Sie sind nicht angemeldet.

Lieber Besucher, herzlich willkommen bei: LUX-FORUM. Falls dies Ihr erster Besuch auf dieser Seite ist, lesen Sie sich bitte die Hilfe durch. Dort wird Ihnen die Bedienung dieser Seite näher erläutert. Darüber hinaus sollten Sie sich registrieren, um alle Funktionen dieser Seite nutzen zu können. Benutzen Sie das Registrierungsformular, um sich zu registrieren oder informieren Sie sich ausführlich über den Registrierungsvorgang. Falls Sie sich bereits zu einem früheren Zeitpunkt registriert haben, können Sie sich hier anmelden.

Europäer

unregistriert

121

03.10.2008, 13:20

Mäi fils, dee viru laanger Zeit och d'Schwammen als Leeschtungssport bedriwwen huet, waar ganz oft matt Bronchiten geploot. Den Dokter huet dann deemools ëmmer de Sirop "Actifed" opgeschriwwen (haut net méi um Maart, resp. ënner ofgeschwächter Form), ee vun deene wéinege Medikamenter, déi himm wiirklech gehollef hunn. Waat kee vun eis wousst, daat waar dass d'Inhaltsstoffer vun deem Medikament och op der Dopingslëscht stoungen. Do ginn et op jidde Fall fäerm Defiziter vun den zoustännegen Stellen, waat fiireng Medikamenter, wann ee Sport bedreift, verbuede sinn, a waatfiireng net.

Am Fall vum Rafaël Stacciotti gëtt elo erëm direkt no Doping gejaut, mee et weess jo kee Mënsch, ausser vläicht him a senger Famill, op hien net och zu däer Zeit e Medikament, bzw. Wiirkstoffer vun engem Medikament zou sech geholl huët, déi verbueden Substanzen enthaalen hunn. Fiir elo direkt esou eng opzeféieren, fannen ech schäbeg. Et soll een emool ofwaarden, wat bei der Enquête erauskënnt, dann huet een nach ëmmer Zeit matt dem Fanger op een ze weisen.

An der Affär Frank Schleck, do sinn ech mer awer net esou secher. Wann een engem Doping-Kurpfuscher esouvill Geld iwwerweist, an duerno behaapt, et wiir fiir e speziellen Training gewiescht, na ja, dovu ka jiddereen haalen, waat e wëllt. Ech weisen dann op mein Post Nr. 1 hinn, zu dësem Thema.

122

03.10.2008, 13:57

.... an ech weisen op mäi Post N° 75 hin, deen nët wäit vum Schleck senger Behaaptung
ëweg läit an deen nach kee mir bis elo konnt widerléen !
Das sogenannte Theodizeeproblem :
Kann oder will Gott das Leid in dieser Welt und die Untaten seiner Kirchenmänner nicht verhindern?
Wenn er es nicht kann, ist er nicht allmächtig, wenn er es nicht will, dann ist er nicht allgütig !

123

03.10.2008, 14:22

@Europäer,

Am "Actifed" war massëg Codein dran, Leit déi sëch drogéiëren, hun den Actifed als Ersatzdrog geholl. Dat Medikament dat den Rafaël Stacciotti geholl huet, enthält Cortison. An béiden Fäll muss een wëssen firwat esou ë Medikament verschriwen ginn ass.

@un jidereen,

Ech war gëschter alt erem rosen, wéi mam Fanger op den Rafaël Stacciotti gewisen gin ass. Eis Journalisten géingen gudd drun doën fir d'alleréischt ze recherchéieren, duerno ass et nach ëmmer Zeit, engem Mensch d'Èiër ze huelen.

Den Bjarne Riis huët den Frank Schleck supendéiërt! Wann een am Glashaus sëtzt, huet een besser net mat Steng ze schéissen.

Wat den Frank Schleck selwer unbelangt, esou halen ech ët nach ëmmer mam mJANG.

Dieser Beitrag wurde bereits 1 mal editiert, zuletzt von »Hydra« (04.10.2008, 08:39)

124

03.10.2008, 17:42

Sie hun bestemmt Analysen gemeet vun den Konserven dei beim Fuentes lungen, wann eigentwou den Frank Schleck sein Blut dobai as fannen sie datt jo raus anhand vun DNA-Tester !
Am Breif steet datt hien all seng Analysen un ALAD weider gin huet, dei mierken bestemmt wann puer Werter (z.B. Hämatokrit, Blutkierpercher, Proteiner) aus der Reih danzen.

Vlait wollt hien sech jo och vum Fuentes hellefen lossen, wei och emmer, an wei den Fuentes opgedeckt gou, war nach neischt geschidd. :S Sin rem bessi naiv, ech wess :D

Henk

Schüler

Beiträge: 149

Wohnort: Latzbuerg

Beruf: Keen, also Fonctionnaire

  • Nachricht senden

125

03.10.2008, 17:59

Am "Actifed" war massëg Codein dran...

Jojo, déi gutt al Zäit... :love: Mëttlerweil kriss de schonn de Bronchosédal net méi ouni Rezept. Ech hale mech alt iwwer Waasser mat engem Tramadol-Générique aus Thailand.

Ups, hei ass de Lux-Forum, Rubrik Sport, net Land der Träume? Sorry... :whistling:

Wat den Doping ugeet, sou hat viru Joeren emol e lëtzebuerger Coureur den Houscht an en huet och dee gudden alen Actifed kannt. Ech mengen, dee koum deemools nach duerch domadder!

Henk

126

03.10.2008, 18:09

Vlait wollt hien sech jo och vum Fuentes hellefen lossen, wei och emmer, an wei den Fuentes opgedeckt gou, war nach neischt geschidd. :S Sin rem bessi naiv, ech wess :D

Du bass net naiv, du wëlls eben ganz einfach engem Mënsch neischt unhänken, wat net bewisen ass dass hien ët soll gemach hun. Ech deelen deng Anstellung.

Jempi

Administrator

Beiträge: 2 590

Wohnort: Beim neien Prisong

Beruf: Meckerer

  • Nachricht senden

127

03.10.2008, 18:57

Wat den Doping ugeet, sou hat viru Joeren emol e lëtzebuerger Coureur den Houscht an en huet och dee gudden alen Actifed kannt. Ech mengen, dee koum deemools nach duerch domadder!

Ass deen dun den Mont Ventoux eropgehouscht?
"Truth is the most valuable thing we have. Let us economize it."
Mark Twain

128

03.10.2008, 19:01

Wee war da net schong gedoppt wann en op d`Arbescht gang as an nach dorfir Geld kruut.Also .

De Fanger schei propper an der Täsch haalen ;)

129

03.10.2008, 19:52

Wee war da net schong gedoppt wann en op d`Arbescht gang as an nach dorfir Geld kruut.Also .

De Fanger schei propper an der Täsch haalen ;)

Haas du ieren dem Jay Schiltz sein Commentar den moiën op 100,7 héiëren? Dat wat's du schreiws ass ën immens gudden Résumé vun deem Commentar. :) :)

130

04.10.2008, 17:42

Am schlemmsten fannen ech jo d'Reaktioun vum Bjarne Riis, engem vun de gréissten Dopingsënner aus den 90er Joeren...

Besonneg well jo nach näischt bewisen ass, an sou laang gellt nach emmer "d'Unschuldsvermutung"!

Wann de Fränk gedopt soll hun, dann steet do zu 100% nach eng aaner Persoun dohanner, dei en doranner ennerstetzt huet. Dat kann fier mech nemmen de Riis sin (Zitat Riis: "Frank Schleck und Ivan Basso sind meine Söhne"). Vum selwen hätt en dat ganz sehcer net gemaach.

De Fränk well jo eng DNA Prouf ofginn, fier dass en eventuell säi Blutt an der Bluttbank vum Fuentes identifizeire kann. Géing en dat maache, wann e gedopt hätt? Bestemmt net.

Dem F. Schleck seng Geschicht klengt (fier mech) do schons vill mei gleewhaft. (Also dass dei 7000 € nemmen fier en heich-sophisticeiert Trainingsmodell bestemmt waren).

131

04.10.2008, 18:00

Am schlemmsten fannen ech jo d'Reaktioun vum Bjarne Riis, engem vun de gréissten Dopingsënner aus den 90er Joeren...

Heiansdo freet een sech, op d'Leit einfach gudd Schauspieler sinn, oder op se kennen ganz réell sou agéiren. :)

Zitat

Besonneg well jo nach näischt bewisen ass, an sou laang gellt nach emmer "d'Unschuldsvermutung"!

Ech weess net, ween mat der Onscholdsvermutung ugefaang huet, mee déi gelt viru Geriicht - definitiv net fir en Enqueteur, en Journalist, oder de Public. Wann jiddfereen dat als Prämisse hätt, kéim een jo op dee klassesche Raisonemment, dass den Schleck net gedopt kann hun, well Doping zu Letzebuerg jo verbueden as. :)

Zitat

Wann de Fränk gedopt soll hun, dann steet do zu 100% nach eng aaner Persoun dohanner, dei en doranner ennerstetzt huet. Dat kann fier mech nemmen de Riis sin (Zitat Riis: "Frank Schleck und Ivan Basso sind meine Söhne"). Vum selwen hätt en dat ganz sehcer net gemaach.

Firwat 'ganz secher' net? Well en Lëtzebuerger ass?

Zitat

De Fränk well jo eng DNA Prouf ofginn, fier dass en eventuell säi Blutt an der Bluttbank vum Fuentes identifizeire kann. Géing en dat maache, wann e gedopt hätt? Bestemmt net.

Ech stelle mat Verwonnerung fest, dass en déi DNA-Prouf den 3. Oktober offréiert huet, nodeem den 2. Oktober d'Enquete géint de Fuentes agestallt ginn as. Virwat huet en et net den 1. Oktober offréiert, wéi en um INS woer?

Zitat

Dem F. Schleck seng Geschicht klengt (fier mech) do schons vill mei gleewhaft. (Also dass dei 7000 € nemmen fier en heich-sophisticeiert Trainingsmodell bestemmt waren).

Déi 7000 sinn vun der Zuel hier secher net onverstänneg. Mee giffs de se un e Kont an der Schwäiz iwwerweisen, wou's de net weess ween et as a wat's de dofier solls kréien, fir en Service (ween huet em deen eigentlech verkaaft)? Dann décidéiers de dass de den Service net wells, an Du verlaangs Deng Souen net zreck? Komesch...

132

04.10.2008, 18:11

Dann décidéiers de dass de den Service net wells, an Du verlaangs Deng Souen net zreck? Komesch...

Dat wollt en jo, mee en huet missen traineiren. Dun huet en et vergies an speider wei d`Saach opgeflunn as .......lauschter den interview hanno um RTL Radio

Jempi

Administrator

Beiträge: 2 590

Wohnort: Beim neien Prisong

Beruf: Meckerer

  • Nachricht senden

133

04.10.2008, 18:14

Kléngt plausibel, dat ass mir méi ewéi eng Kéier virkomm, dass ech vun lauter Schaffen vergiess hunn, fir 7.000 Euro ze reklaméieren.
"Truth is the most valuable thing we have. Let us economize it."
Mark Twain

134

04.10.2008, 18:19

Ech hun nemme meng Meenung gesot.

Ech kennen dat Phänomen aus dem Fussball. Traineren a Berooder kennen e Fussballer onwahrscheinlech manipuleiren. Beispill: de Robinho, de mam Schuster emmer ganz zefridde war, well en ennert dem Schuster endlech eng Stammplaaz hat. Dunn, op eemol, am Summer, huet en 5 Millionen Verdengscht gefroot (bis zu dem Zäitpunkt 2 Mio). Lo spillt de Jong an England an en huet säi Beroder entloss, well en (Zitat) " bemierkt huet, dass dem Wagner Ribeiro säi Afloss net gutt fier hien wier". Am Cyclissem as dat ganz secher net anescht. Et kann och sinn, dass de Riis total onschelleg ass, an dass dem A. & F. hiere Berooder hannendru steet. Waat lo schlussendlech tatsächlech d'Wourecht ass, wessen nemmen dei Bedeelegt.

Zum Thema Iwwerweisung huet de Fränk jo scho gesoot, dass en do onfiersichteg gewiescht wier.

135

04.10.2008, 18:25

Den Frank Schleck huet Fehler gemach andems hien esou lang neischt gesoot huët. Hätt hien ët anescht gemach, hätten mir och ze meckeren gehaat.

Ë Journalist ass do fir Informatiounen ze gin, déi bewisen sin, net fir Undeitungen ze machen déi net bewisen sin. Souvill zum Frank Schleck. Och, ech hun dat schon 100 Mol hei geschriwen.

Dann nach een Fall deen mëch besonnesch ungeekelt huët. Eis Journalisten hun ët färdeg bruecht ë mannerjähregen Jong un den Pranger ze stellen. Wat ën Armut!! Wéi reagéiërt ë jonken Mënsch vun 16-17 Joër op esou Unschëllegungen? Mir sin ë klengt Land, een kënnt deen aneren. Dat war fir mëch déi gréissten Sauerei, déi eis Presse bis elo färdeg bruëcht huet! Dann nach derbei ze soën "hiën huët den lëtzebuerger Fändel dëst Joër op der Olympiad gedroën". Dobei hat den Jong ë Mëttel geholl, dat géint eng Entzündung oder géint eng Allergie verschriwen gëtt. Eng Grimmel Iwerleeung géing neischt schuëden. Esou Norichten brauchen net opgebauscht ze gin, sou wéi RTL dat gemach huët.

136

04.10.2008, 18:27

@Jempi,

déi 7.000.- Euro hun dir ët ungedoën.

137

04.10.2008, 18:32

Dann décidéiers de dass de den Service net wells, an Du verlaangs Deng Souen net zreck? Komesch...

Dat wollt en jo, mee en huet missen traineiren. Dun huet en et vergies an speider wei d`Saach opgeflunn as .......lauschter den interview hanno um RTL Radio

Jo, sou Saache geschéie mir och regelméisseg, dass ech hei an do e puer Dausend Euro durch d'Géigend iwwerweisen an et duerno vergiessen.

Jempi

Administrator

Beiträge: 2 590

Wohnort: Beim neien Prisong

Beruf: Meckerer

  • Nachricht senden

138

04.10.2008, 18:48

@Jempi,

déi 7.000.- Euro hun dir ët ungedoën.

Natiirlech,

Wat hätt ech matt deenen Suen d'Meedercher kënnen danzen loossen...... :whistling:
"Truth is the most valuable thing we have. Let us economize it."
Mark Twain

139

04.10.2008, 18:51

@Jempi,

déi 7.000.- Euro hun dir ët ungedoën.

Natiirlech,

Wat hätt ech matt deenen Suen d'Meedercher kënnen danzen loossen...... :whistling:
:D :D :D :D

Jempi

Administrator

Beiträge: 2 590

Wohnort: Beim neien Prisong

Beruf: Meckerer

  • Nachricht senden

140

04.10.2008, 19:02

@Jempi,
déi 7.000.- Euro hun dir ët ungedoën.

Natiirlech,
Wat hätt ech matt deenen Suen d'Meedercher kënnen danzen loossen...... :whistling:
:D :D :D :D

An duerfir hätt ech bestëmmt keen Doping gebraucht!
"Truth is the most valuable thing we have. Let us economize it."
Mark Twain

Ähnliche Themen