Sie sind nicht angemeldet.

Lieber Besucher, herzlich willkommen bei: LUX-FORUM. Falls dies Ihr erster Besuch auf dieser Seite ist, lesen Sie sich bitte die Hilfe durch. Dort wird Ihnen die Bedienung dieser Seite näher erläutert. Darüber hinaus sollten Sie sich registrieren, um alle Funktionen dieser Seite nutzen zu können. Benutzen Sie das Registrierungsformular, um sich zu registrieren oder informieren Sie sich ausführlich über den Registrierungsvorgang. Falls Sie sich bereits zu einem früheren Zeitpunkt registriert haben, können Sie sich hier anmelden.

Jempi

Administrator

  • »Jempi« ist der Autor dieses Themas

Beiträge: 2 590

Wohnort: Beim neien Prisong

Beruf: Meckerer

  • Nachricht senden

1

29.09.2008, 07:18

FORTIS - BGL ann aner Banken

Sou, elo kritt also d'FORTIS-BGL en passant mol 2,5 Milliarden (2.500.000.000) Euro vum lëtzebuerger Staat eragestoppt. Déi hat de Luc Frieden also einfach esou am Tirang leien? Oder ginn ieren an nächster Zäit d'Steieren erhéicht, fir dass déi Bänker kënnen weider hir Spekulatiounen dreiwen?

Wisou gëtt kee Wuert doriwwer verluer, dass mir d'CSSF (Commission de Surveillance du Secteur Financier) hunn, déi jo eigentlech faul Geschäfter bei den Banken misst ënnerbannen? Oder ass dat och nëmmen esou eng staatlech Administratioun, fir e puer Beamten en décken Salaire ze bezuelen an fir de Rescht huet si de Mond ze halen?
"Truth is the most valuable thing we have. Let us economize it."
Mark Twain

2

29.09.2008, 08:02

Fir mech bedeit déi Bankenkriis den Echec vum Kapitalismus, nët nëmmen hei zu Lëtzebuerg mee an der ganzer Welt.

Den Luc Frieden
zur Fortis: den lëtzebuerger Staat investéiërt an d'Fortis, kritt also Zënsen, wéivill wees ech net. Op där anerer Säit muss den Staat bei d'Spuërkees léinen goën, wat do un Zënsen muss bezuëhlt gin wees ech net. Den Ënnerscheed vun den Débiteurs- an Créditeurs-Zënsen wärten mir dann mussen bezuëhlen. Mee dofir muss een méi wëssen.

Elo sin mir all net méi gescheit gin.

Jempi

Administrator

  • »Jempi« ist der Autor dieses Themas

Beiträge: 2 590

Wohnort: Beim neien Prisong

Beruf: Meckerer

  • Nachricht senden

3

29.09.2008, 08:41

Eppes ass mir, bei deem ganzen Gebraddels haut de Moien, nach guer net kloer, anescht ausgedréckt, ech sinn ze domm fir et ze verstoen:

Für 2,5 Milliarden Euro übernimmt die Luxemburger Regierung 49 Prozent der Aktien von Fortis Luxembourg. Hei ze liesen: http://www.wort.lu/articles/6636787.html

Wann dat doten géif stëmmen, dann wir jo FORTIS Lëtzebuerg eng eegenstänneg lëtzebuerger Aktiengesellschaft, matt eegenem Verwaltungsrot, mat eegenem Direktiounskommittee ann och opp der Bourse kotéiert onofhängeg vum FORTIS Groupp. Dann hätt et eis jo kënnen puupseegal sinn, dass dee belschen FORTIS Groupp d'Baach erof geet, dann hätten mir jo näischt domatt ze dinn gehat.

Ech hunn awer éischter d'Impressioun, dass et guer keng Aktien vun FORTIS Lëtzebuerg gëtt (op der Bourse weess och keen eppes dovun), dass dee Kommuniqué just geduecht ass fir ze verstoppen, dass mir Suen an en auslänneschen Konzern pompelen ouni do vill ze soen ze hunn.
"Truth is the most valuable thing we have. Let us economize it."
Mark Twain

4

29.09.2008, 09:50

Den Frieden huët dat esou gerechtfertëgt, dass duërch d'Geld dat vun der lëtzebuerger Regierung kënnt, den Client'en hir Einlagen garantéiërt sin, déi 3.000 Employé'en déi hei bei Fortis schaffen hir Plaatz nët géingen verléiëren an schlussendlech, dass ët och ë gudd Bild fir d'Bankenplaatz Lëtzebuerg duërstellt, wann Fortis nët d'Bach angeet.

Mir mussen elo emol kucken, wéi d'Fortis dann haut op den Boursen do steet.

5

29.09.2008, 10:12

@Jempi,

Eng Aktiengesellschaft muss net zwengend op der Bourse cotéiert sinn - ech weess lo net genau, wéi d'Firmestruktur vun der Fortis as, mee Du kannst z.B. eng AG hun, déi x Aktien erausgett, an des Aktien sinn alleguer an den Hänn vun engem Besetzer, z.B. ein Fortis Lux SA, däer hier Aktien alleguer enger Fortis International SA gehéiren. Deen Ableck get d'Gesellschaftsform vun der SA gewielt, well se aner Avantagen huet, mee an deem Fall wier theoretesch eng Sarl grad sou gudd.

Ech perséinlech sinn net iwwerzeegt vun sou enger 49%-Léisung, well et en Maximum vun Kapital mat engem Minimum vu Matsproocherecht kombinéiert. D'Mammenhaus als 51%-Partner kann zemools einfach den relativen Benefiss vun der letzebuerger Bank beaflossen, sou dass do och wann d'Geschäfter gudd wäerte laafen, net vill hänke bleiwt, mee de Benefiss un d'Stammgesellschaft geet. Soulaang déi lëtzebuerger Gesellschaft net un der Bourse gehandelt gett, wäert et och einfach sinn, eng ganz Rei Geschäftszuelen enner Kontroll ze halen.

En sennvollen Investment as déi 49%-Bedeelegung also net. A mengen Aen wier et méi interessant gewiescht, amplaaz d'Bank ze stetzen, den Clienten eng Einlagensicherung z'offréiren, déi deen 'gewéinleche' Lëtzebuerger net am Reen stoen léisst, falls d'Bank an d'Gette geet.

Jempi

Administrator

  • »Jempi« ist der Autor dieses Themas

Beiträge: 2 590

Wohnort: Beim neien Prisong

Beruf: Meckerer

  • Nachricht senden

6

29.09.2008, 11:07

Sou, Monni Luc Frieden, looss den Tirang nach opp, e ginn geschwënn nach eng Kéier e puer Euroen gebraucht:

http://afp.google.com/article/ALeqM5i_XM…YwhxEWEBOYV8_Rg

Elo wou's du ugefaangen hues, kommen all déi aner och an d'Schlaang stoen virun déngem schéinen Ministère um Kirchbierg.
"Truth is the most valuable thing we have. Let us economize it."
Mark Twain

7

29.09.2008, 11:50

Sou, Monni Luc Frieden, looss den Tirang nach opp, e ginn geschwënn nach eng Kéier e puer Euroen gebraucht:

http://afp.google.com/article/ALeqM5i_XM…YwhxEWEBOYV8_Rg

Elo wou's du ugefaangen hues, kommen all déi aner och an d'Schlaang stoen virun déngem schéinen Ministère um Kirchbierg.


Elo sin mir sou luës an Amerika unkomm. Mee, eis Banken machen jo eng aner Politik wéi déi amerikanesch Banken, wéi ass dat dann méiglech dass mir och geschwënne sou weit sin wéi déi domm Amerikaner?

Ajo Jempi, dat haat ech vergiëss, och EZB soll Geld erausrëckelen fir Fortis .... Dexia........etc.... etc.... etc.....

Jempi

Administrator

  • »Jempi« ist der Autor dieses Themas

Beiträge: 2 590

Wohnort: Beim neien Prisong

Beruf: Meckerer

  • Nachricht senden

8

29.09.2008, 12:38

Also dat ass ee Stress hei, ech komme guer net méi no!
De Moien um 8 Auer hunn ech ee Virement geschriwwen, fir méng 27 Euroen vun der Fortis ze retten an bei d'Dexia ze iwwerweisen.
Elo grad hunn ech nees e Virement geschriwwen, fir déi 27 Euroen vun der Dexia bei d'Spuerkeess ze iwwerweisen.
Ech hoffen elo, dass ech net nach eng Kéier muss ufänken...............
"Truth is the most valuable thing we have. Let us economize it."
Mark Twain

Jempi

Administrator

  • »Jempi« ist der Autor dieses Themas

Beiträge: 2 590

Wohnort: Beim neien Prisong

Beruf: Meckerer

  • Nachricht senden

9

29.09.2008, 12:55

Fir en Apel an e Steck Broud hätt mir Agence an der Groussgaas geheiert. :cursing:

Jo, ann dann häss du kënnen do eng Frittebud opmaachen, dat wir dach ee Bommegeschäft gewiecht!
"Truth is the most valuable thing we have. Let us economize it."
Mark Twain

Europäer

unregistriert

10

29.09.2008, 13:38

Zum Nodenken a Wonneren, duerfiir, ouni weidere Kommentar, an "Ausser Thema".

D'Gier vun den Finanzvampiren:

Zitat




  • James E. Cayne, 74 Joër, Chef vun "Bear Stearns": Wertverloscht: 19,8 Milliarden Dollar; Joëresverdéngscht: 68 Milliounen Dollar
  • Stanley O'Neal, 56 Joër, Chef vun "Merryl Lynch": Verloscht: 52 Milliarden Dollar; Abfindung: 161 Millionen Dollar
  • John J. Mack, 63 Joër, Chef vun "Morgan Stanley": Verloscht: 11 Milliarden Dollar; Joëresverdéngscht: 40 Milliounen Dollar
  • Robert Willumstad, 62 Joër, Chef vun der "AIG": Verloscht: 80 Milliarden Dollar; Joëresverdéngscht: 1 Millioun Dollar, plus Optiounen

Quell : "Stern" Nr. 40 vum 25.9.2008
An elo, erëm "Zréck zum Thema"!

11

29.09.2008, 14:24

nach en kommentair vun rtl

D'Fortis ass also gerett, seet d'Bank an d'Politik a schwätzt vun neiem Vertrauen. Vertraue keeft sech awer net mat Suen. Vertraue verdéngt ee sech, heescht et.

Verdrängen a verharmlosen, wéi et di lescht Zäit geschitt ass, bréngt näischt. Och duerfir gëtt d'Rechnung eng Deier... an op dat d'Enn vum Tunnel ass, dat muss sech weisen.

http://news.rtl.lu/commentaire/commentaire/39175.html

da kennen se den staatsbudget deen jo naechstens sollt presentiert ginn, schons erem unpassen..........

bemierkenswaert ass och dem bokassa seng ausso datt des FORTIS-kris matt der stohlkris vun den 70 ze vergleichen wier,
obschons et virun en puer deeg geheech huet datt alles an der rei wier zumols am lululand matt der fortis...........

http://news.rtl.lu/news/national/493.html


do stellt sech d froo waat den public (die den buttek bezuelen) dann nach elo peu a peu presentiert kritt......
wou sin ech drun ?

de richtege Wee : "Ne rien nier à priori, ne rien affirmer sans preuve."

"Deception is a state of mind and the mind of the State" :thumbup:

Dieser Beitrag wurde bereits 1 mal editiert, zuletzt von »c23y78« (29.09.2008, 15:30)


Jempi

Administrator

  • »Jempi« ist der Autor dieses Themas

Beiträge: 2 590

Wohnort: Beim neien Prisong

Beruf: Meckerer

  • Nachricht senden

12

29.09.2008, 14:44

Johnny,

Ech hunn recherchéiert, FORTIS Lëtzebuerg ass dem Gesetz no wierklech eng eegen S.A. matt allen derzougehöregen Strukturen, eegenen Verwaltungsrot, eegenen Direktiounskommitee ann eegenen Bilan. Just genee do stellen sech jo awer elo Froen:

- Wei ass et méiglech, dass FORTIS Lëtzebuerg esou riskant Spekulatiounen konnt maachen, ouni dass d'CSSF réagéiert huet?
- Wisou huet FORTIS Lëtzebuerg iwwerhaapt mattgemaach als eegenstänneg Gesellschaft?
- An der Belsch gouf et jo schon personnell Konsequenzen am Verwaltunsrot an am Direktiounskommitee. Firwat héiert een näischt esou hei zu Lëtzebuerg? Bei enger S.A. sinn déi 2 Gremien ganz eleng verantwortlech fir d'Gesellschaft, eegal ween den Aktionär ass.
"Truth is the most valuable thing we have. Let us economize it."
Mark Twain

13

29.09.2008, 15:25

Jempi,

Ech weess lo net, wat d'CSSF u Pouvoir'en huet, mee am Fall vun enger SA, déi zu 100% der Fortis an der Belge gehéiert (huet), dierft et jo awer op der Hand leien, dass den Verwaltungsrot - an de Limiten vun der Legalitéit - genau dat mecht, wat Fortis an der Belge gären hätt.

Jempi

Administrator

  • »Jempi« ist der Autor dieses Themas

Beiträge: 2 590

Wohnort: Beim neien Prisong

Beruf: Meckerer

  • Nachricht senden

14

29.09.2008, 15:41

Jempi,

Ech weess lo net, wat d'CSSF u Pouvoir'en huet, mee am Fall vun enger SA, déi zu 100% der Fortis an der Belge gehéiert (huet), dierft et jo awer op der Hand leien, dass den Verwaltungsrot - an de Limiten vun der Legalitéit - genau dat mecht, wat Fortis an der Belge gären hätt.

Ouni déi geringsten personnell Konsequenzen am aktuellen Fall???????????????????????
"Truth is the most valuable thing we have. Let us economize it."
Mark Twain

Henk

Schüler

Beiträge: 149

Wohnort: Latzbuerg

Beruf: Keen, also Fonctionnaire

  • Nachricht senden

15

29.09.2008, 15:42

Salut!

Laang net méi gesinn... 8o

Also, ech weess jo net, ewéi et Iech alleguer geet, mee ech verstinn näischt méi, just nach Gare. Ech widderhuelen elo net alles, wat geschitt ass, a wat och hei scho geschriwwe ginn ass, just kuerz :

- Leschten Donneschden war bei der Fortis Lëtzebuerg nach alles OK, Milliardegewënner hu se agefuer (um Bockel vun de klenge Leit).
- Elo huet d'komplett Fortis musse vun Staat (oder 3 Staaten) gereet ginn.
- Dat ass net der Fortis hier Schold, mee der Bourse hier ?( ?( ?(
- Déi 2,5 Milliarden hu keen Afloss op de Budget, seet de Frieden 8| 8| 8|

Ech ka just nach dervun ausgoen, dass se all scho léien, ier se emol de Mond op gemaach hunn! :cursing:

Dass et bei der Fortis géing kriselen, hunn ech op méi investigative Säite scho virun circa 3 bis 4 Méint gelies.

@ Hydra

Yep, d'Enn vum Kapitalismus ass virun circa 2 Wochen an den USA agelaut ginn. Dee verhaasstene Staat, dee keng kapitalistesch Sau wollt als Regelinstrument am Wee hunn, huet d'Pan geklaakt, oder, besser gesot, et ass nach net geschitt, et soll geschéien. D'Kapital gëtt um Bockel vun de Steierzueler gerett, fir dass dee grousse Crash sech zu engem siechenden Enn hinzéie kann. D'Euthanasie ass och am Kapitalismus nach net erlaabt.

Dee blöde Bush huet fir eng Kéier emol Kloertext geschwat an hat Recht, bei sengem europäeschen Agent, dem Sarkozy war et net vill anescht. Si versichen eis bäi ze bréngen, dass et eriwer ass, mee probéieren awer niewelaanscht alles, dass mer et nach net solle mierken. Op eemol géif jo kee méi Geld ausginn, an da wier et ganz eriwer.

Ech kucke vun elo un deem Spill do just nach no, ech sinn definitiv net gescheit genuch, fir nach derhannert ze blécken. Et kuckt sech awer gutt, mier sëtzen an der éischter Rei! :EU:

Greets,

Henk

16

29.09.2008, 15:44

Jempi,

Ech weess lo net, wat d'CSSF u Pouvoir'en huet, mee am Fall vun enger SA, déi zu 100% der Fortis an der Belge gehéiert (huet), dierft et jo awer op der Hand leien, dass den Verwaltungsrot - an de Limiten vun der Legalitéit - genau dat mecht, wat Fortis an der Belge gären hätt.

Ouni déi geringsten personnell Konsequenzen am aktuellen Fall???????????????????????


Wat brengt et, eng Marionett géint déi aner z'ersetzen?

17

29.09.2008, 15:53

5000 aaler frangen...;)
wou sin ech drun ?

de richtege Wee : "Ne rien nier à priori, ne rien affirmer sans preuve."

"Deception is a state of mind and the mind of the State" :thumbup:

18

29.09.2008, 16:14

Der Einsatz von 2,5 Milliarden Euro ist ein enormes finanzielles Engagement des Staates. Es hat die Größenordnung von einem Drittel des Staatsbudgets. Auf die Bevölkerung heruntergerechnet, ist jeder Luxemburger theoretisch mit 5500 Euro an der Übernahme beteiligt

Do as nix mei dran fir d`Dexia. Mir geheiren elo 5500 € vun der Fortis oder wann et gudd get sin dei den novend nach 5000 Wert ;(

En vun der Spuerkees sot dass bei hinnen der vill hier Souen gengen plazeiren an der Lescht


@Piäerchen,

fir ganz ë bësschen matzekommen, wär ech nawell frou, wanns du deng Quell géings unginn.

Salut @Henk :) :)
bei mir bass du un der richteger Adresse, ech verstinn och neischt méi.

19

29.09.2008, 16:20

Hei ë Commentaire aus dem "Point":

1 COMMENTAIRE(S)
tusson
Fortis
dimanche 28 septembre | 21:33
Je suis (un tout petit) client de Fortis depuis qu'ils ont racheté ma banque parisienne et je suis tout à fait satisfait de leurs services. J'attends avec confiance la suite des évènements. (J'ai aussi un billet Alitalia pour le 30 décembre !)


http://www.lepoint.fr/actualites-economi…is/916/0/277911

20

29.09.2008, 16:23

@hydra

Von den 2,5 Milliarden Euro, die der Staat für die Anteile der Fortis Banque Luxembourg (FBL) gezahlt hat, stammen 1,5 Milliarden Euro aus der Regierungskasse. Über den Rest von einer Milliarde Euro hat der Luxemburger Staat einen Kredit aufgenommen

EN KREDIT, villait bei der fortis ??

hei ass den liink ops d quell
http://www.wort.lu/articles/6636787.html


ab muer den owend waerten och wie schons bei rtl, ons aal linken net mie fontionieren, well se jo och eng nei internetpraesenz krien
wou sin ech drun ?

de richtege Wee : "Ne rien nier à priori, ne rien affirmer sans preuve."

"Deception is a state of mind and the mind of the State" :thumbup:

Ähnliche Themen