Sie sind nicht angemeldet.

Lieber Besucher, herzlich willkommen bei: LUX-FORUM. Falls dies Ihr erster Besuch auf dieser Seite ist, lesen Sie sich bitte die Hilfe durch. Dort wird Ihnen die Bedienung dieser Seite näher erläutert. Darüber hinaus sollten Sie sich registrieren, um alle Funktionen dieser Seite nutzen zu können. Benutzen Sie das Registrierungsformular, um sich zu registrieren oder informieren Sie sich ausführlich über den Registrierungsvorgang. Falls Sie sich bereits zu einem früheren Zeitpunkt registriert haben, können Sie sich hier anmelden.

201

05.10.2008, 10:05

@Jempi,

majo eben, dofir hun ëch "gesoot" och dëck geschriwen. Ech hun den Moiën probéiërt eraus ze fannen, wat dann elo op deem Mini-Sommet zu Paräis brauchbares décidéiërt an ëmgesaat gin ass. Ech fannen awer ëmmer nëmmen dat Wuërt "gesoot", zwar an villen Sproochen, mee schliesslëch bedeit "gesoot" an all Sprooch dat sëlwecht. :( :(

Wëssen së net méi kënnen së net méi oder wëllen së net méi?

Mir perséinlech ass déi Finanzkries do zimlëch egal, wären do nët all eis Kanner an Enkelkanner.

Jempi

Administrator

  • »Jempi« ist der Autor dieses Themas

Beiträge: 2 590

Wohnort: Beim neien Prisong

Beruf: Meckerer

  • Nachricht senden

202

05.10.2008, 10:09

Ech hun den Moiën probéiërt eraus ze fannen, wat dann elo op deem Mini-Sommet zu Paräis brauchbares décidéiërt an ëmgesaat gin ass.

Dat kann een an engem kuerzen Saatz résuméieren: Außer Spesen nichts gewesen.
"Truth is the most valuable thing we have. Let us economize it."
Mark Twain

203

05.10.2008, 10:38

Fortis, Spekulatiounen, Budget, a Schleck

Wocheréckbléck vum Robi Sinner vun RTL Radio Lëtzebuerg






Gëscht virun enger Woch… am Briefing nom Regierungs-Rot koum d’“Fortis-Fro“… an de Jean-Claude Juncker ass 7 Minute lang hin- an hir-gerudert, fir ze soen, datt e näischt kéint, dierft soen... well ee falscht Wuert géing duer fir eng Brank an d’Crise ze geheien. Wéi akut de Risiko schonn deen Ament wor, wësse mer elo.

Méindes sot de Premier, ouni di staatlech Milliarde géif et d’“Fortis Lëtzebuerg“ neméi ginn… dat huet gesiess, an d’Leit eréischt richteg nervös gemach.

D’Wuert vun der Woch ass Vertrauen (egal op et neess geschaf, gebild, rétabléiert, opgebaut, confirméiert oder „wat der Jomer“ net nach alles, ginn ass....).

Vun de grousse Parteie, Syndikater an och vu Rommes, Maquil, Wagener an Thill... der Rei no ABBL, Bourse, Dexia a Fortis.

Dat anert Wuert ass „Etapp“ eng nei Etapp fir Vertraue soeë mer (allez!) ze schafe, gouf et schonn en Dënschdeg, déi kéier fir déi aus der Escher-Strooss.

D’Kommunikatioun huet net geännert. Ma de Feeling vu ville Leit: Al sympathesch Bezeechnungen wéi „d’Spuer-Bex“ oder „d’Grompere-Keess“ hu stënterlech eng ganz sexy Allure krut.

A well de Mënsch eben ass, wéi en ass, gëtt ebeemol spekuléiert... d’misst een an Immobilien investéieren, heescht et, do sinn der déi geschwë neméi nokomme mat bezuelen. Immobilien also Bull: heescht kaafen.

„Ver“-kafen hätt ech nëmme solle, soten sech iwwerdeems trei Actionnairen.

An matzendrann um Mëtt-Woch en equilibréierte Budget a Steier-Entlaschtungen, déi d’Majoritéit refuséiert – ouni roud am Gesiicht ze ginn – als Wahl-Budget ze bezeechnen.

Spéitstens no de Wahle risquéiert dee Budget eemol kuerzfristeg adaptéiert ze ginn. Wa net, dann haten mer alt neess engkéier eng S...-Chance an di richteg Reflexer.

- Villäicht gëtt ët bis dohinner jo och eng staatlech General-Bank

- méi Schloof fir Juncker, Frieden a Krecké

- an och méi Zäit fir Diversifikatioun.

Dat gëtt elo bestëmmt neess modern. Net jhust op ee Sekter bauen, soen se dann... scho lang näischt mi dovunner héieren a gesinn.

Ah jo dann hat jo och nach de Raphael Stacchiotti gedopt... wat? a wéini? a wirklech? Keng Ahnung.

An de Fränk Schleck (did he? or did he not?) dat ass mer antëscht jhust nach egal. Ech hunn aner Suergen!

Jempi

Administrator

  • »Jempi« ist der Autor dieses Themas

Beiträge: 2 590

Wohnort: Beim neien Prisong

Beruf: Meckerer

  • Nachricht senden

204

05.10.2008, 13:19

Ech kann just hoffen, dass den 7. Juni 2009, tëschend 8 Auer moies an 2 Auer mëttes, d'Leit sech genee un dat erënneren, wat eis Ministeren tëschend dem 28. September an Ufank Oktober 2008 an duernoer opgefouert hunn, wéi si de Leit dat Blot vum Himmel versprach hunn an wat dann dat deefinitift Resultat war, esou wuel fir all Steierzueler ewéi och fir déi kleng Spuerer vun der Fortis.

Wann een mir virun enger Woch em déi selwescht Auerzäit verzielt hätt, dass Leit op Ministeschposten hier Wieler esou schlëmm kéinten veraa...... ech hätt et net fir méiglech gehal!

Mee ech maache mir net all ze vill Illusiounen, déi Veraa....ten wärten wuel d'Veraa....er erëmwielen.
"Truth is the most valuable thing we have. Let us economize it."
Mark Twain

205

05.10.2008, 17:50

VERTRAUEN---VERTRAUEN---VERTRAUEN

an et geet monter viruns

Dexia hat nach Angaben des Senders enge Geschäftsbeziehungen zur Hypo Real Estate und ist vom drohenden Scheitern des Rettungsplans stärker betroffen als vom Zusammenbruch der Investmentbank Lehman Brothers.

Die Regierung müsse daher nicht nur die Zukunft der am Freitag zwischen den Niederlanden und Belgien aufgeteilten Fortis-Bank sichern, sondern auch die der Dexia, sagte Leterme.

http://www.spiegel.de/wirtschaft/0,1518,582280,00.html

wie ass et dann matt der fort is , ass dannn do elo schons en staaarken partner fonnt ginn fit d lululand oder gett se och hei verstaatlecht ?

et ass nach jhust speztz vum icebieg die mer bis elo gesinn.....

aj jo nach ganz am Vertrauen:

" ist der gute ruf erst mal ruiniert, so lebt es sich ganz ungeniert"
wou sin ech drun ?

de richtege Wee : "Ne rien nier à priori, ne rien affirmer sans preuve."

"Deception is a state of mind and the mind of the State" :thumbup:

206

05.10.2008, 17:53

VERTRAUEN---VERTRAUEN---VERTRAUEN

Wéi wär ët emol mat ÉIERLËCHKEET???

207

05.10.2008, 18:10

ma Hydra, eierlechkeit get et ganz weineg an der regierungs politik

et get ein emmer iwer den desch gezun, munchmol manner, munchmol vill mei

elo sin mer am leschten szenario, munchmol vill mei

am moment weiss kein irgend eppes; an dei eppes wessen, wellen et net zougin
mir sin am szenario: does the emperor[banken] have no clothes?
vun weitem net, mei vun ganz no, as hien pudelnackt
daat as meng hypothese
e puer an den sand gesetzen derivat geschaeften gin duer fir eng bank ze sprengen
wei wuer daat maat der Barings Bank?
http://en.wikipedia.org/wiki/Barings_Bank
an elo hatten mer esou nick leesons instutionaliseiert

208

05.10.2008, 18:46

e puer an den sand gesetzen derivat geschaeften gin duer fir eng bank ze sprengen
wei wuer daat maat der Barings Bank?
http://en.wikipedia.org/wiki/Barings_Bank
an elo hatten mer esou nick leesons instutionaliseiert

jo, deen Fall hat jo Schlagzeilen gemach. Ech hun just eng Fro dozou. Hun mir dann neischt doraus geléiërt?

Iwregens, an Deitschland, an der Belge, je baal an all Land sëtzt d'Regierung zesummen fir iwer hir Bankenkriis ze beroden, wou sëtzen eis dann?

Jempi

Administrator

  • »Jempi« ist der Autor dieses Themas

Beiträge: 2 590

Wohnort: Beim neien Prisong

Beruf: Meckerer

  • Nachricht senden

209

05.10.2008, 18:55

wou sëtzen eis dann?

4, rue de la Congrégation
L-1352 Luxembourg
"Truth is the most valuable thing we have. Let us economize it."
Mark Twain

210

05.10.2008, 19:02





wou sëtzen eis dann?

4, rue de la Congrégation
L-1352 Luxembourg
;) ;) Ech hätt missen soën wou sëtzen eis an dësem Moment? (Elo äntwer mir net "op hirem Hënneschten)

211

05.10.2008, 19:11

Iwregens, an Deitschland, an der Belge, je baal an all Land sëtzt d'Regierung zesummen fir iwer hir Bankenkriis ze beroden, wou sëtzen eis dann?
..... néierens, well et schwiereg ass mat Null Spezialisten eng Réunioun ze maachen !
Eng enzeg Solutioun wär, de Juncker (Affekot vu Beruff) , dee jo bekannterweis alles wees, alles kann an alles selwer ferdegbrengt , géif sech am Schlass vu Senningen 3 Deeg a Klausur aspäeren an dann no enger Léisung sichen, déi ët scho laang nët méi gët a wann ët eng géif gin, géif hien se op alle Fall nët verstoen !
Das sogenannte Theodizeeproblem :
Kann oder will Gott das Leid in dieser Welt und die Untaten seiner Kirchenmänner nicht verhindern?
Wenn er es nicht kann, ist er nicht allmächtig, wenn er es nicht will, dann ist er nicht allgütig !

212

05.10.2008, 19:23

Wéi geet ët dann elo mat der Fortis zu Lëtzebuerg weider? Ech verstinn nëmmen méi Gare.

213

05.10.2008, 19:26

@ mJang
bas de secher daat eiser maestro "Null Spezialisten" huet ?

waat tragesch as, as daat vill goud spezialisten do sin; mei politiker huelen se net eischt
ech froen mech firwaat?
kuck esou leit wei den soros, den buffet den roubini hun kloer konzepter ausgeschaft, an sin esouguer bereid ze hellefen
firwaat gin esou leit net maat angebonnen?
dei kennen macrcheen besser wei aal opgepeppelten burokrat

bref, wei och emmer
ech hun keng loscht op en bank run, well dann wier alles eriwer
mei wann et muss sin, prepareieren ech mech drop ...

@hydra
lauschter vun 49.20 minute un- eng ganz goud erklaerung
http://www.charlierose.com/shows/2008/10…-warren-buffett

214

05.10.2008, 19:29

bref, wei och emmer
ech hun keng loscht op en bank run, well dann wier alles eriwer


@Machia,

ech och net, dofir froën ech mech wou eis Politiker sin, wat sie machen, wéi et dann elo mat der Fortis Lëtzebuerg weider geet.

215

05.10.2008, 19:33

Elo schwätzt den Frieden op RTL-Telé. Um 19.00 war nach neischt ze héiëren bei RTL-Radio.

216

05.10.2008, 19:46

fannen den live stream link net op der rtl webseit
kann ein mer do weider hellefen
merci

217

05.10.2008, 19:50

fannen den live stream link net op der rtl webseit
kann ein mer do weider hellefen
merci
Luës @Machia, :) sou séiër schéissen déi vun RTL nët. Wart nach ë bësschen, dann kriss du den life stream vielleicht.

218

05.10.2008, 20:36

ANWAERTER TV

;) wou kann een sech esou eppes undoen.......me bon

et ass bestemmt erem die leier mamm vertrauen an naischt vun ierlechkeet, ech dinn mer et haut net mie un.....;)

wie wor die geschicht mamm reesender, hien muss un seng sprech an seng prodien gleewen...;=

den stream ass gewienlech 120 min duerno am archiv ze fannen


"gottes" waaser iwert " gottes" land
wou sin ech drun ?

de richtege Wee : "Ne rien nier à priori, ne rien affirmer sans preuve."

"Deception is a state of mind and the mind of the State" :thumbup:

219

05.10.2008, 21:07

hun den stream fond an ungekuckt

den rthell journalo wuer och ganz zocker seiss mam anwaerter; einfach spiel fir den bieder well keng kriteswch froen gestallt gin sin

an ech gleiwen dem bieder seng geschichten net esou richteg; sin emol ganz gespann wein dann elo dein neien schlossherr [ dei super bank] soll sin

nun je, wann ech maat am inner circle gesat haett, ech haett wei den warren buffet gemacht maat goldman sachs- prefered stocks enner dem marchee preis an vill warranten; interessanter nennt den stiglitz daat elo buffett option; an och aner leit fannen dei optioun ganz goud

mei ech hun keng partei card an ech setzen just hanner mengen biicher an dem comp ...

220

05.10.2008, 21:36

mei ech hun keng partei card an ech setzen just hanner mengen biicher an dem comp ...
...bleiw dobäi , ech hun ët fréier och esou gemaach (a maachen ët nach haut ) an hu mäi Match définitiv gewonnen !
Das sogenannte Theodizeeproblem :
Kann oder will Gott das Leid in dieser Welt und die Untaten seiner Kirchenmänner nicht verhindern?
Wenn er es nicht kann, ist er nicht allmächtig, wenn er es nicht will, dann ist er nicht allgütig !

Ähnliche Themen