Sie sind nicht angemeldet.

Lieber Besucher, herzlich willkommen bei: LUX-FORUM. Falls dies Ihr erster Besuch auf dieser Seite ist, lesen Sie sich bitte die Hilfe durch. Dort wird Ihnen die Bedienung dieser Seite näher erläutert. Darüber hinaus sollten Sie sich registrieren, um alle Funktionen dieser Seite nutzen zu können. Benutzen Sie das Registrierungsformular, um sich zu registrieren oder informieren Sie sich ausführlich über den Registrierungsvorgang. Falls Sie sich bereits zu einem früheren Zeitpunkt registriert haben, können Sie sich hier anmelden.

The_Ripper

unregistriert

1

11.06.2008, 20:55

Immigratioun an "EM"

Hallo, ech reegen mech alt rem eng Keier ob.
Hun eng Fro, wat dir sou denkt. Me ech fannen, dat eis meescht Politiker, dei soen, dat d´Auslänner an firun allem Portugisen sech gut immigreieren, lo zur EM Zeit jo mussen mat zouenen Aan an verstoppten Oueren duercht Land laafen mussen.

Gudd, dat een sech freet, wan eng Equipe gewennt, me wat Portugisen hei rem obfeieren geht awer bessi ze weit. Baal all Haus wou een Portugis wunnt, as rem Tapizeiert mat Fändlen, natirlech det och en klengen Rout-Weiss-Bloen Fändel dabei gehang oder rouden Leiw, me ech fannen et geht ze weit.

An lo rem, Portugal huet gewonn an schon as Ettelbreck am Ausnahmezoustand, och lo nach 1 Stonn noom Enn vum Spill!!
Hei get rem getuut an rondremm gerannt, mat den Autoen bis an de Begrenzer obgezunn, dat een sech schon baal wenscht de Benzin an Diesel geif bis zur Final 5 Euro de Liter kaschten.
An wat mescht eis Police??? se leet de verkeier einfach hannert den Heiser am lansacht Gare, well d´Portugiesen dei ganz Habtstroos fir obt Gare blokeieren, an se mat hiiren decken Audi A3, BMW 3er an Seat Leon ..... alles Tuga Tuning kennen rondrem rennen an schon baal eng ert klengen 1 Meilen Rennen obfeieren fir ze weisen wat hiir Keschten brengen. (Nummereschelter am 1986 - 1989, wou hun se d´Geld hiir als Studenten) an natiirlech ob all Auto sou vill Fändelen wei dran gangen sen.

Ech fannen et geht ze weit, an sen gespaant weifil der Portofändelen nach ob eisem Nationalfeierdaag durcht Geigend d´Siicht verscheissen!!

2

11.06.2008, 21:27

The Ripper , mer gett et och esou! Ech vergonnen hinnen et datt sie gewonnen hun, well si hun gudd gespillt !! Weinst menger kennen sie feieren an deno Café'en, mee d'Strossen blockeieren, d'Leit bedrängen as vir mech een No-Go ! Ech stung an der Neier Avenue, hun mech gefillt wei am falschen Film.. :S

Police huet Präsenz gewissen.... gudd sou, dei arm Jongen hun jo och neischt besseres ze din!!

Ech well nach eng Keier dobai soen, daat sie net all duerchgedreint sin et gin emmer Topperten dei mengen sie missten :|

3

11.06.2008, 21:44

RE: Immigratioun an "EM"



Ech fannen et geht ze weit, an sen gespaant weifil der Portofändelen nach ob eisem Nationalfeierdaag durcht Geigend d´Siicht verscheissen!!


Also wann mer lo iwwer Ästhetik vu Fändlen schwetzen, muss ech zwar soen, dat de Roude Leiw, mier och d' Siicht verscheisst. Mee dat ass lo Geschmackssaach.

4

11.06.2008, 21:54


Ech fannen et geht ze weit, an sen gespaant weifil der Portofändelen nach ob eisem Nationalfeierdaag durcht Geigend d´Siicht verscheissen!!


Ech perséinlech fannen en portugieseschen Fändel net méi offensiv wéi en däitschen, spueneschen oder roude Léiw.

The_Ripper

unregistriert

5

11.06.2008, 22:07

RE: RE: Immigratioun an "EM"




Ech fannen et geht ze weit, an sen gespaant weifil der Portofändelen nach ob eisem Nationalfeierdaag durcht Geigend d´Siicht verscheissen!!


Also wann mer lo iwwer Ästhetik vu Fändlen schwetzen, muss ech zwar soen, dat de Roude Leiw, mier och d' Siicht verscheisst. Mee dat ass lo Geschmackssaach.
Me deitsch, spuenesch, hollänesch ... Fändelen geseit een net sou vill! ok, also all NET letzebuergeschen Fändel huet neischt hei verluer, me de portuguseschen hellt Iwerhand.
Colmar-Berg, Ettelbreck, Diekirch ... do kennt een sech fiir wei an Portugal

De sen LO 22:03 nach emmer angang mat tuuten, bläären, se reesen hei duercht Habtstroos, OB der Stroos mat Trikoen, gemoolt, Fändelen, d´Police mescht neischt!!! an dat as dei eenzeg Habtstroos richtung Diekirch ofgesin vun der Nordstroos.

Mech geif et deckevoll reitzen eng keier ob der Gare eppes grousses ze feieren an engem Cafe an dan beemol geint 8 oder 9 Auer d´Stroos ze blockeieren, kuken ob Flicken dan och keimen an de Verkeier geiwen hannenlanscht scheken oder ob ech 10 Minuten dono am Büro seitz.
Sen just frou, dat ech zur Zeit vun der Final net am Land sen, well Ettelbreck as dan Tuga-Town (Fals se an Final kommen, wat ech net hoffen)

6

12.06.2008, 07:27

Iwwer déi Fändelsgeschicht kann een diskutéiren mee deen ganzen Tralala (Kaméidi) deen se opféiren därft definitiv net sinn. Ech hunn laang Joren vis-à-vis vun engem portugieseschen Café gewunnt.......

Kleng Umierkung: KEEN Nationalfändel oder soss en nationalt Symbol, egal vun wéi engem Land, "verschäisst engem d'Vue". E besschen Respekt w.e.g.
Politik ist die Kunst, die Bürger immer wieder so schnell über den Tisch zu ziehen, daß sie glauben, die dabei entstehende Reibungshitze sei Nestwärme

7

12.06.2008, 08:00

Ech haat "d'Chance" leider genau noom Match op der Staater Gare op de Bus ze waarden. An ech hu misse laang waarden, well dei Delpessen jo mool rem d'Stroosen net fräi gemaat hun. De Bus hung op der Eisebunnsbreck vun der route de Thionville am Trallalastau. A wou ech dunn no enger halwer Stonn waarden endlech am Bus souz, as et nawell net weider gaangen well se alleguer zu Fouss op der Busspuer ennerwee wooren mat hieren Fändelcher. Tjo, och wann de Bus getuut huet, datt dei Delpessen sollten vun der Stroos goen hu si gemengt de Bus wier een Deel vum Tuutebattikoncert. wou se du germierkt haaten, dass de Bus "nemme" wollt weiderfueren op senger Busspur sin se och nach domm a blöd gin.
Ma nondikass!! NACH geheiert hinne Letzebuerg net! An et wär gudd dru gedoen wann dei puer Letzebuerger, dei et nach gin alles giffe maachen, datt hinnen eist Land och NIEMOOLS geheiere wärt!

Do hofft een, bei aller Sportsfairness datt se dee nächste Match verleiere wärten. Ech kann dei roud-greng Fatz net mei gesin.

A wei schreiwt daat gratis Keisbliedchen "L'Essentiel" ;"Porto-sur-Alzette" a wei flott daat Feieren dach wor. Ma dei Zeitung (an och d'Wort) maachen eisen net Integrationswellegen och nach Mut an de Letzebuerger Onmut. An dei Zeitungen wärten sech hidden, eppes Negatives iwwert eis Kulturberäichernd Matmenschen ze schreiwen.


Ech wär gespaant, waat lass wär, wann ech tuutend a gröhlend durch Ettelbreck, d'Fiels oder Woltz gif fueren, wann d'Giesen de nächste Match verleiere gif... :rolleyes: :whistling:

jimHawk

unregistriert

8

12.06.2008, 08:16

ma dat wäert ech awer maachen @Goik ;)

ma am eescht... hu gëschter nach eng Kéier missen Tanke goën, wéi ech héieren hunn, datt den Diesel nees méi deier giff ginn. Hunn extra bis annerhallef stonn nom Match gewoart, opmannst soulaang bis een aus der ettelbrecker foussgängerzon näischt méi héieren huet. Mee do ass et réicht richteg ugaangen! Wéi de Ripper scho gesot huet, woar zu Ettelbréck d'Haaptstrooss gespaart, et ass een net bis bei d'Goar komm. An wat maachen eise Toperte vun der Poliss? se hun de Verkéier emgeleet! D'Giesen hu mat hieren Autoën (express) virun de Flicke männecher gemaach... bremsspueren, kavaléierstart... se soutzen zu 3 um Daag, aus all Fënster houngen der... (do gesäit ee mol wat esou en neien Audi oder BMW alles aushällt ;)

Ma merde... gëllt fir si de Code de la Route dann nët méi????
Ah nee... 't ass EM a Portugal huet gespill... do kann een roueg mol en Aa zoudrécken -.-
Wann d'Schlecken oder den Kierchen bei der Tour och nees sollten erfolleg hunn, datt gëtt och emol anstänneg getut an d'Stroosse blockéiert! Wee mëscht mat?

9

12.06.2008, 08:18

Ech fannen et impressionant, wéi eng eigentlech banal Problematik - déi eng wellen mat vill Tamtam feieren, déi aner hätte gäer hier Rou - direkt en déiwe Rassismus opbrengt. Dass keng Toleranz do as, dat kann ech novollzéien. Mech nervt et och, wann Zodi as wéinst Fussball, dee mech glat a guer net interesséiert.

Mee dass dat esou déif verwuerzelt quasi direkt aus dem Stammhirn 'déi houre Portugiesen' sinn, déi 'eis Lëtzebuerger' domadd perséinlech ugräifen, schockéiert mech awer emmer erem.

Jempi

Administrator

Beiträge: 2 590

Wohnort: Beim neien Prisong

Beruf: Meckerer

  • Nachricht senden

10

12.06.2008, 08:24

Wann ech mir virstellen, dass d'Tata Danièle aus dem Tageblatt dat heiten liest, dann muss dat Gréitchen dach vun Freed aus der Box sprangen, dann brauch hatt emol selwer keen Artikel méi ze schreiwen, dir hutt jim jo d'Wierder aus dem Mond geholl.

Elo ass d'Tata Danièle also am chomage :D
"Truth is the most valuable thing we have. Let us economize it."
Mark Twain

jimHawk

unregistriert

11

12.06.2008, 08:44

Nujee, bei aller Auslännerfrëndlechkeet a Sportsfairness...
't muss alt nees eng kéier kloer gemaach ginn, datt dat heiten net als Haas op eng ganz Natioun verstaane dierf ginn. Hei maachen sech just e puer Leid Loft. Ech perséinlech reege mech iwwert d'Stéiere vum ëffentleche Verkéier op, net dodriwwer datt se feieren. Wann se elo an der foussgängerzon weidergefeiert hätten, hätt keen eppes gesot an se hätten och kee weider gestéiert (och wann de Kaméidipegel e bëssen héich ass)...
ech ginn eben roosen, wa 30 stéck mer op der strooss virun den auto sprangen a mier hier fändelen an den auto erawéitschen... dat gehéiert sech nu eben net, egal op EM, WM ass, an egal op et Lëtzebuerger, Italiener oder Portugiesen sinn...

Mat däer Fändelsgeschicht ass esou eng Saach... dee roud-grénge fändelsbësch kann engem gefaalen oder och net... mier gefällt en eben net an ech muss en toleréieren, mee ech ginn dofir nach laang net nuets duerch d'Strooss an stiechen se all a brand. Wann se esou vill respekt hunn an hiere Fändel fir eisen Nationalfeierdag eran huelen, ass alles an der rei.

Europäer

unregistriert

12

12.06.2008, 10:35

Et gëtt bei deem Ganzen ëmmer eppes vergiess : Déi Leit si Südlänner, an hunn esoumatt en aanert Temperament wéi mir, a brengen dëst Temperament matt op Lëtzebuerg, a liewen et hei aus. Kuckt emool, ewéi an all de Südlänner gefeiert gëtt, jhust e Beispill ënnert villen : Brasilien. Geraadesou wéi am Portugal ass de Football fier déi Leit eppes "Helleges". Do spillen déi kleng Däbesser schon Football op der Strooss, esoubaal se laafe kënnen. A wann Brasilien beispillsweis bei enger WM oder engem Internationale Match dann och nach gewënnt, dann ass der Deiwel lass, an d'Atmosphäre fänkt un ze "kachen". Do ass et am Portugal net aanescht, an eben dës Liewensfreed huelen d'Portugiese matt an hier Gaaschtlänner. An iwregens, nach en aanert Beispill méi no bei eis : d'Italiener feieren och gäeren a stinn de Portugiesen an näischt no.

Selbstverständlech kann een déi Verkéiersbehënnerungen, dee Kamméidi zu spéider Stonn, etc., net guddheeschen, zumool, wann et ufänkt auszeaarten, do sinn ech jo och d'accord dermatt. Waat mech awer hei an dësem Thread noodenklech mécht, daat ass den Haass op de Fändel vun enger Natioun, egaal, wéi se elo heescht. Do bewegt een sech ganz no um Rand vun engem mentalen Oofgrond. Mech wonnert et jhust, wann an Häiser den Italienësche Fändel niewent dem Ferrari-Fändel hänkt, an dëst während Wochen a Méint, do fënnt keen en Hoër an der Zopp. Komësch ass ëmmer nëmmen, dass et dee Fäendel vun enger gewësser Natioun ass, diën ville Leit en Daar am Aa ass.

A bon entendeur, Salut ! ;)

13

12.06.2008, 10:54

Wa mer mol de ganzen Rassismus ewech loossen da mierken mer datt de Problem am Fong deen as datt ons police mat 2 Mooss verfiert. Schueberfouer, Nössmaart, Futballs, Baskets an all aner national Meeschterschaft an derzougehöreg Feieren oder Voleksfester (D'Fussball-EM as ee Volleksfest, besonnech fir onsportugiesech Matbierger) féieren regelméissewg zu masseg Alkoholskontrollen, Protokoller an Führerschainentzig. Allgemeng as et bei ons besser net ze feieren well op all Eck en Ierbsenzieler setzt deen d'Flicken rifft well et em net passt datt Leit hir Freed zum Ausdrock brengen. Vriwat maache mer lo do bei der EM/WM eng Ausnahm?
An de genoss vun denen Virzig di di portugiesech Supporter lo hei genéissen waerte mir Leztebuerger schons aleng wéinst onsem schwaache Fussball nie kommen-mir sollten awer oppassen dat mer lo net aus Naid oder well mer hinnen dat net vergonnen lo ufänken hir ganz Natioun an hiren Fändel ze verhönen. Hir belleg Aarbecht hu mer demols jo dankbar ugeholl da musse mer och bereet sin esou "Kollateralschied" a Kaaf ze huelen.
Stumpf ist Trumpf!
-Dendemann

jimHawk

unregistriert

14

12.06.2008, 11:30

Neenee, oppassen, et gëtt net de Fändel gehaast, well et grad de Protugieseschen ass... an et ass och net esou, datt een hinnen hier Freed iwwert eng Victoire net giff vergonnen, well se grad portugiesen sinn, dësst hei huet elo näischt mat Rassismus ze dinn!! Et reegt een sech iwwert Matbierger op, déi iwwerdreiwen. Ausserdeem huet et mat der Tatsaach ze dinn, datt déi Fändelen an de Joeren virdrun um Nationalfeierdag nach emmer do houngen. Méi ass et net. Wann déi gudd Leid dofir un den Spilldeeg vun hierer Equipe de Centre Culturel lounen, dann huet och nach emmer keen eppes dogeint... oder wann se op grillplazen etc. feieren. Et huet eben domadden ze dinn, datt Leid an d'Autofueren etc. wierklech massiv betraff woaren.

15

12.06.2008, 12:04

Jim, et as net esou. Et ginn regelméisseg Manifestatiounen, wou den Traffic massiv gestéiert gett. D'läscht Woch sinn ech par hazard an eng Veloscourse komm, do hun d'Flicken mech an de Räscht vum Traffic ganz sans gêne eng hallef Stonn op enger Parkplaz blockéiert. Do huet anscheinend keen sech opgereegt.

Wat d'Fändelen um Nationalfeierdag ugeet, entweder Du bass keen Nationaliste (wéi ech) dann ass Der deen Dag en portugiesesche Fändel grad sou egal wéi e letzebuerger, oder Du bass nationalistesch agestallt, da miss de dach awer Toleranz fir de Portugiesen Nationalismus opbrengen, oder?

jimHawk

unregistriert

16

12.06.2008, 12:48

...oder Du bass nationalistesch agestallt, da miss de dach awer Toleranz fir de Portugiesen Nationalismus opbrengen, oder?



net nëmmen Toleranz, mee och Versteesdemech... awer nëmmen am Heemechtsland! An Däitschland, fir nët nëmmen iwwert d'Portugiesen ze schwätzen, kënnen se jo och sou vill Fändelen ophänke wéi se wëllen. Fir eng EM & WM kann ee wéint menger jo och eng Ausnahm maachen (wat mer jo och kloer maachen, vu datt d'ophänke vu Fändelen souwisou verbueden ass), mee awer net DEEN Dag. Dat gehéiert sech numol net. Dat weist, datt déi, déi de Fändel dobausse loossen, sech vun eisem Land futéieren, datt do einfach keen Respekt do ass.

Wann eng strooss wéint enger Velos-Course gespaart gëtt, ass dat eppes gaanz aaneres. Dëss Course ass am virraus geplangt, vun de Gemeng geneemegt an och Deeg a Wochen virdrun ugekënnegt. Wanns de also duerch zoufall esou eng Strooss geréits, ass et éischter däi Fehler, wells de keng Zeitungen etc. gelies hues.
Wann awer elo Leid einfach esou op d'Strooss rennen fir do feieren an dat vun 6 bis Mëtternuecht, dann verstéisst dat géint d'ëffentlech Uerdnung. D'Selwescht wann een zu 8 an & OP engem Auto fiert, mat 70 wou 50 erlaabt ass, mat de Warnblinker un an dann och nach mat getuuts.

http://www.wort.lu/articles/6619712.html <-- dat ass einfach net tolerabel, egal welch Nationalitéiten do dobäi sinn! Dat wier och nach ëmmer net tolerabel, wann et Lëtzebuerger wieren, déi sech iwwert eng Victoire vun hierem lokale Foussball-club freeën giffen.

Europäer

unregistriert

17

12.06.2008, 13:00

An de genoss vun denen Virzig di di portugiesech Supporter lo hei genéissen waerte mir Leztebuerger schons aleng wéinst onsem schwaache Fussball nie kommen-mir sollten awer oppassen dat mer lo net aus Naid oder well mer hinnen dat net vergonnen lo ufänken hir ganz Natioun an hiren Fändel ze verhönen. Hir belleg Aarbecht hu mer demols jo dankbar ugeholl da musse mer och bereet sin esou "Kollateralschied" a Kaaf ze huelen.


murf, ech haat nie geduecht, dass ech emool kéint op enger Linn matt dir leien, mee an dësem Fall muss ech der einfach Recht ginn ! :rolleyes:

jimHawk

unregistriert

18

12.06.2008, 13:09

@Murf an Europäer: dier hudd recht, mee hei geet et net em rassismus, mee em onangemessenes verhaalen, wat eben elo duerch eng spezifesch grupp leid optrëtt. Soss giff den Titel: "ech haasen d'portugiesescht Vollek, ween nach?" heeschen :-P

Hmm... ok, schlecht beispill, e sollt einfach nëmmen "EM" oder "d'EM zu lëtzebuerg" heeschen

19

12.06.2008, 13:17

...oder Du bass nationalistesch agestallt, da miss de dach awer Toleranz fir de Portugiesen Nationalismus opbrengen, oder?


net nëmmen Toleranz, mee och Versteesdemech... awer nëmmen am Heemechtsland! An Däitschland, fir nët nëmmen iwwert d'Portugiesen ze schwätzen, kënnen se jo och sou vill Fändelen ophänke wéi se wëllen. Fir eng EM & WM kann ee wéint menger jo och eng Ausnahm maachen (wat mer jo och kloer maachen, vu datt d'ophänke vu Fändelen souwisou verbueden ass), mee awer net DEEN Dag. Dat gehéiert sech numol net. Dat weist, datt déi, déi de Fändel dobausse loossen, sech vun eisem Land futéieren, datt do einfach keen Respekt do ass.


Ech sinn lo net iwwert d'Modalitéiten vum gesetzlech geregelte Fändelophänken opgeklärt - mee Du verwiers hinnen hieren Nationalismus aus Respekt zu eisem Nationalismus? Dat huet... Charme :)

Zitat


Wann eng strooss wéint enger Velos-Course gespaart gëtt, ass dat eppes gaanz aaneres. Dëss Course ass am virraus geplangt, vun de Gemeng geneemegt an och Deeg a Wochen virdrun ugekënnegt. Wanns de also duerch zoufall esou eng Strooss geréits, ass et éischter däi Fehler, wells de keng Zeitungen etc. gelies hues.
Wann awer elo Leid einfach esou op d'Strooss rennen fir do feieren an dat vun 6 bis Mëtternuecht, dann verstéisst dat géint d'ëffentlech Uerdnung. D'Selwescht wann een zu 8 an & OP engem Auto fiert, mat 70 wou 50 erlaabt ass, mat de Warnblinker un an dann och nach mat getuuts.


Ech gesinn lo net wierklech en Ennerscheed - espace public get, vun de Flicen protégéiert, fir enger Interessegrupp hiere privaten Amusement z'ennerstetzen. Op dat elo 2 Wochen virdrun am Wort steet oder an der TV-Programmzeidung, as en Detail. Béides ka mech net grouss opregen, well ech mer alt emmer denken, dass wann ech dat mol eng Kéier brauch, et mer och zousteet. Eng fräi Nuet as do net vill anescht wéi eng Veloscourse, Autoscourse, en Cortège oder d'Sprangpressessioun. Een Deel vum Public amüséiert sech, déi aner hun den Nodeel.

20

12.06.2008, 13:29

@Murf an Europäer: dier hudd recht, mee hei geet et net em rassismus, mee em onangemessenes verhaalen, wat eben elo duerch eng spezifesch grupp leid optrëtt. Soss giff den Titel: "ech haasen d'portugiesescht Vollek, ween nach?" heeschen :-P


Ech dierf grad nach ees aus dem Thread hei e puer Beispiller zitéiren, ouni Usproch op Vollstännegkeet:

Gudd, dat een sech freet, wan eng Equipe gewennt, me wat Portugisen hei rem obfeieren geht awer bessi ze weit. Baal all Haus wou een Portugis wunnt, as rem Tapizeiert mat Fändlen, natirlech det och en klengen Rout-Weiss-Bloen Fändel dabei gehang oder rouden Leiw, me ech fannen et geht ze weit.


well d´Portugiesen dei ganz Habtstroos fir obt Gare blokeieren, an se mat hiiren decken Audi A3, BMW 3er an Seat Leon ..... alles Tuga Tuning kennen rondrem rennen


Ech fannen et geht ze weit, an sen gespaant weifil der Portofändelen nach ob eisem Nationalfeierdaag durcht Geigend d´Siicht verscheissen!!


me de portuguseschen hellt Iwerhand.
Colmar-Berg, Ettelbreck, Diekirch ... do kennt een sech fiir wei an Portugal


Sen just frou, dat ech zur Zeit vun der Final net am Land sen, well Ettelbreck as dan Tuga-Town (Fals se an Final kommen, wat ech net hoffen)


NACH geheiert hinne Letzebuerg net! An et wär gudd dru gedoen wann dei puer Letzebuerger, dei et nach gin alles giffe maachen, datt hinnen eist Land och NIEMOOLS geheiere wärt!

Do hofft een, bei aller Sportsfairness datt se dee nächste Match verleiere wärten. Ech kann dei roud-greng Fatz net mei gesin.


Wann dat net Rassismus as, da weess ech och net...

Ech waarden lo just nach drop dass deen nächsten kennt dee seet "Also ech sinn nu wierklech kee Rassist, mee..." an dann riicht mat sou Sprech weiderfiert.

Ähnliche Themen