Sie sind nicht angemeldet.

Lieber Besucher, herzlich willkommen bei: LUX-FORUM. Falls dies Ihr erster Besuch auf dieser Seite ist, lesen Sie sich bitte die Hilfe durch. Dort wird Ihnen die Bedienung dieser Seite näher erläutert. Darüber hinaus sollten Sie sich registrieren, um alle Funktionen dieser Seite nutzen zu können. Benutzen Sie das Registrierungsformular, um sich zu registrieren oder informieren Sie sich ausführlich über den Registrierungsvorgang. Falls Sie sich bereits zu einem früheren Zeitpunkt registriert haben, können Sie sich hier anmelden.

1

04.10.2008, 18:02

Restopolis

Ech sin um Geesseknäppchen am Rodange an der Schoul.

Ech wëilt mol gären äer Meenung iwwert dat neit System vun Restopolis heiren. Ass dat net eng Sauerei, dass en do nemmen nach mat der sch**** Schülerkaart bezuele kann? Domat ass en sou onflexibel! Eng Aart Kreditkaart, mat där's da awer nemmen bei Restopolis bezuele kanns. Axxes geet net mei (hu se mer zumindest sou verklickert), buer bezuele schon guer net...

Resultat: Boykott (et ginn vläicht 5 Lait dei ech kenne regelmeißeg an de Forum)

An da wonneren d'Proffe sech, wann de Grousdeel vun de Schüler iwwert Stroosse bei de Carpe Diem, bei de Chinees, bei de Kebab, etc leeft...

2

04.10.2008, 18:17

RE: Restopolis

Ech sin um Geesseknäppchen am Rodange an der Schoul.


Ui... do woer ech och emol, as awer schon eng Zäitchen hier :)

As meng speziell Frendin d'Berthe Paquet nach do?

Zitat


Ech wëilt mol gären äer Meenung iwwert dat neit System vun Restopolis heiren. Ass dat net eng Sauerei, dass en do nemmen nach mat der sch**** Schülerkaart bezuele kann? Domat ass en sou onflexibel! Eng Aart Kreditkaart, mat där's da awer nemmen bei Restopolis bezuele kanns. Axxes geet net mei (hu se mer zumindest sou verklickert), buer bezuele schon guer net...


<kuerz googlen>

Aha. Gesäit verstänneg aus, kann een per Geldkaart, Kreditkaart oplueden, fonctionnéiert nemmen an der Schoul wou et 'gesonnt' Iessen get. Gett den Elteren eng Méiglechkeet, d'Kanner ze forcéiren, an der Schoul z'iessen amplaz Junk Food. Eng banal Geldkaart giff et vum Prinzip hier och doen, wann et just em Bezuelen ouni Souen geet - mee dat as wuel explizit net gewollt.

Sou pauschal, vun der Website aus ze gesinn, schengt et keng schlecht Affär ze sinn.

Natierlech gefällt et dem Schüler net, wann e vun den Elteren an der Schoul an d'Cafeteria vun der Schoul 'forcéiert' get, well d'Souen op der Geldkaart nemmen do eppes wäert sinn. Mee dass Kanner an Elteren sech net eens sinn, as näischt neits. An dass d'Elteren d'Soen an d'Souen hun, och net ;)

Zitat


Resultat: Boykott (et ginn vläicht 5 Lait dei ech kenne regelmeißeg an de Forum)

An da wonneren d'Proffe sech, wann de Grousdeel vun de Schüler iwwert Stroosse bei de Carpe Diem, bei de Chinees, bei de Kebab, etc leeft...


Ou, dann huet sech awer muenches geännert, wann Proffen sech em sou Saache kemmeren... deemols woer nach ennen am Kolléisch d'Cantine, mee dat woer awer de Proffen egal, wou d'Schüler iessen gaang sinn.

3

04.10.2008, 18:32

Jop, d'Berthy as nach do (hat se virun 2 Joer als Régente :cursing: )

Zum Gleck sin ech aus dem Alter raus, wou meng Elteren mer domat soe kinnten, wou ech iesse goe soll. Ech hun doheem duerchgerongen, dass ech dei Suen op d'Axxess-Kaart iwwerwisse kreien.

A gleew mer, am Forum get et och net besser z'iesse wei z.B. am "Pepe Restaurant" (de leider "temporairement fermé" ass ;( ). Vu gesond musse mer hei guer net schwätzen. Pizza & Grillade sinn d'Renner, Zalot geet seelen iwwert Théik. (war zumindest viru mengem Boykott sou).

Zu de Proffen. Se wonnere sech nemmen, dass dei aaner Säit vun der Stroos emmer eng deck lass as. Mee u sech ass et denen egal ;)

Jempi

Administrator

Beiträge: 2 590

Wohnort: Beim neien Prisong

Beruf: Meckerer

  • Nachricht senden

4

04.10.2008, 18:38

Fuus,

Fir d'éischt, du kenns mech nach net, duerfir déi heiten Explikatioun: Méng 2 eelst Bouwen ginn och an de Lycée, 5ième an 6ième an si iessen natirlech och do.

Keen vunn deenen 2 huet iergend eng Reklamatioun wat déi Restopolis-Kaart betrëfft, am Konträr, am Fall vun der Perte vun där Kaart, sinn d'Suen nach do, déi kann ganz séier gespaart ginn. Si fannen deen Systeem och net onflexibel, well hir Elteren och net onflexibel sinn, keen forcéiert si, ëmmer do ze iessen, wann si léiwer den McDo oder den Quick hunn, ok, kee Probleem, och duerfir kréien si d'Suen.

Wanns du dech elo iwwerméisseg vun iergendengem kontrolléiert fills, dann läit den Probleem net bei Restopolis, dann ass deen Probleem méi generell an beschränkt sech net nëmmen op den Schoulrestaurant. Dann hues du de Probleem nach ann aneren Domänen. Do ass et,als Aussenstehenden, natiirlech schlecht e Rot ginn, just esouvill: Vertrauen berout ëmmer op Géigensäitegkeet (ok, ass natiirlech einfach esou ze soen).

Awer probéier et einfach, ween net probéiert, erreecht bestëmmt näischt.
"Truth is the most valuable thing we have. Let us economize it."
Mark Twain

5

04.10.2008, 18:42

@Fuus,

dëst Joër kann ech net matschwätzen, mee d'läscht Joër war dat Iëssen am Forum esou ongesond wéi dat an den Fast-food Restaurant'en.

Eist "Klengt" hat op eemol Cholesterol. Ech hun op der Arbecht aner Schaffstonnen ungefroot an hatt ass duerno heem iësen komm. Während 8 Wochen hun ech fir hatt dat gekacht, wat ech ëmmer heiheem kachen, an oh Wunder, sëng Werter waren nees an der Rei.

6

04.10.2008, 18:43

Jop, d'Berthy as nach do (hat se virun 2 Joer als Régente :cursing: )


Mon dieu... mir haten se mengen ech dat legendäert Joer och als Régente...23 Leit an der Klasse, 19 duerchgefall.

Mee et gouf och flott Zäiten... de Gast 'Alternder Professor verführt junges Mädchen und wird dafür vom Teufel geholt'. Oder Webesch Arm mat 'Geschichten aus der Geschicht'. An de Mister 'let's keep you busy' Millim :-)

Zitat


Zum Gleck sin ech aus dem Alter raus, wou meng Elteren mer domat soe kinnten, wou ech iesse goe soll. Ech hun doheem duerchgerongen, dass ech dei Suen op d'Axxess-Kaart iwwerwisse kreien.


Dann as déi Geschicht fir Dech jo souwäit an der Rei.

Zitat


A gleew mer, am Forum get et och net besser z'iesse wei z.B. am "Pepe Restaurant" (de leider "temporairement fermé" ass ;( ). Vu gesond musse mer hei guer net schwätzen. Pizza & Grillade sinn d'Renner, Zalot geet seelen iwwert Théik. (war zumindest viru mengem Boykott sou).


Ech weess guer net méi sou richteg wou mir emmer higaange sinn... de Bäcker schréi vis-a-vis vum Kolléisch, de Conservatoire, d'Milkbar, an de Pacha...

Ech hun villes vun däer Zäit mat Succes verdrängt :)

Zitat


Zu de Proffen. Se wonnere sech nemmen, dass dei aaner Säit vun der Stroos emmer eng deck lass as. Mee u sech ass et denen egal ;)

:)

7

04.10.2008, 20:42


Jop, d'Berthy as nach do (hat se virun 2 Joer als Régente :cursing: )


Mon dieu... mir haten se mengen ech dat legendäert Joer och als Régente...23 Leit an der Klasse, 19 duerchgefall.

Et ass also kee Märchen! Dat ass haut nach eng Legend! An du wars an der Schluescht derbäi. 8o

Zitat

Mee et gouf och flott Zäiten... de Gast 'Alternder Professor verführt junges Mädchen und wird dafür vom Teufel geholt'. Oder Webesch Arm mat 'Geschichten aus der Geschicht'. An de Mister 'let's keep you busy' Millim :-)

Weber kennen ech :) , dei aaner 2 leider net. D'Lotti kenns de bestemmt

Tja, an d'hydra schengt meng Thèse vum "gesondten" Iessen am Forum ze bestätegen...

An doweinst verstinn ech och den Senn an Zweck net vun der ganzer Geschicht... ginn d'Schüler dozou gezwong, entzwousch iessen ze goen, wou et genau sou ongesond ass wei am Kebab och, mee wou d'Iessen net hallef sou gutt schmaacht?

@Jempi:
Nee, ech sinn net paranoid :P

8

05.10.2008, 12:34


Jop, d'Berthy as nach do (hat se virun 2 Joer als Régente :cursing: )


Mon dieu... mir haten se mengen ech dat legendäert Joer och als Régente...23 Leit an der Klasse, 19 duerchgefall.

Et ass also kee Märchen! Dat ass haut nach eng Legend! An du wars an der Schluescht derbäi. 8o


Jo, ech woer derbäi... d'woer en Gemetzels, bal sou wéi 14-18 am Bulli. Mir haten d'crème vum corps enseignant aus dem LMRL dat Joer.

Sinn de Potti an de Jumbo nach do?

Zitat


Zitat

Mee et gouf och flott Zäiten... de Gast 'Alternder Professor verführt junges Mädchen und wird dafür vom Teufel geholt'. Oder Webesch Arm mat 'Geschichten aus der Geschicht'. An de Mister 'let's keep you busy' Millim :-)

Weber kennen ech :) , dei aaner 2 leider net. D'Lotti kenns de bestemmt


Scharjekelt si emmer nach dohir? Mon dieu... bong, sie woer deemols scho gudd konservéiert ;-)

Beim Gast hat dee Faust-Resumé e gewesse Reiz, weil hien den archetypeschen alternde Professor woer an schon u senger véierter oder fennefter Stagiaire woer. :)

Zitat


Tja, an d'hydra schengt meng Thèse vum "gesondten" Iessen am Forum ze bestätegen...

An doweinst verstinn ech och den Senn an Zweck net vun der ganzer Geschicht... ginn d'Schüler dozou gezwong, entzwousch iessen ze goen, wou et genau sou ongesond ass wei am Kebab och, mee wou d'Iessen net hallef sou gutt schmaacht?


Sief Der bewosst dass et am Liewen och spéider sou as: deen dee bezillt bestemmt.

9

05.10.2008, 13:42

Zu de Proffen: se sinn amgaang nei Proffen zu rekruteiren, well dei aal lo alleguerten an d'Pensioun ginn, doweinst ass lo alles e bessen "oniwwersichtleg", et wees e käum mei ween nach do ass a ween net (dei verstoppe sech awer och sou gutt ;) ) ... bei der Lotti an der Paquet ass et mengen ech dat läscht Joer, ZUM GLECK :D

Maranello_M

Administrator

Beiträge: 209

Wohnort: Esch-sur-Alzette

  • Nachricht senden

10

06.10.2008, 15:54

Bei eis kann een schon länger just mat Kaard bezuelen am Lycée. Bis lescht Joer huet een dei Kaard missen per Automat obfellen, dest Joer ass et jo ob nationaler Ebene alles geännert.

Net alleng dass et vermonopoliseiert, nee et ass och mei Déier ginn!

Ech wees, 4 Euro ass keen Priess! Mais eng Fäsch Wasser fir dobei Kascht der dann schon 1,10 !


Hun Ausgerechend, dass et mat 8 Euro den Daag laang net duergeht, do ass dann awa ze bemierken, dass een Schüler am duerchnett 5 Euro Iessensgeld kritt!

Wei ech ob 7iem war ass et mat 5 Euro Iessensgeld lackerduergaang, mais do waar Welt nach an der reih, krutt een an der Cafeteria Pizza, Fritten an Chicken Nuggets... an d'Automaten waren mat Cola an Kinder Bueno vollgestoppt...

Endresultat: ech hun weilaang guernaischt giess, bis meng Mam herno angewellegt huet, dass ech an "Duerf" ginn, elo stinn Kebab an esou um Menu! Ob et wierklech een Schratt no fir ass, bezweifelen ech ...

Vue que dass ech President vum Schülercomite sinn, treffen ech mech reegelmeisseh mat Leit aus aaner Schoulen... am Alima geht et een COLA Schwarzmaart. Leit kaafen den en gros, bunckeren den an hieren Kasen, an verkaafen den dann an den Pausen!

Also ech fannen et alles Quatsch... an mat Suen leieren emgoen, machen Schüler och net esou !
Eine eigene Meinung ist ein Luxus, den sich nicht viele Menschen leisten. (Alfred Polgar, österr. Schriftsteller u. Kritiker, 1873-1955)

Jempi

Administrator

Beiträge: 2 590

Wohnort: Beim neien Prisong

Beruf: Meckerer

  • Nachricht senden

11

07.10.2008, 14:56

Escher LGE

De Schülerkommittee vum Escher LGE huet all d'Schüler haut oppgeruff, fir, ab dem nächsten Méindeg wärend 2 Wochen, de Restaurant vum LGE ze boykottéieren. Et geet awer net em déi nei Kaart, et geet an éischter Linn em d'Qualitéit vum Iessen. Mäin Eelsten hat haut de Mëtten een Biffdeck, deen hien ouni Succès matt séngem Messer bekämpft huet. Wou hien en ëmgedréit huet, konnt hien doropp ganz däitlech "Michelin" liesen.

Mol ofwaarden, opp deen Oppruff befollegt gëtt an wat si domadder erreechen.
"Truth is the most valuable thing we have. Let us economize it."
Mark Twain

12

07.10.2008, 16:45

RE: Escher LGE

De Schülerkommittee vum Escher LGE huet all d'Schüler haut oppgeruff, fir, ab dem nächsten Méindeg wärend 2 Wochen, de Restaurant vum LGE ze boykottéieren. Et geet awer net em déi nei Kaart, et geet an éischter Linn em d'Qualitéit vum Iessen. Mäin Eelsten hat haut de Mëtten een Biffdeck, deen hien ouni Succès matt séngem Messer bekämpft huet. Wou hien en ëmgedréit huet, konnt hien doropp ganz däitlech "Michelin" liesen.

Mol ofwaarden, opp deen Oppruff befollegt gëtt an wat si domadder erreechen.
Aha, ech hun schon d'lescht Joër geschriwen, dass Sauerei géing servéiërt gin, dëst Joër hun ech alt nees dat sëlwecht geschriwen. Du huës mir ëmmer gesoot, zu Esch wär alles in Butter. Dann ass dat ongesond an nët iëssbart Iëssen och elo am Minett unkomm!

13

18.07.2009, 20:04

Entwecklung

Ech denken dass et an der ganzen Saach ennert dem Strech ob d'Asiicht vun den Elteren ukënnt. Ob si Loscht hun dass sech hir Kanner mat engem kontroversen Kartensystem eremschloen mussen an dass den Ministère herno dat och alles gesäit wat si iessen, ass hinnen iwwerlooss. Dass de Schüler et eng kéier saat huet an sech un déi emliegend Arriichten wend, vir d'Mëttespaus ze iwwerbrécken ass anzweschent méi wéi wahrscheinlech an dat dierf och zweifelen loossen. Well dann stellt sech d'Fro wat dann méi gesond ass: D'Iessen an den Cantinnen mat enner anerem zweifelhaften Mëttelen fir se frësch ze haalen oder eng Frittebud, Kebap etc. mat net allzu nährräichen Inhaltsstoffer. Dann beschäftegt sech nämlech den Duerchnettswieleran net den (stéirenden) Schülercomité mat där Saach.