Sie sind nicht angemeldet.

Lieber Besucher, herzlich willkommen bei: LUX-FORUM. Falls dies Ihr erster Besuch auf dieser Seite ist, lesen Sie sich bitte die Hilfe durch. Dort wird Ihnen die Bedienung dieser Seite näher erläutert. Darüber hinaus sollten Sie sich registrieren, um alle Funktionen dieser Seite nutzen zu können. Benutzen Sie das Registrierungsformular, um sich zu registrieren oder informieren Sie sich ausführlich über den Registrierungsvorgang. Falls Sie sich bereits zu einem früheren Zeitpunkt registriert haben, können Sie sich hier anmelden.

1

10.05.2008, 14:29

D'Bensinspräisser klammen op Héchststand

De Bensin gëtt ab e Samschdeg nach e gudde Krack méi deier. Den Diesel ass mat 1,210 Euro/Liter (+0,048)sou deier wéi nach nie!...

Den 98er klëmmt op 1,276 Euro de Liter (+0,044), an de 95er op 1,265 (0,044).

Den Heizungsmazout erliewt och eng kräfteg Hausse a klëmmt op 0,809 Euro/Liter (+0,039)

Ech hoffen mer kreien en langen Summer an ech brauch d`Heizung esou baal net unzemachen.

2

10.05.2008, 14:42

Den Staat misst onbedëngt agréifen, wéinestens bei den Mazouts-Präisser, dann mussen sie hir indirekt Steieren erofsetzen. Anscheinend soll den Petrol bis op 200.- Dollar de Barrel klammen. Et wärten Leit hei zu Lëtzebuerg gin, déi hir Heizung den nächsten Wanter net méi kënnen opdréinen. Do hëlleft och eng Allocation de Chauffage neischt méi.

3

10.05.2008, 14:43

elo grad hunn se op ntv gesoot datt an daitschland 2/3 vum benzinsprais taxen sinn (tva/oeko/co2)

wivill ass et dann bei on hei ?

cy
wou sin ech drun ?

de richtege Wee : "Ne rien nier à priori, ne rien affirmer sans preuve."

"Deception is a state of mind and the mind of the State" :thumbup:

Jempi

Administrator

Beiträge: 2 590

Wohnort: Beim neien Prisong

Beruf: Meckerer

  • Nachricht senden

4

10.05.2008, 14:57

Kanner,

Leider hunn ech keng Zäit, fir elo hei mat ze diskutéieren, méng Fra waart am Gaart op méch, mir sinn dobäi, Raps unzeplanzen.......
"Truth is the most valuable thing we have. Let us economize it."
Mark Twain

5

10.05.2008, 15:00

wivill hektar sinn et dann ??

bei mir gin 95 liter an den tank..

cy
wou sin ech drun ?

de richtege Wee : "Ne rien nier à priori, ne rien affirmer sans preuve."

"Deception is a state of mind and the mind of the State" :thumbup:

6

10.05.2008, 16:39

Denkt dach och emol un den Mazout!!!! :)

Net nëmmen un den Benzin!!! Ouni Benzin geet ët éventuell nach, ouni Mazout erfréieren mër.

Also, emol direkt, ouni Diskussioun, sämtlech d'Steieren an Taxen vum Mazout erof Här Juncker!!!!! Soss wiëlen d'Lëtzebuerger nom kaalen Wanter 2008-2009 op keen Fall d'CSV, et ass och fir Iech Här Biltgen!!! An der Militärdiktatur am Birma kréien d'Leit keng Hëllefsmëttel, doriwer reegt d'CSV sëch jo op!!! Dann macht et hei net d'selwecht, andeems der d'Leit erkaalen loosst!! Verstaan????

Wéi mer daat mam Benzin machen, doriwer kënnen mer diskutéieren, op alle Fall mussen do och Steieren an Taxen erofgesaat gin.

7

10.05.2008, 17:43

Lëtzebuerg as en interessante Fall, wat d'Bensinns- a Mazoutpräisser ugeet, well déi jo net fräi sinn, mee réguléiert: d'Bensinnsfirmen kréien hei firgeschriwwen, wéivill se dierfen verrechnen. Dat get et soss bal néirens.

Ech weess net richteg, wat sollt geschéien, wann d'Steieren giffen um Bensinn erofgoen. Op deene Plazen, wou domadder experimentéiert gouf hun d'Uelegfirmen dat normalerweis zimmlech séier domadder kompenséiert, dass se d'Präisser dementspriechend eropgesat hun. D'Leit hun also dat selwecht bezuelt, just sinn manner Souen an de Staatssäckel gaangen, dofir méi an d'Uelegfirmen.

Vum Prinzip hier sinn ech fir héich Steieren op der Energie, einfach well se zou engem spuersamen Emgang opfuederen. Ech hu mech amüséiert, wéi ech elo rem doiwwer woer: mam Locatiounsauto doiwwer sinn ech plusoumoins fir deselwechte Montant tanken gaang wéi mat mengem Auto heiheem, an och ongeféier déi selwecht Distanz gefuer - Mobilitéit huet ongeféier dat selwecht kascht. Allerdengs sinn hei 75% Steieren drop, doiwwer 15%. D'Differenz geet an de Saudien hiere Säckel.

Am Moment as den Ueleg einfach deier well vill Onsecherheet am Marché as. Menger Meenung no wäerte mer awer deemnächst un 'Peak Oil' erukommen an an der Konsequenz och dorunner, dass manner Ueleg disponibel as wéi den Marché freet. Dat dierft Präisser nach eng Kéier no uewen dreiwen, an op méi engem héichen Level dauerhaft etabléiren.

D'Léisung läit net dran, Steieren erofzehuelen, au Contraire, se mussen erop. An am Géigenzuch mussen d'Alternativen gefördert ginn. Hautzedags brauch en Haus keng Heizung méi...

8

10.05.2008, 18:49

D'Léisung läit net dran, Steieren erofzehuelen, au Contraire, se mussen erop. An am Géigenzuch mussen d'Alternativen gefördert ginn. Hautzedags brauch en Haus keng Heizung méi...

du därfs net vergiëssen, dass déi ärmsten Leit an Häiser wunnen déi net isoléiert sin. Sie wunnen an aalen Braaken, well sie sëch neischt Uërdentleches (also:Isoléiertes) leeschten kënnen. Du wees net wéi déi Häiser dobannen ausgesin, do schudders du dech. Zu den Fensteren zitt et eran wéi eng Hell, d'Diëren sin net dicht, do zitt et genau esou. Déi Leit pechen alles zou, waat nëmmen geet, sie gin sech aalen Stoff kaafen an machen eng 2. Rideau, trotzdem zitt et. An den Loyer leit awer nach bei 800.- Euro.

Hun nach eppes vergiëss, déi Heizungen sin ueraal, sou dass och doduerch nach méi Mazout verbraucht gëtt.

9

10.05.2008, 19:04

Gleef mer et, Hydra, ech woer och schon an sou muenche vun deenen Schäpp. Nichtsdestotrotz as d'Léisung net, den Mazout ze subventionéiren. De bessere Wee wier et, de Propriétaire ze 'motivéiren', d'Haus op en bessere Stand ze brengen.

10

10.05.2008, 19:34

Jo, wéi wëlls du dann esou ë Propriétaire motivéieren. Déi foutéieren sech dach!

Bass du dann sëcher, dass d'Uelegfirmen den Preis eropsetzen, wann d'Steieren/Taxen erofgin? Wéisou ass dat dann esou?

11

10.05.2008, 20:02

Ganz éierlech, ech weess et net. Ech kéint mer Usäz vierstellen, no deenen de Propriétaire steierlech motivéiert gett, an d'Isolatioun z'investéiren, mee et as emmer eng quokeleg, well se dat ganz einfach op den Loyer dropschloen. Alternativ vläit eng Förderung fier de Locataire, déi him erlaabt, eng méi spuersam Wunnecht ze lounen, och wann se méi deier as, dat a Verbindung mat engem Energiepass evtl...

Zitat

Bass du dann sëcher, dass d'Uelegfirmen den Preis eropsetzen, wann d'Steieren/Taxen erofgin? Wéisou ass dat dann esou?

Emmer de Fall virausgesat, dass den Präis net festgesat as, wéi hei zu Letzebuerg. Soulaang d'Anbieter sech eens sin, eng Präisminderung net matzemaachen, wien sollt se drun henneren. Wann den Konsument haut 1.50 bezillt fir den Liter, an d'Steieren ginn em 10 Cent erof, da kann d'Tankstell jo rem 5 Cent dropschloen, dann as et nach emmer méi belleg wéi virdrun. Bis d'nächst Woch, dann leen ech erem 5 Cent drop.

Hei zu L huet den Anbieter nemmen een Choix: sech vum Marché fernzehalen. Am Moment schengt et fir d'Uelegkonzernen interessant sinn, ze L fir deen virgeschriwwenen Präis Ueleg ze verkafen. Wann dat mol eng Kéier net de Fall as, brauchen se jo just e puer Deeg d'Liwwerung anzestellen, da si mer ganz séier fierdeg mat der Präisbindung.

12

11.05.2008, 01:13

War d´lescht op enger Holzstee vun enger Gemeng: Irr et ugangen ass gouf schon vun offizieller Sait aus gesoot daat d´Leit mat heigen Praiser missten rechnen well de Mazout jo och sou deier waer! Dono ass d´Holz fir ca. 130-140.- Euro d´Kuerdeg iwwer gangen, do kennt dann nach TVA 12% derbei. Dann muss een et nach sichen fuhren an et kleng seen (1m-Stecker).
Anstatt d´Leit ze entlaaschten an hinnen d´Holz fir e faire Prais unzebidden get elo nach vum der Uelegdeierescht profiteiert fir e puer 1000-Euro mei an d´Gemengekees ze spulen, enner aller Sau.

13

11.05.2008, 01:18

BTW, waat geif gescheien wann d´EU sech eng Keier geif eens gin an während 7 Deeg e kompletten Autostop vehänke geif, ausser fir Noutdengschter (Police/Ambulanz/Hellew doheem/etc). Dei anner gin ze Fouss schaffen oder huelen Conge, keng Schoul, naischt, sou daat d´Nofro no Bensin an Diesel praktesch null wär?

14

11.05.2008, 08:21

Dein virëchten Post seet jo genug, d'Gemengen an den Staat foutéieren sëch wéi et den Leit geet.

Wann een sou ën Autostop géing verhänken, kënnt een jo déi öffentlech Transportmëttel fuehren loossen. Ech wär op alle Fall derbei fir zu Fouss ze goën oder den Bus ze huelen. Net ze vergiëssen, dem Bausch seng VeloHen.

15

11.05.2008, 10:10

Elvin, wat giffs de der dervun erwaarden, wann an der EU eng Woch net Auto gefuer get?

A mengen Aen as den Auswee doranner, op d'laang Weil manner op Ueleg ugewisen ze sinn.

16

11.05.2008, 12:33

Vum Prinzip hier sinn ech fir héich Steieren op der Energie, einfach well se zou engem spuersamen Emgang opfuederen.

Sou gesin ech dat och.

17

11.05.2008, 14:19

Elvin, wat giffs de der dervun erwaarden, wann an der EU eng Woch net Auto gefuer get?

A mengen Aen as den Auswee doranner, op d'laang Weil manner op Ueleg ugewisen ze sinn.

Sou wéi ech et verstanen hun, mëngt den Elvin daat elo emol direkt ze machen. Op manner Ueleg ugewisen ze sin, brauch schon méi Zeit, du schreiw selwer op d'lang Weil, ech géing soën, daat kéint een souguer mëttelfristeg virgesin.

Ech sin op keen Fall fir héich Steieren op all Energie. Op dem Benzin hun ech neischt dergéint, op dem Mazout an dem Gaz net, um Elektrësch och net, soulang mir mir keen Wee fonnt hun fir manner vum Ueleg ofhängeg ze sin.

18

11.05.2008, 16:32

Den heigen Uelegpreis kennt jo am groussen ganzen durch dei ganz Spekulanten dei sech domm an dämlech verdengen. De Verbrauch vun Heizungsmazout ass an deenen leschten Joohren souguer rofgangen an Europa, mee trotzdeem klemmt de Prais wei vereckt. Dei probeieren einfach waat dran ass, an wann d´Leit ufänken net mei matzespillen, da gin se sech. Mee et soll awer kee mengen de Prais geif faalen, dee stagneiert heechstens dann.

19

11.05.2008, 19:01

Ech sin op keen Fall fir héich Steieren op all Energie. Op dem Benzin hun ech neischt dergéint, op dem Mazout an dem Gaz net, um Elektrësch och net, soulang mir mir keen Wee fonnt hun fir manner vum Ueleg ofhängeg ze sin.

Dat widdersprecht sech jo awer. Manner deier, heescht mei Verbrauch. Also ass d' Zeit dei mer hun fir Alternativen ze fannen mei kleng. Dat heescht mier kennen nach 50 Joer ouni Hemmungen verbrauchen, an duerno ?

20

11.05.2008, 19:06

Ech sin op keen Fall fir héich Steieren op all Energie. Op dem Benzin hun ech neischt dergéint, op dem Mazout an dem Gaz net, um Elektrësch och net, soulang mir mir keen Wee fonnt hun fir manner vum Ueleg ofhängeg ze sin.

Hydra, deen eenzege Wee, den Developpement vun spuersamen Technologien ze förderen as eben nun mol iwwert de Präis.

Ähnliche Themen