Sie sind nicht angemeldet.

Lieber Besucher, herzlich willkommen bei: LUX-FORUM. Falls dies Ihr erster Besuch auf dieser Seite ist, lesen Sie sich bitte die Hilfe durch. Dort wird Ihnen die Bedienung dieser Seite näher erläutert. Darüber hinaus sollten Sie sich registrieren, um alle Funktionen dieser Seite nutzen zu können. Benutzen Sie das Registrierungsformular, um sich zu registrieren oder informieren Sie sich ausführlich über den Registrierungsvorgang. Falls Sie sich bereits zu einem früheren Zeitpunkt registriert haben, können Sie sich hier anmelden.

superheng79

unregistriert

41

02.05.2008, 16:29

Et ass net richteg dat alles engem Minister ennersteet, dat kann jo net funktioneieren an mecht et jo och noweislech net!!! Well den Frieden gesait dach aus wei eng Witzfigur am Fernseh, wann en alt ness, deen neisten Fauxpas muss kommenteieren. Mer waer daat als Minister schon peinlech! D'Joer ass naach net haallef em, an den Frieden haat lo schon deen xten Skandal, an sengem Ressort!!!

Lo waarden ech jhust naach waat den Lulu Schiltz alt nees zum Armei-Sexskandal seet an daat hien an der Saach mam Colonel Ries eng fleien geloos huet!! Dei aarm CSV, awer och, emmer hir Ministeren!!! :D

42

02.05.2008, 17:22

Lo waarden ech jhust naach waat den Lulu Schiltz alt nees zum Armei-Sexskandal seet ....
.. wéi dann, huet nees ë Prënz vum Haff mat enger Zaldotin d'Koppelabunz an engem Häischen vun der Garde virum Palais gemaach ??
Firwaat wees ech näischt duvun :?:
Das sogenannte Theodizeeproblem :
Kann oder will Gott das Leid in dieser Welt und die Untaten seiner Kirchenmänner nicht verhindern?
Wenn er es nicht kann, ist er nicht allmächtig, wenn er es nicht will, dann ist er nicht allgütig !

Machiavelli's Ghost

unregistriert

43

03.05.2008, 16:32

just fond der webseit vun der fleischmeck http://fleeschmeck.eu/index.htm

Strof. Eng Scheier a Brand stiechen kascht dogéint tëschent 10 Joer feste Prisong a liewenslänglech! An, fällt Iech eppes op? Wann der mat 90 op enger Dräibunnstrooss fuert, wou awer (aus wat fir Grënn och ëmmer) nëmmen 70 erlaabt sinn, da begitt der en "Délit de Grande vitesse" a gidd quasi als verantwortungslose Schwéierverbriecher ugeklot. An, fällt Iech nach ëmmer näischt op? Fir et salopp ze formuléieren: Ass d'Stréi, dat de Bauer an senger Scheier leien huet dann elo méi wert, wéi dat, wat en am Kapp huet?

No dësem formidabelen Urteel, daat mäin Vertrauen an d'jurisdiction luxembourgeoise considérablement wuessen gedong huet an daat ech als grouss, als ganz grouss Victoire ugesinn... Pardon, ech hat mech elo am Repertoire vergraff...e klenge Papageno-Komplex! No dësem Urteel also, daat mäi Reschtvertrauen an ons lëtzebuerger Justiz komplett zerstéiert huet (net dass do nach ganz vill ze zerstéieren iwwreg gewiescht wier...), hunn ech mer spontan meng Lëscht vu Läit gekropt, déi ech nach ëmmer wollt erschéissen. Wier do net eppes ze maachen, wann d'Euthanasiegesetz bis gestëmmt ass?

Mee de Geck an den Eck.

Ech op jiddfer Fall, fille mech:

a) net sëcher hei zu Lëtzebuerg, obwuel iwwerall Polizisten ronderemlaafen. Waat och vläicht dorunner läit, dass déi sech méi mat Verkéiersverbriecher musse beschäftegen, wéi mat de wirklechen Kriminellen. Oder dass se fir Zwangsréckféierungen vu kompletten, perfekt hei zu Lëtzebuerg integréierte Familljen agesaat ginn, amplaatz déi illegal agewandert Jonggesellen aus Schwaarzafrika festzehuelen, déi op der Gare an der Stad dealen.

b) scho guer net sëcher mat all deenen Idioten, déi hei mat Waffen duerfen ronderem laafen a mengen, de Rambo mussen eraushänken ze loossen. Et kritt een leider Gottes ëmmer méi den Androck, dass ons "Flicen" entweder blöd oder korrupt sinn (wann sech dës besonnesch Fähegkeeten net esou guer an eng an der selweschter Persoun eremfannen) an dobäi och nach vun der Justiz gedeckt ginn, andeems déi Faiten verharmlost (siehe Maulusmillen) oder verschleeft ginn (siehe Bommeleeër, Frieden, etc).

Vläicht ass et esou lues Zäit, entgéint de Fräiheeten, déi ons Bierger an der Constitutioun zougesëchert ginn, zum "zivilen Ungehorsam" opzeruffen. Vläicht musse mer eis am Ausland, an der sougenannter Drëtter Welt inspiréieren, wou se mat Mëschtgreefer op d'Strooss ginn, wann d'Politiker se zevill veraarschen.

Vläicht ass et och neess Zäit fir eng nei "68'er"-Bewegung, fir de ganze Mief, deen sech an de 40 Joer zënter deene läschten Opstänn an der fräier Welt ugesammelt huet, ewechzespullen. A vläicht ass et einfach Zäit, den eegenen Hënner héichzekréien, op d'"Political correctness" ze fleeten an sech z'engagéieren fir dass "déi do uewen" endlech matkréien, dass mir hei ënnen eis kee Sand méi an d'Ae streeë loossen.

44

03.05.2008, 16:58

Ei,ei,ei, war d'Fleeschmëck erëm lass?

Eng Scheier unfänken ass Brandstëftung. Ech hun et schon erklärt, dat sin aal Gesetzer, wéi hei nach den Dach vum Haus aus Stréi war. Op Brandstëftung steet nach ëmmer vill, et gëtt awer net esou veruërteelt.

Machiavelli's Ghost

unregistriert

45

03.05.2008, 20:58

wau

1987 haaten mer zou letzebuerg 470 gendarmen an 275 polizisten http://books.google.co.uk/books?id=wZOMf…&hl=en#PPA20,M1

wann ech den frieden richteg verstannen hun, dann sollen mer 2012 sage und schreibe 2000 flicen hun (police granducale)

dobei as police granducale eng besser gendarmerie

fro: firwaat dei immens opruestung?

as dann zweschen 1987 an elo (2008 ) den chaos zou letzebuerg ausgebrach oder waat?

ech mengen do get probiert, maat hellef vun fabrizeierten argumenter en polizei staat opzebauen

an durno, get et kein zereck mei ...

46

03.05.2008, 21:08

an dobai ass den riesenapparat schons haut net mie ze kontrollieren, waat mer jo matt schiener regelmaessegkett gewuer gin.

an den poliss-justiz-budget-minister ( an neiderdengs dann nach aussenminister) well an kann jo net alles wessen wie mer en donneschten op der tele gewuer ginn sinn,

hei den arroganten speech : http://streaming.newmedia.lu/768K/12/200…080430_768K.wmv

do hunn mer schien aussiichten

oder sollen aaner mie hiech instanzen esou eng oprüstung ordonniert hunn ??

die aaner iwewaachngen sinn jo vunm mie uewen ordonniert

cy
wou sin ech drun ?

de richtege Wee : "Ne rien nier à priori, ne rien affirmer sans preuve."

"Deception is a state of mind and the mind of the State" :thumbup:

Dieser Beitrag wurde bereits 1 mal editiert, zuletzt von »c23y78« (03.05.2008, 21:18)


Machiavelli's Ghost

unregistriert

47

03.05.2008, 21:19

jo richteg, daat den riesen apparat net ze kontrolleieren as, daat kennt nach dobei

mei firwaat dei enorm opruestung? hun ech dann dein ganzen chaos zweschen 1987 an 2008 verschlof,oder waat?

oder as dei ganz paranoia nemmen en gespenst, eng fabrizeiert illusion, daat leit no mei secherheit jeitzen?

an dann kann win ganz am senn vun vox populi, vox riendvieh aka maat demokrateschen segen en polizei saat aus dem buedem stampfen

an wann et den leit bewosst get, dann as et ze speid; dann get et kein zereck mei

48

03.05.2008, 21:24

1987 bis 2008 daat erennert mech staark un eng aaner geschicht die sait 22 joer op opklaerung waard

daat ass och nach en grond fir opzerüsten, fir datt esou eppes nie mie virkennt oder dach ?

wor daat net och eng intern oder nato geschicht.......hm... et waren bestemmt die bies terroristen oder deemols d kommunisten

en schienen
wou sin ech drun ?

de richtege Wee : "Ne rien nier à priori, ne rien affirmer sans preuve."

"Deception is a state of mind and the mind of the State" :thumbup:

Dieser Beitrag wurde bereits 2 mal editiert, zuletzt von »c23y78« (03.05.2008, 21:37)


49

03.05.2008, 22:09

Zitat


fro: firwaat dei immens opruestung?

as dann zweschen 1987 an elo (2008 ) den chaos zou letzebuerg ausgebrach oder waat?

ech mengen do get probiert, maat hellef vun fabrizeierten argumenter en polizei staat opzebauen

an durno, get et kein zereck mei ...
Jo, den Chaos ass ausgebrach. Islamistesch Terroristen machen d'Land onsëcher, auslännesch an lëtzebuerger Jugendlecher sin all zu Verbriëcher gin. Déi eng ë bësschen méi wéi die aner, mee was soll's, mir brauchen op alle Fall vill méi Polizei. ;)

Machiavelli's Ghost

unregistriert

50

03.05.2008, 23:08

@hydra

dei perfekt machiavellistisch paranoia illusion am trommelfeier schmackhaft gemach vum wort imperium & co

esou kacht ein trei an potentiel csv bierger mell , gefuegeg an unterwuerfeg

erennert mech irgendwei un dei metaphor vun "how to boil a frog" => http://en.wikipedia.org/wiki/Boiling_frog



@c23y78

ganz denger meinung; den bommeleer sein geischt oder sein ierwen sin "well up and alive"

eigentlech hun bommeller jo ereischt waat se wollten, och maat zeit-verzoegerung

hun deslescht nach an enger fachzeitung ( nato review) en interview mam neien armei boss gelies; erschreckend! do get eis armei enorm opgeruest an et as dei greissten armei reform zenter den obligatoreschen militaerdinscht ofgeschafft gin as (1969 )

an vun engem effektiv vun 2000 flicen an engem neien bmg vun ca 85 leit (vun 13 leit am joer 1985) dovuner haetten bommeller nemmen kennten dreimen

an dem senn nach en scheinen owend am vaterland

Dieser Beitrag wurde bereits 1 mal editiert, zuletzt von »Machiavelli's Ghost« (03.05.2008, 23:18)


51

03.05.2008, 23:42

@Macchiavelli,

"how to boil a frog" passt wéi d'Fauscht op d'Aa. :)

Machiavelli's Ghost

unregistriert

52

04.05.2008, 23:58

jo mei pass just maat den flicen op; bei deinen heischt : "daat passt wei eng kugel zweschen dei zwei aaen"

ah jo, an do faellt mer nach en "friedlechen" satz vun eiser leiwer police granducale an

" daat gin laecher wei kleng kanner kaepp" dopmad mengen se, wann se mat der "pompel" (pump gun) brenneken (flintenlaufgeschoss) ronderem scheissen

an daat as batter realiteit, an ech betounen, esou schweier et mer och faellt, kein witz

mei waat soll den geiz! elo gleich hun mer 2000 vollbewaffnet potentiel psychopaten ronderem laafen

et fielt ein sech direkt em super secher

schein brav csv wielen, well wei all kand elo weis, csv, den secheren wei ... fir an spidol oder enner den buedem

53

05.05.2008, 00:14


.... elo gleich hun mer 2000 vollbewaffnet potentiel psychopaten ronderem laafen .....
Macchi, du hues awer och schon méi modéréiert geschriwen, firwaat elo dee groussen Haass op d'Polizei , daat wiirkt dach einfach kannerech esou eng Pauschaliséierung !
Das sogenannte Theodizeeproblem :
Kann oder will Gott das Leid in dieser Welt und die Untaten seiner Kirchenmänner nicht verhindern?
Wenn er es nicht kann, ist er nicht allmächtig, wenn er es nicht will, dann ist er nicht allgütig !

54

05.05.2008, 07:12

Zitat

elo gleich hun mer 2000 vollbewaffnet potentiel psychopaten ronderem laafen

et fielt ein sech direkt em super secher

schein brav csv wielen, well wei all kand elo weis, csv, den secheren wei ... fir an spidol oder enner den buedem
Macchi, loosse mer mol mat de Féiss um Buedem bleiwen, gell ;)
Politik ist die Kunst, die Bürger immer wieder so schnell über den Tisch zu ziehen, daß sie glauben, die dabei entstehende Reibungshitze sei Nestwärme

55

05.05.2008, 11:51

Eis Police...

... huet et och net ëmmer liicht

Dréihen d'Leit esoulues duerch? ?(
Politik ist die Kunst, die Bürger immer wieder so schnell über den Tisch zu ziehen, daß sie glauben, die dabei entstehende Reibungshitze sei Nestwärme

56

05.05.2008, 11:57

RE: Eis Police...

... huet et och net ëmmer liicht

Dréihen d'Leit esoulues duerch? ?(


Et ass entweder Vollmound oder Neiliicht. Hei gëtt och duerchgedréint.

D'Police huët et oft schwéier, ëmmerhin hun sie jo meeschtens mat Leit ze din, déi sëch guer net behuelen. Ech wees dat! Nurën sie mussen awer hir Arbecht machen, wéi z.B. op den Autobunnsbrëcken.

57

05.05.2008, 11:59

Ons Flicken stellen ons all als potenziell Verbriecher hin-den "Onscholdsprinzip" gëtt et an onser Demokratur net. Wanns de am Auto setz gess de vum Gesetz als potenzielle Verbriecher ugesin-d'Flicken kennen dech a volonté unhalen, der dain Auto vuneneen huelen an dech zu all Zort Test verdonneren-ob Unzeechen, Schold oder net Schold as egal-dat as eng Pauschaliséirung! A wéifern as et elo ofgehuewen oder ongerecht ze soen datt Lei di mat schaarfen Waffen rondremlafen potenziell geféierlech sin-mol ofgesin datt et an desem konkreten Fall Flicken sin follegt dee Raisonnement daer nämlechter Logik di vun onser Regierung ugefouert gëtt-also wou as de Problem?
Ech distanzéiren mech legendlech vun deem Ausdrock "Psychopathen" deen net gudd gewielt as well nemmen datt een eng Waff dréit seet nach naischt iwwer engem seng intellektuell constitutioun aus.
Stumpf ist Trumpf!
-Dendemann

58

05.05.2008, 12:09

A wéifern as et elo ofgehuewen oder ongerecht ze soen datt Lei di mat schaarfen Waffen rondremlafen potenziell geféierlech sin-mol ofgesin datt et an desem konkreten Fall Flicken sin follegt dee Raisonnement daer nämlechter Logik di vun onser Regierung ugefouert gëtt-also wou as de Problem?
Ech wëll eis Police lo wierklech net als Engelcher dohinnerstellen mee deen aneren Extrem trëfft a mengen Aan awer och net zou. Wéi oft huet an deene leschten 5 oder 10 Joer e Flic seng Waff gezunn oder agesat wou et vläicht NET gerechtferdegt war? Wees een dat zoufälleg?
Politik ist die Kunst, die Bürger immer wieder so schnell über den Tisch zu ziehen, daß sie glauben, die dabei entstehende Reibungshitze sei Nestwärme

Machiavelli's Ghost

unregistriert

59

05.05.2008, 12:26

ech aeneren kein strich an komma un deim waat ech geschriwen, maat ausnahm vun 2"

ech haett missten schreiwen : potentiel "psychopaten"

an dein ... huet et och net ëmmer liicht as aus dem wort, an ganz bestemmt vun police.lu site gekneipt

ech keint och nach hei weider fueren vun onmeiglechen szenen dei ech maat den flicen erliewt hun, an waat ech intern aus der police ze heieren krut

desweideren gin ech den verdacht net lass, daat dei immens police opruestung op breid zoustemmung trefft; an daat as erschreckend

Machiavelli's Ghost

unregistriert

60

05.05.2008, 12:32

"...Ech wëll eis Police lo wierklech net als Engelcher dohinnerstellen mee deen aneren Extrem trëfft a mengen Aan awer och net zou. Wéi oft huet an deene leschten 5 oder 10 Joer e Flic seng Waff gezunn oder agesat wou et vläicht NET gerechtferdegt war? Wees een dat zoufälleg? "

nawell mei oft wei am wort an um police.lu steit

du heiers nemmen eppes dovunner wann ein ungeschoss oder erschoss get, oder sos esou vun engem fiels an der staat faellt

ech kann mech un ein firfall erenneren, wou ein polizist mer erzielt huet, daat do en polizei- kolleg "seng trommel eidel geschoss hat"

natirlech, kein wuert an der presse, well dei zoustaenneg instanz bei der police, dei informatioun net public gemach huet; wei esou oft, wei ech heieren hat