Sie sind nicht angemeldet.

Lieber Besucher, herzlich willkommen bei: LUX-FORUM. Falls dies Ihr erster Besuch auf dieser Seite ist, lesen Sie sich bitte die Hilfe durch. Dort wird Ihnen die Bedienung dieser Seite näher erläutert. Darüber hinaus sollten Sie sich registrieren, um alle Funktionen dieser Seite nutzen zu können. Benutzen Sie das Registrierungsformular, um sich zu registrieren oder informieren Sie sich ausführlich über den Registrierungsvorgang. Falls Sie sich bereits zu einem früheren Zeitpunkt registriert haben, können Sie sich hier anmelden.

1

15.02.2010, 08:03

Zerfällt d'Eurozone?

Elo wou Griechenland praktesch seng Faillite huet missen déclaréieren an Portugal, Spuenien an nach aner Länner an der selwechter Reih stin muss een sech d'Fro stellen ob d'Eurozone nach genuch Loft huet fir dat ganzt ze géréieren?
Wann eise JCJ schon d'Alarmglacken laut muss een sech di Fro stellen: Juncker fürchtet Zerfall der Euro-Zone
Wat di Sach nach ënnert engem aneren Liicht erschéinen léisst ass di Tatsach dat Goldman Sachs-Bank aus den States duerch Schummel-Krediter de Griechen de Bäitrëtterméiglecht huet!

2

28.04.2010, 12:37

Politik ist die Kunst, die Bürger immer wieder so schnell über den Tisch zu ziehen, daß sie glauben, die dabei entstehende Reibungshitze sei Nestwärme

3

28.04.2010, 13:09

Ech gesin iewerhaapt net an virwat mer deenen Griechen sollen hier Royal Staatsbeamtepeien finanzéiren. Si si jo mol net bereed ze spueren. An dat alles nemmen well dse di letzt h50 Joer geliewt hu wi d'Kingen an sech vu Geldgaïlen Amerikaner och nach Geld geléint hun wou se deemols schons woosten dat senet mol d'Zensen kéinten bezuelen. Et as dach ganz einfach -setze mer d'Zukunft an den zseummenhalt vun Eruopa op d'Spill a riskéiren sozial onrouhen a verfeindungen innerhalb vun der Unioun oder gi mer de Griechen d'Drachmen zreck an hinnen Zaït sech ze erkrabbelen fir se dann spéiderhin vlaït rem an d'Währungsunioun opzehuelen. Wien net no den Regelen spillt a sou op d'Gemeinschaft schaïsst wi d'Griechen sollt net mi daerfen matspillen. Lo finanzéiren mir am Endeffekt 2 mol di nàmlecht Banken. Ma Goldman Sachs waert sech freen dat gin jo dann dest Joer Extrafett Boni well D'EU as jo schliesslech Kreditwürdeg a kann de Griechen hir Zensen also der Bank hiren Gewënn!!! finanzéiren. Maasenverarschung nennen ech dat!

http://www.welt.de/finanzen/article73730…E5#vote_6346938

http://www.faz.net/s/RubB8DFB31915A443D9…n~Sspezial.html

http://www.handelsblatt.com/static/finanzen/a000_0000.html

Et as einfach lächerlech wéi mer elo rem nokucken wi ee skruppellosen Finazapperat elo rem Profit dorauser zidd dat Eruopa sech iwwert seng Biirger ewechssetzt an jidderengem deen gaer hätt einfach gëtt. Lo jéimeren d'Portugiesen och schon. A wien hëlleft ais wa mer all eist Geld ausgin hun vir ze hellefen.
Stumpf ist Trumpf!
-Dendemann

Dieser Beitrag wurde bereits 1 mal editiert, zuletzt von »Murf« (28.04.2010, 13:19)


Jempi

Administrator

Beiträge: 2 590

Wohnort: Beim neien Prisong

Beruf: Meckerer

  • Nachricht senden

4

28.04.2010, 13:32

... oder gi mer de Griechen d'Drachmen zreck an hinnen Zaït sech ze erkrabbelen fir se dann spéiderhin vlaït rem an d'Währungsunioun opzehuelen.

Leider ass esou eng Operatioun bal ganz onméiglech duerchzeféieren. Dat géif jo bedeiten, dass per Gesetz all griechesch Konten, all Kontrakter (siew et d'Peien oder Prêtën fir Haiser, international Scholden, och d'Präisser an de Boutiker etc.. etc ...) zu engem festgesatenen Taux de change géifen vun Euro an Drachmen zeréckgewandelt ginn. An d'Héicht vum Taux de change eleng géif do keng Roll spillen, well jo alles "en bloc" géif emgewandelt ginn. De wiirkleche But vun esou enger Operatioun wir, dass deen Dag nom Erëmaféieren vun der Drachme déi géif em 30 bis 50 Prozent ofgewärt ginn.

A well all Mënsch dat natiirlech vu vir erann weess, géifen d'Leit net op deen Dag waarden. All Firma an all Particulier, deen sech et kéint leeschten, hätt längst säi leschten Euro op ee Kont an engem aneren Euroland iwwerwisen, Leit déi sech dat net kënnte leeschten, hätte längst hir Suen all opgehuewen an d'Euroschäiner doheem ënner dem Kappkësse leien. Keng Bank a ganz Griicheland hätt méi ee Wak an der Keess, Euroschäiner wire wochelaang virum Ëmwandelen vum Marché verschwonnen, et géif just nach Chaos ginn. Um internationale Plang kéint keng griichesch Firma Woche virdrun iergendeppes am Ausland kafen, ouni am Viraus ze bezuelen. Fazit: Hir ganz Ekonomie géif hoffnungslos zesumme briechen.
"Truth is the most valuable thing we have. Let us economize it."
Mark Twain

5

28.04.2010, 13:39

Fir mech as et Fakt datt eng Economie wi di Griechesch di souwisou net produktiv as schon zesummegebrach as. Et muss een oft oofrappen fir nei opzebauen an et waer zu kengem Moment manner schmerzlech fir Griechenland wi elo wou se souwisou schon ennert dem Nullpunkt sin. Hir Economie as doud, d'Vertrauen a grieschech Firmen as jo logescherweis ennert Null. A soll fir d'Zukunft all Verrtauen a Griechenland an hir Ökonomie vun der EU ofhänken-da ruffe mer Geeschter di mer netmi lass gin. Si musse selwer wuessen an nei opbauen an et gëtt kee bessere Moment wi lo an der Wirtschaftskris wou et potenzial gëtt fir nei marchéen an eng besser?? Zukunft. Et waert sech just nie ee Politiker fannen dee fir esou ee SChrëtt de Mudd hätt. Da léiwer gammelen a wurschtelen a probéiren ze retten wat net mi ze retten as an di ganz EU op laang Siicht an d'Mauer fueren!
Stumpf ist Trumpf!
-Dendemann

6

28.04.2010, 13:45

Fatal Situatioun: gëtt d'EU den Griichen d'Geld ass dat Geld éischtens mol fort (an ziel kee mer de Géigedeel) an zweetens stinn aner Länner schon op der Waardelëscht. Gëtt d'EU de Griichen de Goss net steet eng Staatsfaillite an d'Haus an ech wëll guer net wëssen wéivill Geld doduerch verbrannt gëtt a Form vun Staatsprêten, déi dann einfach fleeten sinn.

Kéint den Ufank vum europäeschen Enn sinn...
Politik ist die Kunst, die Bürger immer wieder so schnell über den Tisch zu ziehen, daß sie glauben, die dabei entstehende Reibungshitze sei Nestwärme

7

28.04.2010, 14:05

An et waer mol net dat schlechtst wann et mat Eruopa geng op en Enn goën. Als Standhaften Géigner vun der Währungsunioun geng et mir recht gin. Ausserdem gefällt et mer net wat fir ee Menscheveruechtenden Kontrollstaat verschidden Radikaler hei emgaang sin ze schaafen. Eng Sozialrevolutioun waer wuel méiglech a warscheinlech souguer néideg! Ech denken datt wat Eruopa emgaang as ze gin kann et net sin. Mir sin um Holzwee an et gëtt Zaït datt mer verschidden Werter iwwerdenken. Mir kennen och nach 10 Joer weider rondrempiddlen da stin mer geschwenn remop deem nämlechte Punkt. Heiensdo as et besser ein "Ende mit Schrecken ze hun" wi "Schrecken ohne Ende" wi ee Mann dee méi schlau as wi ech mer oft réit!
Stumpf ist Trumpf!
-Dendemann

9

28.04.2010, 14:54

Genau dat as d'Iddi. A genau dat as de Prinzip Griechenland. Déi di méi schaffen wi di aaner gi bestrooft. Déi di net eenz gin sief et aus universeller Ongerechtegkeet oder einfach aus perséinlecher Dommheet kréien vun eis och nach gehollef. Dat as Europa an eent vun den Haaptargumenter dergéint - Glaïchmaacherei op allen Niveau'en. Glaïchmaacherei as den Doud vun all progrès mee leider verwiesselen vill Leit dat mat sozialbewosstem Handelen
Stumpf ist Trumpf!
-Dendemann

10

28.04.2010, 15:01

Wat Griechenland u sech ugeet, sinn ech nach mol guer net sou schlechter Deng: d'griechesch Regierung huet knackeg Spuermesuren offréiert - an d'Leit stinn hannendrun, d'Zoustemmung an Emfroen ass enorm héich. E Bewosstsinn, dass do eppes schief gelaf ass an muss geännert ginn, ass menger Meenung no do.

D'Kris ass alt erem éischter bei de Banken, do gett am Moment gewett. Déi eng wetten op Bankrott, an déi aner wetten drop, dass d'EU soulaang stäipt wéi et geet - een oder deen aneren zidd do de kierzeren.

Änder, Du versteess jo awer, dass d'Geld dann och fort ass, wa mir et de Griechen net ginn... wéivill vun de Lëtzebuerger Souen hänken dann a griecheschen Obligatiounen...

Ech weess mer och kee Rot fir déi doten Situatioun, mee ech ka mer net virstellen, dass en Wechfall vun der Währungsunioun fir Lëtzebuerg eppes guddes kéint sinn. Amplaz dass d'Preisen an d'Fanzousen eis dann op Leschten setzen an géint d'Taxen stänkeren, giffen se de Frang dann noneemaachen, dass mer mol net méi gudd wieren, fir heeschen ze goen.

11

28.04.2010, 15:10

A wéi ee Propagandablaad seet dann datt d'Griechen hannert Spuermoossnahmen stin. Bei denen as et wéi bei eis 60% Staatsbeamten an déi wieren sech matt Hänn a Féiss-di huelen eist Geld dankbar un mee dofir treppelen déi net fraïwelleg mi kuerz-grad well se kee Vertrauen an hier Regierung hun. Dat Net-Vertrauen vun de GRiechen zu hierer Regeirung huet jo eben réischt an dee Moloch aus Korruptioun a Bestiechung gefouert. Déi di lo téinene si géifen spueren sin déi di duerno d'Schmiergleder astiechen-dem Land geet et dofir net besser!
http://www.focus.de/finanzen/news/sparma…aid_483581.html
Stumpf ist Trumpf!
-Dendemann

12

28.04.2010, 15:17

Murf - egal wat de Focus virum Streik gesot huet - de fait, dass de Streik en Non-Event woer, weist jo awer, dass d'Leit hannendrun stinn.

13

28.04.2010, 15:30

Ech weess net wat ech dovun halen soll. En non-event as net dat richtegt Wuert. Ech mengen di ganz Staatsbetriiber hun sech bedeelegd an dat as numol eng Majoritéit vun de gRiechen. Wat an den Zeitungen steet as politesche Kalkül-wann offiziell 60% vun der Griechen net wellen spueren kréien si keng Hellef. Also stellen se et no baussen duer wi et muss duergestallt gin datt di aaner eruopäesch lànner a virun allem denen hir Awunner net zevill vun deem matkréien wat hannert hirem Reck an iwwert sie ewech diskutéiert gëtt-mir welle jo schliesslech keen reellen physeschen Opstand an Europa oder?
Stumpf ist Trumpf!
-Dendemann

14

28.04.2010, 20:30

Eng Euro-Krise ass ganz ferm ennerwe - dat erklärt och dem Här Junker seng Euphorie (an Ennerstützung vum Banker Mersch) fir Steiergelder a Griechenland ze stiechen. Frankreich an Deitschland (Letzeburg - mat wevill?) hun Griechenland schon Milliarden gelehnt. Eng Faillite-Erklärung setzt de Milliarden op d'Spill. Fait ass, dat d'Bourse scho verreckt spillt. D'Werter vun Portugal sin och schons als Ramsch agestuft gin. Et get och dermat gerechent dat Japan nozitt.
All verstännege Mensch fret sech ob do Solidaritet nach kann hellefen (Griechenland brauch 120 Milliaren - also geht et mat eisen 75 Millionen guer net duer) an dat e muss hoffen dat et ken Domino-Effekt get, oder ob en net tatsächlech soll Griêchenland virun de fait stellen: entweder curatel (do spillt d'Vollek net mat) oder faillite, da kreen Geldgeber hier Suen fleicht nemmen zum Deel erem. Fest steht: wa Banken de Griechen elo nach emmer Geld lehnen zum Taux vun 12%, da fannen ech dat d'Banken sollen de Risiko iwerhuelen an net de letzebuerger Steierzueler. De 60% Leit de hei am Land keng Steieren bezuelen kenne jo mam Här Junker solidaresch sin.

15

29.04.2010, 08:36

Politik ist die Kunst, die Bürger immer wieder so schnell über den Tisch zu ziehen, daß sie glauben, die dabei entstehende Reibungshitze sei Nestwärme

16

29.04.2010, 08:44

d'griechesch Regierung huet knackeg Spuermesuren offréiert - an d'Leit stinn hannendrun, d'Zoustemmung an Emfroen ass enorm héich. E Bewosstsinn, dass do eppes schief gelaf ass an muss geännert ginn, ass menger Meenung no do.


Lol, d'Leit stinn hannendrun bis et hinnen un den Portemonni geet. Allez, Johnny, muss ech dech un den Trara ronderem d'Tripartite erenneren? ;)
Politik ist die Kunst, die Bürger immer wieder so schnell über den Tisch zu ziehen, daß sie glauben, die dabei entstehende Reibungshitze sei Nestwärme

Jempi

Administrator

Beiträge: 2 590

Wohnort: Beim neien Prisong

Beruf: Meckerer

  • Nachricht senden

17

29.04.2010, 08:53

johnny,

A wéi d'Leit hannendru stinn!!!!

Zitat

70 Prozent der Griechen lehnen Sparmaßnahmen und das EU-Rettungspaket ab – mit fatalen Folgen: Der Protest der öffentlichen Verkehrsbetriebe führt zu einem Ausfall von zehn Millionen Euro pro Jahr. Auch die Lehrer wollen streiken und so das Abitur ausfallen lassen. Nun drohen die Pharmahersteller.

http://www.welt.de/politik/ausland/artic…erstoerung.html
"Truth is the most valuable thing we have. Let us economize it."
Mark Twain

18

29.04.2010, 09:10

Et ass scho witzeg - dat meeschten, wat ech u 'Meenung', well soen "net haart Zuelen" liesen, kennt aus éischter lenks agestalltenen Quellen. Dat meescht, wat hei 'dergéint' gequoted get, kennt aus éischter konservative Medien.

Jempi, ee klengen Detail allerdengs: Springer-Medien däerf een ni gleewen, dat gelt fir d'Welt genau sou wéi fir d'Bild. Net, well se net och kennen richteg leien, mee well do - ähnlech wéi beim Rupert senge Blieder - kee Journalismus bedriwwe get, mee politesch Astellung gefördert get.

Jempi

Administrator

Beiträge: 2 590

Wohnort: Beim neien Prisong

Beruf: Meckerer

  • Nachricht senden

19

29.04.2010, 09:19

Jempi, ee klengen Detail allerdengs: Springer-Medien däerf een ni gleewen, dat gelt fir d'Welt genau sou wéi fir d'Bild. Net, well se net och kennen richteg leien, mee well do - ähnlech wéi beim Rupert senge Blieder - kee Journalismus bedriwwe get, mee politesch Astellung gefördert get.

OK johnny, Kritik akzeptéiert. De Focus gehéiert jo net dem Springer-Konzern, oder?

Zitat

61 Prozent der Griechen scheinen die Entscheidung Griechenlands, Hilfen von den EU-Staaten und dem IWF anzunehmen, abzulehnen. Aus Protest gegen die Sparpläne der Regierung wurde in Athen der öffentliche Nahverkehr lahmgelegt. Dabei sollen die vom IWF geforderten Sparmaßnahmen die in Griechenland beschlossenen noch übersteigen.

http://www.focus.de/panorama/vermischtes…aid_502597.html
"Truth is the most valuable thing we have. Let us economize it."
Mark Twain

FlashBack

unregistriert

20

29.04.2010, 09:21

johnny,

A wéi d'Leit hannendru stinn!!!!

Quoted 70 Prozent der Griechen lehnen Sparmaßnahmen und das EU-Rettungspaket ab – mit fatalen Folgen: Der Protest der öffentlichen Verkehrsbetriebe führt zu einem Ausfall von zehn Millionen Euro pro Jahr. Auch die Lehrer wollen streiken und so das Abitur ausfallen lassen. Nun drohen die Pharmahersteller.

http://www.welt.de/politik/ausland/artic…erstoerung.html


http://www.wort.lu/wort/web/business/art…dere-loehne.php
http://www.lefigaro.fr/conjoncture/2010/…-va-perdre-.php

Wann déi aaner EU Bierger eis Payen mol eng Kéier ënnert d'Lupp huelen, z.b. wan mir eng Kéier Hëllef brauchen dann werten mir schéin domm do stoen.

Ass jo schéin iwert d'Griechen ze lästeren déi 2000€ verdingen an hier Paye net gekierzt wellen kréien.
Dann awer selwer fier déi selwegt Arbecht dat draifacht verdengen hei am Land, an kraichen wann eis Politik iwer Staiererhéigungen nodenkt. Am Moment gett nähmlech ganz vill gekrasch hei am Land, an et sin net Lait aus dem Bausekteur déi am meeschten Kraischen; déi déi vun den Spuermoossnahmen am meeschten betraff werten gin, an schon net grad déi bewchten payen an Arbeschtbedingungen hun.

Heintos schéin lächerlech an arrogant waat mir Letzebuerger vun eis gin.