezuelen mir next Joer nach eng Kéier fir dem Prince Félix seng Hochzeit. Dass dat elo op émol an der Presse lancéiert get, ass évt. vir vum Bomméléer ofzelenken.
Dat machen d'Monarchien ronderem och ganz oft, wann se an brenzleg Situatiounen kommen, get dem Vollek mol erem eng gud nouvelle virgeluecht.

502

27.11.2012, 18:30

Wien weess op mer d'nächst Joer nach eng Monarchie hunn ;)
wou sin ech drun ?

de richtege Wee : "Ne rien nier à priori, ne rien affirmer sans preuve."

"Deception is a state of mind and the mind of the State" :thumbup:

503

27.11.2012, 18:36

Jo, do hues du recht. Ech gesin och schon obmanst 1 Bén vum Henri sengem Troun wackelen. Laut Juncker géif d'Land wackelen wann dat eraus könnt wat op der Diskette ass. An engem Lieserbréif um RTL schreiwt én: D'Land wackelt dann net, mais dem Juncker sein Stull an dem Henri sein Troun an évt. nach e puer anerer mat. Wann wirklech den Prenz mat dran verweckelt war, wat ech schon hei am Forum virun e puer Joer geschriwen hun, dann huet den Henri an den Juncker an dém Fall effectiv Justizbehennerung gemach an dat ass strofbar.

504

28.11.2012, 12:39

Ech si gespaant op de V*gast den Prenz effektiv an de Beichtstull kritt. Wann do eppes drun ass, da fällt et mengen ech ganz séier an e Koup.

Wéi ass do eigentlech d'Legalitéit - dierfen Memberen vum Haff viru Geriicht zitéiert ginn?

505

28.11.2012, 18:56

1 Prenz. Nén den Maître huet och den Guillaume (dén aneren Bruder vum Henri) gelueden als Zeien. Et sin der also 2. Normalerweis huet den Haff diplomatesch immunitéit. Also sie missten net kommen. Awer dann huet dat ganzt Land jo awer den endgültegen Beweis. Den Haff ass elo enorm an der Zweckmillen. Wann neischt drun wär, wär den Juncker net an den Palais gang an hätt dem Henri vun dem Zeien erzielt. Dén Zeien huet demols op der TV gesot: Ech soen elo guer neischt méi, well ech sin vun der sûreté imens bedroht gin. Awer ech wés wat ech gesin hun. An et soll ké mech wéi en idiot elo dohinner stellen.
Den Colling huet (stét hei bei eis am Forum) op der TV gesot, den Prenz wär ob manst ganz secher als spectateur bei engem attentat dobei gewiecht. Kurz drop ass den Colling vir e puer Dég an d'Psychiatrie gesat gin. Géint den Haff eppes ze soen bei eis am Land, dann ass et mat der democratie séier eriwer. Den Chefredacteur vum Letz. Land hat och démols gesot, hien wär massiv bedroht gin.

Dieser Beitrag wurde bereits 1 mal editiert, zuletzt von »Fifi« (28.11.2012, 21:06)


506

30.11.2012, 15:06

La crise dans la Cour ;)

Dat ass gutt fir den Tourismus

Ons beléiften Monarchie ass an der auslännescher Press ;)

Zitat

LIBERATION / AFP

Rumeurs d'espionnage au Luxembourg entre le Grand-Duc et la Couronne britannique

L'enregistrement d'une conversation entre un ancien chef des services secrets luxembourgeois et le Premier ministre a fait surface vendredi, à la colère de ce dernier.

Le Grand-Duc Henri du Luxembourg aurait «des contacts permanents» avec les services de renseignements britanniques, a affirmé l’ancien chef des services de renseignements luxembourgeois au Premier ministre, Jean-Claude Juncker, selon la transcription d’un entretien entre les deux hommes publié ce vendredi par l’hebdomadaire Lëtzebuerger Land.

«Nous disposons de rapports crédibles qui nous disent que la Cour, que le Grand-Duc lui-même, ont des contacts permanents avec les services de renseignements britanniques», affirme Marco Mille, ancien directeur du SREL (Service de renseignement de l’Etat du Luxembourg), au Premier ministre luxembourgeois, selon un verbatim publié par le journal.

Les conditions de cet entretien, qui remonte au début de l’année 2008, demeurent étranges. Jean-Claude Juncker a expliqué sur la radio RTL que Marco Mille avait enregistré à son insu leur conversation. C’est «inacceptable», a estimé Jean-Claude Juncker, en précisant que sa conversation avec Marco Mille ne concernait pas des affaires liées à la sécurité de l’Etat. Le Premier ministre a précisé qu’il n’avait pris connaissance de cet enregistrement qu'à la mi-2009.

Marco Mille a dirigé le SREL de 2003 à 2010, date à laquelle il a quitté ses fonctions pour un poste dans le privé.
http://www.liberation.fr/monde/2012/11/3…tannique_864172
wou sin ech drun ?

de richtege Wee : "Ne rien nier à priori, ne rien affirmer sans preuve."

"Deception is a state of mind and the mind of the State" :thumbup:

507

30.11.2012, 18:42

Wann dat wirklech stemmt, dass ennert dem Henri senger Directioun évt. op manst jo 1 Gespréich teschent him an dem Juncker opgeholl gin ass, da sin évt. och auslännesch Diplomaten hémlech opgeholl gin. A wann hien als letzebuerger Staatschef mam M6 zesummen schafft an démno wat hémlech opgeholl gin ass, dann grenzt dat (menger Ménung no) scho bal un Landesverrat.

508

30.11.2012, 18:51

Den Juncker huet anscheinend dem Henri keng Sachen erzielt, déi hien könnten nervös machen. Wat soll déi Ausso vum Juncker ????? Get den Henri esou séier nervös?? Wann den Juncker 1 x pro Woch bei hien an den Palais gét, zielt hien dem Henri dann nemmen Witzen oder wéi.

509

01.12.2012, 08:33

Promote Luxembourg

@fifi Eisen Stay Behind ënnerstoung/ënnersteet der englescher branch, dowéinst di gutt Kontakter. Wor Ass ieren de Palais oder d'Schlass eng NATO Spëtzelzentral?

Demnächst wärt eisen Film Minister an neierdéngs ewell Weltraum Minister Bildchen eis Monarchie op engem Festival presentéieren. :roudeléiw:


http://www.cdt.ch/mondo/politica/74064/l…duca-e-007.html

D'Teresa mécht och als Bondgirl bestëmmt eng gutt Figur.
wou sin ech drun ?

de richtege Wee : "Ne rien nier à priori, ne rien affirmer sans preuve."

"Deception is a state of mind and the mind of the State" :thumbup:

510

01.12.2012, 09:37

Temesta als Bond Girl, déi ass gud :))

511

01.12.2012, 19:51

++++Ici Londres++++++ Ici Londres+++++++Ici Londres+++++++

Dat huet jo dann presséiert :roudeléiw:

Sécher no Récksprooch mam M. liest d'Cour folgendes wëssen:

Message #01 :

Communiqué (01.12.2012) du Maréchalat de la Cour: La Cour grand-ducale dément de la façon la plus formelle les informations parues dans les médias concernant les relations qu’elle aurait entretenues avec les services secrets britanniques.




So, no bondgirl today ;(


.
wou sin ech drun ?

de richtege Wee : "Ne rien nier à priori, ne rien affirmer sans preuve."

"Deception is a state of mind and the mind of the State" :thumbup:

512

02.12.2012, 05:48

Eng Monarchie mecht normalerweis eréischt en communiqué de presse wann hinnen d'Waasser bis zum Hals stét, wéi en sét. En commentaire um RTL site ass gud, dén schreiwt: Hallo Haff, hut dir schon dem Streff ugeruff. Hasta la Vista. Am allgemengen sind d'commentaires beim RTL net ganz gud fir ons monarchie. Kén schengt hinnen nach én Wuert ze gléwen. Ech iwregens och net. An ech gesin dat 2. Bén vum Henri sengem Troun-Fotell elo schon wackelen. Därf én och net d'Bijoux an d'Grengewald-Affaire e.a. vergiessen !!! Jo jo, do geseit én wat bei dém NEIEN STYLE vun 2 UNIVERSITAIRRES eraus komm ass bis elo. Sie hun sech selwer an ons Land lächerlech gemach.

513

14.12.2012, 17:54

Prinz Felix mit Anhang in New York

Wéi an enger Wochenzäitschrëft op der 1 Säit ze liesen ass, wor di nei Prenzekoppel aux frais de la princesse zu New York Party feieren.


Hei de link op di schéin Biller.....


pics. by Billy Farrell Agency

Event Title: OLD HALLOWS EVE at THE GRAMERCY PARK HOTEL

Location: Gramercy Park Hotel, Rose Bar, NYC

Photo Credits: Joe Schildhorn /BFAnyc.com

Copyright: ©BFA

Date: 2012-10-27



Mer dierfen ons dann op eng mondän Hochzäit freeën, an d'subventionéiert Press huet Aarbecht a kann mat héieren deeglechen Jubelartikelen nach de leschten Client verdreiwen. .


.



.
wou sin ech drun ?

de richtege Wee : "Ne rien nier à priori, ne rien affirmer sans preuve."

"Deception is a state of mind and the mind of the State" :thumbup:

Dieser Beitrag wurde bereits 1 mal editiert, zuletzt von »c23 y78« (14.12.2012, 18:00)


514

05.03.2013, 14:17

Vive den neien Haff

Endlech ass et esouwäit , den Onri ass en ligne um facebook mat schéinen Biller flotten Favoriten an illusterem Frendeskrees ;)

wou sin ech drun ?

de richtege Wee : "Ne rien nier à priori, ne rien affirmer sans preuve."

"Deception is a state of mind and the mind of the State" :thumbup: