Sie sind nicht angemeldet.

Lieber Besucher, herzlich willkommen bei: LUX-FORUM. Falls dies Ihr erster Besuch auf dieser Seite ist, lesen Sie sich bitte die Hilfe durch. Dort wird Ihnen die Bedienung dieser Seite näher erläutert. Darüber hinaus sollten Sie sich registrieren, um alle Funktionen dieser Seite nutzen zu können. Benutzen Sie das Registrierungsformular, um sich zu registrieren oder informieren Sie sich ausführlich über den Registrierungsvorgang. Falls Sie sich bereits zu einem früheren Zeitpunkt registriert haben, können Sie sich hier anmelden.

1

26.04.2008, 00:06

Politik vun der Educatioun Nationale

Ët muss jo hei nët ëmmer iwer ons Regierung gestänkert gin, dës Initiative vum Mady Delvaux schengt mer an déi richteg Richtung ze goen , soss könne mer gläich hei am Land de Butteck définitiv zoumaachen !
Das sogenannte Theodizeeproblem :
Kann oder will Gott das Leid in dieser Welt und die Untaten seiner Kirchenmänner nicht verhindern?
Wenn er es nicht kann, ist er nicht allmächtig, wenn er es nicht will, dann ist er nicht allgütig !

2

26.04.2008, 00:26

Den Problem un der Education Nationale ass net de Ministère mee d' Proffen.
All Reform, op se gudd oder schlecht ass, get vun de Proffen blockeiert. Doweinst hu mer am moment den Status Quo, doweinst hu mer och de Problem, dat dei Pilote-Projeten, an usaatzweis guer net schlecht sin, just Oasen bleiwen.

Maranello_M

Administrator

Beiträge: 209

Wohnort: Esch-sur-Alzette

  • Nachricht senden

3

26.04.2008, 00:46

Also ...

Ech hun elo weini eng Proffenréunioun gehaat, wou och ech als Schülervertieder inviteiert war.

Wei ech dat verstaan hun, hun zuguer verschiedener sech obgeregt dass een Schüler do war...

Wissen ist Macht, an vill Infoen wieren nie un Schüler komm !!!

Vill Proffen (net all) probéieren net den Cour fir Schüler ze haalen, mais se hun hieren Programm duerch, den Recht ass net all ze wichteg!

Den Siegfried Seeger (Freier Bildungsreferent für Gesundheitsförderung und Schulentwicklung) huet daat an enger Réunioun firun 2 Wochen esou formuleiert: "Die Zeit in welchen Mathematiklehrer Mathe unterrichten und Deutschlehrer Deutsch ist vorbei! Lehrer unterrichten Schüler, das ist der Punkt"
Eine eigene Meinung ist ein Luxus, den sich nicht viele Menschen leisten. (Alfred Polgar, österr. Schriftsteller u. Kritiker, 1873-1955)

4

26.04.2008, 08:11

Den Problem un der Education Nationale ass net de Ministère mee d' Proffen.
All Reform, op se gudd oder schlecht ass, get vun de Proffen blockeiert. Doweinst hu mer am moment den Status Quo, doweinst hu mer och de Problem, dat dei Pilote-Projeten, an usaatzweis guer net schlecht sin, just Oasen bleiwen.
Genau esou ass et! Do kann den Minister, den Direkter vun der Schoul machen wat sie wëllen, d'Proffen blockéieren.

Jempi

Administrator

Beiträge: 2 590

Wohnort: Beim neien Prisong

Beruf: Meckerer

  • Nachricht senden

5

26.04.2008, 10:39

Zitat

Nach den Sommerferien 2008 werden die Schüler der 7e, später auch die der 6e, eine Stunde zusätzlichen naturwissenschaftlichen Unterricht bekommen, der aus Grundlagen von Biologie, Physik und Chemie besteht. Auch in der 5e steht eine Stunde Physik/Chemie zusätzlich auf dem Stundenplan. In der 6e dürfen die Schüler außerdem künftig eine Stunde zusätzlich Mathematik büffeln.

Dat kléngt jo op den éischten Bléck alles ganz schéin a wier an méngen Aen och batter noutwendeg. Wat awer net gesot gët, ass, wou di zousätzlech Stonnen sollen hirkommen. Gët d'Schoulzäit verlängert? Oder wou ginn dann elo Stonnen ofgebaut?

Also, matt der ganzer Wourecht eraus w.e.g.
"Truth is the most valuable thing we have. Let us economize it."
Mark Twain

6

26.04.2008, 12:08

@Jempi,

ofgebaut "soll" gin an der Musëk an am Zeechnen (Molen). Dat passt mir net an de Krom. Sie sollen nees Samsdes moiës Schoul halen, an den Problem wär geléist. Déi Stonnen vun Samsdes feelen hannen an vir. Mee kréie emol ë Prof derzou!

7

26.04.2008, 13:36

Wéivill Wochestonnen ginn et dann am Moment eigentlech?

Ech woer deemols op enger B an wier frougewiecht, Musek an Zeechnen ewechzeloossen... fir déi Leit puer Zäitverschwendung.

8

26.04.2008, 14:01

Dei Stonnen sin jo awer nie wechgefall mais einfach bei di anner Deeg dobaigesaat ginn! Am LTETT zB hunn se och nach Samsdes Schoul.

Ech sinn och net Musik an Molen dei eng Stonn verleiren mais Franseich an Bastelen. Am Fong ass et och mol keng ganz Stonn mais vir den Schüler nemmen eng hallef pro Woch. Daat gesait an der Praxis sou aus datt se an den Wessenschaften eng Stonn travaux pratiques all 2.Woch dobei kreien. Et ass normal dass do verschidden Lait bessi perplex sinn well daat gouf lo einfach sou vum ministere decideiet vir schon bei der rentree 2009 anzefeiren well Lëtzb. weit hannendran ass an den sciencen.

Daat ganzt nennt sech dann SCIENCES INTEGREES an ass en mix aus Bio,Ecologie, Chimie an Physik matt neien Bicher an mei TPen. Den GANZEN cycle inférieur am ganzen Land ass jo dovunn betraff. dann ass et normal dass dei Lait dei daat lo beemol enseigneiern mussen sech dei eng oder aaner Fro stellen vir waat daat sou seier iwwert den Knei gebrach ginn ass. Wanns du 2008 nach Physiksproff op enger 9e wars kann et sinn dass du lo 2009 op d'7e goen muss vir do matt hinnen Blummen an Beien ze maachen. Waat virdrun einfach dem Biosproff iwwerloos war. Mais wann an all lycee stonnen debei kommen sin där jo net mei genuch do. An et gesait och net sou aus wei wann se der mei anstellen giffen. Dobai kennt och nach dass all Gabai en speziellen Raum anriichten muss wat och net evident ass vu dass se schon all iwwerfellt sinn.
Ech mengen verschidden Lait hei hunn keng Ahnung wei kompliziert sou eng Logistik an engem ganzen lycee ass an trotzedem braddelen se gären matt iwwer Saachen wou se naischt intelligentes baidroen kennen.

Wéivill Wochestonnen ginn et dann am Moment eigentlech?

Ech woer deemols op enger B an wier frougewiecht, Musek an Zeechnen ewechzeloossen... fir déi Leit puer Zäitverschwendung.

30. Op der B gett et keng Musik an Zeechen (mei). Musik souwisou nemmen op 7e an 6e.

9

26.04.2008, 16:05

@temp,

merci fir d'"braddelen", ech kann et awer direkt zrëck gin. :) An eisen Lycée'en sin énorm vill Proffen déi "braddelen", an nach domm derzou.

Eist Jéngst ass elo dat lëscht Joër am Lycée, abee mir machen ë grousst Kräiz wann hatt färdeg ass. Net nëmmen mir, all d'Elteren déi nach Kanner an ëngem lëtzebuerger Lycée hun. Bei him sin ganz genau 3 Profen déi d'Klass rouëg behalen, an bei deenen sie ëppes léieren. Domm Sprech vun den Proffen sin un der Dagesuërdnung. Dann kommen sie den Schüler hir Problemer déi sie doheem hun, déi sie mat dem Direkter hun, mat hirer Frëndin hun ziehlen, asw asf.

Ech sin der Meenung, dass do ë bësschen Bastelen deenen gudd deed, sie behuëlen sech jo wéi Spillschoulsproffen, dann sollen sie och Spillschoul enseignéieren.

Eis zwee Grouss sin virun 15-20 Joër an den lëtzebuerger Lycée gangen. Den Ënnerscheed am Behuëlen vun villen Enseignant'en deemols an haut ass rieseg, leider huët et sech zum Schlechten gewandelt.

Zu der komplizéierter Logistik: virun enger Zeit sin d'Proffen 1-2 Wochen nodeem d'Schoul aus war an 2 Wochen iër d'Schoul erem ungangen ass schaffen gangen. Déi Zeit hun sie déi logistesch Problemer geléist.

10

26.04.2008, 19:37

@Hydra

Dat do sin jo awer interessant Ausssoen vun der. 2 Wochen no dem Ufank vun der Vakanz an 1 Woch virum Schoulufank hun sie logistik-Problemer gelest.

Kanns du mir dat w.e.g. erklären.

11

26.04.2008, 19:54

[quote='mafra',index.php?page=Thread&postID=2572#post2572]

Den @temp schreiwt, mir géingen braddelen an kéinten neischt Intelligentes beidroën. Mir wéissten net wéi komplizéiert esou eng "Logistik" an engem ganzen Lycée ass.

Ech hun him doropshin gesoot, wann d'Profen nees géingen esou schaffen wéi virun enger Zeitchen, dann hätten sie keen Problem mat der "Logistik". Daat heescht nun emol op 3 - 4 Wochen Congé verzichten. An där Zeit kéinten sie sech ëm hir komplizéiert "Logistik" këmmeren. Daat ass alles, wat ass dann dodrun esou komplizéiert, dass du dat net verstees? :)
[/quote]

Dieser Beitrag wurde bereits 1 mal editiert, zuletzt von »Hydra« (26.04.2008, 19:59)

12

26.04.2008, 21:54

Ech mengen verschidden Lait hei hunn keng Ahnung wei kompliziert sou eng Logistik an engem ganzen lycee ass an trotzedem braddelen se gären matt iwwer Saachen wou se naischt intelligentes baidroen kennen.

Dat mag erstaunlech klengen, mee et ginn eng ganz Rei Organisatiounen, wou d'Logistik nach grad en Tick méi komplizéiert as wéi an engem Lycee.

Zitat

Wéivill Wochestonnen ginn et dann am Moment eigentlech?
Ech woer deemols op enger B an wier frougewiecht, Musek an Zeechnen ewechzeloossen... fir déi Leit puer Zäitverschwendung.
30. Op der B gett et keng Musik an Zeechen (mei). Musik souwisou nemmen op 7e an 6e.

Wann ech mech richteg erenneren, hate mir bis op 5e oder 4e Musek, an Zeechnen nach e Joer oder 2 méi laang. Op 2e a 1ere hu mer dann nach onsäglech Philo amplaz kritt...

Mee 30 Wochestonnen hate mer och, op 6 Deeg verdeelt.As laang hier, an eng Zäit, déi mech net wierklech begeeschtert huet... ;)

13

26.04.2008, 22:15

Mee 30 Wochestonnen hate mer och, op 6 Deeg verdeelt.As laang hier, an eng Zäit, déi mech net wierklech begeeschtert huet... ;)
Wanns dë déi 2 Systemer matgemach huës, 6 Deeg d'Woch an elo 5 Deeg d'Woch, dann kanns de eigentlech nëmmen fir dat éischt sin. Déi Stonnen vun Samsdes feelen, do kann keen soën et wär net wouër, och keen Prof.

14

27.04.2008, 21:19

Leit die an hirem Liewen ***NIE*** geschafft hun, kritt een och elo mat enger Reform net derzou. Sie mengen sei geifen vill schaffen, well se et net annescht gewinnt sin, no der Uni (do hun se secher eppes geschafft, mee Ingenieuren, Techniker, etc och) kommen se dann an den TrainTrain do ran: max 16 Stonnen an der Schoul (daat geet mam Alter natirlech eroof), dann doheem prepareieren a verbesseren. An haut mat email an internet (natirlech gesponsert vun Restena) ass prepareieren e Klacks. An dei puer Prüfungen kritt een och nach seier virun der Télé verbessert.
Dei wessen einfach net waat schaffen ass, sou geseit et aus. Wann dei sougenannten "Proffen" 3 Joer vun hirem Liewen 40 Stonnne/Woch geschafft hätten, dann wären se dono vielleicht dankbar daat se et elo sou gudd hun an geifen daat ganzt mei serieux machen, an net emmer nemmen meckeren.

Secher, et gin der nach e puer dei et besser machen, mee dei gin emmer mei rar.

15

28.04.2008, 00:38

Daat ass genau daat wat ech matt 'braddelen' gemengt hunn. Ech hunn op verschiddenen Plaatzen geschafft, entre-autres och an enger schoul, an ech muss soen ech haat do genau sou iwwerluecht wei all dei aaner fein Hären hei genre 'dei puer Stonnen dWoch virun Kanner kann jo net sou schweier sinn an wat ech maachen ass eng "richteg" Arbescht bla bla bla' ah ben do kann een sech iiren. Dovir et soll een nett schetzen wann een et nach net selwer ausprobeirt huet. Daat ass alles wat ech soen dozou kann. verschidden Saachen sinn mei schweier wei se ausgesinn. An wann der deen job sou flott fannt, dei Pai an congéen sou interessant...eh ben dann gitt Proff ganz einfach....keen hällt irch dovun of.... ze schued dass mer nie eng Uni färdeg bruet hunn gell? mais lo aawer ordentlech lästern an den Kënnecher alles gleewen....

bei eppes muss ech allerdings Recht ginn: dei Kuschel-Pädagogik gett emmer mei verbreet. Dei Lait dei an denn Beruff rankommen kreien nett gewissen wei een grouss gruppen wei eng class matt 30 Lait managt mais verbrenegen onmooseg vill Zait matt Theorie dei an der Praxis kaum unzewenden ass. Mais bon dorunn ass och d Gesellschaft schold. Wann ech deemols eng kommen geloos hunn kruut ech nach doheem färm en Fouss hannenbei, haut heescht et oft 'loos der vun deenen an der Schoul naischt soen'....majo dann,muss keen sech wonneren... wanns du haut an denger klass probeires ferm durchzegraifen an richteg Ordnung dranzebrengen heescht et direkt 'deen kann net matt Kanner emgoen'...

16

04.05.2008, 21:14

Mee 30 Wochestonnen hate mer och, op 6 Deeg verdeelt.As laang hier, an eng Zäit, déi mech net wierklech begeeschtert huet... ;)
Wanns dë déi 2 Systemer matgemach huës, 6 Deeg d'Woch an elo 5 Deeg d'Woch, dann kanns de eigentlech nëmmen fir dat éischt sin. Déi Stonnen vun Samsdes feelen, do kann keen soën et wär net wouër, och keen Prof.

Gesin ech och esou.

17

04.05.2008, 21:23

bei eppes muss ech allerdings Recht ginn: dei Kuschel-Pädagogik gett emmer mei verbreet. Dei Lait dei an denn Beruff rankommen kreien nett gewissen wei een grouss gruppen wei eng class matt 30 Lait managt

Bon, also Ziel vum Ministère misst et sin, Klassen wou sou enorm vill Schüler dran sin oofzeschaafen, eng Klass vun 30 Schüler krit een nämlech net gemanagt. Opallefall net esou dat och all Schüler op seng Käschten kennt.

18

04.05.2008, 22:32

Eng Klass vun 30 Schüler kritt ë modernen Prof net gemanagt, an och nëmmen hei zu Lëtzebuerg. Froën mech op et iwerhaapt nach Klassen mat 30 Schüler hei am Land gin.

MacKeith

unregistriert

19

05.05.2008, 21:51

Eng Klass vun 30 Schüler kritt ë modernen Prof net gemanagt, an och nëmmen hei zu Lëtzebuerg. Froën mech op et iwerhaapt nach Klassen mat 30 Schüler hei am Land gin.
OH dach, Hydra, besonnesch an de Privatschoulen, wou sou vill wie méiglech eragepercht muss ginn, get et dat schon, dass et Klassen mat 30 Schüler ginn; eng "Mer à boire" fir déi Titulairen, (ech well net Profen schreiwen) déi virun esou eng Klass gepucht ginn. Mee d'Haaptsach ass, d'Elteren vun deene Sardinnen kënnt een déi Kanner nennen, iwwerweisen hier Euroen all Trimester an de Beidel vun der Schoul…

20

05.05.2008, 22:06

@MacKeith,

et mag sin, dass dat an Privatschoulen esou ass, ech kennen mech do net aus. An den öffentlechen Schoulen därft dat jo hei zu Lëtzebuerg net existéieren.