Sie sind nicht angemeldet.

Lieber Besucher, herzlich willkommen bei: LUX-FORUM. Falls dies Ihr erster Besuch auf dieser Seite ist, lesen Sie sich bitte die Hilfe durch. Dort wird Ihnen die Bedienung dieser Seite näher erläutert. Darüber hinaus sollten Sie sich registrieren, um alle Funktionen dieser Seite nutzen zu können. Benutzen Sie das Registrierungsformular, um sich zu registrieren oder informieren Sie sich ausführlich über den Registrierungsvorgang. Falls Sie sich bereits zu einem früheren Zeitpunkt registriert haben, können Sie sich hier anmelden.

341

16.04.2013, 10:12

"Man muss im Auge behalten, dass die NATO mächtig ist"

Nach e ganz aktuellen Interview mam Här Ganser vum Här Kompa

Zitat

BND-Schattenmann Kramer in tödlicher Mission?


Obwohl der Fall in Luxemburg alles bietet, was die Presse interessieren könnte (wie Hochadel, Sex-Skandale, Bomben, Geheimagenten, Vertuschung usw.), erfährt der Fall in der deutschen Presse kaum Aufmerksamkeit, während zur Verkündung der Lockerung des Bankgeheimnisses diese Woche sogar TV-Teams geschickt wurden. Haben Sie eine Erklärung?

Dr. Daniele Ganser: Über die NATO Geheimarmeen und mögliche Verbindungen zu Rechtsextremen und Terroranschlägen will man in Deutschland nicht sprechen. In anderen Ländern übrigens auch nicht. Es ist ganz klar, dass der Gerichtsprozess in Luxemburg über das Land hinausreicht und internationale Dimensionen hat, auch wenn noch nicht klar ist, was am Schluss herauskommt


An nach en Artikel plus Interview mam Här Kramer

Legte BND die Bombe ?

»Mein Vater hat Münchner Bombe mitgebaut«


.
wou sin ech drun ?

de richtege Wee : "Ne rien nier à priori, ne rien affirmer sans preuve."

"Deception is a state of mind and the mind of the State" :thumbup:

342

17.04.2013, 04:41

Die Sache mit der Staatsräson

Aus dem Journal vun gëscht

Zitat


Der Staatsminister kam bei der Regierungserklärung vergangene Woche nicht umhin, die beiden Affären anzuschneiden, die derzeit die Nation am meisten bewegen. „Et muss ee blann an daf sinn, fir net ze mierken, datt fir vill Leit eenzel Institutiounen net mei iwwer all Zweifel erhabe sinn", stellte der Premier mit Blick auf die „Bommeleeer"- und Geheimdienst-Affären fest. Wir hätten keine Staatskrise, aber es krisele im Staat, schlussfolgerte Juncker, und dieser Staat „däerf sech duerch säi Behuelen och net dem Verdacht aussetzen, d'Staatsorganer geife vertuschen, zoudecken a verstoppen. A se geifen dat bewosst maachen". Sehr richtig, auch wenn in der Praxis nicht gerade so entschieden gehandelt wird.

Sicher ist sich der Premier indes, dass die „BommeleeeV-Affäre nichts mit „Staatsräson" zu tun habe. Was aber gibt ihm diese Sicherheit? Verfügt er über Informationen, die es erlauben, völlig auszuschließen, dass der Staat jemals auch nicht im Namen von internationalen Verpflichtungen im Kalten Krieg -irgendetwas mit den Attentaten zu tun hatte?

Eins ist laut den Ermittlungen sicher: Uniformierte Staatsdiener, die einen Eid auf Großherzog, Verfassung und Gesetze unseres Staates schworen, befleißigten sich in den 1980ern, den selbigen zu destabilisieren. Mit welchem Ziel? Die zentrale Frage bleibt bis heute unbeantwortet.

Die Geschichte zeigt, wie kriminell und menschen¬feindlich die „Staatsräson" - insbesondere im Kalten Krieg - in manchen Ländern ausgelegt wurde. Und oftmals noch immer wird. Die Geschichte zeigt aber auch, wie tief man graben muss, bis die wahren Drahtzieher für das was Spezialisten „Staatsterrorismus" nennen, dingfest gemacht werden können, was alles in Bewegung gesetzt werden muss, bis der bleierne Deckel auf verschiedenen Affären Risse bekommt.

Die Aussage von Generalstaatsanwalt Robert Biever in einer der ersten Verhandlungen im „Bommeleeer"-Prozess, es gebe „Leute in hohen Positionen", die genau wüssten, was damals bei den Bombenattentaten passiert ist, lässt einen erschaudern. Aus welchem Grund sollten diese vielleicht staatstragenden Personen über 30 Jahre den Mund gehalten haben und ihn noch immer halten? Aus Eigeninteresse? Aus politischen Beweggründen? Aus „Staatsräson", um den „Staat", wie er ihnen beliebt, zu schützen? Im „Bommeleeer"-Dossier wimmelt es von Fragen, die den Staat, der nun als Nebenkläger im Prozess auftritt, direkt betreffen. Weshalb zum Beispiel entschädigte die Regierung zwei Anschlagsopfer und andere offenbar nicht? Aber dafür gibt es sicher triftige Erklärungen. Die werden unter anderem der damalige Re¬gierungsverantwortliche Santer in nächster Zukunft sicher im Zeugenstand unter Eid erläutern genau wie andere Zeugen, die damals hohe Positionen im Staate innehatten und zum Teil noch haben. Ihnen wird wohl klar sein, dass sie im vollen Masse zur Aufklärung der „Bommeleeer"-Attentate beitragen müssen.

Denn: „d'Staatsraison wellt nämlech, datt d'Bommeleeeraffär opgeklärt gett", sagte der Premier vergangene Woche, Ein Auftrag. Aber auch ein Versprechen.



.
wou sin ech drun ?

de richtege Wee : "Ne rien nier à priori, ne rien affirmer sans preuve."

"Deception is a state of mind and the mind of the State" :thumbup:

Dieser Beitrag wurde bereits 1 mal editiert, zuletzt von »c23 y78« (17.04.2013, 04:47)


343

22.04.2013, 14:10

Huet de Luc Frieden probéiert 2002 - 2007 Afloss op d' Bommeleeër Enquête ze huelen??

A wien wonnert dëst nach ;)

Nun, der Krug geht zum Brunnen bis er bricht.

Zitat 100,7

De Minister Luc Frieden huet 100,7-Informatiounen no, méi wéi eng Kéier während e puer Joer bei der Justiz dofir pledéiert, d’Enquete an der Affär Bommeleer zouzemaachen. Dat krute mer a gutt informéierte Justizkreesser gesot. De Minister hätt ni verstaan, firwat d’Justiz esou enger aler Affär nolafe géif an där kee gestuewe wier. Bei der Arrestatioun vun den zwee fréiere Gendarme Scheer a Wilmes soll de Minister irritéiert gewierscht sinn, datt en dodurch elo Misère hätt. Riets geet vun enger Diskussioun dozou vum Luc Frieden mam Procureur d’Etat Robert Biever. D’Relatiounen tëscht Minister a Procureur wieren op deem Punkt net einfach gewiescht. D’Justiz huet sech wéinst dem Verhale vum deemolegen zoustännege Minister Froë gestallt, huet sech eegenen Aussoen no awer net beaflosse geloos.

Lauschtert de ganze Bäitraag vum Jean-Claude Franck an eisem Mëttespanorama:


Den Audiofile mat Original Aussoen vum Anwärter



Mer dierfen op de Verbatim vun der neier Aueren Opnahm gespaant sinn vun onser CSV Spëtzt.


Net ze ignoréiere wärt och dem Gérard Reuter säi Gespréich mam Här Vogel sinn.

Pic vum Journal

wou sin ech drun ?

de richtege Wee : "Ne rien nier à priori, ne rien affirmer sans preuve."

"Deception is a state of mind and the mind of the State" :thumbup:

344

23.04.2013, 18:43

Eng seriéis Stellungnahm vum Luc Frieden

d'Stellungnahmen vum Luc Frieden an vum 100,7 wie dat da wor, oder esou .....

Zitat wort.lu

Stay Behind: Frieden wirft Radio 100,7 unseriöse Berichterstattung vor



Luc Frieden weist mit Entschiedenheit die Meldung von Radio 100,7 zurück, er habe während seiner Zeit als Justizminister die Ermittlungen in der Bommeleeër-Affäre zu beeinflussen versucht.

„Es handelt sich dabei um grundlose Anschuldigungen. Ich habe nie behauptet, die Angelegenheit soll nicht weiter verfolgt werden. Im Gegenteil, ich war immer davon überzeugt, dass alle Affären wichtig sind und untersucht werden sollen. Als Justizminister ist man gar nicht in der Lage, die Einstellung der Ermittlungen in die Wege zu leiten. Ohnehin hätte ich das nie getan, denn es entspricht nicht meinem Amtsverständnis“, so Frieden.

100,7 fragte nicht einmal um eine Stellungnahme - unseriöser Sender

Die Berichterstattung von Radio 100,7 bezeichnete der Finanzminister als unseriös, weil der Sender ihn zu keinem Zeitpunkt um eine Stellungnahme gebeten habe.

Nicht genau kann sich Luc Frieden daran erinnern, ob Premier Juncker und er sich zum Jahreswechsel 2005/2006 mit dem damaligen Srel-Direktor Marco Mille und dessen Mitarbeitern Frank Schneider und André Kemmer über die Stay Behind-Theorie im Zusammenhang mit der Bommeleeër-Affäre unterhalten hätten. „Es kann durchaus sein, dass ein solches Gespräch stattgefunden hat." Sollte der Srel demnach der Ansicht gewesen sein, Agenten des Stay Behind hätten die Bombenattentate verübt, dann wäre es dessen Aufgabe gewesen, diese Informationen an die Staatsanwaltschaft weiterzuleiten, die ihre Ermittlungen dann in aller Unabhängigkeit durchgeführt hätte.


Hei nach den nervösen Audiofile vun RTL wann een sech daat well undoen.

Entretemps wëssen mer jo dass et Kommunikatiounsproblemer zwëschent dem Srel an der Justiz goufen ;)

Wien weess op dat Gespréich net och enregistréiert gouf (weent den Amnesieen) an d'Diskett schonns doruechter circuléiert? Wäertvoll dierft di Diskett jo wuel sinn ;)

Mer dierfen eis op den nächsten Politbarometer freeën....


De Mëtten ass da weideres bekannt ginn um 100,7

Eng Erklärung vum 100,7

Trotz der Ausso vum Luc Frieden op RTL-Radio, datt hien d’Aarbecht vun der Justiz als fréiere Justizminister ëmmer ënnerstëtzt hätt, bleiwen eis Sourcë bei hirer Positioun vu gëscht. Zwou gutt informéiert Persoune bei der Justiz hunn eis nach eng Kéier confirméiert, datt de Luc Frieden méi wéi eng Kéier gemengt huet, d’Bommeleer-Enquete sollt zougemaach ginn. Vun den Diskussiounen doriwwer tëscht Minister a Justiz sinn déi zwou Persounen direkt concernéiert gewiescht. Eng Source seet, et wieren deemols Irritatioune ginn. “Wann de Minister haut mécht wéi wann hien alles gemaach hätt fir datt d’Wourecht erauskënnt, da muss ee platzen”, esou eng vun eise Sourcen. Gëscht hate mer gemellt, datt de Minister tëscht 2002 an 2007 méi wéi eng Kéier bei der Justiz dofir plädéiert huet, fir d’Bommeleer-Enquete zouzemaachen.

De Luc Frieden sot dem Lëtzebuerger Wort dozou, d’Berichterstattung vum Radio 100,7 wier onsérieux, well mer de Minister net reagéiere gelooss hätten. An engem Kommentar mengt de Jean-Claude Franck, datt de Minister net déi ganz Geschicht erzielt

Et stëmmt, datt mer de Luc Frieden gëscht net méi em eng Reaktioun gefrot hunn iwwer eis Nouvelle, datt hien tëscht 2002 an 2007 e puer mol bei der Justiz dofir pledéiert huet d’Bommeleer-Enquete zouzemaachen. Datt de radio 100,7 awer zënter fënnef Deeg op eng Reaktioun vum Minister waart, huet en am Wort-Interview net gesot.

Den Donneschdeg hu mer, zimlech zäitlgläich mat RTL Radio gemellt, datt de Luc Frieden an de Jean-Claude Juncker viru 7 Joer eng Réunioun mam Geheimdéngscht haten, an där d’Regierung vum SREL soll d’Theorie presentéiert kritt hunn datt Parlalellstrukturen vum Stay Behind hannert de Bommenattentater stieche kéinten. Iwwer déi Reunioun probéiert den 100komma7 zënter annerhalwem Mount méi gewuer ze ginn. Dofir hu mer ennert anerem am Ministère vum Luc Frieden eng fënnef Kéieren, iwwer Mail an Telefon, gefrot, fir mam Minister driwwer ze schwätzen. Virun der Diffusioun vun eisem Bäitrag vum Donneschdeg hu mer dem Communicatiounsbureau vum Minister eisen Text geschéckt, nees mat der Demande fir e Statement ze kréien. “Da musse mer dat jo lo vläit considéréiere”, war d’Äntwert. Zënterdeem warde mer. De Minister ass op Washington geflun, wou eise Korrespondent Philip Crowther eng Interviewméiglechkeet mat der Regierung hat, déi ofgesot gouf. Gëscht Mëtteg hu mer beim Service Informatioun et Presse gesot kritt, datt d’Regierungsmembere Frieden a Juncker vu Washington zréck wieren, eis Demande vum Donneschdeg ass trotzdem ouni Äntwert bliwwen.


Bei eise Recherchen iwwer d’Roll vun der Regierung beim Cargoluxdeal mat Qatar Airways ass eisen Demandë fir eng Reaktioun vum Minister och wéineg Rechnung gedroë ginn. De Minister huet eis am Oktober nach, wou nach net alles bekannt war, séier en Telefonsinterview gi, mat der Erklärung: lo oder an engem Mount, well hien hätt nach vill um Programm stoen. Aner Medie kruten an deene Wochen dono laang Interviewën iwwer d’Cargolux, den 100komma7, trotz neie Revelatiounen, net.

Elo also ze behaapten, eis Berichterstattung wier onsérieux well mer de Minister net op eis Noriicht vu gëscht reagéiere gelooss hätten, ass eng Verteidegungsstrategie, déi fir sech schwätzt.



.
wou sin ech drun ?

de richtege Wee : "Ne rien nier à priori, ne rien affirmer sans preuve."

"Deception is a state of mind and the mind of the State" :thumbup:

Dieser Beitrag wurde bereits 1 mal editiert, zuletzt von »c23 y78« (23.04.2013, 19:05)


345

25.04.2013, 08:49

Den Terroristenprozess gëtt dann elo mol fir di éischten Kéier verlängert


Heiansdo ass dann och interessantes bei de Commentairen ze liese bei RTL. Schued dass do keng Uerdnung ass an d'Commentairen nëmme chronologesch an eenzelnen Artikelen ze fanne sinn.

Rebell (2013-04-24 18:28:56)

FAZIT vum Daag vun haut ( meng ganz perséinlech Méenung ) :

1.- Den Pierre REULAND ( Ex-Chef BMG, Ex-Direkter vun der Police Grand-Ducale, Frend vum Ben GEIBEN, dunn, no senger AMNESIE, bei EUROPOL zou Bréissel matt enger décker, fetter Pai plus d´Spesen etc. etc. ), blockéiert a behönnert d´Enquêteuren bei der Perquisitioun vun sengem Büro op seng éegen a bekannten iwerhieflech Aart a Weis a weist sech absolut onkooperativ.

An den démolegen Justizminister ( selwer hei befaast ) séet et hätt him démols wéih gedo´en wéi hien den Pierre REULAND aus démsenger Polizeidirekteschfotell hätt missen eraushuelen.....

Waar dann dén Daag, Owes, net och dem Premier seng Dingschtkutsch virun dem Haus vum Pierre REULAND gesinn ginn, virun dém Haus zou MUNSBACH, daat den Pierre REULAND dem Ben GEIBEN soll ofkaaft hunn ???

2.- Den Armand SCHOCKWEILER ( Ex-Chef vun der Sûreté Publique, dunn Chef-adjoint bei der Inspection Générale de la Police, hannert sengem gudden Frend Marc ZOVILÉ, diploméiert " en droit " -> dofir haat hien démols vum Gendarmeriekommandant Aloyse HARPES als Belouhnung éen halwen Rouhdaag ( sic ) kritt, an awer och dén, dén den berühmten FBI-Bericht a sengem Tirrang " vergiess " haat, och bekannt als " Sangesbruder " -> dozou so´en ech méi um Enn vum Prozess ), verdächtegt sein Offizéierkollég Ben GEIBEN, mais et gett Widderspréch a sengen Ausso´en, esou bei sengen éegenen Ausso´en, huet dann och, wéi Sengesgleichen eng AMNESIE wann et em all polizeilech Aktiounen géint de Frend Ben GEIBEN géet, wann daat Doten awer net bis an den Himmel sténkt .....

3.- Den Dossier BOMMELEER ass menger Méenung jo iwert all déi Jo´eren vun verschiddene Leit ( de Premier vun démols bis zou dém vun haut, de Justizminister vun démols bis zou dém vun haut, der Justiz matt alleguerten hiren Verantwortlechen vun démols bis zou dénen vun haut, Offizéier vun der Gendarmerie an der Police vun démols bis hin zou dénen Betraffenen vun haut etc. etc. ) bewosst " torpédéiert " ginn.

D´Ermettlungen géint de Ben GEIBEN sinn plötzlech an unerwaart faale gelooss gin, op Uerder vu wém ??? Bestemmt net vum Jos STEIL, dé waar zevill é klengt Raad an dém ganzen INTRIGANTEN- an INTRIGENSUMPF, déi Décisioun misst vun vill méi héich, vleicht ganz Uewen komm sinn, an den Jos STEIL war just möndleche Bréifdréiher.

4.- An der Belsch stoppen se all Aktivitéiten géint de Ben GEIBEN matt der Bemierkung : " il nous a été dit ", jo mais " par qui " ??? Et brauch én just ze kucken wén vun de letzebuerger Offizéier démols op der Ecole Royale Militaire studéiert huet, an dann brauch é just déi belsch Kollégen vun dénen Hären op Letzebuerg op dé Geriicht anzelueden.

5.- Gutt datt d´Richterin Sylvie CONTER ufänkt nervös ze ginn, ma e bémol gett se rosen an dann réent et " mandat d´amener ", hoffentlech.

Ech mengen mir hun et hei matt engem Koup vun Intriganten ze dinn, well Intriganten brauchen:
a.- eng Hannergrendlechkéet fir Eppes ze maachen;
b.- é Plang;
c.- é Motiv ( Geld, Muecht etc. etc. );
d.- eng konsequent Durchféierung vun hirem Plang an
e.- si mussen mindestens zou 3 sinn: én Affer, d´Täter an Verbündeter.

Wéi soot do den deitschen Dichter Heinrich HEINE: " Zur verwickelten, langsamen Intrige neigen kleine, analytische Geister ".



Beim deegleche Reportage vum Terroriste Prozess huet RTL dann och di net méi geschwäerzte Lescht vun den STBH Agente gewisen. Do wor och den Numm Schiltz ze gesinn e bekannte vum Här Santer! Soll dat een vum Schiltz Clan gewiescht sinn?

Am Tageblatt wor dann och erëm d'Bild ze gesi wat schonns 2008 am Jeudi ze gesi wor, wat aus engem Scoute Manöver vun 84 wor. Och do ass de Numm Schiltz ze fannen ze fannen.

De Loulou (Neveu) wor sécher net fir näischt Arméi Minister.


Btw : Den Här Kaartenhaiser schreift sech d'Fangere wond a presentéiert seng Visiounen op senger konservéierter Säit...... Corpsgeescht obligéiert eben (la bande à Reuland ) :roudeléiw:
Ganz aktuel ass seng Analyse vum Hellegen Amnesio

.
wou sin ech drun ?

de richtege Wee : "Ne rien nier à priori, ne rien affirmer sans preuve."

"Deception is a state of mind and the mind of the State" :thumbup:

Dieser Beitrag wurde bereits 1 mal editiert, zuletzt von »c23 y78« (25.04.2013, 10:03)


346

02.05.2013, 03:27

Wohin die Reise geht

Nodeems dem Här Geiben säi Vitae dann elo ausgibeg beliicht ginn ass kéinten da jo elo och den aneren Zeien aus der deemoleger Poliss Spëtzt hir Vitae un d'Rei kommen. Do stellt sech d'Froo op den Maitre dat soll packen bis dann Schluss ass.

Hei nach eng kleng Trouvaille aus dem Joer 2008 aus dem forum.lu # 274

Ganz aktuell deemools wéi haut, an d'politesch Akteuren aus der Partei sinn nach ëmmer di selwecht.....


Aus den forum.lu 274 vum 03 2008

Schleichender Staatsstreich

Tatsächlich sehen wir unseren Staat in Gefahr.

Allem Anschein nach hat eine militärische Gruppe, die in den 1980er Jahren eine Ausbildung in psychologischer Kriegsführung, Subversion und Sprengstoffattentaten erhielt, einen rechtsfreien Raum in der Mitte unseres Gemeinwesens etabliert.

Der damalige Chef dieser Gruppe und bis vor kurzem Direktor der Polizei hat den Staat in den letzten Wochen viermal offen herausgefordert:

Er hat in einem Schreiben an die gesamte Truppe zwei des Mordversuchs Angeklagte aus den eigenen Reihen Unterstützung zugesichert und die offizielle Anklage durch den Staatsanwalt als „haltlos“ abqualifiziert.
Er hat erklärt, dass die Justiz im Dossier „Bommeleeër“ bis zu einem bestimmten Punkt untersuchen könne, „an dann ass Schluss“.

Er hat in einem Kommuniqué verlauten lassen, dass er entschieden habe, seine Absetzung als Chef der Polizei zu akzeptieren. Er lässt uns dadurch wissen, dass er auch hätte anders entscheiden können. Der Justizminister musste diese Absetzung offenbar mit ihm aushandeln. (« M. Pierre REULAND, Directeur Général de la Police Grand-Ducale, confirme sa décision d’accepter la mise à la disposition de sa fonction, annoncée parle Ministre de la Justice à la Chambre des Députés », 30.1.08 )
Er hat nach Informationen des Staatsanwalts die Justiz behindert, falsche Aussagen gemacht und sich geweigert, mit der Untersuchungsrichterin zusammenzuarbeiten.

Währenddessen müssen wir beobachten, wie der Staatsanwalt, der unseren Staat in dieser Sache vertritt, zusehends isoliert wird:
Der Justizminister erklärt, dass er gegen seinen Willen und in Ermangelung einer eigenen Einschätzung den Polizeichef absetzen musste.

(„Duerch déi Reproche vum Procureur, déi ech net aschätze kann, mä déi an deem Bréif stinn, ass déi noutwenneg Sérénitéit vun der Policeaarbecht(...) a Fro gestallt.(...) Et deet mir mënschlech leed, dës Décisioun mussen ze huelen, besonnesch well déi zwee Leit an deene Joeren, wou ech hire politesche Chef war, eng gutt Aarbecht gemaach hunn“, Chambre, 30.1.08 )


Die Polizeigewerkschaft stellt sich danach in einer Presseerklärung hinter die abgesetzte Polizeispitze. Die Vertreter des Polizeicorps zeigen damit Corpsgeist und fordern den Staat kollektiv heraus. Ein regelrechtes Abschiedsfest kann vom zuständigen Ministerin letzter Minute verhindert werden.


Ein ehemaliger Justizminister und heutiger Ombudsmann kritisiert öffentlich das Vorgehen des Staatsanwalts.



Ein ehemaliger Staatsminister ermahnt vor laufenden Kameras alle politischen Kräfte des Landes, in dem Dossier nicht zu fest aufzutreten, „denn irgendwie seien alle politischen Kräfte impliziert“.


Die größte Tageszeitung des Landes diskutiert kritisch das Vorgehen des Staatsanwaltes und bietet dem abgesetzten Polizeichef eine dreiseitige Sonderbeilage.

Der Regierungschef teilt während dessen Gefühle mit: Er ist beunruhigt, besorgt, bestürzt... schließlich entrüstet, weil sein eigenes Ansehen Schaden leidet.

Der Regierungschef, der noch im November 2005 mit dem Spruch an die Öffentlichkeit getreten war, er würde nicht zurückschrecken, wenn es gelte „en Dëcken“ als Bombenleger zu entlarven, deutet zum ersten Mal Zweifel an seinem damaligen Vorgehen an. Die Anhörung eines vermeintlichen „Zeugen“ durch den Chef der Exekutive hatte maßgeblich zur Missstimmung zwischen den Institutionen beigetragen.

Dieses späte Eingeständnis wird aber von einem ähnlichen Fauxpas begleitet: der Regierungschef „beauftragt“ am 15. Februar 2008 das Parlament mit der Untersuchung der Archive des Geheimdienstes, was wohl jeden Zweifel am guten Willen der Regierung ausräumen soll. Tatsächlich zeigt es aber, dass sich ein heilloses Durcheinander in den interinstitutionellen Relationen etabliert hat. Dass das Parlament den „Auftrag“ einer ihr unterstehenden Institution annimmt, macht dieses Durcheinander noch deutlicher.

Nebenbei erfahren wir, dass die Justiz im Zusammenhang mit dem Dossier „Bommeleeër“ im Mai letzten Jahres eine Hausdurchsuchung im Büro des Regierungschefs unternommen hat. In jeder anderen europäischen Demokratie hätte man nach dieser Nachricht ein politisches Erdbeben erwartet.

Durch rasches Eingreifen (nach 22 Jahren?) wurde der Staatskrise der Giftzahn gezogen, wie der Staatsminister anschaulich formuliert. Wirklich? Es scheint eher, dass alle Akteure und die Öffentlichkeit sich ihr endlich stellen müssen.


Der Staatsanwalt und die Untersuchungsrichterin haben ein Anrecht auf ein Mindestmaß an öffentlichem Rückhalt. Sonst akzeptieren wir, dass eine Gruppe von (gut informierten) Leuten unseren Staat als Geisel hält. Hinter der Staatskrise verbirgt sich dann ein schleichender Staatsstreich, der die politische Kultur dieses Landes für eine weitere Generation prägen wird.

http://www.forum.lu/pdf/artikel/6339_274_forumredaktion.pdf




Abendzeitung München Aussage vor Luxemburger Gericht

Kommende Woche will sich das Gericht intensiv mit der Geheimorganisation befassen. Unter anderem sind Ministerpräsident Jean-Claude Junker, sein Vorgänger im Amt, sowie der jetzige Finanzminister als Zeugen vorgeladen.

.
wou sin ech drun ?

de richtege Wee : "Ne rien nier à priori, ne rien affirmer sans preuve."

"Deception is a state of mind and the mind of the State" :thumbup:

347

04.05.2013, 05:15

Eis Politik am Terroristen Prozess

De schéine Prozess wou nach vill knaschteg Wäsch muss un d'Liicht kommen an 40 Joer Parteien Geschicht opgeschafft gëtt wärt dach net ieren obsolet ginn?.

Wie gewinnt en excellenten Commentaire vum Här Graff , e must read

Den Audiofile

Zitat RTL

D' Enquête-Commissioun enquêtéiert – nach; d'Kontrollkommissioun kontrolléiert- esou gutt se kann. An de

Parquet - wat do leeft, weess keen esou genee.

Politesch awer ass d' Geheimdéngscht-Affär an enger verfuerener Situatioun.

E Commentaire vum Nico Graf

Ech verroden elo hei eppes, wat ech guer net däerf, et steet très secret de polichenelle drop, et ass dat hei: d'Zukunft ass scho geregelt, d'Ministère si scho verdeelt, et geet weider wéi déi lescht Joer, schwaarz-rout, méi genee: D' LSAP koaguléiert weider mam jcj. Dat ass dann esou decidéiert, soe se an der Chamber, d' Zukunft ass gebongt.

An elo muss nach just de Passif vum Passé regléiert ginn.
Wat vill méi komplizéiert ass.

Huele mer déi Auere-Geschicht, drei Oflauschter-Attacken, oder waren et der 7 oder 8, et weess een et net esou genee, déi lescht der derbäi komm ass, dat ass wuel déi, wou e Quintett beienee sutz an de Frank Schneider an de Marco Mille hunn op Uerder vum Jean-Claude de Luc driwwer opgekläert, datt d'Affär Bommeleeër wahrscheinlech eng stay-behind-Aktioun war. Bei deem Briefing waren déi richteg Auer an de richtege Laptop am Raum an déi hätte sech heemlech selwer konnektéiert an opgeholl ginn wier dat, wat d'Geheimdéngscht-Leit gebeicht hunn. Well déi soten jo am Kloertext dem Premier dat hei:Chef, mir waren et. A se hunn explizéiert, datt et 3 Reseaue gouf beim stay-behind. Deen een huet politesch geschafft - WACL an esou, dee kenne se ganz genee och a grad an der CSV - deen anere Reseau huet méi informatiounstechnesch geschafft, eeler Männer mat Radio-Emetteuren, an deen drëtten, dee wier fir d' Sabotage, fir d'Bommen, zoustänneg gewiescht. An et hätt ee Kommando-Niveau ginn, deen den Iwwerbléck hat. A wéi der Däiwel an de Poopst et wollten, war an de Bomme-Joeren zoufälleg de Licio Gelli am Land, deen et jo gewinnt war an esou strategie della tensione d' Fiedem ze zéien.

Dat ginn zwee Ministere gewuer – a si lafen direkt bei de Procureur an erzielen deem dat an dee lancéiert d'Doris Woltz an d' Enquêteuren op déi nei Piste an dat hëlleft, d'Affair opzeklären. Esou wier dat an engem ideale Land gaang. Hei leeft dat anescht: déi zwee Ministern sinn iwwerhaapt net foutéiert, dem Procureur iwwer d' stay-behind-Piste dat ze soen, wat se grad vum Geheimdéngscht-Chef a sengem Adjoint héieren haten. Si behalen d'Erkenntnisser vun deene Leit, déi se deemools nach fir déck kompetent gehalen hunn, si behalen dat fein fir sech a loossen d' Justiz weiderstruewelen. Wär jo noch schöner, wann déi Saach opgekläert giff ginn.


Esouwäit esou schlecht.

An der Suite vum Auere-Skandal komme da Gerüchter op an dann de Beweis, de SREL-Archiv, dee wier zu Senneng am Schlass. Zu Senneng also, op där Plaz, vun där de jcj ëmmer sot, et wier seng zweet Stuff. An hie wosst anscheinend net, wat a senger Stuff lass war - net gutt, fir de Chef vum SREL - an et war jo nëmme wochelaang iwwer den éischte bekannten Archiv diskutéiert ginn an dann ass dee Service net foutéiert, dem Chef Bescheed ze soen, esou op de Genre, sorry, sorry, dass dat net alles ass, mir hunn do nach eppes – ganz schlecht fir Heck a fir Juncker. An uewendrop – et kënnt ee sech esou lues fir wéi beim Blummenhändler um Hamburger Fischmarkt – uewendrop pake mer da nach watgëssdawathuesde de Gerard Reuter, deem seng Wunneng an engem sécheren Haus zu Bascharage vum SREL an duerno vu Sandstone bezuelt gouf. An de Sandstone-Schneider an den Heck-SREL hunn iwwregens iwwer d'garantie locative vun deem Appartement gestridden.

An elo hunn ech nach kee Wuert gesot iwwer Cargolux, Nord-Irak, russesch Oligarchen a Lissouba. Mee dat muss och net sinn, well déi schonn ernimmte Skandaler giffe jiddwer eenzelnen duergoen fir e Récktrëtt. Mee eis veneréiert Ministeren an Direkteren a Beamten, déi maachen et dem Helmut Kohl no – aussitzen ass Tromp, hir éierlech Haut ass aus Teflon a se hu massiv Pattex um Hänner. An d' Regierung ass erpressbar ginn, erpressbar duerch all méiglech Leit, déi all Méigleches wëssen.
Dat gëtt awer elo fir d' LSAP e reelle Problem. Well déi vun der CSV net verstinn, datt se politesch dead-men-walking sinn, mussen déi vun der Aarbechterpartei si elo retten, virop natierlech hire wahren an eenzege Koalitiounspartner, de jcj. Den Alex Bodry zum Beispill, deen huet eng geheim Agenda, hie muss d' Kavallerie spille fir de Jean-Claude.

De Problem fir d'LSAP als Partei ass awer nach méi grave: déi nach méi machiavellistesch ënner hinnen, déi luusseg, déi iwwerleeë nach just wéini et opportun ass d' CSV falen ze loossen, direkt oder nach méi knapps virun de Wahlen. Datt se een deem anere scho versprach sinn, dat sträichen se dann erëm aus dem Wahlprogramm. Well - wéint engem béise Passé - mat deene Schwaarzen stierwen, dat wëllen se dann awer net. Selbstmord fir eis oder Gnadenschuss fir déi – bei aller Léift, dee Choix ass séier gemat.

http://news.rtl.lu/commentaire/commentaire/430981.html

btw ganz exklusiv

Den F. K (Ex President vun enger Partei) a senger Angscht virum Ennemi schéngt a senger intelligenter a visionärer Art a Weis de Mysterium vun der Bommeleeër Ënnerschrëft C23Y78 endlech entschlësselt ze hunn. De gudde Mann kritt en Denkmal nieft de Muttergottes an der Kathedral a gëtt endlech bei der CSV opgeholl.

Seng logesch an raffinéiert Analyse ass hei nozeliesen


Leider ginn a sengem Blog, grad wie bei der meeschtgeléisener Zeitung keng Commentairen publizéiert ;(


.
wou sin ech drun ?

de richtege Wee : "Ne rien nier à priori, ne rien affirmer sans preuve."

"Deception is a state of mind and the mind of the State" :thumbup:

348

08.05.2013, 06:06

Les nouvelles du village

Fir de Public deen den Owend keng Zäit huet den 3 SAT ze kucken :


Der BND und die Aufarbeitung der Vergangenheit


Die geheime Zentrale der Macht liegt in Pullach, ein abgeschirmter Ort fern aller Regeln, so scheint es. Geheime Infos laufen hier auf, Strippen werden gezogen. Alles ist "top secret", nicht für die Öffentlichkeit bestimmt. Wird doch etwas bekannt, dann wird es meist peinlich. Im Gespräch: der Publizist Lutz Hachmeister.


Der Schattenmann

Wer hat die Bommeleeër-Anschläge verübt?: Weitgehend unbeachtet findet seit Februar 2013 in Luxemburg ein Jahrhundertprozess statt. Es geht um die "Bommeleeër-Anschläge", bei denen in den 1980er Jahren Anschläge verübt wurden. Stecken geheime Strukturen dahinter?


.
wou sin ech drun ?

de richtege Wee : "Ne rien nier à priori, ne rien affirmer sans preuve."

"Deception is a state of mind and the mind of the State" :thumbup:

349

10.05.2013, 04:57

Presse Revue 10052013

Do schéngen dann erëm "trés secret" Dokumenter am Ëmlaf ze sinn?
E Méinden wäerten di dann presentéiert ginn.

Zitat Telepolis

Ernst, Peter, Guido und Lothar in geheimer Mission in Luxemburg

Der Bundesnachrichtendienst war 1980 an Stay Behind-Übungen beteiligt


Das Dokument berichtet über die Planung eines Treffens hochrangiger Vertreter von NATO und nationalen Verantwortlichen von Stay Behind vom Juni 1980, an dem insgesamt 29 Personen aus 10 NATO-Ländern teilnehmen sollten. Es enthält sogar Vorschläge für die Sitzordnung nebst einer Skizze. Den Vorsitz führten demnach „Secretary“, „Chairman“ und „Shape“ (vermutlich ist mit "Shape" der Supreme Allied Commander Europe gemeint). Unter Zuhilfenahme eines Overheadprojektors besprach man dort eine Übung auf Luxemburger Boden, bei der Material „infiltriert“ und „exfiltriert" werden sollte


Zitat Tageblatt

Was wusste der damalige "Enemy" aus dem Osten über die Truppe?


Glaubt man den Stasi-Unterlagen aus der ehemaligen DDR, wussten die Geheimdienste im Warschauer Pakt zahlreiche Namen, Telefonnummern und sogar Anschriften von "Stay-Behind"-Agenten in Westeuropa. Alleine für Deutschland gab es eine Landkarte mit den eingezeichneten Standorten der Untergrundkräfte.

Mat pikantem Commentaire ;)

De Spëzeldéngscht eng Passevitte.
Den Charely Hoffmann war de Bello vum Cello, a ganz erträglech fir den Osten a Stasi, wou sech och Lëtzebuerger Nazien zeréck gezunn haten. CIA wousst dat an huet gudd dovu profitéiert.


Zitat Jeudi

Saisies par la Justice


Histoire de deux photos

La police a débarqué. Sans omettre de se planter.

Décidément, la photo que Le Jeudi a publiée le 2 mai dernier fait beaucoup parler d'elle. Il faut dire qu'elle a permis de remettre quelques pendules à l'heure.


An esouguer bis a Katalonien huet Affaire et gepackt


Cas Bommeleeër de terrorisme d'Estat repica de nou a Luxemburg i a Europa



-
wou sin ech drun ?

de richtege Wee : "Ne rien nier à priori, ne rien affirmer sans preuve."

"Deception is a state of mind and the mind of the State" :thumbup:

350

23.05.2013, 14:40

Operation Condor

Di Hären Santer Fischbach Hoffmann Lorent woren a gudder Gesellschaft.


Am Feierkrop XXX wor e mol en Lieserbréif ze fannen

Zitat

Der Kreis schliesst sich

Ih habe mit grossem Interesse ihre auf belgischen Gerichtsunterlagen basierenden Ausführungen zur Bombenlegeraffäire gelesen.
Ich möcht darauf verweisen, dass der LSAP-Abgeordnete Marc Zanussi 1999 in einem (teilweise zensurierten) "Tageblatt"-Artikel über die Aktivitäten von Terroristen und killern berichtete, die im Auftrag von CIA und südamerikanischen Geheimdiensten auch in Luxemburg weilten. Zanussi konnte den ihm zugespielten geheimdienstlichen Unterlagen entnehmen, dass der Chef der "Operation Condor"-Bande, eine Art Führungsoffizier der Geheimdienste, sich nicht nur mit dem Condor-Terror befasste. Besagter Herr weilte bereits in Luxemburg aus Anlass des Dommeldinger Kongresses der "World Anti Communist League" (WACL). Er hatte ebenfalls Kontakte zum Luxemburger Gladio-Ableger un war zu Gast in belgischen Gladiokreisen.
Als Marc Zanussi in einer parlamentarischen anfrage an Staatsminister und Geheimdienstchef Juncker Aufklärung über gewisse Vorgänge forderte, stiess er auf eine Mauer des Schweigens.

Juncker verwies auf die für den Geheimdienst zustäandige Parlamentskommission. Dort allerdingst äusserte er sich nie.

Vier Tage nach Zanussis plötzlichem Tod war sein Dossier über die Geheimdienstaktivitäten (genau wie das ebenso brisante über den Luxair-Flugzeugabsturz)unauffindbar...
In der Bombenlegeraffäire schliesst sich der Kreis (die Schlinge?) langsam aber sicher. Bleiben Sie dran!
Die Richtung stimmt.

Net méi spéit wie haut huet Tageblatt sech d'Méi gemeet fir de Artikel eraus ze sichen.

Zitat Tageblatt

GELLI war nicht alleine in Luxembourg


Der umtriebige Faschist und Gladio-Gründer Licio Gelli war Mitte der 1980'er nicht alleine in Luxemburg. Sein Freund "ALFA" und ein weiterer CIA-Killer sollen hier gewesen sein.

"Operation Condor" in Luxemburg

Delle Chiaie wurde auch beim Kongress der Antikommunistischen Weltliga WACL zwischen dem 7. und 10 September 1986 in einem Hotel in Dommeldingen gesehen, so Zanussi Er soll auch gute Kontakte zu den verschiedenen Stay Behind-Netzen in Westeuropa gepflegt haben.


.
wou sin ech drun ?

de richtege Wee : "Ne rien nier à priori, ne rien affirmer sans preuve."

"Deception is a state of mind and the mind of the State" :thumbup:

351

29.05.2013, 18:34

Vielsalm, Fischbach & Santer

Während den Terroristeprozess dohinner dempelt, hei nach interessantes fir dass näischt verluer geet

Zitat aus dem Avenir

La caserne de Vielsalm au procès du « Bommeleeër » à Luxembourg
On parle de l’attaque de la caserne de Vielsalm de 1984, au procès du «Bommeleeër» à Luxembourg. Entre hypothèses et certitudes.
Des procès-verbaux d’officiers belges interrogés après l’attaque de la caserne de Vielsalm, en mai 1984 ont été versés au dossier du «Bommeleeër» à Luxembourg. Bien sûr, les liens entre les deux affaires ne sont pas établis. On en parlait en coulisses, mais…
Les hypothèses relatives à l’attaque de la caserne Vielsalm sont multiples : grand banditisme, déstabilisation de l’État, Otan, etc.
Pour comprendre l’ensemble du dossier, il faut des prérequis.
1. Le «Bommeleeër» Ce mot luxembourgeois signifie «poseur de bombes». Il fait référence à une vague d’attentats, 18 au total, qui avait secoué le Grand-Duché entre 1984 et 1986.
Cette série d’attentats s’inscrit dans le contexte de l’époque, c’est-à-dire avec des événements concomitants, mais dont le lien entre eux n’est pas prouvé : CCC et tueries du Brabant en Belgique; Brigades rouges en Italie; Bande à Baader en Allemagne; Action directe en France, etc. Par contre, rien de similaire au Grand-Duché, sinon à la même époque, le «Bommeleeër».
L’enquête sur cette affaire est sabotée, quasiment abandonnée, puis ressuscitée, il y a 5 à 6 ans.
Résultats : deux anciens gendarmes de la Brigade Mobile de Gendarmerie (BMG) sont inculpés : le procès vient de débuter, à Luxembourg. Il durera au moins deux mois, voire davantage.
2. La Brigade Mobile de Gendarmerie Plusieurs pistes sont étudiées pour remonter aux auteurs des attentats. Il y a la piste Ben Geiben, du nom du fondateur de la BMG, chargé de l’enquête, et qui quitte très vite la gendarmerie. Il est passé par l’École royale militaire belge. Ce n’est pas le seul dans les personnes soupçonnées.
Cette piste, la piste principale, n’aboutit à rien. Il est vrai que Robert Biver, le procureur d’État, a auditionné l’individu en dehors du Palais de Justice.
Il y a bien sûr des ramifications : deux hauts gradés de la gendarmerie partent prématurément. Ajoutons que le nom de la Sûreté de l’État luxembourgeois est aussi cité.
3. La piste du stay-behind Les cellules du stay-behing ont été mises en place dans les pays d’Europe au moment de la guerre froide. C’était des réseaux clandestins coordonnés par l’OTAN. Des résistants préparés à lutter contre les troupes du pacte de Varsovie en cas d’attaque. C’était un réseau dormant, formé à la manipulation des explosifs, à l’infiltration,… Le plus célèbre d’entre eux étant le réseau Gladio en Italie. C’est d’ailleurs Gladio qui a révélé au monde l’existence de ces réseaux.
4. La piste des manœuvres de l’ «Oesling 84» C’est une des thèses avancées par Michel Petit, un journaliste d’investigation belge qui travaille à l’hebdomadaire «Le Jeudi» au Grand-Duché.
Les exercices de l’Oesling étaient des manœuvres conjointes belgo-luxembourgeoises orchestrées par les Forces spéciales américaines. (NDLR : À ce propos, une partie du dossier du Bommeleeër s’est évaporée au FBI).
Mais, avant que ne débute le procès du Bommeleeër, rien ne laissait supposer qu’on allait y parler de l’attaque de la caserne de Vielsalm. Jusqu’à ce que l’avocat de la défense, Me Vogel, ne fasse un lien entre les deux. Au cours de procès, il y a une dizaine de jours, il sort un lapin de son chapeau et remarque que lors des manœuvres de l’Oesling 84, des officiers belges auraient été faits prisonniers par la sûreté grand-ducale, sur le sol luxembourgeois.

http://www.lavenir.net/article/detail.as…130525_00314938

E freche Commentaire bei RTL ze fannen
Zitat

Themis_Libertas (2013-05-28 19:49:43)

@ Mephistopheles

Effektiv woren d'Leitartikel aus dem "Wort" aus den Joren 2004-2009 keen Ruhmesblatt. Effektiv huet do d' Wort systematesch op d'Staatsanwaltschaft geklappt, an systematesch déi all Regierunsmembren, SREL-Chef Hoffmann an déi aal Polizeispëtzt ennerstëtzt.

D'Justiz ass accuséiert gin, onnéidegen Chaos am Land ze stëften, andems se an déi Affär wullen geet.
Natirlech: wann do en Procureur oppen eng "Chape de Plomb" am Staat uprangert,an wann eng Untersuchungsriichterin Perquistiounen beim SREL an an Ministèren mecht, dann ass daat fier déi "staatserhaalend" Kräften eng onerträglech Provokatioun.

Ech fannen déi Artikelen aus dem "Wort" net méi all erem, vlaicht sin se nach um Internet opzefannen. Just den hei kann ech zitéiren : " Ermittler sollten ohnen not selbst keinen Druck erzeugen, dem sie später nicht standhalten können". Dat wor d'Conclusioun vun engem Kommentar am LW vum Fern Morbach vum 25ten Abrëll 2008. Daat klengt genau ewéi dem Reuland sain Saaz: "déi Enquête kann nëmmen bis en gewëssen Punkt goen, dann ass Schluss".
Schon all déi Joren virdrun wor d'LW der Meenung, et soll endlech Schluss sin mat der Enquête, den Eifer vun der Justiz fier nees alles opzerullen wier skandaléis, an och d'Polizeispëtzt wier zu Onrecht oofesgaat gin. An d'Iddi datt en öffentechen Prozess soll déi "Chape de Plomb" endlech briechen, dogéint huet d'LW sech total gewiert. Ass am Fong logesch, well de verdächteg Force publique wor vun CSV Minister geleet, déi d' LW kloer wollt schützen.

http://news.rtl.lu/news/national/438882.html


D Hellegspriechung à la une am Wortchen vum Heiland ass hei ze fannen an dem Fischbach säin Off the records hei

De Mette wor dann am Ticker vum Tageblatt gewuer ze ginn dass den Guy Santer (aus der Famill) par Hasard „Sécherheetschef“ beim Wortchen wor ( wann och net lang) ;)

Zitat Tageblatt 29052013

17:23 Einwurf der Verteidigung. Anwältin Lorang: Zum Zeitpunkt des Anschlags auf das Luxemburger Wort war dort Ben Geiben-"Geschäftspartner" Guy Santer Sicherheitschef. Er verließ St. Paul zwei Monate später.

http://www.tageblatt.lu/nachrichten/luxe…Helfer-18035405


btw
nächste Méinden ass den Här Reuter zu Gaascht beim Här Bodry senger SREL Kiermes an der „transparenter“ Chamber


.
wou sin ech drun ?

de richtege Wee : "Ne rien nier à priori, ne rien affirmer sans preuve."

"Deception is a state of mind and the mind of the State" :thumbup:

352

30.05.2013, 19:45

getricksers a wann d'Luuchten ausginn beim WORT

UPDATE

Den Termäin mam Här Reuter ass net nächste Méinde mee d'Woch drop also den 10 Juni moies 10:30

Hei nach e schéint Beispill wie de Bistum hir Lieser informéiert :)






Am Journal vun haut wor och nach ze liesen dass :

Zitat

Attentat auf das „Luxemburger Wort": Warum funktionierte die Außenbeleuchtung nicht?
Was das Attentat auf das „Luxemburger Wort", oder besser gesagt auf das Firmengelähde von „Saint Paul" am 27. Juli 1985 angeht, so stellt sich hier für die Ermittler eine Frage, die bisher allerdings nicht beantwortet werden konnte. Warum war die Front des Druckereigebäudes nicht wie sonst hell beleuchtet, als um 23.30 Uhr die Sprengung erfolgte? Vor dem LW war damals eine Beleuchtungsanlage angebracht, die eigentlich immer dann funktionierte, wenn der Druckereibetrieb sozusagen ruhte. An diesem Abend blieben die Lichter aus. Hierzu wollten die Verteidiger wissen, wer zum Zeitpunkt der Attentate Sicherheitschef beim „Wort" war. War es noch Guy Santer, ein guter Freund und späterer Geschäftspartner von Ben Geiben? *

.
wou sin ech drun ?

de richtege Wee : "Ne rien nier à priori, ne rien affirmer sans preuve."

"Deception is a state of mind and the mind of the State" :thumbup:

Dieser Beitrag wurde bereits 1 mal editiert, zuletzt von »c23 y78« (30.05.2013, 21:46)


353

05.06.2013, 13:32

De Skandal vun der KW 23

No enger ustrengender Woch Päischtcroisière ass dann elo mol erëm e bësse Skandal ugesot.

De Premier Juncker (CSV) hat jo d'Opklärung vum den Terrorattentater zur Chefsaach gemeet.
Elo wësse mer da wi dat gemengt wor. ;)

Den 100,7 mellt dass dem Här Juncker säi SREL via den Här A. K. via Privat Spëtzel de Procureur an d''Enquêteure vun de Bommeleeër iwwerwaache gelooss hunn.

Esouguer eng Fall soll dem Roby bei enger Auslandsrees gestallt gi fir e villäicht besser an der Hand ze hunn an d'Enquête ze steieren oder nach méi ze sabotéieren......
An eist Bistumswortchen louch jo op enger Linn mam SREL an der Partei .....

Den Här K. (e gudde Frënn vum L. M. dee jo soll eng Diskette vum Gespréich zwëschent dem Premier an dem Onri iwwert Bommeleeër enregistréiert) huet jo déi beschte Relatiounen an der Ënnerwelt Gesellschaft.

Do bleift elo d'Fro wiem di Bespetzelung dann elo rapportéiert gouf a gedéngt huet?
An aus wi enger Kees Privat Spëtzele bezuelt gi.Villäicht vun de Golddukaten??

Et ass och elo ze verstoe firwat den honorabelen Här K. esou nervös gëtt wann eppes an der Press iwwert hien ze liesen ass an RTL op Geriicht hellt.

Schued dass mer keen aneren hu wéi de Juncker soss kéint en direkt goen ;)


Zitat 100,7 vum 05062013

[Radio 100,7 - 12 Auer]
De Skandal ronderem d’Observatioune vun engem fréiere SREL-Mataarbeschter op d’Justiz hëllt nach méi eng grouss Dimensioun unn: de Privatdetektiv, dee fir den André Kemmer geschafft huet, behaapt 100,7-Informatiounen no, e wier nët nëmmen ugestallt ginn d’Enqueteure an der Bommeleeer-Affär z’iwwerwaache, mä och de Roby Biever. En hätt de Procureur d’Etat um Bezirksgeriicht Lëtzebuerg 2006 an 2007 hei am Land observéiert, also zum Héischpunkt vun der Enquete, ier déi fréier Gendarme Scheer a Wilmes festgeholl goufen. Déi fréier Source vum André Kemmer behaapt weider, de Roby Biever hätt sollen eng Fal während enger présuméierter Rees an Thailand gestallt kréien. Weider kréie mer a gutt informéierte Kreesser gesot, den André Kemmer hätt Rumeuren iwwer de Roby Biever gestreet. Hannert der Motivatioun vum André Kemmer, dee bis zu séngem Wiessel an de Geheimdéngscht selwer Enqueteur an der Police Judiciaire war, steet e grousst Fragezeichen. Ze kläre bleift och nach ëmmer, wien am SREL Bescheed wosst. Wéi mer dat scho gemellt hunn, huet den André Kemmer sech a sénger Zäit am Geheimdéngscht intensiv fir d’Bommeleeer-Affär interesséiert.


Zitat 100,7 vum 04062013

[12 Auer - radio 100,7]
De Geheimdéngscht huet an der Bommeleeer-Affär wéi et schéngt d’Enqueteure vun der Police Judiciaire iwwerwaache geloos. Eng Source vum fréiere SREL-Mataarbeschter André Kemmer behaapt 100,7-Informatiounen no, em d’Joeren 2007 an 2008 fir de SREL d’Enqueteuren observéiert ze hunn. Dat war während der waarmer Phase vun der Enquete : am November 2007 sinn déi zwee Ex-GendarmeMarc Scheer a Jos Wilmes festgeholl ginn. De fréiere SREL-Kontakt behaapt, en hätt op eegen Initiative hinn décidéiert, d’Observatiounen ze stoppen wéi e bis realiséiert hätt, datt et sech géif em d’Enqueteure vun der PJ handelen. Onkloer bleift, wien am SREL Bescheed wosst. Den Interessi am Geheimdéngscht fir d’Affär Bommeleer war grouss: wéi mer dat scho gemellt hunn, hu besonnech déi fréier SREL-Membere Kemmer a Schneider sech intensiv dofir interesséiert.

.
wou sin ech drun ?

de richtege Wee : "Ne rien nier à priori, ne rien affirmer sans preuve."

"Deception is a state of mind and the mind of the State" :thumbup:

354

05.06.2013, 20:05

De Skandal vun der KW 23 update 18:00

Man soll den Tag nicht vor dem Abend loben ;)


Et wor dann awer nach net alles fir haut

Den Owend wor den exklusiven Interview mam Procureur um 100,7 ze lauschteren.


Et schéngt ewell Normalitéit hei am Land ze sinn dass et weider kee méie opreegt mat wi engem Knascht mer et hei ze dinn hunn.

Hei nach den Deskriptiv vum Här A.K. op der praktescher srel.lu Sait


Den Här A.K. ass jo wuel net eng Kéier moies opgestanen an huet alles selwer un d'rulle bruet?
Mer erënneren eis : Deemools hate mer jo d'Chance e Polissminister a Justizminister aus der Partei an enger eenzeger Persoun ze hunn..... Den Här Frieden wor jo deemools och esou peinéiert wi seng edel Polisssspëtzt huet misse goen......

Haut zu Daags keeft dëse Minister sech e Persilschain an der Cargolux Story fir 200 k Euro an de Steierzueler bezilt et och nach. Quand il y a de la gêne, il n'y a pas de plaisir......


nach e passende Commentaire zu den Events vun haut dee bei RTL ze fannen ass

Zitat

ben1 (2013-06-05 15:41:18)

probéiere mier emol all zesummen eng aentwert ze fannen:

- den staatschef (grand-duc vum haff (famill nassau) ofhängeg schengt et net ze sin, soss kéint jo den grand-duc ee muechtwuert spriechen (huet jo een netz an der konstitutioun);

- den staatsminister (momentan nach den jcj ) ass no eegenen aussoen et net, sondern éischter d'victime, déi manipuléiert gett;

- d'parlament (an der persoun vum 1. bierger vun land). daat an deen hun anscheinend iwerhaapt keng meenung oder faerten fir se ze soen;

- den parquet (an der persoun vum procureur général). den här biewer mecht nemmen undeitungen an muss sech schon heemlech matt sengen matarbechter treffen, zousätzlech ass hien och nach vun engem "bellegen" detektiv, deen d'poliss faert an den procureur général anscheinend net erkannt huet;

- d'magistratur, déi wéi och d'parlamentaresch enquête-kommissioun all dag dobai léiert wéi geheimdengschter schaffen;

- den geschtleche pouvoir (den bistum an der persoun vum erzbeschoff) deen den hüter vun der chreschtlecher moral well sin, mee naischt zu deenen onmoraleschen zoustänn ze soen huet. (ass daat well hien keng meenung do zou huet oder dass hien sech net fir d'moral interesséiert, sondern méi fir d'mënz an senger kees.

- de 4. pouvoir, deen op manst eng zwielechteg roll spillt,

- déi déi alles décidéieren (anscheinend sin daat jo déi verschidden parteien. (do ass och tote hosen waat kommunikatioun ugeet).

konklusioun: ett well keen méi den chef sin, daat vereinfacht natierlech den poppenspiller hier tâche fir un der muecht ze bleiwen.
http://news.rtl.lu/news/national/441118.html
wou sin ech drun ?

de richtege Wee : "Ne rien nier à priori, ne rien affirmer sans preuve."

"Deception is a state of mind and the mind of the State" :thumbup:

Dieser Beitrag wurde bereits 1 mal editiert, zuletzt von »c23 y78« (06.06.2013, 06:54)


355

07.06.2013, 05:49

Héich Läit: Frieden, Reuland, Solagna

Ass den LUC FRIEDEN ( CSV) onsérieux?

Zitat 100,7

De fréiere Justizminister Luc Frieden war "net begeeschtert" iwwer d’Enquete vun der Justiz an der Affär Bommeleeer. En huet "de Wärt vun der Enquete net onbedéngt agesinn" an "e war net amüséiert" driwwer. Dat seet de Procureur Général am 100,7-Interview. Domat confirméiert de Robert Biever d’100,7-Meldung vum 22.Abrëll, där no de Luc Frieden tëscht 2002 an 2007 e puer mol dofir plédéiert hätt, d’Bommeleeer-Enquete zouzemaachen. "En ass ëmmer erem drop zréckkomm mat der Fro, ob déi Enquete nach opportun wier – och zu engem Moment, wéi d’Enquete sech méi op d’Police hin dirigéiert huet", esou de Procureur Général. De Luc Frieden hat no eiser Meldung am Abrëll géintiwwer RTL gesot, hien hätt d’Aarbecht vun der Justiz ëmmer ennerstetzt. Am Wort hat de Minister dem 100,7 eng onsérieux Berichterstattung virgeheit.


De ganze Bäitrag, mat den Aussoë vum Robert Biever am O-Toun, kann hei nogelauschtert ginn:



Zitat RTL

Robert Biever: Luc Frieden net begeeschtert iwwer Enquête

De Radio 100,7 hat schonn Enn Abrëll e Reportage driwwer bruecht, datt de Luc Frieden als Justizminister versicht hätt d'Enquête zouzemaachen.

De Minister hat sech owes bei eis am Interview „extrem erstaunt“ gewisen iwwer sou Sätz. Dat wär total aus der Loft gegraff. Hie wéilt drun erënneren, datt a senger Amtszäit mol nees Bewegung an deen Dossier komm wär. Hien hätt seng Responsabilitéit als Justiz- a Policeminister iwwerholl, sot de Luc Frieden deemools bei eis um Radio als Reaktioun.


An och um Donneschdegowend huet de Luc Frieden op eiser Antenn op déi Aussoe reagéiert a betount, dass hien ni d'Enquête stoppe wollt, mä sech och Gedanke gemeet hätt ëm aner wichteg Affairen, déi och sollte behandelt ginn. De Luc Frieden seet, hien hätt ganz schwiereg Decisioune missen huelen, zum Beispill d'Ofsetze vum Policedirekter, et kéint een him also net virgeheien, hien hätt d'Affaire wëlle blockéieren. An et wier selbstverständlech, dass hien och elo an d'Chamber geet fir do déi néideg Erklärungen ze ginn

Och d'Police-Spëtzt huet eisen Informatiounen no dacks probéiert déi Enquête ze bremsen, zum Beispill och mat Interventioune fir dat neit Gesetz iwwer d'entrave à la justice ze verhënneren. An d' Offizéier Pierre Reuland a Patrice Solagna hätten déi zwee Ugekloten Marc Scheer a Jos Wilmes tëschent hiren éischten schwierege Verhéier an hirer Verhaftung - kollegial beroden.

Déi Gréng wëllen, dass de Minister Frieden an de Procureur général Biever an enger Drénglechkeetssëtzung vun der parlamentarescher Justizkommissioun Explikatioune ginn.

Wann de Minister sech wollt amëschen, dann hätt hien op d'mannst d'Ëffentlechkeet mat sengem Dementi belunn, schreiwen déi Gréng an engem Communiqué. An deem Fall wäre politesch Konsequenze vum Luc Frieden net ze vermeiden. Si fuerderen, datt déi parlamentaresch Justizkommissioun fir eng Drénglechkeetssëtzung zesumme kënnt, wou sech dann de Minister an de Procureur Biever missten erklären.

Et gëtt eng chappe de plomb, e Bläideckel, dee muss opgebrach ginn an da kann een d' Affair definitiv opklären.
Dat huet den deemoleg Procureur Robert Biever an der Bommeleeër-Affär nawell méi dacks gesot. An de leschten Deeg gesäit een ëmmer besser wéi déi chappe de plomb ausgesäit.

De Bläideckel besteet doranner, datt keen drënner kucke kann, wéi dat eben esou ass mat Bläi.
An e kann – wann et ëm eng Enquête geet - verschidde Formen unhuelen.

Do ass emol fir d'éischt d'Methode d'Enquête iwwerhaapt ze verhënneren. Ganz um Ufank vun der Enquête huet de Police-Chef Pierre Reuland sengen Enquêteuren, déi erëm ufänke wollten um Dossier ze schaffen, schonn dee memorable Saz mat op de Wee ginn, dësen „Dier kommt bis op e bestëmmte Punkt a net weider“. Et gouf den Enquêteuren och ënnerstallt, si wéilten eng Enquête iwwer déi deemoleg Enquête man, also police de la police spillen, dat haten déi guer net wëlles, si wollten einfach d'Bommeleeër-Enquête erëm ophuelen. Se souzen jo och en engem extra Gebai fir a Rou ze schaffen. An et gouf ëmmer erëm, all 6 Méint, déi penibel Situatioun, datt d'juge d'instruction d'Verlängerung huet missen ufroen, fir weider déi Enquêteuren um Dossier schaffen ze loossen. D' Enquêteuren kruten och vun Ufank un gesot, déi nei Enquête giff riskéieren e ganz komesche Retour an d' Police ze kréien.

D'Enquêteure kruten och ze verstoen si missten zeréckkommen an d'Police op Hamm, mat dem koppege Saz, an der Kantinne giffe se vermësst ginn. De Pierre Reuland huet do ëmmer als Bremser fonctionnéiert. Mee net nëmmen hien. Och den Offizéier Patrice Solagna stung op der Bremse, woll net d' Bommeleeër-Enquêteuren net chapperonnéieren, wéi se dat an der Police nennen, wollt also als Responsablen näischt mat deem Dossier ze dinn hunn. Méi nach: wéi déi zwee Ugekloten Marc Scheer a Jos Wilmes gemierkt op wat et giff erauslafe fir si – op eng Inculpatioun – do hate si bescht Conseilleren: eisen Informatioune no hunn de Pierre Reuland an de Patrice Solagna déi zwee carrément beroden.

Och op engem ganz anere Niveau sollt d' Enquête - an de Prozess - behënnert ginn. Eisen Informatioune huet de Justizminister Luc Frieden op d' mannst probéiert den Eifer vum Procureur Biever an dëser Saach ze bremsen. Doriwwer ass gestridde ginn tëschent Procureur a Minister. An et gouf och Demarchen, dat neit Gesetz iwwer d' Entrave à la justice ze torpedéieren. Dat heescht, dat juristescht Damoklesschwäert ewechzehuelen, wat iwwer de Leit hänkt, déi elo am Prozess aussoe mussen. Och bei deem Versuch, d' Gesetz ze verhënneren war erëm d' Police-Spëtzt virbäi mä och d' Offizéiers-Gewerkschaft. Fléckt een elo nach de Saz vum SREL-Chaf Marco Mille un, deen zum Premier seet „Du weess wat ech vun deene Leit do halen“, vun den Enquêteuren nämlech a fléckt een dann och nach d' Observatiounen duerch e Privatdetektiv vun den Enquêteuren a vum Procureur an och d' Thailand-Fal géint de Robert Biever un, dann huet een en zimlech geneet Bild vun der chappe de plomb vun haut.
Déi aus den 80er Joer ass domat nach net gelicht.

http://news.rtl.lu/news/national/441449.html


dp Zitat

Es geht um den Rechtsstaat! - 06.06.2013

Für die Demokratische Partei wiegen die Aussagen des Oberstaatsanwalts Robert Biever über das Verhalten des ehemaligen Justiz- und Polizeiministers Luc Frieden in Bezug auf die Bommeleeër-Ermitllung schwer. Denn es stellt sich immer mehr heraus, dass der Minister die Position des ehemaligen Polizeidirektors teilte und womöglich unterstützte, dass man die Ermittlungen stoppen solle.
Nicht ohne Vorgeschichte!
Besonders brisant ist nach Ansicht der Demokratischen Partei, dass die Opportunität der Ermittlungen auch von der Polizeispitze infrage gestellt wurde. Wie das Parlament 2008 in Erfahrung brachte, soll der ehemalige Generaldirektor der Polizei den Ermittlern gegenüber bereits 2006 geraten haben: „Packt Holz auf das Dossier und macht etwas anderes.“ Justizminister Frieden wurde bereits frühzeitig per Brief von diesem Verhalten in Kenntnis gesetzt. Doch bis heute wurden keine disziplinarischen Ermittlungen gegen den Generaldirektor in die Wege geleitet. Luc Frieden veranlasste unter großem Druck der Staatsanwaltschaft und der Opposition lediglich eine Versetzung, der die betroffene Person freiwillig zustimmte.

Auf welcher Seite steht Luc Frieden?

Die Aussagen aus dem Mund des Oberstaatsanwalts Robert Biever an die Adresse des ehemaligen Justizministers wiegen deshalb umso schwerer. Biever behauptet, dass Luc Frieden selbst dann noch die Opportunität der Ermittlungen infrage gestellt habe, als diese bereits in Richtung von Insidern in den Kreisen der Sicherheitskräfte gingen. Sollten sich diese Aussagen bestätigen, dann hätte Minister Frieden den ehemaligen Generaldirektor nicht nur in Schutz genommen, sondern seine Ansichten in Bezug auf die Ermittlungen in der Bommeleeër-Affäre auch geteilt.


Unabhängigkeit der Justiz muss gewahrt bleiben!

Die DP will Aufklärung vom ehemaligen Justizminister über dessen Äußerungen im Fall „Bommeleeër“. Deshalb fordert die DP für morgen die Einberufung einer Dringlichkeitssitzung der Justizkommission. Denn die Vorwürfe, die im Raum stehen, sind gravierend. Es geht um die Unabhängigkeit der Justiz! Es geht um den Rechtsstaat!

http://www.dp.lu/political_actions.php?pa=3350?lang=1

Hannert zouen Dieren gëtt sech dann elo an enger Kommissiounssëtzung erëm mat der Oppositioun arrangéiert, schliisslech si mer jo virun de Wahlen, a jiddereen well als Juniorpartner an d'Regierung.
Ze domm dass d'Oppositioun sech net ka virstellen dass et eventuell och eng nei Regierung ouni d'CSV Sumpf kinnt ginn.
Natierlech missten sech di kleng Parteien och dozou schrëftlech bekennen, well soss jo erëm d'Argument mam Wielerwëllen oder aner Ausrieden zum droen kommen.


.
wou sin ech drun ?

de richtege Wee : "Ne rien nier à priori, ne rien affirmer sans preuve."

"Deception is a state of mind and the mind of the State" :thumbup:

Dieser Beitrag wurde bereits 2 mal editiert, zuletzt von »c23 y78« (07.06.2013, 06:11)


356

11.06.2013, 06:54

who comes too late will be punished by life

Dem Anwäerter seng peinlech TV Show wor alles wi net iwwerzeegend gëschter Owend.

Ech, Ech, Ech, meng Éier an esou fort, an dann och nach zum Cargolux Desaster ze soen

„Meng dir, eng Consultance-Firma géing sech esou einfach kaafe lossen? "

Wien soll da wuel hannert der Anwäerter Demontage stoen? Intrigen aus der Piffkaul oder vun der gëllener Fra mam Fuendel?

Den CSV Fraktiounsminister den Här Roth hat dann och nach eng Consigne fir d'LSAP
de videofile ab 6:34

„ ech ginn dovun aus dass d'Sozialisten zu der Regierung ze stoen hunn“


Da weess jo elo d'LSAP wat se ze maachen hunn en Donneschden oder villäicht gesinn se d'Chance fir gestäerkt aus der Staatskris erauszekommen oder mat ënnerzegoen.

Aus de Medien

Zitat 100,7

[USO KOMMENTAR 7 an 8 Auer iwwer d'Roll vum Luc Frieden an der Bommeleeer-Enquete]

Am Kommentar de Moie stellt de Jean-Claude Franck fest, datt de Luc Frieden d'Aussoë vum Robert Biever net a Fro stellt

"Erstaunt, total aus der Loft gegraff, entsprecht net der Realitéit": dat waren dem Luc Frieden séng Wieder no eiser Nouvelle am Abrëll iwwer séng Roll an der Bommeleeer-Enquete. De Minister ass esouwait gaang fir desem Radio eng onsérieux Berichterstattung ze reprochéieren. Hien hätt d'Enquete emmer ennerstetzt, huet e gesot.

Lo, nodeems de Robert Biever d'Nouvelle confirméiert huet, seet de Minister net, datt de Procureur Général onsérieux wier. E seet och net méi, anescht wéi nach am Abrëll, datt en d'Enquete emmer ennerstetzt hätt.

D'Décisioun, fir d'Enquete 2001 erem nei ze lancéieren, ass ennert anerem vum Robert Biever ausgaang - trotz groussem Widderstand. Well wat de Procureur, d'Untersuchungsriichterin an d'Enqueteure vun der PJ bis no der Festnahm vun de fréiere Gendarme Scheer a Wilmes Enn 2007 hu missen durchmaache, gëtt an desen Deeg ëmmer méi däitlech.

Mir hate virgescht réischt een um Telefon, dee vu sech oflenke wollt, a sot, mir sollten eis mol méi fir d'Geschichten iwwer d'Enqueteuren interesséieren. E klengt Puzzle-Stéck an engem System, dee virun allem während dem Héischpunkt vun der Enquete zum Droe koum. Datt de Pierre Reuland, deemolege Policedirekter, Vertaute vum Minister a fréiere Chef vun der BMG, sot, d'Enqueteure kéime bis op e gewessene Punkt, an da wier Schluss, ass bekannt, et gouf staark kritiséiert mä leider schon nees bal vergiess. Dobäi kommen awer elo 100,7-Informatiounen, datt de Patrice Solagna, deen Enn 2005 vum Luc Frieden zum Direkter vun der Police Judiciaire gemaach gouf, e puer mol mat ähnlechen Aussoën negativ opgefall ass. An da gouf et dem Marco Mille séng Trupp, déi enger gutt informéierter Source no zu e puer Mann op engem présuméierte Pedophilies-Dossier geschafft huet - en Dossier, dee wéi mer haut wëssen, ennert anerem dofir do war, fir op eng infekt Manéier dee Mann ze diskreditéieren, dee sech ëmmer nees géint déi vill Aussoë gewiert huet, datt d'Bommeleeer souwisou net géife fonnt ginn, datt et kale Kaffi wier an esou weider.

Esou kann een haut och d'Aussoen am Januar 2007 vum Marco Mille am Gespréich mam Premier anescht interpretéieren : e Gespréich, nemme kuerz nodeems déi fréier Gendarme Scheer a Wilmes an de Mettelpunkt vun der Enquete gerode sinn. D'Ausso vum fréiere SREL-Chef, datt hien naischt géif vun de Bommeleeer-Enqueteuren halen, werfen an där Optik nei Froën op. Virun allem, wann ee wees, datt de fréiere SREL-Member Roger Mandé gutt ass mat engem vun den Inculpéierten, an awer och, well ee jo d'Gefill huet, datt de Marco Mille deemols wollt vum Premier wëssen, ob hien net wéisst wou d'Enqueteuren dru wieren...

An deem vill méi grousse Kontext muss een dem Luc Frieden säi Verhale vun deemols gesinn: och wann et onbewosst geschitt wier, huet de Minister sech mat sénge regelméissege Remarquen zu engem Alliéierte gemaach vun deenen, déi d'Enquete torpedéiert hunn...


De Mosar (CSV) well dann och nach de Verbatim vun der Juristescher Komissioun geheim halen ;) wat soll dann do nach dra stoen, an e puer Stonne wësse mer méi.


Je vous informe qu'un verbatim de la réunion de la commission juridique du 7 juin a été réalisé.
Conformément à la décision du Président de la Chambre des Députés, une copie papier de ce verbatim peut être consultée dans mon bureau (situé au 2e étage du bâtiment Wiltheim), sans toutefois pouvoir être photocopié.


Bei Heise ass d'CSV Staatskris dann och ukomm

Rücktrittsforderungen gegen Luxemburger Finanzminister Luc Frieden

Der amtierende Luxemburger Finanzminister Luc Frieden (Christlich Soziale Volkspartei - CSV) war bislang als Nachfolger für Staatschef Jean-Claude Juncker gehandelt worden. Doch nun fordern praktisch die gesamte Opposition sowie die Jugendorganisation des Koalitionspartners „Luxemburger Sozialistische Arbeiterpartei (LSAP)“ den Rücktritt des Karrierepolitikers, weil dieser 2006 in seiner damaligen Eigenschaft als Justizminister Einfluss auf die wiederaufgenommenen Ermittlungen gegen die unbekannten Bombenleger der 1980er Jahre nahm, was er bis letzte Woche bestritten hatte. Im Justizausschuss hatten am Freitag Generalstaatsanwalt Robert Biever und die damalige Untersuchungsrichterin in der Bommeleeër-Affäre über Friedens unrühmliche Rolle bei der unerwünschten Ermittlung ausgesagt und Friedens Dementi bzw. Relativierung entschieden widersprochen. Offenbar hatte auch der Geheimdienst SREL ein Auge auf die Ermittler

http://www.heise.de/tp/blogs/6/154407

E perfide Comment ;)
Das erstaunt
Artur_B (mehr als 1000 Beiträge seit 09.09.04)
Hier sieht man, warum solche Prozesse bis dato unmöglich waren: es
bleibt nicht aus, dass sich irgend ein Luc ins Zwielicht gerät. Die
Lucs des Landes müssen also alles tun, um solche Prozesse zu
verhindern. Bislang erfolgreich.

Irgendwie erstaunt das schon und man darf irgend eine Regie vermuten,
die einfach mehr Pfund in die Waagschale werfen kann als alle Lucs
zusammen.

Wir haben hier schon sehr viel erfahren. Die Anschläge waren
seinerzeit keine Randerscheinung, sondern das absolute Topthema in
Luxemburg. Verbunden mit Empörung darüber, dass die Polizei nicht
einen einzigen Fall aufklären konnte. Wobei die Täter nichts
unternahmen, um ihre militärische Herkunft zu verschleiern. Das alles
konnte nur funktionieren, weil niemand auch nur im Entferntesten so
etwas wie Gladio für möglich hielt. Bei den Linken sind immer
irgendwelche Gerüchte unterwegs, aber kein einziges ging je in diese
Richtung.

Damit ist nun mit dem Luxemburger Prozess ein Schlusspunkt gesetzt
worden. Nie wieder wird die NATO so etwas aufführen können, ohne
sofortigen Verdacht zu erregen. Die Methode ist "verbrannt".

Aber wer hat denn daran ein Interesse? Das wird schwer. Vielleicht
die NATO selbst, die noch irgendwelche Hartriegel in den eigenen
Reihen weiß, die sie damit ausbremsen will?

Oder aber, wie schon vermutet, die NATO will reinen Tisch machen,
sich damit aber auch gegen Verdachtsmomente aus Deutschland
abgrenzen. Insbesondere im Zusammenhang mit NSU.

http://www.heise.de/tp/blogs/foren/S-Das…-23652364/read/

Mol kucke wat haut da wuel gebueden gëtt um sécheren, richtege Wee vun der Partei.

Um Facebook ass ewell eng suspekt Grupp di Neiwahlen, an zwar direkt fuerdert.... Et kann dach net sinn ;)


.
wou sin ech drun ?

de richtege Wee : "Ne rien nier à priori, ne rien affirmer sans preuve."

"Deception is a state of mind and the mind of the State" :thumbup:

357

12.06.2013, 05:55

E Puff zu Esch

Elo ass de Bommeleeër da voll an der Partei ukomm.
De Contenu vun der Justiss Kommissioun ass säit gëschter Mette vun der Chamber en ligne.


M. Gilles Roth, (CSV), Président.- Bon, maach Dir nach d’Dier zou, wann ech gelift. (Brouhaha)


Wéi et schéngt huet den Anwaerter dem Här Biewer an de Stroossen opgelauert an d'Madame Woltz esouguer op enger Sportveranstaltung opgelauert fir Gespréich ze hunn......
Den nobelen Mënsch hat et net einfach mat sengen villen Kapen......

Esouguer den Medaillë Juncker wosst dass den Här Biewer e gewëssent „Etablissement“ zu Esch soll bedriwwen hunn wie mer gëschter am Wort gewuer gi sinn.


"Weißt du eigentlich, dass du einen Puff in Esch hast?'
Inwiefern Premier Juncker über diese Gerüchte informiert war, weiß Robert Biever nicht: ''Er hat mich irgendwann mal gefragt: 'Weißt du eigentlich, dass du einen Puff in Esch hast?' Für mich war das einfach ein Witz oder purer Quatsch. Deswegen habe ich nicht nachgefragt. Wir haben beide darüber gelacht.''



Also wosst de Premier och do Bescheed an huet näischt ënnerholl an d'Saach verjären gelooss.
D'SREL Komissioun wor sécher wéi gewinnt ahnungslos.....


Mer liewen an opgereegten Zäiten

Fir de Public deen net eens mam timing gi vun dem Här Biewer sengen Aussoen, hei d' Erklärung

Zitat 10,7


[KOMMENTAR 12 AUER - RADIO 100,7]
Firwat mecht de Robert Biever grad elo séng Aussoën iwwer d’Roll vum Luc Frieden an der Bommeleeer-Enquete? Firwat kommen och elo déi Revelatiounen iwwer d’Aarbechte vum SREL iwwer net-confirméiert Pedophilies-Rumeuren iwwer lëtzebuerger Perséinlechkeeten ? Dat si Froën, déi den Ament zu Recht gestallt, mä déi awer och mussen “en connaissance de cause” beäntwert g...i, mengt de Jean-Claude Franck an engem Kommentar

Et ass normal, datt sech iwwer d’Aussoë vum Robert Biever gewonnert gëtt: net all Dag geet e Procureur Général hinn, an deballéiert eng därmoosse staark Kritik um Fonctionnement vum Staat an indirekt och der Politik.

Wien allerdéngs mengt, de Robert Biever hätt sech just de richtege Moment erausgesicht, fir eng Show ofzeliwweren, verkennt den Impakt vun de Medien a vun der Bommeleeer- a SREL-Enquete.

Am Abrëll hu mer gemellt, datt de Luc Frieden während Joere bei de Vertrieder vun der Justiz méi wéi eng Kéier d’Wichtegkeet vun der Bommeleeer-Enquete a Fro gestallt huet. Op déi Informatioune si mer niewebäi bei eise Recherchen iwwer d’SREL-Affär gestouss, mir hu se iwwerpréift, an nodeems zwou concernéiert Sourcën et confirméiert hu, si mer domat erausgaang. De Robert Biever an d’Doris Woltz wollte keen Interview dozou ginn.

Wéinst der 100,7-Meldung a wéinst dem Dementi vum Luc Frieden ass et dunn awer Polemik ginn : an et sollt een d’Annonce vum Gaston Vogel, fir Frieden a Biever am Bommeleeër-Prozess domat ze confrontéieren, net ënnerschätzen.

Dese Mount dunn hu mer de Robert Biever mat eisen Informatiounen iwwer eng Zeienausso bei der PJ confrontéiert an iwwer d’Informatioun, datt fréier SREL-Leit géife ronderëm zielen, de Robert Biever hätt opd’mannst d’Hand iwwer Pedophilies-Réseau’ë gehal. Mir hunn e ganz néiergeschloëne Procureur erlieft, deen huet missen zouginn, datt säi Bild vun den Institutiounen zerstéiert wier. Hei sinn net nemme Leit, déi léie, hei sinn och Institutiounen, déi léie, sot de Procureur Général am 100,7-Interview.

Doropshinn hu mer de Robert Biever och em eng Reaktioun op eis Nouvelle am Abrëll iwwer de fréiere Justiz- a Policeminister gefrot. Dat ass wichteg z’ennersträiche, well et nach ëmmer Leit gëtt – och an der Politik – déi menge, mir géifen eis als Journalisten all Informatiounen zoudroe loossen, ergo géif et sech ëmmer em Communicatiounsstrategië vun de Concernéierte Leit handelen. Wien d’Press an de läschte Joere gutt observéiert huet, huet gemierkt, datt d’Journalisten och vu sech aus Démarchë maachen, an op brisant Informatioune stoussen.

Dobäi dierf een net vergiessen, datt e Robert Biever sech zu Recht wiert: géint dat, wat him geschitt ass, géint dat, wat sech zu Lëtzebuerg während Joeren ofgespillt huet, ouni datt irgend ee sech dofir responsabel fillt. A wichteg ass och, datt en dat net hannerëm mecht: e mecht et ëffentlech. Datt en dobäi vläicht och Fehler mecht, muss e sech bewosst sinn : mä opd’mannst wiert e sech ! Wéi huet mer rezent e Bekannte geschriwwen: “géifen d’Leit alleguer sou reagéiere wéi de Roby Biever, dann hätte mer manner Problemer zu Lëtzebuerg”.



Gëschter Mette wor och den héich dotéierte jonke Sprunt an nogeréckelten Deputéierte vun der CSV bei RTL um Radio.

Grad wéi säin Anwaerter stoung en mam Réck zur Mauer an d Nerve louche blank.

Hei ass säin diplomateschen Talk ze lauschteren.

Face-à-face um Radio: Wagner a Wilmes net eens!




BTW, den Här A.K. méicht weider Carrière, mä dozou méi spéit am beléifte SREL thread.
Wien soll da wuel dem A.K. all di nobel & lukrativ Optreeg ginn hunn.

.
wou sin ech drun ?

de richtege Wee : "Ne rien nier à priori, ne rien affirmer sans preuve."

"Deception is a state of mind and the mind of the State" :thumbup:

358

12.06.2013, 11:32

Setzt den Här Bodry vun der LSAP och op dem Här Frieden senger Chape de Plomb?

Aus Aktualitiesgrenn dann elo nach schnell en update, muer ass jo de Vote an der Chamber.

Den Här Bodry (LSAP) huet de Moien um Radio gesot dass eng mail Aktioun vun de jonke Gréngem Extremismus wier. Ass den Här Bodry (LSAP) och en duebelen Agent vun der CSV dass hien d'chape de plomb vun der Partei och elo nach ënnerstëtzt?
T'gett ëmmer méi kloer: All d'Parteien höhöhö

Zitat RTL

Den LSAP-Parteipresident huet och d'Methoden vun de Jonke Gréngen kritiséiert. Déi Method hätt hie bis ewell just vun extremistesche Mouvementer ronderëm d'Euthanasiedebatte kannt. Do géif et just ëm primitiv Parteipolitik goen.

Hei kann een ratzfatz eng extrem Sammelmail un all Deputéierten vun der LSAP maachen. #keenvertrauen

Besser ass nach eng perséinlech Mail ze maachen oder unzeruffen.
Hei fënnt di néideg Kontaktadresse.

Bei enger aktueller Ëmfro dierf de Public och ewell matmaachen

Biever vs Frieden: Soll de Luc Frieden no de rezente Reprochen d'Konsequenzen zéien an demissionéieren?


Den Här Graf huet erëm en excellente Comment

Zitat RTL

No der Lecture vum Verbatim

En ass also komm wéi versprach, de Verbatim aus der commission juridique. An et kann ee sech eng Meenung man iwwer de Streit tëschent procureur général, juge d'instruction mam fréiere Justizminister.


Et ginn e puer Méiglechkeeten.

Als Chef, als Justizminister, kann ee sech dohinner stellen an houfreg sinn an den Houfert och eraushänke loossen an hoffen, datt dat engem elektoral honoréiert gëtt, wann d' Justiz, déi dee Minister am Numm dréit, wann déi Justiz eng däreg Enquête ufänkt mam Virsaz, en Täter ze fannen.

Déi total - net oneegennëtzeg - Ënnerstëtzung, quoi.

Et kann awer och eng positiv Neutralitéit hunn.

Et kann een och eng negativ Neutralitéit hunn vis-à-vis vun engem Dossier.

An et kann ee bremsen oder total op der Brems stoen an Uerdere ginn, endlech mat deem Quatsch opzehalen.

Et gëtt also eng ganz Bandbreet vu Musteren, mat deene de Luc Frieden op d'Enquête Bommeleeër hätt kënne reagéieren.

Hien hat säi Choix gemat: et war deen vun der Brems, vun der Handbrems. Dorunner kann et keen Zweiwel ginn, wann een dem Procureur général an haaptsächlech der juge d' instruction am Verbatim nolauschtert.

Net nëmmen hu si sech net ënnerstëtzt gefillt, net nëmmen hate si en face keng wohlwollend Neutralitéit, nee, si hunn ëm hir Enquêteure kämpfe missen, déi an der Police e schwéiere Stand haten an hunn - an och vun eis jo och dacks genuch kritiséiert gi sinn, Klammer zou - mee déi zwee Responsabel haten en face eben och nach e Minister, deen nëmme regelméisseg gefrot huet "wéini da giff zougemaach ginn" . Ob dat elo eng ëmgangssprochlech Formulatioun war oder eng juristesch, dat ass an deen Kreesser vläit net egal, mir awer: fir mech heescht et: de Luc Frieden wëll coûte que coûte Rou an deem Dossier hunn, an dat heescht fir mech: Kierfechts-Rou. Ech hale säi Saz, déi Affaire sollt opgekläert ginn, no der Lecture vum Verbatim, nëmme fir e Lippenbekenntnis, dat, wéi hie weess, vun him erwaart gëtt.

Datt hien der Juge d'instruction en décke Kapp gemat huet, dat ass natierlech ganz speziell well hien, de grousse Jurist, jo ganz genee iwwer de Secret d'instruction Bescheed weess; a jiddwereen, deen déi Zäit mat der Doris Woltz ze dinn hat, wosst jo, datt si iwwer deen Dossier ni awer och ni schwätze konnt a ni geschwat huet. Wat soll si also man, wann de gefillte Chef d'Handbrems suggeréiert? Sech erschloe fillen, eben.

A nach eppes: de Robert Biever insistéiert - ale Fuuss, deen en ass - hien insistéiert bei den Deputéierten drop, datt dës Affär als Fong de Fonctionnement, vill méi de Mal-Fonctionnement, vun den Institutiounen huet, datt se an deem Sënn schlecht richt. An et ass de Justizminister himself, eise garde des sceaux, dee regelméisseg ze verstoe gëtt- vun 2000, 2001 un, also vun de Perquisitiounen an den institutionelle Milieuen un- hien gëtt ze verstoen, datt en Deckel op dee Gestank gehéiert.

Déi eenzeg Fro, an de Luc Frieden stellt se am Verbatim selwer e puer Mol ouni eng Äntwert ze ginn, déi eenzeg Fro ass déi, firwat hien zoudecke wollt.

Frëndschaft mat eenzelne Polizisten, execrable Corps-Geescht, e Prabbeli iwwer iergendeppes Onausspriechleches - ech hunn keng Ahnung, wierklech net.

De Luc Frieden ass en honorable Mann; hie soll goen an anerer anzwousch anescht mat senger Éier ploen
.



An och de Maitre Vogel huet e Wuert iwwreg fir den éierewäerten Här Frieden.

Le bredouillement de Frieden

Oui les explications farfelues et fort embarrassées de Frieden, cet homme sournois par excellence qui, quand il était ministre de la Justice, s’était illustré par l’odieux projet d’introduire dans le Code d’instruction criminelle le témoignage anonyme.
Le 13 mars 2013, le Procureur général disait à la barre du Tribunal criminel que selon lui il y aurait des „hauts placés“ qui seraient parfaitement au courant des tenants et aboutissants de l’affaire.
Frieden ferait-il partie de ceux-là?
Participerait-il à l’Omerta?
On retient de lui un comportement étrange et tout à fait anormal en démocratie.
Il donne l’impression de savoir un tas de choses et de protéger d’aucuns qui avec lui partagent ce savoir.
De toute façon il a menti quand il affirma l’oeil vitreux, la bouche cousue de fil blanc n’avoir eu pour seul souci dans sa démarche auprès du procureur d’Etat de ne pas laisser en friche d’autres affaires importantes qui risqueraient un blocage néfaste par un trop-plein d’enquêteurs fixés sur le dossier „Bommeleeër“.
Pour se tirer d’affaire, il évoque l’accident de Luxair avec ses nombreux morts et la longue procédure qui s’en est suivie, espérant qu’un badaud non correctement renseigné le suivrait sur cette voie et trouverait son initiative à la hauteur d’un homme d’Etat ayant soin de ne pas laisser saper inutilement les fondements mêmes de la société.
Comme juriste il sait pourtant mieux que quiconque que l’accident du Findel n’a mobilisé que fort peu d’enquêteurs et que le retard que le dossier avait pris au fil des ans était imputable, comme le relèvera à juste titre le Procureur général d’Etat, aux seules expertises, longues, complexes et compliquées qui comme si souvent ne finissaient pas de finir.
L’expertise est une des servitudes de la justice, peut-être la pire.
L’incompétence de ceux qu’on appelle les hommes de l’art y est pour beaucoup.
Frieden sait qu’il ne dit pas la vérité.
Le procureur a accusé le coup avec diplomatie.
La politicaille au pouvoir, bien loin de sanctionner ce diseur de contre-vérités en le désapprouvant officiellement, s’est rangée derrière lui.
Les socialistes comme de coutume s’agenouillaient devant le tuteur et répétaient la stupide théorie des „divergences d’interprétation“. Cette théorie est du quatsch et on ne peut plus quätscher pour emprunter une expression chère à Herbert Wehner.

Frieden est cité comme témoin.
On l’attend à la barre et on l’écoutera avec soin.


Nous savons qu’il nous dira la vraie vérité sur un dossier qui n’existe qu’en bribes lymphatiques et qui jusqu’à présent revenait à un grattage laborieux de boîtes entières d’allumettes mouillées.
Avec lui cesseront l’humidité et les moisissures.


Gaston Vogel


.
wou sin ech drun ?

de richtege Wee : "Ne rien nier à priori, ne rien affirmer sans preuve."

"Deception is a state of mind and the mind of the State" :thumbup:

359

19.06.2013, 21:20

Entrave dans le verre d'eau

Den Här Frieden am Waasserglas ;)

Et muss drenglech gewiescht sinn

Den Här Schleder ass wéi et am Heielei ze lauschtere wor, extra haut mam Fliger aus der Vakanz ageflu gi fir ons Calculette sois disant ze entlaaschten.

Am Fong ass et jo egal wat den reliéisen Här gesot soll hunn, Fakt ass a bleift dass de Passage aus dem Text erausgeholl ginn ass vum dem Poliss a Justiss Minister an enger Persoun.

Amusant ass dass am Regëster vum Vatikan den honorabelen „Ritter“ mat senger offizieller Emailadress vum Justiss Ministär ze fannen ass op Säit 87.

Wann do net onser Här am Himmel d´Fangeren am Spill huet ;)


Nach e bëssen Background vun dem Ordre Equestre du Saint Sépulcre de Jérusalem Lieutenance du Grand-Duché de Luxembourg deen am memorablen Joer 1991 gegrënnt ginn ass wou jo och am Januar natierlech ganz zoufälleg dem Jacques säin Stay Behind „opgeléist“ huet misse ginn......

LA LIEUTENANCE DE LUXEMBOURG

A gefeiert gëtt och gären am Veräin.

Zum Abschluss der zweitägigen Feierlichkeiten fand am Abend in der alten Benediktinerabtei in Echternach ein Galadiner statt.


.
wou sin ech drun ?

de richtege Wee : "Ne rien nier à priori, ne rien affirmer sans preuve."

"Deception is a state of mind and the mind of the State" :thumbup:

360

25.06.2013, 09:58

Parteibicher & Uerdensbridder

De Mëtteg geet et da viru mat den Zeien

De Ritter Schleder soll dann och ënner Eed aussoen.

btw:
Den Här Dill hat beim Defilé vun der Elite beim Te Deum extra op dem Haff seng „dames d'honneur“ higewise wou eng gewësse Madame Schleder dobäi wor.

Den Här Graf huet erëm e passende Kommentar parat.

Zitat RTL


État prédateur suicidaire

-------------------------

D’Zeien, déi elo no a no kommen, absënns elo, wou et ëm de wichtege Punkt vun der Genèse vum Gesetz entrave à la justice geet, déi Zeie si fäin ugedoen a si wëssen ze parléieren. An d’Riichterin freet jo jiddwer neien Zeien, ob hie Famill ass mat den Ugekloten oder fir si schafft an da seet si an der Lescht ëmmer, ech weess, Dir schafft beim Staat, wéi di zwee Ugekloten, an Dir musst hei d’Wouerecht soen. An da weess een, hei ass e Staatsbeamte-Prozess am Gaang: De Lëtzebuerger Staat géint sech selwer; ech giff am léifste soen, den CSV-Staat géint sech selwer, mä vu datt d’Leit hir Parteibicher net weisen, wier dat vläit iwwerdriwwen a fir deen een oder fir deen anere vläit och nach eng Frechheet. Soit. Sécher awer ass, wat elo ëmmer méi héich Polizisten, héich Beamten voire Ministeren optrieden, datt hei den Establishment optrëtt an iwwer sech selwer Geriicht hält. Just fir et ze soen: "open sources" no ass de Guy Schleder de chrëschtkathouleschste Lëtzebuerger Lieutenant vum Kräizritteruerde vum hellege Graf zu Jerusalem - an domat en Uerdensbrudder vum Licio Gelli. Wann de Gaston Vogel dat héiert.

Et ass jo nach guer net sécher, datt jiddwer Zeien Zeie bleift a net op eng Kéier op der Bänk vun den Ugeklote sëtzt.
An dann huet ee seng Klassiker am Kapp, haaptsächlech dee Gerechtegkeetsklassiker, de Kleist, dee mam Zebrochene Krug an dee mam Michael Kohlhaas. Klaro, dëse Prozess ass vill manner lëschteg wéi d'Kaméidi-Stéck vum Riichter, dee mécht, wéi wann e géint anerer giff verhandelen, mä awer genee weess, datt e sech selwer der ganzer Zäit op der Spur ass, als Täter. Esou ass et hei och, den Establishment - inklusiv Riichterin, Procureur an Defense -, déi fäi Lëtzebuerger Gesellschaft ass sech selwer hannerhier, wëll sech op d’Schléch kommen als Mattwësser, wann net als Commanditair vun 20 Bommenattentater. État prédateur, seet de Gaston Vogel, et ass en État prédateur sucidaire. Dat ass dat agreabel Anarchescht un der Situatioun an et geet bis a Feinheeten. Well wou hat een dat jee, dat sech erhofft gëtt, vun der Enstehung vun engem Gesetz hier eppes gewuer ze ginn iwwer Täter, déi virun d’Cour criminelle gehéieren.

An an engems huet een dem Procureur général seng gebremste Furor an der Doris Woltz hir - paff - Roserei géint de Luc Frieden an et huet een och der Riichterin hiert zéit Wësse-Wëllen; do hu sech der verbass an eppes - zu Recht, mengen ech. Et ass awer vill manner tragesch a vill manner mäerderesch wéi beim Michael Kohlhaas. An trotzdem dierften de Guy Stebens an de Pierre Reuland – ëm si an ëm soss kee geet et – déi dierften den Ament net frou sinn iwwer dës stur Enquête. An de Luc Frieden mat sengem vagen Erausgerieds, deen ass nëmmen e Kollateral-Schued, allerdéngs en immensen, vun der Sich no der Wouerecht. Dem Luc Frieden geet et bal wéi den zwee Ugekloten: Et gëtt der, déi kéinten hie mat e puer Wouerechten - haart ausgeschwat - vum Hoke loossen.

De Prozess ass op dësem bestëmmte Punkt. An e geet weider.


A kommentéiert gouf och schonn ;)

Zitat
H.Horst (2013-06-25 09:01:18)
Ech hun et schons puer mol geschriwwen. Et kann een, wann ee well, eng ganz reih Parallelen zur End-Phase vun der DC an Italien erkennen. Et get eng klerikal orientéiert an ausgeriichten Partei déi quasi e Machtmonopol an der zeit nom 2. Weltkrich huet. Déi Partei huet all Bereicher vum Staat iwwer Parteigänger enner Kontroll, d.h. an all Institutioun, Verwaltung, Ministère, Verband, etc. setzen Parteigänger an entscheedenden Platzen. Et get e Geheimdengscht den net kontrolléierbar as an den an de netstaatleche Bereich ausufert, et get Iwwerschneidungen mat aneren Secherheetsorganer. Et kann een feststellen, dat et een "déwe Staat" get dem seng Interessen, dem sein Verhalen an dem seng Moyenen net deckungsgleich mat dem "offizielle" Staat sin. D'Memberen vun dem "déiwe Staat" protégéieren sech géigenseiteg. Dat geschitt dacks iwwer déi Duerchsetzung vun Institutiounen, besonnesch Secherheetsinstitutiounen, mat Parteigänger. Och sin ganz däitlech netstaatlech Acteuren ideologesch an personell vernetzt mat dem "déiwen Staat", d.h. an Italien woer an as e Komplex aus kathoulescher Kiirch, Mafia an Staatsorganer (Gladio). An hei hu mer e SREL-Sandstone-Komplex mat enger eventueller Portioun Stay-Behind, Gelli an WAC. Wat déi alleguer verbend as een déiwen Antimodernismus mat sengem Pluralismus, Transparenz-, Emanzipatiouns- a Participatiounsusprech.

.
wou sin ech drun ?

de richtege Wee : "Ne rien nier à priori, ne rien affirmer sans preuve."

"Deception is a state of mind and the mind of the State" :thumbup:

Dieser Beitrag wurde bereits 1 mal editiert, zuletzt von »c23 y78« (25.06.2013, 10:20)


Ähnliche Themen