Sie sind nicht angemeldet.

Lieber Besucher, herzlich willkommen bei: LUX-FORUM. Falls dies Ihr erster Besuch auf dieser Seite ist, lesen Sie sich bitte die Hilfe durch. Dort wird Ihnen die Bedienung dieser Seite näher erläutert. Darüber hinaus sollten Sie sich registrieren, um alle Funktionen dieser Seite nutzen zu können. Benutzen Sie das Registrierungsformular, um sich zu registrieren oder informieren Sie sich ausführlich über den Registrierungsvorgang. Falls Sie sich bereits zu einem früheren Zeitpunkt registriert haben, können Sie sich hier anmelden.

21

13.03.2008, 17:32

@mJANG ech muss der 100% Recht ginn!
Ech gesinn du hues dein Wuppes aus dem aalen Forum net verluer.

Komm Nilles, meld dech un, an dann hëllefs de mat streiden !!!!
Das sogenannte Theodizeeproblem :
Kann oder will Gott das Leid in dieser Welt und die Untaten seiner Kirchenmänner nicht verhindern?
Wenn er es nicht kann, ist er nicht allmächtig, wenn er es nicht will, dann ist er nicht allgütig !

jimHawk

unregistriert

22

13.03.2008, 17:50

läit och villäicht nëmmen dodrunner, well et dat eenzecht ass an well d'Leid beim Titel "Eis Monarchie" hoffen, eppes neies ze liesen ;)
Bon, eeneger mer eis nees drop, datt mer eis net eens sinn!

Fir mech misst d'Persoun vum Groussherzog nei iwwerduecht ginn, wéi schons honnertmol gesot, virun allem punkto gehälter. Fir de Rescht sinn ech ganz zefridden mat deem wat mer hunn. En huet jo absolut keng Muecht méi... ausser datt en dat, der Formhalber, ze ennerzeechnen kritt, wat aanerer scho längst decidéiert hunn.
Ausserdeem: wat hu mer dovunner, wa mer hien net hätten? Mer kënnen just behaapten, datt mer keng Monarchie méi hätten an dat wier et dann och erëm... "huuu... kuckt emol wéi modern mer gi sinn. Mier hun elo eng total Demokratie...!" wat kënnt dann als next drun? Baueren ofschaafen, well am heitegen Zäitalter musse mer all Affekot, Dokter oder Bankier sinn? Datt mer awer nach Minderheeten diskriminéieren etc., dat gëtt dann am nexte Joerhonnert ugepakt! Mee d'Haaptsaach, mier kënnen soen, mier hätte keng Demokratie mat konstitutioneller Monarchie méi!

Wa mer de Grand-duc sträiche giffen an eis zuer Republik ernennen kënnen mer eis grad esou gudd engem vun eise Noperen uschléissen... am beschten de Fransousen, do ass de kulturschock fir déi meescht awunner net esou schlëmm wéi bei den Teutonen!

23

13.03.2008, 17:58

Déi groussherz. Koppel huet 'hannert den Kulissen' mat Secherhét vill méi Muecht wéi déi méscht Leit sech iwerhapt virstellen können. An fir 1 Staatspräsident ze bezuelen, get bestemmt och nach méi bellech wéi fir e ganzen Familjenclan.

24

13.03.2008, 19:48

Mee musse mer rem alles a jiddweree wielen...? Wann een de Leid nolauschtert, ass de Juncker och kee gudden an en Diktator souwisou, awer trotzdem gi mer en net lass... a fir d'Representativ Zwecker ass den Heng emmer nach besser wéi en dohiergelaafenen Bauer, deen no 5 Joer souwisou rem wiessele kéint! Mee wéi gesot, bei normale Gehälter :-P

De Grand-Duc ass jo och net mei wei e Bauer. En huet jo lo net grad besonneges geleescht fir sein Titel. Representeiren kann de Grand-Duc keen, ausser sech selwer. Op de Grand-Duc wirklech representativ ass kann just en Referendum entscheeden, wann den positiv ausfällt, an d' Lait wellen keng Monarchie mei, dann soll se och sou seier wei meilech oofgeschaaft gin. Dat huet de Groussherzog keng Legimiteit mei.

25

13.03.2008, 20:00

Jo, Blubb du brengs ët genau op de Punkt ..... ët muss een dach wiirklech schlechte Wëllen hun fir daat nët anzegesinn !
Waat nëtzt ons dann déi schéinsten Demokratie wann d'Leit bei esou enger existentieller Froo nët dèrfen matbestëmmen.
Das sogenannte Theodizeeproblem :
Kann oder will Gott das Leid in dieser Welt und die Untaten seiner Kirchenmänner nicht verhindern?
Wenn er es nicht kann, ist er nicht allmächtig, wenn er es nicht will, dann ist er nicht allgütig !

jimHawk

unregistriert

26

14.03.2008, 07:36

et ass jo awer och net esou, wéi wann d'Vollek net d'Geleeenheet hätt, et groussherzog zum Goën ze beweegen... sou geschidd virun net grad honnert Joer... wann do also wierklech eppes dramatesch schiif leeft, ginn et méiglechkeeten. A wat dann dat finanziellt ugeet, do hunn ech jo schon puer mol eppes virgeschloen. Representéieren kann hie besser wéi soss iergendeen... an e permanente Staatsoberhaupt ass eben méi gleewhaft, wéi een, dee wiesselt. Et soll no baussen Stabilitéit, Seriösitéit etc. ausdrécken.

Mier geet et net drëms, en Ënnertan zebleiwen. Ech gesinn et éischter als eppes vun den leschte Saachen un, déi "lëtzebuergesch" sinn (mer schwätzen elo net vun den Sproochkentnisser vun hinnen!). Mier hun eis no-an-no ëmmer méi verkaaf. Mier sinn, wéinst dem léiwe Geld zu enger Minderheet am eegene Land ginn, et gëtt een als Nazi vernannt wann een beim bäcker op lëtzebuergesch e Brout kaafe wëll... eis Bräich ginn net méi gepflegt...
Mee bon, ech mengen, ech maachen dofir en aanert Thema op :-P

Spanish Inquisition

unregistriert

27

16.03.2008, 18:22

De Grand-Duc ass jo och net mei wei e Bauer. En huet jo lo net grad besonneges geleescht fir sein Titel. Representeiren kann de Grand-Duc keen, ausser sech selwer. Op de Grand-Duc wirklech representativ ass kann just en Referendum entscheeden, wann den positiv ausfällt, an d' Lait wellen keng Monarchie mei, dann soll se och sou seier wei meilech oofgeschaaft gin. Dat huet de Groussherzog keng Legimiteit mei.
Jo, Blubb du brengs ët genau op de Punkt ..... ët muss een dach wiirklech schlechte Wëllen hun fir daat nët anzegesinn !
Waat nëtzt ons dann déi schéinsten Demokratie wann d'Leit bei esou enger existentieller Froo nët dèrfen matbestëmmen.
An wéi ass et dann mat dem Referendum vum 20. September 1919? War dat net démokratesch? An fierwat sollt dat elo nàischt méi wäert sinn? Bon, ech schwätt nàischt dergéint fier nach eng keier driwer ofzestemmn, mee dan mat gudden Argumenter.

SP

28

16.03.2008, 18:31

Ech fannen dass én en Referendum vun 1919 net méi 2008 a Betracht zéien kann. Dat ass jo bal 100 Joer.

29

16.03.2008, 19:39

Wann sie Steieren bezuehlen, op daat waat sie vum Staat kréien, waat brëngt daat eis dann? Daat ass jo vun enger Täsch an déi aner Täsch, oder?

Wann sie awer Steieren mussen bezuehlen op hiren ganzen Revenu an op hir Fortune, daat klëngt schon bësser. :)

30

16.03.2008, 19:53

Ierfschaftssteier, Verméigenssteier, Autosteier etc... Do kéim schon eppes zesummen. :P

31

16.03.2008, 22:49

Ierfschaftssteier, Verméigenssteier, Autosteier etc... Do kéim schon eppes zesummen. :P
Einfach nëmmen de Grondsaatz vum Art. 101 vun der Constitutioun uwenden :

Zitat

Il ne peut être établi de privilège en matière d’impôts. Nulle exemption ou modération ne peut être établie que par une loi.

... a wéi engem Gesetz steet dann geschriwen, dass d'famille Grand-ducale keng Steiren brauch
ze bezuelen oder sin daat etwa keng lëtzebuerger Staatsbierger ??? ?(
Das sogenannte Theodizeeproblem :
Kann oder will Gott das Leid in dieser Welt und die Untaten seiner Kirchenmänner nicht verhindern?
Wenn er es nicht kann, ist er nicht allmächtig, wenn er es nicht will, dann ist er nicht allgütig !

32

17.03.2008, 04:54

Wéi ech e klengen dommen Jong war, hat ech de Culot iwwer den Drot ze klammen an eng Bir (dt. Birne) ze klauen. Dat war komplett schief gang -erwëscht ginn Police an doheem doud streech!

10 Joer duerno war ech nach emmer en dommen Jong mee net méi esou kleng, an an der Arméi. Do ginn ech dann an engem "cour d'ínstruction civique" geléiert dass den Grand-Duc net responsabel vir seng Akten ass!!!!!

Dat heescht den GD kann mam Auto een doud fueren oder een mat der Motorsee en Kapp méi kleng maachen et geschitt him neischt!!!

Demols kummen bei mir wüst Zweifelen op déi bis haut bliwwen sinn.

en bon ami ... nilles

jimHawk

unregistriert

33

17.03.2008, 07:26

naja... sougesinn ass déi komplett imunitéit fir e Staatsoberhaupt eng Selbstverständlechkeet, déi bis zu engem gewëssene Grad novollzéihbar ass... et ass nees se Relikt aus aalen zäiten. Mee och hei ass et wéi mat villem wat de Poste vum Heng ugeet: Wann heen engem de Kapp erofseet, da gëtt en och zum Trëppele beweegt an dann kritt en säi Kéis! Mier liewe jo awer net méi al donkelste Mëttelalter.

34

17.03.2008, 14:56

De Grand-Duc ass jo och net mei wei e Bauer. En huet jo lo net grad besonneges geleescht fir sein Titel. Representeiren kann de Grand-Duc keen, ausser sech selwer. Op de Grand-Duc wirklech representativ ass kann just en Referendum entscheeden, wann den positiv ausfällt, an d' Lait wellen keng Monarchie mei, dann soll se och sou seier wei meilech oofgeschaaft gin. Dat huet de Groussherzog keng Legimiteit mei.
Jo, Blubb du brengs ët genau op de Punkt ..... ët muss een dach wiirklech schlechte Wëllen hun fir daat nët anzegesinn !
Waat nëtzt ons dann déi schéinsten Demokratie wann d'Leit bei esou enger existentieller Froo nët dèrfen matbestëmmen.
An wéi ass et dann mat dem Referendum vum 20. September 1919? War dat net démokratesch? An fierwat sollt dat elo nàischt méi wäert sinn? Bon, ech schwätt nàischt dergéint fier nach eng keier driwer ofzestemmn, mee dan mat gudden Argumenter.

SP

Wei eng Persoun dei haut nach liewt huet dann 1919 bei dem Referendum mat gemaach ? Jo, et ass wouer, Letzebuerger sin eigendlech zimlech konservativ Lait, hinnen awer ze ennerstellen sie geifen gesellschaftspolitech nach am Joer 1919 liewen, fannen ech dann awer liicht iwwerdriwwen.
Doweinst wor den Referendum 1919 vlait demokratech, schlussendlech awer naischt mei mam Vollek aus dem Joer 2008 ze din.
Soss brauche mer 2009 och keng Wahlen ze maan, schliesslech ass 2004 jo schons demokratech gewielt gin.

35

17.03.2008, 18:30

Richteg iwwerluecht @Blubb.

Wann sie awer géingen sämtlech Steieren bezuehlen, déi den @Meckerjang opgeziehlt huet, net onfehlbar wären, wéi et leider nach ëmmer am Gesetz steht, sondern eng Immunitéit géingen genéissen wéi all Politiker, sech behuelen, dann kënnen sie wéinest mënger bleiwen. Et wees een och net waat een vun Präsident kritt, an deen kascht och. Gewëss, mir kënnten deen dann déi nächsten Kéier net méi wiëlen, mee wiën wär dann do? Mir fannen emol keen fir den Jean-Claude Juncker ze ersetzen. Et wëllt jo keen mein Asselborns Jang. :(

Et stëmmt, dass den Grand-Duc Lëtzebuerg dobaussen gudd représentéiert, dass hiën esou munch Diren opmëcht.Och wann hiën schlecht daitsch schwätzt, sou schwätzt hiën et awer, daat geet am däitschsprochegen Raum duer, mëcht souguer nach Androck. :)

36

17.03.2008, 19:34

Et wëllt jo keen mein Asselborns Jang .....

Vum Jang kann een hale waat ee wëllt, ech hätt nët daat gërengste Problem, hien als Oberhaupt vun onsem Staat ze gesinn.
Ët ass eng lëtzebuergësch Kränkt, dass verschidde Leit jalous op hien sin, deen ët als ganz klenge Männchen zu engem dichtege ( a kapabelen an nët agebiltgten) Politiker bruecht huet.
Am Text vu mengem Post ass ee "g" ze vill, ween dee "g" fënnt kann ën haalen !
Das sogenannte Theodizeeproblem :
Kann oder will Gott das Leid in dieser Welt und die Untaten seiner Kirchenmänner nicht verhindern?
Wenn er es nicht kann, ist er nicht allmächtig, wenn er es nicht will, dann ist er nicht allgütig !

38

02.04.2008, 16:29

Maja, ass dach gudd esou. Besser hiën verkeeft dem lëtzebuerger Staat ët wéi ëngem reichen Amerikaner oder wiën wees ech.

Wann hiën esou weider fiërt, dann gehéiert him geschwënn net méi vill hei zu Lëtzebuerg, hiën wärt jo dann, wann hiën alles verkaaf huët goën, huëlen dat emol un. Normalerweis ginn d'Leit, wann sie hiren Besëtz verkafen. Wees et jo net.

39

02.04.2008, 16:48

Witzeg ass amfong dat do :

Im Juli 2006 plante die Großherzogliche Familie zudem, Besitztümer im Grünewald zu verkaufen. In Anbetracht der angespannten Situation bei den Staatsfinanzen entschloss man sich später dazu, die 850 Hektar Wald doch nicht zu veräußern.

40

02.04.2008, 18:14

@Blubb,

eng domm an plomp Liggen ass dat do! :) Fir wéi blöd halen déi eis?