Sie sind nicht angemeldet.

Lieber Besucher, herzlich willkommen bei: LUX-FORUM. Falls dies Ihr erster Besuch auf dieser Seite ist, lesen Sie sich bitte die Hilfe durch. Dort wird Ihnen die Bedienung dieser Seite näher erläutert. Darüber hinaus sollten Sie sich registrieren, um alle Funktionen dieser Seite nutzen zu können. Benutzen Sie das Registrierungsformular, um sich zu registrieren oder informieren Sie sich ausführlich über den Registrierungsvorgang. Falls Sie sich bereits zu einem früheren Zeitpunkt registriert haben, können Sie sich hier anmelden.

181

13.11.2008, 21:19

Sou, ech hun elo emol bei den Belge an den Marokkaner gekuckt. Déi schreiwen: "SAR le Roi s'est rendu". Also masculin.An der Sophie hun ech geléiërt dass et féminin wär. Mee do hun ech och geléiërt dass den Popst ën hëllegen Mann wär. ...
daat waat d'Nonnen aus der Zainte Zoffi soen, schengt jo dann och nët ëmmer der Wouregt ze entspriechen . Daat läit dorun, dass se bis haut an der Kierch de Sexe vun den Engelen nach nët eindeuteg feststelle konnten. Daat ass ëmsou méi erstaunlech als jo awer op dem éischten Vatikanische Konzil den 18. Juli 1870 ënner dem Poopst Pius IX. hie selwer sech als onfehlbar verkënde geloos huet , an zwar duerch folgende Glaawenssaatz :

Zitat

Zur Ehre Gottes, unseres Heilandes, zur Erhöhung der katholischen Religion, zum Heil der christlichen Völker lehren und erklären wir endgültig als von Gott geoffenbarten Glaubenssatz, in treuem Anschluß an die vom Anfang des christlichen Glaubens her erhaltene Überlieferung, unter Zustimmung des heiligen Konzils:
Wenn der Römische Papst in höchster Lehrgewalt (= ex cathedra) spricht, das heißt: wenn er seines Amtes als Hirt und Lehrer aller Christen waltend in höchster apostolischer Amtsgewalt endgültig entscheidet, eine Lehre über Glauben oder Sitten sei von der ganzen Kirche festzuhalten, so besitzt er aufgrund des göttlichen Beistandes, der ihm im heiligen Petrus verheißen ist, jene Unfehlbarkeit, mit der der göttliche Erlöser seine Kirche bei endgültigen Entscheidungen in Glaubens- und Sittenlehren ausgerüstet haben wollte. Diese endgültigen Entscheidungen des Römischen Papstes sind daher aus sich und nicht aufgrund der Zustimmung der Kirche unabänderlich.
.... well heeschen wa mer wéi elo an dësem Forum wellen d'Wourecht wëssen, brauche mer nëmmen de Ratzifatzi ze froen. Deem seng Meenung ass bindend !

Zitat

Schon eleng aus Dégôut vis-à-vis vun den Nonnen wärt ech et ab elo nëmmen méi männlech schreiwen....
.... mäin Dégôut geet éischter a Richtung pädophil Geeschtlecher vun enger Boulette, wou ech 3 Joer zwangsrekrutéiert war. Deemno misst ech alles weiblech schreiwen...... mais komm mer loossen daat Kapitel léiwer sin, well jo hei Kanner matliese können !
Das sogenannte Theodizeeproblem :
Kann oder will Gott das Leid in dieser Welt und die Untaten seiner Kirchenmänner nicht verhindern?
Wenn er es nicht kann, ist er nicht allmächtig, wenn er es nicht will, dann ist er nicht allgütig !

182

13.11.2008, 21:33

Dat doten muss awer elo gefeiert ginn :!:
.... majo kloer, mais du bezills e Cajot Veuve Cliquot dee mer zesumme knacken !!

Zitat

Dat ass fir d'éischt (ann bestëmmt och fir d'lescht), dass du mam Poopst enger Meenung bass :!: :thumbsup: :!:
... ech si prinzipiell mat all Poopst enger Meenung, esoulaang deen nët , wéi de Ratzifatzi , Dommheete a Märercher verzaapt an doduerch Misère iwer d'ganzt Menschheet brengt !
Das sogenannte Theodizeeproblem :
Kann oder will Gott das Leid in dieser Welt und die Untaten seiner Kirchenmänner nicht verhindern?
Wenn er es nicht kann, ist er nicht allmächtig, wenn er es nicht will, dann ist er nicht allgütig !

183

02.12.2008, 16:11

kann et villait sinn datt den haff well auswanderen, an dowienst alles zu geld gemeet ginn ass ??

op en dann nach dest joer soll eng neijoersdaag unsprooch soll haalen ??

greets :roudeléiw:

cy
wou sin ech drun ?

de richtege Wee : "Ne rien nier à priori, ne rien affirmer sans preuve."

"Deception is a state of mind and the mind of the State" :thumbup:

184

02.12.2008, 16:15

Vill Lëtzebuerger froën sech schon méi lang wat bei Grand-Duc's lass ass. Bijoux'en verkaaf, Bëscher verkaaf, Wein verkaaf, je et ass Ausverkaaf do.

All gudden Broutdag gett den Hofmarschall gewiësselt, an elo seet den Grand-Duc un sëngem Stull.

Deen huet wëlles ze goën. Mein Segen huet hien.

185

02.12.2008, 16:22

ons duchesse wor jo laang am ausland an der lescht.... an se reest jo och soss gaeren, do passt dann d sprachwuert "REISENDE SOLL MAN NICHT AUFHALTEN "

beim offiziellen depart ginn mer dann wenken :thumbsup:

hoffentlech kritt den aalen grand duc net mie alles matt, waat den neien style do alles vun sech gett
wou sin ech drun ?

de richtege Wee : "Ne rien nier à priori, ne rien affirmer sans preuve."

"Deception is a state of mind and the mind of the State" :thumbup:

186

02.12.2008, 16:26

Jo, den Jang kann ëngem leed doën.

187

02.12.2008, 16:37

op dem chamber tv leeft den tschaikowski sain swan lake,

soll daat schons eppes ze bedeiten hunn... ? ;)
wou sin ech drun ?

de richtege Wee : "Ne rien nier à priori, ne rien affirmer sans preuve."

"Deception is a state of mind and the mind of the State" :thumbup:

188

02.12.2008, 16:40

op dem chamber tv leeft den tschaikowski sain swan lake,

soll daat schons eppes ze bedeiten hunn... ? ;)


Oh jee, schlecht Virzeechen! :)

Europäer

unregistriert

189

02.12.2008, 16:43

op dem chamber tv leeft den tschaikowski sain swan lake,

soll daat schons eppes ze bedeiten hunn... ? ;)


Oh jee, schlecht Virzeechen! :)


Wéi soen se ëmmer : Daat ass den Ufank vum Enn ! :)

Jempi

Administrator

Beiträge: 2 590

Wohnort: Beim neien Prisong

Beruf: Meckerer

  • Nachricht senden

190

02.12.2008, 16:50

Wéi soen se ëmmer : Daat ass den Ufank vum Enn ! :)

Ann wéi sangen si ann Däitschland nees: Alles hat ein Ende, nur die Wurst hat zwei.
"Truth is the most valuable thing we have. Let us economize it."
Mark Twain

191

02.12.2008, 17:37

Eisen Grand-Duc wellt d'Gesetz vun der Euthanasie net ennerschreiwen. Och wann ech jidderengem seng Méénung an der Fro ka respekteeren, da kann ech nemmen de Kapp reselen. We war dat schons me: "Le Grand-Duc est irresponsable".... a wann e Stellung helt, ass en da responsabel???

Op alle Fall kann dann dat Gesetz net a Kraft trieden!!!!!!!

192

03.12.2008, 09:26

Ech kann nemmen soen: Wat en Theater! Ech mengen wann de Grand-Duc Gesetzer net mi muzss validéiren arrangéiert di 2 Saïten, de Grand-Duc kann sech besser op d'Verwaltung vu sengem Verméigen konzentréiren an ons Regierung kann hir Gesetzer ennerteneen koschteren a moschteren wi se well ouni wann et da mol sollt néideg gin ee Veto vum Grand-Duc ze faerten. Dat do as dach alles inszenéiert. Lo kennen se all méiglech Gesetzer duerchbrätschen ouni datt se je misste faerten datt iergendang Instanz aus moraleschen oder soss wellechen Bedenken probéiert d'Vollek vrun der Kontroll- a Reguléierungwut vun onse Minister ze schützen. Lo as de Wee fraï fir di total abolitioun vun allen ons nach verbleiwenden Rechter-de Frieden waert gester eng Fläsch opgemeet hun.
Stumpf ist Trumpf!
-Dendemann

193

03.12.2008, 19:01

wort online

et kann een nach staunen ???

http://www.wort.lu/wort/web/letzebuerg/a…tiges-recht.php

an enol en commentaire, schons komesch..... ;)
wou sin ech drun ?

de richtege Wee : "Ne rien nier à priori, ne rien affirmer sans preuve."

"Deception is a state of mind and the mind of the State" :thumbup:

194

03.12.2008, 19:17

RE: wort online

et kann een nach staunen ???

http://www.wort.lu/wort/web/letzebuerg/a…tiges-recht.php

an enol en commentaire, schons komesch..... ;)


Et stin elo 2 Commentaren do. Een vun engem aus Bayern, deen d'Joer 2008 zu Lëtzebuerg mam Joer 1913 an Bayern vergleicht. Hien freet och op eis Députéiert 75% vun den Lëtzebuerger représentéieren. ?( ?( Hien seet awer och hien wär Lëtzebuerger. ?( ?( Plem,plem!

Deen aneren Commentar ass normal.

195

03.12.2008, 19:23

catch 22 a la luxembourgeoise:

den monarch as doud
lang liew den monarch

an dem senn :roudeléiw:

196

03.12.2008, 20:42

Ech kommentéiren am Ableck och ganz offensiv op wort.lu - ech denke mer alt, dass vun 10 commentairen een duerchkennt. Meng kommen nämlech net emmer un ;)

197

03.12.2008, 21:37

voila et huet ko missen kommen ;)

wou sin ech drun ?

de richtege Wee : "Ne rien nier à priori, ne rien affirmer sans preuve."

"Deception is a state of mind and the mind of the State" :thumbup:

198

03.12.2008, 21:48

Ech kommentéiren am Ableck och ganz offensiv op wort.lu - ech denke mer alt, dass vun 10 commentairen een duerchkennt. Meng kommen nämlech net emmer un ;)


Ech hun den Moiën ë Commentaire verworf kritt. Hun duerno net méi probéiërt.

199

03.12.2008, 21:51

Wann mir schon bei esou flotten Biller sin, dann huelen ech d'Bonbonnière och eriwer:

http://www.monarchie.lu/fr/Galerie/Evene…index.php?pos=0

200

03.12.2008, 21:52

waat has de dann scheines geschriwen? ;)

et misst ein hei am forum emol en thread opmachen, wou ein en copy/paste geif dran setzen, waat ein un wort.lu an co schreiwt
an och, op den comment durch den zensur filter gangen as, oder net
daat wier och eng goud reklame fir den forum hei

ei waat geif daat en spass gin