Sie sind nicht angemeldet.

Lieber Besucher, herzlich willkommen bei: LUX-FORUM. Falls dies Ihr erster Besuch auf dieser Seite ist, lesen Sie sich bitte die Hilfe durch. Dort wird Ihnen die Bedienung dieser Seite näher erläutert. Darüber hinaus sollten Sie sich registrieren, um alle Funktionen dieser Seite nutzen zu können. Benutzen Sie das Registrierungsformular, um sich zu registrieren oder informieren Sie sich ausführlich über den Registrierungsvorgang. Falls Sie sich bereits zu einem früheren Zeitpunkt registriert haben, können Sie sich hier anmelden.

21

30.04.2008, 23:31

@Alfa
Kéints Du w.e.g. e Link zur Quell vun Dengem Post uginn? Wann Nimm mat Foto gepost ginn ass eng Quellenugab nawell wellkomm ;)
Politik ist die Kunst, die Bürger immer wieder so schnell über den Tisch zu ziehen, daß sie glauben, die dabei entstehende Reibungshitze sei Nestwärme

22

01.05.2008, 00:13

wou ass de Vic Reuter? (Pressespriecher vun der Police)

Schons mi laang steet elo d'Police an der Aktualitaet aus deenen verschiddensten Ursaachen.
Awer ee Mann huet sech schon zenter Meint oder Joeren net mei gemellt, de Vic Reuter offizielle Pressespriecher vun der Police.

weder fir eppes Offizielles ze soen zum Wiessel an der Police-Direktioun
nach zu deer tragescher Affaer vun der Escher Gare
nach elo zu deenen neien Problemer em eng Alkohol-Prouw an em en Harcelement sexuel

Mol huet de Reuland geschwaat, mol de Fridden, mol de neien Direkter Nettgen, mol de Regional-Chef vun Esch (Mord an der Gare),
ower nie dee Mann deem seng Funktioun et eigentlech waer der Police hier offiziell Declaratiounen un de Public ze brengen...

Ass de Vic Reuter nach Pressespriecher vun der Police?
Oder huet hien en Changement d'administration gemaach? Ass hien vielleicht avanceiert zum Pressespriecher vum EU Praesident in spe JCJ?
Oder ass hien mam freieren Direkter Reuland op Den Haag gaangen zum Europol?
Religionen wachsen nicht im Bauch sondern im Kopf.
Die fünf ersten Dogmen der Religion von der Börse lauten:
Die Börse ist aller Anfang.
Die Börse hat aus zwei ihrer Rippen das Geld und die Erde erschaffen.
Im Garten Eden hat das Geld die Börse geschwängert.
Die Börse hat einen grossen rot glänzenden Apfel gelegt mit Eva und Adam im Kern drinne.
Die ersten Menschen haben sich aus dem reifen Apfel gebohrt und sich die Erde untertan gemacht, chaotisch unter der Oberaufsicht von Börse und Geld.

Dieser Beitrag wurde bereits 1 mal editiert, zuletzt von »iRobot« (01.05.2008, 00:18)


23

01.05.2008, 07:48

den haer reuter

den haer reuter wor op eemol ratzfatz fort, zoufall ??

hei ass en hinn http://www.europaforum.public.lu/fr/actu…uter/index.html

do verliert hien villaicht en puer kilo, waat jo net schlecht ass. ;)

komesch datt eng plaatz fir en pressespriecher geschaaf gett, an dann keen remplacant do ass, do stiechen bestemmt nach aaner saachen dohannert

a propos wienie ass den haer reuland gaangen ginn resp. befördert ginn ? en puer wochen virdrunn zoufall ?

mer ginn eremm fir domm verkaaf

cy
wou sin ech drun ?

de richtege Wee : "Ne rien nier à priori, ne rien affirmer sans preuve."

"Deception is a state of mind and the mind of the State" :thumbup:

24

01.05.2008, 08:51

Daat ass wahrscheinleich Zoufall, dass den Vic Reuter ëm déi Zeit an den Kosovo gangen ass. Ech muss just kräischen, wann ech liësen "au service de l'Etat de Droit au Kosovo".

Wéi ass et dann hei mam Etat de Droit?

L'État de droit est donc très lié au respect de la hiérarchie des normes, de la séparation des pouvoirs et des droits fondamentaux.

Autrement dit, l'État de droit est celui dans lesquels les mandataires politiques (en démocratie : les élus), sont tenus par le droit qui a été édicté. La théorie de la séparation des pouvoirs de Montesquieu garantit que chacun des trois pouvoirs : exécutif, législatif et judiciaire sont distincts et donc se limitent.

Dieser Beitrag wurde bereits 1 mal editiert, zuletzt von »Hydra« (01.05.2008, 08:58)


Jempi

Administrator

Beiträge: 2 590

Wohnort: Beim neien Prisong

Beruf: Meckerer

  • Nachricht senden

25

01.05.2008, 09:37

Zitat

Justizminister Luc Frieden ... warnt davor, "die Vorwürfe auf die gesamte Polizei auszuweiten". Es gehe um das Fehlverhalten von Einzelpersonen.

Kënnt dir hei liesen: http://www.wort.lu/articles/6613650.html

Dat waren also Eenzelpersounen, déi am November, no iwwer 20 Joer Vertuschung an Verheemlechung ugeklot goufen........

Eisen Generaldirekter an säin Generalsekretär vun der Police, déi trotz deem vum Minister bestalltem rapport de complaisance hunn missen "befördert" ginn (merci Här Biever), waren Eenzelpersounen.....

An elo dee Beamten vun der Police judiciaire, all séng Kolleegen, dei gehollef hunn, d'Saach ze vertuschen an den Direkter vun der Police judiciaire, alles Eenzelpersounen......

Bei wéivill "Eenzelpersounen" sinn et dann keng Eenzelpersounen méi???????

Ech, fir mäin Deel, gesinn op jidfer Fall bei der nächster Kontroll op der Strooss, vun 2, 3, 4 oder och 5 Polizisten just Eenzelpersounen, esou wi mäin Minister mir dat jo wëllt kloer maachen.
"Truth is the most valuable thing we have. Let us economize it."
Mark Twain

26

01.05.2008, 10:27

Eenzelpersounen

all die hiech beamten ( et aas jo alles eng ganz bestemmten generatioun) sollen jo eng firbildfonktioun hunn op den ganzen corps hunn

domatter ass et net wait hier, waat kennt nach alles, an richteg bestrooft gett jo souwiesou keen ( se wessen jo all vill teppechgeschichten)

an wie den anwaerter geschter soot, hien kann an weell jo net alles wessen, dofir ass hien net zoustaenneg, et misst een sech emol zait huelen fir eng lescht vun dem minister maachen waat alles an den leschten 7 joer ungefall ass, ( seng studentenzait zu parais wellen mer emol ausloossen)

genau deen krien mer den 1 januar als premier dann eventuel virgesaat.......

poliss an gendarmerie haetten nie dierfen fusioniert ginn, well en apparat vun ± 1500 leit ass net ze kontrollieren

an elo kreien mer ennert dem motto "mie secherheet " nach en puer honnert beamten bei

eis "press" mecht jo och gaeren matt, well all daag krien mer schien geschichten praesentiert

cy
wou sin ech drun ?

de richtege Wee : "Ne rien nier à priori, ne rien affirmer sans preuve."

"Deception is a state of mind and the mind of the State" :thumbup:

27

01.05.2008, 11:29

RE: Eenzelpersounen


an wie den anwaerter geschter soot, hien kann an weell jo net alles wessen, dofir ass hien net zoustaenneg, genau deen krien mer den 1 januar als premier dann eventuel virgesaat......
Ech hun keng 20 Joër méi, an mat der Zeit ën dëckt Fell kritt, mee deen do Saatz gëschter, dass hiën net kann an net wëll alles wëssen, deen huët mech schockéiert.

28

01.05.2008, 12:08

Wéini schwätzt een vun Disfonktionnement?

Dat wat bei der Police leeft, sin dat kleng Cavaléiersdelikter vun héigen Beamten oder ass dat schon ën Disfonktionnement?

Ech kann mëch net méi richteg erënneren wéi dat deemols bei der Santé war, wéi vun Disfonktionnement geschwaat gin ass, wees nach een dat? Do huët jo missten den Minister plënneren, wéi ass dat dann elo hei?

Jempi

Administrator

Beiträge: 2 590

Wohnort: Beim neien Prisong

Beruf: Meckerer

  • Nachricht senden

29

01.05.2008, 12:21

RE: Wéini schwätzt een vun Disfonktionnement?

Ech kann mëch net méi richteg erënneren wéi dat deemols bei der Santé war, wéi vun Disfonktionnement geschwaat gin ass, wees nach een dat? Do huët jo missten den Minister plënneren, wéi ass dat dann elo hei?

Hydra,

Bei der Santé ass et net:

- em 20 Joer a méi vertuschen gaang;
- em Falschaussoen virun engem Ënnersuuchungsriichter gaang;
- em Harcèlement am Dingscht gaang;
- em Vernichtung vun Beweiser gaang.

Also, virwat soll dann elo de Minister zeréck trieden?

PS: An dat waren deemols och keng Eenzelfäll, dat war just de Fall vun enger eenzeger Persoun. Bei Eenzelfäll wëllt de Minister jo näischt dovunner wëssen.
"Truth is the most valuable thing we have. Let us economize it."
Mark Twain

30

01.05.2008, 13:45

RE: Wéini schwätzt een vun Disfonktionnement?

Ech kann mëch net méi richteg erënneren wéi dat deemols bei der Santé war, wéi vun Disfonktionnement geschwaat gin ass, wees nach een dat? Do huët jo missten den Minister plënneren, wéi ass dat dann elo hei?
1) do huet nët missen e Minister plënneren , do ass ët ëm eng ganz Reih vu Magouillen gaangen déi vun héigere Beamten (e.a. Reimen) ausgaang sin , am Zesummenhang mat Gelder déi op deene falsche Plaatze zweckentfremdend "verbucht" si gin (ënner aanerem am CHL, am C. Thermal Mondorf, an bei aaner Santé-gesponsert Klibbercher )
2) do huet en éierleche Minister (Johnny Lahure) sech dofir verantwortlech gespiert , huet doraus d'Konsequenze gezun an huet vun sech aus démissionnéiert ;
3) de Reimen ass subliméiert gin, daat heescht e krut eng ganz deck Plaatz zu Bréissel (mat Chauffeur) ;
4) de J.Lahure ass vu senger Partei (LSAP) faale gelooss gin, an ass nët allzelaang dono gestuewen.

Esou fonktionnéert daat hei zu L , an da gët nach gesoot d'Politik wär ë knaschtegt Geschäft :!:
Das sogenannte Theodizeeproblem :
Kann oder will Gott das Leid in dieser Welt und die Untaten seiner Kirchenmänner nicht verhindern?
Wenn er es nicht kann, ist er nicht allmächtig, wenn er es nicht will, dann ist er nicht allgütig !

31

01.05.2008, 14:01

Merci iëch zwee,

Elo wees ech et nees, den @mJANG huët mer et erem ganz gudd an Erënnerung geruff.

Sidd dir also menger Meenung, dass et Disfonktionnementer sin.

Déi Affaire huët dem Här Lahure seng Gesondheet komplett ruinéiert, där Meenung sin net nëmmen mir mJANG.

Den Här Friden awer, wëllt neischt wëssen, ass dann do net déi logesch Schlussfolgerung, dass hiën mat der Politik ophällt? Wann hiën den Premier wär, dann wéilt hiën jo och neischt wëssen, also brauchen mir hiën net méi.

32

01.05.2008, 14:15

den anwaerter/student ass esou oofgehuewen, datt hien et emol net mie mirkt, ech hunn nach nie esou eng arroganz gesinn

hei den link op den clip vun geschter : http://streaming.newmedia.lu/768K/12/200…080430_768K.wmv

seng budgeen sinn jo och nach rar opgaangen, mer mussen all spueren fir dass nato mie geld kritt

laut stemmen wier esouguer den Wacl bildgen un der rei fir premier ze ginn, ass do iwerhaapt eng regelung firgesinn ??

glaich maachen mer den anwaerter eng eegen rubrik op, well d poliss kann jo och net dofir, obschons des beamten hien jo wielen

cy
wou sin ech drun ?

de richtege Wee : "Ne rien nier à priori, ne rien affirmer sans preuve."

"Deception is a state of mind and the mind of the State" :thumbup:

Dieser Beitrag wurde bereits 1 mal editiert, zuletzt von »c23y78« (01.05.2008, 21:03)


33

01.05.2008, 15:47

Dann haat ech jo Recht: e gudd "Sprangbried"...

Dann ass de Vic jo tatsaechlech elo am Kosovo bei enger EU Institutioun EULEX.
E gudd Sprangbried mat e puer Optiounen fir d'Zukunft.

- de Vic kann entweder am Kosovo d'Heemechts-Sprooch leieren, sech abiergeren loossen a vielleicht Direkter ginn vun der neier kosovarescher Televisioun?
- oder dei naechst Statioun ass de Pressespriecher-Posten vum EU Praesident JCJ

Dat zweet ass mei wahrscheinlech. (eng besser Pai a mei e sechert Emfeld !!)
Ma de Vic soll awer bedenken dass de JCJ och ganz gaeren SELWER virun der Presse Ried an Aentwert steed an et doofir nach guer net acquis ass dass hien op Dauer e Presse-Spriecher brauch!

Ugeholl de Vic kann net JC I - Pressespriecher ginn oder bleiwen, dann ass emmer nach eng drett Meiglechkeet do: Direkter resp. Chef-Zensor bei der nationaler TV Programmkomission oder dem Presseroot, beides Institutiounen dei no de Virstellungen vun der Regiirung endlech sollen richteg Zaenn kreien a kennen Sanktiounen verhaenken geint zum Beispiel wann op der Tele sexistesch Pub-en oder Menschen-entwirdegend Sendungen gemaach ginn.

Iwwerdeems waert wuel de Minister de la Force Publique de Posten vum Police-Pressespriecher ewech rationaliseiert hunn, well deen souwisou ni richteg ausgelaascht ass an domat ze deier an der Pei.

Et war jo och vielleicht dem Ex-Direkter Reuland seng Iddi, d'Police mei Publikums-visible ze maachen durch d'Schaaffen vun deem Posten, ma de Nofolger Nettgen denkt zu Recht dass hien och selwer kann Spriecher fir seng Institutioun sinn, a een keen extra Posten doofir brauch deen onneideg Suen kascht...
Religionen wachsen nicht im Bauch sondern im Kopf.
Die fünf ersten Dogmen der Religion von der Börse lauten:
Die Börse ist aller Anfang.
Die Börse hat aus zwei ihrer Rippen das Geld und die Erde erschaffen.
Im Garten Eden hat das Geld die Börse geschwängert.
Die Börse hat einen grossen rot glänzenden Apfel gelegt mit Eva und Adam im Kern drinne.
Die ersten Menschen haben sich aus dem reifen Apfel gebohrt und sich die Erde untertan gemacht, chaotisch unter der Oberaufsicht von Börse und Geld.

Dieser Beitrag wurde bereits 1 mal editiert, zuletzt von »iRobot« (01.05.2008, 16:07)


34

01.05.2008, 15:56

Wann elo d'duebel Nationalitéits-Gesetz do ass, géing ech dem Här Reuter roden, sech Kosovar machen ze loossen. Ë gudden Job do bei der Telé ass vill méi wéi Polizei-Spriëcher hei zu Lëtzebuerg. Gudd Idee @iRobot. :)

superheng79

unregistriert

35

01.05.2008, 21:34

Ech hun awer geschter Moien, also den 30 Abrell,mengen mol, och eppes vun deem Flicenskandal matkritt.

Zurzait ass meng Mam an d'Vakanz an ech passen op Haus an Hond op. An geschter moien kucken ech zur Fenster eraus an vis a vis laafen lauter schwaarz gekleedten Männecher mat Cagoulen an der Opschreft Police um Reck, an op eemol haaten se den Noper um Buedem leien. An do an den Schwarzen Landcruiser an fort, Fra an Kanner stungen geschockt do, waat een Szenario!!!

Den Verhaftenen ass selwer Flic bei der Police judiciare, wat Saach emsou mei brisant mecht.

36

01.05.2008, 21:45

Du bass jo awer secher dass de nët gedreemt hues !
Das sogenannte Theodizeeproblem :
Kann oder will Gott das Leid in dieser Welt und die Untaten seiner Kirchenmänner nicht verhindern?
Wenn er es nicht kann, ist er nicht allmächtig, wenn er es nicht will, dann ist er nicht allgütig !

37

01.05.2008, 21:54

et zitt jo dann emmer weider kreesser,

keen wonner datt se mie personal brauchen bei deen verschleiss :) :)

daat arangiert jo onsen minister, well esou kann hien jo mie personal fuerderen fir den polizeistaat ze verstaerken

hei nach den video vun den vermummten : http://www.youtube.com/watch?v=p4Fui3_jwhg&feature=related :thumbsup:

cy
wou sin ech drun ?

de richtege Wee : "Ne rien nier à priori, ne rien affirmer sans preuve."

"Deception is a state of mind and the mind of the State" :thumbup:

38

02.05.2008, 10:43

Majo, dat as jo keen wonner. Kommt ob den Härebierg, bessi Ausbildung an schon bas de Polizist, an lo jo nach mei praktesch: Policeschoul.
Kuk dach nemmen wat alles mat enger Uniform rondrem leeft, kleng Meckentarzanen, 1,70 grouss an 50kg, knapps 20, gesin aus wei kanpps 16, an vun sou eppes mussen mer eis dan Protokoller maan loosen oder Respekt hun? Naja
Do misst vill mei gesennert gin
Den déiwe Kèr vun der Saach läit einfach doran, dass e Polizist zum Corps vun der "Öffentllicher MACHT " gehéiert. Ville vun deene jonke Kärelen klëmmt daat awer an de Kapp wann se stolz hir Uniform droen an sech dobäi soen "ech sin e Bestanddeel vun der öffentlecher Macht" fir dann wéi esou oft déi vermeintlech Macht mëssbräichlech auszeüben .
Si mengen dann zu onrecht, dass sie och ë Krack méi Rechter hätten wéi en normale Bierger, (parken hiren Privatauto egaal wou , könne rennen op der Strooss ouni Angscht ze hun dass hinnen e Kolleg e Protokoll mecht, sie drenken och nach no Feierowend gemütlech am Bistrot hire Béier asw. asf...
An d'ass an deem selwechte Geescht wou se herno och handlen wann se am Grad gestiege sin , an déi aus deenen iëweschte Graden fillen sech dann esou iwer alles erhaben , dass se mengen weder der Justiz nach iergend engem Minister Rechenschaft oofléen ze missen !
Das sogenannte Theodizeeproblem :
Kann oder will Gott das Leid in dieser Welt und die Untaten seiner Kirchenmänner nicht verhindern?
Wenn er es nicht kann, ist er nicht allmächtig, wenn er es nicht will, dann ist er nicht allgütig !

Jempi

Administrator

Beiträge: 2 590

Wohnort: Beim neien Prisong

Beruf: Meckerer

  • Nachricht senden

39

02.05.2008, 11:10

Ee groussen Deel vum ganzen Malaise kënnt dohier, dass et vill ze enk Relatiounen tëschend der Police an der IGP gët. Ech hätt do emol eng Fro un der Här Frieden, an esou laang wéi hien mir keng Äntwert op des wirklech légitim Fro gët, denken ech mir d'Äntwert eeben:

Här Frieden: Wéivill Leit schaffen bei der IGP? Wéivill dovunn (an ech schwetzen elo net vun den Sekretärinnen) sinn fréier Polizisten, wéivill dovunn kommen vun entzousch anescht hier an wouhier kommen déi? Aner Fro: Ass d'IGP autonom an därf op eegen Initiativ eng Enquête maachen oder mussen si waarden, bis si eng Plainte erakréien.

Dann nach eng aner Saach: Mir hunn eng Police, mir hunn eng IGP, mir hunn e Parquet an eng Justiz. Aus guddem Gronn sinn all déi Saachen, wéinegstens um Pobeier, getrennt. Här Frieden, fannt dir et normal, dass alle véier Organer deem selweschten Minister ënnerstinn?
"Truth is the most valuable thing we have. Let us economize it."
Mark Twain

40

02.05.2008, 12:49

Steet d'séparation des pouvoirs iëren net méi an eiser Constitutioun?????