Sie sind nicht angemeldet.

Lieber Besucher, herzlich willkommen bei: LUX-FORUM. Falls dies Ihr erster Besuch auf dieser Seite ist, lesen Sie sich bitte die Hilfe durch. Dort wird Ihnen die Bedienung dieser Seite näher erläutert. Darüber hinaus sollten Sie sich registrieren, um alle Funktionen dieser Seite nutzen zu können. Benutzen Sie das Registrierungsformular, um sich zu registrieren oder informieren Sie sich ausführlich über den Registrierungsvorgang. Falls Sie sich bereits zu einem früheren Zeitpunkt registriert haben, können Sie sich hier anmelden.

81

27.09.2008, 16:45

Et geet jo awer och em ee ganz groussen Asatz, séng ganz politesch Carrière steet um Spill!

:D

82

27.09.2008, 21:48

Ech hoffen jo och ganz bestemmt dass sech déi ganz Saach an waarm Loft opléist mee wou Damp ass......
Politik ist die Kunst, die Bürger immer wieder so schnell über den Tisch zu ziehen, daß sie glauben, die dabei entstehende Reibungshitze sei Nestwärme

83

28.09.2008, 12:51

http://www.wort.lu/articles/6636737.html

Den Mann huet duerchaus e puer ganz valable Punkten. Senger Opfaassung no kéint de Schleck jo relativ séier mat minimem Opwand déi Uschellegungen entschärfen. Lo muss deen dat natierlech net maachen, soulaang him en Doping net zweifelsfrei nozeweisen as. Par contre, wann en et giff maachen, wir d'Diskussioun eriwwer. Virwat also mecht en et net?

84

28.09.2008, 13:51

"Virwat also mecht en et net? "

@Johnny,

dann looss hiën dach emol d'Velo's-WM haut fuëhren, duërno gesinn mir weider. Hiën huët jo nach dës Woch ë Gespréich mat der lëtzebuerger Dopingskommissioun. Géifs du dëch 1 - 2 Deeg virun enger WM mat esou Sachen beschäftegen, oder géifs du dech op deng Course virbereeden?

85

28.09.2008, 15:53

Hydra, just aus Firwetz: virwat därf den Schleck sech net gedopt hunn? Sou kennt deng Astellung nämlech eriwwer?
Net dass ech soen hien hätt sech gedopt mee deen krampfhaften Versuch hien wäisszewäschen (vu sengen Unhänger) gett schon ze denken ;)
Politik ist die Kunst, die Bürger immer wieder so schnell über den Tisch zu ziehen, daß sie glauben, die dabei entstehende Reibungshitze sei Nestwärme

86

28.09.2008, 16:41

Dat do fannen ech grouss!!!

Dem Frank Schleck gëtt ënnerstallt hiën hätt sëch gedopt, an mir gëtt ënnerstallt ech géing hiën wëllen krampfhaft wäisswäschen.
Den Frank Schleck huët dem Dr Fuentes Geld iwerwisen. Ech soën mir sollen warden bis den Frank Schleck virun eiser Dopingkommissioun ausgesoot huët.

An schon kréiën mir allen béid eppes ënnerstallt.
Huës du eng Glaskugel doheem, déi dir seet, dass den Frank Schleck schëlleg ass? Ech net.

87

28.09.2008, 17:14

Alessandro Ballan ass Weltmeeschter!!!!!!

88

28.09.2008, 20:05

"Virwat also mecht en et net? "

@Johnny,

dann looss hiën dach emol d'Velo's-WM haut fuëhren, duërno gesinn mir weider. Hiën huët jo nach dës Woch ë Gespréich mat der lëtzebuerger Dopingskommissioun. Géifs du dëch 1 - 2 Deeg virun enger WM mat esou Sachen beschäftegen, oder géifs du dech op deng Course virbereeden?

Wann ech clean wier, giff ech mech picken loossen an d'DNA mat däer aus dem Fuentes sengem Stock vergläichen loossen. 2 Minutten Opwand an de Probleem wir zu 90% aus der Welt geschaaf.

89

28.09.2008, 20:10

Mat wat fir enger DNA aus dem Fuentes sëngem Stock?

90

28.09.2008, 21:03

Sou wéi ech den Artikel gelies hun, huet de Fuentes Bluddprouwen vun verschiddenen Coureuren ennert hieren Decknimm gehat - dovunner eben och der ennert deem Numm, wou se den Schleck hannendru vermuten.

91

28.09.2008, 21:14

den haer fuentes....

In einer Madrider Wohnung fand die Guardia Civil hunderte von Blutplasmakonserven sowie EPO, Wachstumshormone und Anabolika. Fuentes sowie seinen Laborchef José Luis Merino Batres und drei weitere Personen erwarten Anklagen wegen Gefährdung der „öffentlichen Gesundheit“. Fuentes selbst beschreibt sein Vorgehen als Anwendung „biologischer Methoden, um die Erholungszeit zu verkürzen“.

http://de.wikipedia.org/wiki/Eufemiano_Fuentes
wou sin ech drun ?

de richtege Wee : "Ne rien nier à priori, ne rien affirmer sans preuve."

"Deception is a state of mind and the mind of the State" :thumbup:

92

28.09.2008, 21:48

Huës du eng Glaskugel doheem, déi dir seet, dass den Frank Schleck schëlleg ass? Ech net.
Nee, hunn ech net soss wier déi Saach mam Lotto geritzt :D
Mee wann ech engem Dokter 7000 Euro iwwerweisen verlaangen ech méi wéi nemmen eng Kéier Féiwer moossen....
Politik ist die Kunst, die Bürger immer wieder so schnell über den Tisch zu ziehen, daß sie glauben, die dabei entstehende Reibungshitze sei Nestwärme

93

28.09.2008, 21:55

Sou wéi ech den Artikel gelies hun, huet de Fuentes Bluddprouwen vun verschiddenen Coureuren ennert hieren Decknimm gehat - dovunner eben och der ennert deem Numm, wou se den Schleck hannendru vermuten.

Wéisou kanns du net warden, bis déi Sach hiren richtegen Wee geet, d.h. iwert den lëtzebuerger Dopingkomitee? Firwat bass du esou presséiërt? Wann den Frank Schleck eppes mat där Sach ze din huët, dann kënnt dat schon eraus.Den Robert Biever huët alles weider gin. Looss dach déi Leit hir Arbëcht machen déi dofir zoustännëg sin.

94

28.09.2008, 21:56

bis déi Sach hiren richtegen Wee geet, d.h. iwert den lëtzebuerger Dopingkomitee

:oo:
Politik ist die Kunst, die Bürger immer wieder so schnell über den Tisch zu ziehen, daß sie glauben, die dabei entstehende Reibungshitze sei Nestwärme

95

28.09.2008, 21:59

@Änder an @Johnny,

dir zwee amuséiërt iëch gudd wéi ët schéint. Mol kucken wéi dir zwee réagéiërt wann emol eng Kéiër eppes iwert ierch an der Zeitung steet. Ech gleewen net, dass ët iech dann géing gefaalen, wann d'Leit sëch d'M...ler géingen iwert ierch zerreissen.

Ech kennen Leit aus dem lëtzebuerger Dopingkomitee, déi wëssen wat sie ze machen hun.

96

28.09.2008, 22:01

Hydra,

7000 Euro.....
Politik ist die Kunst, die Bürger immer wieder so schnell über den Tisch zu ziehen, daß sie glauben, die dabei entstehende Reibungshitze sei Nestwärme

97

28.09.2008, 22:08

@Änder,

iwerlooss den Fachleit dat.

http://www.lessentiel.lu/sports/sports/s…1992258#wichtig

Affaire prise au sérieux par l'agence luxembourgeoise

De leur côté, les autorités sportives luxembourgeoises en charge de la lutte anti dopage prennent les choses très au sérieux.

98

28.09.2008, 22:12

iwerlooss den Fachleit dat.

Maachen ech jo, mee ech Dummchen erlaaben mir trotzdem mir eng Meenung dozou ze bilden. Ob se richteg oder falsch ass ass eng aner Saach...

Dovunner ofgesinn, et gouf hei och schon ernimmt....: 7000 Euro.... :whistling:
Politik ist die Kunst, die Bürger immer wieder so schnell über den Tisch zu ziehen, daß sie glauben, die dabei entstehende Reibungshitze sei Nestwärme

99

28.09.2008, 22:45

Dovunner ofgesinn, et gouf hei och schon ernimmt....: 7000 Euro....
... daat ass dach emol kee Schoulmeeschteschgehalt vun engem Mount , waat féiert dir dann elo do eppes op ?!?!?
War der schon eng Kéier op enger Unisklinik fir vum Professor privat behandelt ze gin ............... vir d'éischt, e pur dausend Euro "auf den Operationstisch des Professors " , soss leeft näischt !
Das sogenannte Theodizeeproblem :
Kann oder will Gott das Leid in dieser Welt und die Untaten seiner Kirchenmänner nicht verhindern?
Wenn er es nicht kann, ist er nicht allmächtig, wenn er es nicht will, dann ist er nicht allgütig !

100

28.09.2008, 22:47

@Änder an @Johnny,

dir zwee amuséiërt iëch gudd wéi ët schéint. Mol kucken wéi dir zwee réagéiërt wann emol eng Kéiër eppes iwert ierch an der Zeitung steet. Ech gleewen net, dass ët iech dann géing gefaalen, wann d'Leit sëch d'M...ler géingen iwert ierch zerreissen.

Ech kennen Leit aus dem lëtzebuerger Dopingkomitee, déi wëssen wat sie ze machen hun.

Hydra, mier amüséiren eis net. Mir stellen just eng Rei Froen, déi anscheinend relativ séier an einfach ze beäntwerten wieren. Dass dat net geschidd, gett der Affair en komesche Bäigeschmaach.

A ganz éierlech: de fait, dass do massiv Souen gefloss sin, as scho suspekt. Genausou wéi de fait, dass den Schleck dat mat der DNA-Analys anscheinend net well. Dat kéint alles relativ banal Erklärungen hunn, mee déi wellt ën net ginn. Dass d'Leit sech do d'Maul zerräissen, doriwwer muss de dech net wonneren.

Vu dass mir keng Persounen vum öffentleche Liewen sinn, hun den Änder an ech nët ze fäerten, dass eppes iwwert eis an der Zeidung steet. Den Schleck huet jo och dat Recht, net an der Öffentlechkeet ze stoen.

Ähnliche Themen