Sie sind nicht angemeldet.

Lieber Besucher, herzlich willkommen bei: LUX-FORUM. Falls dies Ihr erster Besuch auf dieser Seite ist, lesen Sie sich bitte die Hilfe durch. Dort wird Ihnen die Bedienung dieser Seite näher erläutert. Darüber hinaus sollten Sie sich registrieren, um alle Funktionen dieser Seite nutzen zu können. Benutzen Sie das Registrierungsformular, um sich zu registrieren oder informieren Sie sich ausführlich über den Registrierungsvorgang. Falls Sie sich bereits zu einem früheren Zeitpunkt registriert haben, können Sie sich hier anmelden.

461

24.06.2009, 18:43

et ass loeschteg daat grad um hellegen feierdaag esou eppes passiert wou jo vill polissen matt wichtegen repraesentativen aufgaben beschaeftegt sinn... ;)

et ass eben och eng art vun tanktourismus.... ;)

vum pommerlach sinn et jhust en puer kilometer bis d belsch grenz an do ginn et vill kleng stroosen an den bescher....

do woren d raiber dach an 2 minuten fort.....an bestemmt net richtung woltz oder soss ennerwee

wou wor dann onsen helico ?? soss ass en jo navell gaeren iwer land ennerwee ??? bestemmt och mat representativen aufagben beschaeftegt....

mee emmerhinn ass jo eppes gefangen ginn

@machia

zur IGP do haat den anwaerter (justiz an polissminister) jo gesoot (am kontext vun der nach emmer net opgeklaerter bommenleeer-affaire) et misst een nach etudieren an kucken...je wie emmer keng kloer ausso vum teflonminister

et passt jo net daat do en magistrat eppes ze soen haett, net virstellbar wann do nach aal geschchten aus den tireng giefen sprangen......;)

dorems waert den zukuenftegen justizminister sech dierfen kemmeren, wien wees et gett villait den neveu (aktuellen krichsminister) ??
wou sin ech drun ?

de richtege Wee : "Ne rien nier à priori, ne rien affirmer sans preuve."

"Deception is a state of mind and the mind of the State" :thumbup:

462

24.06.2009, 19:31

wou jo vill polissen matt wichtegen repraesentativen aufgaben beschaeftegt sinn... ;)


A joo daat war wirklech eng schein Parade :whistling:
daat eenzecht waat ech vermesst hun waar eigentlech just t'Kompanie vun den t'Toilette-Fraen aus dem Aldringer. :oo:

Jempi

Administrator

Beiträge: 2 590

Wohnort: Beim neien Prisong

Beruf: Meckerer

  • Nachricht senden

463

25.06.2009, 09:14

Wat net am Wort steet:

Zitat

Am Auto souzen nach zwou weider Persounen, dorënner war ee Mannerjähregen.

Do huet ee Polizist op een Auto geschoss, wou ee Mannerjähregen dra sutz. Nëmme gudd, dass de Polizist net schéisse konnt.

http://news.rtl.lu/news/national/28702.html
"Truth is the most valuable thing we have. Let us economize it."
Mark Twain

464

25.06.2009, 09:28

Iwwermotivéiert oder einfach "mir kenne jo maacha wat mer wellen-Astellung?"
Stumpf ist Trumpf!
-Dendemann

Jempi

Administrator

Beiträge: 2 590

Wohnort: Beim neien Prisong

Beruf: Meckerer

  • Nachricht senden

465

25.06.2009, 09:38

Déi Szeen muss ee sech emol méi genee virstellen:

De Polizist spréngt ewech, fir net iwwerrannt ze ginn. An da geschidd Folgendes: Hie steet nees op, mëcht d'Revolvertäsch op, hëlt de Revolver eraus, entséchert deen, spaant deen, ziilt a schéisst 3 Mol. Wann deen dat an 2 Sekonne mëcht, ass hien wiirklech Champion. An een Auto, deen nëmme mat 70 km/h fiirt, leet an 2 Sekonnen 40 Meter zeréck. Wann ee mat engem Revolver op een Zil, dat sech séier beweegt an iwwer 40m ewech ass, schéisst, weess dach och dee beschten Tireur net, wou d'Kugelen higinn, hëlt also dat Schlëmmst a Kaf. Esou eppes fonktionnéiert just zu Hollywood.
"Truth is the most valuable thing we have. Let us economize it."
Mark Twain

466

25.06.2009, 11:16

Psst, Jempi, e Revolver huet keng Sécherung ;)

Fir de Rescht:
hien wärt jo alt vun hannen op den Auto geschoss hunn an net vun der Säit. Den Auto gëtt dann zwar méi kleng mee d'Bewegung ass net grat ESOU schlëmm. Allerdengs: wéis du ganz richteg sees sinn d'Schéisskënschten vum Duerchschnettsflic net onbedéngt déi Bäscht. Effektiv ass do d'Fro wou d'Kugel gefaange gëtt net richteg kloër.
Den Asaz vun der Schosswaff gesinn ech hei dofier och net sou richteg gerechtfärdegt.
Politik ist die Kunst, die Bürger immer wieder so schnell über den Tisch zu ziehen, daß sie glauben, die dabei entstehende Reibungshitze sei Nestwärme

467

25.06.2009, 11:16

Zitat

Trotz de geféierleche Manöver ass kee blesséiert ginn. An den Auto ass och net vum Policebeamte getraff ginn.
Ech kommen mer soulues fir wéi am Wellen Westen. Hien wollt bestemmt op den Benzinstank scheissen, fir dat den Auto explodéiert. Am Fernseher mecht en daat dach och emmer ??

468

25.06.2009, 11:23

Zitat

An den Auto ass och net vum Policebeamte getraff ginn
Wou sinn d'Schëss dann higaangen? ;)

Um Schéissstand ass den Kugelfang eng vun deenen wichtegsten Virriichtungen 8o
Politik ist die Kunst, die Bürger immer wieder so schnell über den Tisch zu ziehen, daß sie glauben, die dabei entstehende Reibungshitze sei Nestwärme

Jempi

Administrator

Beiträge: 2 590

Wohnort: Beim neien Prisong

Beruf: Meckerer

  • Nachricht senden

469

25.06.2009, 11:42

Hien wollt bestemmt op den Benzinstank scheissen, fir dat den Auto explodéiert.

Just dass, aus einfachsten chemesche Grënn, ee Benzinstank guer net kann explodéieren, dee ka just Feier fänken. Wats du ëmmer an de Filmer gesäiss, ass, technesch gesinn, vollkommene Quatsch.
"Truth is the most valuable thing we have. Let us economize it."
Mark Twain

FlashBack

unregistriert

470

25.06.2009, 11:50

dat ass nees en iwerforméierten Flick dem een am beschten huet Computerspiller an Telé ze verbidden. Den huet bestëmmt Posteren vum Chuck Norris am Buro hänken 8)

Jempi

Administrator

Beiträge: 2 590

Wohnort: Beim neien Prisong

Beruf: Meckerer

  • Nachricht senden

471

25.06.2009, 11:52

Den huet bestëmmt Posteren vum Chuck Norris am Buro hänken 8)

... oder vum Clint Eastwood als "Dirty Harry".
"Truth is the most valuable thing we have. Let us economize it."
Mark Twain

472

25.06.2009, 12:01

...ey a lo keng Spekulatiounen hei wou di Kugelen dann higangen sin an ob se eventuell vlait hätte kéinten Iergendeen verletzen-si hu kee getraff dat as d'Haaptsaach. Domat as d'Affär erleedegt a gëtt ennert den Teppech gekiert.
Stumpf ist Trumpf!
-Dendemann

474

26.06.2009, 13:54

Flicken sin och Menschen an dohir maan se och alt mol Fehler. Lo as et just nach un um Policeapparat an der Justiz dat anzegesin an dat och öffentlech mol ze soen. Well mat daer Stackarroganter Astellung vun Onfeelbarkeet an absoluter onerschütterlecher Gottgegebener an onunzweifelbarer Autoritéit fänken se un a Konflikt ze geroden mat villen demokrateschen Prinzipien, mol dovun ofgesin datt dat Gehabe vun onsen Flicken mettlerweil souguer ufänkt deem allerbravsten Paaf nawell gewalteg op de Geescht ze goen sou nom Motto "Wat as eigentlech denen hir Aufgab a vir ween halen déi sech mettlerweil-si agéiren an eisem Numm am Numm vum Vollek an de Policeapparat daerf kee Staat am Staat sin wi dat bei eis as.
Stumpf ist Trumpf!
-Dendemann

475

26.06.2009, 15:17

et vergeet emol net mie eng woch ouni datt eppes ass matt eiser poliss......

waat fir eng apparatur soll daat dann sin " een Chip aus dem Policeauto ausgewäert ginn op dem Donnéeën ofgespäichert ginn"

secher d vitesse, d auerzait an op d reklammsluuchten un woren ???

am wort online ass nach emmer folgendes ze liesen ( obschons den artikel em 11:24 aktualisierrt gouf....jo an comentairen gin et och schons)

zitat
Schwerverletzte Beamtin26.06.2009 08:14 Uhr, aktualisiert 26.06.2009 11:24 Uhr
--------------------------------------------------------------------------------

Polizeifahrzeug landet nach Zusammenprall auf dem Dach
(jw) - Am frühen Freitagmorgen gegen 2 Uhr hat sich eine Polizistin bei einem Verkehrsunfall im hauptstädtischen Bahnhofsviertel schwere Verletzungen zugezogen. Der Einsatzwagen, in dem die Polizistin als Beifahrerin saß, wurde an einer Kreuzung von einem entgegenkommenden Fahrzeug seitlich getroffen und überschlug sich.

Der Polizeiwagen war im Eildienst auf der Rue de Bonnevoie in Richtung Verlorenkost unterwegs, als an der Kreuzung mit der Pénétrante du Sud ein aus Richtung Rocade de Bonnevoie kommender Verkehrsteilnehmer in die Fahrerseite des Polizeifahrzeugs raste. Der Einsatzwagen der Polizei Luxemburg überschlug sich und blieb auf Höhe des öffentlichen Aufzugs auf dem Dach liegen.

Die Beifahrerin des Dienstwagens wurde mit schweren Verletzungen ins Krankenhaus gebracht. Beide Fahrer mussten sich einem Alkoholtest unterziehen, der jeweils negativ ausfiel. Sie wurden zur Untersuchung ins Krankenhaus gebracht. Zur Klärung des Unfallhergangs soll der Unfalldatenspeicher des Dienstwagens der Polizei ausgewertet werden. Vor Ort war die Polizei Luxemburg und die Berufsfeuerwehr mit den Bergungsarbeiten beschäftigt.

Die Polizei bittet eventuelle Zeugen des Unfalls, sich unter der 4997 4500 oder dem Notruf 113 zu melden.

---------------------------------
Ihre Meinung zum ThemaHier anmelden und kommentieren Bisher haben 2 Leser ihre Meinung zu diesem Thema abgegeben.

Sacha B. meint:
26.06.2009, 12:20 Uhr
Et ginn och nach ëmmer Leit déi net wëssen waat eng Blo Luut oder Sirene ass. Ech hunn schons oft op der Autobunn Ambulanzen gesinn fueren, an dann haaten se en Auto firdrun deen et einfach net fir neideg fonnt huet ze reckelen.
Michel Conter meint:
26.06.2009, 08:38 Uhr
Sou wei dei heinsto iwert Kreizungen zichen an net wirklech oppassen wann se Luchten an Siren un hun, misst daat doten jio baal engkeier firkommen...
http://www.wort.lu/wort/web/letzebuerg/a…uf-dem-dach.php

wie wor et dann d lescht joer op der place d argent, haat den polisswoon dann do och esou en chip....fir d onfalldaten.... ?

nun esou laang wie justiz an poliss ennert engem CSV minister stinn waert sech net vill um staat am staat aenneren

emmerhinn kennen d garagisten erem eppes verkaafen
wou sin ech drun ?

de richtege Wee : "Ne rien nier à priori, ne rien affirmer sans preuve."

"Deception is a state of mind and the mind of the State" :thumbup:

476

26.06.2009, 16:14

Ech wollt jo lo net direkt eppes soen soss heescht et rem ech géing just géint Flicken stänkeren mee och mir sin se mol Moies um elef Auer mat Bloliicht a bestemmt 160 vun Hollerech Richtung Tunnel-Autobunn bal iwwert de capot geflunn. Ech koum vum Geessekneppchen an hat Greng Luut. Di koumen dermoossen geflunn, dat akustescht Signal hun ech réischt héiren wu se schons laanst waren. Ech hu gebremst am läscht Moment dofir huet et net gereabbelt. Si sin weider gefuer , 100 Meter weider hun se du gebremst, si kuerz stoen bliwwen a sin du weider gefuer. Ech mengen och wann ee sech fir onfeelbar hällt verhennert dat awer net datt ee sech un de code de la route hällt oder op manst Aan op mecht.
Stumpf ist Trumpf!
-Dendemann

Jempi

Administrator

Beiträge: 2 590

Wohnort: Beim neien Prisong

Beruf: Meckerer

  • Nachricht senden

477

26.06.2009, 16:44

Di koumen dermoossen geflunn, dat akustescht Signal hun ech réischt héiren wu se schons laanst waren.

Hmmmm........ jo esou eppes gëtt et wiirklech......

Dat nennt een dann Iwwerschallgeschwindegkeet. A well de Schall eng Vitesse vun ongeféier 340 m/s huet, also eppes iwwer 1200 km/h, waren déi wiirklech ganz séier ennerwee .....
"Truth is the most valuable thing we have. Let us economize it."
Mark Twain

478

26.06.2009, 16:48

ech well mer nun och net soen loosen datt ech emmer ze kritisieren haett :thumbup:

hei och emol eppes positives...

Police: Zu Bartreng goufen 2 Brigangen no Iwwerfall verhaft

An engem Geschäft zu Bartreng an der Lonkescher Strooss hunn zwee Männer den Donneschdeg e GSM geklaut an och eng Camera.


Si goufen vum Sécherheetspersonal festgehal an esou konnten déi zwee a Rou vun der Police verhaft ginn.


http://news.rtl.lu/news/national/28815.html
wou sin ech drun ?

de richtege Wee : "Ne rien nier à priori, ne rien affirmer sans preuve."

"Deception is a state of mind and the mind of the State" :thumbup:

Dieser Beitrag wurde bereits 2 mal editiert, zuletzt von »c23y78« (29.06.2009, 06:39)


479

26.06.2009, 17:51

Flicke-Fest

An um Heemwee wärt een dann dei neisten Radaren an Alkohol-Kontroll-Geräter demonstreiert kreien ? :whistling:

Jempi

Administrator

Beiträge: 2 590

Wohnort: Beim neien Prisong

Beruf: Meckerer

  • Nachricht senden

480

26.06.2009, 18:09

Police: Zu Bartreng goufen 2 Brigangen no Iwwerfall verhaft

2 Brigangen?

Zitat

An engem Geschäft zu Bartreng an der Lonkescher Strooss hunn zwee Männer den Donneschdeg e GSM geklaut an och eng Camera.

Dat waren dach just 2 domm Jongen, déi eppes matgoen loosse wollten.

Déi 2 als Brigangen ze bezeechnen, ass dach een eenzege Witz! Wou ass dann do den Iwwerfall, wann 2 Jongen eppes an d'Täsch stiechen?
"Truth is the most valuable thing we have. Let us economize it."
Mark Twain