Sie sind nicht angemeldet.

Lieber Besucher, herzlich willkommen bei: LUX-FORUM. Falls dies Ihr erster Besuch auf dieser Seite ist, lesen Sie sich bitte die Hilfe durch. Dort wird Ihnen die Bedienung dieser Seite näher erläutert. Darüber hinaus sollten Sie sich registrieren, um alle Funktionen dieser Seite nutzen zu können. Benutzen Sie das Registrierungsformular, um sich zu registrieren oder informieren Sie sich ausführlich über den Registrierungsvorgang. Falls Sie sich bereits zu einem früheren Zeitpunkt registriert haben, können Sie sich hier anmelden.

1

25.04.2008, 13:19

D'EU an aner Gecken

Zitat

Soll ee laachen oder kräischen?
Politik ist die Kunst, die Bürger immer wieder so schnell über den Tisch zu ziehen, daß sie glauben, die dabei entstehende Reibungshitze sei Nestwärme

Jempi

Administrator

Beiträge: 2 590

Wohnort: Beim neien Prisong

Beruf: Meckerer

  • Nachricht senden

2

25.04.2008, 14:33

Dat ass dach näischt neies, schon am 19. Jorhonnert sot den Wilhelm Busch:

Musik wird oft nicht schön gefunden,
Weil sie stets mit Geräusch verbunden.


An do kritt elo deen däitschen Ausdrock "sich Gehör verschaffen" och nach e ganz neien Sënn.
"Truth is the most valuable thing we have. Let us economize it."
Mark Twain

3

25.04.2008, 14:54

't as jo ower bekannt, dass déi meeschten eeler Museker net méi wierklech gudd héiren. Eng Koppel Ourestepp sinn do nawell gudd investéiert. Natierlech keng noise cancelling headsets, déi alles ewechhuelen, mee et ginn ganz propper Stepp, déi mat engem flachen Frequenzverlaf just em e puer Decibel dämpfen. Wanns de iwwert laang Zäiten all Dag stonnelaang proufst, dann as dat kee schlechten Investment.

4

25.04.2008, 15:00

Dorëms geet et mir net: ech wëll vun der EU einfach keng Virschreften méi héiren.
Politik ist die Kunst, die Bürger immer wieder so schnell über den Tisch zu ziehen, daß sie glauben, die dabei entstehende Reibungshitze sei Nestwärme

5

25.04.2008, 15:11

Dorëms geet et mir net: ech wëll vun der EU einfach keng Virschreften méi héiren.


OK, dat as dann en anere Sujet.

Mat den EU-Virschreften as et sou eng Geschicht: vill sinn der einfach ganz gudd fir d'Standardiséirung tescht de Länner, wanns de do net giffs mat EU-Reglementatioune schaffen, da giff dat jo nie eppes ginn. Dass Standardiséirungen wichteg sinn, doriwwer si mer eis jo eens.

Sou abstrus Geschichten wéi déi mam Schallschutz kommen aus engem ganz aneren Eck; do sinn Leit, déi effektiv mussen geschützt ginn, z.B. Aarbechter an Fabriken, op Flughäfen asw. Also get eng Virschreft gemaach, fir do en gewesse Schutz virzeschreiwen - och nach gudd, oder? Dass sou Geschichten an Decibelen gegoss ginn, huet natierlech zur Konsequenz, dass éirenswann och eng Kéier een en Orchester moosst...

Jempi

Administrator

Beiträge: 2 590

Wohnort: Beim neien Prisong

Beruf: Meckerer

  • Nachricht senden

6

25.04.2008, 15:19

Dorëms geet et mir net: ech wëll vun der EU einfach keng Virschreften méi héiren.

Änder,

Beroueg dech emol, esou vill Virschfrëften vun der EU gët et guer net. Duerch den Subsidiaritéitsprinzip leien d'Kompetenzen vun der EU nëmmen an deenen Beräicher, déi e grenziwwerschreidenden Effekt hunn. An ech gleewen net, dass, wann zu Tréier en Symphonieorchester ze haard spillt, een zu Waasserbëlleg doduerch daaf gët.

Wat ganz oft, vir net ze soen immens oft, mëssbraucht gët, ass d'Ausso, "d'EU schreiwt dat vir", och wann d'EU guer näischt do ze soen huet.

Beispill: Fëmmverbuet. Huet d'EU ni verlaangt, därf si guer net! Alles wat d'EU verlaangt huet, ass en Publicitéitsverbot, well haut all eis Medien grenziwwerschreidend sin. An jidfereen, op Clochard oder Minister, deen behaapt, d'Fëmmverbued wär eng Virschrëft vun der EU, ass ee groussen Ligener!

Beispill 0,5 Promill: Ass eng Recommandatioun vun der EU, stëmmt, awer keng Virschrëft, dat ass national Kompetenz, wou d'EU näischt ze soen huet.

Ganz villes, wat der EU zougeschousstert gët, berout just op der Feigheet vun eisen "sougenannten" (ech muss dat Wuert hei gebrauchen, well ech den Substantiv hannendrun net an den Dreck zéien wëll) Politiker, déi eis ëmmer di béis EU wëllen virmolen. Mais, täuscht iech net, Här Di Bartolomeo, Här Lux an all déi aner, et hunn genuch Leit d'Wourecht erkannt.
"Truth is the most valuable thing we have. Let us economize it."
Mark Twain

7

25.04.2008, 15:30

Politik ist die Kunst, die Bürger immer wieder so schnell über den Tisch zu ziehen, daß sie glauben, die dabei entstehende Reibungshitze sei Nestwärme

8

25.04.2008, 15:36

Politik ist die Kunst, die Bürger immer wieder so schnell über den Tisch zu ziehen, daß sie glauben, die dabei entstehende Reibungshitze sei Nestwärme

9

25.04.2008, 15:43

Bong, ok, da schaf dat Gebeessgesetz of an da geess de mol kucken, wéi et soss enzwousch as: bei den Amerikaner as d'Gebeess soss näischt wéi Zocker, Gelatine, kenschtlech Aromen a Fuerwstoffer. Dann hun ech léiwer lächerlech naming conventions awer Gebeess, dat wéinstens mol eng Kéier Uebst woer.

10

25.04.2008, 15:47

Ech hunn d'Gebeess virun 10 Joer eigentlech och ganz gutt fonnt, och ouni EU ;)
Politik ist die Kunst, die Bürger immer wieder so schnell über den Tisch zu ziehen, daß sie glauben, die dabei entstehende Reibungshitze sei Nestwärme

11

25.04.2008, 15:52

An ech sinn eigentlech all Kéier rem frou, wann ech heemkommen, grad vum Gefréiss hier. Wann et fir de Produzenten guer keng qualitativ Virgaben get, dann get eeben op de Benefice optiméiert. Wanns de der dann ukucks, wéi Zalotekäpp bestrahlt ginn, Äppel eng Millimeter deck Couche Wuess drophun, Schockela honnert aner Ingrédienten huet wéi Kakao, da fannen ech d'EU-Bestemmungen guer net méi sou tragesch.

Jempi

Administrator

Beiträge: 2 590

Wohnort: Beim neien Prisong

Beruf: Meckerer

  • Nachricht senden

12

25.04.2008, 15:59

Änder,

Du hues jo Recht, ech tendéiren esou guer dozou, déi Geschichten ze gleewen.

Awer formaljuristesch (och wann et deen gréissten Kabes ass), ass do näischt dogéint ze soen, bei der "Pizza napolitaine" geet et em eng "appellation régionale protégée), wann do den Numm "Neapel" net méi dra virkënnt, ass jo nees alles an der Rei. Mir haten jo och Thüringer, déi heeschen eeben elo net méi esou, schmaachen awer d'selwescht.

Ech sinn ganz matt dir averstanen, dass d'EU sech mat esou Saachen lächerlech mëcht, dat ass schued. Wat mëch opreegt, ass awer dass eis national "Politiker" sech oft hannert der EU verstoppen, fir hier eegen Intérêten duerchzesetzen.
"Truth is the most valuable thing we have. Let us economize it."
Mark Twain

13

25.04.2008, 17:46

Ech wees et jo net, mee 250 gr Ingwer an engem Zitrusgebees vun 1.000 gr ??????

Dann wär an 1 kg Orangen-Gebees 250 gr Inger dran? :S :S

14

25.04.2008, 18:08

Den Text aus der Welt as zimmlech zesummegepuzzelt, entweder schlecht recherchéiert oder express ongenau formuléiert. Laut Wikipedia as et esou:

Zanter 1984 as 'Marmelade' fir Gebeess aus Citrusfriichten, 'Konfitüre' fir aneres definéiert. Ausnahmen ginn et innerhalb vum Land, wou dat e besschen méi locker gehandhabt ka ginn.
Zanter 2001 as 'Konfitüre' resp. 'Konfitüre extra' definéiert mat gewessen Mindestquantitéiten un Uebst; wanns de Gebees aus Gingembre mess, dann mussen et eben 150 resp. 250 Gramm sinn. Bei Äerdbieren zum Beispill sinn et 350 resp. 450 Gramm.

Da get et nach aner Astufungen, z.B. Gelee, oder Fruchtaufstrich, do komme mer dann an dee Beräich, wou d'Reschter vum Buedem opgewescht a verkaaft gin.

Interessant ze liesen. A virun allem méi sennvoll, wéi den 'Welt'-Artikel ee well gleewen doen.

15

25.04.2008, 18:33

@Johnny,

esou verstinn ech dat och. Et ass ausserdem ë sënnvollt Reglement. Sou wees ech direkt wat dran ass, wann ech "Konfiture" , "Konfiture extra", "Gelee" oder "Fruchtaufstrich", op ëngem Glas gesin stoën.

Jempi

Administrator

Beiträge: 2 590

Wohnort: Beim neien Prisong

Beruf: Meckerer

  • Nachricht senden

16

25.04.2008, 20:59

D'Regel ass dach vill méi einfach:

Wo Konfitüre draufsteht, ist auch Konfitüre drin.
"Truth is the most valuable thing we have. Let us economize it."
Mark Twain

17

25.04.2008, 22:40

'Änder'
Beroueg dech emol, esou vill Virschfrëften vun der EU gët et guer net. Duerch den Subsidiaritéitsprinzip leien d'Kompetenzen vun der EU nëmmen an deenen Beräicher, déi e grenziwwerschreidenden Effekt hunn. An ech gleewen net, dass, wann zu Tréier en Symphonieorchester ze haard spillt, een zu Waasserbëlleg doduerch daaf gët.
Wat ganz oft, vir net ze soen immens oft, mëssbraucht gët, ass d'Ausso, "d'EU schreiwt dat vir", och wann d'EU guer näischt do ze soen huet.
Beispill: Fëmmverbuet. Huet d'EU ni verlaangt, därf si guer net! Alles wat d'EU verlaangt huet, ass en Publicitéitsverbot, well haut all eis Medien grenziwwerschreidend sin. An jidfereen, op Clochard oder Minister, deen behaapt, d'Fëmmverbued wär eng Virschrëft vun der EU, ass ee groussen Ligener!
Beispill 0,5 Promill: Ass eng Recommandatioun vun der EU, stëmmt, awer keng Virschrëft, dat ass national Kompetenz, wou d'EU näischt ze soen huet.
Ganz villes, wat der EU zougeschousstert gët, berout just op der Feigheet vun eisen "sougenannten" (ech muss dat Wuert hei gebrauchen, well ech den Substantiv hannendrun net an den Dreck zéien wëll) Politiker, déi eis ëmmer di béis EU wëllen virmolen. Mais, täuscht iech net, Här Di Bartolomeo, Här Lux an all déi aner, et hunn genuch Leit d'Wourecht erkannt.

Ët ass gudd, dass de Jempi emol eng Kèer de Punkt mecht waat EU- a waat LU -Gesetzgebung ass.
Liest dëse Beitrag vun him ëmol nach eng Kéier genau duurch an da gesidd der, dass mer vun onse Politiker nët nëmmen belunn gin, mais wëssentlech iirgeféiert gin, also regelrecht bedrun gin ...... !
Ët ass wiirklech esou, dass all déi extrem repressiv Gesetzer vum leschte Joer hei zu L absolut näischt direkt mat der EU ze din hun (nëmmen indirekt als Rekommandatioun) !
Op dèr aanerer Säit sid frouh, dass verschidde Konsumgidder vun der EU norméiert gin , domat schütze mer d'EU- Produits'en vis à vis vum Baussemaart !
Och wann daat sech witzeg unhéiert, dass ë Pottschamp aus Polen muss gewëssen Secherheetsnormen erfëllen.....
mais déi déi schon eng Kéier mam Aar..h duurch esou en ongepréiften Pottschamp gefall sin, begréissen secherlech esou eng Direktiv vun der EU !
Mais elo am Eescht : Ech selwer haalen d'EU-Administratioun fir e Waaserkapp , mais ech gesinn awer trotzdem hir "raison d'être" an !
Mais ech loosse mech nët méi vun onse Vullemettien vu Ministeren veraarschen mat Gesetzer wou se elo eréischt agesinn, dass se den Effet contraire domat bewiirken ! Hir Conseiller'en si wahrscheinlech zevill iwerqualifizéiert !
Das sogenannte Theodizeeproblem :
Kann oder will Gott das Leid in dieser Welt und die Untaten seiner Kirchenmänner nicht verhindern?
Wenn er es nicht kann, ist er nicht allmächtig, wenn er es nicht will, dann ist er nicht allgütig !

Dieser Beitrag wurde bereits 1 mal editiert, zuletzt von »mJANG« (25.04.2008, 22:46)


18

25.04.2008, 22:43

Get et naischt mei wichteges an Europa iwwer dat een sech opreegen kann, ausser Gebees ?

Nath

Fortgeschrittener

Beiträge: 185

Wohnort: Esch-sur-Alzette

  • Nachricht senden

20

13.06.2008, 22:54

daat ass extrem traureg - wa länner nach esou gestzer hun,missten se ofschafen eet se member vun dem veräin kennnen gin

Ähnliche Themen