Sie sind nicht angemeldet.

Lieber Besucher, herzlich willkommen bei: LUX-FORUM. Falls dies Ihr erster Besuch auf dieser Seite ist, lesen Sie sich bitte die Hilfe durch. Dort wird Ihnen die Bedienung dieser Seite näher erläutert. Darüber hinaus sollten Sie sich registrieren, um alle Funktionen dieser Seite nutzen zu können. Benutzen Sie das Registrierungsformular, um sich zu registrieren oder informieren Sie sich ausführlich über den Registrierungsvorgang. Falls Sie sich bereits zu einem früheren Zeitpunkt registriert haben, können Sie sich hier anmelden.

1

06.05.2008, 17:57

Iwwerwaachung

Groussbritannien: Déi 4 Milliounen Iwwerwachungskameraen, déi opgehaang goufen fir d’Kriminalitéit an de Grëff ze kréien, hunn hir Missioun net erfëllt....

Dee ganze Réseau wir een eenzege Fiasko, sou de Chef vun dem zoustännege Service vu Scotland Yard, de Mike Neville. Déi Kriminell géifen d’Kameraen scho laang net méi fäerten. Dem zoustännegen Inspekter vu Scotland Yard no hätt dat domadden ze dinn, datt net genuch qualifizéiert Polizisten do wiren fir alleguerten Donnéeën auszewerten, déi d’Kameraen 24 op 24 Stonnen enregistréiert hunn. Milliarde vun englesche Pond goufen an de System investéiert, bis haut wiren awer nëmmen 3% vun den Iwwerfäll zu London mat Hëllef vun den Iwwerwachungskameraen opgekläert ginn, sou nach de Mike Nevill. Déi Kriminell géifen dowéinst dacks dovun ausgoen, datt d’Kameraen an der Praxis iwwerhapt net fonktionnéieren.

http://news.rtl.lu/news/international/rtl/21067.html


Toll !!!

Machiavelli's Ghost

unregistriert

2

06.05.2008, 18:50

exzellent news fir eisen pistolero "frieden"; elo brauchen mer 4000 flicen; mei flicen hanner den cameraen an nach mei flicen op der stross

tout le monde se retrouve; an abus an pannen vum secherheits-apparat (bommeleer an etlech aner skandaler) sin schon direkt vergies

ech froen mech just, wei et dann freiher zou letzebuerg ouni kameraen dach tip top gangen as; jo ech weiss: an den leschten joeren as den totalen chaos zou letzebuerg ausgebrach, an ech hun et net maat kritt

ech weiss, mier as et net ze hellefen; hellef mer papa staat ...

daat as och ongefier schlusskapitel am orwell sengem 1984; onbedingt liesen, daat engem aaen dach endlech opgin

hei den link fir roman verfilmung vum "1984" http://youtube.com/watch?v=J7Kznmrc3o4

3

06.05.2008, 19:34

RE: Iwwerwaachung

Wou ass den Smiley deen sech rullt vun Laachen?

Jempi

Administrator

Beiträge: 2 590

Wohnort: Beim neien Prisong

Beruf: Meckerer

  • Nachricht senden

4

06.05.2008, 19:56

Dir kënnt dach net einfach behaapten, dass dat Resultat aus Groussbritannien op Lëtzebuerg iwwerdroen kann gin. Eisen éirewärten Här Minister Frieden wärd eis schon weismaachen, dass dat hei zu Lëtzebuerg ee groussen Succès ass. An déi, déi et dann nach ëmmer net gleewen, ticken eeben net méi richteg.
"Truth is the most valuable thing we have. Let us economize it."
Mark Twain

5

06.05.2008, 20:02

@machia

genau esou ass et , fir d iescht gett d infrastruktur geschaaf, dann fannen se eraus datt een all die daten net mie kann verwalten, an dann ass d logesch konsequez fir personal-miesseg op ze rüsten.

an esou laang net iwerall cams sin, verlaageren sech problemzonen staenneg.

hei nach bei der BBC fonnt, do gett bis 2012 nach kraefteg nogerüst, weens den olympics (et gett jo emmer en gudden grond)

http://news.bbc.co.uk/1/hi/england/london/7278365.stm
http://news.bbc.co.uk/1/hi/technology/7124735.stm

hei och nach den video deen elo grad op der tele koum :

http://news.bbc.co.uk/1/hi/uk/7384843.stm

cy
wou sin ech drun ?

de richtege Wee : "Ne rien nier à priori, ne rien affirmer sans preuve."

"Deception is a state of mind and the mind of the State" :thumbup:

Machiavelli's Ghost

unregistriert

6

06.05.2008, 21:46

"an esou laang net iwerall cams sin, verlaageren sech problemzonen staenneg"

daat as jo erem wonnerbar goud news fir eisen pistolero "frieden"; esou kann hien eis dann kloer machen, daat mer iwerall kameraen brauchen, an nach mei flicen brauchen

daat as jo nach besser wei ech geduecht hun; an durno kreien mer nach en rfid-chip an dein rietsen arschback gespritz

esou chipen gin et schons http://www.verichipcorp.com/

et alles just eng sach vun der zeit, et seif dann mir soen nein an wielen esou krank politiker net, dei eng kuenstlech paranoia verbreiden, fir mei pouvoir ze kreien

Dieser Beitrag wurde bereits 1 mal editiert, zuletzt von »Machiavelli's Ghost« (06.05.2008, 21:55)


7

06.05.2008, 23:00

daat as jo nach besser wei ech geduecht hun; an durno kreien mer nach en rfid-chip an dein rietsen arschback gespritz...
... a wann d'Wahlen dach sollten positif ausgoen, an dee lenksen AB :!:
Das sogenannte Theodizeeproblem :
Kann oder will Gott das Leid in dieser Welt und die Untaten seiner Kirchenmänner nicht verhindern?
Wenn er es nicht kann, ist er nicht allmächtig, wenn er es nicht will, dann ist er nicht allgütig !

jimHawk

unregistriert

8

07.05.2008, 07:31

Ween huet dann hei paranoia? ^^ bis bei d'Mikrochipen am Oarsch ass et awer nach wäit :-P
Ech sinn nach ëmmer der meenung, datt déi Kameraën, op allefall an eiser Stad, méi positives hunn wéi negatives. An et kann een déi zitéieren "milliounen kameraën" zu London net mat deene lächerleche 40 hei zu Lëtzebuerg vergläichen.

9

07.05.2008, 08:45

Opposition votre honneur!!!!

Ech sin géint d'Kameraën an der Staad.

10

07.05.2008, 09:53

Di ganz Iwwerwaachungszeen as am Fong just eng ganz grouss Beschäftegungsmoossnahm, Flicken astellen fir d'Kriminalitéit ze bekämpfen-da feststellen datt dat naischt brengt, Kameraen opriichten an dann rem feststellen dat dat naischt brengt well mer keng Flicken hun déi op de Bildschirm kucken, dann rem 1000 nei Flicken astellen di dann awer rem net effektiv sin. Wéivill Feeler daerf ee Minister man bis en muss feststellen dat en um falschen Dampfer as?
De Paranoia gedanken kennt bei mir awer réischt nom "Verarschen déi mech?"-Gedanken-ech hun es sat musse schaffen ze goen fir en Edukatiounssystem matzefinazéiren deen op der ganzer Linn verseet, e sozialstaat oprecht ze erhalen dee kee méi as, meng eegen Iwwerwaachung ze bezuelen obwuel se erwissenermoosssen naischt notzt, de Parteien beim léien ze hellefen an hire Wee an d'chamber ze ebenen andeems ech hinnen hellefen de chômage kenstlech niddreg ze halen andems ech iwwer meng Steieren d'Astellung vun 1500 neien Staatsbeamten matfinanzéiren.
D'Léisung lait fir mech op der Hand an as och schon e puer mol ugeschwat gin. Lokalisatioun vun de Flicken- ee Flic dee seng Pappenheimer kennt as méi effektiv wéi di pur Mass un Iwqwerwaachungsmoossnahmen. An all Duef, respektiv all quartier e Flick as mat SEcherheet méi effektiv wi 200 Flicken op engem Koup well en den sech op seng Aarbecht kann konzentréiren se och kann effektiv man. Dat wat mir man nennen ech Cluster-Taktik-mat der Maschinenpistoul an de Koup schéissen an der Hoffnung datt mer iergendwann de richtegen treffen. Et erennert mech verdächteg un d'Taktik vun den Amerikaner bei der Juegd op de Bin Laden. Mee mir Europäer hun eben ze oft Tendenz eis un d'Amien drunzehänken.
Stumpf ist Trumpf!
-Dendemann

11

07.05.2008, 10:50

@Murf,

ech wees net wéi aal dass du bass. Wéi ech ë Kand war hun hei wou ech nach ëmmer wunnen (Staad, Quartier Hollerech), 2 Polizisten hiren Dëngscht gemach. Sie koumen all Dag duerch d'Stroossen, hun d'Kanner an d'Elteren kannt. Um Lampertsbiërg an am Rollengergronn war et d'sëlwecht, dat wees ech wëll ech do Famill hun. Zu Diekerëch sin d'Gendarmen duerch d'Stroossen gangen, och all Dag, (hat eng Tata do). Zu Fouss sin sie gangen. Haut kommen sie hei bei mir laanscht gefuëhr, leien am Auto, fuëhren ën Tour ronderëm d'Schoulen machen, das war's!

An den 50er bis Ugangs 60er Joëren hun sie Präsenz gewisen. Bestëmmt waren sie deemols zu manner wéi haut. Wéisou ass dat haut net méi méiglech???????????????????? :?: :?: :?: :?: :?: :?: :?:

12

07.05.2008, 11:04

An den 50er bis Ugangs 60er Joëren hun sie Präsenz gewisen. Bestëmmt waren sie deemols zu manner wéi haut. Wéisou ass dat haut net méi méiglech???????????????????? :?: :?: :?: :?: :?: :?: :?:
well de Fehler gemaach gouf déi "Police de proximité" ze nennen, an d'Beamten daat meeschtens
falsch verstinn : sie mengen dorënner wär d'Proximité zum Bistrot ze verstoen !
Das sogenannte Theodizeeproblem :
Kann oder will Gott das Leid in dieser Welt und die Untaten seiner Kirchenmänner nicht verhindern?
Wenn er es nicht kann, ist er nicht allmächtig, wenn er es nicht will, dann ist er nicht allgütig !

13

07.05.2008, 11:32

Wann et dann nemmen sou waer datt se enner "proximité" gengen de Bistro verstoen. Präsenz weisen geet net iwwer di schier Mass mee iwwert KONTAKT MAT LEIT an dat geet numol och am Bistro-meng perséinlech Erfahrung bestätegt och datt wanns de dech méi nördlech bewegs an se méi aal sin d'Flickenméi fein, menschlech a verständlech sin.
Et as awer och falsch dem eenzelneneFlic d'Schold zegin wann se vun der Politik di Iwwerhiewlegkeet virgegaukelt kréien an da mengen mam decken Audi duerch d'Géigend rennen an de Fraleit nopaifen waer präsenz weisen. Si hun ganz einfach Schiss op den terrain ze goen. Si stellen der emmer méi an mee et sin leider lauter Totgeburten well se all dat nämlecht bewiirken nämlech naischt well se net agéiren mee mengen hir Existenz aleng geng hinnen Respekt an Autoritéit verleen-mee ech hun geléiert "Respekt muss een sech verdengen!"

@Hydra: Ech hun déi Zaiten net materliewt, ech sin nach net sou aal mee ech duerft zum Gleck meng Kandheet an enger Zait verbrengen wou nach en Deel vun dem iwwreg wor wat Letzebuerg demols zu menger gefillter Heemecht gemet huet a gemet huet datt ech gaer hei geliewt hun wouvun haut keng Ried méi kann sin. Ech hun den Oofstig vun onsem Land materliewt, ech sin quasi am Oofstig opgewues (dat bezitt sech just op di sozial a kulturell Entwecklung vun onsem Land, familiär a materiell hat ech perséinlech nie Problemer, soss gin ech lo glaich rem dorop festgeneelt) an et as schrecklech ze gesin wou mer hin steieren. Ech hun honnert mol léiwer Flicken an Douaniers'en déis de am Café begéins an naischt schaffen wi di arrogant iwwerhiewlech Kärelen di haut leider emmer méi heefeg optauchen. E grousse Virdeel vun den Duerfpolizisten war datt se meeschtens e bessei Mumm an en eegent Gehir haten, net emmer gouf all Problem streng no Paragraph XY geléist mee se goufen wéinstens geléist.
Stumpf ist Trumpf!
-Dendemann

14

07.05.2008, 23:49

Ween huet dann hei paranoia? ^^ bis bei d'Mikrochipen am Oarsch ass et awer nach wäit :-P
Ech sinn nach ëmmer der meenung, datt déi Kameraën, op allefall an eiser Stad, méi positives hunn wéi negatives. An et kann een déi zitéieren "milliounen kameraën" zu London net mat deene lächerleche 40 hei zu Lëtzebuerg vergläichen.


Wat brengen se dann positives ? Dat d' Lait lo net mei op der Gare mee an der Stroossbuerger Strooss iwwerfall gin ?

jimHawk

unregistriert

15

08.05.2008, 07:31

nujee, d'Kameraën sinn trotzdem ëmmer nach wichteg, grad op villfrequentéiert plazen. Fir de recht schléissen ech mech dêm Hydra un. Op all Eck sollt e Polizist stoën... ok, opmannst all Quartier eng Patrull, déi hieren Tuer ze fouss mëscht. Déi Leid, déi anerer am hellen Do an op fräier Strooss nidderstiechen mussen d'Angscht hun, datt gläich nees e Flick ëm den Eck kënnt...

16

08.05.2008, 08:57

nujee, d'Kameraën sinn trotzdem ëmmer nach wichteg, grad op villfrequentéiert plazen.


<seufz>

Et ginn mettlerweil eng ganz Rei Erhiewungen déi soen, dass se näischt brengen. London, San Francisco, Las Vegas... richteg propper Etuden, déi d'Entwecklungen vun de Verbriechen virdrun an duerno betruechten, an déi unanyme beleen, dass d'Kameraen eng Differenz maachen, déi an der statistescher Ongenauegkeet ennergeet.

Firwat genau sollten se trotzdem nach emmer wichteg sinn?

Security Theater

jimHawk

unregistriert

17

08.05.2008, 09:47

<duebelseufz>

et kann ee lëtzebuerg net mat eng mat London vergläichen. Woarde mer mol of wat d'Etuden hei aussoen :-P An wéi gesot, suguer wann et keen Verbriechen verhënnert, kann et fir op d'Opkläerung vun engem wichteg sinn... opallefall méi, wéi wann ee guer näischt an der Hand huet...

18

08.05.2008, 10:18

dreifachseufz

Et verhënnert keen Verbriëchen an et hëlleft sou gudd wéi keent opklären. Wanns du op engem Bildschirm een rëmerkenns, deen d'Mutz an den Kapp gezunn huët, "ouni slow-motion", well daat fonktionéiert net hei, dann bass du mein Held. :D

Par contre gin ech dann gefilmt, wann ech mech grad um Kapp kraatzen, an eis Flicen laachen sëch eng Boss voll. Wat mengs du wat déi sëch schon amuséiert hun? D'Fraleit mat Mini-Jupe ze kucken déi sëch grad bëcken, d'Männer ze kucken déi grad amgangen sin den Zizi richteg ze tësselen asw. ECH SIN TOTAL GéINT DéI VERDAMMTEN KAMERAEN.

19

08.05.2008, 10:20

Den Problem beim Security Theater as, dass eng Mesure (an desem Fall Kameraen) geholl get, déi keen objectiven Wäert huet, si as just do, fir dass d'Leit sech méi secher fillen. Dat kann een lo als gudd oder schlecht astufen, wat et ennert dem Strech mecht as Ressourcen bannen, déi fir aner eventuell méi effektiv Mesuren kéinten geholl gin.

Dann as do nach deen Probleem mat der Privacy, deen verschidde Leit méi oder manner locker gesinn.

20

08.05.2008, 10:25

ECH SIN TOTAL GéINT DéI VERDAMMTEN KAMERAEN.
25-fachseufz... il est interdit d'interdire l'installation de caméras ....
Das sogenannte Theodizeeproblem :
Kann oder will Gott das Leid in dieser Welt und die Untaten seiner Kirchenmänner nicht verhindern?
Wenn er es nicht kann, ist er nicht allmächtig, wenn er es nicht will, dann ist er nicht allgütig !

Ähnliche Themen