Sie sind nicht angemeldet.

Suchergebnisse

Suchergebnisse 1-20 von insgesamt 73.

20.07.2017, 16:50

Forenbeitrag von: »nilles«

Geeschterforum

Zitat Vleit een klengt bessi Hoffnung, dass vleit, mat puer motivéierten Léit, d'Forum nees oplierft. Merci, dass de geäntwert hues. Däin Optimismus misst een nach hunn, nodeem praktesch 3 Joer kee Mënsch méi schreift an allgemeng Forumen duerch Facebook & Co aus dem Netz verschwonnen sinn! Mee ech weess, dass du e gudde Jong bass, dozou gehéiert Optimismus als positiv Eegenschaft. An dem Sënn hues de mäi Respekt. Maach et gutt. En bon ami...nilles

25.02.2017, 11:55

Forenbeitrag von: »nilles«

Geeschterforum

Eng Fro un d'Admins vun dësem Forum: Jempi, Johnny, Maranello_M, wann iwwerhaapt nach een vun iech alt emol nach hei erakuckt: firwat bleift a Forum, wou Joer an Dag näischt an ni méi geschriwwen gëtt online? Gëtt et dofir eng rational Erklärung? Ech mengen net! Ech sinn och iwwerzeegt, dass ech keng Äntwert kréien! An dem Sënn, gudd Nuecht!

19.02.2011, 23:48

Forenbeitrag von: »nilles«

Eis nei Regierung (16-07-2009)

Zitat von »maryland« Ma ganz einfach nilles........: Daat seet eis dass du en aale Mann bass, net mei an net manner! Korrekt, maryland, zwar e Mount gebraucht, d'Laag awer dofir richteg gepeilt. Respekt! En bon ami...nilles

19.02.2011, 23:18

Forenbeitrag von: »nilles«

Huissier de Justice

Zitat von »karo30« Est-ce-qu' un huissier de justice a le droit de demander des frais de dossier EUR 177,47 pour un montant de An deem Fall fënnt Google och nëmmen wat um gedëllegen Pabeier steet. Also näischt wat mat der Realitéit ze din huet. Wat ass eigendlech een Dierwiechter? Vum Statut hier e klengen "Justizhëllefsbeamten". A Wierklechkeet ass et e klengen .t...... (1) deen säin Goss (am Prinzip) mam Misär an der Nout vun sengen Matmenschen mécht. Och wou absolut näischt ze huelen ass, "f...

21.01.2011, 01:46

Forenbeitrag von: »nilles«

Eis nei Regierung (16-07-2009)

Ech halen déi sougenannten "Garde d'Honneur" virum Palais fir lächerlech, iwwerflëssech an net mei zäitgeméiss. Ech stoung virun iwwer 40 Joer selwer emol do. Wat ech awer fir onendlech domm, bëlleg an absolut ouni Witz halen, ass wann lächerlech Kreaturen an engem nach méi lächerlechen Idioten-Look wëllen d'Arméi op eng bëlleg Art parodéieren. Et beweist dass mer awer nach e bessen Narrenfreiheet hunn. Op aneren Platzen hátten déi (pseudo-) Witzbolden sofort ausgelaacht! Virum "Palast der Repub...

24.12.2010, 22:57

Forenbeitrag von: »nilles«

Schéin Chrëschtdeeg

Ech gesinn een EDIT (UPDATE) léisst e Post(ing) weider am Keller! Dofir de Post(ing) iwwert deem hei kucken wann ech gelift. Wéi ëmmer...

23.12.2010, 17:59

Forenbeitrag von: »nilles«

Schéin Chrëschtdeeg

Onofhängesch vum Uersprong an der Bedeitung vun deem Fest (24-25/12), ass et haut verkomm zu enger bëlleger, lächerlecher, gesteierter Kaafrausch- an Consommatiounsorgie. Eng Realsatir déi hieresgleichen sicht. Coca-Cola léisst gréissen. EDIT (UPDATE): D'Bewäertung vum finanziellen Erfollech vun dem Kaafrausch-Spaass mécht der Satir natierlech all Éier. Während Gasperech wéi ëmmer (bei esou Geschichten) mellt dass de Rubel super gerullt ass: "Weiße Weihnachten: DER VIELE SCHNEE hat bereits früh ...

23.12.2010, 14:31

Forenbeitrag von: »nilles«

Schéin Chrëschtdeeg

Schéi Feierdeeg, vill Gléck an eng gudd Gesondheet fir d'Joer 2011. En bon ami...nilles

19.12.2010, 17:21

Forenbeitrag von: »nilles«

D`Belsch ouni Regierung oder Alle Jahre wieder?

Wéi ët an dëser (realer) "histoire belge" weider geet weess de Guckuk. Op alle Fall, ass eng nei Koalitioun anscheinend näischt wat brennt. De Conciliateur huet elo emol aner Suergen. Ee Pond, zwee Pond, dat anert Jor.... En bon ami...nilles

16.12.2010, 11:30

Forenbeitrag von: »nilles«

Problemer mam Zougrëff op de Forum

Zitat von »Änder« Leider kënnt et déi läscht Deeg nees öfters zu Problemer mam Server bäi eisem Hoster..... Beim Hoster wärt sech wuel och näischt änneren. Ass dann nët emol an der Zäit vu plënneren (migréieren), op een eegenen Sever geschwaat ginn? En bon ami...nilles

12.12.2010, 01:33

Forenbeitrag von: »nilles«

WITZ A SPAASS

Bei dräi Läichen an 30 Deeg, an duerno ewéi ëmmer keng Informatiounen méi froen eis Gasperecher Frënn dann awer emol no! Bei dräi Mol nogefroot (dräi Läichen) kënnt dann awer genau dräi Mol näischt eraus! DNA, Autopsie nach keen (Mokuchsdag-) Resultaat, laafend Ermëttelungen ... bla bla bla ...méi Papp deen huet eng Seemaschinn... Waat kaascht e klengt Dëppchen Zéiwekéis... Dat féiert dann zur folgender "Nullmeldung" wou een just gewuer gët dat déi dräi Läichen nach ëmmer doud sinn. Dorop wieren...

29.11.2010, 03:02

Forenbeitrag von: »nilles«

D'UNO an hier eege Mënscherechtsdéklaratioun

Zitat von »Jempi« Wat heescht hei "onjustifizéiert"? Mat deem Adjektiv gesteet ee jo an, dass et och "justifizéiert" Exekutioune gëtt. Dat ass eng Kontradiktioun, awer déi ganz UNO ass eigentlech nët eescht ze huelen. Ouni op all déi absurd Resolutiounen an ze goen fir déi sech kee Mënsch interesseiert, ass dat mat der Mënscherechtsdéklaratioun e Witz par excellence. Als Bouf sinn ech alt emol bei een pensionnéierten Prof vun engem staadter Kolléisch gaangen, wann ech emol eppes am Lycée nët ve...

23.11.2010, 19:18

Forenbeitrag von: »nilles«

Zerfällt d'Eurozone?

@Murf Deng Bäitreech sinn nët esou einfach ze liesen, wells du konsequent all Regel vun Satzzeechen (Kommata asw...) ignoréiers. Vum Layout, heiandsdo emol e klengen Ofsaz, den d'Iwwersiicht geng erhéijen schon guer net ze schwetzen. Ech liesen se awer ëmmer gären, wells de am Prinzip d'Laag gudd gepeilt hues, an ech mech meschtens kann domat identifizéieren. Däin leschten Bäitrag elo, deen mech zu dësem Post beweegt huet ass en Klengen Hummer. Méi treffend geet et net. Meng voll Énnerstetzung! ...

15.08.2010, 00:26

Forenbeitrag von: »nilles«

Guantanamo

Zitat von »Änder« Ech wees net ob se schëlleg oder onschëlleg sinn, interesséiert mech eigentlech och guer net. Déi Guantanamogeschicht ass eng amerikanesch Geschicht, ech wéisst net wat Lëtzebuerg domat um Hutt huet. Absolut ! Dat ass ganz kloer eng amerikanesch Geschicht. En bon ami...nilles

14.08.2010, 22:23

Forenbeitrag von: »nilles«

Themen déi nët am WORT stinn !

Eng Foto vun dem Kleeschen seet alles! Et ass erstaunlech, wéi weltfriem esou Klunnien kënnen ongestrooft agéieren, d'Leit fir domm verkaafen an dobei nach eescht geholl ginn! Änlech ewéi den Räbbi vun Gasperech mam "Luxemburger Pfaffenwort". Desinformatioun, Zensur, dommen Schäissdreck! Ekelhaft! En bon ami... nilles

10.08.2010, 15:00

Forenbeitrag von: »nilles«

Interessantes a Gelungenes

Alles paletti! Déi restlesch 4% setzen hei am Forum! En bon ami...nilles

01.07.2010, 15:48

Forenbeitrag von: »nilles«

Vun onser Arméie, der NATO an onsen internationalen Verpflichtungen

Zitat von »ganymedes« Pardon, wéi war dat deemols viirun dem ARBED-Verwaltungsgebai wéi op e Journalist geschoss gouf? War de Mann 3 mol gewarnt gin? Ech kann leider nët beurteelen wat demools bei der Arbed geschitt ass. Déi eenzeg Informatiounen déi ech hunn staamen aus der lëtzebuerger (online-)Press. Wäert also gleich Null. Ech ënnerloossen et och elo hei mat Mutmassungen ze kommen. Et brengt awer sëcherlech neischt wann esou een Tëschefall, sou bedauerlech wéi et och ass, zur Regel erhuewen...

30.06.2010, 11:29

Forenbeitrag von: »nilles«

Vun onser Arméie, der NATO an onsen internationalen Verpflichtungen

Fir eng méi vollstännech Informatioun, an fir dass net zevill schwaaz gesinn get: Beim Waffengebrauch huet sech neischt geännert! Scheissen no 3 Sommatiounen war nach ëmmer esou! Zu menger Zäit "op der Garde" haten mir genee déi selwecht Uerder iwwert den Waffengebrauch.Woubei ech iwwerzegt sinn dass et am Echtfall ni am Liewen zu 3 Sommatiounen kennt!!! Wann eeen do steet eppes ze bewaachen, steet een jo net onbedengt do fir brong ze ginn. Et gëllt dofir ze souegen dass neischt un den "objet de...

29.06.2010, 21:29

Forenbeitrag von: »nilles«

Vun onser Arméie, der NATO an onsen internationalen Verpflichtungen

@ganymedes Fir en Opstand nidder ze schloen, geng et am Ländchen un Waffen an Munitioun net feelen. Et wären vill Leit paff wann se weissten wat esou doremmer gehort get! Wann een Nohuelbedarf besteet, dann beim Effektiv vun der Force Publique. Do geng et am Fall vun enger eierbarer Revolte mat 2000 Männecher net onbedengt duer goen. En plus, huet eis d'Geschicht geléiert, dass Leit déi determineiert sinn an sech veraascht genuch fillen net méi ze stoppen sinn. Do helleft dann neischt méi. En bo...

26.06.2010, 14:20

Forenbeitrag von: »nilles«

Vun onser Arméie, der NATO an onsen internationalen Verpflichtungen

Zitat von »c23y78« d fro wou ech mer stellen wou d Equipement dann soll gebraucht ginn, villäicht fir den Iran ze iwwerfalen Deng Fro féiert onweigerlech zu der kruzialer Fro: Wéini get d'Arméi iwwerhaapt gebraucht? Wann aus der enzech richtecher Äntwert -eben ni- déi enzech richtech Konsequenz geng gezunn gin, wier d'Fro vum Equipement och geleisst. Emgedreit geet et net. Wien fir eng Arméi ze legitiméieren oder dem Vollek schmackhaft ze machen, an Zäiten wou et keen kloeren Feind méi get, mat...