Sie sind nicht angemeldet.

Lieber Besucher, herzlich willkommen bei: LUX-FORUM. Falls dies Ihr erster Besuch auf dieser Seite ist, lesen Sie sich bitte die Hilfe durch. Dort wird Ihnen die Bedienung dieser Seite näher erläutert. Darüber hinaus sollten Sie sich registrieren, um alle Funktionen dieser Seite nutzen zu können. Benutzen Sie das Registrierungsformular, um sich zu registrieren oder informieren Sie sich ausführlich über den Registrierungsvorgang. Falls Sie sich bereits zu einem früheren Zeitpunkt registriert haben, können Sie sich hier anmelden.

41

29.09.2008, 17:57

@ hydra
keng ahnung

awer: an england hun se northern rocks "verstaatlecht" an net vill bezuelt; an ereischt no engen run on the banks

an amaerika hun se fannie an co och verstaatlecht, mei och net vill bezuelt (op allen fall kein 1/3 vum staatsbudget)

esou verstaatlechungen sin emol guer net esou schlecht, mei et as eng saach vum preis an vun den conditiounen

mein haaptargument as jo, daat den staat zevill bezuelt huet, an sech iwer den desch zeien geloss huet

on verra bien...


@ Jempi
goud analyse;

Dee Probleem kann een awer léisen, wann een déi béis, béis Spekulanten all opp Schraasseg (oder schon op Zolwer?) féiert.
:thumbsup:

an operation de tresorie klengt emmer total goud

klengt emmer en beschen no schatzinsel, an groussen onermesslechen reichtum

emmerhin emmer besser wei daat wuert "verscholdung", an sos net esou sexy wierder wei schold, kredit etc

eiser pistolero as no nawell net schlecht wann et em orwellian newsspeak geit

Dieser Beitrag wurde bereits 1 mal editiert, zuletzt von »Machia« (29.09.2008, 18:02)


42

29.09.2008, 18:00

@Machia,

"mein haaptargument as jo, daat den staat zevill bezuelt huet, an sech iwer den desch zeien geloss huet".

Jo, dat kann sin, dofir kennen ech net genug dovun, dat ass dein Gebidd. :)

43

29.09.2008, 18:02

et gett naischt waat et net gett
elo fennt een dann bei rtl online folgendes :

Ëmfro BCL: D'Konsumenten hu Vertrauen a finanziell Zukunft

http://news.rtl.lu/news/national/500.html


ech mengen d nout ass grous......wann se schons eng 2 wochen aal emfro mussen sichen goen (iwert emfroen, kann een sech saint jo och denken)
wou sin ech drun ?

de richtege Wee : "Ne rien nier à priori, ne rien affirmer sans preuve."

"Deception is a state of mind and the mind of the State" :thumbup:

44

29.09.2008, 18:03

@Jempi,

souguër domm blond Fraën wëssen wat eng "opération de trésorerie" ass. Sie wëssen awer och wat ë Kredit ass. Fir domm blond Fraën ass dat nun emol zweeërlee.

Jempi

Administrator

  • »Jempi« ist der Autor dieses Themas

Beiträge: 2 590

Wohnort: Beim neien Prisong

Beruf: Meckerer

  • Nachricht senden

45

29.09.2008, 18:06

Ëmfro BCL: D'Konsumenten hu Vertrauen a finanziell Zukunft

Vertrauen???

Gëtt et dat an der Belle Etoile ze kafen?
An wat fir engem Rayon?
"Truth is the most valuable thing we have. Let us economize it."
Mark Twain

46

29.09.2008, 18:15

;) villait am rayon matt den schaerzartikelen fir d fuesend oder beim anwaerter deen huet jo emmer vertrauen an alles....;)

wie war daat mamm pinochio senger nues.....

hei nach ganz fresch aus den spiegel

Europas Steuerzahler müssen Milliarden für Bankenkrise zahlen

Bankenexperte Burghof rät in diesem Punkt zur Zurückhaltung. "Europäische Banken sollten zunächst versuchen, ihre Ansprüche über das US-Paket abzuwickeln." Allerdings sei es nicht abwegig, dass viele europäische Banken auf ihren faulen Krediten sitzen bleiben, da sie ihre Ansprüche in den USA nicht durchsetzen können. Wenn die Krise sich weiter zuspitze, sei ein europäisches Rettungspaket vermutlich unvermeidlich. "Und dann", so Burghof, "hätte Europa den maximalen Schaden."[/u

http://www.spiegel.de/wirtschaft/0,1518,581104,00.html

iwert brussels kennt jo dann och nach eng kier eng rechnung......ech faerten bis elo hunn mer jhust spetzt vum icebierg gesinn
wou sin ech drun ?

de richtege Wee : "Ne rien nier à priori, ne rien affirmer sans preuve."

"Deception is a state of mind and the mind of the State" :thumbup:

47

29.09.2008, 18:18

dein neien rayon, lecks em den eck, bei stenkegen keis an beim aalen fesch, dei dann seier verramscht get
natirrclech, maat vill gefreckels- super gesond, an virun allem super fresch- fesch riicht emmer, oder wessen mer daat net??

ah jo, den neien rayon: do wou vill bank aktien verramscht gin- faites vos jeu et... rien ne va plus
wanns de vill keifs kriss de och nach eng schein fortis kamell
beis zongen behaapten, dass wans de en beschen wards och nach eng dexia kamell kris

48

29.09.2008, 18:21

Europas Steuerzahler müssen Milliarden für Bankenkrise zahlen

Bankenexperte Burghof rät in diesem Punkt zur Zurückhaltung. "Europäische Banken sollten zunächst versuchen, ihre Ansprüche über das US-Paket abzuwickeln." Allerdings sei es nicht abwegig, dass viele europäische Banken auf ihren faulen Krediten sitzen bleiben, da sie ihre Ansprüche in den USA nicht durchsetzen können. Wenn die Krise sich weiter zuspitze, sei ein europäisches Rettungspaket vermutlich unvermeidlich. "Und dann", so Burghof, "hätte Europa den maximalen Schaden."[/u

nein, dann gewass net am marienlaendchen
mir hun daat alles falsch verstannen- eiser jcj waerd eis daat demnaechst richteg erklaeren

49

29.09.2008, 18:28

Wann dann elo d'Fortis-Aktien erop gin oder den Staat sein Deel nees verkaafen kann, dann ass d'Schold jo emol deelweis oder ganz fort. Oder?


Et as nemmen Panik dobaussen. Et sollen Haut aleng iwer 80 milliounen bei der Fortis obgehouven gin sin. Kloer mat enger participatioun vum Staat liewt en konfortabel. Dei Souen Krediter muss Bank awer och erem bezuelen. En den elo Axien bei Fortis keeft kenn an circa 7 Joer eng anstenneg redit erwarden + enger Valeur dei sech mest ver ...facht hun. Spekulanten sin gefor an dem ganzen Geschäfft. Sie wellen mindest eng 15% Joer vun dem wou se ra klammen. Dat get awer net an schlechten Zeiten

Den Gewenner vum Joer waert secher Spuerkees gin, do sin Gelder hi gang an um Kredit as secher och eppes verdingt

50

29.09.2008, 18:39

Kloer mat enger participatioun vum Staat liewt en konfortabel => meengs wuel fortis?

Dei Souen Krediter muss Bank awer och erem bezuelen
net onbedingt; aktien sin aktien, an convertibel kenen an aktien gewandelt gin; just dei 3% elo op convertible; mei daat as en cadeau vum letz staat; well den taux misst vill mei heisch sin ...

En den elo Axien bei Fortis keeft kenn an circa 7 Joer eng anstenneg redit erwarden + enger Valeur dei sech mest ver ...facht hun.
daat kann kein wessen; op allen fall haett ech neischt dogeint, well dann den staat en super geschaeft gemacht haett; maat ganz vill chance klappt et jo villeicht
villeicht fannen se keng leichen am keller, an alles as nemmen panik; mengen awer net daat et esou einfach as

rockyfighter

unregistriert

51

29.09.2008, 18:43

RE: FORTIS - BGL ann aner Banken

Wisou gëtt kee Wuert doriwwer verluer, dass mir d'CSSF (Commission de Surveillance du Secteur Financier) hunn, déi jo eigentlech faul Geschäfter bei den Banken misst ënnerbannen? Oder ass dat och nëmmen esou eng staatlech Administratioun, fir e puer Beamten en décken Salaire ze bezuelen an fir de Rescht huet si de Mond ze halen?

Zitat

- Wei ass et méiglech, dass FORTIS Lëtzebuerg esou riskant Spekulatiounen konnt maachen, ouni dass d'CSSF réagéiert huet?

D'Fortis Lëtzebuerg ass net wéint Spekulatiounen an d'Kris geroden, mee well den Group Fortis sech d'lescht Joer bei der Iwernahm vun der ABN Amro iwerschätzt haat. Sait hier ass d'Aktie gefall. Wéi dunn och nach d'Finanzkrise dobai koum, huet et ugefaang ellen ze gin. D'lescht d'Woch sin jo dun Rumeuren wéint Liquiditéits-Problemer opgetaucht, an dun huet d'Schicksal sain Laaf geholl!

CSSF huet keen Afloss, wat an der Maison-Mère vun Fortis leeft. Wann déi sech verspekuléieren, dann huet daat direkt och Auswierkungen op d'Fortis Letzebuerg.

52

29.09.2008, 18:53

"mein haaptargument as jo, daat den staat zevill bezuelt huet, an sech iwer den desch zeien geloss huet".

hei nach eng keier iwerleiung

fortis as elo nach 9,33 mia euro wert http://de.finance.yahoo.com/q/bc?s=FORB.BR&t=my

ergo 49% sin 4,65 mia wert

mei "Les trois Gouvernements des pays du Benelux investissent EUR 11,2 milliards dans Fortis Banque" fir 49% vun den aktien

aslo se bezuelen 11,2 mia fir eppes waat ein elo fir 4,65 mia kritt

ech gin dir 10 euro wanns du mir 4 euro ges ?? interessant, wou mer dann beim richteg ticken unkomm wieren

virun allem wann et 1/3 vum staatsbudget as....

53

29.09.2008, 19:00

RE: RE: FORTIS - BGL ann aner Banken



CSSF huet keen Afloss, wat an der Maison-Mère vun Fortis leeft. Wann déi sech verspekuléieren, dann huet daat direkt och Auswierkungen op d'Fortis Letzebuerg.


Merci @Rockyfighter. :)

54

29.09.2008, 19:10



Et as nemmen Panik dobaussen. Et sollen Haut aleng iwer 80 milliounen bei der Fortis obgehouven gin sin.


Genau dat do hätt nët därften geschéihen.

Wéi geseit ët dann bei der Dexia aus? Ass do och vill opgehuëwen gin?

D'Leit loossen sëch vun verschidden Journalisten an d'Panik dreiwen. Den Spiegel mëcht mir och ze vill Panik. Op ARD ass den Owend eng Sondersendung. Esou geet et natierlech ganz schnell d'Baach an. :(

55

29.09.2008, 19:13

@Machia,

fortis as elo nach 9,33 mia euro wert http://de.finance.yahoo.com/q/bc?s=FORB.BR&t=my

dat do ass den ganzen Grupp Fortis, mat den Assurancen etc. etc.?

56

29.09.2008, 19:16

richteg- alles inklusive plus finanzspritz vun geschter 11, 2 mia

57

29.09.2008, 19:23

richteg- alles inklusive plus finanzspritz vun geschter 11, 2 mia


Autsch!! :( ;(

58

29.09.2008, 19:28

NEXT

L'action Fortis a terminé sur un recul de 23,71% à 3,967 euros, au lendemain de l'annonce de sa nationalisation partielle par les gouvernements du Benelux, qui espéraient ainsi ramener la confiance.

http://www.lalibre.be/toutelinfo/belga/1…nefficaces.html

Dexia, qui pourrait être la prochaine victime de la crise, s'est effondrée de 29,65% à 7,07 euros. La banque franco-belge organise lundi soir une réunion d'urgence de son conseil d'administration.

ops d regierungen dann muer erem mussen angreifen ??
wou sin ech drun ?

de richtege Wee : "Ne rien nier à priori, ne rien affirmer sans preuve."

"Deception is a state of mind and the mind of the State" :thumbup:

59

29.09.2008, 19:41

" Zitat von »Machia« richteg- alles inklusive plus finanzspritz vun geschter 11, 2 mia -Autsch!! "

genau- also, nach eng keier

wanns de elo fortis ganz geifs kaafen, dann geifs 11, 2 -9,3= 0,9 mia fir neischt kreien
inklusiv bad debts; an do leit den hocken; well kein weiss, mengen ech emol, wei grouss dein posten as

mei daat klengt net esou sexy wei opertion de tresorerie, fir daat manst ze soen
fakt as daat se total iwerbezuelt hun
-vill zevill fir 49%
- keng reformen
- keng optiounscheiner ...

60

29.09.2008, 19:59

@Machia,

ech huëlen dir dat of, verstinn awer trotzdem net wéisou déi 3 Gouvernementer esou ë Blödsinn konnten machen. Nujee ët kann nëmmen nach schlëmmer kommen.

Ähnliche Themen