Sie sind nicht angemeldet.

Lieber Besucher, herzlich willkommen bei: LUX-FORUM. Falls dies Ihr erster Besuch auf dieser Seite ist, lesen Sie sich bitte die Hilfe durch. Dort wird Ihnen die Bedienung dieser Seite näher erläutert. Darüber hinaus sollten Sie sich registrieren, um alle Funktionen dieser Seite nutzen zu können. Benutzen Sie das Registrierungsformular, um sich zu registrieren oder informieren Sie sich ausführlich über den Registrierungsvorgang. Falls Sie sich bereits zu einem früheren Zeitpunkt registriert haben, können Sie sich hier anmelden.

Europäer

unregistriert

1

02.07.2008, 14:13

Tour de France

Elo ass den dann erëm esouwäit : den Tour de France steet vrunn der Diir. A schonns taucht an de Medien heiheem erëm den Numm vum Charly Gaul op. Näischt géint dem Charel seng Exploit'ën, an et soll ee jo och net schlecht iwwert ee schwetzen, deen net méi ënnert eis ass, mee et leit jo op der Hand, dass de Charel zu däer Zeit a punkto medezinësch 'Hëllefsmëttelen', (fiir et elo emool esou ze nennen), keen Engel waar, och wann dës 'Hëllefsmëttelen' him eventuell gehollef hunn, als 'Engel vun de Biirger' ze gëllen. Wéi aanescht wäer et ze erkläeren, dass zu däer Zeit e Päckelchen, deen un de Charel adresséiert waar, vun de Schweitzer Autoritéitem op der Douane beschlagnahmt ginn waar. An de Medien, do ginn jo esou negativ Saachen nawell gäeren ënnerschloën.

Waat mech interesséiere géif, dat ass, op dir dru gleeft, dass haut nach ee Velos-Athlet eng schwéier Etappe am Tour de France packt, ewéi z.B. d'Alpe d'Huez, ouni irgend en Opputschmëttel, fiir duerno erëm mat esouvill Energie weiderzefuëren, ewéi wann een den Daag virdrunn eng Etappe op enger riichter Autobunn gefuër wiir ? Negativ = Doping-Beispiller, resp. -Skandaler, an deene leschte Joëren, a besonnesch 2007, ginn et der jo masseg, ech brauch jo wuël keng Nimm hei ze zitéieren.

Ech wëll awer ënnerstreichen, dass ech op dëser Plaats eis Lëtzebuerger Profiën op kenges Falls engem Doping-Verdacht aussetze wëll. Daat ganzt, ass jhust eng allgemeng Iwwerléeung.

2

02.07.2008, 15:41

Dei Fro stellen ech mer och heiandso ! ;) Sie gin schon Meint virdrun encadreiert vun Doktoren, Diététicien'en, Masseur'en, dei sie vun uewen bis ennen duerchchecken an wann alles stemmt dan as et net onmeiglech den Tour de France ze packen. Waat dei aner sachen unbelangt soen ech nemmen: Lass dich nicht erwischen !


Et as bestemmt net einfach haut als Profi, du hues deng Sponsoren am Reck dei gudd Resultater verlangen, mee zu waat vir engem Preis :?: :wacko:

3

02.07.2008, 17:45

@Europäer,

zu Zeiten vum Charly Gaul waren sie all gedopt, dohir war hiën dann awer deen Besseren. :)

Wann mir vun haut schwätzen géing ech dat selwecht soën wéi d'Sandra. Sie sin wiërklech ganzt Joër iwer vun hiren Dokteren encadréiërt, sie trainéiëren immens, immens vill. Sie iëssen dat wat sie virgeschriwwen kréiën. No den Etappen sin sie jo och encadréiërt vun hiren Masseuren etc. Et schéint ouni Doping ze goën. Du huës et jo d'läscht Joër schon gemiërkt, wann sie deen een Dag immens stark gefuër sin, war deen aneren Dag net méi immens vill mat hinnen unzefänken, oder huët d'läscht Joër deen selwëchten Coureur 3 oder 4 Biërgetappen hannertënaner gewonnen? Mëngen net.

Dëst Joër hun ech et esou arrangéiërt, dass ëch all Biërgétape kann gesin. :)

4

06.07.2008, 18:59

Den Kim Kirchen ass den 2. am Generalklassement an huët den grëngen Maillot.

Allez Jongen!!!! :D :D :D

(hätt ech gudd ë lëtzebuerger Fändel, @Änderchen kanns du keen abauen? :)
ech froën den Johnny net gär, soss kréiën mër deen chineseschen, @Jempichen??)

Jempi

Administrator

Beiträge: 2 590

Wohnort: Beim neien Prisong

Beruf: Meckerer

  • Nachricht senden

5

06.07.2008, 19:17

"Truth is the most valuable thing we have. Let us economize it."
Mark Twain

6

06.07.2008, 19:23



dat ass schéin vun dir @Jempi! Wanns du deen Fändel elo nach géings an d'Smileys sëtzen, wär et perfekt. Wëlls de net perfekt sin? :(

Jempi

Administrator

Beiträge: 2 590

Wohnort: Beim neien Prisong

Beruf: Meckerer

  • Nachricht senden

7

06.07.2008, 19:34

Hei ass dann de Smiley: :roudeléiw:
En ass och elo an eiser Kollektioun.
"Truth is the most valuable thing we have. Let us economize it."
Mark Twain

8

06.07.2008, 20:14

Hei ass dann de Smiley: :roudeléiw:
En ass och elo an eiser Kollektioun.


Jeyssss!!!!!! Meeeeerrrrrccccciiiiiiiiiiiii!!!! :) :) :) :) :roudeléiw:

Europäer

unregistriert

9

07.07.2008, 10:34

Loosst mer elo hoffen, dass de Fränk Schleck bei alle kommenden TdF-Etappen net méi fäellt oder soss a Chute verwéckelt gëtt.

Allen 3 dann : Bonne Chance ! an: toi, toi, toi ! :roudeléiw:

10

07.07.2008, 22:10

Klammer op: Sin lo grad gewuer durch eng Sendung um 3sat gewuer gin, dat et d'Sportverbänn sin dei Doppingkontrollen bezuelen 8| Klammer rem seier zou !

11

08.07.2008, 18:43

Den Kim Kirchen den 2. am contre la montre,
den 2. am Generalklassement
an hiën huët nach ëmmer den Maillort Vert

Wéi ech deem Jong daat gonnen!!!!! Weider esou! :roudeléiw:

12

08.07.2008, 23:06

Emmer virausgesat hien ass propper an net vun Ratiopharm oder Pfitzer gesponsort: Respekt an weider esou :D
Politik ist die Kunst, die Bürger immer wieder so schnell über den Tisch zu ziehen, daß sie glauben, die dabei entstehende Reibungshitze sei Nestwärme

13

09.07.2008, 07:47

Emmer virausgesat hien ass propper an net vun Ratiopharm oder Pfitzer gesponsort: Respekt an weider esou :D


Hiën ass schon getest gin, lee dein Kapp a Rouh! :)

14

09.07.2008, 08:52

Dat heescht jo da just, dass en näischt gemaach huet, wat verbued an/oder noweisbar as ;)

15

09.07.2008, 14:59

Dat heescht jo da just, dass en näischt gemaach huet, wat verbued an/oder noweisbar as ;)


Jo @Johnny, jo!

Geet et wiërklech net ouni ëmmer an ëmmer erem déi Dopingsgespréicher? Ech wëll mech fréën, an mech elo hei net mat esou Gespréicher ofgin. Wann dir wëllt iwer Doping schwätzen, dann macht dach ë Thread dofir op, mee loosst deen hei "clean"! :(

16

09.07.2008, 17:06

Entschellegt, Hydra, ech hat net réaliséiert, dass een Dier net mat der Réalitéit kommen dierf, wanns Du Dech einfach nemmen wellst fréen.

Just nemmen well Lëtzebuerger matfueren, kann een jo awer opgronn vun den Erfahrungen an de läschte Joeren net dervun ausgoen, dass net gedopt get.

17

09.07.2008, 18:12

Entschellegt, Hydra, ech hat net réaliséiert, dass een Dier net mat der Réalitéit kommen dierf, wanns Du Dech einfach nemmen wellst fréen.

Just nemmen well Lëtzebuerger matfueren, kann een jo awer opgronn vun den Erfahrungen an de läschte Joeren net dervun ausgoen, dass net gedopt get.


Wann ech mech fréën, muss een mir net onbedëngt d'Freed verdiërwen, mat Sachen déi bis elo net Réalitéit sin. Wann et esou ass, dann gin mir dat nach gewuër, bis dohin fréën ech mech.

Den Kim Kirchen ass nach ëmmer deen 2. am Generalklassement. :roudeléiw: :roudeléiw:

18

10.07.2008, 17:57

Maillot Jaune an Maillot Vert fir den Kim Kirchen.

:roudeléiw: :roudeléiw: :roudeléiw: :roudeléiw: :roudeléiw: :roudeléiw: :roudeléiw: :roudeléiw: :roudeléiw: :roudeléiw: :roudeléiw:

19

10.07.2008, 18:22

Letzebuerg a Giel, loosen mer zevill vu Greng schwetzen. De Bausch dreint sos durch ;)

As Alkohol Doping? Beim Fränk freet en sech dat heinsdo wann en vum Velo fällt ,opsteet an seet et as neischt geschitt.En Laacht dobei esou verdächteg :D

haddock

unregistriert

20

10.07.2008, 18:34

tour de france

Loose mer d'Schleeken net vergiessen, Si schloen sech och gutt.

Bis no Paräis ass et nach wäit, pourvou que ça doure!

:roudeléiw::roudeléiw::roudeléiw::roudeléiw::roudeléiw::roudeléiw::roudeléiw:

Ähnliche Themen