Sie sind nicht angemeldet.

Lieber Besucher, herzlich willkommen bei: LUX-FORUM. Falls dies Ihr erster Besuch auf dieser Seite ist, lesen Sie sich bitte die Hilfe durch. Dort wird Ihnen die Bedienung dieser Seite näher erläutert. Darüber hinaus sollten Sie sich registrieren, um alle Funktionen dieser Seite nutzen zu können. Benutzen Sie das Registrierungsformular, um sich zu registrieren oder informieren Sie sich ausführlich über den Registrierungsvorgang. Falls Sie sich bereits zu einem früheren Zeitpunkt registriert haben, können Sie sich hier anmelden.

1

29.04.2008, 18:51

Eis Police

Ët ass elo schon méi wéi lächerlech, et ass schon fir ze kräischen.

Bommeleeër, Suspensiounen asw. an elo dat hei: http://news.rtl.lu/news/national/20860.html

RTL-Informatioune no hunn de fréieren Regionaldirecter vun der Police Esch an e Cadre Supérieur vun der Police Judiciaire serieux Problemer mat der Justiz...

De Procureur Robert Biever huet eis dat confirméiert.

Dem Beamten aus der Police judiciaire gett reprochéiert, hien hätt sech zu Hamm enger Fra op exhibitionistesch Manéier gewisen. Seng Autosnummer war dobäi notéiert ginn.

Am Cader vun der Enquête géint hien hu seng Kollegen zoufälleg erausfonnt, datt de fréieren Escher Police-Regionaldirecter engem Kolleg en illegale Gefale gemat hat. No engem Accident, bei deem dee Kolleg zevill gedronk hat, huet den Escher Police-Chef anere Polizisten ordonnéiert, kee Protokoll ze man an d'Blutt - Tester ze zerstéieren. Den Incident ass och op säin Uerder aus de Police - Computeren verschwonnen.

An enger drëtter - scho bekannter - Affair geet d'Enquête hiere Wee.

D'inspection générale de la police ënnersicht jo d'Reproche vun Harcelement sexuel et moral géint de fréieren Directer vun der Police-Schoul. Wéi ze héieren ass, soen eenzel jonk Polizistinnen entretemps bei der IGP géngt de fréiere Schoul-Directer aus.

The_Ripper

unregistriert

2

29.04.2008, 19:55

Majo, dat as jo keen wonner. Kommt ob den Härebierg, bessi Ausbildung an schon bas de Polizist, an lo jo nach mei praktesch: Policeschoul.

Kuk dach nemmen wat alles mat enger Uniform rondrem leeft, kleng Meckentarzanen, 1,70 grouss an 50kg, knapps 20, gesin aus wei kanpps 16, an vun sou eppes mussen mer eis dan Protokoller maan loosen oder Respekt hun? Naja

Do misst vill mei gesennert gin

3

29.04.2008, 20:13

Du hues jo net ganz onrecht mee wann e Flick eng Kéier d'Hand hieft ass d'Fest och rem un. Also firwat sollen mir Kleederschief an Uniformen hunn wann se dach näicht maachen därfen/kennen?
Politik ist die Kunst, die Bürger immer wieder so schnell über den Tisch zu ziehen, daß sie glauben, die dabei entstehende Reibungshitze sei Nestwärme

4

29.04.2008, 20:13

Majo, dat as jo keen wonner. Kommt ob den Härebierg, bessi Ausbildung an schon bas de Polizist, an lo jo nach mei praktesch: Policeschoul.


As dach eigentlech eng gudd Iddi, dass déi Leit eng Ausbildung kréien fir hieren Job, oder?

Zitat


Kuk dach nemmen wat alles mat enger Uniform rondrem leeft, kleng Meckentarzanen, 1,70 grouss an 50kg, knapps 20, gesin aus wei kanpps 16, an vun sou eppes mussen mer eis dan Protokoller maan loosen oder Respekt hun? Naja

Do misst vill mei gesennert gin


Dass déi Leit jonk ufänken, as hinnen jo net unzelaaschten - hier Statur och net. A ganz villen Beräicher as se jo och relativ irrelevant, oder? An Du muss Der keng Protokoller maachen loossen, ech zum Beispill hu mer dat nawell ofgewinnt. A Respekt sollst De virun jiddfereem hun, egal wéi jonk oder schmächteg as.

5

29.04.2008, 21:51

@Ripper: ech geif mech och net maat engem klengen Polizist unleen, Kierpermass as net emmer vun Virdeel ! ;)

6

29.04.2008, 22:19

@Ripper,

huës du an dëngem Eifer fir all Polizist schlecht ze machen erëm net alles geliës.

Et geet net ëm ën einfachen Polizist, an schon ëm guër keen vun 20 Joër.

Et geet em den Regionaldirekter, ëm ë Cadre Supérieur. Dann ass nach bei der Arméi ë fréieren Direkter vun der Police-Schoul, deen beschëllegt gëtt.

Also, eis einfach Polizisten mache d'Drëcksarbecht, an hir Cadre Supérieur'en kéieren d'S.. eraus. :cursing:

7

29.04.2008, 23:17

@Ripper,
huës du an dëngem Eifer fir all Polizist schlecht ze machen erëm net alles geliës.
Et geet net ëm ën einfachen Polizist, an schon ëm guër keen vun 20 Joër.
Et geet em den Regionaldirekter, ëm ë Cadre Supérieur. Dann ass nach bei der Arméi ë fréieren Direkter vun der Police-Schoul, deen beschëllegt gëtt.Also, eis einfach Polizisten mache d'Drëcksarbecht, an hir Cadre Supérieur'en kéieren d'S.. eraus. :cursing:

Ech gin dem Hydra völleg recht ! Ech fannen ët absolut primitif ëmmer d'Polizeibeamten als Vollidioten dohin ze stellen.
Déi meescht maachen eng verdammt schwéier Aarbecht, an ech fannen dass daat och emool misst gewürdegt gin , aplaatz pauschal géint déi Jongen a Meedercher ze stenkeren.
Polizist ass e Beruf wéi en aaneren, ët kann een en gudd ausüben oder schlecht. Me déi lamentabel Hetzcampagne géint dee ganze Corp fàngt un esou kannerech ze gin, dass ech iwer den intellektuelle Niveau vu verschidde Useren hei am Forum staark Zweiwelen hun!
Hei geet ët ëm de Commandement vun der Polizei, deen um Préifstand steht .... an d'gesäit nët gudd aus fir deen !
N.B. wuel verstaan ech selwer gehéieren nët zur Polizei !
Das sogenannte Theodizeeproblem :
Kann oder will Gott das Leid in dieser Welt und die Untaten seiner Kirchenmänner nicht verhindern?
Wenn er es nicht kann, ist er nicht allmächtig, wenn er es nicht will, dann ist er nicht allgütig !

superheng79

unregistriert

8

30.04.2008, 01:46

Jo, mee wann den Commandement vun den Flicen net leeft, fiirwt daat op dei ganz Trupp of. An daat dei Flicen, dei zu Esch dat ouni Mucken matgemeet hun, fir dei Saach vum Chef sengem Kolleeg, einfach ze läschen, weist jo datt och ''einfach'' Flicen betraff sin, an och net besser sin. Och wann dei sech komescherweis net strofbaar gemeet hun!!!

Dei meescht gin an d'Policeschoul fir eng Plaaz beim Staat ze hun an wann d'Elteren do Relatiounen hun, an erfeieren dann mol neno riichteg, wann se mat de Realiteit konfronteiert gin, an dann hun se d'Flemm.

Firwaat seet d'Flicengewerkschaft prinzipiell naischt zu den Virwerf gein Leit an hiren Reihen, oder stellen sech mol hannert dei normal Flicen geint de Cadre supérieur. Jhust well se mat der Direktioun een Kapp an een Arsch sin, an jhust eemol am Joer hiren Communiqué erausgin, wou den anscheinend permanenten Personalmangel, opgebauscht get, fir esou dei feelend Präsenz op den Strossen einfach an belleg ze rechtfaerdegen !!!

Well d'IGP ass dach och keen Fascht waert, dei do setzen, sin dei freier Arbeschtskolleegen, vun der heiteger Policedirektioun, do schaisst dach keen deen aaneren un!!!

Wei soll ech dann als Biirger virun sou enger Trupp Respekt hun, wann souguer een verurteelten Täter, einfach weider daerf Flic bleiwen, wei den Flic, deen dem Bauer an den Kapp geschoss haat!!!

AN och wann der do vlait puer sin, dei motiveiert sin, gin se doduerch awer mat erof gezun, waat jo normal ass!!!

Mee op Police oder Armei, am beschten fannen ech datt ''Harcèlement sexuel'' heizuland net strofbar ass. Daat ass dach een Witz, doduerch ass dann zb och Mobbing praktesch inexistent an deer Hinsicht. DAnn keinnt ech jo lo einfach duerch d'Staad goen, an all Framensch gudd domm an dreckeg unmaachen ouni irgendwelch Konsequenzen. Wow, wei krank ass daat dann.

Den Fraenrot keinnt sech jo mol vlait doriwwer opreegen, wei iwweert sexistesch Reklammen, waat jo wuel manner schlemm ass, oder????

Dieser Beitrag wurde bereits 1 mal editiert, zuletzt von »superheng79« (30.04.2008, 01:53)


Jempi

Administrator

Beiträge: 2 590

Wohnort: Beim neien Prisong

Beruf: Meckerer

  • Nachricht senden

9

30.04.2008, 02:49

Hydra,

Wat soll een dozou nach soen ausser deem berümten Saatz: "De Fësch fängt beim Kapp un ze sténken." An dat ass bei eiser Organisatioun jo och wierklech kee Wonner. Do gët et eng Inspection générale de la police, deenen hier Memberen just aus fréieren Memberen aus der Police bestinn an och an Zukunft wärten bestoen. Bei esou engem klengen Corps kennen d'Dirigeanten vun der IGP dach d'Dirigeanten vun der Police genau, ech wetten, do ass esou guer eng Majoritéit, déi de Week-End an d'Vakanz zesummen verbréngen. Do kann dach keen de Mond opdoen.

An dann hiren ierwechten Chef: Deen hat an der Bommeléeraffär dach nach op déi "Connection" gehofft, wéi hien am Dezember d'IGP beoptraagt huet, fir en Rapport iwwert den Generaldirekter vun der Police an säin Generalsekretär virzeléen, et ass just dem Robi Biever säin Verdéngscht, dass déi Rechnung net opgaang ass.

Mee wat këmmert dat eisen Minister vun der Police? Deen huet dach ganz aner Objektiver, wéi sech em esou Klengegkeeten ze këmmeren. Virwat huet hien wuel den JCJ d'lescht Woch op Moskau begleet, hien huet absolut keng aussenpolitesch Funktioun. Hien gouf dach just am Kreml vum JCJ als zukünftegen Staatsminister virgestallt.

Ech kann just widderhuelen, wat ech op aneren Plazen hei schon ugedeit hunn: An engem Joer weist et sech, op d'Lëtzebuerger wirklech schon matt kritt hunn, dass mir eng Demokrati hunn an eis net grad alles mussen gefalen loossen.

Mee do sinn ech zimmlech skeptesch, dass dee Message beim Vollék schon ukomm ass. Och do brauchen mir eeben méi laang.
"Truth is the most valuable thing we have. Let us economize it."
Mark Twain

10

30.04.2008, 08:16

@Superheng 79,

Déi Kleng bei der Police mussen d'Uerderen vun hiren Chefen exécutéieren, et ass wéi bei der Arméi. Also loossen mir emol déi Kleng bei der Police an Rou.

Dass harcélement sexuel hei net verbuëden ass, fannen ech alt erem typesch. Wéi's du sees, den Fraenrot hätt bësser sech dorëms ze këmmeren, wéi ëm Reklammen. Beim harcèlement sexuel gin ech direkt ungegraff an forcéiert mir dat gefaalen ze loossen, während bei den Reklammen, déi Meedercher sech freiwëlleg zur Verfügung gestallt hun, et mir also egal ass.

@Jempi,

ech mengen den Roby Biver hätt virgeschloën ë Magistrat als Chef vun der IGP anzesëtzen. Op daat hëlleft?? Wat den Minister vun der Police unbelangt, sou gët hiën fir mëch vun Dag zu Dag ëmmer manner wiëlenswert, wann hiën dann soll gewiëlt gin, dann hun mir et net besser verdëngt. Ech woën nämlech ze bezweifelen, dass d'Lëtzebuerger nom Referendum fir d'EU Constitutioun vill beigeléiert hun.

11

30.04.2008, 11:54

Wann den neien Direkter vun der Police d'Flemm huet, dann wär elo d'Gelegenheet do fir eng besser Platz ze kreien, e breicht just ze soen daat en sech hannert seng Leit stellt.

12

30.04.2008, 12:01

Déi Kleng bei der Police mussen d'Uerderen vun hiren Chefen exécutéieren, et ass wéi bei der Arméi. Also loossen mir emol déi Kleng bei der Police an Rou.
Statut général des fonctionnaires de l'Etat
Chapitre 5. - Devoirs du fonctionnaire
Art. 9.

...
4.
Lorsque le fonctionnaire estime qu’un ordre reçu est entaché d’irrégularité, ou
que son exécution peut entraîner des inconvénients graves, il doit, par écrit,
et par la voie hiérarchique, faire connaître son opinion au supérieur dont
l’ordre émane. Si celui-ci confirme l’ordre par écrit, le fonctionnaire doit s’y
conformer, à moins que l’exécution de cet ordre ne soit pénalement répressible.
Si les circonstances l’exigent, la contestation et le maintien de l’ordre
peuvent se faire verbalement. Chacune des parties doit confirmer sa position
sans délai par écrit.



An dorenner fällt och d'Police.

13

30.04.2008, 12:19

Bass du do sëcher? Ech hun den Procureur gëschter anescht verstaan. Wéi wann sie ënnert d'Militärgesëtz géingen faalen.

14

30.04.2008, 13:52

De Statut vum Fonctionnaire zielt fir all Fonctionnaire, och fir Polizisten oder Armei-Personnal. Do get et nach intern Réglementer, mee dei mussen kompatibel mam Statut vum Fonctionnaire sin, wann net sin se fir an d'Dreckskescht. Et ass iwwregens och genau daat waat Polizisten ze bechsen kreien vir hiren Ustellungsexamen.

15

30.04.2008, 13:56

Aha, dann hun ech dat wuël falsch verstaan. Allerdëngs froën ech mech wat geschitt wär wann sie den groussen Chef ungeschwärzt hätten, an et hätt nach méi ë groussen Chef d'Hand iwert den groussen Chef gehaalen. :?:

16

30.04.2008, 14:02

Ech verstinn daat do souweisou net, wei blöd war deen? Dei Beamten dei ee gedoen huet Beweismettel verschwannen ze loosen hun een dach emmer an der Hand. Virun allen wann ee wees (oder wesse misst) daat eng Affaire dei am Bureau an den informatesche System agedroen gueff, en net mei ouni Spuren ze hannerloosen kann raushuelen. Am Kloertext: Wann een sou eppes mauschelt dann muss daat gemach gin bevir deen Beamten virun Schichtenn sei Krom an de System aget, also am beschten op der Platz.
Daat ass och de Grond firwaat een net mei vill Polizisten fennd dei engem sein PV "an d'Reih machen", se kennen et, mee am System steet emmer dran daat de Jempi de Fait aus der Welt geschafft guet. A wann eng Keier de Chef nofreet firwaat, dann huet de Jempi besser eng gudd Ausried parat.

17

30.04.2008, 14:37

@Elvin,

jo, daat do war keng Hell.

Jempi

Administrator

Beiträge: 2 590

Wohnort: Beim neien Prisong

Beruf: Meckerer

  • Nachricht senden

18

30.04.2008, 14:56

.....mee am System steet emmer dran daat de Jempi de Fait aus der Welt geschafft guet. A wann eng Keier de Chef nofreet firwaat, dann huet de Jempi besser eng gudd Ausried parat.

Also, elo geet et awer duer matt den Ënnerstellungen, soss kënnt de Jempi hei matt séngem Affekot! :cursing: ;)
"Truth is the most valuable thing we have. Let us economize it."
Mark Twain

19

30.04.2008, 18:43

An d'Këpp rullen weider op héischem Niveau

RTL 30.04.2008

Disc. Enquête géint den Direkter vun der Police judiciaire


Géint den Direkter vun der Police judiciaire Patrice Solagna ass eng
procédure disciplinaire am Gang. Dat deelt de Justiz- a Policeminister
Frieden mat....

Hien äntwert domatt op eng Fro vum liberalen
Deputéierten Xavier Bettel. Dee wollt Détailer iwwer en Offizéier aus
der Police judiciaire gewuer ginn, deen als Exhibitionist gesi gi war.



Aus der Äntwert vum Minister geet erfir, datt de Patrice Solagna, den
Directer vun der PJ, vun deeër Affair eppes wosst, an zwar schon am
Summer 2006. De Patrice Solagna hat deemols mam Exhibitionist geschwat
a sech iwwerzeege geloss, datt et keng Infractioun géng ginn an et huet
näischt un de Parquet weiderginn.



De Procureur Robert Biever ass d'Affair vum Exhibitionismus awer gewuer
ginn an huet d' PJ géngt hiere Kolleg enquêtéiere geloss.



De Minister Luc Frieden appelléiert elo an d' Police sech exemplaresch
korrekt ze verhalen a jidfer illegalt Behuelen sollt sanctionnéiert
ginn.

Dieser Beitrag wurde bereits 1 mal editiert, zuletzt von »Alfa« (01.05.2008, 12:05)


The_Ripper

unregistriert

20

30.04.2008, 18:46

@All

ech un lo net all Polizist direkt als Idiot oder sou dohin gestempelt!!!!

Ech soot just, dat et freier en Privileg wer, beit Police ze kommen an Gendarme oder Polizist ze sen. Do hat jidereen an der Öffentlechkeet dei ganz Uniform un, Kaap ob ..., et hat een Respekt.

Haut huelen se baal jidereen, wan wan dan een klengen Zwer een unhällt, deen een kaum ob 16 geif tippen, dem Ausgesin no, den Kaap ner obhuet, Jaket obstoen, Hierm hallew aus der Box raushänken, dan muss en ob Zenn beissen, fir do Respekt ze weisen an net ze laachen.

Ech klennen och vill Polizisten an dei reegen sech selwer ob, wei weit hiiren Beruf komm as.