Sie sind nicht angemeldet.

Lieber Besucher, herzlich willkommen bei: LUX-FORUM. Falls dies Ihr erster Besuch auf dieser Seite ist, lesen Sie sich bitte die Hilfe durch. Dort wird Ihnen die Bedienung dieser Seite näher erläutert. Darüber hinaus sollten Sie sich registrieren, um alle Funktionen dieser Seite nutzen zu können. Benutzen Sie das Registrierungsformular, um sich zu registrieren oder informieren Sie sich ausführlich über den Registrierungsvorgang. Falls Sie sich bereits zu einem früheren Zeitpunkt registriert haben, können Sie sich hier anmelden.

1

12.03.2008, 17:37

Eis Monarchie

38%

Nee, ech sinn fir eng Republik (40)

26%

Jo, ech sinn fir d'Monarchie (28)

Eis Monarchie kascht eis d'Land jo genuch Suen pro Joer an wann én hir homepage kuckt, schengen se net ganz vill Léschtung dofir ze brengen. Dofir meng Fro: Ass eng Monarchie iwerhapt nach zeitgemäss ??

[Op Wonsch vum Fifi hunn ech d'Emfro iwwerschafft. Allerdengs konnt ech déi 30 Nee-Stëmmen net méi nei zouuerdnen, rechent se also manuell bäi d'Republik bäi. Änder]

Spanish Inquisition

unregistriert

2

12.03.2008, 21:12

Ech fannen et leschteg dass den eischten Beitrag an der "Lëtzebuerg" Rubrik iwert d'Monarchie geet. Daat set iergendswéi vill aus fannen ech.
Ech fannen generell eng Monarchie - sous condition d'en être une constitutionelle - net esou schlecht. Blouss missten d'Monarchen e bëssi méi an der Schiebel hun. D'Fro ob d'Monarchie zäitgeméiss ass géing ech domatter konteren ob eis Monarchen zäitgeméiss sinn. Dozou zielen ech z.B. dass Fraen ob den Troun zougelooss sinn an dass se Staieren bezuelen ewei all aaner Bierger och.

Es Grüessli

SP

3

12.03.2008, 23:50

Ech fannen et leschteg dass den eischten Beitrag an der "Lëtzebuerg" Rubrik iwert d'Monarchie geet. Daat set iergendswéi vill aus fannen ech.
Ech fannen generell eng Monarchie - sous condition d'en être une constitutionelle - net esou schlecht. Blouss missten d'Monarchen e bëssi méi an der Schiebel hun. D'Fro ob d'Monarchie zäitgeméiss ass géing ech domatter konteren ob eis Monarchen zäitgeméiss sinn. Dozou zielen ech z.B. dass Fraen ob den Troun zougelooss sinn an dass se Staieren bezuelen ewei all aaner Bierger och.
Du bass echt...!!!
d'Froo déi sech stellt von wegen eppes an der Schierbel ze hun oder nët, kann nëmme geléist gin wann d'Volleck dee beschtgeégneten Repräsentant aus senge Reihe wielt an nët einfach acceptéieren muss, dass eng iwer Joerhonnerten dégénéréierte Fürstefamill einfach de père en fils un d'Spëtzt vum Land gesaat gët ouni dass iirgend ee freet op deen och dozou kapabel ass ............. :?:
Do komme mir schon gëwëssen Zweiwelen !!!!
Mir liewen dach am 21. Joerhonnert oder si mer nach am Mëttelalter , zu L kënnt een daat baal mengen : Monarchie an totalitäre Kiirchestaat mamm Diktator JCJ un der Spëtzt !
Das sogenannte Theodizeeproblem :
Kann oder will Gott das Leid in dieser Welt und die Untaten seiner Kirchenmänner nicht verhindern?
Wenn er es nicht kann, ist er nicht allmächtig, wenn er es nicht will, dann ist er nicht allgütig !

4

13.03.2008, 00:26

@mJANG ech muss der 100% Recht ginn!

Ech gesinn du hues dein Wuppes aus dem aalen Forum net verluer.

5

13.03.2008, 07:06

Ech verlangen vun hinnen:

1. eng öffentlech Steierklärung wéi déi Monarchien am Norden et mussen machen, déi an der Presse publiziéert an commentéiert get

2. Um Enn vun all Joer (wéi z.B. an England) get opgezielt an der Presse wéivill öffentlecher Optretter all Member vun der Famill hat (d.h. wéivill en geschafft huet)

3. Beim Budget get an England och öffentlech gemach wéivill all Member un Suen fir dat Joer verbraucht huet.

@ Spanish Inquisition

Du sés dass grad desen Thema als 1. geholl gin ass, sét vill aus. Ech greifen desen Thema emmer erem op d'neits op, well et ganz wichtich fir ons d'Land ass. Awer déi méschte Leit soen: Et gét ons dach gud an sie verhalen sech dach roueg, da loossen mir sin gewärden. Mais domat gét et net duer. Et kann én am Staatsbudget zwar nokucken wéi héich d'Apanage ass, awer net jidveren wés dat, an kéft sech dat Buch oder wés mol net dass én dat kafen kann. Den JCK huet versprach, dass hien eng clarificatioun vun den finanzieller Verhältnisser vum Haff géif brengen, an op déi warden ech haut nach.

Kuck dir mol hir hp gené un. Wann én d'Apanage dividéiert duerch déi puer Optretter. Da stauns du iwert esou én Stonneloun. An dann nach hir ernorm lang Vakanzen am Summer Cabasson, am Wanter Crans Montana.

Wann d'letzeb. Vollek mol richtech informéiert géif gin, wéi an aneren Länner, kéimen warscheinlech vill negativ Reaktiounen. Dat huet én jo scho bei der Affaire mat den Bijoux an mam Grëngewald gesin.

jimHawk

unregistriert

6

13.03.2008, 09:01

Alt nees déi aal Leier...
ech bleiwen och nach ëmmer bei menger Ausso: ech si frou, datt mer nach en Haff hunn.. et ass wuel dat eenzegt wat eis net komplett als "2586 km2-Finanzbetrieb" auszeechend :-P

Wéi ech och fréier scho gesot hunn: den Heng & Co. missten eng fest Pai kréien (an eventuell e Plus fir Auslandsreesen) oder eppes an däer Art. Steieren etc. kommen do selbstverständlech dobäi.
Wat hier Websäit ugeet, do ass och net alles aktuell. Wanns de regelméisseg Noriichte kucks, hunn se awer vill ëffentlech Optrëtter. Et ass zwoar awer nach en enormen Stonneloung, mee wéi gesot, dee kinnt een jo och enorm kierzen ;)

Ech fanne, mier hunn nach emmer ganz aaner Problemer wéi eis Monarchie ofzeschaafen :-P

7

13.03.2008, 09:07

Et kann déi aal Leier (wéis du dat nennst) net oft genuch widerhuelen, dass souvill wéi méilech Leit gewuer gin, dass sie z.b. KENG Steieren bezuelen.

jimHawk

unregistriert

8

13.03.2008, 09:31

dat steet zimlech all Woch am Feierkrop oder a LëtzPrivat... ausserdeem gëtt hiere Budget all Joer am Word veröffentlecht! Um Site vum Legilux ass et och nozeliesen, do muss een sech mol kee Buch kaafen :-P et muss een sech unzeleeën wëssen a wësse wou ee wat sicht.

Een deen dat net wees, ass entweder ze domm fir den Internet richteg ze benotzen oder et ass ëm et halt riichteweg schäissegal. Dat si meeschtens och déi selwescht Leid déi all puer Joer de Juncker um Stëmmziedel ukräizen, well dat deen eenzege Numm ass, deen hinnen iergendwéi bekannt virkënnt -.-

9

13.03.2008, 09:45

Wat hier Websäit ugeet, do ass och net alles aktuell.....
Déi huet genee 1 Joer retard .... guggs du :

Zitat

La dernière visite d’Etat du couple grand-ducal à l’étranger s’est déroulée du 20 au 22 mars dernier, où LL.AA.RR. le Grand-Duc et la Grande-Duchesse se sont rendues en Belgique sur invitation de Leurs Majestés le roi et la reine des Belges.
Du 16 au 18 avril, le Luxembourg a eu l’honneur de recevoir Leurs Majestés le Roi et la Reine d’Espagne
.

Wann een ët awer emool nët ferdeg brengt fir d'HP vum Staatsoberhaupt all Daag à jour ze haalen, dann ass ët nët wäit hir !
D'HP misst op mannst och op lëtzebuergësch sin an op esou enger héich opffizieller HP maachen ech keng grammatësch Fehler wéi hei :
".... où LL.AA.RR. le Grand-Duc et la Grande-Duchesse se sont rendues en Belgique ...." , aplaatz "se sont rendus" et sief dann de Grand-Duc wär eng Fraa, wouvun ech awer nach nie eppes héieren hun.
Einfach en Aarmut !
Das sogenannte Theodizeeproblem :
Kann oder will Gott das Leid in dieser Welt und die Untaten seiner Kirchenmänner nicht verhindern?
Wenn er es nicht kann, ist er nicht allmächtig, wenn er es nicht will, dann ist er nicht allgütig !

jimHawk

unregistriert

10

13.03.2008, 09:51

lol, do ginn ech der vollkomme recht! Min. op lëtzebuergesch kinnt se sinn!
Mee bon, dat sinn verbesserungswürdeg saachen, awer wierklech kee Grond fir eng Ofschaafung!

11

13.03.2008, 10:13

RE: Eis Monarchie

Eis Monarchie kascht eis d'Land jo genuch Suen pro Joer an wann én hir homepage kuckt, schengen se net ganz vill Léschtung dofir ze brengen. Dofir meng Fro: Ass eng Monarchie iwerhapt nach zeitgemäss ??
D'Rubrik " Neen" an "ech sin fir eng Republik " bedeiten daat selwecht a misste bei der Ëmfro zesumme gezielt gin.
De Moment steet ët 60 zu 40 % géint d'Monarchie !
Das sogenannte Theodizeeproblem :
Kann oder will Gott das Leid in dieser Welt und die Untaten seiner Kirchenmänner nicht verhindern?
Wenn er es nicht kann, ist er nicht allmächtig, wenn er es nicht will, dann ist er nicht allgütig !

jimHawk

unregistriert

12

13.03.2008, 10:26

boah... wéi wann dat representativ wier ;)

13

13.03.2008, 10:45

Natirlech net representativ, mais ganz intressant wéi d'Leit hei am Forum agestallt sin.

jimHawk

unregistriert

14

13.03.2008, 11:02

jo... lénks ;)

15

13.03.2008, 12:08

boah... wéi wann dat representativ wier ;)

Jo, Hawk'e Jimmy,
du schengs d'Mentalitéit ze hun : " ...waat nët dèrf sin, ass nët " !!!!
Op déi Art a Weis komme mer mat Secherheet nët firun hei zu L !
Das sogenannte Theodizeeproblem :
Kann oder will Gott das Leid in dieser Welt und die Untaten seiner Kirchenmänner nicht verhindern?
Wenn er es nicht kann, ist er nicht allmächtig, wenn er es nicht will, dann ist er nicht allgütig !

16

13.03.2008, 12:16

jo... lénks ;)
... häss de léiwer riets a chrëschtkathoulesch oder nach besser extrem riets ??
D'Kiirch an d'Monarchie hun nach seit jehèr zesumme gehaalen, déi wësse genau firwaat !
Das sogenannte Theodizeeproblem :
Kann oder will Gott das Leid in dieser Welt und die Untaten seiner Kirchenmänner nicht verhindern?
Wenn er es nicht kann, ist er nicht allmächtig, wenn er es nicht will, dann ist er nicht allgütig !

17

13.03.2008, 13:51

@ jimHawk

Wénst hirer HP d'Monarchie ofzeschafen wär wirklech ké Grond, mais et get 1 Haptgrond. Sie sin net gewielt vum Vollek an dat ass absolut net demokratesch. Bei der successioun vum Henri hätt missen en Referendum gemach gin.

jimHawk

unregistriert

18

13.03.2008, 16:49

Neenee, mJang, déi Mentalitéit hunn ech net... well soss wier et fir mech zu Lëtzebuerg op eng Kéier ganz roueg an d'Land nëmmen hallef esou voll (ass elo nees aaneschters gemengt wéi's du et elo rem verstees :-P)

Mee musse mer rem alles a jiddweree wielen...? Wann een de Leid nolauschtert, ass de Juncker och kee gudden an en Diktator souwisou, awer trotzdem gi mer en net lass... a fir d'Representativ Zwecker ass den Heng emmer nach besser wéi en dohiergelaafenen Bauer, deen no 5 Joer souwisou rem wiessele kéint! Mee wéi gesot, bei normale Gehälter :-P

Dieser Beitrag wurde bereits 1 mal editiert, zuletzt von »jimHawk« (13.03.2008, 17:14)


19

13.03.2008, 17:16

@ jimHawk

Du wärs dach net eisen Grand-Duc als 'Alles a jiddweree' tituléieren ?????

20

13.03.2008, 17:23

@ jimHawk

Kuck mol wievill Leit den Thema 'Monarchie' schon ugeklickt hun. Do geseis du um beschten, wéi 'déi aal Leier' d'Leit intresséiert.