Sie sind nicht angemeldet.

1

04.02.2012, 20:07

Reminder fir d'Wahlen 2014

Onser Calculette hiren Bléck an den Avenir


Zitat RTL

E Samschdeg den Owend huet de Finanzminister schaarf Pisten fir d'Zukunft op d'mannst ugedeit. U sech näischt ganz konkretes, mä an den nächsten 20 Joer wieren de Rentesystem, de Mindestloun esou wéi mer en elo hunn an d'Tripartite, déi just nach consultativ sollt sinn, net méi ze halen, fir een iwwerliewensfäegen economeschen a soziale Modell ze garantéieren.
http://news.rtl.lu/news/national/193133.html

Et dierf kommentéiert ginn, a lenkt e bëssen vun der Staatskris mam Bommeleeër of ;)


.
wou sin ech drun ?

de richtege Wee : "Ne rien nier à priori, ne rien affirmer sans preuve."

"Deception is a state of mind and the mind of the State" :thumbup:

2

05.02.2012, 17:54

Typesch fir RTL einfach dat Thema fir den weekend ze fellen
muss en awer mol bei dei Geschriwwe Press liese goen fir bessen mei gewuer ze gin
De Luc verkeeft sech net gudd mee a villem huet en secher Rescht.Bei den Komentaren liest en leider zevill vu Leit dei net mei Weit wei hieren Teller kucken

3

12.03.2012, 14:28

D Regierung 2014

Am Wortchen ginn schonn d'Konstellatiounen fir 2014 ugedeit am Leedartikel vum Chef

Zitat Wort

---------------

Luxemburg fit für die Zukunft machen. Das ist das Ziel. An der CSV als Partei ist es, den Weg dorthin zu beschreiben. Der Nationalkongress von heute könnte dazu als Tribüne dienen. Und es täte der Partei dabei gut, sich eingehend mit den Eckpunkten zu beschäftigen, die Luc Frieden kürzlich in Sachen strategische Ausrichtung des Landes publik gemacht hat.

Frieden denkt in neuen Dimensionen. Das mag unbequem sein. das mag stören. Aber zu den Strukturreformen, die der Finanzminister angemahnt hat, gibt es keine echte und vernünftige Alternativen. Sie sollen unterm Strich zu mehr Beschäftigung in einem stärker diversifizierten Umfeld führen. Um eine solche Innovationspolitik, die Arbeitsplätze schaffen soll, zu betreiben, braucht der Staat finanziellen Handlungsspielraum. Diesen möchte Frieden herstellen. Das ist durchaus sozial. Die Gießkannenpolitik à la luxembourgeoise ist dagegen ein Fass ohne Boden und entspricht letztlich kaum noch den Ansprüchen echter sozialer Gerechtigkeit, für die eine C-Partei stehen muss.

Die CSV braucht „frësch Loft", braucht Erneuerung. Dabei wären wir beim Parteimanager, der heute bestimmt werden soll. Zwei junge Politiker wollen Generalsekretär werden; Laurent Zeimet und Serge Wilmes. Beide kommen aus der Parteijugend, sind kritische Geister. Das ist eine gute Voraussetzung für Veränderung und das Denken in neuen politischen Dimensionen; Koalitionsmodelle inklusive. Warum zum Beispiel nicht Schwarz-Grün-Blau? – Einer der Kandidaten fürs Generalsekretärenamt (übrigens in ganz jungen Jahren Mitautor von „Frësch Loft“) sammelt gerade erste Erfahrungen mit dieser neuen Farbkonstellation. – Wie dem auch sei: Die Zeichen stehen auf Veränderung. Und das ist gut so.
http://www.wort.lu/wort/web/meinungen/le…dimensionen.php

.
wou sin ech drun ?

de richtege Wee : "Ne rien nier à priori, ne rien affirmer sans preuve."

"Deception is a state of mind and the mind of the State" :thumbup:

4

14.03.2012, 12:03

Ech kéint mer éischter rout-greng-blo virstellen... mee soulaang mer nach genuch Dittecher an Staatsbeamten hun, déi schwaarz wielen...

5

04.11.2012, 12:03

04102012 CSV & LSAP: E puer Steiere ginn an d'Luucht

Aplaatz dass de Staat spuert muss de Bierger bezuelen....

En excellenten Comment ass bei RTL ze fannen ***

Zitat by Maquil40

Wahlowend 2014:

Létzebuerg ass zanter Méint Faillite an ennert engem EU Rettungsschirm, den awer léchreg ass, spéch do ass keen Geld mei dran...schliesslech hun Griechen, Portugiesen, Iren, Zyprioten, Spuenier, Maltesen an ech wess net nach wien alles, sech schons dorauser finanzéiert.

Griechenland ass aus der Eurozone geflunn. Den Luc Frieden, entretemps Staatsbierger vum QATAR, méllt sech via Satellit aus dem nohen Osten an seet den Létzebuerger Medien, daat hien daat schons 2011 gesinn huet kommen. Hien annoncéiert daat den QATAR demnächst och een weideren SES QATASTRA Satellit op Orbit scheckt.

Seng Hellegkeet den JCJ vun Létzebuerg, hatt natierlech gemengt een geif erem als Premier gewielt ginn.

Leider hat hien net beduecht, daat dei äler Generation, dei traditionnel CSV gewielt huet, lues awer secher, am wahrsten Sinne des Wortes ausgestuerwen ass.

Den heelegen JCJ kreischt am Wahlowend 2014 beim Markus LANZ op der Télé, den Létzebuerger Wieler hätt hien an seng europäesch Visiounen net verstannen...

D'CSV ass an der Oppositioun!

Den ex Buurgermeschter vun Stengefort huet sech op New York opgemacht, hien wert do héichstperseinlech am UN Exil setzen, zu Létzebuerg ass hien och maat senger Partei der LSAP desavouéiert ginn.

Besonnesch den Lucien LUX, ehemolegen Transportminister an weinst senger Politik um Bierger erlaanscht schons bei den Wahlen virdrun an dei politesch Wüste gescheckt, aus der hien sech awer geltungsdrangsüchteg emmer an emmer erem maat iergendwelchen Kommentaren gemellt huet an den just an Deckung gung, wann hien erem an dei direkt Noperschaft vun engem gewessen Promteur gesaat gouf, wou politesch an privat Interessen net emmer kloer erschengt hun, fillt sech vum Wieler onverstannen. Den gudden Lucien kreischt op RTL, daat den Wieler seng gudd Intentiounen net verstannen huet. Hien droht aus der Politik erauszeklammen. D'Létzebuerger Vollék virun der Télé jeitzt: GEIH MAT GOTT MAIS GEIH!!!!

Den Marc SPAUTZ, CSV Mann vun Scheffleng an maat zwee Feiss alles mais neet mei um Buedem vun der Realitéit, een den perseinléch Interessen emmer iwwert den Wuehl vun senger Gewerkschaft an senger Partei gestaalt huet an den alles aneschters wei sengem Mandat als Députéierten Eier gemacht huet, kritt doheem vun sengem Papp een puer decker op sein breeden Henneschten!

Den SPAUTZ'en Jang, een echten Politiker maat Sozialgefill an engem openen Ouer fier den Bierger, een Mann fier den ech een groussen an heelegen Respekt hun, den nie vergiess huet wou een hierkennt (am Geigensatz zu dem SPAUTZ Junior den maat den groussen Muppen well pinkelen goen awer net wierklech sein [...] Been an d'Luucht kritt) ass traureg doriwwer daat sein Bouw den Marc esou eng politesch Nullnummer ginn ass. Den Marc SPAUTZ erklärt dem Land dat hien elo eng Ofspeckkur machen an den Rimm mei eng schnallen wert. D'Vollék huet een Déjà Vu....wor do net eppes maat den Rimm mei eng schnallen???

Den Maître Gaston, nee neet een Kach mais een Affekot, den beim Bommeleerprozess 2013 een Freisproch fier sein Client errecht huet, well d'Beweislage vum CSV nohen Procureur Robert Biever alles aneschters wei gudd wor, huet d'Wahlen maat senger Biergerpartei gewonnen.

Hien erleisst direkt een Dekret wou dei Politamateuren dei dest Land an d'Scheiss gerieden hun, op den Mound déportéiert ginn. Eis Alliéiert Frenn aus Amerika aktivéieren dofier erem een Space Shuttle den an engem Musée stung.

Den Nationalfeierdaag get op den Daag festgeluecht, wou den heelegen JCJ vun Létzebuerg maat all sengen Politamateuren vun Amerika aus op den Mound geschoss get.

Schéin Geschicht............

http://news.rtl.lu/news/national//340367.html
wou sin ech drun ?

de richtege Wee : "Ne rien nier à priori, ne rien affirmer sans preuve."

"Deception is a state of mind and the mind of the State" :thumbup:

6

04.11.2012, 21:01

:oo:
Politik ist die Kunst, die Bürger immer wieder so schnell über den Tisch zu ziehen, daß sie glauben, die dabei entstehende Reibungshitze sei Nestwärme

7

28.11.2012, 08:02

Fernand Kartheiser & Pro Europea Christiana friends

wou sin ech drun ?

de richtege Wee : "Ne rien nier à priori, ne rien affirmer sans preuve."

"Deception is a state of mind and the mind of the State" :thumbup:

8

03.12.2012, 14:37

LSAP Roland Schreiner

Alt erëm en Duebelmandat


zitat RTL

Kieren déi nei Bieseme wierklech gutt?

Mir hate en Dënschdeg de Schëfflenger Buergermeeschter, pardon elo Deputé-Maire, dat kléngt gutt, an eise Mëttesjournal invitéiert. Dat ass bei eis dacks de Fall wann een neien Deputéierten an d'Chamber kënnt, dass mer méi ee laangen Interview maachen. Natierlech muss een déi Offer, di Ufro net unhuelen, den Här Schreiner huet awer zougesot. Wat am Laf vum Méindeg geschitt ass wësse mer net, wien him geroden huet net ze komme wësse mer och net mir wëssen awer elo, dass de Roland Schreiner keen Ersatz fir d'Vera Spautz ass, wat de Courage ugeet.

Hien huet sech méindes owes nees ofgemellt, och dat kéint een nach verstoen, et kann engem jo eppes dertëscht kommen, et kann ee krank ginn (oder maache wéi wann) mä de Mann sot hie géif net komme wëll mer him da géife penibel a pertinent Froe stellen, mir wéilten hie bestëmmt reagéiere loossen op dat wat d'Vera Spautz moies an engem Interview gesot hätt an dat wéilt hien net. Mir hätten hie bestëmmt net invitéiert wann d'Vera Spautz méindes net verschidden Aussoen (och iwwert hien) an engem Zeitungsartikel gemeet hätt, esou de Roland Schreiner.

Jo, mir wollten déi Froe stellen, déi déi Leit déi Iech gewielt hunn intresséieren. Jo dir hätt dann am Interview misse Faarf bekennen op der d'Pensiounsreform stëmmt oder net wëll der jo mam Vera Spautz viru Woche géint déi Reform manifestéiert hutt. Jo mir wollte wësse wéi dir zu Index an dem Sträit an der LSAP stitt, wat der zu den Aussoe vun Dan Kersch a Vera Spautz ze soen hutt. Jo mir wollte wësse wou der an dem nächsten annerhallwem Joer Akzenter an der Politik setze wëllt.

Lauter Froen also op déi ee just eppes brauch fir ze äntweren : Courage : Iwwert d'Pensiounsreform gëtt nächste Mount ofgestëmmt, do huet ee jo elo eng Meenung zemools wann ee schonn demonstréiere war. Iwwert den Index gëtt zanter Joere geschwat, och do misst een dach als soi-disant Gewerkschaftler eng Meenung hunn.

Ech ginn dem Jean-Claude Juncker ganz Recht dee schonn e puer mol sot hie wéilt sech d'Recht huelen och emol NET direkt op eng Fro ze äntweren och emol no ze denke vläicht och puer Deeg oder Wochen. Ech mengen och net dass mir Journalisten all Rechter hunn mä an dësem Fall mécht et mech wierklech rose wëll et evident ass dass den Här Schreiner Angscht hat fir dem Vollek a besonnesch och der Gewerkschaft oder der LSAP d'Wourecht ze soen: zum Beispill stëmmt hien entweder d'Pensiounsreform net, dann huet e Courage a steet zu senger Meenung allerdéngs net zu senger Partei oder hie stëmmt d'Reform a war da just als Opportunist op der Manifestatioun. Nach eng Kéier et ass net esou, dass ee muss bei eis an een Interview kommen, mä ofsoe mam Argument d'Froe wieren ze pickeg, da mengen ech ass de Mann op der falscher Plaz. Et muss ee vläicht och soen, dass mer hei net een absoluten Newcomer iwwerfall hunn, dee sech eréischt an d'Matière an d'Politik misst era schaffen. De Roland Schreiner ass scho laang an der Gemengepolitik an, vläicht erënnert ee sech net méi drun, hie war och tëscht 2004 an 2009 Deputéierten. Där, déi mam Kapp wénken hu mer elo definitiv genuch um Krautmaart. Mir brauchen nees Politiker déi sech eppes trauen an net just no den nächste Wale kucken.
http://news.rtl.lu/commentaire/commentaire/354233.html
wou sin ech drun ?

de richtege Wee : "Ne rien nier à priori, ne rien affirmer sans preuve."

"Deception is a state of mind and the mind of the State" :thumbup: